Déclaration de politique étrangère 2007 (version originale luxembourgeoise)

Discours – Publié le

Le 13 novembre 2007, le Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères et de l'Immigration, Jean Asselborn, a présenté à la Chambre des députés la déclaration de politique européenne et étrangère.

- Seul le discours prononcé fait foi -

Här Präsident,
Dir Dammen an Dir Hären,

Wéi ech d’lescht Joer virun Iech stung, hunn ech gesot, datt 2007 e wichtegt Joer fir d’Europäesch Unioun giff ginn, e Joer, wou d’Jalone misste gesat gi fir datt den Integratiounsprozess weidergeet, fir datt d’Unioun sech weiderentwéckelt, e Joer wou mir mat gemeinsamen Ambitiounen d’Zukunft vun Europa gestallte missten.

Ech menge soen ze kënnen, datt déi Jalonen iwwert déi lescht Méint gesat gi sinn, datt mir nom Accord zu Lissabon nees no vir kënne kucken an eis voll a ganz den Erausfuerderungen unhuele kënnen déi sech um europäeschen, mä och um internationale Plang, stellen.

Sécherheet, Klimawandel, Aarmutt an der Welt, Migratioun, nohalteg Entwécklung, ... all dës Froe werfen Erausfuerderungen op, deene mir eis stelle mussen, no bannen an no baussen.

An dat kënne mir nëmmen zesummen.

Nëmmen zesummen, an engem staarken Europa an duerch e staarkt Europa, kënne mir d’Globaliséierung matgestalten an aus Erausfuerderungen Opportunitéite schafen.

Dir Dammen an Dir Hären,

Fir dat staarkt Europa ze hunn, dat mir brauche fir proaktiv d’Globaliséierung op eis Mannéier ze konzipéieren, war et wichteg, datt mir eis zu Lissabon d’Dir opgemaach hu fir den 1te Januar 2009 en neie Vertrag kënnen ze hunn.

Gewësse Kompromësser waren néideg fir zu 27 nei starten ze kënnen. Trotzdem huet den neie Vertrag vu Lissabon awer déi wichtegst Elementer vun dëser réorganiséierter Form bäibehalen, an hien enthält all fundamental Innovatioune vum Verfassungsvertrag, souwuel am institutionnelle Beräich, ewéi an de Politiken.

Dës Chamber huet schonns d’Haaptelementer vum Kompromëss duergestallt kritt an och hir Meenung ausgedréckt. Ech géif awer hei nach gären déi méi politesch Bedeitung vu verschiddenen Neierungen ënnersträichen.

Dee Vertrag, deen den 13ten Dezember an der portugisescher Haaptstad ënnerschriwwe gëtt, schaaft eng Unioun, déi all Politike begräift, an dat mat enger eenzeger juristescher Personnalitéit. Dat ass symbolesch wichteg, mä och formell, well duerch deen Akt kann d’Unioun an den internationalen Institutioune ganz anescht handelen an optrieden. D’Unioun kann als solch internationalen Organisatioune bäitrieden, an och zum Beispill Member vun der europäescher Mënscherechtskonventioun ginn.

Mir kréien eng Unioun ouni Pilieren, dat heescht, déi selwecht oder ähnlech Entscheedungsprozedure ginn ugewandt fir all Politiken, besonnesch och am Beräich Justiz an Innenpolitik, a méi wéi virdrun an der Aussen- a Sécherheetspolitik. Domadder sinn dës Politiken nach méi no un déi klassesch "communautaire Method" erubruecht ginn. Et ass jo déi Method, déi eis "Unioun sans cesse plus étroite" geschafen huet an och soll weider entwéckelen. Entscheedunge gi bis op Ausnahme gréisstendeels mat qualifizéierter Majoritéit am Conseil geholl a mam Co-Décisiounsrecht vum Europaparlament. Eis Décisiounsmechanisme gi méi kloer, méi efficace a méi demokratesch.

Déi nei Unioun gëtt méi demokratesch a méi biergerno, esou wéi dat schonns zu Laeken gewollt war, an am Verfassungsvertrag festgehale gouf. D’Petitiounsrecht, e Biergerbegieren, grad esou wéi méi direkt Rechter fir d’national Parlamenter am europäeschen Décisiounsprozess sinn nei. Si wäerten eis erlaben, d’Initiative vun der Kommissioun méi am Détail an op enger méi breeder Basis ze diskutéieren. Och d’Regierung an d’Chamber wäerten op den europäeschen Dossiere vill méi enk zesummeschaffen, an dat vun deem Moment un, wou d’Propositioune vun der Kommissioun um Dësch leien, duerch déi verschidden Etappe vun den Aarbechten am Conseil, bis zur Entscheedung.

D’Charta vun de Grondrechter, op déi mir ganz staark halen, wäert den 12ten Dezember vu Conseil, Kommissioun an Europaparlament feierlech ënnerschriwwe ginn, an duerno publizéiert. Den Traité enthält eng Referenz op dës Charta, a gëtt dëser doduerch genau dee selwechte Wäert, dee si am Verfassungsvertrag hat. Domadder ass eng vun eise Konditioune fir dësen neie Vertrag ze ënnerstëtzen erfëllt. Leider hu Groussbritannien, a bis elo och Polen, dës Charta net konne mat droen. Hiren Opt-out ass méi wéi bedauerlech, ech brauch dat net extra ze betounen, an ech kann nëmmen hoffen, datt en esoubal ewéi méiglech opgehuewe gëtt. Et gëtt eng kleng Chance datt déi nei Regierung zu Warschau dovunner profitéiere wäert, datt den Traité nach net ënnerschriwwen ass, fir nach op hiren Opt-out ze verzichten.

Här Präsident,

Och d’institutionnell Struktur vun der Unioun changéiert mat deem neie Vertrag. Den europäesche Rot gëtt eng Institution a kritt e permanente Präsident fir 2 an en halleft Joer, erneierbar eng Kéier. Dës nei Funktioun muss nach hir richteg Plaz kréien tëschent dem Präsident vun der Kommissioun an dem Vertrieder fir Aussepolitik, dem eigentlechen europäeschen Ausseminister. An deem Krees huet jiddferee seng Roll ze spillen a seng Kompetenzen, a vollem Respekt vun deenen Aneren. Fir eis ass wichteg, datt déi unique Roll a Plaz vun der Kommissioun voll bäibehale gëtt. Eis läit och vill drun, datt dës nei Gestaltung am Sënn vu méi Kohärenz, Efficacitéit a Visibilitéit no bausse fonktionnéiert.

D’Kohärenz vun der europäescher Aussepolitik ass menger Meenung no besser geséchert duerch déi duebel Kompetenz vum Vertrieder fir d’Aussepolitik. Als Vize-Präsident vun der Kommission huet hien d’Charge, fir d’Mëttele vun dëser Institutioun ze bëndelen, an als Präsident vum Conseil Relations extérieures kritt hie vun de 27 Aussenministeren d’Mandater fir am Sënn vun der Unioun an hire Prinzipien a Wäerter ze handelen. Europa ass ëmmer méi präsent a Krisegebidder mat all deene Mëttelen déi zur Verfügung stinn, mat zivilen oder militäresche Missiounen, mat diplomatesche spezielle Vertrieder, mat technescher Assistenz a mat Hëllef.

Fir eis Instrumenter besser, mä och méi oft a méi geziilt ze gebrauchen, muss de Vertrieder fir Aussepolitik Leit hunn, déi genee dat zesumme bréngen. Dofir gëtt den europäeschen diplomateschen Déngscht geschaf, deen aus Beamte vun der Kommissioun, vum Conseil an aus all de Memberstaten bestoe wäert.

