Déclaration de politique étrangère 2005 (version originale luxembourgeoise)

Discours – Publié le

Le 29 novembre 2005, le Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères et de l'Immigration, Jean Asselborn, a prononcé la traditionnelle déclaration de politique européenne et étrangère à la tribune de la Chambre des députés.

- Seul le discours prononcé fait foi -

La Présidence luxembourgeoise
Les relations UE-US
La situation au Moyen-Orient
Le processus de Barcelone
Iran / Irak / Russie
Les relations avec les pays de l'Asie, d'Amérique latine et d'Afrique
Situation dans les Balkans
Le processus d'élargissement de l'UE
La stratégie de Lisbonne
Les perspectives financières de l'UE
La Constitution pour l'Europe
Le Doha Development Agenda
Les missions économiques
Le réseau des ambassades à l'étranger
L'UEBL et le Benelux
Les institutions européennes au Luxembourg

Här Präsident,
Dir Dammen an Dir Hären,

Et ass dëst di éischte Kéier dass ech d’Éier an d’Geleeënheet hunn, virun der Chamber d’Deklaratioun zur lëtzebuerger Aussepolitik ze maachen; fir Iech d’Prinzipien, d’Objektiver an d’Erausfuerderungen vun eiser Aussepolitik duer ze stellen.

Dës Deklaratioun kënnt zu engem ongewinnte Moment. Déi vill Engagementer vun der lëtzebuerger Présidence vun der Europäescher Unioun hu mir et net erlaabt, esou wéi et Traditioun ass, am Fréijoer virun Iech ze trieden: Dir hutt dofir vill Verstäendniss gewissen an ech well Iech hei nach eng Kéier ausdrécklech Merci soen.

Et wäert Iech sécher net erstaunen dass d’Présidence och eng besonnesch Plaz an dëser Deklaratioun wäert anhuelen. Dobäi geet et mir net esou dorem fir d’Haaptévénementer an d’Haaptdossieren nach eng Kéier en revue passéieren ze loossen, mä méi dorem an d’Zukunft ze kucken, ze kucken wou mir stinn no däer Présidence, mir Lëtzebuerg, mir Europa, mä och mir Lëtzebuerg an dësem Europa an an der Welt.

Fir Lëtzebuerg war dëst, eis eeleft Présidence, eemol méi d’Geleeënheet ze weisen datt mir bereet sinn, eisen Deel vun der globaler Responsabilitéit ze iwwerhuelen, datt mir an Europa, an iwwer Europa eraus, en aktive Bäitrag brénge kënnen, datt mir e kredible Partner sinn, en engagéierte Partner deen sech fir d’Unioun an d’Interessi vun der Unioun asetzt, dee probéiert de grousse Projet Europa weider ze bréngen.

Dësen Engagement fir d’Weiderverdéiwung vun der europäescher Integratioun a fir d’Erweiderung vun der EU no präzise Kritären, entsprécht eiser Konviktioun, mä och eisem Interessi. En eenegt a staarkt Europa ass am Interessi vu Lëtzebuerg a vun de Bierger hei am Land. D’Interessi vu Lëtzebuerg a vun der EU sinn deckungsgläich.

Eist politescht Gewiicht, eisen Afloss op d’Affaire vun dëser Welt, an ëmgedréit eis Ofhängegkeet vum Weltgeschéien, waren nach ni esou ausgeprägt wéi dat haut de Fall ass. Eise Wuelstand, eis Sécherheet a Stabilitéit, si baséieren op gemeinsamen Äentwerten zu den Erausfuederunge vun der globaliséierter Welt, op internationaler Kooperatioun an Institutiounen wéi der EU, der NATO an der UNO.

"Efficace Multilateralismus" ass fir eis méi wéi nëmmen e Schlaagwuert. D’Présidence gouf eis d’Geleeënheet dat eemol méi ënner Beweis ze stellen.

D’Europäesch Unioun huet sech an hirer Sécherheetsstrategie kloer fir eng multilateral Approche ausgeschwaat, mat de Vereenten Natiounen am Zentrum. D’Weltorganisatioun muss déi essentiell Roll am Erhale vu Fridden a Sécherheet, an der Promotioun vun de Mënscherechter, am Kampf géint d’Aarmutt an d’Ënnerentwécklung spillen.

An deem Sënn hu mir intensiv un der Virbereedung vum UNO-Sommet am September matgeschafft. Et war eis wichteg eisen Deel dozou bäizedroen, datt d’Organisatioun vun der Weltgemeinschaft déi nei Erausfuerderungen, déi sech eis am 21ten Jorhonnert stellen, besser ophuele kann an datt mer och dem Erfëlle vun de "Millennium Development Goals" méi no kommen.

Besonnesch an dësem leschten Domän kann ech soen datt d’Unioun hirer Responsabilitéit gerecht ginn ass. Esou hunn sech déi 25 Memberstaaten am Mee vun dësem Joer derzou engagéiert, bis 2010 kollektiv 0,56% vun hirem Interne Bruttosozialprodukt fir d’Entwécklungshëllef zur Verfügung ze stellen a bis 2015 den Objektiv vun 0,7% ze erreechen.

Eisen Engagement fir e Multilateralismus dee fonktionnéiert, spigelt sech awer och an anere Beräicher erëm wéi dem Asaz a Krisesituatiounen, ob a Kooperatioun mat eise Partner aus der NATO oder eegestänneg, am Kader vun enger ziviler oder militärescher Missioun am Kontext vun der Europäescher Sécherheets- a Verdeedegungspolitik. Esou sinn am Moment net wéineger wéi 10 EU Missiounen deployéiert, dräi dovun am Balkan, dräi an Afrika, dräi am Mëttleren Osten an eng an Asien.

D’Weiderentwécklung vun eiser Gemeinsamer Aussen- a Sécherheetspolitik ass, schlussendlech, baséiert op der Recherche vu multilaterale Solutiounen an der Bereetschaft, Verantwortung ze iwwerhuelen an d’Roll vum "acteur payeur" ze depasséieren.

Et ass an deem Geescht wou mir déi aussepolitesch Erausfuerderungen ënnert eiser Présidence ugaange sinn.

Haut de page

Dir Dammen an Dir Hären,

D’Relatiounen tëschent Amerika an der Europaëscher Unioun waren ouni Zweifel duerch d’Irakkriis belaascht: d’lëtzebuerger Présidence haat sech dofir als ee vun hiren Zieler gesaat, dës Relatiounen, déi esou vital fir eis all sinn, engersäits ze relancéieren an anerersäits d’Unioun nees zesummenzebréngen. Ech mengen ech ka soen, datt mir dat Zil ereecht hunn.

Déi zwee Sommeten, mat enger éischter Visite iwerhaapt vun engem amerikanesche Präsident bei den europäeschen Institutiounen am Februar vun dësem Joer, déi vill Rencontren op allen Niveauen an an alle Formater, sief et ze 25, an der Troïka oder bilateral, hunn et erlaabt, den transatlanteschen Dialog nees op méi eng partnerschaftlech Basis ze setzen an eis Politiken erëm verstäerkt openeen oofzestëmmen, an dat esouwuel am politeschen, wéi am ekonomeschen oder am Emwelt-Beräich.

Den israelesch-palestinenseschen Konflikt, den Iran, den Irak, d’Situatioun am Mëttleren Osten am allgemengen, mä och d’Developpementer an Asien, de Balkan an de gemeinsame Kampf géint den Terrorismus, fir nëmmen e puer Beispiller ze nennen, goufe regelméisseg diskutéiert. D’Wichtegkeet vun engem Echange, vun enger gemeinsamer Approche déi op dem Dialog an der Negociatioun baséiert, stoung dobäi am Virdergrond.

