Déclaration de politique étrangère 2010 (version originale luxembourgeoise)

Discours – Publié le

Le Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères, Jean Asselborn, a présenté la déclaration sur la politique étrangère et européenne du Luxembourg le 16 novembre 2010 à la Chambre des députés.

- Seul le discours prononcé fait foi -

Här Chamberpresident,
Dir Dammen an Dir Hären,

D’Aussepolitik vun eisem Land, grad wéi déi vun all souveränem Staat, huet verschidden Dimensiounen. Fir d’éischt emol ass si eng Manifestatioun vu Souveränitéit no baussen an huet als Zil, eis Onofhängegkeet an eis Sécherheet z’erhalen. Gläichzäiteg sollt si duerch eis wirtschaftlech Aussebezéiungen zu eisem Wuelstand bäidroen. Dat ass virun allem wichteg fir a Land wéi eist, deem säin nationale Maart esou begrenzt ass.

D’Erausfuerderungen, mat deene mir confrontéiert sinn, si paradoxerweis zënter dem Enn vun der existenzieller Menace, déi am Kale Krich op der Welt louch, nach méi komplex ginn.

Als Éischt falen engem do d’Konsequenze vun enger onkontrolléierter Mondialisatioun an, déi mat un der Wéi vun der Wirtschafts- a Finanzkris stinn, an dofir als eng diffus, mä schlëmm Menace fir d’Zukunft vun eisem soziale Modell a souguer vun eisem Liewensstil ageschat ginn. D’Resultat si verstäerkt Tensiounen an Egoismus, an allerlee identitär Replien.

Och brauch déi ganz schlëmm Aarmut, déi et nach ëmmer, an zum Deel verstäerkt, a verschiddenen Deeler vun der Welt gëtt, weider eis ganz Opmierksamkeet an eist Engagement.

Aner Menacë schénge vläicht manner direkt, sinn awer trotzdem net manner reell. Dëst sinn d’ökologesch Kris, den Terrorismus, d’Verbreedung vun Atomwaffen, d’organiséiert Verbriechen an den Drogenhandel, déi ganz Regiounen destabiliséieren.

D’Ausmooss vun de Phenomener, déi ech grad opgezielt hunn, ass esou, dass se eis lo schonns méi oder manner beréieren, an dass nëmmen eng aktiv Kooperatioun mat ville Partner am Kader vun internationalen Organisatiounen eis hoffe loosse kann, si ze meeschteren. Ze mengen, eleng säin eegent Schicksal als Land kënnen ze meeschteren, ass eng Illusioun, déi sech just nach ganz wéineg Staaten erlabe kënnen, a mir gehéiere sécher net dozou.

Deemno ass e Land wéi eist besonnesch ofhängeg vu senge Bezéiunge mam Rescht vun der Welt, an deemno vu senger Aussepolitik. Och dowéinst läit et mir um Häerz, dass mir och an Zäite vu budgetäre Restriktiounen trotzdem déi néideg Ressourcë bereet stelle fir déi verschidden Instrumenter vun dëser Politik, sief dëst eisen diplomateschen Apparat, eis Entwécklungshëllef oder eisen Effort am Beräich vun der Defense.

Um Spill steet hei net nëmmen d’Verdeedegung vun eisen Intressien, mä och, a vläicht virun allem, d’Erhale vun eise Wäerter.

Well eng Aussepolitik, déi just vun enger enker Visioun guidéiert gëtt a just wëll d’kuerzfristeg Intressie vum eegene Land verdeedegen, déi ass zynesch an hiren Echec ass virprogramméiert. Ech weess, dass den Zynismus dëser Deeg wäit verbreet ass, mä ech bleiwe voll a ganz dovun iwwerzeegt, dass d’Aussepolitik sech muss op fundamental Wäerter beruffen, déi och d’Regierungspolitik als Ganzes guidéieren.

D’Mënscherechter, d’Solidaritéit an de Rechtsstat sinn d’Eckpunkte vun eiser Politik. An der internationaler Gesellschaft drécken si eist Engagement fir multilateral Bezéiungen an d’Völkerrecht aus, dat eenzegt Bollwierk géint d’Gesetz vum Dschungel an d’Recht vum méi Staarken.

D’international Rechtsuerdnung, déi mir ustriewen, protegéiert natierlech net nëmmen d’Staaten, mä integréiert och d’Rechter vun all Eenzelnen. An deem Kontext ass och eisen onermiddlechen Asaz fir d’Ofschafe vun der Doudesstrof ze gesinn. Mir setzen eis natierlech och a fir d’Fräiloossung vu politesche Gefaangenen. Dofir wëll ech ausdrécklech d’Ophiewe vum joerelaangen an onjustifiéierten Hausarrest vun der Madame Aung San Suu Kyi, der Symbolfigur vun der Oppositioun géint de Militärregime am Birma, begréissen.

Mir sinn also mat engem Bild konfrontéiert, an dem de Changement vu Situatiounen an de Fortbestand vu Wäerter zesummen existéieren: D’Defien änneren sech a verlaange vun eis, dass mir eis och änneren. Eis Fäegkeet, eis unzepassen, an och déi vun deenen Organisatiounen, wou mir Member sinn, ginn op d’Prouf gestallt. Gläichzäiteg bleiwen eis fundamental Wäerter déi selwecht, also Demokratie, Mënschlechkeet an Toleranz.

Diplomatesche Reseau

Lëtzebuerg huet sech op mannst grad esou vill verännert, wéi d’Welt an der mer liewen. Fir weider ze bestoen, musse mer eis upassen an do präsent sinn, wou et fir eis wichteg ass. Dësen Ännerungsprozessbetrëfft och eisen diplomatesche Reseau, deem eng essentiell Wichtegkeet zoukënnt, well hien iwwer d’Kapazitéit verfügt, sech weider un d’nei Donnéeë vun der internationaler Gesellschaft z’adaptéieren. Mir mussen eis neien Aufgabe stellen, wéi eiser Contributioun innerhalb vun engem Europäeschen Auswäertegen Déngscht. Mir mussen nei Regiounen an nei Prioritéiten, ob politescher oder wirtschaftlecher Natur, berücksichtegen. Déi zwee hänken dacks zesummen.

Aus deem Grond hunn ech eng Reflexioun iwwert den zukünftegen Opbau vun eisem Reseau lancéiert, fir dass mir notamment a Regioune wéi dem Balkan, am Mëttleren Osten, an der Tierkei oder och nach a Latäinamerika besser representéiert sinn.

Lëtzebuerg wäert kuerzfristeg eng permanent diplomatesch a konsularesch Struktur zu Abu Dhabi an de Vereenegten Emirater opmaachen. Et wäert eng Ambassade si mat enger stänneger Lëtzebuerger Präsenz, obwuel den Ambassadeur hei zu Lëtzebuerg residéiere wäert.

An der Tierkei gëtt am Laf vum nächste Joer och eng Ambassade opgemaach. De Chef de poste wäert an dësem Fall zu Ankara wunnen.

Firwat d’Tierkei? Ganz einfach, well sech an deem Land, an emol onofhängeg vun de Bäitrëttsnégociatioune mat der EU, ëmmer méi Dieren opmaachen um politeschen an och wirtschaftleche Plang. Lëtzebuerg kann net als eenzegt EU-Land an der Tierkei net präsent mat enger Ambassade sinn.

De System vun den "Co-Accreditatiounen", dat heescht, datt een Ambassadeur e puer Länner zugläich ofdeckt, dierft eis vill méi Präsenz erlaben an enger Partie Länner, déi wichteg fir eis sinn oder geschwë ginn. Ech denken do zu alleréischt un d’Länner vun Ex-Jugoslawien an Albanien.

Fir präzis ze sinn, bedeit dat, dass mer a Kroatien, a Bosnien-Herzegowina, a Montenegro, a Serbien, an der fréierer jugoslawescher Republik Mazedonien an an Albanien een net-residenten Ambassadeur nennen, sief et vu Lëtzebuerg aus, oder vun enger Ambassade, déi sech geographesch dozou eegent. Am Kosovo denke mir drun, mëttelfristeg och een net-residenten Ambassadeur ze accreditéieren.

Sou problematesch d’politesch Situatioun am Noen Osten och si mag, de Fait ass, datt och mir Lëtzebuerger an där Regioun mussen diplomatesch méi staark representéiert sinn. Dës Regioun stellt en Defi duer fir eng nohalteg Sécherheet och hei an Europa a si bitt och vill Méiglechkeeten an zukunftsträchtege Beräicher fir eis Wirtschaft an den Handel. Do denken ech besonnesch u Länner wéi Ägypten, Jordanien an de Libanon.

Ech hoffen, dass mer an engem Joer zu New York op der UNO ee palästinensesche Staat wëllkomm heesche kënnen, an dann a béide Länner, Palästina an Israel, gläichzäiteg een Ambassadeur accreditéiere kënnen.

A Brasilien, wat a villen Hisiichten eng wichteg Roll fir Lëtzebuerg spillt, accreditéiere mir een Ambassadeur vu Lëtzebuerg aus a mir envisagéieren ee Generalkonsulat zu São Paolo.

Ech wollt awer och hei ënnersträichen, datt d’Käschte fir dës Moossname strikt iwwerwaacht ginn an esou niddreg wéi méiglech gehale ginn. An deem Zesummenhang gëtt zu Wien eis Vertriedung bei der OSCE erëm an d’Ambassade integréiert. Dat erlaabt eng substantiell Economie. Dës Moossname sinn Deel vun engem Effort, eise Reseau diplomatique nach méi performant ze maachen – an dat mat de Mëttelen, déi mir zur Verfügung hunn, an mat Synergien, déi sënnvoll sinn.