Wann den Traité den 1te Januar 2009 a Kraaft trëtt, da fänken dës nei institutionnell Instrumenter un ze schaffen. Bis dohinner mussen nach vill Detailer gereegelt ginn. Mat weem schafft de Präsident vum Europäesche Rot zesummen? Wat genau mécht an Zukunft nach d’Présidence semestrielle, déi jo bäibehale gëtt? Wéi grouss muss de Service extérieur sinn fir unzefänken? Wou gëtt en installéiert, wee geréiert säi Budget? Dës Froen an nach vill anerer wäerte mir iwwert d’ganzt nächst Joer musse klären. Vun dësen Äntwerten hänkt och d’Efficacitéit vum zukünftege System of. Fir Lëtzebuerg ass et kloer, datt d’Unioun hir Responsabilitéit an der Welt verstäerkt muss huelen. Dat erwaarden d’Lëtzebuerger an d’Europäer vun deem neie Vertrag, an dat mat Recht.

Nieft den institutionnellen Innovatiounen huet de Verfassungsvertrag, an och de Vertrag vu Lissabon, awer och Neierungen an de Politike bruecht. Esou zum Beispill ass, ewéi am Verfassungsvertrag, eng horizontal Sozialklausel do, déi eis et erlaabt, all nei legislativ Initiativen ënnert dem soziale Bléckwénkel ze préiwen. Mir hunn eng speziell Basis fir den europäesche Bannemaart vun der Energie opzebauen, an eng méi kohärent Method fir d’Thema vun de "services d’intérêt général" unzepaken. Och a Sécherheets- a Verteidegungsfroe kënnen an Zukunft d’Memberstaten am Kader vum Traité, mä no spezielle Regelen, hir Kapazitéite fir ze handele verbesseren an esou Missiounen, déi d’Unioun hinne gëtt, besser erfëllen.

Mir sinn net frou, datt am Beräich Justiz an Innenpolitik Groussbritannien, an och Irland, en Opt-out-Recht hunn fir all Propositiounen. Mir hoffen natierlech, datt si dës Méiglechkeet esou wéineg wéi méiglech gebrauche wäerten. Well eist Zil muss et jo sinn, zesummen dës Politike fir Sécherheet vun eise Bierger ze entwéckelen an ze beräicheren, mä et ass och e wichtegen Zousaz zum Bannemaart. Wann en Opt-out aus enger Initiative Konsequenze kéint hunn, déi eis besonnesch am Bannemaart net akzeptabel schéngen, da mussen mir dem Conseil an, wann néideg, de Stats- a Regierungscheffen, dat kënne virleeën, an d’Kommissioun zu Rot zéien. Dat Recht ass eis geséchert an enger Erklärung vun der Regierungskonferenz. Et ass elo un eis an un anere fir Gebrauch ze maache vun deem Recht, wann dat néideg ass.

Ech wëll hei net nach eng Kéier op déi Themen zréckkommen, déi eis nach zu Lissabon beschäftegt hunn, wéi de Mechanismus vu Ioannina, oder d’Zuel vun den Deputéierten déi Italien am Europaparlament kritt. Si sinn dee Moment wichteg gewiescht, fir déi Länner déi betraff waren, a fir eis all duerch d’méiglech Konsequenzen. Wann dann awer bis eng Solutioun fonnt ass, mat der Hëllef vu ville Säiten, da ginn dës Froe manner wichteg. Mir si frou, datt de Mechanismus vu Ioannina net am Traité ass, an datt hien d’legislativ Prozedur an der Unioun net op eng onbestëmmten Zäit vertagen kann. Wat d’Europaparlament ubelaangt, esou si jo elo am Traité dräi Zuele festgehalen, den Total vun de Memberen, 751, de Minimum pro Memberstat, 6, an den Maximum, 96. Dat mécht zukünfteg Diskussiounen iwwert d’Zesummesetzung vum Europaparlament fir Lëtzebuerg méi einfach wéi fréier.

Wa mir scho bei spezifesche lëtzebuerger Elementer vum Traité sinn, géif ech nach gäre soen, datt och Lëtzebuerg als Siège vun den Institutioune bestätegt ass, an domadder och an der Unioun vu 27 konsolidéiert ass.

Mir wëssen, wéi wichteg dës Präsenz fir de Prestige vun engem Land wéi Lëtzebuerg ass, a mir sinn eis och bewosst wat déi ronn 10.000 Fonctionnäre fir eis Wirtschaft, eis Kultur, eis Gesellschaft am allgemengen duerstellen, a wat fir eng Bedeitung ee staarken europäesche Pol zu Lëtzebuerg fir d’Attraktivitéit vum Land als méigleche Standuert fir privat Investisseuren huet.

D’Anhale vun de Siège-Ofkommen, déi souwuel eng staark quantitativ wéi och qualitativ Vertriedung vun den Institutiounen zu Lëtzebuerg garantéieren, bleiwt eng Erausfuerderung, där mir eis och am vergaangene Joer gestallt hunn.

Et koum zu enger Eenegung mat der Kommissioun iwwert en neie Standuert um Kierchbierg. D’Gesetzesprojeten iwwert de Centre de Conférences an déi nei Europaschoul konnten der Chamber virgeluecht ginn: ech hoffen, datt dës zwee wichteg Dossiere geschwënn, mat Ärer Hëllef, ofgeschloss kënne ginn.

Ech wéilt an dësem Kontext och nach eng Kéier drun erënneren, datt Lëtzebuerg dëst Joer eestëmmeg als Siège fir den zukünftege Registre ferroviaire international désignéiert gouf.

All dës Efforten a Succèse wären net méiglech gewiescht ouni déi ausgezeechent Zesummenaarbecht déi eis vun anere Ministären an Administratiounen entgéint bruecht gouf. Ech wëll dofir op dëser Plaz besonnesch de Kollege Wiseler a Frieden Merci soen.

Dir Dammen an Dir Hären,

Lëtzebuerg brauch eng staark Europäesch Unioun, an d’Unioun brauch deen neie Vertrag, an dat séier. Dofir ass et elo un de Memberstate fir d’Ratifikatiounen esou séier wéi méiglech nom Dezember anzeleeden. Et wär ideal, wann all d’Ratifikatioune kéinten am Laf vum éischte Semester 2008 geschéien. D’Regierung wäert dofir direkt Ufank Januar dëser Chamber an dem Conseil d’Etat de Gesetzestext virleeën. Ech sinn iwwerzeegt, datt mir op Är Zesummenaarbecht kënnen zielen.

A wann dann d’Jalone gesat si fir datt den Integratiounsprozess weidergeet, da kann Europa sech och verstäerkt op déi nei Réalitéite vun der Globaliséierung konzentréieren, déi, ewéi schonns gesot, souwuel Opportunitéiten ewéi Erausfuerderunge mat sech bréngen.

Ech wëll dat ënnersträichen: mir däerfen d’Globaliséierung net als eng Gefor duerstellen an eis wëllen an enger "forteresse Europe" verschanzen. Dat entsprécht weder eiser Geschicht, nach eiser Visioun vun der Welt.

Et gëllt villméi, d’Ëmstänn ze schafe fir datt eis Stäerkte voll zum Droe kommen an den europäeschen Interessi respektéiert ass. A wann ech europäeschen Interessi soen, da mengen ech natierlech net just d’Zomm vun de jeweilegen Interessie vun de Memberstaten, an och net nëmmen d’Zomm vu eise Maartundeeler, mä och den Asaz, an der internationaler Communautéit, fir héich sozial Standarden, fir Ëmweltnormen déi zu enger nohalteger Entwécklung bäidroen, fir de Schutz vun der intellektueller Proprietéit, fir nëmmen dës Beispiller ze nennen.

An deem leschte Joerzéngt huet d’Weltwirtschaft déifgräifend Ännerungen erliewt. Dës si sécherlech bedéngt duerch eng Rei vu Facteuren, mä d’Revolutioun an de Kommunikatiounstechnologie schéngt mir haaptsächlech ausschlaggebend fir dës Entwécklung gewiescht ze sinn. Dat huet eng nei Aarbechtsopdeelung um internationalen Niveau mat sech bruecht.

