Déclaration de politique étrangère 2004 (version originale luxembourgeoise)

Discours – Publié le

Le 23 mars 2004, le Vice-Premier ministre et ministre des Affaires étrangères et du Commerce extérieur Lydie Polfer a prononcé, comme chaque année, la traditionnelle Déclaration de politique étrangère à la tribune de la Chambre des députés.

- Seul le discours prononcé fait foi -

Introductioun
Eng Welt am Wandel an eng Zäit vun Onsëcherheet
D'Menace vum Terrorismus
Den Zentrum vun der lëtzebuerger Aussepolitik léit an Europa
D'Unioun 9 Méint firun onser Présidence
D'CIG an d'Konstitutioun
Déi europäesch Aussen a Sëcherheetspolitik
En eenegt a staark Europa ass an onsem Interessi
D'Preparatioun vun der Lëtzebuerger Présidence
D'Chantier'en déi ons besonnesch beschäftegen wäerten
Ons Responsabilitéit fir Entwecklung a gerechten Handel
Onsen Aussenhandel profitéiert vun deenen néie Määrt
Lëtzebuerg: Sëtz vun europäeschen Institutiounen
Conclusioun

Introductioun

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,

Et ass dëst di 5. Kéier, datt ech d’Éier an d’Geleeënheet hu virun der Chamber d'Déclaratioun zur Lëtzebuerger Aussepolitik ze maachen an Iech déi Prinzipien, déi Objektiver an och déi Perspektive fir d’Zukunft ze ënnerbreeden, esou wéi ech se gesinnn a wéi ech si mat Ärer Ënnerstëtzung ëmsetze wëll.

Dës Déclaratioun fält an e ganz besonnesche Moment. An 39 Deeg, den 1. Mee, gëtt mat dem Bäitrëtt vun 10 neie Länner an d’Unioun definitiv e Kapitel an der Geschicht vun onsem Kontinent ofgeschloss. Déi onnatierlech Séparatioun, d’Resultat vu Krich, vu Konfrontatioun, vu Mësstrauen, vun Angscht an Intoleranz, déi Europa en halleft Joerhonnert laang gedeelt huet, kënnt deen Dag ganz offiziell zu engem Enn. Ech sinnn duerfir besonnesch frou, datt d'Chamber dësem Élargissement den 10ten Februar mat de Stëmme vun alle 60 Deputéierten zougestëmmt huet. Et ass dat dee schéinste Beweis dofir, datt mir Lëtzebuerger dës Entwécklung net nëmme begréissen, mä no Méiglechkeet och förderen an doran d'Grondlag fir eng Unioun gesinnn, déi net nëmme méi grouss, mä och méi staark a méi dynamesch gëtt.

Mir ginnn domat dem Robert Schuman senger Opfuederung gerecht, dee schonns 1959 sot: "Nous ne devons pas construire l'Europe uniquement dans l'intérêt des peuples libres, nous devons être en mesure d'accueillir les peuples de l'Est le jour où ils nous le demanderont." Dat politescht, ekonomescht, kulturellt a sozialt Ëmfeld an deem mir ons Relatioune mat onseren Noperen, mat de Partner an der Unioun an doriwwer eraus gestalte gëtt en anert, mat méi Méiglechkeeten a mat neien Erausfuerderungen.

Dës Déclaratioun ass och déi lescht virun der Lëtzebuerger Présidence vun der Europäescher Unioun, e Moment an deem mir beweise kënnen a beweise mussen, datt Lëtzebuerg; d’Lëtzebuerger Politiker an d’Lëtzebuerger Fonctionnairen, et fäerdeg bréngen d’Aarbechte vun deem neien Europa mat 25 Länner ze organiséieren, ze strukturéieren, ze dirigéieren an och weider ze bréngen. Mir stinn hei an enger laanger Traditioun vun erfollegräiche Présidencen, déi d'Reputatioun vun onsem Land an der Unioun gemaach hunnn a mir wëssen, datt ons Partner och dës Kéier dat Resultat vun ons erwaarden, dat an der Vergaangenheet ëmmer d'Markenzeeche vun dem Lëtzebuerger Engagement fir Europa war. Mir wäerten alles ënnerhuele fir hir Erwaardung ze erfëllen, a fir aus deene Virbereedungen, déi elo schonns ugelaf sinnn, dee beschten Notzen ze zéien.

Et däerf Iech dofir net weider iwwerraschen, datt dëst Joer dat neit Europa mat senge Chancen a Méiglechkeeten, awer och senge Problemer an Erausfuerderungen eng besonnesch Plaz a menger Déclaratioun anhëlt.

Haut de page

Eng Welt am Wandel an eng Zäit vun Onsécherheet

No vir kucken heescht de Courage hu fir ze denken an ze plangen. Net nëmmen Europa, och d’Welt ronderëm ons ass engem ëmmer méi schnelle Wandel ënnerworf. Duerch ons Aktioun an déi vun onse Partner an Amerika, an Asien, an an Afrika, mat deene mir d’Ambitiounen a Perspektivë fir d'Zukunft deelen, kënne mir zesummen onse Beitrag leeschte fir aus dëser Welt, aus der Europäescher Unioun an domat och aus onsem Doheem eng besser a méi sécher Plaz fir ons alleguer ze maachen. Andeems mir all zesumme schaffen, kënne mir d'Entwécklung an déi richteg Richtung orientéieren.

Kucke mir zeréck: An der Mëtt vum 20. Joerhonnert hunnn déi demokratesch regéiert Länner op der Welt nëmmen eng kleng Minoritéit ausgemaach. Haut huet d'Demokratie mat hire Corollairë vu Respekt, vun de Mënscherechter, vu Fräiheet a Fridden, vun ekonomeschen a soziale Fortschrëtt sech an der grousser Majoritéit vu Länner duerchgesat.

Nach viru 15 Joer huet den Equiliber vun der Ofschreckung an de Kale Krich déi international Relatioune strukturéiert an och zementéiert. Eréischt wéi d’Mauer, déi Europa an 2 gedeelt huet, gefall ass, konnt d’Hoffnung vun Demokratie a Fridden zum Bléie kommen - net nëmmen an Europa. Eng laang Rei vu Länner hunnn de Wee vun der Fräiheet ageschloen, an Osteuropa, an Asien, an Afrika a Latäinamerika.

De Virmarsch vun der Demokratie huet och mat sech bruecht, datt d'Gespenst vun engem klassesche Krich mat senger Konfrontatioun tëscht Arméien an Europa wäitgehend aus onse Virstellunge verschwonnen ass.

An dach, och an der Zäit vun den neien Hoffnungen, nodeems den Antagonismus vun de Bléck iwwerwonne war, gëtt et Entwécklungen, déi ons drop higewisen hunnn, datt den Asaz fir Fräiheet an Demokratie, fir Sécherheet a Wuelstand eng Aufgab ass, där mir ons ëmmer erëm widme mussen. A Beispiller heifir kenne mir der vill aus dem leschte Joerzéngt, ze vill: vun der Konfrontatioun tëscht Israel a Palästina, iwwert de Vëlkermord am Ruanda, déi bluddeg Konflikter am Kongo an net zulescht och an Europa, um Balkan.

Ons Äntwert: en efficace Multilateralismus

Zanter 1990 sinnn esou 4 Millioune Mënschen - zu 90% Zivilisten - a Kricher ëm d’Liewe komm an 20 Milliounen duerch Konflikter zu Flüchtlinge ginnn. Et ass dëst eng Situatioun, déi mir net toleréiere kënnen. Et ass au contraire eng Situatioun, där mir ons all zesummen als international Communautéit mussen unhuelen. Et ass duerfir, wou mir en tatkräftegt Zesummeschaffe brauchen, an et ass duerfir, datt mir konsequent fir en efficace Multilateralismus antrieden, fir eng kloer definéiert Roll fir d'Vereenten Natiounen an och fir eng handlungsfäheg a konsequent europäesch Aussepolitik, déi och Sécherheets- a Verteidegungs- souwuel wéi Développementsaspekter englobéiert.

Ons Verantwortung musse mir als international Communautéit iwwerhuelen, wann a villen Deeler vun der Welt Mënschen de Gefore vun Terrorismus, vun Honger, vu Brutalitéit a Massevernichtungswaffen, awer och vu Krankheet, ethnesch oder reliéis motivéierter Gewalt, dem Mënschenhandel an anere Forme vun organiséierte Verbriechen an Exploitatioun ausgesat sinnn.

De Schock vun den Attentater vum 11. September, eng ganz Rei vun Terrorattacken, an net zulescht de grausame Massaker vum 11. Mäerz zou Madrid, hunnn ons däitlech gemaach, datt d'Problemer vun der Sécherheet fir ons alleguer eng ganz nei Dimensioun kritt hunnn. Op dës nei Erausfuerderunge musse mir ons astellen an och Äntwerte fannen, Äntwerten déi kee Land kann eleng ginnn, egal wéi grouss oder kleng et ass, awer och Aufgabe virun deene kee Land sech drécke kann, egal wéi grouss oder kleng et ass.

Mir liewen nach net an deene bibleschen Zäiten, wou d'Schwäerter zu Pléi gi wären. Au contraire, déi Moyenen iwwert déi gewaltbereet Gruppen oder Regimer verfügen, hunnn eng aner Dimensioun vu Geféierlechkeet erreecht, an d'Gewaltbereetschaft, grad an extremistesche Kreeser, déi sech ëmmer méi verbreeden, huet eng erschreckend Dimensioun ugeholl. Déi Serie vun Attentater zu Madrid huet dat nees bewisen, wéi honnerte vun onbedeelegte Zivilisten d'Affer vu blanner Gewalt goufen.