Ier ech méi detailléiert op eis aktiv Roll an den internationalen Organisatiounen ze schwätze kommen, géing ech gär kuerz op eis direkt Noperschaft agoen.

Benelux

De Benelux, deen an däischtere Krichsstonnen entstan ass, ënnerläit och engem Aktualiséierungsprozess, dee jo an engem neien Traité realiséiert gëtt, dee geschwënn, sou hoffe mer, a Kraaft trëtt.

De Benelux ass allerdéngs méi wéi een Traité! Déi europäesch Integratioun weider ze bréngen ass am Fong d’politesch Essenz nieft der konkreter Zesummenaarbecht am Intressi vu Bierger an den dräi Grënnungsstaaten. Eis belsch Nopere sinn an enger spezifescher Situatioun zënter de leschte Wahlen, eis hollännesch Frënn hu viru kuerzem eng nei Form vu Koalitioun agesat. Perséinlech hoffen ech, an hëllefen ech mat aller Kraaft, fir dass och an Zukunft Holland, d’Belsch a Lëtzebuerg eng Bastioun vu politescher Stabilitéit bleiwen, wou déi europäesch Wäerter vun der Multikulturalitéit, vun der Toleranz an der Net-Diskriminéierung héich gehale ginn. De Benelux wäert och an Zukunft mat de Baltesche Länner, wéi och mat de Visegrad-Länner, ganz enke Kontakt fleegen. Estland, Lettland, Litauen, Polen, Slowakei, Ungarn an d’Tschechesch Republik weise groussen Intressi fir dës Zesummenaarbecht, déi um Niveau vun den Ausseministeren och gutt funktionéiert.

Frankräich & Däitschland

An der Groussregioun ginn eng Abberzuel un Initiativen a Kooperatiounen ëmgesat, déi den Alldag vun all deenen a groussem Mooss beaflosst, déi, Lëtzebuerger oder Net-Lëtzebuerger, zum wirtschaftlechen, sozialen a kulturelle Liewe vun eisem Land bäidroen.

Dowéinst ass d’Politik an der Groussregioun e wichtegt Element vun eiser Politik vis-à-vis vun eisen Nopeschlänner, och wa si net virgëtt, eis ganz Politik am deem Zesummenhang ze sinn. Selbstverständlech geet d’Partnerschaft mat dësen dräi Staate wäit iwwer d'regional Froen eraus.

Et ass kengem entgaangen, dass an der Lescht d’Relatioune mat eise groussen Noperen am Westen an am Osten heiansdo duerch méi schroff Téin gekennzeechent waren. Intressant ass, dass dës Diskussiounen net op eis bilateral Bezéiungen zréckzeféiere waren, mä op eng bestëmmt Usiicht vun eiser Partnerschaft an der Europäescher Unioun. Op alle Fall läit et mir um Häerz z’ënnersträichen, dass eis exzellent Relatioune mat dësen zwee Noperen, Partner a Frënn net an de Fundamenter duerch déi eng oder aner onglécklech Ausso gelidden hunn.

D’EU erlaabt net nëmmen Differenzen ënnert hire Memberen; si brauch heiansdo konstruktive Sträit, fir dee richtege Wee à la fin du compte ze fannen. Am Fong si Meenungsverschiddenheeten an der EU keng klassesch diplomatesch Reiwereien tëschent zwee oder méi souveräne Staaten. Et sinn argumentéiert Meenungswiesselen, déi am Kader vun der Unioun ëmmer mat dem Gläichgewiicht tëschent nationalen Intressien an EU-Intressien ze dinn hunn. Lëtzebuerg erfëllt seng Roll, wann et sech fir EU-Positioune staark mécht, wann et sech also och emol wiert, fir EU-Regelen an de Geescht vun der Unioun ze verdeedegen. Mir hu selbstverständlech och national Intressien. Déi kënnen a wëlle mer nëmmen ëmbauen, wann dëst der ganzer EU dinglech ass! Net wann et ëm stur Prinzipie geet, déi eis zum Beispill an Saache Bankeplaz an eng ontragbar Konkurrenzverzerrung par rapport zu europäeschen Net-EU-Länner bréngt, wou mir un éischter Plaz, an d’EU grad esou, d’Verléierer sinn. Duerfir kann net ëmmer alles geschléckt ginn, wat zum Beispill vu Paräis, Berlin oder London eriwwer kënnt. Sech wieren heescht Argumenter opgräifen, déi um Geescht vun den Traitéë berouen, net méi, awer och net manner. Speziell an dëser onroueger post-Lissabon-Phase ass dës Astellung ubruecht.

Wirtschafts- a Finanzkris an den Euro

Ouni Zweiwel ass d’Europäesch Unioun de weltwäit gréisste Friddens- a Prosperitéitsprojet, un deem eist Land deel hëlt. Dës Europäesch Unioun leit zurzäit un enger Solidaritéits- a Vertrauenskris. Et ass un all Europäer, ze hëllefen, dëse Moment ze meeschteren. Also sollt een dat Essentiellt héich halen:

En éischt wichtegt Element ass sécherlech den Euro, dee gemeinsame Projet par excellence, deen en direkten Afloss op de Wuelstand vun Honnerte Milliounen Europäer huet.

D’Wirtschafts- a Finanzkris huet net nëmme Millioune Leit a Misère an Nout gestierzt, mä si huet och d'ëffentlech Finanze vun enger ganzer Rei Länner, och an der Eurozon, staark belaascht. Dës Memberstaate si mat grousse budgetären Defiziter an enger ëmmer méi grousser Verschëldung konfrontéiert.

Den extremste Fall ass jo dee vu Griichenland, dat säin Defizit a seng Staatsschold net méi konnt iwwert de Wee vun de Kapitalmäert finanzéieren, a keen aneren Auswee gesinn huet, wéi sech u seng Partner ze riichten. Duerch d’griichesch Kris hätten aner Länner aus der Eurozon kënne matgerappt ginn, an eng nei Bankekris hätt kënnen ausbriechen, well europäesch Banken der ëffentlecher Schold vu Griichenland ausgesat waren.

D’Kris vun den iwwerschëlte Länner huet gewisen, dass den Euro am Fong interpretéiert gouf als Garantie fir eng onbegrenzten national Verschëldung. Si huet och gewisen, dass de Stabilitéits- a Wuesstemspakt – deen eigentlech eng iwwerméisseg Verschëldung hätt misste verhënneren – net gegraff huet, an dass wichteg Variabele wéi Kompetitivitéit an d’Zahlungsbilanzen an der Koordinatioun vun de Budgets- a Wirtschaftspolitike gefeelt hunn.

Haut weess keen, wat an Irland nach ka geschéien. Mir wëssen iewer, dass:

et dramatesch ass, dass innerhalb vun der Eurozon, déi sougenannten "Spreads", dat heescht d’Zënsënnerscheeder op Staatsobligatiounen du simple au triple variéiere jee no Land;

dass et wesentlech méi wichteg ass, sech op ee permanente Krisemechanismus ze konzentréieren, wéi drop ze pochen, dass Defizitlänner hiert Stëmmrecht ewechgeholl kréien.

D’Propose vum Lëtzebuerger Premier, fir sougenannten Euro-Bonds anzeféieren, wou d’Eurolänner zum Deel hir Staatsscholde géingen zesummeleeën a gemeinsam verwalten, ass eng gutt Iddi. Dëst Instrument géing hëllefen, esou Krise virzebeugen, well sou Euro-Bonds manner Risiko beinhalte wéi national "Bonds". Duerch d’Opdeele vun der nationaler Schold an ee gemeinsam an een national verwalten Deel, brénge si och eng Incitatioun mat sech, fir dass d’Länner hir Scholde reduzéieren.

Eurobonds kënnten direkt hëllefen, an agéieren och präventiv. Ob den ongebuerene permanente Krisemechanismus dat fäerdeg bréngt, weess haut keen.

D'Eurozon an enger Zäit vu fundamentale Changementer

D’Koordinéierung vu Wirtschafts- an Budgetspolitik huet e wichtegen Adaptatiounsprozess fir d’EU an d’Eurozon ausgeléist, a souguer hier Fundamenter a Fro gestallt. Fir dësen Defi unzegoen, sinn an der Eurozon eng Rei Mesurë geholl ginn, fir op dréngend Krisesituatiounen ze äntweren a Precautioune fir d’Zukunft ze huelen. Bal all Memberstat huet sech solidaresch gewisen.

Sou koum et, dass fir d’éischte Kéier an der Geschicht vum Euro, d’Regierungen, d’Kommissioun, d’Europäesch Zentralbank, de Präsident vum Conseil, d’Commentateuren an d’Investisseuren zur selwechter Analys komm sinn: Et ass héich Zäit, d’Gouvernance vun der Eurozon ze reforméieren.

Et kann een déi adoptéiert Modifikatiounen nëmme begréissen, well si e qualitative Sprong am Beräich vun der wirtschaftlecher Integratioun vun der Europäescher Wirtschafts- a Währungsunioun erlaben, Changementer, déi virun engem Joer nach ondenkbar waren.