Déi impressionnant wirtschaftlech Entwécklung vu verschiddene Schwellelänner ass déi aner Säit vun dëser Réalitéit. China, Indien, Brasilien, fir nëmmen dës Länner ze nennen, veränneren déi grouss ekonomesch Gläichgewiichter. Mir kënnen eis nëmme félicitéieren, datt d’Situatioun vun hire Bevëlkerungen sech verbessert, och wann dës Verbesserung vum Liewensstandard net ëmmer gerecht verdeelt gëtt.

Mir si mam Opkomme vun neie Mäert konfrontéiert, déi vun hirer Gréisst hir eemoleg sinn. Fir europäesch Exportgesellschafte ginn et do immens Opportunitéiten ze ergräifen, souwuel wat d’Exportatiounen am allgemengen, wéi och wat d’Investitiounen ugeet. Och fir den europäeschen Déngschtleeschtungsecteur ass de Wuesstumspotenzial op deene Mäert enorm. E Beweis dofir ass zum Beispill, datt keng Woch vergeet, ouni datt héichkaräteg Wirtschaftsmissiounen aus EU-Memberstaten an Asien an a Latäinamerika ginn. An dat zielt och fir Lëtzebuerg. 2007 ware 6 Missiounen op Ministerniveau a China, an Indien, a Brasilien, fir nëmmen déi dräi Beispiller ze nennen.

Aner Regioune vun der Welt dinn sech méi schwéier fir déi richteg Konditioune fir de Wuesstum ze schafen. Denke mir besonnesch un Afrika. Fir dës Géigende, muss dofir gesuergt ginn - an Europa huet hei eng speziell Responsabilitéit - datt d’Globaliséierung net als Konsequenz huet, déi kleng Produzenten, wéi och déi industriell, kommerziell a finanziell Strukture vun nach ufällegen Ekonomien ze ruinéieren.

Wou steet déi europäesch Wirtschaft? Et ass net u mir fir haut hei en déifgräifende Gesondheetsbilan ze zéien am Kontext vun enger Ried iwwert d’Aussepolitik. Loosse mer nëmme soen, datt d’Resultater vun der europäescher Wirtschaft am allgemenge gutt sinn, d’Eurozone mat abegraff.

D’Erweiderung vun der Unioun huet eng nei intern Aarbechtsopdeelung ervirbruecht, déi mir net sollten als negativ ugesinn oder déi eis misst fir d’Zukunft fäerten doen - am Géigendeel. Dofir huet d’Regierung décidéiert, fir d’Derogatioune vun der fräier Zirkulation fir d’Bierger aus de Memberstaten, déi 2004 bäigetruede sinn, mat Effet op den 1te November, opzehiewen.

Um europäeschen Niveau gesi mir déi éischt Erfollegszeeche vun der Strategie vu Lissabon: en zolitte Wuesstum, e verbesserten Aarbechtsmaart, nei Akzenter déi an der Educatioun an an der Recherche gesat gi sinn. Fir deen Trend ze konsolidéieren, muss d’Unioun hir Reformen awer weiderhi wëllensstaark duerchsetzen, hir Interessien no baussen offensiv verdeedegen, hir Wäerter, hir Standarden an Normen mat nach méi Determinatioun förderen.

Déi europäesch Wirtschaft ass leider nach net kompetititv genuch. Mir mussen also nach méi Efforte maachen, fir déi Reformen an Ajustementer weiderzedreiwen. Europa, mä och all eenzelne Memberstat, muss verstäerkt Wäert op d’Educatioun an d’Recherche leeën. De Mangel un ausgebildte Fachkräften op eisem Aarbechtsmaart bremst d’Innovatioun an d’Entwécklung vun eiser Ekonomie. Nach ëmmer verloossen Dausende Chercheuren Europa fir sech an der USA ze établéieren. Dat musse mir änneren.

D’Mëttel fir Recherche an Entwécklung ze bedreiwen mussen verstäerkt ginn, an dat souwuel an der “recherche fondamentale�? wéi och an der ugewandter Fuerschung, der "recherche appliquée". D’Europäesch Unioun huet sech global en Zil vun 3% ginn am Kader vun der Revisioun vun der Strategie vu Lissabon. Lëtzebuerg huet schonns grouss Efforten gemaach a wäert och an deem Sënn weiderfueren.

D’europäesch Politik muss natierlech dës Zilsetzung ënnerstëtzen, net nëmmen andeems se d’Fuerschung ënnerstëtzt, mä och andeems se d’Mobilitéit vun eise Studente fördert: duerch, zum Beispill, d’géigesäiteg Unerkennung vu Qualifikatiounen an Diplomer, duerch akademesch Austauschprogrammer an och duerch eng intelligent Immigratiounspolitik.

Dëst ass keng akademesch Fro: Indien an China, fir dës zwee Länner erëm eng Kéier ze ernimmen, "produzéieren" Ingénieuren a Wëssenschaftler a groussen Zuelen. Et wier och falsch ze mengen, datt hir Formatioun manner gudd wier wéi déi, déi hir Fachkollegen hei an Europa kréien - ganz am Géigendeel. Mir mussen also d’Bedingunge schafen, fir datt eist Bildungswiese weiderhi kompetitiv bleiwt an den Uspréch vun eiser Wirtschaftsentwécklung gerecht ka ginn.

Dir Dammen an Dir Hären,

Europa muss de Potential vu sengem Bannemaart voll ausschäffen. Dëse muss eng gewësse kritesch Mass hunn fir sech och weiderhin an der Zukunft mat deenen anere groussen a ganz groussen Ekonomie kënnen ze moossen.

Nieft den Efforte vun der Harmonisatioun an der géigesäiteger Unerkennung vun den Normen muss dëse Bannemaart vu verschiddene fundamentale Prinzipien animéiert ginn. Do ass de Prinzip vum Urspronksland nawell ee vun deene wichtegsten, deen, dat sief just niewebäi erwähnt, zu engem groussen Deel den Erfolleg vun eiser nationaler Ekonomie explizéiert. Déi schwéier Diskussioun haut am Conseil ECOFIN muss een och ënnert deem Bléckwénkel gesinn.

D’Kompetitivitéit vun der Wirtschaft däerf sech net um Ofbau vun dem sozialen Acquis moossen, wéi verschiddener dat wëlle gesinn. Et mussen Efforte gemaach ginn, op dem europäeschen an och op dem nationalen Niveau, fir den Aarbechstsmaart méi upassungsfäheg ze gestalten. Hei denke mir, datt dëst éischter duerch d’Weiderbildung an d’liewenslaangt Léiere soll geschéien. Ech wëll ënnersträichen, datt d’Akzeptanz vun der Globaliséierung an d’Bereetschaft, fir hir Erausfuerderungen unzehuelen, och op dem Vertraue berouen, deen d’Salariéen an de politeschen, ekonomeschen a soziale System hunn. Um europäesche Plang setzt d’Lëtzebuerg sech weider an fir sozial Mindeststandarden, wéi zum Beispill e Mindestloun, dee Funktioun ass vum BIP. A mir plaidéieren och weiderhinn dofir, datt dës Mindeststandarden och op dem internationale Plang sollen duerchgesat ginn, natierlech esou wäit ewéi d’Situatioun vergläichbar ass. De Respekt vun de sozialen Eckwäerter kann net aus der Diskussioun iwwer d’Konditioune vum internationalen Handel verschwannen.

Schlussendlech mussen d’Politike vun der Unioun och de Kritär vun der Nohaltegkeet erfëllen an dëst zu engem fundamentale Bestanddeel vun der Aussepolitik vun der Unioun maachen.