Mir mussen ons duerfir der Realitéit bewosst sinnn, datt mir an enger Zäit vun Onsécherheet an Onrou liewen, déi ons alleguer zwéngt Verantwortung ze iwwerhuelen a wou d'Aussepolitik méi wéi jee e Schlësselelement vun der Sécherheet doheem ass.

Et gëtt hei keng Alternativ zu enger resoluter internationaler Kooperatioun. Entweder mir sëtzen all zesummen d'Standarden vum Rechtsstat weltwäit duerch oder mir loossen zou, datt de System vum internationale Recht ënnergruef gëtt. Fir ons direkt Sécherheet si mir alleguer ugewisen op eng funktionéierend international Kooperatioun. Et ass dëst en Effort zu deem mir als Lëtzebuerg bereet sinnn onse Beitrag ze leeschten, als Member vun der Europäescher Unioun, als Partner an der NATO oder der OSCE an natierlech och als Member an der UNO.

Während op der enger Säit regional Konflikter, wéi deen am Noen Oste keen Enn fanne wëllen, a sech esouguer an de leschte Joere verschäerft hunnn, trieden an hirem Sillage nei Geforen op. Et ass keen Zoufall, wann organiséiert Kriminalitéit, Korruptioun, Drogen- a Mënschenhandel, internationalen Terrorismus, a flagrant Mëssachtung vun de Mënscherechter sech grad a Länner a Regioune breet maachen, déi an enger déiwer Krise stiechen oder vun der Entwécklung vun der internationaler Communautéit ofgeschnidde sinnn.

Haut de page

D'Menace vum Terrorismus

Déi nei Menacë grad wéi d'Erausfuerderunge vun der globaliséierter Welt verlaangen no volontaristeschen Endwäerter.

Ech wëllt hei nëmmen d'Beispill vum Terrorismus uféieren, dee säi Gesiicht total changéiert huet. War hien an de 70er Joeren e politeschen a lokale Phänomen, vun deem mir ons à la limite net direkt betraff gespiert hunnn, esou ass hien haut global ginnn an hie schléit op eng blann an ondifferenzéiert Manéier zou. Säin Ziel ass d'Zerstéierung vun deene Wäerter, op déi eng fräi Gesellschaft opbaut: Toleranz, Fräiheet a Fortschrëtt. Säin Undriff ass den Haass an d'Negatioun vun der mënschlecher Dignitéit. Säin Närbuedem sinnn déi ongeléiste Konflikter, Frustratiounen an Ernidderegungen, an och déi Ongerechtegkeeten op déi d'Stategemeinschaft et net fäerdeg bruecht huet eng Léisung ze fannen.

Dobäi geet hien op eng mënscheveruechtend Manéier vir. Dir kennt d'Beispiller an Amerika, am Noen Osten, am Irak, a Südostasien, an der Tierkei, a Marokko, an Tunesien, oder viru kuerzem zu Madrid. Kee Land, keng Gesellschaft, och keng Stad ka mat Bestëmmtheet soen, datt si net kënnt getraff ginnn. Dës Zort Terrorismus sicht hir Ciblen do, wou si sech e Maximum vun Opmierksamkeet a méiglechst grouss Wierkung, a leider och eng grouss Zuel vun Affer ausrechne kann.

Den Terrorismus, egal fir wéi eng Zieler oder Iwwerzeegungen hien och antrëtt, däerf ni als akzeptabelt Mëttel an der politescher Ausernanersetzung ugekuckt ginnn. Déi ondifferenzéiert Ermuerdung vun onschëllegen Affer ass an éischter Linn e grave Verstouss géint dat fundamentalt Recht op e séchert Liewen. Ech veruerteelen duerfir mat aller Schäerft all Form vun Terrorismus, egal vu wiem datt hien ausgeet an egal wat seng Zieler sinnn. Gewalt ass fir ons ni e Mëttel vun der Politik.

Duerch säin absolute Mépris virun dem Liewe stellt dësen Terrorismus och eng absolut Mëssachtung vun de Mënscherechter an der Mënschlechkeet duer.

Grad duerfir, - an egal wéi grausam déi Biller sinnn, déi d'Aktualitéit ons viru kuerzem geliwwert huet, - mir däerfen net an d'Fal tappen, déi den Terrorismus ons stellt. Mir däerfen onsen oppene Gesellschaftsmodell an onse Respekt virun de Mënscherechter net zeréck schrauwen. Mir mussen ons mat aller Kraaft dogéint wieren, datt d'Mënscherechter déi indirekt Affer vum Terrorismus a senger Mënscheverachtung ginnn. Onst konsequent Antriede fir dës universell Rechter vun all Mënsch stellt um Enn déi moralesch Kraaft an déi moralesch Legitimitéit duer, déi et ons erlaabt mat dëser Gefor fäerdeg ze ginnn.

Wéi dem Terrorismus begéinen

D’Natur vum Terrorismus mécht, datt mir him net eleng mat militäresche Mëttele begéine kënnen. Déi ënnerschiddlech Quellen aus deenen hie seng Kraaft a säin Undriff hëlt, maachen et néideg him mat enger Rei vu Mesuren ze begéinen, déi sech géigesäiteg ergänzen.

Déi iresch Présidence huet an deem Kontext eng Rei vun neie Propositioune gemaach, déi op deene Strukturen an Dispositiounen opbauen, déi d'Suite vun dem Aktiounsplang sinnn, dee mir ons den 21. September 2001 ginnn hunnn. De Conseil européen vun iwwermuer wäert dee Plang, dee vun de Justiz- an Inneministeren an den Ausseministere kompletéiert ginnn ass, definitiv unhuelen.

Hei ass an éischter Linn eng méi enk Kollaboratioun vun de Policen an de Justizservicer am Kader vun Europol an Eurojust virgesinnn, grad wéi och vun den Informatiouns- a Sécherheetsdéngschter. Dozou gehéiert ënnert anerem den Austausch an d'Auswäertung vun den Erkenntnisser vu Police a Geheimdéngschter iwwert terroristesch Aktivitéiten an d'Festleeë vun deene biometresche Charakteristiken, déi mir an d'Päss aschreiwen. An deem Kontext kann d'Asetze vun engem Responsabele fir d'Koordinatioun vum Kampf géint den Terrorismus, dee beim Haut Représentant ugesiddelt wär, en Instrument si fir déi Efforten ze begleeden. Eng intensivéiert Kooperatioun mat den Drëttlänner muss der globaler Dimensioun vun der Bedroung Rechnung droen.

Ech wëll just drop hiweisen, datt de Mandat d'Arrêt européen, deem d'Chamber viru kuerzem zougestëmmt huet, ee vun deenen Elementer ass, déi dozou bäidroen, dës Kooperatioun méi einfach a méi efficace ze maachen. Heizou kënnt och en europäesche Parquet eng wichteg Contributioun leeschten.

Weiderhin ass och de Problem vum Finanzement vum Terrorismus e wichtegt Element am Kampf géint dëst Iwwel, grad wéi verbessert Kontrollen op de Baussegrenzen an eng verstäerkt Iwwerwaachunng vun den Transportinfrastrukturen.

Zu de Mesuren am Kampf géint den Terrorismus gehéiert och en décidéiert Antriede vun der internationaler Communautéit, fir déi ongeléiste Konflikter ze entschäerfen an op en Enn ze bréngen. Ech denken hei besonnesch un de Moyen Orient. Bei menge Gespréicher, déi ech a Syrien, am Libanon an an Ägypte gefouert hunnn, ass ëmmer erëm ganz kloer zum Ausdrock komm, wéivill eng Léisung vun dësem Konflikt zur internationaler Sécherheet kënnt bäidroen. Fir onsen Engagement fir d'Sichen no enger Léisung ze dokumentéieren, hu mir duerfir d'"Initiativ vu Genève", déi weist, datt eng gemeinsam definéiert Léisung méiglech wier, finanziell ënnerstëtzt.

Wierder a fromm Wënsch ginnn net duer: mir mussen donieft, jidderee fir sech an all zesummen, onse Beitrag leeschten op dem Plang vun der Entwécklungshëllef, der Educatioun, der Krisepréventioun an dem Krisemanagement, wëssend datt nëmmen dëse ganze Bouquet vu Moossnamen an en Effort iwwert eng ganz Rei vu Joren ons kann un onst Ziel bréngen.

Mir mussen donieft alles drusetzen, fir datt déi Thesë vu Kulturkampf an der Konfrontatioun vun den Zivilisatioune sech net materialiséieren. Mir däerfen net an déi Fal tappen, déi vun deenen opgestallt gëtt, déi hoffen aus esou enger Konfrontatioun Notzen ze zéien. Nodeems mir déi onséileg Divisioun op Gronn vun antagonisteschen Ideologien tëscht Ost a West iwwerwonnen hunnn, däerfe mir et net zouloossen, datt e wäitaus méi geféierleche Gruef sech ausbreet op Gronn vu reliéiser oder kultureller Zougehéieregkeet.

Déi wierksamst Manéier dëser Gefor ze begéinen, ass konsequent fir de Respekt vun de Mënscherechter an der Dignitéit vun all Mann, all Fra, all Kand anzetrieden, d'Diskussioun ze sichen an dem Dialog net aus dem Wee ze goen. Op dës Manéier ënnersträiche mir d'Unitéit vun der Mënschheet an d'Universalitéit vun hire Wäerter.

Déi zueleméisseg, technologesch oder ekonomesch Superioritéit oder och nei Mauere si keen dauerhafte Schutz viru Stréim vu Réfugiéen, Selbstmordattentäter oder Autosbommen. D'Realitéit beweist ons ëmmer erëm wéi vulnérabel och dee vermeintlech Staarken ass. Fir ons Sécherheet ze verbesseren, mussen déi wierksamst Waffen de praktizéierten efficacë Multilateralismus an d'international Solidaritéit sinnn - opgebaut op géigesäitegem Respekt a Vertrauen.

