Déclaration de politique étrangère 2009 (version originale luxembourgeoise)

Discours – Publié le

Le Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères, Jean Asselborn, a présenté la déclaration de politique européenne et étrangère du Grand-Duché de Luxembourg le 17 novembre 2009 à la Chambre des députés.

- Seul le discours prononcé fait foi -

Fir Lëtzebuerg a fir Europa huet den aussepoliteschen Kontext sech an deenen leschten Méint a Wochen grondsätzlech geännert.

Wuel sinn d’Haapterausfuerderungen nach ëmmer déi selwecht: de Fridden sécheren, d’Aarmut an der Welt bekämpfen an d’Ëmwelt schützen.

D’Wäerter déi mir no baussen wëllen droen, sinn natierlech och déi nämlecht bliwwen. Méi wéi jee steet d’Europäesch Unioun fir d’Anhalen vum internationalen Recht, fir d’Verteidegung vun de Mënscherechter, fir Rechtsstaatelechkeet a fir Multilateralismus. Ouni déi Fundamenter ass keen nohaltegen Fridden an Wuelstand méiglech. Entwécklungen wéi déi rezent Finanzkrise oder de Klimawandel hunn d’Wichtegkeet vun deenen Fundamenter op een Neits ënnerstrach. Déi Problemer kënne mir nëmmen an engem gemeinsamen Effort upaken, well nëmme zesumme kënne mir eng nei international Gouvernance an nei Regelen entwéckelen déi mir brauchen.

Och wann d’lescht Joer d’Europäesch Unioun sech munnechmol schwéier gedoen huet fir dësen Message efficace eriwwer ze bréngen, ginn et elo erëm Grënn zouversiichtlech ze sinn. Den Europäeschen Model ass nees op de Schinnen an dat ass wichteg fir Europa, mä och ganz allgemeng fir d’Politik um internationalen Plang weider ze brëngen an fir gerecht an nohalteg Léisungen op déi global Problemer ze fannen.

Den éischten an wichtegsten Grond fir zouversiichtlech ze sinn, ass d’Akraafttrieden vum Lisabonner Vertrag. Mir wëssen all datt mir domatter réischt um Ufank vun engem laangen Wee stinn. Déi strukturell Problemer vun der EU-Aussepolitik wäerten selbstverständlech net vun haut op muer geléist sinn. Mä d’Unioun huet sech een Instrument ginn, fir seng Wäerter an der Welt besser ze verteidegen. Europa kann elo seng intern institutionell Debatten hannert sech loosse an nees no fir kucken.

D’Attraktivitéit vum Europäeschen Model ass grouss. D’international Gemeinschaft setzt op déi spezifesch Approche vun der EU. Mam néien Traité wäert d’Unioun besser an der Lag sinn deenen héigen Erwaardungen gerecht ze ginn.

***

Déi aner bedeitend Ännerung am aussepoliteschen Kontext ass natierlech d’Untrieden von der neier amerikanescher Administratioun. Dem Präsident Obama seng Aussoen ginn der ganzer internationaler Gemeinschaft nei Grënn zur Hoffnung. D’Zäit vum sterilen an dacks op Konfrontatioun ausgeriichten Isolationismus ass eriwwer. Washington bekennt sech elo ëffentlech zu enger Approche déi eise Virstellungen vum Zesummeliewen an der internationaler Gesellschaft no steet.

Amerika – sou sot de Präsident Obama – well elo erëm duerch d’Muecht vun sengem Beispill wierken, an net duerch d’Beispill vun senger Muecht.

An der Fro vum Klimawandel, vun der Finanzkris, vum Iran, vum Mëttleren Osten, vum Afghanistan sin d’Erwaardungen héich an Enttäuschungen sinn net auszeschléissen. Mä um Wëllen vun der neier Administratioun, d’Welt net méi a Gudder an a Beiser anzedeelen, ka keen zweiwelen.

***

De Vertrag vu Lissabon

Mat der Ratifikatioun vum Lissabonner Vertrag kënnt eng Diskussioun op en Enn, déi am Dezember 2001 um Sommet zu Laeken hiren Urspronk hat, mat dem Ziel der Europäescher Unioun, déi sech am Gang war ze erweideren no Osten an Südosten, een optimalt Fonctionnéieren ze erméiglechen, fir datt se am 21. Joerhonnert och no baussen déi Roll kann spillen déi hir als gréisst Wirtschafts – an Handelsmuecht, mä och weltweit éischten Donateur an der Entwécklungshëllef, zousteet.

Während dësen leschten Méint hunn nieft der Tscheschecher Republik och Polen, Däitschland an Irland de Vertrag ratifizéiert. Während am Fall vun Däitschland a Polen keng weider Ännerungen um Vertrag selwer erfuerderlech waren, sou war dat bei der Tschescher Republik an bei Irland net de Fall. Déi Tscheschech Republik krut um Conseil européen vum leschten Oktober d’Méiglechkeet sech dem Protokoll 30 unzeschléissen, dat heescht datt d’Grondrechtscharta sech net nëmmen net op Polen an Groussbritannien applizéiert, mä och net op Tschechesch Republik. Dëst ass ee bedauerlechen Fakt aus der Sicht vun der Lëtzbuerger Regierung.

Wat Irland ugeet, huet den Conseil européen bekanntlech am Juni dëst Joer eng Léisung fonnt déi bestätegt datt den Vertrag vun Lissabon di bestehend konstitutionnel Situatioun an verschiddene Politikberäicher an Irland net a Fro stellt, wéi zum Beispill hir traditionell Neutralitéitspolitik, Elementer vun der Familjepolitik an vun der Fiskalitéit.

Dës Léisung, esou wéi och déi tscheschech Ausnameregelung, ginn a Form vu Protokoller bei enger nächster Geleeënheet – dat heescht bei dem nächsten "Traité d’adhésion" (Erweiderungsvertrag) z. B., un den Vertrag vun Lissabon, beigefügt.

De Conseil européen vum Juni huet deswéideren och entscheed datt d’Kommissioun weiderhin ee Vertrieder pro Memberstat soll hunn. Dat war eng vun den Haaptrevendikatiounen vun Irland fir deen zweeten Referendum mat Chance op Succès kënnen ze organiséieren. Wat jo och dësen leschten 2. Oktober geschitt ass.

Dës Decisioun entsprécht enger Méiglechkeet déi am Lissabonner Vertrag virgesinn ass. Et bedarf also kengen weideren Ännerungen an och kenger neier Ratifikatioun vum Vertrag. De Conseil européen wäert also zu gegebener Zait opgrond vum Artikel 17 vum Vertrag eng Decisioun huelen, fir datt all Land och no 2014 ee Commissaire kann behalen.

Lëtzebuerg an der europäescher Unioun

Esou wichteg d’Ratifizéierung och ass, sou bleiwt dach d’Haapterausfuerderung, déi sech eis haut stellt, d’Emsetzung vum Lissabonner Vertrag !

Mir därfen eis neischt virmaachen : den Traité stellt wouel d’Enn vun quasi 10 Joer haarder Arbecht duer, a mir sin all frou datt en elo vun allen Mitgliedsstaaten gedroe ka gin, mä seng Emsetzung gët opmanst grad esou eng grouss Erausfuerderung, wann nët méi eng grouss.

Eréischt duerno wärt sech erausstellen op den Traité der Unioun dat bréngt wat se brauch, haut méi wéi jee, nämlech e solidarescht Europa an dém all Länner, op grouss oder kleng, e Wuert matzerieden hunn; eng EU an där d’stratégesch Decisiounen net als Geisel vun deem engem oder aaneren sougenannte grousse Partenaire gehol ginn fir national Interessien duerchzesetzen.

De Vertrag vu Lissabonn markéiert d’Enn vun enger Evolutioun an den Ufank vun enger neier EU wéi mer se bis elo net kannt hun. Wa mer am Joer 2001, beim Conseil européen zu Laeken och all iwerzégt waren, datt mer en aanert Europa brauchen, mat Institutiounen déi et 30 a méi Membersstaaten erlaaben eenegermoossen harmonesch zesummenzeschaffen, en intégréiert Europa datt deenen aaneren Supermuechten gewuess ass fir déi positiv Roll an enger Welt ze spillen déi zwar zesummen geréckelt, mä op kee Fall eng besser ginn ass, dann huet dat awer nach laang net bedeit datt mer eis eens waren wéi dat neit Europa dann ausgesi soll.

Leider huet sech näischt un der Grondproblematik geännert, nämlech, d’Géigeniwerstellung tëschent deenen déi et bei engem labberen Staatebond wëlle bleiwe loossen an deenen déi, am Konträr, prett sin e gréisseren Deel vun bislang nationale Souveränitéiten zesummen ze leeën an zesummen ze verwalten. Dëst mécht et esou schwéier dat staarkt Europa opzebauen a weiderzeentwéckelen dat mir als Lëtzebuerger brauchen.

De Lissabonner Vertrag gët eis e Kader deen et erlaabt d’europäesch Integratioun resolut weiderzedreiwen. Nieft eisen traditionnellen kommunitären Politiken gin wichteg Beraicher vun der Justiz, der Innen- an Asylpolitik agegliedert an t’Gemeinschaftsmethode. An der Aussen- an Sécherheetspolitik wärt dén neien Haut Représentant als Vize-Präsident vun der Kommissioun mat engem eegenen Aussendengscht net nëmmen den Här Kissinger fréen mä fir nei Impulser an enger méi kohärenter europäescher Diplomatie suergen. Och dé neien Posten vun engem permanenten Präsident vun dem Europäesche Conseil as e Schrëtt an déi Richtung.

Mä, grondsätzlech liwert den Lissabonner Vertrag eleng keng définitiv Äntwert op d’Fro vun der Essenz vun der Unioun. Déi Erausfuerderung gëllt ët elo unzehuelen, an deenen nächste Wochen a Méint, wann et drëm geet déi nei Strukturen, Politiken, Posten an Institutiounen vun dénen ech elo geschwaat hun, konkret ëmzesetzen.

An där Perspektiv huet Lëtzebuerg sech mat sengen BENELUX Partner ofgestëmmt fir zesummen eng Positioun zu deene kapitalen Froen auszeschaffen déi d’Konkretisatioun vum Lissabonner Vertrag op d’Schinn setzen fir aus der EU eng méi integréiert Unioun ze machen.

De Benelux-Positiounspabéier ass iwerégens deen eenzegen, offiziellen an substantiellen Beitrag bannent der Unioun zum néien Vertrag. En ass op vill Géigeléiwt gestouss an setzt sech fir d’Zil an, vun enger EU déi op der méthode communautaire baséiert.

D’Kommissioun, vun der ech hoffen dat se am Januar oder Februar vum nächste Joer operationnell ass, muss weiderhin de Motor an d’Zentralorgan vum europäeschen Integratiounsprozess bleiwen. Nëmmen eng dynamesch a stark Kommissioun kann d’Initiativen schaffen an duerchsetzen déi d’Unioun weiderbrengt, och géint egoistesch Nationalinteressien.