D’Unioun spillt eng wesentlech Roll beim Ëmsetze vum Kyoto-Protokoll. Si muss och weiderhinn déi dreiwend Kraaft bleiwen, fir déi nei Reduktiounsziler vun Ofgaswäerter erreechen ze kënnen, am Hibléck op en neien internationale Vertrag fir d’Period no 2012. Am Dezember zu Bali schléit d’Unioun e Gesamtkonzept vir, fir datt dës Verhandlunge kënnen 2009 ufänken.

Verschiddener vun deene bestoende Mechanisme wäerte wahrscheinlech mussen adaptéiert ginn, ech denken do un den Austausch vun Emissiounswäerter, fir datt deen Handel sech och op dem Weltmaart kann duerchsetzen. No Bali, am Januar 2008, soll d’Kommissioun eng Method virschloen, fir d’Reduktiounsziler an all Memberstat ze erreechen.

Déi Efforten, déi mir scho gemaach hunn, wéi och d’Ziler, déi mir op nationalem Niveau ugekënnegt hunn, iwwert déi ganz Period zënter 1990, misste vun der Kommissioun a Betruecht geholl ginn, wann et heescht, d’Laascht vun den neien Engagementer op eng gerecht an objektiv Manéier tëschent de Memberstaten ze verdeelen.

Bei der Ëmsetzung vum europäeschen Zil, dat um Fréijoersommet 2007 fixéiert ginn ass, an dat de Gebrauch vun 20% vun erneierbaren Energien virschreiwt, mussen d’objektiv Emstänn vun deenen engen an deenen aneren an der Unioun an Betruecht gezu ginn, wann et dann elo drëm geet, fir dësen Effort ënnert de Memberstaten ze verdeelen, och mat eventuellen Zousazmechanisme vum Bannemaart. Ech wéilt ënnersträichen, datt fir eis d’Nuklearenergie natierlech net a Betruecht kënnt fir dëse Kritär vun 20% erneierbaren Energien ze erfëllen. Aus der Siicht vun der Regierung ass méi Atomstroum keng Äntwert fir d’Reduktioun vun den CO2-Wäerter.

D’europäesch Approche a Saache Klimawandel schéngt mir richtungsweisend ze sinn fir dat, wat d’europäesch Aussepolitik a Saache Globaliséierung sollt sinn: op eng entscheedend Art a Weis deelhuelen um Festleeë vun Normen an Standarden, mat dem gudde Beispill virgoen an e multilateralen Effort ustriewen fir sech ze vergewësseren, datt d’Konditiounen och an der internationaler Konkurrenz fir jiddfereen déi nämlecht sinn.

Parallell dozou muss d’Unioun d’Entwécklung vu propperen Technologien an efficacen Energien ënnerstëtzen.

An enger Weltwirtschaft, déi weider um Expansiounskurs fiert, ginn d’Energien ëmmer méi rar an ëmmer méi deier. D’Vervollstännegung vun engem richtege Bannemaart, notamment am Secteur vum Gas an dem Elektresch, dierft eis erlaben, d’Zouliwwerungen ze rationaliséieren an doduerch och d’Käschten ze drécken. Mir mussen awer och oppassen, datt doduerch keng Monopolsituatiounen entstinn, wat e besonnesche Risiko an deene klenge Réseauen ass, an wat net zu eisem Zil, fir d’Präisser ze reduzéiere, bäidréit.

Den europäesche Fréijoerssommet vun dësem Joer huet eis erlaabt, e wesentleche Schrëtt no vir ze maachen, an der europäescher Energiepolitik, an och an hirer aussepolitescher Dimensioun.

D’Unioun huet sech fir en Ofséchere vun der Energieversuergung duerch Diversifikatioun ausgeschwat.

Viru kuerzem huet d’Kommissioun proposéiert, datt d’Drëttlänner, wat d’Investissementer am Energiesecteur ugeet, d’Reziprozitéit respektéiere mussen.

Déi rezent Turbulenzen op den internationale Finanzmäert beweisen, datt an eiser globaliséierter Welt keen à l’abri vun de Konsequenze vun den Akte vun Drëtten ass. D’Kris vun de sougenannten "subprimes" ass e Beweis heifir. D’Onduerchsichtegkeet, d’Abstraktioun an d’Distanz zu de Konsequenzen mat deene verschidde Finanzakteuren agéieren, huet en erschreckende Grad erreecht.

Och hei ass d’Unioun gefuedert, an nei Richtungen ze denken an zum Beispill der Iddi vun engem "early warning system" nozegoen.

Här Präsident,

D’Unioun däerf net zécken, op rigoréis Weis hir Wäerter, hir Normen, hir Interessien an hir Bierger ze verdeedegen. Eis Grondpositioun soll d’Géigesäitegkeet an de Respekt vun europäesche Standarden, wat d’Santé, de Konsumenteschutz, d’Ëmwelt oder d’sozial Normen ugeet, bleiwen. Den Entwécklungsniveau vun engem Land muss natierlech mat a Betruecht gezu ginn.

Lëtzebuerg wäert och weiderhinn opmierksam bleiwen, fir datt d’Anti-Dumping Instrumenter vun der Unioun net ofgeschwächt ginn. Eng kloer Definitioun vum communautairen Interessi a vum europäesche Produzent muss dofir établéiert ginn am Fall vun enger Reform vun dësen Instrumenter.

Loosst mech an deem Kontext och nach e Wuert soen zu de Verhandlungen am Kader vun der Welthandelsorganisatioun. Trotz aller Méi muss ee feststellen, datt dës Verhandlungen, déi 2001 zu Doha lancéiert gi sinn, nach ëmmer net ganz wäit komm sinn. An deenen nächste Wochen a Méint misste mir wëssen, ob déi sougenannten Doha-Entwécklungsronn erfollegräich ofgeschloss ka ginn oder net. En Echec géif net nëmmen de Multilateralismus schwächen, mä hätt virun allem negativ Konsequenzen op déi ärmste Länner, deenen d'Doha-Ronn soll hëllefen, sech besser an den internationalen Handel ze intégréieren. D’EU däerf dofir weiderhi keng Méi scheien, fir datt et zu engem Succès kënnt.

Här Präsident,
Dir Dammen an Dir Hären,

Dir gesitt, mir hu significative Atouten fir als Europäesch Unioun d’Erausfuerderunge vun der Globaliséierung unzehuelen a matzegestalten.

Mir sinn doriwwer eraus ee vun deene raren Akteuren, dee kapabel ass, aussen- a sécherheetspolitesch Problemer opzegräifen. Dat bréngt eng speziell Verantwortung mat sech. D’Unioun ass sech där Verantwortung bewosst an huet sech iwwert déi lescht Jore verstäerkt d’Instrumenter ginn, fir um internationale Plang ze agéieren.

Eisen Objektiv muss et dobäi sinn, de Friddensprojet "Europa" auszeweiden, oder wéi de Javier Solana et kierzlech ausgedréckt huet : "... to act as a credible force for the good ... from a continental agenda, we should move to a global agenda; from building peace in Europe to being a peace-builder in the world..."

Eis Politik muss dobäi eng europäesch sinn: europäesch net nëmmen am Sënn vun enger gemeinsamer Aussepolitik, mä och am Sënn vun enger spezifesch europäescher Approche. Eng Approche déi Diplomatie, Finanzmëttelen a Sécherheetsinstrumenter zesummebréngt, déi op Synergie setzt, déi op Zesummenaarbecht setzt amplaz op Allenggäng, eng Approche déi zwar militäresch Mëttel net ausschléisst, mä dës ni als eenzeg Léisung ugesäit.