Dat mécht ons Approche aus. Dëst ass onse Choix fir d'Zesummeliewen tëscht de Länner.

Déi global Problemer froen no enger globaler Approche

Och de Schutz vun onser Ëmwelt, de Kampf géint Krankheeten an Epidemien, géint illegal Geldstréim oder Intoleranz - alles Phänomener deenen hire Wierkungsgrad duerch d'Globaliséierung amplifiéiert gëtt - ass nëmmen an enger breeder internationaler Kooperatioun ze féieren. De Schlëssel zu enger neier, enger besserer Welt läit an der Zesummenaarbecht vun der ganzer internationaler Communautéit. Hei kënnt de Vereenten Natiounen eng besonnesch Roll zou. Mir hoffen duerfir, datt déi ugekënnegt Reform vun der UNO zustane kënnt, fir datt se méi schnell a méi efficace kann handelen.

Awer och d’Europäesch Unioun, als ee vun deene groussen Acteuren op der Weltbühn, huet eng besonnesch Verantwortung, där si am beschte ka gerecht ginnn, wa si geschlossen a gemeinsam handelt. Fir dësem Usproch gerecht ze ginnn huet de Conseil européen am Dezember 2003 déi éischt europäesch Sécherheetsstrategie ugeholl, an där déi global Menacen analyséiert ginnn, mat deene mir confrontéiert sinnn, an och d'Moyene fir drop ze reagéieren. Domat huet Europa e wichtege qualitative Schrëtt a Saache gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik gemaach.

Zu deene Geforen, déi hei analyséiert goufen, gehéieren den Terrorismus, d'Verbreedung vu Massevernichtungswaffen, regional Konflikter uechter d'Welt mat hiren direkten an indirekten Auswierkungen op Europa, d'organiséiert Kriminalitéit.

D'Äntwert op dës Gefore gesi mir an engem wierksame Multilateralismus an an enger aktiver a kohärenter europäescher Aussepolitik, déi och iwwert déi ganz Palette vu Moyene verfügt fir hiren Ambitioune gerecht ze ginnn.

Haut de page

Den Zentrum vun der lëtzebuerger Aussepolitik läit an Europa

Fir ons läit den Zentrum vun där noutwenneger internationaler Kooperatioun an Europa, an d’Europäesch Unioun ass a bleift d’Häerzstéck vun onser Aussepolitik. Et ass bannent der Unioun wou mir ons Aussepolitik festleeën an et ass duerch d’Unioun wou mir ons d'Moyenen an dat Gewiicht ginnn, fir ons Virstellungen ze realiséieren.

Fir ons a fir d'Unioun ass déi transatlantesch Relatioun en Haaptelement vun der internationaler Stabilitéit a si dréit wesentlech zur Stäerkt vun der internationaler Communautéit bäi. D'Solidaritéit an der NATO ass dobäi fir ons de besonneschen Ausdrock vun dëser staarker Relatioun. Duerfir begréisse mir datt, nieft dem Élargissement vun der Unioun, mat dem Élargissement vun der NATO och d'Sécherheetsstruktur an Europa konnt complétéiert ginnn.

Haut de page

D'Unioun 9 Méint virun onser Présidence

Wa mir haut, 9 Méint virun onser Présidence, den Zoustand vun der Europäescher Unioun analyséieren, dann ergëtt sech keen eenheetlecht Bild.

Fir d’aller éischt stellt si emol eng formidabel Réussite duer. 450 Millioune Mënschen, déi d'Divisioune vun der Vergaangenheet iwwerwonnen hunnn an déi den Idealer vu Fräiheet, Toleranz a Bridderlechkeet eng nei Dimensioun ginnn. Mir kënnen ons eng Welt ouni d'Europäesch Unioun net méi virstellen, grad wéi e Konflikt tëscht de Membere vun der Unioun keng Optioun méi duerstellt. Dëse Succès baut och op ekonomesch, monetär a kommerziell Stäerkt op. De gemeinsame Maart generéiert ëmmerhin ¼ vum weltwäite Bruttosozialprodukt an ons gemeinsam Währung, den Euro, huet sech nieft dem Dollar als déi 2te global Währung fest etabléiert.

Eng Unioun aus 25 Länner, mat deem Gewiicht, muss zwangsleefeg e globalen Acteur sinnn, dee bereet ass och Verantwortung fir déi global Froen ze iwwerhuelen, vun der Organisatioun vum internationalen Handel iwwert d'Ëmwelt an d'Mënscherechter bis bei d'Sécherheet.

An dach weist et sech, datt d'Unioun grad am Domaine vum gemeinsamen Optrieden no baussen nach net déi Geschlossenheet erreecht huet, déi hir géif erlaben de volle Potential vun hire Méiglechkeeten ze gebrauchen.

Ons Divisioun iwwert den Irak viru genee engem Joer ass d'Illustratioun vun dëser Tatsaach. Europa weist eng Rei vun Hésitatiounen op, wann et drop ukënnt ons gemeinsam Interessë geschlossen no baussen ze vertrieden an eng gemeinsam europäesch Aussen- a Sécherheetspolitik ze definéieren.

Si mer awer éierlech an onsem Jugement. Dës aktuell Schwächt vun der Unioun däerf ons eigentlech net iwwerraschen. Europa huet sech d’Moyene vun enger europäescher Aussepolitik op Anhéicht mat den Erausfuerderungen nach net ginnn. Et feelt ons méi wéi eng Kéier um politesche Wëllen, och un den adequate Moyenen an och nach u verbesserte Strukturen, fir dës gemeinsam europäesch Aussepolitik an eng gemeinsam europäesch Sécherheets- a Verdeedegungspolitik kohärent a konsequent ëmzesetzen.

An dach: d'Experienz vum Irakkrich huet wesentlech dozou bäigedroen, datt bannent der Unioun eng Reflexioun ugefaangen huet, där hir Wichtegkeet een net ënnerschätze sollt. E gemeinsamt Nodenken iwwert ons Intérêten als Europäer huet agesat op Gronn vun onse Wäerter an Zieler an och de Moyene fir si ze erreechen. Déi Sécherheetsstrategie, déi doraus entstanen ass, gëtt schrëttweis konkretiséiert duerch europäesch Aktiounspläng zu de Massevernichtungswaffen, zum Terrorismus oder och zu Bosnien.

Fir awer dat neit Denke konkret ëmzesetzen, brauche mir déi richteg Strukturen. Et ass esou wéi mir déi gemeinsam Initiativ déi Frankräich, Däitschland, d'Belsch a mir den 29. Abrëll geholl hu verstinn, an déi drop erausleeft der Unioun eng kloer Verteidegungsstruktur an e bessere Kader fir d'Zesummenaarbecht vun all de Länner vun der Europäescher Unioun a mat der NATO ze ginnn.

Haut de page

D'CIG an d'Konstitutioun

Dir kennt d'Positioune souwuel am Konvent wéi och bei der Regierungskonferenz, well ech dofir gesuergt hunnn, datt d'Chamber ëmmer iwwert d'Aarbechte vun der CIG informéiert war. Loosst mech se kuerz rappelléieren.

Wat ons Vertrieder am Europa Parlament ubelaangt, sou ware mir ons jo eens, drop ze halen, datt hir Zuel sollt onverännert bleiwen.

Wat d’Kompositioun vun der Kommissioun ugeet, hu mir ons zesumme mat de Partner aus dem Benelux drop gëeenegt fir à terme eng reduzéiert Kommissioun ze acceptéieren ënnert der Konditioun, datt et zu enger egalitärer Rotatioun tëscht alle Länner kënnt. De Modell dee mir - no enger Iwwergangsfrist - matdroe kéinten, kënnt esou ausgesinnn, datt e Land während 2 Perioden an der Kommissioun vertrueden ass, fir dann eng Kéier ze pausen.

Méi wichteg wéi d'Zuel vun de Kommissairen ass fir ons awer, datt an dësem Gremium, dat net den nationalen Interessen, mä dem bien commun verpflicht ass, voll a ganz d'Gläichheet vun alle Memberlänner respektéiert gëtt, an datt d’Kommissioun hir wichteg Roll am institutionnellen Opbau vun der Unioun spille kann. Dat heescht: d'Kommissioun muss déi Plaz sinnn a bleiwen, wou de generellen Intérêt vun der Unioun définéiert gëtt, an net déi Plaz, wou national Positioune vun deenen eenzelne Kommissaire vertratt ginnn.

D'Méthode communautaire, dat heescht déi prinzipiell Gläichheet vun alle Memberlänner an d'Sichen no Léisungen, déi op engem allgemenge Kompromiss opbauen, grad wéi d'Kollegialitéit vun der Kommissioun sti fir ons net zur Dispositioun.

Vun dësem Organisatiouns- a Funktiounsprinzip däerf d'Kommissioun net ofwäichen. Dës Elementer sinnn e konstitutiven Deel vun acquis communautaire grad wéi vum Succès a vun der breeder Akzeptanz vun der europäescher Integratioun.

De Conseil ass a bleift domat fir ons déi Plaz wou déi gemeinsam Décisioune falen a wou och dem Ëmstand Rechnung gedroe gëtt, datt d'Unioun en Zesummeschloss vu 25 Länner ass, déi ganz enk zesummeschaffen a gemeinsam Zieler verfollegen.