De Conseil ass wuel dee Beraich vun eise jetzegen Institutiounen deen am meeschten vun de Neierungen aus dem Lissabonner Vertrag betraff ass. D’Diskussioun iwwer t’Persoun vum neien Präsident vum Conseil européen huet de Fong vun dëser Reform e bëssen an de Schied gestalt. Ech wollt just hei drun erënneren datt d’Zesummespill, dat et elo ze définéieren gëllt, tëschent Conseil européen, Conseil Affaires générales, Conseil Relations extérieures an dénen aaneren Conseil’en een vun de Schlësselen gëtt vum Erfolleg vum Lissabonner Vertrag. Wa mer et färdeg brengen dem Conseil européen seng Roll als „Haapttrendsetter“ ze stärken an deenen aaneren Ministerréit hir Funktioun als Décisiounsorganer auszebauen, da mengen ech hätte mer e Gleichgewiicht hiergestallt dat d’Effizienz vun der Unioun garantéiert.

Dat emsou méi wou den Ausbau vun den Kompetenzen déi dem Europaparlament zegudd kommen d’Demokratieverständnis bannent der Unioun konsolidéiert.

***

Mir hun den 9. November, mat groussem Opwand, dat woul wichtechst Evénement vun der zweeter Haltschent vun 20. Joerhonnert gefeiert : virun zwanzeg Joer huet d’Berliner Mauer dem Drock vun Milliounen ze laang ennerdreckter Mënschen an Osteuropa net standgehal. Haut sin all d’ex-osteuropäesch Länner – ech klaamere déi fréier Sowjetunioun aus – Membere vun der Unioun. Ech hoffen vun ganzen Härzen datt de Gedanken un dat Europa dat den zweeten Weltkirch provozéiert huet mat deenen dramatesche Folgen déi eréischt 1989 zu Enn kummen, eis haut erlaabe wärten keng nei Maueren opzeriichten, och wann se nëmmen virtuell sinn. Maueren déi eis de Wee fir eng nei, integréiert, solidaresch, generéis an effizient Europäesch Unioun verspären, an Europa daat internationalt Gewiicht verwieren daat d’Welt dréngend braucht.

***

Zesummenarbecht Chamber-Regierung an EU-Froen

Eng verbessert Gouvernance um Niveau vun der Europäescher Unioun heescht awer och datt mir d’Gouvernance vun der Europapolitik hei zu Lëtzebuerg un déi nei Gegebenheeten mussen upassen.

D’Regierung an d’Chamber hunn d’lescht Joer een Memorandum ënnerschriwwen dee virgesäit den Dialog tëschent deenen zwou Institutiounen ze verstäerken. Sief dat durch d’Redaktioun vun alljährlechen Rapporten iwwert d’Europapolitik an d’Ëmsetzung vum Gemeinschaftsrecht hei zu Lëtzebuerg, sief et duerch Diskussioun mat der Regierung iwwert bestëmmten Propositiounen vun der EU-Kommissioun an den spezialiséierten Chamberskommissiounen.

Nëmmen wann mir an engem fréien Stadium eis mat de Propositiounen vun der Kommissioun an hiren Konsequenzen auserneensetzen, kennen mir se beschtméiglechst beaflossen. Dat ass virun allem an der Chamber Kommissioun, mä kann och am Kader vun enger Orientatiounsdebatt stattfannen wéi dat virun e puer Wochen iwwer den zukünftegen Programm vun Stockholm de Fall war.

Duerch de Vertrag vun Lissabon kritt d’Chamber d’Méiglechkeet direkt op d’Propositiounen vun der Kommissioun ze reagéieren, andeems hir d’Recht zousteet de Respekt vum Subsidiaritéitsprinzip ex ante ze préifen. Bis elo ass d’Chamber vun der Kommissioun am normalen legislativen Prozess consultéiert ginn a si konnt Avis’en ofginn, e Recht vun deem si och Gebrauch gemaach huet.

D’Chamber gët elo direkt partie prenante vum Gesetzgebungsprozess an ass net méi, wéi dat bis elo den Fall war, nëmmen zoustänneg fir Direktiven ex post emzesëtzen. Dir wärt an Zukunft méi eng wichteg Roll spillen duerch de System vun den gielen an orangen Kaarten. Dëst ass eng néi Manéier fir en Désaccord auszedrecken direkt wann Propositiounen vun der Kommissioun um Desch léien. Wann een Drettel vun den nationalen Parlamenter enger Meenung sinn, datt de Subsidiaritéitsprinzip nett respektéiert gueff, kann et zu enger Réévaluation oder zum Verworf vun dëser Propositioun kommen.

Déi Reflexer déi aus dësen neien Regelen entstoen wärten, reien sech an d’Beméien em ee méi demokrateschen Entscheedungsprozess an, an dem déi lokal, national an europäesch Ebenen vernetzt sinn.

D’Regierung huet sech engagéiert, am Regierungsprogramm, mat allen Akteuren zesummenzeschaffen durch een verstärkten Dialog an een reegen Informatiounsaustausch. Wa mir alleguerten déi Méglechkeeten notzen déi de Vertrag vu Lissabon eis gët, kënnen mir eisen Afloss maximiséieren.

Sëtzpolitik

Zënter 2004 läit beim Ausseministère d’Verantwortung fir de gudden Empfang vun den europäeschen Beamten a fir d’Gebailechkeeten vun der EU an den aneren Institutiounen déi hei zu Lëtzebuerg hire Sëtz hunn. D’Koalitiounsofkommes vun dëser Regierung gesäit fir, datt eng nohalteg Sëtzpolitik och weiderhin zu de Prioritéiten vun eiser Aussepolitik gehéiert.

Et ass evident, datt mat der Implantatioun vun enger europäescher Institutioun an enger Stad, respektiv an engem Land, och eng Visibilitéit an en héije Prestigewaert verbonnen ass. Et däerf een awer net vergiessen, datt dëst och eng Partie Pflichten fir Lëtzebuerg mat sech bréngt. Mier hunn Pflichten géigeniwwer der EU, de Memberstaten an deenen 11.000 Beamten an hire Famillje, déi hei bei eis liewen an schaffen. Mir huelen dës Aufgaben eescht.

Dat betrëfft natierlech an éischter Linn d’Gebailechkeeten an ech wéilt haut nëmmen eng Partie vun den Chantiere ervirsträichen an beliichten:

  • Enn September ass en Accord mat der Kommissioun ënnerschriwwe ginn, fir de Bau vun engem Ersatz-Gebai vun 120.000 m² fir de Jean Monnet – deem seng Alterserscheinungen net ze verkenne sinn. Zukünfteg sollen all Servicer vun der Kommissioun hei ze Lëtzebuerg an deem Gebai ënnerbruecht ginn.
  • D’Aarbechten fir de Bau vum neie Sëtz vum Generalsekretariat vum Europaparlament hunn am Fréijor 2008 ugefaangen. Iwwert 200.000 m² wäerten hei an deenen nächste Joeren gebaut ginn.
  • D’Färdegstellen ouni weider Délaien vum neien Konferenz-Zentrum bleiwt e politesch wichtege Dossier.
  • D’Konditioune goufe geschaaf, déi et der Cour de Justice vun de Kommuniteiten erlaben, kurzfristeg mat der Renovatioun vun hiren eeleren Gebaier unzefänken. Hei geet et ëm e Budget vun iwer 80 Milliounen Euro, à charge vun de Kommuniteiten.
  • Zu gudder Lescht wéilt ech héi nach erwähnen, datt no enger laanger Virbereedung, de Schantjen vun der zweeter Europaschoul zu Bartreng-Mamer an d’konkret Bauphase iwwer konnt goen.

Fest steet also datt de Kierchbierg, t’Symbol vun der europäescher Präsenz zu Lëtzebuerg, och an deene nächste Joren an engem groussen Ëmbau bleiwe wäert. Déi Bauten an déi Servicer, déi hei zu Lëtzebuerg implantéiert ginn, hunn mat Sécherheet e positiven Impakt op d’Wirtschaft hei am Land.

Iwwert déi grouss Bauprojeten eraus, wäert den Ausseministär an de nächste Méint weiderhin a Kontakt mat den Servicer vum Europaparlament an vun der neier Kommissioun bleiwen, fir eng Analyse vun den Siège-Accorden ze maachen an di heiteg Wierkungen nozepréiwen.

Mir wëllen eis weiderhin fir den Standuert Lëtzebuerg asetzen an säin gudden Ruf verteidegen. D’Erausfuerderungen sinn grouss, mä all betraffen politesch Responsable an Servicer wärten hir d’Bescht machen, fir datt Lëtzebuerg och an Zukunft e vollwäertege Siège bleift, deen den EU-Institutiounen déi beschtméiglech Arbechtsbedingungen garantéiert. Ech wëll dofir op dëser Plaz och e grousse Merci soen, un all déi Verwaltungen, déi eis hëllefen, eisen Verpflichtungen nozekommen a besonnesch de Ministerkollegen Wiseler an Frieden.

Klimaschutzpolitik

Esou wéi mir als Land versichen eisen Afloss an der EU esou grouss wéi méiglech ze hale, esou muss d’EU dat selwecht um internationalen Plang maachen, fir sech deenen groussen Erausfuerderungen vun haut a vu muer ze stellen.

An dat ass mam Aa op de Kalenner gekuckt den Klimaschutzsommet zu Kopenhagen an engem Mount. A Saachen Klimaschutz huet d’EU eng Virreiderroll iwwerholl, an et gëllt elo déi aner Parteien ze iwwerzeegen, hiren Deel zu engem globalen Akkord bäizedroen. An deem Sënn huet d’EU op dem leschten Conseil européen wichteg Akzenter gesat déi dozou solle bäidroen dat Kopenhagen een Succès gëtt.

„Succès“ heescht, datt mir zu Kopenhagen als international Gemeinschaft zu engem éiergäizegen politeschen internationalen Accord kommen, deen et erlaabt d’Erwärmung vun der Äert op maximal 2 Grad Celsius ze limitéieren am Verglach mam virindustriellen Zäitalter. Den Enjeu, mengen ech, deen brauch ech Iech net laang z’erklären: et geet ëm d’Zukunft vun eisem Planéit, ëm d’Retten vun zéngdausenden vun Mënscheliewen an deenen Deeler vun der Äert, wou sech d’Klimaverännerung schon elo mat dramateschen Auswierkungen weist, em d’Erhalen vun Fauna a Flora… Den Effort, deen mir musse maachen, ass kolossal a muss agebett sinn an eng global Äntwert. Jiddereen muss matmaachen, quitt datt een net vun jidderengem deen selwechten Effort ka verlaangen.

Mir hoffen, datt all eis Partner den Enjeu och esou gesinn, an sech engagéieren fir hirer Verantwortung gerecht ze ginn. Un eischter Plaz denken ech un eis europäesch an nordamerikanesch Partner, wéi och un déi aaner Partner aus der sougenannter éischter Welt. Mä och China, Brasilien, Indien, Russland an all dei aaner Schwellenlänner deenen hir CO2 Emissiounen nach weider dramatesch an d’Lut wäerten goen, musse hiren Deel bäidroen.