Eng Reflexioun iwwert d’Schwächte vum wirtschaftleche Volet vun der WWU gouf endlech ageleet. Si huet zur Schafung vun enger Task force iwwer d’wirtschaftlech Steierung vun der EU gefouert, un där déi 27 Memberstaaten deelgeholl hunn. Hiert Mandat war et, Emfeelungen ze verëffentlechen, fir d’budgetär Disziplin ze verbesseren, andeems d’präventiv a korrektiv Volete vum Stabilitéits- a Wuesstemspakt verstäerkt ginn. D’EU-Kommissioun huet am September e ganze Pak legislativ Virschléi abruecht, deen déi wichtegst Stäerkung vun der wirtschaftlecher Steierung vun der EU an der Eurozon säit dem Lancement vun der EWU virgesäit.

Bis elo war d’Aféierung vum "europäesche Semester" ee vun de visibelsten Elementer vun der Verdéiwung vum wirtschaftlechen Deel vun der Europäescher Währungsunioun. Et gesäit vir, dass vun 2011 un all d’Memberstaaten am Fréijoer, am Kader vun hire Stabilitéits- a Konvergenzprogrammer, d’Haaptorientatioun vun hire Budgete fir dat Joer duerno virstellen – an dat ouni d’Virrecht vun hire nationale Parlamenter unzetaaschten. Eng Neierung, déi op Initiativ vu Lëtzebuerg ugeholl gouf.

Dës nei Steierung vun de Budgetspolitiken, grad wéi eng méi grouss Berécksichtigung vum Kritär vun der Verschëldung a makroekonomeschen Ongläichgewiichter sollen dozou bäidroen, dass sech eng Situatioun wéi déi vu Griichenland an Zukunft net méi widderhëlt.

Aner wichteg Elementer, fir mat den Turbulenzen an der Eurozon fäerdeg ze ginn, war d’Ariichte vun engem Hëllefsplang fir Griichenland duerch d’Eurozon-Länner an den IWF. D’Kreatioun vum Europäesche Finanzstabiliséierungsfonds mat Sëtz zu Lëtzebuerg war déi konkret Äntwert. Dëst sinn zwëschestaatlech Instrumenter ausserhalb vum bestoenden institutionelle Kader. Den aktuelle Stabiliséierungsfonds soll dräi Joer bestoe bleiwen, fir duerch ee permanente Mechanismus ersat ze ginn, an domat eventuelle Finanzkrisen a Länner vun der Eurozon Paroli ze bidden. De Conseil européen soll am Dezember iwwert d’Virschléi vum Herman Van Rompuy an deem Kontext Positioun bezéien.

Eist Land verdeedegt mat Nodrock eng verstäerkt Iwwerwaachung vun de Memberstaaten, déi dat selwecht Schicksal duerch d’gemeinsam Währung deelen. De Succès vun der Eurozon hänkt onëmgänglech vun enger méi grousser wirtschaftlecher Integratioun of.

D’Staaten aus der Eurozon hunn eng formidabel Solidaritéit bewisen – ausser der Slowakei, déi decidéiert huet, net beim Hëllefsplang fir Griichenland matzemaachen – an hunn esou de Mäert gewisen, dass d’politescht Festhalen um Euro kee Millimeter a Fro gestallt ass. Et kann ee sech net virstellen, d'massiv Käschte rechnen ze mussen, déi op e Land duerkéimen am Fall vun engem Austrëtt aus dem Euro. D’Auswierkungen op seng Staatsverschëldung an op d’Struktur vun dëser Verschëldung wiere katastrophal, vum Ustiechrisiko net ze schwätzen. Ech erënneren drun, dass virun allem déi sozial méi schwaach Schichte vum Euro profitéiert hunn, dat duerch eng niddreg Inflatioun an niddreg Zënssätz. D’Wichtegkeet vum Euro als europäeschen Integratiounsfaktor däerf net ënnerschat ginn, grad wéi de Fait, dass hien dozou bäidréit, géint eng gewëss "Integratiounsmiddegkeet" unzekämpfen. De Bäitrëtt vun Estland zu der Eurozon den 1. Januar 2011 an de konstante Wëlle vun anere Staaten, dem Euro bäizetrieden, sinn de beschte Beweis dofir.

Länner, déi virun 10 Joer zu den äermsten an der EU gehéiert hunn, konnten hire wirtschaftleche Réckstand dank dem Kohäsiounsfonds ophuelen, mä och dank der monetärer Stabilitéit, déi hinnen hir Affiliatioun zu der Eurozon ginn huet. Leider hunn ze vill Länner d’Virdeeler vun der Eenheetswährung net genuch genotzt, fir hir Budgeten ze festegen an hir Wirtschaft ze reforméieren. Si hunn oft d’Virdeeler genotzt an d’Responsabilitéite vun hirer Affiliatioun zu der Eurozon vernoléissegt. Hei muss fundamental ëmgeduecht ginn.

Mir si ganz sécher nach net um Enn vun eisen Efforten ukomm.

Allerdings däerf Pessimismus net alles dominéieren. Et gëtt och Positives am Euroraum ze verzeechnen. Zum Beispill an Däitschland, wou de Wuesstem ëm 3,5% am Joer 2010 leie wäert, a wou d’Gehaltspolitik Signaler no uewe weist. A ville Länner mat schwaachem Wuesstem an héije Chômagetauxen, grousser Verschëldung a Budgetsdefiziter sinn dramatesch Aschneidungen um Niveau vun de Sozialbudgeten a Steiererhéijunge Moossnamen, déi politesch a sozial Tensiounen ausléisen.

An dëser Chamber steet an engem Mount mam Budget 2011 a mam Moossnamepak d’Äntwert vun dëser Regierung zur Debatt a Saache Krisebewältegung. D’Zil ass et, ze verhënneren, dass muer oder iwwermuer dramatesch Aschnëtter musse gemaach ginn.

Et ass néideg, dass e gutt Gläichgewiicht tëschent budgetärer Konsolidéierung a wirtschaftlechem Opschwong fonnt gëtt, fir sozial-politesch keng Abréch ze provozéieren. Dat ass just méiglech, wa jiddereen de Stabilitéits- a Wuesstemspakt anhält. Just wann an der Eurozon zesumme gehandelt gëtt, kënnen d’Defien ugaange ginn, déi sech den eenzelne Staate stellen an en Afloss op d’Stabilitéit vun der Eurozon als Ganzes hunn. Déi verstäerkte Gouvernance vun der Eurozon, déi ech grad beschriwwen hunn, wäert dobäi hëllefen.

Dest gemeinsamt Handelen brauchen mer net nemmen an der Eurozon, mä och an der EU als ganzt. Een gudd Beispill hivunner as den Echec vun der leschter Nuecht iwert der Europäescher Union hire Budget fir 2011. Well besonnesch e puer Memberstaaten net d’accord waren fir mat dem Europäeschen Parlament eng gemeinsam Method ze definéeren iwert gemeinsam Diskussionen fir die nächst Finanzperspektiven, muss d’Union elo mat 12e provisoires d’Joer 2011 ufänken. Dass et sowäit huet missen kommen, as engersaits zréckzeféeren drop dass verschieden Memberstaaten net wellen dass d’Parlement op die eng oder aner Manéer, wat iwert den Vertrag kennt erausgoe, an déi zukünfteg Diskussione mat agebonne gedd, an op der anerer Säit grad dess Memberstaaten – déi die grésten Ristournen hun – sech schengen enger sériöser Diskussioun iwert d’Adaptatioun vun der Struktur vun den Eegenmettelen bei dénen nächsten Finanzperspektiven wellen widersetzen. Et ass eng défaite fir d’Union als ganzt, mé och fir den Vertrag vun Lissabon dén bei dem alljährlichen Budget dem Parlament een vollt Matsprochrecht get an elo op desem Punkt fir eng eschte Kéer applizéiert gouf.

Wéi mer gesinn, an et wir naiv dat unzehuelen, limitéiert sech d’europäesch Kris net aleng op d’Auswierkunge vun der weltwaiter Finanzkris op den Euro an d’national öffentlech Finanzen. Loosse mer eis näischt virmaachen: Et gëtt Unzeechen, datt d’Vertrauen an den Integratiounsprozess net méi 100%teg ass, fir mech emol fein auszedrécken. Europa, laang Synonym fir eng besser Zukunft a Wuelstand, gëtt elo fir vill Leit e Symbol fir all d’Ängscht virun der Zukunft vun der Gesellschaft, déi fir vill Leit ze séier changéiert. Um Ordre du jour steet leider net méi sou kloer d’Ouverture, de gemeinsame Projet, an eng gemeinsam Zukunft. Et ass e Réckzuch, en identitäre Repli, Intoleranz an en ëmmer méi groussen Egoismus an de Memberstaaten an tëschent de Memberstaaten, sou wéi mir et bei der griichescher Kris gesi konnten. Dëse Phänomen ass elo schonns däitlech an de Wahlresultater vun eenzelne Memberstaaten ze gesinn, wou Diskriminéierung vu Minoritéiten, vu Kulturen oder Reliounen d’Tromp ass.