D’Zäit feelt mir fir hei e kompletten Tour d’horizon vun der internationaler Aktualitéit ze maachen, dat ass och net den Zweck vun der Deklaratioun zur Aussepolitik. Ech wéilt mech konzentréieren op e puer Regiounen a Beräicher wou d’Unioun, à différents degrés, en Akteur ass, am Zesummespill mat den internationalen Organisatiounen, mat eisen amerikanesche Partner, mat Russland an, ëmmer méi, och mat China.

A kenger Géigend huet Europa esou eng determinant Roll ze spillen wéi am Balkan, an do besonnesch am Kosovo.

Wéi ech d’lescht Joer op dëser Tribün stung, hat ech d’Hoffnung, datt 2007 de Kosovo-Prozess kéint ofgeschloss ginn. Net datt ech gemengt hunn et giff einfach ginn; dat kann et net sinn wann et ëm esou eng fundamental Fro geet wéi de Statut vun engem Territoire, wann esou ënnerschiddlech Positiounen an Aspiratiounen openeen treffen, wéi dat am Kosovo de Fall ass, wa Grond-Prinzipie vum internationale Recht wéi de Respekt vun der territorialer Integritéit vun engem Land an d’Recht op Selbstbestëmmung vun engem Vollek sech géigeniwwer stinn. Et huet deemols awer esou ausgesinn, wéi wann d’Weichen definitiv gestallt wären.

Haut, e Joer méi spéit, ass de Statut vum Kosovo nach ëmmer net gereegelt. Den Här Ahtisaari, deen am Numm vum Generalsekretär vun der UNO 14 Méint laang tëschent Belgrad a Pristina verhandelt hat, hat ufanks dës Joers missen zur Konklusioun kommen, datt weider Verhandlungen néirens géifen hiféieren, d’Positioune vun deenen zwou Säite waren einfach ze wäit auserneen. Dee Statut, deen hien doropshi proposéiert huet war deen eenzegen, deen him - an eis - realistesch geschéngt huet, wann een d’Entwécklung vum Kosovo an deene leschte Joren an d’Réalitéiten um Terrain kuckt : eng international iwwerwaachten Onofhängegkeet, mat enger wäitgefächerter ziviler a militärescher Präsenz bei där d’Europäesch Unioun d’Haaptresponsabilitéit géif droen.

D’Unioun huet dës Propositioun voll a ganz ënnerstëtzt, och wann dat fir deen een oder anere vun de Memberstaten aus interne Grënn net ëmmer ganz einfach war. Déi iwwerwaachten Onofhängegkeet schéngt mir och haut nach déi beschte Léisung, fir der Aspiratioun vun der grousser Majoritéit vun der kosovarescher Bevëlkerung Rechung ze droen, déi sech d’Onofhängegkeet tout court wënscht, a gläichzäiteg d’Rechter vun de Minoritéiten am Kosovo, virun allem där serbescher, ze garantéieren, hire Patrimoine ze schützen, hir Représentatioun am Stat op allen Niveauen ze garantéieren an sou d’Multiethnizitéit am Kosovo ze präservéieren.

Wéi der wësst huet de Sécherheetsrot vun der UNO keng Décisioun iwwert de Kosovo konnten huelen an dat obwuel dem Här Ahtisaari seng Propositioun kloer all d’Grond-Prinzipien, déi vum Kontaktgrupp fir de Statut vum Kosovo définéiert gi waren, respektéiert. Moskau huet de Prozess, un deem et selwer jorelaang matgeschafft an deen et Schrëtt fir Schrëtt endosséiert hat, net méi wollte matdroen. Et huet sech hannert Belgrad gestallt, dat eng Onofhängegkeet vum Kosovo ënnert egal wéi enger Form kategoresch refuséiert.

D’Troika vun der Kontaktgrupp déi doropshi vum Generalsekretär vun der UNO agesat ginn ass, soll lo nach eng leschte Kéier - d’Deadline ass den 10ten Dezember - Verhandlunge mat de Serben an den Albaner aus dem Kosovo féieren, d’Verhandlunge vun der leschter Chance gewëssermoossen. Mir ënnerstëtzen der Troika hir Aarbecht voll a ganz : falls dach nach e Kompromiss kënnt fonnt ginn, wär dat jo nëmmen ze begréissen. Leider gesäit et am Moment net wierklech dono aus: d’Positioune vun deenen zwou Säite si weiderhinn diametral opposéiert. All Effort muss trotzdem bis den 10ten Dezember gemaach ginn a béid Parteie musse bis dohinn all Deklaratiounen a Schrëtter ënnerloossen déi d’Sécherheetsituatioun um Terrain kéinten a Gefor bréngen.

Dir Dammen an Dir Hären,

An deenen nächste Méint kommen nach schwiereg Diskussiounen an der EU iwwert de Kosovo op eis duer, a schwiereg Décisiounen, besonnesch wann, no engem Échec vun de Gespréicher, de Kosovo seng Onofhängegkeet géif unilateral deklaréieren. Ech hu mech a wäert mech och weiderhinn an der Unioun dofir asetzen, datt mir gemeinsam, datt mir koordinéiert virginn, wat de Kosovo ugeet. Et ass dëst eng kruzial Fro fir d’Stabilitéit vum Balkan, mä och fir Europa. Wa mir et hei net fäerdeg bréngen, zesummen eng Linn ze définéieren, eis Positiounen a Reaktiounen ofzestëmmen, da sinn eis grouss Deklaratiounen iwwer Responsabilitéit a gemeinsam europäesch Aussepolitik net vill wäert.

Mir kënnen och nëmmen op d’Ënnerstëtzung vun eise Partner zielen wa mir weisen datt mir et éierlech mengen, an eis d’Mëttele ginn, fir déi Roll ze spillen déi mir fir d’Unioun invokéieren. Dofir ass et och esou wichteg, datt d’Preparatioune fir d’PESD-Missioun wéiderlafen. Ech si frou datt Lëtzebuerg, mat Ärer Ënnerstëtzung, schonns Engagementer geholl huet fir bei där Missioun matzemaachen. Mir wëllen - mir mussen - prett sinn, soubal de Statut tranchéiert ass.

D’europäesch Balkan-Politik limitéiert sech awer natierlech net op de Kosovo. Den europäesche Prozess am Balkan huet et iwwert déi lescht Joren erlaabt, esou munech Fortschrëtter ze maachen, an dofir musse mir dee Prozess, hinn zu méi Demokratie, zu Fridden, Sécherheet a Wuelstand, och weiderhinn ënnerstëtzen. Zënter dem Europäesche Rot am Juni 2003 zu Thessaloniki hunn d’Balkan-Länner all eng europäesch Perspektiv, also Vocatioun, eng Kéier Member vun der EU ze ginn, wann si d’Kritären erfëllen: dozou sti mir !

Déi europäesch Perspektiv wäert vum 1te Januar 2008 un e bësse méi gräifbar sinn, wann d’Visa-Accorden a Kraaft trieden, a ville Leit am Balkan et wäerten erlaben, méi einfach e Visa fir an d’EU ze kréien an d’europäesch Länner kennenzeléieren, als Tourist, als Student, als Akademiker oder als Business-Partner. Virun e puer Wochen hu mir och den Accord de stabilisation et d’association mam Montenegro ënnerschriwwen, en éischte Schrëtt a Richtung Integratioun. Ähnlech Accorden hu mir, wéi der wësst, schonns mat Albanien an der ehemoleger yugoslawescher Republik Mazedonien ofgeschloss.