D’Häerzstéck vum EU-USA Sommet am Juni ze Washington war eng ekonomesch Deklaratioun, déi d’Basis liwwert fir an den transatlantesche Wirtschaftsrelatiounen déi Barrièren ofzebauen, déi nach bestinn, besonnesch am reglementaire Beräich. No breede Konsultatiounen vum private Sektor op béide Säiten vum Atlantik konnt en Accord fonnt ginn, deen net just déi Beräicher oplëscht a verdéift, an denen d’USA offensiv Interessien hunn, mä och déi Beräicher, déi der EU ganz wichteg sinn, wéi z.Bsp. d’Reglementatioun vun de Marchés Publics. Deen Accord gëtt elo op de Wee vun der Ëmsetzung bruecht.

Um Sommet am Juni ass och - no Joeren nees eng Kéier - iwwer d’Ëmweltproblematik geschwat ginn: während laanger Zäit ware Schlagwierder wéi Klimawandel oder Kyoto-Protokol rout Dicher fir d’Amerikaner. D’EU huet hei eng aktiv Iwwerzeegungsroll ze spillen.

Haut de page

D’Situatioun am Mëttleren Osten stung awer net nëmme mat der USA ganz uewen um Ordre du jour. D’Europäesch Unioun engagéiert sech zënter ville Joeren fir eng gerecht an dauerhaft Solutioun am israelesch-palestinenseschen Konflikt. Als Member vum Quartet hu mir eis fir eng Relance vum Friddensprozess am Aklank mat der "Feuille de route", fir e Stopp vum Bau vun israeleschen Siedlungen an den Okkupéierten Territoiren, fir e Stopp vum Mauerbau, fir en Enn vun den israeleschen Aktivitäten an a rondërem Ost-Jerusalem, mä awer och fir d’Recht vun Israel a Sécherheet an am Fridde mat sengen Noperen ze liewen, agesat.

D’Evenementer dës lescht Deeg loossen hoffen datt nees Mouvement an de Friddensprozess kënnt. D’Opmaachen vum Grenzposten zwëschen der Gazasträif an Aegypten ass méi ewéi nëmmen e symbolesche Schrëtt a Richtung vun engem souveräne Palestinensesche Staat: si erméiglecht och eng dréngend néideg ekonomesch Perspektiv. Ech sinn houfreg dorop datt mir, mat Äerer Ënnerstëtzung, eis aktiv un der EU-Grenzkontrollmissioun ze Rafah kënne bedeelegen an esou eisen Engagement fir dës schwiereg Regioun ënner Beweis stellen.

D’Wahlen fir de Palestinensesche Conseil législatif am Januar d’nächst Joer repräsentéieren en anere wichtege Schrëtt. Et ass kruzial datt déi Wahlen fräi a fair oflafen an datt Israël op d’bescht mat der Palestinensescher Autoritéit an der Preparatioun vun de Wahlen kooperéiert. Och héi wäerte mir, wann Dir d’Accord sidd, präsent sinn am Kader vun der EU Wahlobservatiounsmissioun.

Zu de Wahlen déi fir Mäerz an Israël ugesat sinn ee Wuert: si bréngen Hoffnung fir eng nei parlamentaresch Konstellatioun an dësem Land, déi zu engem Retour zur "Feuille de route" an engem dauerhafte Fridden ka féieren. Loosse mir hoffen datt dës Chance net ongenotzt bleiwt.

Haut de page

An deem Kontext ass och eisen Engagement am Barcelonaprozess ze gesinn, bis haut deen eenzege regionale Forum wou Israel mat de Palästinenser an den arabesche Länner ronderëm een Dësch sëtzt. Enn Mee huet hei ze Lëtzebuerg déi 7ten "Conférence ministérielle euroméditerranéenne" stattfonnt wou mir, di éischte Kéier zënter dem Lancement vum Barcelonaprozess virun 10 Joer Konklusiounen déi vun allen Parteien gedroen goufen, iwwer déi 3 Voleten - dee politesch a sekuritären, dee wirtschaftlechen an dee kulturellen - vun dëser Kooperatioun adoptéieren konnten. Dat war besonnesch wichteg en Vue vum Sommet deen de Weekend ze Barcelona stattfonnt huet a wou mir gemeinsam mat eise Partner aus dem Mëttelmierraum eis Prioritéite fir déi nächst Joeren gesaat hunn. Esou wäerte mir an Zukunft d’Zesummenaarbecht verstäerken wat d’Ëmsetzung vu politeschen a wirtschaftleche Reformen, d’Kooperatioun am Domän vun der Immigratioun, an d’Programmer am Edukatiounssektor ugeet. Den Dialog tëschent de Kulturen ass en anert wichtegt Element vun eisem Partenariat, en ëmmer méi wichtegt. D’Fondatioun Anna Lindh, déi am Abrëll dëst Joer lancéiert gouf, grad ewéi d’Initiativ vun enger Allianz vun den Zivilisatiounen, déi vum spueneschen an tierkesche Premier Minister proposéiert gouf, schwätzt dofir.

Haut de page

Den Accord deen Däitschland, Frankräich an England, déi sougenannten EU3, am November 2004 mam Iran iwwer nuklear Froen oofgeschloss hunn, huet et um Niveau vun der EU erlaabt, Diskussiounen iwwert en Accord de Commerce et de Coopération, an en Accord politique, déi zënter 2003 ënnerbrach waren, nees opzehuelen. Dräi Negociatiounsronnen hunn doropshin ënnert eiser Présidence stattfonnt. D’Troïka huet ausserdeem Gespréicher geféiert fir den Dialog mam Iran iwwer d’Mënscherechter erëm opzegräifen. D’Europäesch Unioun koppelt d’Entwécklung vun hire Relatiounen mam Iran, wéi dir wësst, net nëmmen u positiv Geste vun Teheran am nukleare Beräich, mä och un de Respekt vun de Mënscherechter, de Kampf géint den Terrorismus an un dem Iran seng Positioun am Friddensprozess am Nohen Osten. Dat war äis besonnesch wichteg während eiser Présidence a muss, eiser Meenung no, och an Zukunft d’Basis vun der EU hirer Politik vis-à-vis vum Iran bleiwen.

D’lescht Woch huet de Conseil vun de Gouverneure vun der Internationaler Atomenergieagence (AIEA) den Iran opgefuerdert, d’Diskussioune mat den EU3 nees opzehuelen, méi Transparenz un den Dag ze leeën wat sein Nuklearprogramm betrëfft an den additionnelle Protokoll zum TNP–Vertrag esou séier ewéi méiglech ze ratifizéieren. D’Méiglechkeet vun enger Saisie vum Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen bleiwt och weiderhin bestoen. Ech hoffen, datt d’Iranesch Autoritéite sech dem Eescht vun der Situatioun bewosst sinn an d’Verhandlungen op der Basis vum Accord de Paris nees opgräifen. Et schéngt ewéi wann éischt Sondéirungsgespréicher an deem Sënn sollte stattfannen, wat ech nëmme begréisse kéint. D’Zil ass et um diplomatesche Wee alles ze maachen datt den Iran iwwert keng nuklear Waffen verfügt. Dat ass den Interessi vun der EU, esou wéi vun der internationaler Weltgemeinschaft.

Mir wëssen nach allze gutt, wéi diviséiert Europa iwwer de Krich am Irak war. Vill vun eis wollten dee Krich net, mä mir sinn haut matgefuerdert, eis mat senge Konsequenzen auserneen ze setzen a mat ze hëllefen, datt aus dem Irak e friddlecht, demokratescht, souveränt, prospèret Land gëtt, e Land an deem d’Mënscherechter respektéiert ginn an dat eng positiv, stabiliséirend Roll an dëser esou wichteger Regioun vun der Welt spillt. Dat ass en Objektiv dee mir all an der Unioun deelen, an un deem senger Ëmsetzung mir ënnert lëtzebuergeschem Virsëtz aktiv geschafft hunn.

Esou sinn zënter Krichsenn eng 518 Milliounen € vun der Kommissioun zur Verfügung gestallt ginn fir d’Rekonstruktioun vum Land, fir den Neesopbau vu Basisservicer an Infrastrukuren, mä och fir d’Organisatioun vun de Walen an den Opbau vun engem Rechtsstaat. Den 1te Juli dëst Joer huet dann och d’EU-Zivilmissioun EUJUST LEX, déi ënnert lëtzebuerger Présidence décidéiert a preparéiert gouf, mat Formatioun ausserhalb vum Irak am Beräich vun der Police, de Geriichter an dem Prisongswiesen ugefaang, an am September hu mir mat der irakescher Interimsregierung en Ofkommes iwwer d’Verdéiwung vun eise Relatiounen an de politeschen Dialog ënnerschriwwen.