Ech muss net ënnersträichen, wéi wäit dës Entwécklunge beonrouegend si fir e Land, dat esou vum Integratiounsprozess ofhänkt wéi Lëtzebuerg. Fir dogéint unzekommen, geet et net duer, nostalgesch un d’visionär Begeeschterung vun de Fondateuren an d’aussergewéinlech Verwandelung vum Kontinent säit de physeschen a psychologesche Ruine vun der Nokrichszäit z’erënneren. Och wann dës Realiséierung weider a mat Recht an Europa an an der Welt bewonnert gëtt. Et muss een den Europäer virun Ae féieren, dass d’Europäesch Unioun dat eenzegt Ëmfeld ass, an deem si sech wirtschaftlech kënnen entwéckelen, a wou och hir sozial Rechter an d’kollektiv a perséinlech Sécherheet respektéiert ginn.

Dat ass d’Haaptzil vum Verännerungs- an Adaptatiounsprozess an der Europäescher Unioun. En ass net limitéiert op d’Steierung vun der Eurozon. D’Europäesch Unioun ass en Haus wou Wäerter, also Mënscherechter als ondeelbar an absolut mussen ugesi ginn. Alles anescht gehéiert net an dëst Haus.

D’Europäesch Unioun huet sech mat Lissabon méi efficace Strukture ginn, fir op der internationaler Bühn notamment dës Wäerter besser verteidegen ze kënnen.

Den Enjeu ass e ganz konkreten: D’Mondialisatioun, déi an Europa esou vill Suergen ervirrifft, wäert, op laang Weil, an Europa eréischt akzeptéiert ginn, wann d’Bierger d’Gefill hunn, dass d’fundamental Wäerter vum europäesche Modell, an ech denken hei virun allem un d’sozial Kohäsioun, efficace verdeedegt ginn, do wou d’weltwäit Gouvernance definéiert gëtt.

OMC – Handelspolitik

Ee Beispill an dësem Zesummenhang ass d’Handelspolitik. Wéi e Beräich kristalliséiert besser d’Hoffnungen an d’Ängscht am Zesummenhang mat der Weltwirtschaft an der Entwécklung vum internationalen Handel eraus wéi d’OMC? D’Hoffnung ze gesinn, dass sech nei Mäert opmaachen, géint d’Angscht, dass eis gesellschaftlech Systemer vun der staarker Konkurrenz vun neien Acteuren erdréckt ginn.

De Bilan vun der Europäescher Unioun ass nuancéiert. Mir hunn erreecht, dank konstanten Efforten a konstantem Drock, dass evitéiert konnt ginn, dass d’Wirtschafts- a Finanzkris, wéi an den 30er Joren, zu engem batteren Handelskrich gëtt, an deem mir all Verléierer gewiescht wieren, virun allem oppe Wirtschaften, wéi déi vun der EU oder vu Lëtzebuerg. Hei huet d’Europäesch Unioun offensichtlech ee positive Punkt ze verzeechnen.

Op där anerer Säit schéngt den Ofschloss vun der Doha-Ronn nach ëmmer wäit ewech. Ech bedaueren dat ëmsou méi, well dës Ronn och am Intressi vun deenen Äermste lancéiert ginn ass. Multilateral Bezéiunge sinn déi eenzeg Organisatiounsform vum weltwäiten Handel, déi d’Potential hunn, fir all d’Leit gerecht a vu Virdeel ze sinn. Dofir muss d’Doha-Ronn endlech ofgeschloss ginn, sou wéi de G20 dat d’lescht Woch zu Seoul ugereegt huet.

Trotz engem mangelnde Fortschrëtt bei de multilaterale Verhandlungen huet d’EU zum Beispill en extremt ambitiéist Fräihandelsofkommes mat Südkorea ënnerschriwwen. Mir hoffen, dass d’Europäescht Parlament, dat säit dem Akraafttriede vum Traité vu Lissabon an Zukunft e Wiertche bei der gemeinsamer Handelspolitik matzeschwätzen huet, dësen Accord kann d’nächst Joer ofseenen. D’Europäesch Unioun huet och d’Verhandlungen iwwert e Fräihandelsofkommes mat villen anere Partner lancéiert, ënner anerem mat Indien a Brasilien, Länner, wou d’Zuele vum Statec weisen, dass si ëmmer méi wichteg fir eis Wirtschaft ginn.

D’EU huet sech och domat beschäftegt, hir Handelsbezéiunge mat hiren traditionelle Partner, den AKP-Staaten, unzepassen. Dowéinst huet si d’Verhandlunge fir e Wirtschaftspartnerschaftsofkommen (WPA) ageleet, dat e wichtegen Unhaltspunkt an der Entwécklung fir méi ausgeglach Bezéiunge mat dëse Partner bedeit. Wuel verstan wäert d’EU och weider hir speziell Situatioune berücksichtegen an hire Besoin, gehollef ze kréien, fir sech un dës nei Lag unzepassen.

Och wann eis also d’Beispill vun der Handelspolitik weist, dass d’Europäesch Unioun wierklech kapabel ass, am Sënn vu hire Wäerter an Intressien ze handelen, sou kann dat leider net ëmmer am Fall vun all den internen an externen Aktioune vun der Unioun behaapt ginn.

D’EU, ee Joer no Lissabon

Et muss ee feststellen, dass d’Europäesch Unioun, bal ee Joer nom Akraafttriede vum neien Traité, Méi huet, hiert neit institutionellt Gläichgewiicht ze fannen. Nei Acteuren, wéi d'Héich Vertriederin fir Aussen- a Sécherheetspolitik oder de Präsident vum Europäesche Rot, oder awer d’Roll vum Europäesche Rot als nei Institutioun, konnten Tensiounen tëschent de verschiddenen Institutiounen net verhënneren. D’Kohäsioun an d’Effizienz vun der EU leiden ënnert der lueser Ëmsetzung vun hirem neie modus operandi. Am Fong war dëst virauszegesinn.

Dëst dréit onweigerlech zum rezenten Opdauche vun neien zwëschestaatleche Reflexer bäi, déi riskéieren, dem Geescht vun der gemeinschaftlecher Solidaritéit ze schueden. D’Europäesch Unioun mécht eng net ganz einfach Zäit duerch; eng Zäit mat budgetäre Restriktiounen, eng Zäit mam Risiko vun nationalisteschen Tendenzen, an engem allgemenge Kontext vun Integratiouns- an Erweiderungsmiddegkeet.

Mä dat Europa, an deem mir liewen, wat entstan ass aus der Äsche vu de Kricher am 20. Jorhonnert, ass ëmmer mat de politeschen oder wirtschaftleche Krise geräift. Erlaabt mir, de Jean Monnet ze zitéieren, e Visionär, deem seng Iwwerzeegungen nach ëmmer zäitgeméiss sinn: "L’Europe se forgera à travers des crises, et l’Europe sera la somme des solutions adoptées pendant ces crises." Et ass kee perfekt Europa, entstan aus der Ënnerschrëft ënnert en openeen ofgestëmmt politescht Konzept, mä eng komplex politesch Konstruktioun, déi sech den internen an externen Entwécklungen entspriechend verännert.

De Respekt virun der Gemeinschaftlecher Method

No engem Joerzéngt Debatten iwwert een neien Traité ass et Zäit ginn, sech op de Fong ze konzentréieren, d’zukünfteg geopolitesch a geowirtschaftlech Entwécklungen ze kucken an ze handelen. Europa muss als politesch Entitéit funktionéieren, wann et wëll mathale mat internationalen Entwécklungen an enger Welt, déi permanent ännert.

Aus Lëtzebuerger Siicht bleift de Respekt vun der gemeinschaftlecher Method, d’Instrument vun der Integratiounsdynamik, de beschte Garant fir d’Verdeedegung och vun eisen Intressien. Dobäi däerf déi fundamental Roll vun der Kommissioun net verwässert ginn. Si ass ganz kloer de Garant, fir déi horizontal Intressie vun der Europäescher Unioun ze verdeedegen an z'entwéckelen. Während dem leschte Joer huet Lëtzebuerg méi wéi eng Kéier d’Roll vum Verfechter vun der gemeinschaftlecher Method iwwerholl. Zum Beispill während dem Festleeë vun den zukünftegen Aufgabe vum President vum Europäesche Rot am Hierscht 2009, wou Lëtzebuerg mat senge belschen an hollännesche Partner e Benelux-Pabeier verëffentlecht huet iwwer d’Ëmsetze vum Traité vu Lissabon.

Tatsächlech gesi vill Staaten den Europäesche Rot als déi eenzeg Institutioun, déi d’europäesch Konstruktioun weiderféiere kann. Dës Visioun bréngt awer och Spannunge mat sech, déi d’institutionellt Gläichgewiicht duerchernee bréngen. Dës Visioun riskéiert, de Keim vun engem Directoire vun de Groussen a sech ze droen, well dann dat Intergouvernementaalt forcément iwwerweit. Engersäits ginn am Conseil européen, wou d’Eestëmmegkeet de facto d’Regel ass, d’Ouverturen, fir mat qualifizéierter Majoritéit am Conseil operéieren ze kënnen, ausgehiewelt. Anerersäits dierf de Conseil européen net zu enger Maschinn ginn, wou déi national Intressie vu verschiddene Groussen (Beispill: Deauville) coûte que coûte zu europäeschen Intressien erklärt ginn.

Lëtzebuerg wäert sech och weider engagéiere fir eng Bedeelegung vun all den Institutiounen an all de Staaten um Entscheedungsprozess am Respekt vum Traité an der gemeinschaftlecher Method. Lëtzebuerg wëll op kee Fall, dass d’Haaptroll vum Conseil européen doranner besteet, der Kommissioun hier Kompetenzen anzeengen.