Natierlech mussen mir an Europa, Amerika, Australien an Japan mam gudden Beispill virgoen. Japan zum Beispill huet elo schon ugekënnegt seng CO2 Emissioun wëllen em 25% bis 2020 ze reduzéieren par rapport zu 1990. Och mir Europäer hunn décidéiert eis Emissiounen bis 2020 em 20% ze reduzéieren; an esou guer em 30% am Fall wou déi aner Industriestaten, notamment Amerika, ee vergläichbaren Effort maachen géifen, an d’Entwécklungs- an Schwellenlänner och hiren Deel wéilten leschten.

Deen neien Akkord deen mir eis wënschen, soll sech net, wéi bis elo den Akkord vun Kyoto, op 600 Milliounen Leit beschränken, mä esou weltëmfaassend wéi méiglech sinn. Ee globalen Akkord heescht och global Spillregelen, déi sech op jiddereen applizéieren. Eng gewëssen Koordinatioun um internationalen Niveau ass néideg fir datt, zum Beispill, den Handel mat Emissiounsrechter efficace gestallt kann ginn. Fir datt Emissiounsreduktionsprojeten an Drëttlänner certifiéiert kennen ginn. Bref, fir datt kloer Spillregelen all Land et erméiglechen säint zu dem Kampf géint den Klimawandel bäizedroen.

Dësen globalen Defi ass och en Appel un eis Solidaritéit mat deenen, déi am meeschten ënnert dem Klimawandel leiden. An deenen déi d’Méiglechkeeten selwer net hunn fir deem entgéint ze wierken. D’europäesch Kommissioun schätzt, datt d’Entwécklungslänner eleng, ab 2020, ongeféier 100 Milliarden Euro pro Joer brauchen, fir sech un den Klimawandel unzepassen.

Een Deel vun deenen 100 Milliarden Euro pro Joer sollen duerch den Erléis aus dem Handel mat Emissiounsrechter finanzéiert ginn: een Deel vun den Entwécklungslänner selwer, an de Rescht duerch international ëffentlech Hëllef. Den Deel deen d’Europäesch Union zu deenen Milliarden ëffentlecher Hëllef fir d’Entwécklungslänner soll bäidroen, gëtt zu Copenhagen decidéiert.

Well et awer wichteg ass esou séier wei méiglech den Kampf géint den Klimawandel opzehuelen musse mir déi Zäit bis 2020 iwwerbrécken. Dofir wëlle mir an der Europäescher Unioun den Entwécklungslänner (duerch den sougenannten „fast-start“ Finanzement) schon ab 2010 ënnert d’Ärem gräifen an eis Ënnerstëtzung bis 2020 graduell erop schrauwen. D’Europäesch Kommissioun schätzt den jährleschen Besoin vun den Entwécklungslänner fir d’Period vun 2010-2012 op tëschent 5 an 7 Milliarden Euro déi vun der internationaler Gemeinschaft finanzeiert sollen ginn.

An dësem Kontext wéilt ech d’Fro opwerfen, a wéi wäit mir en gewëssen Deel vun eiser Klimaschutzhëllef iwwer eisen Entwëcklungshëllefsbudget kéinten an sollten finanzéieren. Et gëtt gesot, datt zousätzlech Suen fir Klimaschutzprojeten an den Entwécklungslänner solle fonnt ginn. Déi Suen sollten net aus der aktueller Entwécklungshëllef ofgezweigt ginn. Déi Remarque ass virun allem pertinent fir déi Länner déi nach ëmmer net den Objektiv vun 0,7% RNB fir Entwécklungshëllef erreecht hunn. Mä eisen Entwëcklungshëllefsbudget läit awer schon iwwer 0,9% vun eisem RNB. Et misst eis also iwwerlooss sinn, fir mat deem „Iwwerschoss“ och Klimaschutzprojeten kënnen ze finanzéieren. Ëmsou méi, datt et um Terrain ëmmer méi schwéier wäert ginn, eng strikt Trennung ze maachen, tëschent Klima an net-Klima Projeten. D’Entwécklungslänner mussen nohalteg Entwécklungsstrategien ausschaffen, an dat souwuel um wirtschaftlechen, sozialen an ökologeschen Plang.

Finanz- a Wirtschaftskris

Nieft dem Klimawandel, an engem Akkord zu Kopenhagen, bleift d’Meeschteren vun der Finanz-an Wirtschaftskris eng vun deenen gréissten Erausfuerderungen fir d’EU. Eng Kris déi sech zu enger regelrechter Sozialkris entwéckelt huet.

Déi global Finanzkris verlaangt eng méi global Finanzarchitektur, an och hei huet d’EU eng Virreiderroll iwwerholl. Dëst gëllt besonnesch fir den G-20, deen sech lues a lues als wichtegsten Forum fir Diskussiounen an Sichen no Léisungen am Beräich Wirtschaft an Finanzen entwéckelt huet.

Ech wëll hei net méi op dat zeréckkommen, wat den Finanzminister op dëser Plaz virun engem Mount am Kader vun der Aktualitéitsdebatt iwwert den G-20 gesot huet. Ech wëll just nach eemol ënnersträichen, wéi wichteg et ass, datt d’EU geschlossen am G-20 optrëtt, mat engem kloer definéierten Mandat vum europäeschen Rot fir d’Vertrieder vun der EU – och wann eis dat net garantéiert, datt net awer Decisiounen geholl ginn, déi eis net gefale wäerten. Mir hunn déi Erfahrung jo am Abrëll dëst Joer gemaach.

An der néier Gouvernance vun der Weltwirtschaft, déi den G-20 ustrieft, soll dësen nieft dem FMI an Zukunft och eng wichteg Roll an der makroekonomescher Iwwerwaachung spillen. Hei ass et noutwenneg, datt den Eurogrupp bei dem Mechanissem voll a ganz agebonnen get. Nëmme sou kenne mir vermeiden, datt et zu onkohärenten Aussoen kennt duerch FMI/G20 engersäits an dem Eurogrupp aanerersäits, waat d’Budgetspolitik vun den eenzelnen Memberlänner vun der Eurozone ugeet. Dat ass ëmsou méi wichteg, well den Eurogrupp duerch de Vertrag vun Lissabon formaliséiert gëtt.

D’ Virreiderroll déi d’EU an dem G-20 iwwerholl huet wat d’Finanzarchitektur ubelaangt, wärt an deenen nächsten Wochen hir Verwierklechung kréien duerch d’Adoptioun vun deenen betreffenden Virschléi vun der Kommissioun, wéi se am Rapport de Larosière proposéiert goufen.

Si wäerten och hei zu Lëtzebuerg zu Ëmstellungen féieren wat d’Iwwerwaachung an d’Kontroll vun den Banken an Assurancen betrëfft. Et wäert zu enger verstäerkter Koordinatioun op europäeschem Niveau kommen, woubäi déi national Iwwerwaachungsinstanzen awer nach ëmmer fir déi direkt Kontroll sur place zoustänneg bleiwen, wann och mat engem méi begrenzten Handlungsspillraum. Och hei wäerten d’Acteuren vun der Finanzplaz sech un nei Spillregelen mussen upassen.

Mä ech sinn iwwerzeegt, datt si och hei erem d’Nues vir behalen wäerten, wéi si dat schonns esou dacks an der Vergaangenheet konnte maachen. Si wäerten och weiderhin op hir Innovatiounskapazitéit an Fachkompetenz mussen setzen. Et wier allerdengs eng Illusioun ze mengen, datt eist Land eleng an deenen schwéieren Diskussiounen an den Steierdossieren säin Wëllen deenen aneren opzwéngen kënnt.

D’Regierung ass beméit datt et zu enger Paquetsléisung (Gesammtléisung) kennt, déi et net nëmmen der Lëtzebuerger Finanzplaz, mä der EU insgesamt erlaabt sech am internationalen Wettbewerb ze behaapten. An dëst ouni datt et zu Wettbewerbsverzerrungen géif kommen. Et kann net Zil sinn, een Resultat ze erreechen wou zum Schluss d’Kapital an d’Karibik oder an Asien ofwandert.

Kapital wat och dringend noutwenneg ass, fir ze hëllefen déi selleg plans de relance ze financéieren fir d’Konjunktur erëm unzekuerbelen. Déi national Relancepläng, zesummen mat deem vun der Unioun, hunn entscheedend dozou bäigedroen, datt de rezenten Wirtschaftsofschwong ofgebremst konnt gin. Éischt Zeechen vun enger liichter Reprise sinn ze erkennen. Et geet elo drëm e Wee ze fannen fir erëm zu gesonden Staatsfinanzen an der EU an an der Eurozone ze kommen. Well nëmmen wann mir kollektiv d’Spillregelen vum Stabilitéitspakt respektéieren, wäert och eis Gemeinschaftswährung, den Euro, deen Anker vun Stabilitéit bleiwen deen en an der Kris war. Mee fir d’Regelen vum Stabilitéitspakt ze applizéieren brauchen mir déi néideg institutionell Stäerkt fir notfalls couragéiert Moossnamen ze huelen. Hei ass d’Kommissioun an éischter Linn.

Sou wéi et noutwenneg ass, datt mir ee gutt funktionéierenden Bannemaart fir Finanzdengschtléschtungen brauchen, deen op enger neier zolidder Finanzarchitektur berout, sou brauchen mir och ee Bannemaart deen ouni Aschränkungen an ouni Konkurrenz-verfälschend Moossnamen vun den Memberlänner funktionéiert.

D’Kris huet gewisen wéi séier et zu engem national-ekonomeschen Reflex kann kommen. Wat fir eng Wirtschaft wéi eis, déi zu bal 100% vum Export lieft, dramatesch Konsequenzen kann hunn. Et däerf net zu enger Fragmentatioun vum Bannemaart kommen. D’Kommissioun muss voll a ganz hir Roll spillen wéi den Vertrag et virgesäit fir ze verhënneren, datt et zu Konkurrenzaschränkungen an Aschränkungen vun den Grondfreihéten vum Bannemaart kënnt.

Den Kommissiounpräsident Barroso huet sech an sengen politeschen Orientatiounen virum EU-Parlament zu engem ferventen Verfechter vum Bannemaart erklärt, an huet och versprach déi sozial Dimensiounen vum Bannemaart ze stäerken. Et sinn dest Engagementer déi d’Lëtzebuerger Regierung mat Nodrock ënnerstetzt.

Zur Finanzkris wëllt ech eng méi allgemeng Remark machen:

Et mussen hei zu Letzebuerg, an Europa an der Welt déi nédeg Léeren aus der Kris gezu ginn. Mir kënnen net esou weider fueren ewéi virdrun an machen wéi wan naischt gewiecht wär. Et kann net sinn, dass d’ëffentlech Hand op der enger Säit Milliarden an d’Banken stecht fir se ze retten, wann op der anerer Säit awer monter Bonien an Milliounenhéischt ausbezuelt gi. D’Banken hunn déi primär Aufgab, der Economie ze dengen, an dofir Krediter zur Verfügung ze stellen. Anersäits ennerstetzen mir op europäeschem an internationalem Plang och all Bestriewungen déi derzou féieren, t’Banken esou ze enkadréieren, datt se keng exzessif, hir egen Exsistenz an Fro stellend Risikoen huelen déi eleng der Profitmaximiséierung dengen. Déi Entwecklung wéi mir se virun der Kris haaten dierf sech net erëm widerhuelen.