Wat d’Présidence vum Conseil vun der Unioun ugeet, bleiwe mir bei onser prinzipieller Haltung, datt all Länner musse gläichermoossen dës Aufgab iwwerhuelen. Mir verstinn awer och déi Bestriewungen, déi drop erauslafen, fir net engem eenzege Land déi komplett Charge ze iwwerloossen. Dat huet wuel deen Nodeel, datt d'Visibilitéit fir deen Eenzelne manner grouss ass, an och datt de System engem Aussestehenden net méi esou liicht ze vermëttelen ass, wéi déi Rotatioun am Rhythmus vun de 6 Méint, déi mir elo kennen.

Mä, an deem Moos wou d'Aarbechtsbelaaschtung mat der Erweiderung wiisst, ass et ze verstoen, datt ee sech dës Laascht ënnert verschiddene Länner deelt. Op dat elo 3 Länner sinnn, déi sech d'Aarbecht während 18 Méint oder engem Joer deelen, doriwwer wäerte mir nach diskutéieren.

D'Konsequenz dovun ass natierlech, datt d'Présidence vum Conseil européen och muss iwwerduecht ginnn an do kenne mir d'Wichtegkeet, déi eng Réi vu Länner der Stabilitéit vun enger Présidence iwwert eng Zäit vun 2 an en halleft Joer renouvelable bäimossen. Als Benelux hu mir ons et schwéier gedoen ons domat unzefrënnen, an ons Akzeptanz hängt schlussendlech vun der Definitioun vum Rôle a vun de Kompetenzen vun dëser Presidentschaft of.

Wat elo den Débat iwwert den europäeschen Ausseminister ugeet, sou hu mir ëmmer erëm kloer gemaach, datt mir eng Fonctioun "à double chapeau" gesinnn, wou hien à la fois Commissaire responsable fir d'Relations extérieures wär an als Member vum Conseil géif d’Reunioune vun den Ausseministere presidéieren a hir Décisiounen och géif ausféieren. Mir gesinnn an dëser Propose d’Méiglechkeet déi zwee Intervenanten an der gemeinsamer europäescher Aussepolitik, d’Kommissioun an de Conseil, ënnert engem Hut ze vereenegen an déi gréisst méiglech Kohärenz a Wierkungsméiglechkeet bei onsem gemeinsamen Optrieden no baussen ze garantéieren. Anescht ausgedréckt : den europäeschen Ausseminister huet all Instrumenter zu senger Verfügung, déi hie brauch fir och op eng efficace a kohärent Manéier ons gemeinsam Positiounen dobaussen an no baussen ze vertrieden.

Donieft wëlle mir och, datt d’Instrument vun de Coopérations renforcées, eng Iddi déi och op Dränge vum Benelux Agang an den Traité vun Nice fonnt huet, als eng Méiglechkeet an der neier Konstitutioun virgesi bleift fir d'Zesummenaarbecht vun integratiounswëllege Länner bannend de Strukture vun der Unioun ze organiséieren. Deemols wéi haut leeë mir awer e staarkt Gewiicht drop, datt dës Kooperatioun muss op si fir all déi aner Länner, dat bedeit, datt keen däerf ausgeschloss ginnn, an dat heescht och, datt dës Kooperatioun bannent de Strukturen a mat de Regele vun der Unioun muss funktionnéieren. Dat ass eng besser Äntwert op d'Tatsaach, datt eng Unioun vu 25 Länner, mat verschiddenen Entwécklungsstadie konfrontéiert ass, wéi d'Äntwert vum Kerneuropa. Eng Léisung baussent dem Kader vun der Unioun géif als Schwächunng vun Europa ugesi ginnn, an dat an enger Zäit, wou d'Europäer a villäicht och d'Welt éischter eng gutt Dose vu "méi Europa" kéinte brauchen.

D'Défense kënnt ee vun deenen Domainer sinnn, wou op Grond vu klore Critèrë verschidde Länner e weidere Schrëtt an der Integratioun maachen. Dës strukturéiert Kooperatioun an dësem besonnesch sensiblen, awer och wichtegen Domaine, sollt méiglechst schnell an d'Weeër geleet ginnn. Si huet och schon Agang fonnt an de Projet vum Text vun der Konstitutioun, wéi deen elo virgesinnn ass.

Eng vun onse grousse Suergen, wann et elo heescht den Text vun der Konstitutioun ze finaliséieren, wäert awer och sinnn déi alldeeglech Handlungsfähegkeet vun enger Unioun mat 25 a méi Memberen ze garantéieren. Genee dat kënne mir erreechen mat dem Projet vun der duebler Majoritéit, sou wéi dës Iddi och am Projet vum Konvent ageschriwwen ass.

Mir wëllen, datt Europa zu engem einfache System fënnt, fir op eng transparent a verständlech, virun allem awer op eng demokratesch Manéier Décisiounen ze huelen. Eng Manéier, déi och där duebeler Natur vun der Unioun gerecht gëtt, déi souwuel aus Länner wéi aus Bierger besteet.

Dee Model, deen zu Nice décidéiert ginnn ass, ass geprägt vun der Suerg, Décisioune kënnen ze blokéieren. D'Essenz vum Zesummeschaffen an der Unioun kann awer net déi sinnn, fir Décisioune liicht ze verhënneren.

Mir begréissen et deemno wann all Efforten ënnerholl ginnn, fir de komplizéierten Décisiounsmechanismus vun Nice ze reforméieren. Do war zeréckgehale ginnn, datt fir eng Décisioun mat qualifizéierter Majoritéit ze huelen, een 72% vun de Stëmmen am Conseil, d'Majoritéit vun de Memberstaten a wann drop gehale gëtt, als Kontroll, och nach 62% vun der Populatioun vun der Unioun brauch.

D'Propositioun vum Konvent mam Prinzip vun der duebler Majoritéit zielt drop hi fir d’Blocageméiglechkeeten ze reduzéieren. Dat éischt Element an dësem System, d'Majoritéit vun de Länner, ënnersträicht d'Gläichberechtegung vun alle Memberstaten. All Member an der Unioun huet dobäi eng Stëmm. Dat zweet Element, d'Majoritéit vun de Bierger vun der Unioun baséiert op dem Grondprinzip vun all Demokratie: datt all Bierger zielt. D'Kombinatioun vun dësen 2 Elementer gëtt dann och den tatsächleche Charakter vun der Unioun erëm, eng Unioun vu Memberlänner awer och eng Unioun vun europäesche Bierger.

Wat elo d'Resultater vun de Verhandlungen ugeet, sou géifen ir et begréisse wann déi Fortschrëtter, déi sech um Niveau vun dem "vote à majorité qualifiée" ofzeechnen an den Domainer vun der Justice an den Affaires intérieures kënnten akzeptéiert ginnn.

An den Artikelen iwwert d’Fiscalitéit an d’Securité sociale wäerte mir alles dru setzen, datt hei déi noutwenneg Klorheet entsteet. Sou wéi d'Diskussiounen bis elo an dësem Domaine verlaf sinnn, musse mir dovun ausgoen, datt dëse Beräich och an der Zukunft net wäert en bloc de Regele vun der Majorité qualifiée ënnerleien, mä op manst, wat d'Décisiounen am Domaine vun de Steieren an der Sécurité sociale concernéiert, an der Unanimitéit bleiwen.

Doranner muss een awer net onbedéngt e Réckschlag gesinn. Vill Fortschrëtter op schwieregen Dossiere konnte mir erreechen, och mat - a vläicht souguer wéinst - der Unanimitéit. Si huet ons forcéiert dee Kompromëss ze sichen, dee fir jiddereen akzeptabel war. Ech wëllt hei nëmmen drun erënneren, datt d’Unanimitéit ons net dru gehënnert huet, eng Directive iwwert d’Fiskalitéit vun den Zënsen ze négociéieren an ze stëmmen, ouni datt d’Unioun als Ganzt oder eenzel Memberstaten dobäi verléieren.

Haut de page

Déi europäesch Aussen- a Sécherheetspolitik

Wann ech virdru sot, datt mir alles géifen drusetze fir déi europäesch Aussen-, Sécherheets- a Verteidegungspolitik mat Liewen ze fëllen, da well méi eng staark Integratioun an dësen Domainer an onsem direkten Intérêt läit. Als Partner an der Unioun war et nach ëmmer ons Ambitioun e Pionnéier vun der europäescher Integratioun ze sinn. Et gëtt fir Lëtzebuerg keng Alternativ zu enger Plaz am Häerz vun deene Länner, déi aus dem Schuman senger Visioun vun enger “Communauté plus large et plus profonde entre des peuples longtemps opposés par des divisions sanglantes" wëllen eng geliefte Wierklechkeet maachen. D'Moyenen dofir sinn och schonns am Préambule vum éischten europäeschen Traité genannt "des institutions capables d'orienter un destin désormais partagé".

Mir huelen weiderhin dësen Optrag ganz eescht. Mir waren ëmmer ënnert deene Länner, déi sech fonnt hunnn, fir den Ustouss zu méi enger enker Kooperatioun ze ginn. Dat war sou a Währungsfroen, eng Entwécklung, déi ons bei den Euro gefouert huet oder bei der fräier Circulatioun an dem Vertrag vu Schengen. Dat war och elo rezent de Fall, den 29. Abrëll d'lescht Joer, wéi mir zesumme mat onsen Noper, Frankräich, Däitschland an der Belsch, de Virschlag fir eng europäesch Zesummenaarbecht am Domaine vun der militärescher Kooperatioun an der Sécherheets- a Verteidegungspolitik gemaach hunn. Eng Kooperatioun bei där, - sou gesi mir d'Entwécklung, - sech all d'Länner aus der Unioun sollen erëmfannen. Vill ass an där Richtung och scho geschitt, souwuel um leschte Conseil européen wat de Quartier Général opérationnel ugeet, wéi och an de Propositioune vun der CIG am Domaine vun der Sécherheets- a Verteidegungspolitik.