Mam Traité vu Lissabon ze schaffen heescht awer och, d’nei Roll vum Europäesche Parlament z’akzeptéieren. Duerch säi Statut als Co-Législateur am Kader vum Matentscheedungsprozess oder bei der Erweiderung vu senge Kompetenze beim Budget ass d’Parlament en onëmgänglechen Acteur am europäeschen Entscheedungsprozess. D’Parlament ass sech senger ëmmer méi grousser politescher Roll bewosst a benotzt se och, wéi am SWIFT-Dossier zum Beispill. Andeems et sech politesch positionéiert an d’ëffentlech, innereuropäesch Debatt undreift, wäert d’Parlament eng europäesch politesch Meenung konsolidéieren. Ech denken, dass eng verstäerkt europäesch Sensibilitéit am Zesummenhang mat Sujeten, déi d’Bierger intresséieren, der europäescher Integratioun neien Elan gëtt.

Biergerinitiativ an national Parlamenter

D'Biergerinitiativ, eng weider Neiheet, déi vum Traité vu Lissabon agefouert ginn ass, geet an déi selwecht Richtung vun engem verstäerkten Abanne vun de Bierger an d’politesch Debatt. Et handelt sech ëm eng nei Form vu politescher Bedeelegung, déi et den europäesche Bierger erlaabt, wa si op d'mannst eng Millioun sinn an aus enger bedeitender Unzuel Memberstate kommen, d’Kommissioun opzefuerderen, e Virschlag iwwer präzis Froen ze maachen, déi fir d’Kompetenzberäicher vun der EU relevant sinn. Ech soen dofir der Chamber Merci fir hire wäertvollen Input zu dësem Sujet während der ëffentlecher Konsultatioun, déi d’Kommissioun duerchgefouert huet, fir d’Initiativ ze konkretiséieren. D’Europäescht Parlament äussert sech am Dezember iwwert de Virschlag fir eng Veruerdnung vun der Kommissioun. Ech soen Iech och Merci, dass Dir Iech organiséiert hutt, fir där wichteger Roll, déi den Traité vu Lissabon den nationale Parlamenter zougesprach huet, esou gutt wéi méiglech nozekommen. Dir wäert ëmmer méi gefrot sinn am Kader vum europäeschen Entscheedungsprozess, an notamment wat d’Kontroll vum Subsidiaritéitsprinzip ugeet.

Service européen d’Action extérieure

Ënnert der Responsabilitéit vun der Héijer Vertriederin ass den neien Europäeschen Auswäertegen Déngscht natierlech dat neit Aarbechtsinstrument par excellence, fir d’Stëmm vun Europa an der Welt ze stäerken. Och wann d’Ariichte vum Déngscht nach ëmmer Géigestand fir Tensiounen tëschent den Acteuren, der Kommissioun, dem Rot, de Memberstaaten an dem Europäesche Parlament ass, wier et awer falsch, d’Wéie vu senger Gebuert als Indicë vun engem Echec ze gesinn. Den neien Déngscht ass en diplomatesche Corps en devenir, mä e wäert wuessen. Dëst brauch Zäit. E wäert nei Dynamike kreéieren, déi deenen entwëschen, déi probéieren en ze bremsen, Dynamiken, déi op europäesche Reflexer baséieren, déi d’Diplomate kréie wäerten, dorënner och Lëtzebuerger, op déi mir houfreg sinn, déi an dësem Déngscht schaffen. Seng Ariichtung verankert eng Iddi an enger juristescher Realitéit; ass si emol asazfäeg, wäert si d’Entfale vum Geescht erlaben, deen d’Grondlag war fir hir Kreatioun, e Geescht vu Solidaritéit, dee sech méi muss ausserhalb vun de Grenze vun der Europäescher Unioun manifestéieren.

Den Erweiderungsprozess

Dës Grenze wäerten och an den nächste Joere changéieren, well den Erweiderungsprozess vun der EU ass zesumme mat der Verdéiwung och weiderhin ee vun de wichtege politesche Piliere vun der EU, eng Politik, déi eist Land ënnerstëtzt. Tatsächlech ass den Erweiderungsprozess e leeschtungsfäege Motor, dee Verännerungen an de Bäitrëttslänner bewierke kann. E Motor, deen et hinnen erlaabt, e Rechtsstaat ze ginn, d’Anhale vun de Mënscherechter ze festegen an d’Ëmsetze vu wirtschaftleche Reformen ze förderen, an esou hire Bierger eng méi héich gestallte sozial-politesch Dimensioun ze garantéieren.

D’EU hirersäits muss sech awer och änneren an aus der aktueller Atmosphär vun Erweiderungsmiddegkeet erauskommen, an dëse Länner weider eng europäesch Perspektiv ubidden, souwäit se natierlech d’Bedingungen erfëllen.

Ech weess, dass dës Politik Skepsis a villen EU-Länner an och an eisem Land ausléist. Mä et ass och an eisem Intressi, dass dës Länner, eng Dynamik vu Wuelstand a Sécherheet kréien, eng Dynamik, déi den Integratiounsprozess iwwerall bewierkt, do wou e Wuerzele schléit. Eis Intressien an eis Wäerter schreiwen eis vir, dës Erweiderung an dës Festegung vum Rechtsstaat an der Demokratie z’ënnerstëtzen.

Am Moment hu véier Länner de Status vun engem Bäitrëttsland, nämlech d’Fréier Jugoslawesch Republik Mazedonien, Kroatien, Island an d’Tierkei. Dräi aner Länner vum westleche Balkan hunn hir Demande, fir der EU bäizetrieden, gestallt: Montenegro am Dezember 2008, Albanien am Abrëll 2009 a Serbien am Dezember 2009. Den Erweiderungsdossier ass allerdéngs zimlech komplex, vu, dass all Land an engem schwierege Stadium vum Prozess ass an e Kader "op Mooss" brauch, fir am Bäitrëttsprozess virunzekommen, deen nom Prinzip vun de Meritë vun all Bäitrëttsland oder méiglechem Bäitrëttsland weidergeet.

D’Land, wat am Moment am wäitesten ass, ass Kroation. D’Kroaten hu beträchtlech Fortschrëtter an de leschten zwielef Méint gemaach, fir hir Legislatioun un den "Acquis communautaire" unzepassen. Efforte sinn nach onbedéngt noutwenneg a Saache Justizreform, Schutz vun de Minoritéiten an dem Kampf géint Kriminalitéit a Korruptioun. Um Gebitt vun der Zesummenaarbecht mam TPIY zu La Haye ass nach net alles 100%teg.

D'Tierkei huet och beträchtlech Reformefforten ënnerholl. Eist Land wäert dofir och weider fir eng Fortsetzung vun dëse Verhandlunge plädéieren, ënner dem strikten Anhale vun de festgeluechte Kritären, och wann een hei an do Stëmmen héiert, déi fir en Ofbroch vun de Verhandlunge sinn. Mä d’Kredibilitéit an d’Intressie vun der EU stinn um Spill. Eng Tierkei, déi europäesch Standarden an den "Acquis communautaire" unhëlt, ass e Gewënn fir d’EU – eng europäesch Tierkei wäert e groussen Atout fir d’EU sinn. Och wann de Wee vun der Tierkei nach laang ass, d’EU muss weider d’Reformefforten ënnerstëtzen, a gläichzäiteg d’Tierkei drun erënneren, zum Beispill seng Flichten z’erfëlle beim Ëmsetze vum Zousazprotokoll vum Associatiounsaccord, dem sougenannten Ankara-Ofkommes. Mam politeschen an wirtschaftleche Potential vun der Tierkei kënnt d’Europäesch Unioun eng strategesch Roll anhuelen, déi aussepolitesch gesinn um Globus eenzegaarteg wier.

De 27. Juli hunn d’Bäitrëttsverhandlunge mat Island ugefaang a Lëtzebuerg ënnerstëtzt d’europäesch Perspektiv vun Island. Et muss ee wëssen, datt Island e spezielle Fall duerstellt. Dëst duerch de Fait, well et schonns säit méi wéi 15 Joer duerch seng Participatioun um Europäesche Wirtschaftsraum enk Relatioune mat der EU huet an duerch d’Beräicher, déi duerch dësen Traité ofgedeckt sinn. Elo schonns respektéiere méi wéi 98% vun den islännesche Gesetzer d’europäesch Legislatioun. Et ass deemno méiglech, sech virun allem op déi méi schwiereg Sujeten ze konzentréiere wéi wahrscheinlech d’Fëscherei an d’Finanzservicer.

Vun de véier Länner vum westleche Balkan, déi hire Wëllen, der EU bäizetrieden, manifestéiert hunn, kann d’Fréier Jugoslawesch Republik Mazedonien, déi scho säit 2005 de Statut vun engem Bäitrëttsland huet, hoffen, dass d’Bäitrëttsverhandlungen demnächst ufänken. Leider bleift nach ëmmer den delikaten Dossier vum Numm vun dësem Land. Dës Meenungsverschiddenheet tëschent Griichenland an der Fréierer Jugoslawescher Republik Mazedonien ass dat eenzegt Hindernis fir d’Lancement vun de Verhandlungen. Lëtzebuerg ënnerstëtzt d’Efforte vun den zwee Länner, fir séier eng Léisung ze fannen, mat där se allen zwee liewe kënnen.