International Handelspolitik

Esou wéineg et d’EU sech ka leeschten, Barrièren no bannen ze toleréieren, esou wéineg kann si sech no baussen erlaben, datt et zum Retour vun engem blannen Protektionismus kënnt.

D’Europäesch Unioun ass de weltwäit gréissten Handelsblock: ee Fënneftel vum weltwäiten Handel mat Gidder geet op de Kont vun der EU. Wa mir just vum Commerce vun den Servicer schwätzen (also beispillsweis den Transport, d’Logistik oder d’Telekommunikatioun), dann gesäit een, datt d’EU, mat engem Undeel vu 27%, déi weltwäit gréissten Exportateur ass; nach virun Amerika a Japan. Am weltweiten Verglach sinn et och déi europäesch Betrieber, déi am meeschten am Ausland investeieren. Op där aanerer Seit, get een Drëttel vun allen net europäeschen, auslänneschen Investitiounen an der europäescher Unioun réaliseiert.

Dat heescht och, datt keen anere Maart méi offen ass, wéi deen vun der Europäescher Unioun. D’EU hält hir Dieren weiderhin grouss op, fir Importer an Investitioune aus Drëttlänner! An Zäiten, wou verschidde Regierungen sech dozou verleeden loossen, nei Handelsbarrieren opzeriichten a versichen, hir Länner géint auslännesch Konkurrenz ze protégéieren oder carrément ofzeschotten, ass dat en Zeechen, wéi eescht a verantwortungsbewosst mir als Unioun eis Roll als gréissten Handelspartner huelen! Doduerch weisen mir als Unioun, datt eis gemeinsam Handelspolitik net op kuerzfristeg an, jee nodeem, kuerzsiichteg Virdeeler aus ass. Vill méi maachen mir eis och Gedanken doriwwer, wéi sech dësen Politikberäich kann op d’Entwécklungsprozesser vun eisen Handelspartner auswierken.

Mä wat ass konkret an der Lescht op dësem Feld geschitt?

D’Europäesch Unioun huet dësen Oktober e wichtegt Freihandelsofkommes mat Südkorea ofgeschloss. Doniewent huet d’Europäesch Unioun mat Kanada ugefangen ze verhandelen, fir datt eis Betriber och bei eisen kanadeschen Frënn e besseren Zougang op de Marché kréien. Schliisslech verhandelt d’europäesch Kommissioun am Numm vun den 27 Memberstaten sougenannten Associatiounsofkommen mat Länner an Mëttel- a Südamerika. Och an Asien iwwerpréift d’EU, wéi eng Länner dee gréissten Interessi hunn an mat wéi engem Handelspartner et am meeschten Sënn mécht, e bilateral Freihandelsofkommes ofzeschléissen.

Et ass ze ënnersträichen, datt d’Europäesch Unioun am Kader vun dësen Ofkommen versicht, den Handel tëschent de Länner aus den jeeweilegen Regioun ze förderen. Doduerch wëllen mir déi regional Zesummenaarbecht – an anere Wieder – déi regional Integratioun verstärken. Doniewent kréien d’Entwécklungslänner am Kader vun dësen – an aneren handelspoliteschen – Ofkommen déi néideg Hëllef zur Verfügung gestallt, déi hinnen et erlaaben, hir Wirtschaftsstruktur esou unzepassen, datt si konkurrenzfäeg Wueren a Servicer kënnen ubidden. Gläichzäiteg huelen mir als Unioun selbstverständlech Rücksicht op déi spezifesch Stäerkten a Schwächten vun dësen Länner a mir loossen hinnen genuch Zait, fir hir Grenzen no an no fir eis eegen Wueren opzemaachen. Allerdéngs setzen mir als EU als Konditioun viraus, datt dës Länner d’Mënscherechter respektéieren an dat net nëmmen um Pabéier! Ass dat net de Fall, dann kann d’EU déi handelspolitesch Virdeeler aussetzen, ewéi z.B. am Fall vun Sri Lanka, wou et zou uergen Menschenrechtsverletzungen komm ass.

Duerch esou eng Approche, déi Handel an Hëllef sënnvoll mateneen kombinéiert, sinn mir iwwerzeegt, datt grad d’Entwécklungslänner am beschten kënnen déi Chancen notzen, déi d’Unioun hinnen am Kontext vun der europäescher Handelspolitik erméiglecht.

Dëst sinn nëmmen e puer Beispiller vun der gemeinsamer europäescher Handelspolitik, déi sech als grouss Zil setzt, d’Konditiounen fir wirtschaftlechen Wuesstem an domadder d’Schafen vun Aarbechtsplazen ze verbesseren. Gläichzäiteg suergt d’EU dofir, datt grad déi äermsten Länner, doduerch, datt si besser an den weltwäiten Handel agebonnen ginn, iwwert déi néideg Mëttele verfügen, fir hiren eegenen Entwëcklungsmodell esou ëmsetzen, datt déi meeschte Leit an deenen Länner eppes dovunner hunn.

Ech wëll an dësem Zesummenhang awer nach eng Kéier betounen, datt d’Europäesch Unioun eng Rei vu speziellen Programmer, Instrumenter a Moossnamen virgesäit, déi deenen äermsten Länner et erméiglechen hir Wueren, grad déi aus der Landwirtschaft, ouni Aschränkungen op den europäeschen Maart ze bréngen. Esou ginn et zum Beispill säit dësem 1. Oktober nei Regelen, fir Zocker aus Afrika, der Karibik oder aneren Staaten aus der Pazifikregioun ze importéieren: duerch dës Reegelen hunn dës Länner et méi einfach, fir hiren Zocker hei bei eis ze verkafen. Doniewent kënnen och all aner Produkter (ausser Waffen) –am Kader vun deenen sougenannten „Everything but arms“-Reegelen – aus deenen äermsten Länner zollfrai an ouni quantitativ Aschränkung an Europa importéiert ginn. Ënnert dësem Regime huet d’EU am Joer 2008 Wueren fir insgesamt 5,8 Milliarden EURO aus deenen äermsten Länner importéiert.

D’Staats- a Regierungschefen aus Europa hunn dann och op hirem informellen Treffen vum 17. September de G-20 invitéiert, déi selwecht Reegelen (wéi d’EU) zu Gonschten vun deenen äermsten Länner gëllen ze loossen an zwar direkt: well et sinn grad déi Schwächsten, déi an onsécheren Zäiten ewéi dësen, dee gréissten Misère hunn. Dës Beispiller weisen, wéi eescht d’EU hir Verantwortung hëlt als den weltwäit gréissten Handelsblock; eng Verantwortung, déi grad och vis-à-vis vun den Entwécklungslänner, elo nach méi wéi jee, néideg a wichteg ass!

Grad haut, wou d’FAO-Konferenz – der Welternährungskonferenz vun der UNO – zu Rom tagt, erlaabt mer drop opmierksam ze machen, datt bei den Millenium-Ziler vun 2000, déi als Zil haaten d’Armut bis 2015 ze halbéieren, deemols 800 Milliounen Léit dag fir dag géint Honger an Duscht ze kämpfen haaten. Haut sinn et der iwwert eng Milliard!

Den Zer ass also viru gelaaf, a net zereck. Fir d’Weltgemeinschaft ass dëst zu engem riesegen Challenge, wou Lëtzebuerg, d’EU, d’ONU sech staark machen musse fir dës Entwecklung emzedreinen.

Doha-Ronn

Ech bedaueren, datt et bis elo net méiglech war, déi sougenannten Doha-Ronn am Kader vun der Welthandelsorganisatioun ofzeschléissen. Et ass Schued, well et sinn virun allem déi aarm an déi äermsten Länner, déi am meeschten dorënner leiden, datt dës Verhandlungen nach net konnten ofgeschloss ginn. An dat an engem Ament wou den Welthandel, bedéngt duerch Wirtschaftskris, vun August d’lescht Joer bis dësen August ëm ganzer 18% erofgaangen ass. Grad an esou enger Situatioun kann d’Europäesch Unioun net d’Hänn an de Schous leeën an op besser Zäiten waarden.

Et ass elo un allen Bedeelegten, virun allem awer un den entwéckelten Länner an deenen sougenannten „économies émergentes“, den opstriewenden Entwécklungslänner (also Länner wéi China, Brasilien, Indien oder Südafrika), fir déi lescht Efforten ze ënnerhuelen, déi néideg sinn, fir zu engem gudden Ofschloss vun der Doha-Ronn ze kommen.

Liberaliséierung vum Handel am Kader vun der OMC heescht awer och, datt mir eis als Weltgemeinschaft eens sinn, datt den Handel tëschent de Länner en Deel vun der Léisung an net en Deel vum Problem ass, wann ët drëms geet, déi global Erausfuerderungen zesummen ze meeschteren; sief dat de Klimawandel, den Honger op der Welt oder d’Migratiounen.

Europa a Lëtzebuerg sinn net nëmmen gefuerdert wann et ëm déi global Problemer an dëser Zäit geet. Een direkten an konkreten Asaz ass néideg fir déi Länner déi an eiser direkter Noperschaft sinn. An och do gëllt et Institutiounen ze verstäerken, Regelen ze adoptéieren an ze respektéieren. Déi fundamental Viraussetzungen fir den europäeschen Integratiounsprozess sinn och pertinent fir Stabilitéit an ekonomeschen Wuesstem bei eisen Noperen ze bréngen.

***

Balkan

Eischt Beispill ass natierlech de Balkan.

Mir wëssen hei all wéi wichteg dës Géigend ass a wat d’konkret Auswierkungen op Europa kënnen sinn vun den Entwécklungen an deene Länner.

D’europäesch Aussepolitik ass zwar net um Balkan gebuer ginn, mä si ass mat Sécherheet um Balkan grouss ginn. Och dofir bleift dës Géigend fir d’Kredibilitéit vun der europäescher Aussepolitik esou wichteg. D’Joer wat elo op een Enn geet wor ee ganz wichtegt fir de Balkan, mä dat Joer wat elo virun der Dier steet, gëtt ee kruzialt Joer.

Wichteg wor et, well an deene leschten 12 Méint zwee Länner vum Balkan – Montenegro (Dezember 2008) an Albanien (Abrëll 2009) – hier EU-Kandidatur ofginn hunn. Et ass domatter ze rechnen, dat och Serbien dëse Schrëtt gläich wäert maachen.

Leider konnten den Associatiounsofkommen an den "Accord intérimaire" tëschent der EU an Serbien nach net a Kraaft trieden. Et wär staark ze begréissen wann all eis EU-Partner endlech déi néideg Schrëtt zum Ratifizéieren giffen huelen.

FYROM, dat schons méi laang de Kandidaten-Statut huet, kann op Grond vum enger positiver Evaluatioun vun der Kommissioun rechnen, datt elo d’Bäitrëttsverhandlunge geschwënn kennen ufänken. Fir Kroatien stinn no dem Accord mat Slowenien d’Perspektiven no méintelaange Blockagen erëm besser fir un een Ofschloss ze denken. Héi ass d’Zesummenaarbecht mat ICTY zu Den Haag extrem wichteg, wann net entscheedend fir ee séiere Fortgang vum Adhésiounsprozess.