Och mat Serbien ass e sougenannten ASA négociéiert ginn. D’Négociatioune waren eng zäitlaang ënnerbrach, well Serbien net zefriddestellend mam Krichsverbriechertribunal zu Den Haag zesummegeschafft huet, ee vun de Kritären am Stabiliséierungs- an Assoziéierungsprozess. Wéi déi nei serbesch Regierung am Fréijoer dëst Joer an d’Amt komm ass an hire feste Wëlle bewisen huet, fir besser mat Den Haag zesummenzeschaffen, sinn d’Négociatioune awer nees opgeholl an elo ofgeschloss ginn. De Kommissär fir Erweiderung, den Olli Rehn, huet leschte Mëttwoch den Accord mat der serbescher Säit paraphéiert, an esou den Text definitiv fixéiert. Déi nächst Etapp ass elo d’Ënnerschrëft vun de 27 Memberstaten - an déi Ënnerschrëft ass openeits ofhängeg vun der serbescher Zesummenaarbecht mam Krichsverbriechertribunal.

Belgrad huet, wéi gesot, an deene leschte Méint Efforten a senger Zesummenaarbecht gemaach, mä et feelt nach un där leschter Portioun politeschem Wëllen, fir konkret Resultater an der Sich no Mladic a Karadzic ze erreechen, si op Den Haag auszeliwweren a viru Geriicht ze stellen, an domadder en däischtert Kapitel an der Geschicht vum Balkan endlech kënnen zouzemaachen.

Serbien ass e groussen an e wichtege Partner am Balkan: d’Dir zur Unioun steet och Serbien op. Am Interessi vu Serbien hoffen ech, datt Serbien sech fir eng europäesch Zukunft décidéiert.

Schlussendlech nach e Wuert iwwer d’Situatioun a Bosnien-Herzegowina. Zënter Méint zeechnen sech hei ëmmer méi grouss Differenzen haaptsächlech tëschent Serben a Moslemen a Bosnien of, ass de politeschen Dialog op e Minimum reduzéiert an de Reformprozess quasi gestoppt.

Ech wéilt op dëser Tribün en Appel un d’politesch Kräften a Bosnien-Herzegowina lancéieren, sech op d’Dayton-Accorden ze besënnen, fir d’Land op der Schinn vu senger euro-atlantescher Integratioun ze halen. Déi verschidde Communautéiten a Bosnien hunn d'Accorden vun Dayton acceptéiert, a mussen sech drun halen. Et ass net akzeptabel, datt d'serbesch Politiker a Bosnien, um Hannergrond vum Kosovo-Statut, probéieren, de politesche Kader an d'international Präsenz a Bosnien a Fro ze stellen.

Här Präsident,

Nieft dem Balkan ass de Noen a Mëttleren Oste sécher déi Regioun, wou d’Unioun am engagéiertsten ass, an dat an allen Hisiichten: politesch, finanziell a wat d’zivil a militäresch Präsenz ugeet. D’aktiv Participatioun am Quartett, déi iwwer 600 Milliounen Euro u finanzieller Hëllef pro Joer fir déi Besate Palestinensesch Gebidder, den TIM (Temporary International Mechanism), d’PESD Missiounen an der Gaza-Sträif, d’europäesch Contributioun zur UNO-Friddenstrupp am Libanon, d’EU3 Initiativ am Iran ... sti fir dësen Engagement.

En Engagement deen eigentlech och net erstaunen dierft: ouni Léisung vum Israelesch-Palestinensesche Konflikt ass kaum drun ze denken, déi aner Problemer an der Regioun an de Grëff ze kréien, sief dat am Libanon, a Syrien, am Irak oder am Iran; an ouni Fridden am Noen a Mëttleren Osten, keng nohalteg Stabilitéit un de südleche Grenze vun der Unioun.

Leider huet d’Situatioun an der Regioun sech trotz intensiven diplomatesche Beméiungen am vergaangene Joer net gebessert.

Am Géigendeel, d’Situatioun an de Besate Palestinensesche Gebidder huet sech weiderhi verschlechtert. D’Efforte vum Präsident Abbas, fir eng Regierung vun der nationaler Eenheet op d’Been ze stelle si gescheitert, d’Gewalt tëschent de palestinensesche Fraktiounen huet deeglech zougeholl an et ass dat geschitt wat mir ëmmer vermeide wollten: en Opsplécke vun de Palestinensesche Gebidder an d’Gaza-Sträif op där enger an d’Westjordanland op där anerer Säit. D’EU-Missioun zu Rafah huet missten ofgezunn, de Grenziwwergank mat Egypten ass zougemaach an déi méi wéi 1,4 Milliounen Awunner am Gaza si vun der Baussewelt ofgeschnidde ginn, mat allen dramatesche Konsequenzen, déi dat mat sech bréngt. Zënter datt d’Israelesch Regierung d’Gebidd als Reaktioun op d’Rakéitenugrëff op Israel zur "feindlecher Entitéit" deklaréiert huet, huet d’Lag sech nach zougespétzt.

An dach besteet nees Hoffnung.

Fir d’éischt zënter ganz laangem gëtt et erëm e kredibelen Effort fir eng Relance vum Friddensprozess, fir e Retour un de Verhandlungsdësch. All Aan sinn op d’international Réunioun geriicht, déi Enn November oder uganks Dezember zu Annapolis bei Washington soll stattfannen. Nach sinn net all Hürden iwwerwonnen, net all Parteien aus der Regioun u Bord, nach ginn d’Erwaardunge vun Israeli a Palestinenser auserneen, mä fir d’éischt zënter Joren gëtt nees iwwer Jerusalem, d’Grenze vun engem zukünftege Palestinensesche Stat, d’Recht op de Retour vun de Flüchtlingen, de Problem vun den Israelesche Kolonien, d’Sécherheet vun Israel an d’Waaserverdeelung, déi 6 Themen déi kruzial fir en nohaltegen Accord sinn, geschwat.

Uganks leschter Woch hunn ech zu Lissabon un enger Debatte am Kader vum EUROMED deelgeholl, wou nieft der EU an den arabesche Mëttelmierlänner, souwuel d’Israeli ewéi d’Palestinenser vertruede waren.

Kloer war do ze spieren datt Israel a Palestina Fridde schléisse wëllen!

D’Israeli sinn zënter dem Krich am Libanon d’lescht Joer um Punkt, ze verstoen an ze akzeptéieren, datt hir Sécherheet net mat miltärescher Stäerkt ka garantéiert ginn. Eenzeg an eleng e Friddensvertrag mat de Palestinenser, also d’Schafe vun engem Palestinesesche Stat, bréngt Israel déi Existenzsécherheet déi him zousteet.

D’Palestinenser brauchen e Kalenner, si wëllen net ewéi beim Osloprozess ouni zäitlech Grenzen an d’Verhandlunge goen. Dat ass machbar.

Et muss dofir alles drugesat ginn, datt d’Réunioun vun Annapolis en Erfolleg gëtt, datt d’Chance genotzt gëtt fir der Spiral vun Terror, Gewalt, an Deemiddegung en Enn ze setzen, an datt net, eemol méi, d’Extremisten op béide Säiten d’Iwwerhand behalen.

D’Europäesch Unioun ass bereet, hiren Deel ze leeschten. Den Aktiounsplang, deen d’EU amgaangen ass auszeschaffen, ass geduecht fir d’Parteien ze ënnerstëtze während dem Verhandlungsprozess, mä och dono, während der Ëmsetzungsphase. Et gëllt zum Beispill, Perspektive fir d’wirtschaftlech Entwécklung vun engem Palestinensesche Stat ze entwéckelen; nëmmen esou ka Fridden a Stabilitéit nohalteg geséchert ginn. Datt och Lëtzebuerg bereet ass, säi Bäitrag ze leeschten, hu mir eemol méi während dem leschte Joër ënner Beweis gestallt. D’Regierung huet net nëmmen hir finanziell Hëllef un d’Palestinenser kontinuéierlech eropgesat, mä mir sinn och um Terrain eise Responsabilitéiten am Kader vun der EU nokomm. Zu deem Engagement wäerte mir och weiderhi stoen.

Esou wéi mir zum Libanon stinn!