Den Acquis vun der Aussen- a Sécherheetspolitik

Mir sti weider voll a ganz zu deenen Engagementer déi mir 1999 am Regierungsprogramm geholl hunn, wou mir als Äntwert op déi verännert Situatioun soten "le développement d’une véritable politique de sécurité et de défense européenne dans le cadre de l’Alliance atlantique apparaît comme une nécessité".

Mir bleiwe vun der Richtegkeet vun dëser Approche iwwerzeegt.

Mir sinn der Meenung, datt mir fir onser globaler Responsabilitéit nozekommen, all déi zivil Aspekter vu Krisemanagment a Préventioun verstäerken mussen. Mä, dat geet net duer. Mir wëllen, datt d’Unioun och an der Lag ass hir Responsabilitéit voll a ganz ze iwwerhuelen, dat bedeit am Endeffekt, - wann all aner Moyenen épuiséiert sinn - och duerch d’Agräife mat eegene militäresche Mëttelen, wann et heescht Konflikter verhënneren a Krisen entschärfen.

Mir hunn an dësem Domaine an deene Joren déi hannert ons leie vill geleescht an eng ganz Rei vu Succèsen a Fortschrëtter enregistréiert.

Zanter datt 1999 den Traité vun Amsterdam a Kraaft getratt ass, deen an sengen Artikelen 11 bis 28 d'Portée an d'Moyene vun enger gemeinsamer europäescher Aussen- a Sécherheetspolitik définéiert, huet d'Unioun d'Méiglechkeet fir an dësem Beräich aktiv ze ginn, mat engem besonnesche Gewiicht bei der Préventioun vu Konflikter. Nom Conseil vu Köln am Juni 1999, bei deem d'Missioune vu Krisegestioun a vun dem Maintien an dem Rétablissement vum Fridden am Mëttelpunkt stoungen, ass dësen Usaz konkretiséiert ginn, andeems fir d'éischt eng Force de réaction rapide vu 60 000 Mann opgestallt gouf, déi kënnt am Eeschtfall agräifen ouni Préjudice op méiglech Aktioune vu Säit vun der NATO. Doduerch huet ons gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik eng wichteg operationnel Dimensioun kritt.

De Conseil vun Nice huet déi nei permanent militäresch a politesch Strukture crééiert fir de politesche Contrôle an déi noutwenneg Koordinatioun vun den Operatiounen ze garantéieren, haaptsächlech de Comité politique et de sécurité an de Comité militaire.

Am Dezember 2002 zu Kopenhagen konnten déi Arrangementer getraff ginn, déi d'geregelt Zesummeschaffe vun Europäescher Unioun an NATO klären am Fall vun engem Asaz mat Réckgrëff op d'Moyene vun der NATO. Domat sinn déi sougenannte "Berlin+ Arrangementer" a Kraaft getrueden an d'Unioun huet d'Méiglechkeet kritt fir eege Missiounen duerchzeféieren wéi z.B a Mazedonien oder um Enn vun dësem Joer a Bosnien.

Zou Feira hate mir virdru schonn en Accord fonnt fir déi zivil Aspekter vun der Krisegestioun ze strukturéieren. Hei hunn d'Länner vun der Unioun sech engagéiert fir zesumme 5.000 Polizisten fir international Missioune bereet ze stellen, grad wéi och en Accord konnt getraff gi fir de Rechtsstat, d'Verwaltungskapacitéiten an d'Protectioun vun den Zivilisten am Kader vu sou Missiounen ze verstäerken.

Ech erënneren un dës Évolutioun, well ons doraus - als Unioun an als Lëtzebuerg - och nei Verpflichtungen an nei Aufgaben erwuessen, déi mir eescht huele mussen a fir déi mir ons fir d'Zukunft verbessert Moyene gi mussen.

Onsen Engagement hu mir bewisen duerch ons Participatioun un deene Missiounen, déi d'Unioun als Suite vun dësen Décisiounen ugaangen ass, wéi zum Beispill déi éischt europäesch Police-Missioun Enn 2002 a Bosnien-Herzegovina oder och d'Reprise vun der NATOs Operatioun am Fréijoer 2003 a Mazedonien.

Fir ons op déi verännert Aufgabestellung anzestellen, déi sech deemols schonn ofgezeechent huet, hu mir bei der Regierungsbildung décidéiert d'Verteidegung an d'Arméi, an den Ausseministère ze intégréieren. Eng Décisioun, déi sech als richteg erwisen huet an ons eng méi global a kohärent Approche an enger Rei vu Krisegéigenden erméiglecht huet.

Sou huet ons Arméi am Kader vun enger belsch-Lëtzebuerger Unitéit un alle Friddensmissiounen um Balkan deelgeholl a mir si mat engem Peloton zanter 1999 am Kosovo, fir do matzehëllefen déi noutwenneg Stabilitéit ze assuréieren. Wéi schwéier dat ass, hunn déi lescht Deeg ons gewisen.

Och un enger Rei vu multinationale Policemissiounen an der Regioun si mir bedeelegt, wat beweist, datt fir d'Stabilitéit an dëser, fir ganz Europa sou wichteger Géigend, op ënnerschiddlech Instrumenter muss zeréckgegraff ginn.

Zanter August 2003 sinn ënnert deenen Zaldoten, déi d'Sécherheet vum Flughafen zu Kabul garantéieren och 10 Lëtzebuerger, an zesumme mat hire belsche Kollege schaffen zanter dem leschte Joer och 2 Démineuren a Kambodscha. Déi europäesch Friddensmissioun am Congo hu mir matgehollef finanzéieren, grad wéi mir finanziell a mat Formateuren hëllefen d'Police vu Kinshasa op hir Aufgabe virzebereeden an eng eege Brigade fir de Maintien de la Paix op d'Been ze stellen.

Dat sinn alles éischt gemeinsam Erfolleger, déi mir opweise kënnen an un Hand vun deene mir ënner Beweis stellen, datt mir gewëllt sinn onsen Deel bäizedroen zu Stabilitéit a Sécherheet baussent Europa - en Asaz, deen awer och direkt positiv Répercussiounen heiheem huet, well mir dozou bäidroe méiglech Problemer schonns do ze entschäerfen, wou si entstoe kënnen.

Op dës Manéier affirméiere mir ons Glaubwürdegkeet als vollwäertege Member an der Unioun, an d'Unioun stellt hiren Engagement an hir valeur ajoutée als Produzent vun Stabilitéit a Sécherheet ënnert Beweis.

Haut de page

En eenegt a staarkt Europa ass an onsem Interessi

E méi eenegt Europa, en Europa dat duerch dës Eenegkeet och méi staark ass, läit an onsen uereegensten Interessen.

Vum Juni dëst Joer un als Member an der Troïka, a besonnesch duerno am 1te Semester d'nächst Joer als Présidence, wäerte mir dësen Usproch als Riichtschnouer vun onsem Engagement huelen.

Dat Europa dat ons virschwieft, ass keent vun enger traditionneller Grande-Puissance, wou mir géife probéieren iergend eng Form vun Hegemonie unzestriewen. Ons Aspiratioun ass déi vun engem partnerschaftlechen Europa, dat net e rouegen Observateur vun enger Welt am Ëmbroch, mä en engagéierten Acteur op der internationaler Szene ass. En Acteur, deen eescht geholl gëtt an dee gewëllt ass seng Intérêten duerchzesetzen, a sech duerfir déi noutwenneg Moyene gëtt.

No der Experienz vum Kale Krich an der Divisioun vun onsem Kontinent, wëllen ons Bierger weder en Europa - nach eng Welt - déi duerch e Broch oder eng Séparatioun charakteriséiert wier. Si verlaangen no engem Europa, dat endlech an all senge Komponenten zesumme wiisst, datt d'Léieren aus senger Geschicht gezunn huet, an aktiv fir seng Wäertvirstellungen an Idealer antrëtt. Déi grouss Majoritéit vun den Europäer wëllen eng Unioun, déi den Équiliber tëscht Unitéit a Respekt vun der Diversitéit fonnt huet, tëscht Federalissem an nationaler Souveränitéit, an och tëscht wirtschaftlechem Fortschrëtt a sozialem Ausgläich. Si a mir wëllen och en Europa dat méi grouss gëtt, ouni datt déi staark Solidaritéit, déi mir a méi wei engem hallwe Jorhonnert opgebaut hunn dobäi ënnert d'Rieder kënnt.

Et ass nëmmen en Europa vun de staarke Wäerter, dat et fäerdeg bréngt an deene Kandidatelänner, déi dësen 1te Mee nach net bäitriede kënnen, well d'Negociatiounen mat hinnen nach net ofgeschloss sinn, déi Dynamik ze stäipen, déi hinnen och an der Zukunft hëlleft déi dacks schwéier Reformen duerchzesetzen. Et ass och nëmme sou en Europa wat kann efficace Solidaritéit beweise mat de Partner ronderëm ons.

Haut de page

D'Préparatioun vun der Lëtzebuerger Présidence

Sou en Europa wëlle mir mathëllefen ze festegen während der Présidence, déi elo op ons duerkënnt. Ech wëll Iech net verheemlechen, datt déi Présidence, op déi mir ons elo virbereeden, fir ons eng enorm Erausfuederung duerstellt, en Défi, dee mir mat Engagement an enger beschtméiglecher Kooperatioun tëscht alle concernéierten Ministèren a Servicer an e Succès verwandele wëllen.

De Succès kënnt awer net vun eleng. Hien ass d’Resultat vun enger laanger a gudder Préparatioun, vun haarder Aarbecht an der Saach an engem "engagement sans faille" an den Dossieren.