Mam néie Lissabon-Vertrag hu mir elo och den institutionelle Kader, dee mir fir weider Erweiderunge gebraucht hunn. Et ass awer net esou, datt all déi Länner muer schon an d’EU géife kommen. Mä hir Beméiungen fir an déi europäesch Famill opgeholl ze ginn, kënnen a musse Eescht geholl ginn. Et ass eng historesch Pflicht an ee Versprieche wat mir hinnen 2003 zu Thessaloniki gemaach hunn.

Vum 19. Dezember 2009 un, wäerten viraussiichtlech d’Awunner vun 3 Balkan-Länner – FYROM, Montenegro a Serbien – ouni Visa am Schengen-Raum kënnen zirkuléieren. Et ass dëst eng wichteg Moossnam, déi Lëtzebuerg aktiv ënnerstëtzt huet. Mir gleewen nämlech datt de Mentalitéitswiessel, deen an där Géigend esou dréngend noutwenneg ass, nëmme kann stattfannen, wann speziell d’Jugend aus deenen Länner sech duerch Reesen an eisen Länner emkucken kann.

Relativ positiv wor och d’Entwécklung am Kosovo. Virun e puer Deeg hunn do Regionalwahlen (15 November) stattfonnt. Et sinn déi éischt Wahlen, déi säit der Onofhängegkeetserklärung konnten ofgehal ginn. Déi albanesch-kosovaresch Autoritéiten hunn alles gemaach fir datt hir serbesch Matbierger un dëse Wahlen Deel huele konnten. De Fait datt sech iwwer 30 serbesch politesch Gruppéierungen ageschriwwen haten ass eng positiv Entwécklung. D’Sécherheetslag huet sech och wäitgehend berouegt a Serbien huet sech un säi Versprieche gehalen, d’Kosovo-Fro wëllen iwwert friddlech an diplomatesch Weeër ze léisen. Natierlech kennen mir net vu Belgrad verlaangen, datt et de Kosovo vun haut op muer unerkennt. Sou ee Schrëtt brauch vill Zäit.

Ufanks Dezember (1.-11. Dezember) wäerte virum Internationale Geriichtshaff zu Den Haag déi sougenannten „oral hearings“ ufänken : d’Cour ass gefroot ginn en Avis iwwert d’Légalitéit vun der Onofhängegkeetserklärung vum Kosovo auszeschaffen. Lëtzebuerg hat am Virfeld e schrëftleche Kommentar eragereecht, an deem mir den onofhängege Kosovo ënnerstezt hunn. Mam Avis ass Mëtt 2010 ze rechnen.

Trotz deene ville méi positiven Entwécklungen, ass nach laang net alles roseg am Balkan. Déi international Wirtschaftskris huet och déi fragil Balkan-Economien staark getraff, an d’Gefor dat d’Rezessioun déi eng oder aner Regierung kéint destabiliséieren ass net auszeschléissen .

A Bosnien, dësem Balkan am Balkan, hunn déi néideg Reformen leider bis ewell op sech waarde gelooss. Spannungen zwëchen Vertrieder vun deenen dräi Vëlker sinn erëm verstäerkt opkomm an mir sinn nach weit ewech vun engem viabele Staat. An dësen Deeg sollen ënnert EU-Mediatioun weider Verhandlungen zu Butmir lafen fir d’bosnesch Politiker ze iwwerzeegen hier Divergenzen op der Säit ze loossen an sech fir een eenheetlechen Staat anzesetzen. Dëst ass ëmsou méi wichteg wéi d’nächst Joer Legislativ-Wahlen stattfannen solle. Fir’t Bosnier virun hir Verantwortung ze stellen, muss och de Büro vum Héigen Vertrieder (Office of the High Representative – OHR) zougemaach ginn an seng Pouvoiren ënner d’Verantwortung vun den bosneschen Autoritéiten gestallt ginn. Eventuell Bäitrëttsverhandlunge mat der EU kënne just mat engem Land gefouert ginn, deem seng intern Situatioun gekläert ass.

Albanien

Wéi nuancéiert d’Progrèsen am Balkan sinn, weist sech och um Beispill vun Albanien. Albanien huet, wéi gesoot, seng EU-Kandidatur déposéiert an ass dëst Joer am Abrëll Member vun der NATO ginn. An dach goufen et och hei manner positiv Entwécklungen: d’Legislativ-Wahlen, déi am Juni stattfonnt hunn, hunn nach net 100% den internationalen Normen entsprach a suergen fir Opreegung an der Oppositioun, déi am Moment d’Parlament boykottéiert.

Och an der Visa-Liberalisatioun wäert Albanien, esou wéi Bosnien, nach waarden mussen. Béid Länner konnten an deem Dossier den Uspréch vun der Kommission net gerecht ginn. Et ass wichteg déi zwee Fäll ze ënnersträichen : si beweisen ganz kloer datt d’Unnäherung un d’Unioun keen automateschen Prozess ass mä datt d’Balkanlänner natierlech hier Hausaufgaben ze maachen hunn, selbstverständlech mat eiser Hëllef.

Vill vun deene positiven Entwécklungen sinn der EU ze verdanken, keng vun deene Problemer, déi nach opstinn, sinn ouni de politesche Wëllen vun de Länner vum Balkan an der Hëllef vun der Union ze léisen. Ouni eng reell europäesch Perspektiv kennt et laangfristeg net zu engem stabillen Balkan.

Lëtzebuerg huet am vergaangene Joer säin Deel bäigedroen. Bilateral hunn mer eis Kooperatiounsprojete weidergedriwwen, politesch hu mir all proeuropäesch Regierung an der Regioun ënnerstëtzt. Multilateral hunn mir un Wahlobservatiounsmissiounen partizipéiert an aktiv un Missiounen -- ob KFOR oder EULEX – Deel geholl.

***

Europa a seng Noperen

Esou wichteg den Balkan och ass fir Europa, et ass natierlech net déi eenzeg Géigend wou den europäeschen Model vun Gouvernance Positives kann - an muss – bewierken.

Eng stabill Noperschaft ass wesentlech fir e stabillt Europa. Dofir ass et besonnesch wichteg datt mir an Europa enk zesumme schaffen mat eisen direkten Noperen, am Süden grad esou ewéi am Osten. Och hei mussen mir eist dozou bäidroen fir dat Institutiounen geschafen ginn, an Regelen adoptéiert ginn, déi noutwendeg sinn, net nëmmen fir de Krich ze verhënneren mä och fir Demokratie, Rechtstaatelechkeet an Wuesstem ze erméiglechen.

Am Juni dëst Joër hunn mir e Schratt a Richtung stabil Noperschaft gemaach, mat der Grënnung vum sougenannten „Partenariat oriental“ tëscht der EU an hieren 6 ëstlechen Noperen: Wäissrussland, Ukraine, Moldawien, Georgien, Armenien an Azerbaidjan.

Déi verschidden Aarbechtsgruppen vum Partenariat sinn scho virum Summer ugelaf. Konkret Projeten sinn an der Maach, fir de Memberen aus dem Partenariat um politeschen an ekonomeschen Plang ze hëllefen. Et geet haaptsächlech drëm an Beräicher wéi der bonne gouvernance, de Menscherechter an der politescher Partizipatioun vun der Zivilgesellschaft ze hëllefen.

Georgien

Och wann nom Konflikt vum August 2008 Georgien haut net méi am Zentrum vun der politescher Aktualitéit steet, esou verfolgen mer d’Aktualitéit dach ganz genee.

Déi international Enquêtekommissioun, déi och ënnert anerem ënnert Drock vu Lëtzebuerg zu stanekomm ass, huet bewisen, datt d’Ursaachen vum Konflikt am Summer 2008 net sou schwaarz a wäiss waren wéi déi 2 Haaptacteuren dat ëmmer wollten duerstellen. Vill vun eis EU-Aussenministeren luche richteg wéi se gesoot hunn, datt Georgien de Konflikt déclenchéiert huet a Russland iwerproporzional reagéiert huet.

D’Situatioun a Georgien ass haut méi stabill wéi nach virun engem Joer, wat zum groussen Deel der Europäescher Unioun ze verdanken ass. Déi Beobachtungsmissioun vun der EU – déi sougenannt EUMM –ass weiderhin present um Terrain mat iwwer 300 Léit, dorënner och 2 Lëtzebuerger.

Déi international Diskussiounen déi zënter Oktober 2008 zu Genève stattfannen sinn och weiderhin immens wichteg fir dauerhaft Léisungen fir Georgien, grad wéi och fir déi 2 Regiounen Süd-Ossetien an Abchasien, ze fannen. Zu Genève sinn och schon éischt Resultater erzielt ginn, wéi z.B. d’Kreatioun vun engem Fréiwarnsystem fir potentiell nei Ausbréch vu Gewalt kënnen ze entschäerfen. D’Ziel vu sou Moossnamen ass fir d’Vertrauen tëschent den Géigner vun 2008 lues a lues rëm opzebauen a fir ze verhënneren, dat et erëm zu Gewalt kennt.

D’Stabilitéit muss weider gefestegt ginn am Kaukasus, virum allem duerch demokratesch a wirtschaftlechen Fortschrëtt. Do muss an eisen Aen nach vill gemaach ginn a Georgien, besonnesch fir den politeschen Dialog tëscht der Regierung an der Oppositioun ze verbesseren, mä och fir de Wahlsystem, d’Justiz, Pressefräiheet an d’fräi Meenungsbildung ze demokratiséieren.

Ukraine

Nieft Georgien ass et awer virun allem d’Ukraine déi mer net dierfen aus den Aen verléieren. D’Ukraine, mat senger Gréisst a senge bal 50 Milliounen Awunner ass e Land mat énormem Potential wat eng ganz wichteg Roll spillen kann, a seng Noperen positiv beaflossen kann.

D’Ukraine ass leider zënter Joeren duerch politesch Instabilitéit geplot, mä d’Hoffnung datt d’Présidentewahlen am Januar dat wäerten änneren ass grouss op ukrainescher, wéi och op europäescher Säit. Déi Reformen déi d’Ukraine batter néideg huet fir sengem Potential gerecht ze ginn, musse mir weiderhin ënnerstëtzen. Mir si prett fir d’Ukraine op sengem Wee tatkräfteg zur Sait ze stoen.

Russland

D’Relatiounen mat de Länner vum Partenariat oriental sinn natierlech net ze trennen vun den EU-Russland Relatiounen. Ech well hei nach emol ënnersträichen datt Russland kee Veto-recht huet iwwert de Wee deen Länner wéi Georgien an d’Ukraine aschloen wëllen. Mä et ass wesentlech datt och den russeschen Bedenken Rechnung gedroen gett fir d’Stabilitéit an d’politesche Gläichgewiicht an eiser Regioun net muttwëlleg op d’Spill ze setzen. D’Relatiounen tëschent der EU a Russland sollen op gemeinsame Wäerter an Interessien, an net op Mësstrauen baséieren. Dat selwecht trëfft zou fir d’Relatiounen tëschent der Nato a Russland.