Ech war, wéi der wësst, selwer mat menge Kollege vun der Troïka ze Bagdad fir op der Plaz net nëmmen ze weisen datt Europa dem Irak an dem irakesche Vollek bäisteet an deem schwieregen Transitiounsprozess an deem et sech befënnt, mä och fir eis Erwaardungen an deen Prozess virzebrengen. Datt mir en Irak wëllen an deem all d’Parteie matschaffe kënnen, an deem d’Rechter vun alle respektéiert ginn, egal ob Mann oder Fra, Sunnit, Shiit oder Kurd. Dat war och de Grond firwat mir eis bereet erklärt hunn, zesumme mat den USA, an an enker Zesummenaarbecht mat de Vereenten Natiounen, eng international Konferenz iwwert den Irak ze organiséieren. D’irakesch Interimsregierung sollt d’Geleeënheet kréien, der internationaler Communitéit hire Programm, hir Visioune fir d’Zukunft virzestellen. De Communiqué deen um Enn vun der Konferenz vun deene méi wéi 80 Länner an Organisatiounen, déi präsent waren, ugeholl gouf, spigelt dann och e breede Konsens iwwert déi nächst Schrëtt, déi am Kader an am Aklank mat der Resolutioun 1546 vum Sécherheetsrot ze ënnerhuele sinn.

D’legislativ Wahlen, déi de 15ten Dezember stattfannen, repräsentéieren eng wichteg Etapp an dësem Prozess. Et ass essentiell datt all Gruppen un dëse Wahlen deelhuelen an datt eng repräsentativ Regierung gebilt gëtt, eng Regierung, déi vun allen Iraker gedroe ka ginn. Et muss zu enger nationaler Reconciliatioun kommen. Ech kann dofir d’Initiativ vun der Arabescher Liga fir eng Reconciliatiounskonferenz ufangs vum nächste Joer ze Bagdad nëmme begréissen. De grausamen Terror am Irak muss en Enn fannen. D’Iraker mussen esou bal ewéi méiglech nees d’Sécherheet am Land selwer kënnen assuméieren.

An all deenen Dossieren, déi ech bis ewell ugeschwat hunn, huet natierlech och d’Kooperatioun mat Russland eng wichteg Roll gespillt. A regelméissege Rencontren hu mir eis Vueën iwwer déi grouss Krisenherder op der Welt ausgetosch. D’gemeinsam Noperschaft stung dobäi besonnesch am Virdergrond. Innepolitesch war dat éischt Hallefjoer geprägt duerch d’Finalisatioun vun de 4 gemeinsamen Espacen, déi d’Basis fir eis Kooperatioun an deene nächste Joeren bilde sollen.

Mir konnten déi Verhandlungen beim EU-Russland Sommet den 10 Mee ze Moskau erfollegräich ofschléissen an eis domat gemeinsam Objektiver an deene 4 Beräicher - Wirtschaft; Fräiheet, Sécherheet a Justiz; Aussesécherheet, sou wéi Recherche, Edukatioun a Kultur - ginn. D’Diskussioun vun de Mënscherechter huet dobäi och eng wichteg Roll gespillt, den 1. März 2005 sinn iwwerens hei ze Lëtzebuerg déi éischte Kéier institutionaliséiert Gespreicher um Niveau vun der EU mat Russland iwwer d’Situatioun vun de Mënscherechter gefouert ginn. Dat ass méi wéi nëmmen e symbolesche Schrëtt.

Et war eis och wichteg, esou séier wéi méiglech op déi nei Evolutioune bei engem anere vun eisen Noperen ze reagéieren: der Ukraine. Esou hu mir den 21. Februar den éischten Aktiounsplang, baséierend op der Europäescher Politik fir d’Nopeschlänner mat der Ukraine ënnerschriwen, an hu Moossname fir eng Weiderverdéiwung vun eise politischen an ekonomeschen Relatioune parallel zum Demokratisatiounsprozess, deen an der Ukraine vum Präsident Yushenko ageleet ginn ass, ugeholl. Um Sommet, deen Enn dëser Woch ze Kiev stattfënnt, wäerte besonnesch Verhandlunge fir en Ofkommes iwwer Visafacilitatiounen, déi kierzlech lancéiert goufen, esou wéi weider ekonomesch Reformen, am Zentrum vun den Diskussiounen stoen. An deenen nächste Méint dierft der Ukraine och de Statut vun enger "économie de marché" zouerkannt ginn.

Haut de page

Et ass sech während der Présidence awer net nëmmen op d’Nopeschlänner vun der EU konzentréiert ginn: d’Kontakter mat Asien, Latäinamerika an Afrika stungen och op der Dagesuerdnung. Esou hate mir ënnert anerem Réuniounen op Ministeschniveau mat den ASEAN-Länner an der ASEM, eng éischt Troïka ministérielle ze Peking wou mir 30 Joer diplomatesch Relatiounen tëschent der EU a China feiere konnten an dann natierlech och de Sommet mat Japan, den 2. Mee hei ze Lëtzebuerg.

Wat China ugeet, huet an der Ëffentlechkeet, een Thema ganz kloer dominéiert : de Waffenembargo. Wéi der wësst hat d’lëtzebuerger Présidence am Dezember 2004 e Mandat vum Europäesche Rot kritt fir d’Aarbechten en vue vun enger Levée vum Waffenembargo weiderzedreiwen. Esou en Ophiewe vum Embargo sollt awer an engem gewësse Kontext geschéien : esou sollt den europäesche Code de conduite fir Waffenexporter renforcéiert ginn an d’EU sech Instrumenter ginn fir Länner déi sech an enger Transitiounsphase nom Ophiewe vun engem Embargo befannen : déi sougenannten "Toolbox". Der Situatioun vun de Mënscherechter a besonnesch de chineseschen Autoritäten hir Fortschrëtter an der Ratifikatioun vun der Internationaler Konventioun iwwert Zivil a Politesch Rechter sollt ausserdeem Rechnung gedroe ginn. Den institutionnellen Mënscherechtsdialog tëschent der EU a China ass dann och ënnert eiser Présidence virugefouert ginn. D’Aarbechten iwwert de Code de conduite an d’Toolbox konnten en revanche net ofgeschloss ginn, esou datt et zu kenger Decisioun iwwert de Waffenembargo koum.

Et war eis als Présidence awer och wichteg eng Diskussioun iwwert den Embargo eraus mat China an iwwer China ze féieren. Wéi schons gesot ënnerhält d’EU ëwell zënter 30 Joer diplomatesch Relatioune mat China. D’Volleksrepublik ass ouni Zweifel déi kommend Muecht an et ass wichteg datt mir den Dialog mat Peking ënnerhalen an dat esouwuel um europäeschen ewéi um nationale Plang. Eng Staatsvisite a China ass dofir och fir déi nächst Zukunft geplangt.

D’Haaptmanifestatioune mat Latäinamerika hunn hei ze Lëtzebuerg stattfonnt: ech wëll do vun de ministérielle Réunioune mat dem Rio-Grupp an de regionalen Oganisatiounen wéi dem Mercosur an dem Pacte andin schwetzen. Verdéiwung vum politeschen Dialog, mä och vun eise wirtschaftleche Bezéiunge mat dëser Regioun vun der Welt, déi sech an engem Integratiounsprozess befënnt, stungen dobäi am Mëttelpunkt.