Hei si gëschter kéng gudd Nouvelle komm. Schonns fir déi 3te Kéier huet d’Wiel vum Präsident misste verluecht ginn well sech kee Konsenz op ee Numm erausgeschielt huet. Nach méi negativ ass d’Tatsaach datt a Saachen International Tribunal oder Relatiounen mat Syrien kee geméinsamen Nenner ze fannen ass.

Déi nächsten Deeg a Wochen si kruzial fir d’Zukunft vun dësem Land, fir eng Chance op souverän an onofhängeg Institutiounen, fir e Wee eraus aus der Konfrontatioun an der Gewalt. De Premier Minister Siniora brauch méi ewéi je d’Ënnerstëtzung vun der EU.

Dir Dammen an Dir Hären,

Den Iran, nach en Dossier wou déi nächst Zäit hoffentlech méi Kloerheet bréngt a mir endlech en Alenke vun den iraneschen Autoritéite gesinn.

D’international Communautéit, an un der Spëtzt d’Europäesch Unioun, huet et ganz kloer gesot: d’Dir fir Verhandlunge mam Iran steet weider op, de substantielle Paquet, deen d’lescht Joer vum Javier Solana ënnerbreet ginn ass, läit weider um Dësch, den Accord, deen den Iran am Summer mat der AIEA ofgeschloss huet, ass, wann ëmgesat, e Schrëtt an déi richteg Richtung, mä all dat ännert näischt dorun, datt den Iran seng international Obligatioune muss anhalen. Den Iran muss sech a Konformitéit mat de Resolutioune vum Weltsécherheetsrot setzen, hie muss endlech all nuklear Uräicherungs- a Verschaffungsaktivitéite suspendéieren, soss féiert kee Wee un neien Sanktioune verbäi.

Mir wëllen eng diplomatesch Léisung. Ech hunn et schonns dacks gesot: Aussepolitik déi mat Krich dreet, huet schonns versot.

Einfach nokucke kënne mir net, wann de Risiko besteet, datt e Land nuklear Energie fir militäresch Zwecker entwéckelt.

Eist grousst Zil bleiwt, och dat wéilt ech hei nach eng Kéier widderhuelen, eng Denuklearisatioun vum ganzen Noen a Mëttleren Osten. Hei giff e Friddensaccord tëschent Israel a Palestina nei Dimensiounen erschléissen.

Eng Proliferatioun vun de Massevernichtungswaffen, en général, ass a kengem sengem Interessi.

Gradesou wéi et a kengem sengem Interessi dierft sinn, zréck ze goen an eng Zäit vum Wettrüsten. Mir mussen oppassen, datt mir kengem liichtfankeg e Virwand liwweren, fir d’Reaktivéiere vun ale Waffesystemer oder fir d’Opkënnege vun internationalen Ofrüstungsverträg. Och, a besonnesch an dësem Beräich, musse mir enk zesummeschaffe mat eisem wichtegste Partner, de Vereenegte State vun Amerika, mä och mat Russland, mat deem mir eis dëse Kontinent geographesch deelen. Och hei muss den Dialog priméieren, an dat op allen Niveauen, an der Unioun, an der NATO a bilateral.

Dir Dammen an dir Hären,

"Unsere Sicherheit beginnt am Hindukusch". Dat ass e Saz, deen hutt Dir all schonns héieren. Et ass een tentéiert, en als grëffege Slogan ze verwerfen, mä et ass méi wéi nëmmen e Slogan. An dëser ëmmer méi globaliséierter Welt reflektéiert dee Saz duerchaus eng Realitéit. D’Erausfuerderungen, déi sech am Afghanistan stellen, sinn a groussem Mooss globaler Natur: Terrorismus, reliéisen Extremismus, Drogen .... D’Prinzipien déi et ze verteidege gëllt, sinn universell: Demokratie, Respekt fir d’Mënscherechter, Rechsstatlechkeet ....

Mir sinn also duerchaus betraff !

Wann ech mech dowéinst hei kloer fir e weidert Engagement vun der internationaler Communautéit, a vu Lëtzebuerg, am Afghanistan ausschwetzen, an dat souwuel am politeschen, am militäresche wéi am finanzielle Beräich, sou wëll ech awer och soen, datt d’afghanesch Autoritéite verstäerkt hir Responsabilitéite mussen huelen, no bannen an no baussen.

Déi rezent Evenementer am Pakistan hunn d’Situatioun natierlech net vereinfacht. Net vereinfacht, wat d’Relatiounen tëschent Afghanistan a Pakistan ugeet, an och net, wat d’Stabilitéit an de Fridden an der Regioun ugeet.

D’Ausruffe vum Ausnahmezoustand an d’Aussetze vun den demokrateschen Institutioune kënnen awer op kee Fall d’Äntwert op den Terrorismus sinn.

Mir fuederen d’pakistanesch Autoritéiten op nees op de Wee vun engem demokratesche Prozess an enger ziviler Regierung zréck ze goen.

Här Präsident,

Ech wéilt dës aussepolitesch Deklaratioun net ofschléissen, ouni iwwert e Kontinent ze schwätzen, deem Europa laang Zäit net déi Wichtegkeet zougemooss huet déi em zousteet - Afrika - mä mat deem mir iwwert déi lescht Jore kontinuéierlech d’Fondementer fir en neien Typ vu Relatioun geluecht hunn : eng Relatioun, déi net op enger Approche "donateur-bénéficiaire" baséiert, mä op engem wierkleche, globale Partenariat.

Éischt Konkretisatioune vun där Approche kënnen an der Zesummenaarbecht a Krisegebidder wéi dem Sudan oder Somalia gesi ginn, wou d’Europäesch Unioun ënnerstëtzend intervenéiert; de Friddenseffort, d’Friddenstruppen - AMIS respektiv AMISOM - awer vun der Afrikanescher Unioun geleet ginn. D’African Peace Facility ass en anere Schrëtt an déi Richtung: duerch dëse Mechanismus sinn iwwer déi lescht Joren d’Kapazitéite vun der Afrikanescher Unioun, fir zivil a militäresch Krisen an Afrika ze géréieren, konsequent ausgebaut ginn.

Wat net heescht, datt d’Unioun net bereet wier, Verantwortung ze droen a sech um Terrain ze engagéieren: esou ass d’EU haut präsent mat Missiounen an der Demokratescher Republik Kongo a geschwënn och am Oste vum Tchad, fir d’Géigend ëm d’Flüchtlingscampen ze sécuriséieren an den Accès fir d’international humanitär Hëllef fir déi méi wéi 400.000 Flüchtlingen an intern Déplacéiert an der Grenzregioun zum Darfur ze verbesseren. D’lescht Joer huet d’Präsenz vun enger limitéierter Zuel vun europäeschen Truppen an der RDC d’Duerchféiere vun den éischten demokratesche Wahlen zanter iwwer 40 Joer erlaabt, eng Missioun un där iwwregens och Lëtzebuerger bedeelegt waren.

D’Unioun sicht awer geziilt d’Kooperatioun an d’Partenariat.

E Partenariat, dat um EU-Afrika Sommet, deen den 8ten an 9ten Dezember zu Lissabon stattfënnt, ënnermauert soll ginn duerch eng "Gemeinsam EU-Afrika Strategie". Eng Strategie déi, wéi den Numm et seet, gemeinsam mat eisen afrikanesche Partner ausgeschafft ginn ass, an déi véier grouss Prioritéiten identifizéiert: Fridden a Sécherheet; Bonne gouvernance a Mënscherechter, Handel a regional Integratioun, an Entwécklungsfroen.

D’Ëmsetzung vun där Strategie soll duerch 2- bis 3-järeg Aktiounspläng garantéiert ginn, vun denen deen éischten um Sommet zu Lissabon adoptéiert gi soll. Dësen éischten Aktiounsplang gesäit, nieft de Prioritéite vun der Strategie, Partenariater a Gebidder wéi Energie, Klimawandel oder Migratioun vir.