Et ass duerfir emsou méi positiv datt d’Relatiounen tëschent der Europäescher Unioun a Russland sech an dësem leschte Joer no der schwiereger Period vun der Georgien-Kris 2008 erëm normaliséiert hunn. D’Europäer schaffen elo erëm méi konstruktiv mat Moskau un der Bewältegung vun de groussen Erausfuerderungen, virun deene mir all zesumme stinn an déi mir och zesumme mussen ugoen wa mir se wëllen zum Wuel vun de Populatiounen op béide Säiten meeschteren. Ech denken do natierlech virop un d’Weltwirtschaftskris, un de Klimawandel an un d’Sécherheet um europäesche Kontinent.

Et wäert jidderengem aliichten, datt dës Sujeten nëmmen kënnen zefriddestellend behandelt ginn, wann sech d’EU a Russland wéi zwee Partner verhaalen.

Et ass dofir ze begréissen, datt d’EU a Russland dëst lescht Joer grouss Fortschrëtter konnte maachen fir d’Verhandlungen vun engem neien Kaderoofkommen, dat d’Relatiounen laangfristeg festegen an hiren Ausbau erlabe wäert. Béid Säiten versprieche sech vun deem neien Accord eng zollitt Basis fir eng méi déif Kooperatioun an deenen nächste Joeren, eng Kooperatioun, duerch déi mer d’Vertrauen, eng wichteg Grondlag an all Bezéiung, weider zementéieren kënnen.

Zu enger strategescher Partnerschaft an deem domat verbonnene Vertrauen gehéiert och, datt een Divergenzen oppen a konstruktiv kann uschwätzen. Mir hunn d’Gefill, wéi wann mir dat mat Moskau kéinte maachen. Ech begréissen dem President Medvedev séng Déclaratiounen, no deenen d’Mënscherechter, d’Demokratie an d’Rechtsstaatlechkeet –alles Punkten, bei deenen ouni Zweifel nach Defiziter bestinn – a Russland wesentlech gestäerkt misse ginn. Et ass am Dialog mat Russland wou d’EU kann hëllefen, déi Zieler um Terrain ëmzesetzen.

Ech hun et schon gesoot: Russland ass a bleift e wichtege Partner och a Froen vun der Reform vum Weltwirtschaftssystem, grad sou wéi a Froen vum Kampf géint de Klimawandel. D’EU zielt dofier drop datt Russland seng Gestaltungskraaft an déi domat verbonnen Responsabilitéiten am G20 sou gut wéi am Kader vun de Kopenhagen-Diskussiounen erkennt an unhëlt.

A Sachen europäescher Sëcherheetsarchitektur, déi op Ureegung vum President Medvedev am Kader vun der OSZE – awer och an der EU, an der NATO an an aneren Foren – analyséiert get, si mir d’accord datt mir eise Sëcherheetskader an Europa kënnen a mussen verbesseren. Dat heescht net, datt mir bestehend Strukturen iwwer Bord solle geheien. Am Géigendeel, mir sollen op hinnen opbauen an si verdéiwen. D’OSZE huet als Kader dee Virdeel, Russland an eng Rei aner Staaten, déi och net Member vun der EU a vun der NATO sinn, a voller Transparenz a Gläichberechtegung an déi Diskussiounen mat anzebezéien. Mir hoffen deemno, datt dee sougenannte Korfu-Prozess besonnen weidergefouert get a Verbesserungsfierschléi produzéiert, déi am Interessi vun alle Parteien zur Sécherheet op eisem gemeinsame Kontinent bäidroe wäerten. Et geet drëms Sécherheet an Europa mat Russland opzebauen, an net géint Russland. Dat selwescht sollt emgedréit a Russland de Geescht vun der politescher Zesummenarbecht mat der EU sinn.

Op engem méi vaste Plang ass et natierlech och kloer, datt Russland, duerch säin politescht Gewiicht a séng Plaz als permanente Member vum UNO-Sécherheetsroot, op alle Sujeten vun der Welt-Aussepolitik – ech nennen als Beispill just d’Net-Proliferatioun vu Massevernichtungswaffen an déi doruner gebonnen nord-koreanesch an iranesch Dossieren –e Partner wäert bleiwen, mat deem Europa all Interêt huet, zesummen ze schaffen.

USA

De Rapprochement tëschent Russland an den USA ass an dësem Sënn och ze begréissen. D’Discussiounen iwwert den Successeur vum START Traité sinn schon wäit fortgeschratt a béid Länner hoffen, datt et dëst Joër nach kann zu enger Ënnerschrëft kommen. De nuklearen Ofbau ass an onsen Aen e ganz wichtegen Dossier, an t’Signal dat d’Russen an d’Amerikaner schécken wann si decidéieren hiert Arsenal ze verklengeren geet an déi richteg Richtung, notamment och en vue vun den Discussiounen mam Iran an awer och en vue vun der Révisiounskonferenz vum Traité iwwert d’nuklear Prolifératioun, déi am Mee 2010 stattfannen wärt.

Déi Entwëcklung ass eng positiv Konsequenz vum politeschen Wiessel an Amerika.

Et ass net ofzestreiden datt déi nei Administratioun vill méi Versteesdemech weist fir d’europäesch Art an Weis d’Problemer unzepaken. En neien Toun gëtt ugewandt an nei Akzenter sinn do. Wierder wéi Engagement, Multilateralismus, Concertatioun an Cooperatioun sinn nees no laanger Zäit am Gebrauch. Et besteet endlech ee Bewosstsinn datt déi international Institutiounen a Regelen mussen verstäerkt ginn - an aner Wierder, eng Verbesserung vun der globaler Gouvernance muss ugestrieft ginn.

Déi nei Grondastellung féiert elo schon zu vill méi Dialog an enger gréisser Konvergenz tëscht der europäischer Unioun an den USA, an dat ass noutwenneg fir eng Chance ze hun d’Erausfuerderungen vun dëser Zäit unzegoen.

D’transatlantesch Relatioun ass schon laang net méi eng Relatioun wou et eleng em Sécherheet an Europa geet. Et geet villméi em d’Kooperatioun an der Welt, fir global Problemer gemeinsam ze léisen. Hei fir brauche mir en éierlechen transatlanteschen Dialog. Dësen Dialog ass an der Vergaangenheet duerch zwee Facteuren limitéiert ginn: Europa war dacks net an der Lag mat enger Stemm ze schwätzen. De Lissabonn Vertrag wäert dofir nei Grondlagen schaafen. Anersäits wor Amerika awer och oft net bereet Europa nozelauschteren. Déi nei amerikanesch Administratioun huet hei fir engourageant Signaler gesat. Ech well dovuner nëmmen dei wichtegst nennen: d’Modifikatioun vun de Pläng fir e Rakeitescheld an Europa deen souwuel der aktueller Bedroung aus dem Iran méi gerecht gëtt wéi och ee méi positivt Klima vis-à-vis vu Russland schaaft. D’Visioun vun enger atomwaffefräier Welt, wéi och d’Ouverture vis-à-vis vun der muslimescher Welt sinn zwar keng Projeten dei kurzfristeg kënne realiséiert ginn, si droen awer mat dozou bei, en neit Klima vu Kooperatioun a Vertrauen ze schafen.

D’Akzeptanz op USA-Säit datt Amerika sech dem globalen Effort géint den Klimawandel muss bedeelegen ass natierlech och bedeitungsvoll.

An dësem Kontext kann een och d’Initiativ fir eng grondleend Gesondheetsreform an Amerika ervirhiewen: et ass dëst e Beispill wéi gesellschaftspolitesch Iddien och den emgedreinte Wee iwwert den Atlantik kënne wanderen. Dës Initiativ versprécht d’sozial Realitéiten op onsen zwee Kontinenter méi no beieneen ze brengen a vlaicht den ideologeschen Discours tëschent Geigner a Verfechter vum europäesche Modell och bei ons ze entschäerfen.

Eng ganz konkret Initiativ wou mir onsen amerikanesche Partner kënne bäistoen, ass d’Zoumachen vum Gefangenelager zu Guantanamo. Lëtzebuerg huet sech bereet erklärt mat finanzielle Mëttelen den Transfert vu Gefaangen no aner Länner ze ënnerstëtzen, an domadder e schwieregt Kapitel an den transatlantesche Relatiounen, deen dem internationalen Rechtssystem souvill Schued verursaacht huet, ofzeschleissen.

NATO

D’transatlantesch Erneierung mecht sech och bemierkbar am Kontext vun der NATO.

Virun 20 Joer, wou d’Mauer gefall ass, hunn vill Leit sech gefroot op mir d’NATO nom Enn vum Kaalen Krich iwwerhaapt nach brauchen. 20 Joer no der Vereenegung vun Europa, bleift d’NATO weiderhin een zentralen Akteur wann et drëm geet Sécherheet an Stabilitéit ze assureieren.

D’Ëmfeld an deem d’NATO sech placéiert an operéiert ass allerdings haut anescht. D’NATO ass net méi eng reng militäresch orientéiert Organisatioun.

Haut sinn mir mat neien Geforen konfrontéiert - Instabilitéit vu schwaachen oder zesummengebrachene Staaten, Attacken iwert d’Internet, Energie-Sécherheet, Piraterie – Geforen déi kéng Grenzen kennen, déi ausserhalb vun den Grenzen vun der NATO entstinn an eis Bierger an eisen sozialen an politeschen System bedréien.

Virun engem Mount ass zu Lëtzebuerg mat der Bedeelegung vun der Madame Albright den eischten vun enger Serie vun Séminairen lanceiert gi déi sollen dozou bäidroen een neit strategescht Konzept fir d’NATO ze entwéckelen.

Dat neit stratégescht Konzept soll um NATO Sommet am Hierscht 2010 zu Lissabon virgeluecht ginn. Dëst wäert der NATO d’Äntwerten liwweren op déi nei Erausfuerderungen vum 21ten Joerhonnert.

Südlech Noperen

D’Froen vun der Gouvernance an vun der Stabilitéit stellen sech natierlech net nëmmen östlech vun der EU. D’Situatioun vun eisen südlechen Noperen verlaangt och eisen Engagement.

Ech well Iech net enthaalen datt de Rhythmus vun de Reformen héi net an alle Beraïcher eisen Hoffnungen entsprach huet, wéi zum Beispill am Beraïch vun der Demokratiséierung an der Promotioun vun de Mënscherechter, wou mir ganz gären e méi resolutt Engagement a verschiddene Länner gesin hätten. Mir wärten eis och weiderhin dofir asetzen datt dësen wichtegen Aspekt an eise Relatiounen mat deene Länner net ze kuerz kënnt, dëst net an deems mir deene Länner wëlle vun uewen erof Lektiounen erdeelen, mee an engem konstruktiven Dialog mat hinnen.