D’Efforte vu Montenegro, Albanien a Serbien, fir der europäescher Famill bäizetrieden, kënnen a solle serieux geholl ginn. Serbien huet déi éischt Etapp de leschten Oktober geholl, wou seng Bäitrëttsdemande vum Rot ugeholl ginn ass. D’lescht Woch huet d’Kommissioun hire Rapport iwwert d’Erweiderung publizéiert an schléit vir, Montenegro de Statut vum „Pays candidat“ ze ginn. Si konnt déi Recommandatioun net fir Albanien ginn, opgrond vun der nach ëmmer blockéierter politescher Situatioun am Land.

Wat Serbien am Speziellen ugeet, wëll ech d’Wichtegkeet vun de rezenten Entwécklungen an der Fro vum Kosovo ënnersträichen. Ech kann déi nei a méi praktesch Approche vun de Belgrader Autoritéiten nëmme voll a ganz ënnerstëtzen, déi de Wee fir eng praktesch direkt Zesummenaarbecht tëschent Serbien an dem Kosovo opmécht. Kee muss drun erënnert ginn, wéi wichteg eist Engagement an dëser Regioun ass, ob et sech ëm eis Entwécklungshëllef oder eise KFOR-Bäitrag handelt.

Mir bleiwen natierlech och am Fall vu Bosnien implizéiert, duerch eis Participatioun un der Althea-Missioun vun der Europäescher Unioun. Dëst Land huet am Moment nach Méi, d’intern Kohäsioun ze fannen, déi onbedéngt noutwenneg ass, fir bei senger Integratioun an d’euroatlantesch Strukture weiderzekommen. Et ass méiglech, dass d’rezent Wahlen eng méi konstruktiv Approche vun den eenzelne Parteien erméiglechen, mä de Wee wäert hei ganz laang sinn.

Noperschaftspolitik

D’Ausdehne vum europäesche Fridden an der europäescher Solidaritéit iwwert d’Grenze vun der EU eraus betrëfft awer net nëmmen d’Fro vun der Erweiderung. D’europäesch Noperschaftspolitik, op där enger Säit, an d’ëstlech Partnerschaft op där anerer, mussen och eis ganz Opmierksamkeet kréien.

D’europäesch Noperschaftspolitik ass de Garant fir eng eenheetlech a kohärent Approche vun der Europäescher Unioun vis-à-vis vun hiren ëstlechen a südlechen Noperen. Et muss evitéiert ginn, dass d’Politik vun der EU vis-à-vis vun dëse 16 Länner opgedeelt gëtt jee no de privilegéierte bilaterale Bezéiungen tëschent verschidden EU-Memberstaaten a verschidden Nopeschlänner. D’Ariichte vu multiplë Prozesser an Institutioune produzéiert just Duercherneen, Verschwendung an Ineffizienz. Wat hei um Spill steet, ass d’Fäegkeet vun der Europäescher Unioun, hir berühmt "Soft Power" ze projezéieren an den Atout vun hirem attraktive Modell ze betounen.

D’Ufuerderunge vun Eenheet a Kohäsioun schléissen net d’Ausschaffe vu speziellen Initiativen aus, wann d’Ëmstänn et rechtfäerdegen.

Sou erlaabt d’Ëstlech Partnerschaft, déi am Mee 2009 gestart ginn ass, d’speziell Situatioun vun de Länner vun der Ex-Sowjetunioun (Armenien, Aserbaidschan, Wäissrussland, Georgien, Moldawien an d’Ukrain) ze berücksichtegen. Hei brauch de wirtschaftlechen, sozialen a politeschen Iwwergangsprozess d’fortlafend Hëllef vun der Europäescher Unioun. Dës Ënnerstëtzung besteet net nëmmen aus finanzieller Hëllef, mä och aus verstäerkten Handelsbezéiungen, Kontakter tëschent den Zivilgesellschaften an aus der Zesummenaarbecht tëschent dëse sechs Länner.

Ech wëll nach eng Kéier ënnersträichen, dass de Fait, dës Länner an d’Richtung vun europäesche Standarden ze féieren, net nëmmen eis moralesch an historesch Verflichtung ass. Et ass och wuelverstan an eisem politeschen a wirtschaftlechen Intressi. Weder Lëtzebuerg nach d’Europäesch Unioun kënnen drop hoffen, en Hafe vu Fridden a Wuelstand ze ginn, wann eis direkt Noperschaft an hire wirtschaftlechen a politesche Schwieregkeeten ënnergeet a sech als ohnmächteg erweist, hirer Populatioun a virun allem hirer Jugend positiv Perspektiven ze bidden.

A Saache Mëttelmier-Unioun (UpM) gesäit et de Moment duerch d'Blockaden an den direkte Verhandlungen tëschent Israelien an Palästinenser net gutt aus. Sou ass gëschter och de Sommet, deen Enn dëser Woch virgesi war, eng zweete Kéier annuléiert ginn. D’arabesch Länner sinn net bereet, sech ëm een Dësch ze setzen ouni Perspektiven op politesch Ausweeër a Resultater… wat ee verstoe kann!

Amerika

Den Impakt vun der vum Traité gewollter institutioneller Stäerkung däerf sech awer net op d’direkt Noperschaft vun der Europäescher Unioun limitéieren. Ganz am Contraire: Ee vun den essentiellen Ziler vum Traité ass et, der Europäescher Unioun z’erlaben, hire Modell an hir Wäerter an hire Bezéiunge mat hire strategesche Partner besser ze verdeedegen. Staaten, deenen hire potentiellen Impakt op eis aktuell an zukünfteg Welt am gréissten ass.

Vun dëse Partner ass den natierlechen Alliéierten, souwuel fir Lëtzebuerg wéi och fir d’Europäesch Unioun, d’USA. Trotz den Ënnerscheeder tëschent der europäescher an der amerikanescher Gesellschaft deelen si déi selwecht Visioun vu Fräiheet an Demokratie.

Et ass am Numm vun dëse gemeinsame Wäerter, dass Lëtzebuerg den USA seng konkret Hëllef beim Zoumaache vum Guantanamo-Prisong ugebueden hat.

Amerika huet virun Deeg gewielt. Et kënnt an deem Land zu enger Kohabitatioun vun engem demokratesche President an engem republikanesche Kongress. Komplizéiert, mä net aussergewéinlech. Als Europäer wënschen ech mir, dass mir

Enn der Woch zu Lissabon déi richteg Messagë kënnen dem President Obama beim Sommet iwwermëttelen: eis Disponibilitéit am Noen Osten weisen, fir den Drock op Israel ze verstäerken, den Ausbau vu Siedlungen opzehiewen an de Friddensgespréicher eng Chance ze ginn.

Mir als Europäer eis eens sinn, de President Obama, a senge Beméiungen ofzerüsten, z’ënnerstëtzen. Hei kënne riseg Potentialer fräi gemaach ginn, fir un éischter Plaz an d'Millennium-Ziler z'investéieren.

De NATO-Sommet zu Lissabon wäert eng Deel-Äntwert bréngen. Amerika plädéiert net méi, dass déi eng gutt sinn, déi aner schlecht. Dës Astellung passt besser zu der EU-Politikkultur. Et ass ze hoffen, dass béid Säiten dovu profitéiere kënnen.

Russland

Russland ass en anere Partner, mat deem d’Europäesch Unioun nach méi efficace kann a muss zesummeschaffen, fir d’Sécherheet an de Wuelstand vum europäesche Kontinent ze verbesseren. An dësem Zesummenhang spillt d’Partnerschaft fir d’Modernisatioun eng essentiell Roll. Mat dëser Partnerschaft probéieren d’Europäesch Unioun an hir Memberstaaten, an do och Lëtzebuerg, zu der net just wirtschaftlecher an technologescher Modernisatioun vu Russland bäizedroen, mä och zu senger sozialer an institutioneller Dimensioun. An engem Wuert: Mir wëlle Russland als strategesche Partner gesinn, och a Saache Verdeedegung.

China

A schlussendlech, keng Regioun illustréiert besser d’Ausmooss vun der Globalisatioun wéi Asien am Allgemengen a China am Besonneschen. Selbstverständlech wëll ech op kee Fall hei d’Wichtegkeet vun der Kooperatioun haut mat Japan minimiséieren, respektiv muer mat Indien, mä ech denken, dass Dir mir erlaabt, haut besonnesch op China anzegoen.

Ass et méiglech, net vum Ausmooss u Potential an un Defie vun dësem Land beandrockt ze sinn? Seng rasant wirtschaftlech Entwécklung huet aus China op Basis vu sengem Bruttosozialprodukt weltwäit déi zweet Wirtschaft gemaach. D’chinesesch Exporter si virun allem intressant fir europäesch an amerikanesch Konsumenten, an den ëmmer méi grousse Wuelstand vun dësem risege Land mécht en ëmmer méi attraktive Marché fir europäesch Exporteuren.

Gläichzäiteg muss een awer och feststellen, dass dës Medaille och eng Récksäit huet. Mat villerlee Aspekter. D’ökologesch a sozial Konsequenze vun dëser Expansioun si beonrouegend. Verschidde Regioune leiden ënner de staarke wirtschaftlechen, sozialen, mä och politeschen Tensiounen. An d’Fro vun de Mënscherechter si Fortschrëtter wënschenswäert. Déi offiziell Reaktioun beim Friddens-Nobelpräis fir den Dissident Liu Xiaobo waren haart an defensiv. D’Europäesch Unioun huet Afloss op China a mir sollten och mat Lëtzebuerger Stëmm determinéiert den Dialog a Saache Mënscherechter fuerderen, ouni dobäi als Professer opzetrieden. China huet Ouere fir richteg Argumenter.