Laang hu mir eis Relatiounen mat Afrika haaptsächlech ënnert dem Gesiichtspunkt vun der Entwécklungshëllef gesinn. Haut versicht d`Unioun verstäerkt mat den afrikanesche Strukturen wéi der Union africaine, der CEDEAO oder der SADC zesummenzeschaffen, si ze ënnerstëtzen am Opbau vun eegene Kapazitéite fir Krisen ze geréieren an e wierklecht Partenariat ze entwéckelen. Echangen iwwer Regiounen wéi d’Elfenbeinküst, den Togo, de Sudan oder d’Grands Lacs stungen dofir déi lescht Méint grad esou um Ordre du jour ewéi d’Preparatiounen vum UNO Sommet am September an d’Erfëlle vun de "Millennium Development Goals".

Haut de page

Dir Dammen an Dir Hären,

Loosse mer nach ee Moment zeréckkommen op Regiounen déi eis geographesch méi no stinn.

Enner lëtzebuerger Présidence sinn eng Partie wichteg Decisioune geholl a virbereet ginn, déi d’Balkan-Länner méi no un Europa wäerte bréngen.

Wéi Dir wësst huet d’EU dëse Länner um Sommet ze Thessaloniki 2003 eng europäesch Perspektiv ginn. Um Wee fir an d’Unioun ginn hinnen Ofkommes proposéiert, déi si op eng spéider Adhesioun solle préparéieren. Stabilisatiouns- an Associatiounsaccorden mat der fréierer jugoslawescher Republik Mazedonien a mat Kroatien bestinn schon, mat Albanien sinn d’Verhandlungen esou gutt ewéi ofgeschloss, während d’Negociatiounen fir esou en Ofkommes mat Serbie-Montenegro a mat Bosnien-Herzegovina grad ugefaang hunn. Déi Decisiounen sinn ënnert eiser Présidence virbereet oder virugedriwwe ginn, well mir dovun iwwerzeegt sinn, dass Europa et muss éierlech menge mat senge Versprieche vun Thessaloniki.

D’Europäesch Unioun sollt d’Perspektiv vun enger Adhesioun och als Hiewel benotzen, fir de Länner um Balkan an a Süd-Ost-Europa ze hëllefen, déi néideg Reformen duerchzeféieren, déi hinne Stabilitéit, Fridden a Wuelstand garantéieren.

Mir hunn am Balkan natierlech och d’Entwécklungen am Kosovo genee verfollegt, an dru geschafft, der EU hir Roll an deem Prozess ze definéieren, deen elo ugefaangen huet an zu engem definitive Statut fir de Kosovo soll féieren. Um Conseil européen vum Juni hu mir Prinzipe fixéiert fir de Statut vum Kosovo, an dee Kader gesat, deen der Unioun et erlaabt, am Kosovo-Prozess enk matzeschaffen a mat ze decidéieren. Esou ass et fir éis kloer datt et kee Retour op d’Situatioun virun Mäerz 1999 kann ginn. D’Decisioun iwwert de Statut vum Kosovo muss baséiere op der Multi-Ethnicitéit, um volle Respekt vun de Mënscherechter, a virun allem dem Recht vun alle Flüchtlingen, a Sécherheet nees kënnen heem ze goen. De Statut muss déi néideg konstitutionnell Garantie bidden fir de Schutz vun de Minoritéiten, a Mechanisme virgesin fir dass Vertrieder vun de Minoritéiten an der Regierung wéi och an de lokale Verwaltungsstrukture matschaffe ze kënnen. D’Decisioun iwert de Statut kann net unilateral sin, an dierf net imposéiert gin. Fir d’Europäesch Unioun as all Verännerung vum Territoire vum Kosovo inacceptabel : de Kosovo kann also net gedeelt gin, an och net mat engem Nopeschland vereenegt gin.

Haut de page

Och am Erweiderungsprozess vun der Europäescher Unioun huet eis Présidence wichteg Etappen ageleet.

De 25ten Abrëll hu mir ze Lëtzebuerg de Bäitrëttsvertrag mat Rumänien a Bulgarien ënnerschriwwen. Dës Bäitrëttsverträg mussen elo vun alle Memberstaate vun der Europäescher Unioun ratifizéiert ginn. D’lëtzebuerger Regierung huet dofir viru kuerzem e Projet de loi hei an der Chamber deposéiert, a mir hoffen duerch eng schnell Ratifikatioun dëse Länner e positivt Signal kënnen ze ginn.

Mat dem geplangte Bäitrëtt vu Bulgarien a Rumänien den 1. Januar 2007 ass déi 5. Bäitrëttswell komplett, déi am Dezember '97 um Europäesche Rot ze Lëtzebuerg ugefaangen huet. Domat ass, no bal 60 Joër Separatioun, Europa endlech erëm zesummegewuess. All déi Länner, och déi, déi 2004 bäigetruede sinn, hunn enorm Ustrengunge gemaach, déi net einfach ware just nodeems se hir Fräiheet a Souveränitéit zeréckgewonnen haten. Dat alles dierfe mir net vergiessen, och wann dat fir eis esou selbstverständlech erschéngt. Déi rezent Rapporten vun der Europäescher Kommissioun weisen, datt Rumänien a Bulgarien nach e puer lescht Hürden ze iwwersprangen hunn éier se kënne bäitrieden, mä ech sinn iwwerzeegt, datt déi Länner dës Etapp och nach wäerte packen.

D’Erfëlle vun de politeschen an ekonomesche Kritären vu Kopenhagen ass och fir déi nächst Erweiderungskandidaten d’Basis fir d’Adhesioun. D’voll Kooperatioun mam Internationale Geriichtshaff fir ex-Jugoslawien ass doriwwer eraus en essentielle Kritär fir de Bäitrëttsprozess vu Kroatien an alle Balkan-Länner. Dowéinst konnten d’Verhandlungen mat Kroatien och net wéi geplangt de 17te Mäerz, mä eréischt den 3ten Oktober ugefaang ginn. Esoubal wéi d’Kroaten déi néideg Efforten gemaach hunn, hunn ech mech dofir agesat datt Verhandlungen esou séier ewéi méiglech ugefaang hunn.

Den 3. Oktober hu mir als EU awer och ugefaange mat der Türkei ze verhandelen. Mir hunn dat am volle Respekt vum Engagement gemaach dat mir um Conseil européen am Dezember 2004 geholl haten.

Munch Bierger ze Lëtzebuerg wéi an der Unioun maache sech Suergen, wat d’Türkei ugeet. Dat muss ee respektéieren an eescht huelen. Dat weist awer och, datt mir als Regierungen de Leit eis Aarbecht musse besser vermëttelen. D’Türkei kann eréischt bäitrieden, wann si, wéi all déi aner Bäitrëttskandidaten, um politeschen an ekonomesche Plang prett ass, a wann d’Unioun och gläichzäiteg prett ass fir nei Memberen opzehuelen. D’Verhandlungen, déi mir elo ugefangen hunn, wäerte laang, ganz laang, esou laang wéi néideg daueren.

De wichtege Punkt ass, an dofir hun ech mech och agesat datt den Datum vum 3ten Oktober giff respektéiert ginn, datt Problemer ewell rondërem e Verhandlungsdësch diskutéiert ginn, datt e Kader geschaf ginn ass, datt e Prozess lancéiert ginn ass.

Um Enn vun deem Prozess wäert d’Türkei net méi déi selwecht Türkei sinn, déi mir elo kennen.

D'Türkei huet nach e laange Wee virun sech a mir mussen si dobäi ënnerstëtzen a begleden, net zulescht well et och an eisem Interessi ass, datt d’Türkei eng europäesch Türkei ass.

Haut de page

Här Präsident,

Niewent den aussepoliteschen Themen an Aarbechtsberäicher vun eiser Présidence, an deenen mir direkt betraff an aktiv waren, wëll ech dës Geleeënheet awer och benotzen fir méi breet ze erklären, wéi d’lëtzebuerger Présidence an alle Beräicher probéiert huet, d’europäesch Integratioun weider ze bréngen.

Esou konnte mer an dësem éischte Semester substantiell weider schaffen fir gemeinsam europäesch Äentwerten ze sichen zu wirtschaftlechen a sozialen Erausfuerderunge vun der globaliséierter Welt.