Besonnesche Wäert hunn ech duerfir vun Ufank un op d'Kooperatioun tëscht alle Ministèrë geluecht, wann et drëm gaangen ass souwuel déi inhaltlech wéi och déi organisatoresch Aspekter ze koordinéieren a virzebereeden. De Comité interministériel, dee mir zu dësem Zweck agesat hunn, erweist sech als déi Koordinatiounsinstanz wou déi wiesentlech Fiedem vun der Organisatioun vun alle concernéierte Ministèren a Servicer zesummelafen.

Mir sinn och am gaang déi eenzel Ministèren heiheem, ons Représentatiounen zu Bréissel an ons Ambassaden duerch eng Rei vu Chargés de Missions sou ze verstäerken, datt déi zousätzlech Aarbecht, déi an der Preparatiounsphase an duerno an der Présidence op ons duerkënnt, ka gemeeschtert ginn.

Global wäerte mir op ronn 190 Chargés de Missions zeréckgräifen. Vun deene sinn der 120 am Moment schonns engagéiert, 75 fir den Aussemninistère, ons Représentatiounen an Ambassaden a 45 als Renforcement fir aner Ministèren. Och wann dës Zuel elo impressionnant schéngt, musse mir ons dach Rechenschaft ofleeën, datt de personnelle Kader, mat deem mir dës Présidence uginn, wäitaus méi limitéiert wäert sinn, wéi dat bei onse Partner an der Unioun de Fall ass. Dofir hunn ech och drop gehalen, den Ausseministèr souwuel um Niveau vun den Technologien, wéi och vun der Organisatioun vun den Aarbechtsofleef enger globaler Moderniséierung ze ënnerzéien.

Datt ons Présidence keng einfach wäert sinn, wësse mer elo schonn. Mir sinn eng vun den éischte Présidencen vun där méi grousser Unioun mat 25 Länner, mir sinn di éischt di souwuel mat dem neigewielten Europaparlament wéi och mat där neier Kommissioun wäert zesummeschaffen. Dat sinn alles Elementer déi ons d’Aarbecht an deene 6 Méint bestëmmt net méi einfach maache wäerten.

Den Ausseministère huet dobäi eng wichteg Koordinatiounsfunktioun fir dës Présidence, mä et gëtt en Effort vun onser ganzer Regierung, onser ganzer Verwaltung. Di beschtméiglech Kooperatioun tëscht alle Servicer an ënnert alle Regierungsmemberen wäert een entscheedende Facteur vun onser gemeinsamer Réussite sinn.

Haut de page

D'Chantieren déi ons besonnesch beschäftegen wäerten

Wat sinn elo déi wiesentlech Chantieren, op deene mir während onser Présidence weiderbaue wäerten?

D'Memberstate vun der Europäescher Union hu sech am Joer 2000 mam sougenannten "processus de Lisbonne" virgeholl, duerch Reformen an Investitiounen an d'Économie an och an d'Infrastrukture bis d'Joer 2010 de kompetitivste Wirtschaftsraum weltwäit ze ginn. Et ass d’Lëtzebuerger Présidence, déi an dësem Kader am Fréijoer 2005 eng Hallefzäit-Bilanz zéie muss - eng Hallefzäit-Bilanz vu deem, wat bis elo erreecht ginn ass, wat funktionnéiert a wat net. Et heescht och eng Analyse maachen an eng Diskussioun féieren, wéi mir déi Potentialer vun der europäescher Économie besser notze kënnen. Bref, eng Bilanzéierung vum Fonctionnement vum europäesche Wirtschaftsgefüge dräi Joer no der Aféierung vum Euro.

An engem Kontext vu schwaachem Wuesstum an deene meeschten europäesche Länner, an notamment an der Eurozone, wäert a muss et ons drëms goe Prioritéiten ze setzen a Pisten opzezeechnen, wéi d'Koordinatioun vun de Wirtschaftspolitiken an Europa kéint renforcéiert ginn, fir besser strukturell a konjunkturell ekonomesch Konditiounen ze schafen an doduerch stabil Aarbechtsplazen, besser Aarbechtsbedingungen an Zukunftsperspektiven ze garantéieren.

E wichtegen Deel vun dem Exercice wäert awer och sinn, den europäesche Sozialmodell, dat Zesummespill an der Verantwortung vun alle Partner am ekonomesche Prozess als Organisatiounsprinzip ze erhalen an ze festegen. Mir wëllen deemno Wirtschaftswuesstum am Intérêt vum eenzelne Mënsch erreechen. Et ass net den europäesche Wee fir de Mënsch an seng Besoinen der Économie ënnerzeuerdnen, well dat op Dauer keng nohalteg Entwécklung ka sinn.

Am Kontext vun enger dynamescher Économie muss besonnesch och d’Fro gestallt ginn, wéi d’Aktioun vum Stat, duerch gutt géréiert ëffentlëch Finanzen, e positiven Apport ka bréngen, fir dëst Ziel ze erreechen.

Zu deenen Dossieren déi ons an der Présidence besonnesch beschäftegen wäerten, gehéiert och, datt d'Unioun sech fir d’Joren 2007 bis 2013 realistesch Finanzperspektivë muss ginn. Dorënner verstinn ech e Finanzkader deen den Aufgaben, déi d’Unioun sech gëtt och ugepasst ass. Dës Diskussiounen déi am Ausseminister Conseil vum Februar ugefaangen hunn, riskéieren schwireg ze ginn. Eng Rei Länner hu virgeschloen de Budget vun der Unioun fir dës Period op 1% vum Bruttoinlandsprodukt festzeschreiwen. Lëtzebuerg wëll a kann dës Approche net matdroen.

De reelle Budget vun der Unioun fir d'Joer 2004 gesäit crédits de paiements an Héicht vun 99,53 Milliarden Euro vir, dat entsprëcht 0,98% vum RNB vun der Unioun. Aus dëser Zuel ergëtt sech, datt ouni eng Adaptatioun vun de Moyenen, déi mir der Unioun zur Verfügung stellen, et nëmme schwéier ze envisagéieren ass, déi gemeinsam Politiken auszedehnen. De Lëtzebuerger Undeel um Budget, sou wéi en am Joer 2002 ofgeschloss gouf, louch bei 183,8 Milliounen Euro, dat waren 0,2% vun der globaler Enveloppe budgétaire.

Wat d'Finanzplanung fir d'Zukunft ugeet, wëlle mir fir d'éischt déi Aufgaben zesummen définéieren, déi d'Unioun besser, méi effizient oder méi strukturéiert kann ugoen, wéi jidderee vun ons eleng. Wa mir da wëssen, wat mir sënnvollerwéis sollen a mussen zesummen maachen, musse mir zu enger realistescher Aschätzung vun deem Budget kommen, deen dës Missioun erfuerdert. Doduerch entstinn um Enn keng supplémentaire Käschten, well fir dës noutwenneg Aufgabe ginn déi national Budgetë global ëm déi entspriechend Montante reduzéiert.

Wat awer wichteg ass, an dat gëllt souwuel op europäeschem, wéi op nationalem Niveau: déi Mëttel, déi ee sech gëtt, mussen an hirem Montant un d'Héicht vun der Aufgab ugepasst sinn. Wann dës Équatioun net opgeet, heescht dat den échec virprogramméieren.

D’Finanzmoyene vun der EU sinn duerfir nët einfach Käschten, mä virun allem konkret Instrumenter vir d’Ëmsetzung vun de Politiken, déi d’Union definéiert huet. Verschidde vun dëse Politiken wäerte verstäerkt ginn, wéi déi nei Roll vun Europa op der internationaler Szen. Aner si méi klassescher Natur, wéi déi traditionell europäsch Solidaritéit an der erweiderter Unioun. Wat awer net änneren däerf ass, datt d'Mëttelen un d’Aufgaben ugepasst ginn, fir datt Europa och an Zukunft handlungsfäheg bleift. Um Enn vum Dag soll dobäi e Finanzkader erauskommen, an deem d’Équitéit am Traitement vun de Länner respektéiert ass. Dat sinn déi Parameteren, am Kader vun deenen déi lëtzebuergesch Présidence alles wäert drusetzen, fir datt den Accord politique iwwert dës nei Finanzperspektiven zustan kënnt.

Ech gesi fir méi eng wäit Zukunft och kee Problem doranner fir deen aktuelle System vu Contributiounen aus den nationale Budgeten duerch eng entspriechend europäesch Steier ze ersetzen. Sou e Modell hätt de Virdeel, datt jiddereen direkt gesäit, wéi vill oder wéi wéinech déi europäesch Zesummenaarbecht ons kascht a wat mir als Land an och jidder Bierger als eenzelnen dovun hunn. Et kënnt dëst doniewt e Bäitrag zu méi Transparenz an zu enger Versachlechung vum Débat sinn.

Zu deenen europäeschen Dossieren, déi ons weiderhin an och duerch ons Présidence begleede wäerden, gehéiert och d'Adhésiounsverhandlunge mat Bulgarien a Rumänien erfollegräich ofzeschléissen, woubäi mir iwwerzeegt bleiwe vun de Virdeeler, déi d'Approche vun de Mérites propres fir de Succès vun dësem Prozess huet. Ettass wichteg, datt fir all Kandidaten, déi nämlecht Regelen a Konditioune gëllen an datt déi Engagementer déi geholl goufen och agehale ginn.