Wat déi multilateral Zesummenarbecht mat der südlecher Noperschaft vun der EU ugeet, esou hunn verschidde Faktoren, dorënner virun allem de Konflikt an der Gazastraïf, et verhënnert datt d’Unioun fir d’Mëttelmier sech konnt esou entwéckelen wéi dat erward ginn ass. Sämtlech Aktivitéiten vun dëser Partnerschaft sinn a Reaktioun op de Gazakrich vun eisen arabeschen Partneren agefruer ginn, wat eng Première ass zenter 1995. Den groussen Atout vum Barcelona Prozess war ëmmer deen, datt onofhängeg vun der Situatioun am Noen Osten, en een Forum gebueden huet, wou all Parteien sech treffen an discutéieren konnten. D’Mëttelmierunioun ass also direkt betraff vum Gazakonflikt an et wärt nach eng Réi Méint haart Arbecht kaschten bis mir dës Partnerschaft nees op de Gleisen hunn.

Och hunn déi verschidden institutionnel Erneierungen, déi d’Schaafe vun der Mëttelmierunion mat sech bruecht huet, bis elo nach net déi gewënschten Effekter erzielt. Déi nei Architektur vun der euro-mediterraner Partnerschaft ass méi komplex ginn, esou wéi och d’Entscheedungsmechanismen, an d’Sekretariat vun der Unioun, waat e Kärsteck soll bilden an der Ëmsetzung vun de Projekten ass nach net operationnel. Lëtzebuerg wärt sech op jiddwer Fall dofir asetzen datt d’EU als solcht en Akteur an dëser Partnerschaft bleift, mat all den Memberstaaten, déi vum Mëttelmir an awer och déi aner.

Am Laaf vum vergangene Joër konnt Lëtzebuerg saï Profil an Nordafrika, dem Noën a Mëttleren Osten weider schärfen, sief et um politeschen oder um ekonomesche Plang. Dozou hu net nëmmen déi sëllechen bilateral Kontakter tëschent Ministeren um Rand vun internationale Treffen baïgedroen, mä och d’Reesen déi vun den verschiddenen Memberen vun der Regierung an dës Géigend ënnerholl goufen. An ménger Kapazitéit als Ausseminister haat ech dëst Joër d’Gelegenheet a Syrien, Tunesien an an den Oman ze reesen. Desweideren haat ech eng sëllechen bilateral Gespréicher ënner anerem mat mengen Homologen aus Israël, dem Iran an dem Qatar.

Ech war ëmmer der Iwerzeegung datt een den Dialog muss sichen, och a virun allem mat Länner déi net déiselwecht Prioritéiten verfolgen ewéi een selwer. Dëst ass net ëmmer einfach, d’Entwécklungen sinn oft lues a schwéierfälleg an et ass eréischt iwert e gewëssenen Zaïtraum wou ee kann eng Verbesserung feststellen. D’läescht Joër nach hunn ech hei op dëser Tribun gesot et misst een Syrien als Deel vun der Léisung betruechten an ech hunn mech dofir agesaat fir den Dialog mat dem Land ze sichen. Esou ware mir net onzefridden doriwer datt anerer an der EU sech deem ugeschloss hunn an datt elo erëm eng méi enk Zesummenarbecht mat deem Land ugestrieft gët. Mir hunn kloer Erwaardungen un Syrien, Erwaardungen déi sech am beschten an engem méi intensiven a strukturéierten Dialog ausdrecken loosen.

Et ass iwerdeems och kloer datt deen Dialog kee Selbstzweck soll sinn. D’Partneren an engem Dialog hunn kloer Erwaardungen unenneen, a wann dës net erfëllt ginn iwert e längeren Zaïtraum, respektiv wann den Dialog net duerzou baïdréit daat néidegt Vertrauen ze schaafen dat fir eng méi enk Zesummenarbescht néideg ass, dann soll den Dialog mat méi konkreten Uraïzer verbonne ginn. Esou wéi am Fall vum Iran, wou mir eng doubel Approche hunn. Engersäits haalen mir um Dialog fest andeems mir dem Iran eng Rei vun Kooperatiounsméiglechkeeten proposéiert hun am Fall wou hien eisen Bedenken wat saïn Nuklearprogramm ugeet Rechnung dréit.

Op daer anerer Saït huet d’international Gemeinschaft eng Rei vu Moossnahmen geholl fir dem Iran ze verdaïtlechen datt säi Behuelen och e Präis huet. Lëtzebuerg dréit saïn Deel dozou bei an deem et déi Mesuren déi am Kader vun der ONU décidéiert goufen och hei am Land eent zu eent ëmsëtzt. Et duerf kee Wee um Respekt vun den jeweilegen UN-Secherheetsroot Resolutiounen laanscht féieren.

Eng nei Propose ass dem Iran am Kader vun der AIEA ënnerbreet ginn an et bleift ze hoffen datt den Iran dës Offer unhelt, an datt lues a lues doduerch d’Vertrauen erëm kann hirgestallt ginn. D’soll ënnerstrach gin dat déi nei Propose net nëmmen vum Westen gedroen gët mä mat dem aktiven Engagement vun Russland entstaan ass. Vill Zäit bleift net méi fir weider Sanktiounen ze verhënneren an ech hoffen den Iran ass sech däers bewosst.

Den Dialog iwwert dem Iran säin kontroverséierten Nuklearprogramm soll d’Menscherechtssituatioun an dem Land net vergiesse doën. Déi Demonstratiounen déi am Iran no de Präsidentschaftswahlen ausgebrach sinn hun eng ganz Rei vun Froën opgeworf, déi bis haut nach net zefriddestellend beäntwert sinn. Ech hun selwer dem iraneschen Aussenminister zu New York am September gesoot, datt déi barbaresch Stengegungen an Exécutiounen net méi an dest Joerhonnert gehéieren. Och wärte mir net zécken, eis weiderhin fir d’Mënscherechter an dësem Land anzesetzen, sief et am direkten Dialog, oder am Kader vun der UNO.

Den israelesch-palestinensesche Konflikt

Konnt ech d’lescht Joër nach hei op dëser Tribün vun engem virsichtegen Optimismus schwäetzen, esou huet sech d’Situatioun am Noën Osten op dramatesch Art a Weis verschlechtert. En neie Krich huet d’Regioun heemgesicht deen onendlecht Leed iwwert d’Gazastraïf bruecht huet. Ech haat Gelegenheet den 21. Januar hei am Héigen Haus an enger Erklärung de Standpunkt vun der Regierung zu dem Konflikt duerzeleen. Et ass ganz kloer datt Israel d’Recht muss hunn sech a seng Bierger géint all Form vun Attacken ze schützen. Wann mir d’Rakéitenugreff aus Gaza op Israël also kloer verurteelt hunn, esou hunn ech och déi intensiv Bombardementer vun der israelescher Arméi op Wunnquartieren zu Gaza zudéifst verurteelt. Israel huet kloer am Gazakrich duerch d’Militäraktioun internationalt Recht verletzt.

Ween de Goldstonebericht gelies huet, wees mat wéi engen Mëttel opéréiert ginn ass. Et ass zu uergen Verstéiss géint humanitärt Recht komm, dorënner ondiskiminéiert Attaken géint Zivilisten an zivil Installatiounen. Mir hun zesummen mat eisen europäesche Partneren d’Konfliktparteien dozou opgefuerdert datt déijeneg déi internationalt Recht verletzt hunn, dofir zu Rechenschaft gezu ginn. Eng vun eisen Prioritéiten an der Menscherechtspolitik ass d’Impunitéit ze verhënneren, an do duerf keng Ausnahm gemaach ginn. D’UNO rifft d’Konfliktparteien op innerhalb vun draï Méint kredibel an virun allem onofhängeg Ennersichungen vun dësen uerge Verstéiss an d’Wéer ze leeden, esou wéi daat an der dëssbezüglecher Resolutioun vun der UNO-Vollversammlung gefuerdert ginn ass.

Ech hätt mer gewenscht, datt mer als EU eng gemeinsam Positioun beim Vote a Sachen Goldstone-Rapport an der UNO d’lëscht Woch hätten kënnen anhuelen. Mir ware mat der palestinensescher Autoritéit ganz no derbei. Schliesslech sinn mer un engem Wuert gescheitert.

Vill EU Memberlänner, och Lëtzebuerg, hu gemengt et sollt een de Goldstone Rapport a Rechnung huelen „take into account“, waat den Palestinänser lang gepasst huet, bis à la fin du compte se op Drock vun eenzelnen arabesche Länner de Rapport „endosséieren“ wollten.

Lëtzebuerg wor mat 14 aneren EU-Länner – der EU-Présidence Schweden, Frankräich oder d’Belge z.B. – bei der EU-Majoritéit déi sech dun enthaalen huet. D’Palestinänser hunn nom Vote deene Länner Merci gesoot, déi mat hinne gestëmmt hunn, mee och deene déi sech enthaalen hunn, also hunn se Versteesdemech opbruecht fir eis Argumenter.

Lëtzebuerg hëllt dësen Rapport extrem Eescht an engagéiert sech fir datt en déi Suite kritt, déi e verdengt an déi e brauch fir datt esou Evenementer sech net widerhuelen. Waat Israël ugeet, wéilt ech de fréieren Israeleschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, Avi Primor, zitéieren deen an der Süddeutschen geschriwwen huet, séi Land kënnt sech net all Joer ee Krich leschten, an den Goldstone-Rapport komplett ofwéisen, wier e grousse Fehler. Dëst ass eng staark Ausso, déi net komplétéiert brauch ze ginn.

Waat d’Palestinänser ugeet, ass ze hoffen, datt den interpalestinänseschen Dialog d’Réconciliatioun vum Fatah a vum Hamas esou séier ewéi méiglech Kontoure kritt. Gewalt, Haasspriedegen, Intoleranz si keng Wéer déi dem palestinenseschen Vollëk a sengen Interessen denglech sinn. Den Goldstone-Rapport deckt kloer déi inakzeptabel Methoden vum Hamas op; Methoden wou Terror absolut Prioritéit huet, wou Menschen als Schutzschelder benotzt ginn, sinn ouni Restriktiounen kondanabel an mussen och bestrooft ginn.

Ech well awer hei och déi aktuell tragesch Situatioun an der Gazastraïf uschwetzen. Déi illegal israelesch Blockade vun dem Territoire fuerdert do weiderhin e schwéieren Tribut vun der Zivilbevölkerung. Ech kann hei nëmmen maïn Opruff un d’israelesch Regierung erneieren fir d’Grenziwergäng zu Gaza direkt an onkonditionnel fir all Zort humanitär, kommerziell Gidder an Persouneverkéier opzemachen. Et ass net hin ze huelen datt déi Leit virum Abroch vum Wanter nach ëmmer mussen a Ruinen wunnen an datt hinnen all Perspektiv geholl gët fir hier Liewenskonditiounen ze verbesseren. Dëser kollektiver Bestroofung muss en Enn gesaat ginn.

Wat de Friddensprozess ugeet, ass et mir onverständlech datt déi nei israelesch Regierung d’Verhandlungen mat de Palestinenser net wëll viruféieren do wou d’Virgängerregierung opgehalen huet a wou den Haaptakteuren no e Friddensvertrag a Reechweit war. Dëst ass e schwéieren Reckschlag fir de Fridden an der ganzer Regioun an déi näechste Wochen a Méint wärten an deem Kontext kruzial sinn. Et ass méi wichteg wéi je datt d’Israelien an d’Palestinenser esou séier wéi méiglech d’Verhandlungen erëm ophuelen kënne an dat am Respekt vun viregten Verträg an Ofmachungen. Dat heescht un éischter Plaatz datt Israël muss direkt de Bau vu Siedlungen total astellen, an dëst am besaatenen Ost-Jerusalem wéi och an der Westbank. Dës permanent Provokatioun vu Siedlungsbau dréiwt Waasser op d’Millen vun den Extremisten. Land stielen vun sengen Noper ass an allen Hinsichten international-rechtlech eng schwéier Verfehlung.