Den Europäesche Rot am Fréijoer huet eis genee déi Méiglechkeet ginn doduerch dass d’Lissaboner Strategie vum Joer 2000 huet missen erneiert an den neien Emstänn ugepasst ginn fir besser Richtung Wuesstum an Aarbecht ze goen. Mir hu kloer gesot, dass et héich Zäit gëtt ze handelen, net handelen ass keng Optioun. Richteg handelen, um europäeschen an um nationale Plang, dat ass eise Choix. Dat hunn déi 25 och décidéiert.

Eis Suerg waren de richtegen Equiliber tëschent deenen dräi Komponente vun der Strategie ze halen, dat heescht Wirtschaft, Soziales an Ëmwelt. Méi Kompetitivitéit muss Hand an Hand goe mat sozialem Fortschrëtt, an Ëmwelt ass do en onentbierlecht Element dat komplementär ass fir eng durabel Entwécklung fir eis Gesellschaften.

D’Relance vun der Lissaboner Strategie ënnert eiser Présidence soll eis hëllefen, eis national an europäesch Instrumenter a Mëttelen besser a méi komplementär anzesetzen. Dat soll de Fall sinn : 1. am Beräich Wëssen an Innovatioun duerch méi geziilten Aktiounen a Recherche a Wëssenschaft, och fir de Mëttel- a Klenge Betriber ze hëllefen ze innovéieren; 2. fir Europa attraktiv ze maache fir Investissementer; 3. dofir ze suergen dass Wuesstum an Aarbecht am Sënn vu sozialer Kohäsioun musse fonktionnéieren. Mir hunn och ënnerstrach watfir eng nei industriell Méiglechkeeten et och an der Ëmwelt ginn. Dat ass de Programm, deen Europa sech am Mäerz fir déi nächst Jore ginn huet.

D’Essenz vun dësem Programm ass kloer ze ëmräissen. Wat mir an der EU brauchen ass en Europa :

  • Wat Äentwerten op d’Erausfuerderungen vun der Globaliséirung get,
  • Wou d’Kompetitivitéit net op d’Käschte geet vun de Sozialsystemer, wéi se a ville vun den EU-Länner am leschte Jorhonnert erkämpft gi sinn,
  • Wou Sozialdumping a Fiskaldumping fir eng falsch Flexibilitéit um Aarbechtsmaart an an der Wirtschaftspolitik stinn.

Jiddfer Land muss säi Rythmus fannen a seng Prioritéiten, mä am grousse Kader vun deem wat mir zesummen decidéiert hunn, dat heescht op Basis vun de 24 "Lignes directrices intégrées" déi den Europäesche Rot am Juni festgehalen huet fir d’Period 2005-2008. An et muss an all Land e richtegen Dialog mam Parlament a mat de Sozialpartner stattfannen iwwert den nationale Reformprogramm deen der Kommissioun fir dësen Hierscht muss virleien.

Dës Chamber huet virun zwou Wochen och eisen nationale Reformprogramm virgeluecht kritt, nodeem dass d’Regierung an der Tripartite dës Themen ugeschwat hat. D’Europäesch Kommissioun wäert elo am Januar hir Meenung zu de Programmer ginn, a feststellen ob si global an déi richteg Richtung ginn.

Och wann no eiser Présidence vill geschwat ginn ass iwwert déi nei Emstänn vun der globaliséierter Welt, a wéi Europa sech besser soll virbereeden, esou géif ech just gäre feststellen, dass mir genee dat am éischte Semester schons gemaach hunn, mä dass et eréischt richteg gesi gëtt wa jiddferee säi Programm zesummestellt. Mir hunn inhaltlech de Kader gesat fir déi national Reformprogrammer an hunn eng Method festgeschriwwen, wéi déi Programmer solle gemeinsam mat der Kommissioun ausgewäert ginn. Den informelle Sommet Enn Oktober ze Hampton Court huet eis bestätegt, dass dësen Choix richteg war a bleiwt.

No opregenden Zäiten huet d’lëtzebuerger Présidence och konnten d’Reform vum Stabilitéitspakt am Mäerz ofschléissen. Elo gëllt et, déi Regele vun enger verbesserter Ëmsetzung vum Stabilitéitspakt un all Memberstaate, grouss a kleng, unzewenden. D’Eurozon an hir Stabilitéit fir Europa an eis Währung sinn eng formidabel performant Äentwert an enger globaliséierter Welt. Dat däerfe mir ni vergiessen.

Haut de page

Deen drëtte groussen Dossier vun eiser Presidence, d’Finanzperspektiven 2007-2013 konnte mir am Juni leider net ofschléissen. Mir haten am Dezember 2004 d’kloert Mandat kritt fir de Finanzpaquet zu engem politeschen Akkord ze bréngen an hunn och mat allen Kräften dat Objektiv ugepeilt. Op allen Niveauen hu mer d’Verhandlunge weiderbruecht.

Mir konnten no an no e Gesamtpaquet, déi sougenannten "Negotiating box" vun Ausgaben an Eegemëttel zesummestellen, déi dem Europäesche Rot am Juni virlouch.

Mä d’Ëmstänn no den negative Referenden an och de Fait datt d’Memberstaate leider eréischt ënnert dem extremen Zäitdrock vun der allerleschter Minutt décidéieren, hu gemaach, datt 5 Länner eisem Kompromëss net wollten zoustëmmen. 20 Länner waren also bereet, dee Kompromëss ze droen, och wann et fir Verschiddener guer net einfach war. Et ass sécher, datt de sougenannten "englesche Chèque" den Haaptproblem war an bis elo och nach ass.

Ech sinn iwwerzeegt datt d’englesch Präsidentschaft weess waat um Spill steet.

D’EU ass méi wéi eng ekonomesch Interessegemeinschaft. D’EU ass e Friddensprojet deen op der Soldaritéit vun all sengen Memberstaaten fousst. Solidaritéit heescht Kohäsioun, heescht datt déi méi räich deene manner räichen hëllefen, et heescht deene Länner Fongen zouzegestoen déi se am néidegste brauche fir hir Infrastrukturen auszebauen an sech esou wirtschaftlech a sozial ze stabiliséieren. Esou wéi et an der EU vun de 15 mat Griechenland, Portugal a Spuenie méiglech war.

Dofir brauch d’EU eng Leisung. Net a 6 Méint oder an engem Joer, mä elo. Fir datt déi Programmer déi decidéiert sinn och eng Chance kréien konkretiséiert kënnen ze ginn.

De Budget dat ass och d’Finanzéierung vu Lissabon, also der Kompétitivitéit, der Recherche an der Innovatioun. An et ass d’Enveloppe déi d’EU brauch fir op der Weltbühn an enger multipolarer Konstellatioun niewent den USA, Russland, China an Indien präsent ze sinn.

Schlussendlech ass den EU-Budget och d‘PAC (Politique Agricole Commune), an do kann een d’Ofkommen vun 2002 net einfach ignoréieren.

Eng Iddi, déi mir schons am Juni virbruecht haten, an déi no dem Hampton Court Sommet Enn Oktober méi konkret gin ass, ass eng Revisounsklausel am Finanzpaquet virzegesinn. Dat géif heeschen datt 2009/10 mir an der Unioun eng substantiell Diskussioun iwwert d'Struktur vum ganzen Budget géifen ufänken, esouwuel iwwert d'Ausgaben ewéi iwwert d'Ressourcen, an natierlech och iwwert d'PAC an d'Method wéi an der Zukunft de Budget soll finanzéiert ginn. Dës Revisioun ass sécher nëtzlech an néideg. D’Klausel soll en Element sinn fir ze hëllefen am Dezember en Accord ze fannen. D'Resultater vun däer Revisioun sollen dann vun 2014 un ugewandt ginn.