Dat gëllt och a besonnesch fir d'Tierkei, déi 1999 um Sommet vun Helsinki de Statut als Kandidat zouerkannt krut. D'Phase vun den Negociatioune war dee Moment awer nach ausgesat ginn, fir der Tierkei ze erméiglechen eng Rei vu Reformen an d'Weeër ze leeden, déi et hir erlabe sollten, d'Critèrë vu Kopenhagen ze erfëllen. Grouss a wichteg Schrëtt an dës Richtung si gemaach ginn, an de Conseil vun dësem Dezember wäert, op Gronn vun dem Rapport deen d'Commissioun opstellt, décidéieren ob d'Verhandlunge kënnen ënnert onser Présidence opgeholl ginn. Mir bereeden ons op alle Fall op dës Missioun vir, a mir si prett dës Negociatiounen, déi sech iwwert eng ganz Rei vu Jore wäerten erstrecken, ze lancéieren.

Haut de page

Ons Responsabilitéit fir Entwécklung a gerechten Handel

Dee méi starken Engagement vun der Unioun fir d’Problemer vun dëser Welt ergänzt dat Gewiicht an deen Afloss deen d'Europäesch Unioun op ekonomeschem Plang huet als Marché vu 450 Milliounen Consommateuren, - bal 2 mol méi wéi d’Vereenegt Staten, 4 Mol esou grouss wéi Japan, - an och als éischten Acteur um Weltmaart, deen ëmmerhin iwwert 20% vun de gesamten Exporter duerstellt. Do derbäi kënnt och, datt d'Länner vun der Unioun weltwäit den éischte Partner an der Entwécklungshëllef sinn. Si stellen net manner wéi 55% vun all de Moyenen, déi weltwäit fir d'Kooperatioun zur Verfügung stinn.

An Europa an och zu Lëtzebuerg gesi mir dësen Engagement fir den Développement sécher als eng moralesch Verpflichtung. Mir gesinn dësen Effort doriwwer eraus och als eng direkt Investitioun fir méi Stabilitéit a Krisepréventioun.

Mir hunn ons Responsabilitéit geholl. Ech well an dësem Kontext just drun erënneren, datt dës Regierung tëscht dem Budget 2000 an dem Budget 2004 d'Moyenen déi fir d'Kooperatioun zur Verfügung sti vun 0,7% op 0,84% vum Revenu National Brut eropgesat huet. De rezenten Débat iwwert ons Kooperatiounspolitik huet Iech et erlaabt, all Aspekter vun dëser Politik en détail ze analyséieren an ech si frou fir déi unanime Ënnerstëtzung, déi Dir der Regierung bei dëser Geleenheet fir hir Approche ausgedréckt hutt.

Wat d'Handelspolitik an d'Verhandlunge vun der Welthandels-organisatioun uginn, wëll ech eraussträichen, datt d'Lëtzebuerger Delegatioun voll a ganz déi Positioune matgedroen huet, déi mir an der Unioun définéiert hunn, an déi drop ausgeriicht ware fir den Entwécklungslänner an hire Bedürfnisser entgéint ze kommen. Eng adequat an ausgeglachen Handelspolitik gesi mir och als ee vun de Vecteure fir déi weider Entwécklung an alle Länner ze stimuléieren. Duerfir bedaueren ech et, datt et nom Duerchbroch vun Doha, zu Cancùn net zu engem globalen Accord komme konnt. Am Intérêt vun alle Bedeelegten, mä besonnesch deene klenge Länner läit et, fir dat dës Négociatiounen esou séier wéi méiglech ofgeschloss kënnn ginn. D'Alternativ zu engem multilaterale Kader, d.h. eng ganz Rei vu bilateralen Accorden, läit sécher net an hirem Interessi.

Ech wëllt awer nach eng Kéier ënnersträichen, datt et ons net ëm d'Déregulariséierung vum Welthandel geet. Et geet ons ëm e garantéierten a besseren Zougang fir jiddereen zum Weltmarché, an ëm d'Adoptioun vun engem Kader wou national Diskriminatioun a Wettbewerbsverzerrungen keng Plaz méi fannen, wou awer Mindeststandarden am sozialen an am Ëmweltberäich gesat a respektéiert ginn.

Doraus ergëtt sech, datt an der Traditioun vu senger pluralistescher a sozialer Approche, Europa, a besonnesch d'Unioun, de Katalysator vun enger maîtriséierter Globaliséierung si kann. Ech wëll, datt mir de Beweis untrieden, datt onse Sozialmodell et fäerdeg bréngt, de Bierger ze beschützen - an Europa an doriwwer eraus - ouni datt doduerch d'Dynamik vum Marché ausser Kraaft gesat gëtt.

Et ass an dëser Optik wou ech wëll, datt ons Présidence dozou bäidréit ze weisen, datt Europa vill méi ass wéi en Handelsblock. Ons Sensibilitéit fir den Équiliber vun onser Ëmwelt, onsen Engagement fir eng nohalteg Entwécklung, ginn zu engem Reflex fir eng ëmmer méi grouss Zuel vun Europäer. Donieft hëlleft ons de Reflex vun der Solidaritéit deenen Ärmsten op der Welt entgéint ze kommen. No de Konventiounen vu Yaoundé a vu Lomé ass et elo déi vu Cotonou, déi ons Kooperatioun mat de Länner aus Afrika, der Karibik an dem Pazifik strukturéiert an onsen Engagement fir e méi gerechten a méi harmoneschen Développement op partnerschaftlecher Basis dokumentéiert.

Et ass dëst Europa, dat mir stäerke wëllen an deem mir - am Kader vun onser Présidence - wäerten d'Prioritéit ginn.

Haut de page

Onsen Aussenhandel profitéiert vun deenen néie Mäert

E wichtegen Aspekt vun der europäescher Integratioun stellt fir ons och den Aussenhandel duer. Als kleng an oppen Économie profitéiere mir besonnesch staark vun dem grousse Maart deen d'Unioun duerstellt an och vun deenen Accorden, déi si am Numm vun alle Länner négociéiert an ofschléisst. Den Élargissement bedeit deemno och fir ons Betriber nei Méiglechkeeten ëmsou méi well déi ekonomesch Integratioun schonns virun dem effektive Bäitrëtt vun deenen neie Länner ugefaangen huet.

Ons Geschäftsléit an ons Exportateuren hunn net op den 1. Mee 2004 gewaart, fir sech fir déi nei Memberlänner ze interesséieren. An deene leschten 10 Joer, d.h. zanter zu Kopenhagen den Erweiderungsprozess vun der Unioun décidéiert ginn ass, sinn ons Exporter an esou wichteg Mäert wéi Polen oder d’Tschechesch Republik ëm méi wéi dausend Prozent geklommen. Zum Vergläich: an der nämmlechter Zäit hunn ons weltwäit Exporter sech knapps verduebelt.

D'Chancen déi d'Erweiderung vum Marché Intérieur duerch 10 nei Länner fir ons Économie mat sech bréngt sinn deemno schonn an engem fréie Stadium genotzt ginn. Si bidden awer och fir d’Zukunft nach e grousst Potential. Dat gëtt besonnesch däitlech wann ee gesäit, datt mir an engem Land wéi Polen nëmmen ¼ vun deenen Exporter comptabiliséieren wéi a Spunien, e Marché vu sensiblement der nämlechter Gréisst.

Op Gronn vun dem wirtschaftlechen awer och politesche Potential, deen an enger Verdéiwung vun de Relatioune mat deenen neien Memberen an der Unioun läit, hunn ech an deene baal 5 Jor, déi elo hannert ons leien drop gehalen, eng ganz Rei vu Kontakter dohinner ze knäppen. Ech hunn eng Prioritéit draus gemaach all dës Länner am Kader vun offizielle Visiten a Wirtschaftsmissiounen ze besichen. Mir hunn onsen Entreprisë vun Ufank u gehollef sech op dëse Marchéen ze établéieren an de Succès gëtt ons Recht an een zolite Wuesstum vun onsen Exporter ass d'Resultat. Déi lescht 4 Joer sinn ons Exporter an déi nei Memberlänner ëm 45% an d’Lut gaang, ëmmerhi méi wéi dat Duebelt vun deem wat onse weltwäiten Aussenhandel am selwechten Zäitraum enregistréiert huet.

Doriwwer eraus hu verschiddener vun onsen Entreprisen hir Aktivitéiten an deem Mooss verstäerkt, datt si sech sur place établéiert hunn, fir hir Clienten besser bedingen ze kënnen.

Mä och d'Marchéë méi wäit ewech vu Lëtzebuerg si wichteg. Et ass grad an deene Länner, wou onst Land villäicht manner bekannt ass, wou d'Regierung am Kader vun offizielle Missioune kann eng Visibilitéit bréngen, déi eng privat Entreprise soss nëmme méi schwéier géif kréien. Mir schaffen hei enk mat deene concernéierte Ministèren zesummen, fir onst Land a seng Économie an hirer Villfalt ze presentéieren. D'Industrie, de Service-Sektor an och d'Finanzplaz sinn alleguer Deel vun deem Ganzen. Dofir hu mir op deene Wirtschaftsmissioune speziell drop opgepasst fir mat secteurielle Seminairen e Public vu Spezialisten ze erreechen. Dei lescht gréisser Manifestatioun an deem Stil hu mir den 3. September d’lescht Joer während dem Grand-Duc senger Visite zu Tokyo organiséiert, an ech wëll Iech nëmmen zitéiere wat en englesche Banquier à propos vun dësem Evenement zu onsem Ambassadeur gesot huet : "You had more people at your event than Tony Blair". Fir präzis ze sinn, et waren der 750.