Ech zweiwelen net drun, dass Ännerungen an der chinesescher Astellung komme wäerten. D’Zil muss et sinn, esou vill wéi méiglech dozou bäizedroen, dass China op eng harmonesch Aart a Weis an d’international Gemeinschaft integréiert gëtt. Eng op d’Zukunft ausgeriichten Aussepolitik muss Changementer antizipéieren a begleeden.

Afrika

De Fall vun Afrika ass dat beschte Beispill fir dës Tatsaach. Dëse Kontinent gehéiert der Jugend an der Zukunft: Haut ass ee Mënsch vu sechs en Afrikaner, muer wäerten et der ee vu fënnef sinn.

Ech weess, dass d’Situatioun an Afrika gär extrem pessimistesch duergestallt gëtt an ech wëll sécherlech net d’Ausmooss u Problemer ofstreiden. E Beweis heifir sinn d’Schwieregkeeten, Fortschrëtter bei de Millennium-Ziler am Beräich vun der Entwécklung ze maachen.

Mä ech géing gär eemol un eng Rei positiv Elementer erënneren. Trotz der Fortdauer vu verschidde schlëmme Konflikter am Darfur, a Somalia an am Nord-Oste vun der Demokratescher Republik Kongo (RDC) däerfe mir net vergiessen, dass d’Zuel vun de Konflikter an Afrika konstant ofhëlt.

Et gëtt och Courage an Hoffnung festzestellen, dass d’Afrikaner selwer, duerch d’Afrikanesch Unioun, eng ëmmer méi grouss Roll spille bei der Gestioun an der Resolutioun vun de Konflikter an Afrika. Andeems se refuséiert, Autoritéiten, déi aus engem Putsch ervirgaange sinn, unzeerkennen, spillt d’Afrikanesch Unioun eng ofschreckend a fir d’Präventioun wichteg Roll. E weidere Punkt ass, dass si elo d’Gestioun fir d’Erhale vum Fridden, zum Beispill a Somalia, selwer an d’Hand hëlt.

D’Europäesch Unioun ënnerstëtzt dëse Prozess, virun allem duerch Missiounen, fir somalesch Sécherheetskräften auszebilden oder de Sécherheetssektor am Kongo ze reforméieren, Missiounen, un deenen och Membere vun eiser Arméi deelhuelen.

An dësem Kontext wëll ech och eis Partizipatioun un der EU-Missioun am Kampf géint Piraterie virun der Küst vu Somalia net onerwänt loossen. Sou droe mir eisen Deel bäi zum Kampf vun der internationaler Gemeinschaft géint den Terrorismus a fir d’Schëffsverkéierssécherheet.

Afrika steet net nëmme fir Aarmut a Misär. Scho säit enger Parti Joere verzeechent et e Wirtschaftswuesstem, dat hoffe léisst, Synonym fir Chancë fir d’lokal Populatiounen, an och fir lëtzebuergesch Entreprisen, vun deene schonn eng ganz Rei Aktivitéiten an Afrika hunn. Déi éischt lëtzebuergesch Handelsmissiounen an Afrika an dësem Joer sinn een Zeeche fir d’Intressi vun eisen Entreprisen.

Fir eisen Engagement an dëser Regioun vun der Welt z'ënnersträichen, hu mir dëst Joer ee Lëtzebuerger Ambassadeur bei der Union africaine zu Addis Abeba accreditéiert.

Noen Osten

Engagement gëtt och gefrot an aneren Deeler vun der Welt, wéi zum Beispill am Noen Osten. An de leschte Méint sinn zwar d’direkt Gespréicher tëschent Israel an de Palästinenser erëm opgeholl ginn, ënnert der Schirmherrschaft vun den USA a mat dem Engagement vun der Europäescher Unioun. Leider ass de partielle Moratoire iwwert Kolonialisatioun am besate Westjordanland kuerz duerno ausgelaf, wat d’Palästinenser gezwongen huet, d’Gespréicher ofzebriechen. Kaum goufen d’Verhandlungen erëm opgeholl, gesäit et haut erëm aus, wéi wann se komplett ofgebrach géifen. Et ass ze hoffen, dass déi jéngste Virschléi vun den USA, déi iwwert de Weekend gemaach goufen, een oppent Ouer an der israelescher Regierung fannen.

Ech erënneren drun, dass Lëtzebuerg, zesumme mat senge Partner aus der Europäescher Unioun, Kolonialisatioun als eng Violatioun vum internationale Recht ugesäit, en Hindernis fir Fridden a fir d’Realiséierung vun engem viabele palästinensesche Staat. Doriwwer eraus ass et a mengen Aen eng permanent Ernidderegung fir d’palästinensescht Vollek.

Wat d’Situatioun am Gaza ugeet, sou bleift si weider desastréis trotz der Lockerung vun der Beförderungsaart vun de Wueren. Baumaterial ass nach ëmmer extrem knapp, mä onerlässlech, fir de Schued duerch d’Gefechter no der israelescher Invasioun ze flécken. Exporter sinn onméiglech, wat all wirtschaftlechen Opschwong behënnert, an de Persouneverkéier ass och weiderhi beanträchtegt.

Et ass net ze rechtfäerdegen, esou d’ganz Populatioun vun der Gazasträif ze bestrofen ënnert dem Virwand vun de Mefaite vun der Hamas.

Ech sinn dee Leschten, deen den israelesche Besoin no Sécherheet net unerkenne wëll. Mä d’Sécherheet vun Israel gëtt net doduerch verbessert, andeems Verzweiwelung an Haass geschürt gëtt. Ganz am Géigendeel! Just en Accord mat de Palästinenser erlaabt et, Bedéngungen ze schafen, an deenen Israel sécher ass.

Trotz de Schwieregkeete maachen d’palästinensesch Autoritéiten hiren Deel vun der Aarbecht a schaffen aktiv um Opbau vun zukünftege staatleche Strukturen, déi onbedéngt noutwenneg sinn, fir dass eng Koexistenz mat Israel enges Daags méiglech ass. An ech géing hei gär dës Efforte würdegen, déi d’voll Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg an der Europäescher Unioun hunn.

Ech war virun enger Woch zu Abu Dhabi op enger informeller Sëtzung vun arabeschen an EU-Ausseministeren, wou och de President Abbas an de Premier Fayyad präsent woren. Dës moderat Palästinenser-Leader, déi Fridde wëllen, sinn d’Accord fir, zesumme mat der ganzer arabescher Liga, direkt Negociatiounen op d’Minutt unzegoen, wann Israel de Prinzip vun de Grenze vu 1967 unerkennt an ee Siidlungsstopp deklaréiert. Et ass fir d’ganz international Communautéit net novollzéibar, dass dëst net geschitt. Dës Chance kënnt net erëm. An ëmmer méi kloer gëtt et, dass d’Palästinenser an de Sécherheetsrot drängen, wa bis Enn dës Joers dëst Äis net gebrach ass. Mir wëssen all, dass et op der UNO schwéier ass, eng fäerdeg Léisung erbäizeféieren, an dass, wéi am Fall vum Kosovo, et extrem komplex ass, och duerch UNO-Resolutioune praktesch Léisungen ze fannen. Allerdéngs wäert dëst de Wee sinn, deen héich probabel ass, well et an den Ae vun de Palästinenser déi eenzeg Sortie aus dem Tunnel ass.

Dës israelesch Regierung bräicht couragéierte Leadership a Wäitsiicht. Ech zweiwelen net als Eenzegen, ob dës Qualitéiten de Moment gi sinn.

Iran

Vill Observateuren am Mëttleren Osten si sech eens, dass eleng eng Léisung vum Israelesch-Palästinensesche Konflikt dem heitegen iranesche Regime de Wand aus den Segelen huele kënnt. Weder Sanktiounen nach Drohunge brénge kuerz- a mëttelfristeg Changementer am iranesche Regime, dee sech au contraire verhäerden a senger Bevëlkerung nach vill méi zoumudde wäert.

Elo an der Resolutioun 1929 vum Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen huet d’international Gemeinschaft e véierte Pak Sanktioune beschloss, déi d’onzoulänglech Zesummenaarbecht vum Iran mat der Internationaler Atomenergie-Organisatioun (AIEA) erëmspigelt. Lëtzebuerg steet voll a ganz hannert dëse Moossnamen.

Nom Beispill vun den USA a Japan huet d’Europäesch Unioun beim Ëmsetze vun der Resolutioun weider Moossname geholl, déi strategesch Intressie vum iranesche Regime viséieren.

An dësem Kontext huet Lëtzebuerg ëmmer op zwee Punkten insistéiert: d’agesate Moossname sollen net d’iranesch Populatioun als Ganzt treffen, just déi aus dem Regime, déi verantwortlech si fir d’Aktivitéiten, déi géint d’international Flichte vum Iran verstoussen; de Wee fir e méiglechen Dialog bleift ëmmer op. D’international Gemeinschaft, an d’Europäesch Unioun am Besonneschen, stinn och weider bereet, fir zu all Moment Verhandlunge mam Iran opzehuelen, fir aus der aktueller Sakgaass erauszekommen.