Op dësen Dag kann ee folgendes kloer festhalen :

  • 25 Länner wëllen am Dezember eng Léisung béi den Finanzperspektiven;
  • 20 Länner op d’mannst soen datt eng Léisung nëmmen op Basis vun eise Propose vum Juni ze fannen ass, dorënner Frankräich an Däitschland,
  • De 7ten Dezember brauche mir am Konklave vun den Ausseministeren präzis Zuelen um Dësch,
  • De 15ten a 16ten Dezember um Europäesche Rot brauche mir de gemeinsame Wëllen fir datt all hir Responsabilitéiten huelen fir zu engem Accord ze kommen,

Lëtzebuerg wäert d’Présidence encouragéieren, hir Verantwortung ze huelen an hiren Deel bäizedroen d’Erweiderung, déi och si zu Recht fervent gefuerdert huet, ze finanzéieren.

D’Kredibilitéit vun der EU ass um Spill.

Haut de page

Dir Dammen an Dir Hären,

Den 29ten Oktober 2004 gouf ze Roum den neien Verfassungsvertrag ënnerschriwwen.

De Koaltiounsprogramm vun 2004 huet de Prinzip fir dëse Vertrag duerch e Volleksentscheed ze adoptéieren festgehal.

Et war net deen einfachste Wee, dat wosste mir all, mä et war - an ass - politesch deen eenzeg richtegen. Den Débat war äussert lieweg an huet bewisen datt d’Lëtzebuerger Interessi un Europa hun, dat si sech betraff fille vum europäesche Geschéien.

Den 10ten Juli hunn d’Lëtzebuerger sech majoritär fir d’Konstitutioun ausgeschwat. 56,52 % hu "Jo" gesot zum Verfassungsvertrag an ze Lëtzebuerg an Europa. Si hu "Jo" gesot an engem Moment an deem Europa sech a kengem gudden Zoustand befonnt huet, wou zwee vun de Grënnungsmembere vun der Unioun, Frankréich an Holland, sech a Referenden negativ iwwer d’Konstitutioun ausgeschwat haten.

Firwat war dee Vote fir Lëtzebuerg esou wichteg ?

En huet eis Stellung als iwwerzeegten, als engagéiert Europäer bekräftegt. Mir hunn eise Wonsch vun engem Zesummewuesse vun den europäesche Länner an enger politescher Unioun, mat engem staarke Sockel vu gemeinsame Wäerter, enger sozialer Maartwirtschaft, déi am Service ass vun de Mënschen, doduerch kloer zum Ausdrock bruecht. Mir hunn eis duerch eise Vote awer och ausgeschwat fir en Europa wat no zesummen ofgestëmmte Regele fonktionnéiert. Fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg ass et vu gréisster Wichtegkeet, datt Europa no Regele fonktionnéiert, déi mir matbestëmmt hunn. Als Ersatz zum Verfassungsvertrag kommen elo erem déi aalbekannten Téin nees op vun engem Direktoire an Europa, enger Féierung vun engem klenge Krees vu grousse Länner. Dat ass en Entwécklungsmodell, dee mir net an Europa wëllen, dofir ass de Verfassungsvertrag fir ons och eng Garantie fir de Stellewäert vu klenge Länner an Europa.

Während der Kampagne ass vill vun engem Plan B geschwat ginn, vun der Méiglechkeet, datt d’Ofleene vum Traité eng Dynamik fir en neien Text géif matsechbréngen. D’Propositioun, fir verschidden Dispositiounen an Domänen aus dem Verfassungstext erauszehuelen, gouf opbruecht.

Dës an aner Iddien zirkuléieren och haut nach. Ech muss festhalen datt elo, bal 6 Méint méi spéit, nach keng kloer, eenheetlech Strategie sech ofzeechend, wéi de Projet Europa, wéi de Verfassungsvertrag nees op de Wee bréngen.

Den leschte Juni, ënner lëtzebuerger Présidence, gouf d’Entscheedung getraff, eng Denkphase anzeleeden, wou et dorëms geet, datt all Land eng national Debatt iwwert Europa soll féieren. Déi meeschte Länner, déi de Vertrag schons ratifizéiert hunn, sinn éischter der Meenung, datt dës Iwwerleeungszait besonnesch vun deene Länner gebraucht misst ginn, déi sech nach net zum Verfassungsvertrag geäussert hunn.

Dëser Meenung ass eis Regierung awer net: nom Referendum hunn all Parteien gesot, datt et wichteg ass, den Dialog hei ze Lëtzebuerg weider ze féieren.

Den Delegéierten Ausseminister Nicolas Schmit ass en charge fir konkret Initiativen an deem Sënn auszeschaffen, an dat an éischter Stëll zesummen matt dësem héigen Haus.

Mir brauche keng nei Kampagne fir Europa, mä Aktiounen, esouwuel national wei europäesch gesinn, fir Europa an dat Liicht ze stellen wou et higehéiert.

Wat kënnt dozou bäidroen ?

  1. Kuerzfristeg gesinn - ech hunn et grad gesot - wäer en Accord bei de Finanzperspektive vu grousser Bedeitung,
  2. Et muss méiglech sinn och ouni Verfassung d’national Parlamenter méi staark an den Decisiounsprozess vun der EU anzebannen. De Premier huet a senger Ried, d’lescht Woch ze Berlin, eng Piste ugedeit déi een ëmsetze kéint wann d’Parlamenter vun de Memberstaaten, d’Kommissioun an de Conseil d’Accord wären : am Fall wou 1/3 vun de nationale Parlamenter eng Direktiv an der Substanz net matdroe kënnten, misst d’Kommissioun sech nees nei mat dëser Initiativ beschäftegen. Domat kéint an der Entwécklungsphase vun Decisiounen den Impakt vun den nationalen Interessi verstäerkt ginn. Dëst ass ee Beispill, anerer sinn ze fannen, fir, ouni de Verfassungsvertrag opzebriechen d’EU méi biergerno ze gestalten.
  3. Kruzial awer ass d’Bereetschaft, de Wëllen an de Courage ze weisen fir dat institutionnell strukturéiert Europa dat mir brauchen, aktiv ze verdeedegen. Mir brauchen et fir eis Roll an der Welt ze spillen, fir déi sozial wéi déi kulturell Kohäsioun an allen EU-Länner weiderzebréngen, fir um Plang vun der Ëmweltpolitik, wéi och der Sécherheetspolitik Mëttelen zur Verfügung ze hunn déi wierksam sinn. An anere Wierder, mir wëllen ze Lëtzebuerg dat politescht Europa offensiv verdeedegen. Ganz positiv ass an deem Kontext d’Positioun vun der neier däitscher Regierung fir de Verfassungsvertrag net rouen ze loossen, mä, falls et néideg wär, Ufank 2007, ënnert hirer Présidence, d’Diskussiounen ze relancéieren.

Här Präsident,

Mir wëssen all datt fir Lëtzeburg den Handel eppes immens wichteges as, ouni deen eist Land sech ni esou gutt entwéckelt hätt. Eis wichtegst Handelspartnere sinn natierlech eis Nopeschlänner an déi knapp 58% vun eisen Exporter ginn, respektiv déi aner Membere vun der EU, déi ganzer 87% vun eisen Exporter absorbéieren, mä och d’Bedeitung vum Handel mat Drëttlänner ass net ze ënnerschätzen.

D‘Regierung huet, bei hirer Formatioun d’lescht Joer, décidéiert d‘Responsabilitéit fir d’Handelsdossieren op zwee Ministèren ze verdeelen, an zwar den Ekonomieministère wat déi bilateral Promotioun vun eiser Ekonomie ugeet, and den Ausseministère fir déi international ekonomesch Bezéiungen a besonnesch de multilaterale Volet.

De multilaterale Kader an deem de Welthandel geregelt gëtt ass d’Welthandelsorganisatioun, d’OMC, mat hiren 148 Memberen, déi am Dezember ze Hong Kong hir nächst "Conférence ministérielle" am Kader vum Doha Entwécklungsround organiséiert, deen 2001 lancéiert gouf.

Haut de page

Wou si mir drun am Doha Round?

Am Oktober dëst Joer huet d’Europäesch Unioun, duerch hiren Négociateur, d’Kommissioun, eng nei Offer bei der OMC präsentéiert an där mir ënnert anerem virschloen, eis Douanstaxen op der Landwirtschaft erofzesetze, wann aner grouss Länner bereet sinn, eis hir Mäert vun de Wueren an Déngschtleeschtunge méi grouss opzemaachen. Mir schwetzen hei net vun aarmen Entwécklungslänner, mä vun aneren Industriestaaten oder "pays émergents".