Dës Handelsmissioune sinn awer net nëmmen eng Geleenheet fir ons Entreprisë fir lokal Kontakter ze knäppen. Si bidden och d'Chance fir eventuell Problemer op héchstem offiziellen Niveau ze beschwätzen oder och fir gemeinsam Projeten ze décidéieren, déi ouni d'Hëllef vum Stat net géifen zustan kommen. Speziell a Länner wou d'Regierung nach méi eng ferme Emprise op d'Économie huet, kann den Ausseministère onsen Entreprisen oft den néidegen "Coup de pouce" ginn. Ech mengen, datt dëst eng Méiglechkeet ass, déi mir och fir d'Zukunft solle konsequent notzen. Déi pragmatesch an direkt Aart a Weis wéi mir am Comité consultatif du Commerce extérieur mat all de Secteure vun onser Économie zesumme schaffen, huet zanter der Reform vun dësem Comité hiren Test bestanen. Dei positiv Echoe vun den Entreprisen bestäerken ons mat dëser Politik weiderzemaachen.

Haut de page

Lëtzebuerg: Sëtz vun europäeschen Institutiounen

Ee vun den Défië fir dës Regierung war et duerch eng kohärent Strategie, duerch eng dynamesch "politique du siège", d'Präsenz vun den europäeschen Institutiounen ofzesécheren, an no Méiglechkeet auszebauen. Mir Lëtzebuerger si säit 1952 e laange gemeinsame Wee mat den europäeschen Institutiounen an den europäesche Beamte gaangen. Duefir louch et mir besonnesch um Häerz d'Zukunft vu Lëtzebuerg als eng vun deenen dräi grousse ville-siège vun den Institutiounen nach virum Élargissement definitif ofzesécheren. Ech sinn houfreg, datt dat ons réusséiert ass.

Eleng an deene leschten 2 Joer ass d’Zuel vun den EU Effektiver hei zu Lëtzebuerg ëm bal 1.500 Leit geklomm. Am Total sinn et der am Januar vun dësem Joer "9.391", géintiwwer "7.963" virun zwee Joer. D’Effetë vum Élargissement sinn hei net abegraff. An enger Unioun vu 25 musse mir eleng duerch den Effet vun deenen zousätzleche Recrutementer mat 12% méi europäesche Fonctionnairen hei zu Lëtzebuerg rechnen.

D’Joer 2003 war e wichtegt Joer fir den Ausbau vu verschiddene Pilieren oder "pôles d’excellence" zu Lëtzebuerg ze verstäerken.

Dank engem exemplareschen a gedëllegen Asaz ass Lëtzebuerg als juristesch a quasi-juridictionnel Haaptstad vun Europa nach eng Kéier gefestegt ginn, wéi um Europäesche Rot zu Bréissel am Dezember d'lescht Joer no laangen Traktatiounen entscheed ginn ass, datt de Sëtz vum engem zukünftegen europäeschen Parquet zu Lëtzebuerg wäert sinn. Dës Décisioun ass ganz wichteg, well si d’Interprétatioun vun den historesch relevanten Décisiounen an onsem Intérêt confirméiert. Beim juristesche Volet ass och net ze vergiessen, datt déi juridictionnel Instanze vum neie communautaire Brevet an d’Geriicht fir déi europäesch Fonction Publique zu Lëtzebuerg installéiert wäerte ginn.

Ech hat d’lescht Joer schonn d’Geleenheet fir déi grouss Linnë vum Accord mat der europäescher Kommissioun iwwert d’Zukunft vun hire Servicer hei zu Lëtzebuerg duerzeleeën. Dësen Accord, dee muer virun engem Joer tëscht dem Commissaire Kinnock a mir ënnerschriwwe ginn ass, garantéiert, datt d’Kommissioun an Zukunft e Minimum vun 3.400 Leit hei zu Lëtzebuerg wäert beschäftegen.

Zousätzlech zou där normaler Erhéigung vun den erweiderungsbedingte Poste wäerten also ëm déi 300 nei Posten hei zu Lëtzebuerg ausgeschriwwe ginn. Geméiss onsen Ambitiounen hu mir et bei de Verhandlungen mat der Kommissioun fäerdeg bruecht, haaptsächlech déi autonom Servicer an den Domäner vun de Finanzen an der Energie ze stäerken, an de Sprooche-Pôle auszebauen. Op dës Manéier ass et ons gelongen, souwuel qualitativ wéi och quantitativ de Standuert vu relevante Kommissiouns-Servicer hei zu Lëtzebuerg ze festegen.

Ech wäert selbstverständlech och mat där neier Kommissioun weiderhin een Aan op d’Entwécklung vum Standuert Lëtzebuerg halen a mir wäerten alles maachen, fir datt déi Verankerung vun de Kommissiouns-Servicer zu Lëtzebuerg, déi esou staark ass wéi nach ni virdrun, och fir d’Zukunft gefestegt bleift.

Wat dat europäescht Parlament betrëfft, sou kann ee soen, datt 2003 d’Joer vum "Stabilitéitspakt fir de Sëtz vum Generalsekretariat" hei zu Lëtzebuerg war. Den offizielle Besuch vum President Pat Cox am Juli hei zu Lëtzebuerg huet et ons erlaabt, fir d'éischt e politeschen Accord iwwert e ganze "paquet immobilier" fir d’EU Parlament ofzeschléissen, eng Eenegung, déi duerno an enger Réi vun Akten formaliséiert gouf. Den Accord dee mir fonnt hunn, besteet doran, datt d’Parlament d’Konrad Adenauer Gebei a seng Extensioun keeft, an déi zwee nei Tierm um Kierchbierg lount, bis datt d’Aarbechten um BAK ofgeschloss sinn. Dëse „Paquet“ däerft et also dem Parlament erméiglechen à terme all seng Servicer an engem Gebei ënnerzebréngen. No laangen an technesche Verhandlungen, hunn ech mam President Cox de 17ten Dezember zu Stroossbuerg den Acte de vente vum Konrad Adenauer Gebei um Kierchbierg ënnerschriwwen. Eng besser Garantie fir d'Verankerung vum Parlament hei bei ons kënne mir net kréien.

A well mir den Erausfuederunge vun enger vun deenen 3 europäeschen Haaptstied wëlle gerecht ginn, beherrschen, niewent dem Projet vun enger zweeter Europaschoul zu Mamer, momentan déi grouss Projete vun der Rénovatioun a vum Ausbau vum Centre de Conférences, respektiv d’Extensiounen vum europäesche Geriichtshaff, dem Rechnungshaff, dem sougenannten „BAK“ a vun der Europäescher Investitiounsbank déi dynamesch Silhouette vum Kierchbierg.

Haut de page

Conclusioun

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,

Ech hunn an dëser Déclaratioun net all Aspekter an där nämlechter Déift ugeschwat a mech an der Haaptsaach op d'Europäesch Unioun konzentréiert, als de Garant vun onser Souveränitéit an de Kader an deem mir ons Aussen- an Sécherheetspolitik prioritär definéieren; dee Kader och, deen et ons erlaabt ons Intérêten an der globaliséierter Welt op eng wierksam Manéier ze vertrieden an ze verteidegen.

Déi Stabilitéit an déi Sécherheet déi dëse Kader ons elo zanter méi wéi 50 Joer assuréiert, huet ons erlaabt, dee Wuelstand an déi Sécherheet - och déi sozial Sécherheet - an engem Moos ze schafen, wéi onst Land se ni virdru kannt huet.

Mä, och onst politescht Gewiicht, onsen Afloss op d'Affairë vun dëser Welt, war nach ni esou ausgeprägt an esou garantéiert wéi dat haut de Fall ass. Et ass och dat eng Entwécklung, déi mir onser engagéierter Participatioun un der europäescher Unifikatioun an de multilateralen Institutiounen verdanken.

Dëse Kader ze erhalen, hien esou ze adaptéieren, datt mir als Land och weider kënne mat Zouversicht an d'Zukunft kucken - sécher ze stellen, datt Lëtzebuerg an deem méi groussen Europa, an der globaliséierter Welt, net nëmme seng Plaz behaapte kann, mä souguer nach verstäerkt, ass déi éischt a wichtegst Missioun vun onser Aussepolitik, esou wéi ech se verstinn.

Dës Missioun ennersträicht och d'Bedeitung vun onser Aussepolitik op dat alldeeglecht Liewe vun all Bierger hei am Land. Déi Accorden, déi mir zesumme mat onse Partner définéieren, déi Engagementer, déi mir aginn, déi anerer huelen, setzen de Kader an deem ons Économie sech entwéckelt a compétitiv bleift.

Si stellt och de Kader an deem ons Sécherheet garantéiert ass. Eng Sécherheet, déi net méi eleng mat militäresche Mëttele kann erreecht ginn, mä déi an deem globalen Ëmfeld an deem mir liewen, vun enger ganzer Rei vu Facteuren ofhängt an op déi mir mussen hëllefen Afloss ze huelen. Eng Sécherheet och, déi net réischt un de Grenzen vun Europa a schonns guer net op der Grenz vun onsem Land ufänkt.

Ons Stabilitéit an ons Sécherheet heiheem verteidegen, heescht ons weltwäit engagéiere fir de Respekt vun de Mënscherechter, fir Fridden, fir méi Wuelstand, fir d'Entschäerfen an d'Léise vun de Konflikter, déi ons Welt soss net zur Rou komme loossen.

Duerfir ass et wichteg, an duerfir ass et am Intérêt vun all Bierger hei zu Lëtzebuerg, datt mir ons d'Moyene ginn, fir en aktiven, en engagéierten, an domat och e respektéierte Partner an der Unioun an an der internationaler Communautéit ze sinn.

Dat si mir, wa mir onsen Deel vun der globaler Responsabilitéit iwwerhuelen, wa mir ons Solidaritéit weisen a liewen, wa mir déi Politik ëmsetzen an deem Geescht zum Duerchbroch verhëllefen, déi ech Iech an dëser Déclaratioun skizzéiert hunn.