Ech hunn virdrun vun den neien Akzenter geschwaat déi hautzudaags aus Washington kommen. An dëser Fro vun den Siedlungen muss ech ganz kloer dobäi soen datt déi richteg Wierder, wéi z. B. dem President Obama seng Ried zu Kairo, net méi duer ginn. Et mussen konkret Doten folgen.

D’EU ass prett hiren Deel ze leeschten fir de Parteien ze hëllefen e Friddensvetrag ëmzesetzen. Doriwwer eraus sin d’Diskussiounen ugelaaf wéi d’EU d’Beméihungen vun der palestinensescher Regierung kann ënnerstëtzen fir en eegenen Staat opzebauen. D’palestinensescht Vollek konnt an der Vegangenheet ëmmer op d’Ennerstëtzung vu Lëtzebuerg zielen an daat wärt och esou bleiwen wann et drëm geet en eegenen Staat opzebauen.

Déi aktuell Situatioun kann net unhaalen. Ouni en Zreckkommen un de Verhandlungsdesch riskéiert d’Regioun eng nei Well vu Gewalt z’erliewen. D’Palestinensesch Autoritéit ass an enger prekairer Situatioun an déi läschten Aussoën vum Präsident Abbas musse serieux geholl ginn. Et wärt net méiglech sinn fir Israel a Secherheet ze liewen esou laang d’Palestinenser sech an enger verzweifelter Situatioun befannen. Et bleift ze hoffen datt och déi aktuell israelesch Regierung dat endlech agesaït, zum Wuel vun der Sëcherheet vun Israël selwer.

***

Et waer ee gravéierenden Fehler eis Opmierksamkheet ze beschränken op eis direkt Noperen an op e puer grouss Akteuren.

Afrika ass e Kontinent, deen an dene leschte Joeren staark u politescher a wirtschaftlecher Bedeitung gewonnen huet. D’Afrikaner sinn zu wichtege politesche Partner fir Lëtzebuerg an Europa ginn, mat dene mir enk zesumme schaffen. D’afrikanesch Staate hunn ëmmer méi Gewiicht um internationale Plang, an Europa wärt gefuerdert sinn, sech mat hinnen zesummen ze dinn, fir déi grouss international Erausfuerderungen efficace unzegoen - ech denken notamment un de Klimawandel, d’Weltwirtschaftskris, de Kampf géint den Terrorismus, asw.

Afrika ass um richtege Wee. Trotz alle Réckschléi an Hiobsbotschaften, déi mir an den Nooriichten héieren a gesinn, mecht de Kontinent bedäitend Fortschrëtter. Et ginn ëmmer méi funktionéierend Demokratien do an d’Wuesstumsrate vun de Vollékswirtschaften an Afrika gehéieren zanter Joeren zu denen héchsten an der Welt. D’Afrikaner sinn och am Gaang, eng kontinental Organisatioun, d’afrikanesch Unioun, opzebauen, déi op de Modell vun der EU zougeschnidden ass an déi de Kontinent intern soll weiderbréngen, an den Afrikaner op der internationaler Szene eng méi staark, gemeinsam Stëmm ginn. Lëtzebuerg begréisst déi Entwécklung ganz staark. Dofir wärt Lëtzebuerg an deene nächste Méint och fir d’éischte Kéier e net-residenten Ambassadeur bei der afrikanescher Unioun akkreditéieren.

Trotz alle Fortschrëtter si leider och ëmmer erëm sérieux Réckschléi ze bemierken. Déi rezent Coup’en an enger Parti afrikanesche Länner maachen eis Suergen. Westafrika, eng Regioun wou Lëtzebuerg besonnesch präsent ass, ass dovunner speziell betraff. Fir eis Bezéiungen iwwert d’Entwécklungshëllef eraus och op politeschem a wirtschaftlechem Plang ze entwéckelen, hunn mir eis Entwécklungsbureauen um Cap-Vert, am Senegal an am Burkina Faso zu Ambassaden ausgebaut. Westafrika wärt, ënnert anerem wéinst sénger geografescher Proximitéit zu Europa, an den näechste Joeren ëmmer méi bedäitend ginn: aus deem Gronn ass et wichteg, eis Bezéiunge mat däer Regioun ze festegen, fir souwuel déi gemeinsam Erausfuerderunge kënnen efficace zesummen unzegoen wéi och déi sech biddend Opportunitéite ze notzen.

Eis Zesummenarbecht mat an an Asien

Ons Relatioune mam asiatesche Kontinent sinn och ganz wichteg, dofir sinn mir mat 4 Ambassaden um asiatesche Kontinent vertrueden. Dës 4 Ambassaden decken am Ganzen 13 asiatesch Länner of. Zënter dëm Abrëll ass onsen Ambassadeur zu Bangkok och beim Generalsekretariat vun der ASEAN - der Associatioun vun den süd-ost-asiatesche Natiounen, déi zu Jakarta baséiert ass - accréditeiert. D’ASEAN huet an den läschten Joëren enorm Fortschrëtter um Niveau vun der regionaler Integratioun gemach: dës 10 süd-ostasiatesch Länner hunn zum Beispill eng Charta adoptéiert, déi am Dezember d’läscht Joër a Kraaft getrueden ass. Dës Charta gesäit vir datt bis 2015 eng ASEAN Communautéit gebaut gët, déi op 3 Feiler steet, nämlech der Sécuritéit, der Economie an dem sozio-kulturellen Beräich.

Op hirem läschten Sommet hunn dës 10 Länner och d’Schaafen vun enger Mënschenrechtskommissioun décideiert. Et ass wichteg datt Lëtzebuerg d’Wichtegkeet vun dësen Länner, niewt däer vun de schons allsäits bekannten Greissten ewei China, Japan, Südkorea oder och Indien erkennt. Well quitte datt d’ASEAN-Länner och duerch eng Baisse an hieren Exporter vun der weltwäiter Wirtschaftskris gehäit sinn, sou sinn et dach si déi sech entretemps mat China als potentiell Motoren vun der globaler wirtschaftlecher Reprise erausschielen. An dësem Kontext wëll ech dorop hiweisen datt verschiddener vun dëse Länner net nëmmen wichteg fir den Gidderhandel sinn, mä och fir den Echange vun Servicer, ënnert anerem am finanziellen Beräich.

Afghanistan

Zu Afghanistan, wouriwwer mer hei an dësem héigen Haus virun 14 Deeg eng ausgiebeg Debatt gefuert hunn, wellt ech just 3 Sache soen:

  1. Zefridden kann ech net sinn, datt den zweeten Tour vun den Präsidentschaftswahlen net stattfonnt huet. D’Légitimitéit vum Präsident Karzai huet dorenner gelidden. D’UNO huet schliesslech de Präsident unerkannt grad wéi och d’EU.
  2. Et muss een ëmmer nees deitlech an hart soen, datt d’afghanesch Regierung elo um Zuch ass fir d’Korruptioun ze ennerbannen, d’Strukturen vum Staat opzebauen, an d’Sécherheet entscheedend ze verbesseren. Duerfir brauch Afghanistan d’international Kommunautéit, d’UNO, d’NATO, d’EU. Lëtzebuerg ass och an Zukunft bereed mat sengen Zaldoten um Flughafen vu Kaboul wichteg Aufgaben ze iwwerhuelen am Kader vun der ISAF.
  3. Et gëllt elo, mat Hëllef vun enger grousser internationaler Konferenz den néien „Afghan Compact“ (deen aalen leeft 2010 aus) also d’Zesummenarbecht Afghanesch Regierung-international Gemeinschaft, fir den Opbau vum Land, unzegoen. Duerfir brauch een d’militäresch Präsenz fir d’Sécherheet esou gudd wéi méiglech ze garantéieren. D’Zil allerdengs ass et de Schwéierpunkt op Opbau, an net op militäresch Akten ze lëeen. Dëst an der Perspektiv esou séier ewéi méiglech Afghanistan 100% den Afghanen ze iwwerloossen. D’Réconciliatioun vum afghaneschen Vollëk ass d’conditio sine qua non fir dëst nobelt Zil vun der internationaler Gemeinschaft ze erreechen.

D’Welt vun haut weist eng Vielfalt vun Problemer op déi awer all e gemeinsamen Kär hunn : schwaach Institutiounen, eng schwaach Gouvernance, kee Rechtsstaat, kee Respekt vun de Mënschenrechter.

Mir probéieren, als Lëtzebuerger an als Europaër, eisen Deel dozou bäizedroen datt Verbesserungen, an hoffentlech Léisungen, zu stanne kommen.

Mir glewen awer datt et nët dorëm geet dem Rescht vun der Welt eis Wéisheeten op ze zwéngen. Léisungen mussen erreecht ginn am Dialog an am Kader vu multilateralen Institutiounen, Regelen an Prozeduren .

Dat ass net just eng theoretësch Iwwerleeung : mir praktizéieren wat mir soen andeem mir eis asetzen am Kader vun der UNO. Eis Kontributiounen zum gewéinlëchen Budget an zum Budget fir t’Friddensmissiounen vun der UNO si bedeitend. D’lëtzebuerger Arméi huet matgemaach, a mécht wéider mat, an enger Réih vun UNO an UNO-mandatéierten Missiounen. Mir bedeelegen eis aktiv um Liewen vun der Organisatioun an iwwerhuelen Verantwortung an déene verschiddensten UNO’s Gremien. Esou assuméiert Lëtzebuerg zum Beispill am Moment d’Présidence vum Wirtschafts-a-Sozialrot vun der UNO an déi groussarteg Arbecht vun eiser Ambassadrice gett gelueft an heich geschaat.

Als Grënnungsmember vun de Vereinte Natiounen dat séng Aussepolitik resolut op Integratioun a Multilateralismus opgebaut huet, ass et nëmme logesch datt mir och bereet sinn déi ultimativ Verantwortung, déi fir t’Erhaale vum Fridden an der internationaler Sécherheet, mattzedroen. Dohir och eis Kandidatur, déi mer, ewéi der wësst, schonns 2001 gestallt hunn, fir Member vum UNO-Sécherheetsrot fir d’Joeren 2013 an 2014 ze ginn.

Et wär dann un eis fir ze beweisen datt och e klengt Land um héchsten Niveau vun der Weltgouvernance seng Kontributioun kann brëngen.

Eng besser international Gesellschaft kënnt nët vum selwen an och nët fir näischt. D’international Politik ass do nët anescht wéi déi national.

Verbesserungen kommen wann all sech beruff fillen hiert bäizedroen : Leit an Länner sinn gefuerdert. Mir sinn eis däers bewosst an agéieren deemno.

Ech soen Iech merci.