Dës nei Offer stellt, an dat ass wichteg, déi lescht Reform vun der PAC net a Fro. D’EU huet hir Landwirtschaft 2003 grondleeënd reforméiert, wat net einfach war. Mir hätten elo gär dass aner grouss Produzenten, an un éischter Plaz d’USA, och hire landwirtschaftleche Sektor nohalteg reforméieren. Leider hunn dës aner Länner eis Offer zréckgewisen, a froen nach méi Accès op eise Landwirtschaftmaart, ouni eis eppes an d’Plaz ze ginn. Déi Approch ass net akzeptabel, der Union hirt erklärten Zil ass et, fir en equilibréiert Resultat vum Doha Round ze erreechen. Dat heescht en Equiliber tëschent deene verschiddene Verhandlungsberäicher - Landwirtschaft, Wueren, Servicer, Regelen an Enwécklung -, an och en Equiliber am Landwirtschaftsberäich tëschent Exportsubventiounen, interne Bäihëllefen a Maartzougank.

Wéinst deene groussen Divergenze wäert et ze Hong Kong héchstwahrscheinlech net zu engem konkrete Resultat mat Zuele kommen, mä éischter wäert et eng nei Tëschenetapp vum Doha Round ginn. Dat heescht awer net, datt d’Unioun vun hiren Ambitioune fir de Round ofréckelt, d’Zil vun der EU ass nach ëmmer, fir den Doha Round géint dem Enn vum nächste Joer ofzeschléissen. Fir eis ginn et net vill valabel Alternativen zum Doha Round. Wann de Round zu näischt géif féieren, géifen d’Länner wahrscheinlech eng Hellewull vu bilateralen Ofkommen ofschléissen, an héchstwahrscheinlech géifen dann d’Interessi vun deenen äermsten a klengste Länner op der Streck bleiwen, well esou Diskussiounen natierlech kaum no der Regel vum Konsens vun der OMC géife geféiert ginn.

Wéi den Numm "Doha Development Agenda" et seet, sollen d’Enwécklungslänner am meeschte vun dësem Round profitéieren. Dofir huet Lëtzebuerg sech ëmmer agesat. Den Doha Round kéint dozou bäidroen, dass Millioune vu Leit aus der Aarmutt erauskommen an esou de Millenniumsziler méi no kommen. Wann Afrika säin Undeel um Welthandel kéint em 1 Prozent an d’Luucht setzen, géif dat ongeféier e Plus vu 70 Milliarden Dollar fir dëse Kontinent bedeiten.

Dofir hoffen ech, datt ze Hong Kong e Paquet mat konkrete Mesure fir d’Entwécklungslänner beschloss gëtt. D’Kommissioun an all d’EU Memberstaate schaffen am Moment haart dodrun. Esou e Paquet misst ënnert anerem virgesinn, datt all d’Industrielänner hir Mäert fir d’Exporter aus deenen äermsten Entwécklungslänner, de sougenannte PMA - "pays les moins avancés " - opmaachen, esou wéi d’EU dat scho méi laang mat der Initiative "Everything but Arms" gemaach huet. Ausserdeem misst esou e Paquet eng Verstäerkung vun der technescher Ënnerstëtzung fir d’Entwécklungslänner virgesinn, eng séier Léisung fir déi gravéierend Problemer vun de Westafrikanesche Kotténgsproduzenten, eng definitiv Léisung fir den Accès ze erliichteren un d’Generiken fir géint den AIDS ze kämpfen.

Ech wëll an dësem Kontext och soen, datt ech mech freeën iwwert déi gutt Zesummenaarbecht déi mir mat der Chamber op dësem wichtegen Dossier bis ewell haten: ech gesinn et dofir och als besonnesch positiv un datt zwee vun Äere Membere mat op Hong Kong ginn.

Wéi schons gesot ass d’Verdeedegung vun eise Wirtschaftsinteressi eng "Joint venture" ginn. Am bilaterale Beräich bréngen de Wirtschaftsministère grad esou wéi den Ausseministère hir spezifesch "valeur ajoutée" zesumme fir der lëtzebuerger Ekonomie déi bescht méiglech Ënnerstetzung ze ginn.

Dës Ënnerstëtzung ass e wichtegen Deel vun eiser Diplomatie. Duerch säin diplomateschen a konsularesche Réseau huet den Ausseministère e wichtegt Instrument fir eisen Entreprisen ze assistéieren. Zesumme mat dem Wirtschaftsministère maachen eis Ambassaden, eis Konsulater an eis Bureauen d’Promotioun vum Standuert Lëtzebuerg. Si hëllefen eisen Entreprisen och, nei Kontakter ze knäppen a stinn hinne mat Rot an Dot zur Säit.

Haut de page

Wirtschaftsmissiounen déi gemeinsam organiséiert ginn bleiwen och e wichtegt Instrument am Déngscht vun eiser Ekonomie. Dat huet een zum Beispill gutt bei der rezenter Missioun an den arabeschen Emirater an a Jordanien gesinn un däer sech méi wéi 60 Firmen bedeelegt hunn. Och am Kader vu Staatsvisite ginn Wirtschaftsdelegatiounen ëmmer méi agebonnen. Dat war lo eréischt kierzlech de Fall an der Slowakei an a Bulgarien. Eis Betriber profitéieren op esou Visite vum offiziellen Encadrement deen hinnen hir Kontakter erliichtert.

D’lëtzebuerger Wirtschaft interesséiert sech natierlech och fir d’grouss Mäert vun den "économies émergentes". Och do musse mir dofir suergen dat mir präsent sinn, well et ass wichteg datt eisen Aussenhandel sech méi diversifizéiert vir vun der héijer Croissance an deene Länner ze profitéieren an doduerch och manner verletzlech fir eventuell Krise bei eisen traditionelle Partner ze ginn. Dofir gëtt d’nächst Joer eis Representatioun a China duerch en neit Generalkonsulat ze Shanghai ausgebaut, dat virun allem eise klengen a mëttlere Betriber soll hëllefen, a China Fouss ze faassen.

Haut de page

De Réseau vun eisen Ambassaden an der Welt erlaabt et, eis Interessi ze verdeedegen. D’Ambassade sinn Instrumenter vun eiser Aussepolitik, um bilaterale wéi um multilateralen Plang.

D’bilateral Ambassaden an den EU Memberstate si méi ewéi je indispensabel. D’Ministere gesinn hir Kollegen zwar regelméisseg op Conseilen an anere Reuniounen, mä dat heescht net, datt et nach ëmmer méiglech ass, ze 25 oder 27 enk Kontakter mat jidferengem ze halen.

Or, eng national Positioun erklärt sech ëmmer duerch national Gegebenheeten. Et ass dofir wichteg ze verstoen, wat an engem Land politesch a wirtschaftlech lass ass, wat seng Prioritéite sinn. Déi Informatiounen, déi mir vun eisen Ambassade kréien, ginn eis e bessert Verständnis vun de Realitéiten an deene Länner a vun de politesche Konditiounen déi eng Décisioun beaflossen.

Et ass méi einfach mat eisen Nopeschlänner, mat deene mir schon esou laang zesummeschaffen, wéi mat deenen, déi geographesch wäit ewech sinn an déi elo eréischt viru kuerzem der Europäescher Unioun bäigetruede sinn. Mä och d’Relatioune mat eisen traditionelle Frënn musse gepflegt ginn.

Haut de page

D’Zesummenaarbecht mat eise belsche Frënn an Noperen huet sech dës lescht Joren erëm dynamiséiert. Nom Sommet am Juli ze Lëtzebuerg gesinn déi zwou Regierungen sech erëm muer (den 30. November) ze Bréissel, fir iwwert gemeinsam Projeten ze schwetzen. D’UEBL ass fir Lëtzebuerg méi ewéi just de Kader ginn fir eis bilateral Wirtschaftsrelatiounen oder den Handel mat Drëttlänner. Eng ganz Rei vun neie Felder hun sech opgemaach déi eis et erlaben, um europäesche Plang mei enk zesummen ze schaffen.