Ech hat de Mëtteg schonns d’Geleeënheet iwwert dat eent oder anert vun dësen Themen ze schwätzen, iwwert d’Erausfuerderungen, deene mir eis an deenen Domaine stelle mussen. Et schéngt mir ganz wichteg, datt mir déi Sujeten och am Kader vun engem Partenariat mat Afrika uginn.

Dat gëllt och, a vläicht nach méi, fir e Beräich wéi d’Migratioun.

Eng éischt euro-afrikanesch Ministerkonferenz, un där den delegéierte Minister Nicolas Schmit deelgeholl huet, huet d’lescht Joer am Juli zu Rabat stattfonnt. Eng zweet, am November 2006, zu Tripoli.

Déi zwou Säite waren sech dobäi eens, datt d’Zesummenarbecht a Froe vu Migratioun an Entwécklung wesentlech ass, an datt nëmmen e Partenariat, dat op gedeelter Verantwortung baséiert, an eng global Approche, Äntwerten kënne ginn op d’Erausfuerderungen, dei sech um Niveau vun de Ursprongs-, Transit- an Destinatiounslänner stellen.

Et war een sech och eens, datt d’Migratiounsfluxen net zu neien Antagonismen tëschent Norden a Süden däerfe féieren, datt et gëllt, d’Migratioun ze géréieren, hir iwwerwiegend positiv Aspekter zum Droen ze bréngen, mä och zesumme géint illegal Migratioun a Mënschenhandel virzegoen.

D’Moossnahmen, déi am Aktiounsplang vun Tripoli festgehal sinn, reeche vun der verstäerkter Bekämpfung vun Aarmutt an Ënnerentwécklung, iwwer Kooperatioun a Krisemanagement, dem Austausche vu "best pratices" a Mobilitéitsprogrammer, bis bei d’Förderung vu legaler Migratioun.

Et ass dëst e wichtege Bestanddeel vun der Gemeinsamer EU-Afrika Strategie an dem Partenariat, dee mir zu Lissabon wäerte beschléissen.

Och wann d’Verhandlungen iwwert d’Accords de partenariat économique net zu de formellen Theme vum Sommet gehéieren, wäerten si awer sécher vun eisen afrikanesche Partner ugesprach ginn. 4 vun deene 6 Regioune vun den ACP Staten, mat deenen d’Europäesch Unioun dës Accorden wëll ofschléissen, sinn an Afrika. Ausserdeem fungéiert den Handel and d’regional Integratioun als eng vun de Prioritéite vun der Gemeinsamer Strategie.

Well der Unioun hire préférentiellen Handelsregime mat den ACP Länner net OMC-konform ass, si mir obligéiert, nodeem mir schonns eng nei Frist gefrot haten, déi elo och ofleeft, dësen ze ersetze bis Enn des Jores.

En Haaptvolet vun dësen Accorden ass den Handel besser als Mëttel fir d’Entwéckelung anzesetzen. Et geet och drëm, eise Partner d’Méiglechkeet ze ginn, duerch konkret Ennerstëtzung - mat de Mëttele vum 10te FED a mat Zousazhëllefen - regional Mäert opzebauen oder ze verbessern. Et geet net drëm, dës Länner ze forcéieren hir Mäert vun haut op muer ganz opzemaachen. Et gëtt sécher eng Komponent Reziprozitéit an dësen Accorden, mä si muss an der Zäit ganz stark gestaffelt sinn, iwwer 10-15 Joer, a liéiert un eis Ënnerstëtzung. Verschidde sensibel Produkter musse ganz eraus kënne geholl ginn. Mir sinn iwwerzeegt, datt d’Approche vun der Unioun, déi den nächste Méindeg vun de Ministere vun der Unioun och nach eng Kéier am Sënn vum Developpement verbessert gëtt, fair an equilibréiert ass, an datt et am Interessi vun all den ACP Länner wär, op dëser Basis d’Négociatioune bis Enn des Joers ofzeschléissen.

Här Präsident,

Et ass also méi ewéi genug Substanz do fir Gespréicher mat eisen afrikanesche Partner.

Leider huet déi lescht Méint d’Diskussioun sech net esou ëm d’Substanz vun eise Relatioune gedréint, mä méi ëm den Här Mugabe a seng eventuell Präsenz um Sommet zu Lissabon. Ech wëll et hei ganz kloer soen : mir hunn net déi geréngste Sympathie fir e Mann, dee säi Vollek veraarme léisst, dee seng Léit zwéngt, hir Heemecht ze verloossen, deen d’politesch Oppositioun brutal ënnerdréckt.... Mir sti voll a ganz zu de Sanktiounen, déi am Februar 2002 vun der Europäescher Unioun géint d’Dignitairen vun deem Régime imposéiert an zënterhir regelméisseg verlängert gi sinn. Et sinn dat iwwregens keng ekonomesch Sanktioune, wéi den Här Mugabe et wëll gleewen doen. Et si villméi geziilte Sanktiounen, déi sech géint d’Haaptwierdenträger vum Regime riichten: Reesverbued, Afréiere vu Konten, Waffenembargo, asw.

Et kann also keng Diskussioun doriwwer sinn, datt och mir méi wéi frou wären, wann den Här Mugabe an engem Mount nët zu Lissabon giff erschéngen. Mir mengen awer och, datt et hei ëm méi geet wéi ëm d’Relatioune vun der Europäescher Unioun mam Zimbabwe a sengem Präsident. Et geet hei ëm d’Relatioun mat engem ganze Kontinent, ëm d’Relatiounen tëschent zwou regionalen Organisatiounen, ëm Zesummenaarbecht, ëm Dialog.... Et geet ëm villes a mir sollten et net engem eenzelen iwwerloossen, d’Relatiounen tëschent der EU an Afrika ze diktéieren. Dofir ass d’Partenariat eis ze wichteg.

Ech kann Iech awer eppes versécheren : d’EU wäert sech d’Geleeënheet net entgoe loossen, fir am Här Mugabe senger Präsenz ganz kloer op d’Manktumen a Saache Mënscherechter an op déi katastrophal Lag am Zimbabwe hinzeweisen an d’Positioun vun der EU zu deem Fall onmissverständlech an haart ze erläuteren.

Här Präsident,
Dir Dammen an dir Hären,

Virun 18 Joër ass d’Berliner Mauer gefall. Domadder huet d’Geschicht, an d’Vëlker déi d’Geschicht maachen, opraume wëlle mat Nationalismus, Rassismus an Haassideologien, deenen déi fuerchtbar Evenementer vum 20te Joerhonnert zouzeschreiwe sinn.

De Fall vun der Mauer ass och d’Symbol vum Zerbrieche vun engem Regime wou d’Denk- an d’Aktiounsfräiheet vum Mënsch konditionéiert war.

Et ass deemols e Ruck duerch d’Welt gaangen, deen onmissverständlech eis all gesot huet, datt de Mensch Fräiheet esou néideg brauch fir ze liewen ewéi Loft fir ze otmen.

Aussepolitik haut, EU-Aussepolitik an der Welt vun haut, am Europa vu 27, setzt de Mensch, seng Dignitéit, seng Rechter, seng Sécherheet, an de Mëttelpunkt vun hirer Aktioun.

An deem Sënn handele mir am Balkan, am Noen a Mëttleren Osten, an Afrika, setze mir eis an um internationale Plang an an de verschiddene multilateralen Organisatiounen.

Lëtzebuerg wäert weider seng Verantwortung huelen, seng Roll an der europäescher Aussepolitik spillen, op seng Manéier seng Plaz an der globaliséierter Welt behaapten.

D’Menschheet däerf ni méi duerch Mauere gedeelt ginn, mä muss duerch Solidaritéit zesummebruecht ginn.

Ech soen Iech Merci.