De Benelux gëtt nach ëmmer als e Laboratoire fir d’europäesch Integratioun ugesinn. 2006 wäert d’Lëtzebuerg erëm am éischte Semester d’Présidence iwwerhuelen, an engem Moment wou déi dräi Regierunge sech zesumme Gedanke musse maache wéi et mat der Kooperatioun no 2010, wann de jëtzege Vertrag ofleeft, weidergeet. Mir gesinn nach ëmmer fir de Benelux eng Daseinsberechtegung. Ze dräi kënne mir dacks méi wäit goen. An engem vergréisserten Europa hu mir all Interêt, den enken Krees vum Benelux ze präservéieren. Dëst och wa mir alt ponktuell verschidden Approchen entwéckelen.

Mir mir mussen awer och kucken, wou mir nei Frëndschaften opbaue kënnen. An engem Europa mat iwwer 25 Memberstaaten ass et méi wéi jee wichteg, Allianzen ze sichen.

Nei Allianze mat Länner, déi vläicht net eis direkt Nopere sinn, mä déi awer op der selwechter Linn si wéi mir op spezifeschen Dossieren. Wéi scho gesot huet eis lescht Présidence eis eng grouss Kredibilitéit ginn, an als Membre Fondateur vun der Unioun gëtt eis och eng gewëssen Experienz unerkannt. Mir mussen dat notze fir eis Positioun an engem vergréisserten Europa ze verstäerken.

Mir kënne leider net an alle 25 Memberstaaten duerch eng Ambassade repräsentéiert sinn. Dofir huet Lëtzebuerg "regional" Ambassaden, mat multiplen Akkreditatiounen déi et erlaben, bal all eis Partner ofzedecken. De leschte Posten, dee mir opgemaach hun, ass ze Warschau, a Polen, deem gréisste vun den neie Memberstaaten. Et ass grad wichteg datt mir elo an Zentraleuropa präsent sinn fir nei politisch an kommerziel Relatiounen opzebauen. Mir hoffen datt et an der Zukunft och nach méiglech ass, weider Posten an däer Regioun opzemaachen.

Haut de page

Här Präsident,
Dir Dammen an Dir Hären,

Laut dem Koalitiounsvertrag vun dëser Regierung dréit den Ausseminister d’Verantwortung fir de gudden Empfank vun europäeschen Beamten a fir d’Gebailechkeeten vun den EU-Institutiounen an hire Servicer déi hei ze Lëtzebuerg hire Sëtz hunn. Dëst ass eng grouss Erausfuerderung, däer mir musse gewuess sinn, well d’Virdeeler fir de Standuert Lëtzebuerg grouss sin. Dës Virdeeler sinn net nëmme wirtschaftlecher Natur. Et geet hei em näischt manner wéi em den internationale Prestige an d’Visibilitéit vun onsem Land.

Dofir bleiwt eng nohalteg Sëtzpolitik, déi och de kommenden Erweiderunge vun der EU Rechnung dréit, e ganz wichtegt Element vun eiser Aussepolitik.

D’Erweiderung vun der EU bidd net nëmmen nei Chancen, mä bréngt och eng Erweiderung vun onse Pflichten mat sech. Mir hu Pflichte géigeniwwer der Unioun, de Memberstaten an deene Leit, déi hei bei eis liewen a schaffen. Mir huelen dës Aufgaben eescht. De Kirchbierg, d’Symbol vun der europäescher Präsenz hei, bleiwt an engem groussen Ëmbau.

Eng ganz Rei vu Projeten sinn nach amgaang, réaliséiert ze ginn, fir datt déi 9.600 aktuell esou wéi all déi zukünfteg europäesch Fonktionnäre mat hire Familjen esou gutt ewéi méigléch hei intégréiert ginn, an agreabel Aarbechts-, Schoul- an Wunnkonditioune gebuede kréien.

Den interministerielle Koordinatiounskomittee fir de Sëtz vun den EU-Institutiounen, deen ënnert menger Verantwortung ass an dee vum Generalsekretär vum Ausseministère geleet gëtt, huet sech och am leschte Joër mat vill Zäit an Energie dofir agesat, datt mir eng proaktiv an accueillant Sëtzpolitik garantéieren. D’Virbereedung, d’Koordinatioun an de Suivi vu ganz wichtegen Immobilie-Projeten sin an deem Kader geléist ginn, a vill Erausfuerderunge stellen sech nach an noher Zukunft. Ech muss do e grousse Merci soen un all déi Administratiounen, déi eis hëllefen, eisen Obligatiounen nozekommen.

Ech denken do zum Beispill un eis Pflicht fir dem europäesche Ministerrot esou séier ewéi méiglech ee moderne Konferenz-Zentrum fir seng Aarbechtssëtzungen ze bidden, un d’Vergréisserung vun deem prestigiéisen europäesche Geriichtshaff, un déi zweet Europaschoul, un d’Extensioune vum Rechnungshaff a vun der Europäescher Investitiounsbank oder un den neie Sëtz vum Generalsekretariat vum Europaparlament.

Virun e puer Deeg huet de Regierungsrot de Prinzip vun enger neier Aart vun Zesummenarbecht mam Europaparlament ugeholl, an net méi spéit ewéi muer wäert de Bureau vum Europaparlament dat och maachen. Mat dësem Accord hoffe mir, datt all d’Servicer vum Europaparlament bis 2010 an engem eenzege Gebai ënnerbruecht sinn.

E Regruppement vun alle lëtzebuerger Servicer vun der Kommissioun hei ze Lëtzebuerg an engem Ersatz-Gebai fir de Jean Monnet - deem seng Alterserscheinungen net ze verkenne sinn - ass e weidert Zil vun deem Koordinatiounskomittee.

De Centre de Traduction, deem seng Servicer duerch déi vill nei Sproochen an der EU aus allen Néit platzen, ass op der Sich no engem definitive Sëtz hei ze Lëtzebuerg. Den Neien Hémicycle geet net méi duer.

Den 1. Oktober ass eng nei europäesch Geriichtsintanz hei ze Lëtzebuerg ageriicht ginn: déi vun der europäescher Fonction publique.

Iwwert déi grouss Bauprojeten fir d’EU-Institutiounen eraus bleiwen ech a meng enkste Mataarbechter a permanentem Kontakt mat de Servicer vun der Kommissioun an dem Europaparlament, mat den europäesche Gewerkschaften an de Verwaltungscheffe vun den Institutiounen, fir op Basis vun den historesch-relevanten Decisiounen an der Sëtzfro déi quantitativ a qualitativ Präsenz vun den EU-Organer hei ze Lëtzebuerg ze stäerken.

Mir hun also eng ganz Rei Projeten fir d’Europäesch Institutiounen ze Lëtzeburg. D’Erausfuerderunge si grouss a mir huelen se eescht. De Minister vun den ëffentleche Bauten an ech selwer wëllen an Zukunft nach méi intensiv mat de relevante Kommissioune vun der Chamber kooperéieren, fir d’Promotioun vum lëtzebuerger Siège ze maachen.

Här Präsident,
Dir Dammen an Dir Hären,

D’Présidence gouf eis d’Geleeënheet fir weider un der europäescher Eenegungsgeschicht matzeschreiwen: eng Erausfuerderung déi mir am Sënn vun der europäescher Konstruktioun, mä och am Sënn vu Lëtzebuerg, opgegraff hunn.

D’Présidence gouf eis awer och d’Geleeënheet fir am Sënn vum UNO Generalsekretär Kofi Annan senger Maxime "...il n’y a pas de sécurité sans développement, il n’y a pas de développement sans sécurité et il ne peut y avoir ni sécurité, ni développement si les droits de l’homme ne sont pas respectés..." ze handelen. Et ass dat eng Maxime déi d’lëtzebuerger Aussepolitik wäit iwwert dës Présidence eraus guidéieren wäert.

Ech soen Iech Merci.