Ech wëll awer och net déi grouss Suerge vergiessen, déi eis d’intern politesch Situatioun am Iran mécht, notamment d’schlëmm Violatioune vun de Mënscherechter, grausam ëffentlech Stengegen an Exekutiounen oder och d’Verfolgung vun de Baha’ien am Besonneschen. Ech hat Geléigenheet, mat mengem iraneschen Homologue während senger Visite zu Lëtzebuerg d’lescht Fréijoer doriwwer ze schwätzen an dës Virgoensweis ze condamnéieren. Et bleift. Den iranesche Regime respektéiert weder d'Mënscherechter nach internationaalt Recht. Schued, dass ee Land mat där Kultur, mat där Geschicht elo dëse Wee ageschloen huet. Et gëtt keng einfach Léisung a Saachen Iran, fir ee Changement ze provozéieren. Just muss ee wëssen, dass den iranesche Mullah-Regime haut ee vun de grousse Gewënner ass vum Irak-Krich. Et ass ze hoffen, dass iwwerall dës nämlecht Léier gezu gëtt.

Afghanistan

Changementer an Adaptatioune sinn an Afghanistan ze spieren, trotz de weideren Defien, déi um Wee zu engem stabillen a séchere Staat weider bestinn, engem prosperéiernde Staat, an deem Mënscherechter respektéiert ginn. Dëse Wee muss d’international Communautéit zesumme mat den Afghanen goen. Lëtzebuerg ass hei duerch seng Entwécklungshëllef an duerch säi Bäitrag zu den internationalen Truppen, déi d’Mandat vum Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen ëmsetzen, engagéiert.

Säit de Konferenze vu London a Kabul ass d’Afghaniséierung d’Leitmotiv vun der Strategie, déi vun der internationaler Gemeinschaft ëmgesat gëtt. Konform mat dem Uleies vun den afghaneschen Autoritéiten hu mir e Prozess an d’Wee geleet, fir d’Verantwortung no an no deenen z’iwwerdroen, déi den Optrag kritt hunn, selwer d’Sécherheet vun der Populatioun ze garantéieren. D’international Truppen hëllefen, dëst z’erreechen, virun allem, andeems si ëmmer méi Membere vun der afghanescher Arméi an der nationaler Police ausbilden, soudass 2014, dat ass jo d’Zil vun der Londoner Konferenz, keng auslännesch Truppe méi brauchen do ze sinn.

Een dauerhafte Fridde muss vun engem Reconciliatiouns- a Reintegratiounsprozess begleet ginn, virun allem zesumme mat Diskussioune mat deenen Opstännegen, déi bereet sinn, op Gewalt ze verzichten an d’afghanesch Konstitutioun ze akzeptéieren. Et ginn éischt Unzeechen heifir.

Op laang Siicht braucht Afghanistan sozial, wirtschaftlech an institutionell Verännerungen. D’Europäesch Unioun an hir Memberstaaten, grad wéi aner Partner, stellen heifir bedeitend finanziell a personell Ressourcen zur Verfügung.

NATO

Selbstverständlech falen Defie wéi d’Situatioun um Balkan oder an Afghanistan net nëmmen ënnert d’Zoustännegkeet vun der Europäescher Unioun. Eng decisiv Roll spillt an dësem Kontext och d’NATO.

Leider ass d’Kooperatioun tëschent dësen zwou Organisatiounen, déi esou vill gemeinsam Memberen hunn, paradoxerweis net ëmmer déi bescht. D’Bezéiung EU-NATO ass och haut nach ëmmer e kollateraalt Affer vun engem nach ëmmer net geléiste Konflikt tëschent verschiddene Partner.

Wat wichteg ass, ass, datt de Changement an d’Upassung, déi ech virdru schonns ugeschwat hunn, am Moment och bei der NATO passéieren. An e puer Deeg wäert d’Allianz op hirem Sommet en neit strategescht Konzept aféieren, wouriwwer mer kierzlech hei debattéiert hunn.

Déi fundamental Wäerter vun der Allianz sollten net a Fro gestallt ginn. Hir Missiounen, Instrumenter a Strukture mussen ugepasst ginn, fir weider kënnen dëse Wäerter an engem Kontext, dee permanent ännert, gerecht ze ginn: D’kollektiv Verdeedegung bleift d’ "Raison d’être" vun der NATO.

Mee gläichzäiteg hu mir awer och nei Äntwerten op nei Menacen. Esou bleift der Allianz hir Zweckméissegkeet, och zwanzeg Joer nom Enn vum Kale Krich, weider bestoen. Dat neit Konzept besteet allerdéngs net nëmmen aus enger Opzielung vu Menacen, mä et illustréiert och de Wëlle vun der Organisatioun, nei Geleeënheeten, déi sech hir bidden, z’ergräifen. Virun allem den neien Impuls fir d’nuklear Ofrüstung duerch dem President Obama säin Discours zu Prag, an duerch den Accord „Start 2“ als Folleg heivunner, dëst ass fir d’NATO e kloert Signal. D’Allianz ass et sech schëlleg, eng esou sécher a kleng wéi méiglech Rüstung unzestriewen an esou zu der Ofrüstung an der Net-Verbreedung vun Atomwaffe bäizedroen.

Lëtzebuerg huet sech aktiv un der Virbereedung vum neie strategesche Konzept bedeelegt. Virun allem mat der Belscht, Holland, Däitschland, Norwegen hu mir d’Initiativ geholl, eng Diskussioun ze lancéieren iwwert d’Zukunft vun der Organisatioun hiren takteschen Atomwaffen. Dës Fro ass eng vun deenen, deenen sech d’Allianz muss an nächster Zukunft unhuelen.

Dës Initiativ stëmmt voll a ganz mat der Prioritéit iwwereneen, déi Lëtzebuerg scho laang der Net-Verbreedung an der Ofrüstung am Allgemenge gëtt. An deem Sënn engagéiert sech eist Land aktiv zugonschte vum Atomwaffen-Sperrvertrag an och am Kader vun der Konventioun iwwer Streemunitioun a Landminnen. Grad esou wéi fir d’Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffen, an där mir am "Conseil exécutif" sinn.

Här Chamberpresident,
Dir Dammen an Dir Hären,

Wéi ech probéiert hunn z’illustréieren, stellen eis d’Verännerungen am Beräich vun der Aussepolitik souwuel viru Chancë wéi och Defien. Eist Land stellt sech dësen zesumme mat senge Partner an dank senge Partner.

Mä de Fait, dass mir kënnen am Kader vu verschiddenen Organisatiounen op d’Ënnerstëtzung vu ville Partner zielen, entbënnt eis natierlech net dovun, all déi néideg Efforten ze maachen, déi ee vun engem engagéierten a vertrauenswürdege Member vun der internationaler Gemeinschaft erwaart. Trotz eise limitéierte strukturelle Méiglechkeete gëtt et keng Alternativ fir eng aktiv an engagéiert Politik.

Mir hunn héich Erwaardungen un eis Partner. Et ass logesch a legitim, dass et ëmgedréint och esou ass. Dowéinst wäerte mir och weider all déi néideg Efforte maachen, fir mam europäeschen Integratiounsprozess matzehalen, andeems mir eis selwer voll a ganz an d’gemeinschaftlech Projeten abannen.

Et geet net duer, an dësem Kontext just un Haaptprojeten, wéi den Euro oder de Schengen-Raum, z’erënneren. E regelméissegt Engagement bei vill méi bescheidenen an diskrete Projeten, an deenen d’Europäesch Unioun hire Modell ubitt an hir Wäerter projezéiert, ass mindestens genausou wichteg. Aus deem Grond hëlt eist Land un all de militäresche Missioune vun der EU deel. Aus deem Grond engagéiere mir eis fir Saachen, déi esou verschidde sinn wéi d’Reform vum Sécherheetssektor a Somalia oder am Kongo, d’Ausbildung vun de Riichter an de Polizisten am Irak oder och nach den neie wirtschaftlechen, sozialen an institutionellen Opbau vum Kosovo.

Eis Engagement vis-à-vis vun der Europäescher Unioun manifestéiert sech natierlech och bei eiser Politik als Gaaschtland vu villen europäeschen Institutiounen. D’Regierung ënnerhëlt och weider grouss Efforten, fir den europäeschen Institutiounen zu Lëtzebuerg eng gutt Liewensqualitéit an optimal Aarbechtsbedéngungen ze bidden, déi fir en efficacet a kohärent Fonctionnement néideg sinn.

Projete wéi d’Vergréisserung an d’Renovatioun vum Konferenzzentrum um Kierchbierg, d’zweet Vergréisserung vun der Cour des Comptes, d’Renovatioun a Vergréisserung vum Gebai vum Europäesche Parlament oder och nach d’nei Gebaier fir d’Kommissioun si fir eis eng Chance, trotz enger staarker Konkurrenz, ze weisen, dass Lëtzebuerg och weider als Stad an als Sëtz vun den Europäeschen Institutiounen à même ass, dës ënnert de beschte Bedéngungen opzehuelen.

Ech brauch net z’ënnersträichen, dass eis Politik bei der Entwécklungshëllef, déi mir, trotz Kris an am Géigesaz zu aneren, op hirem aktuelle finanziellen Niveau halen, en zentraalt Element vun eiser präsenter an engagéierter Politik ass.

Dëse Wëllen, als verantwortungsvollen an engagéierte Member vun der internationaler Gemeinschaft ze handelen, ergëtt sech souwuel aus eise Wäerter wéi och aus eisen Intressien. En ass d’Äntwert, déi mir, an der Europäescher Unioun, an der UNO a soss anzwousch, all deene ginn, déi mengen, dass d’Richtung vum gemeinschaftleche Projet sollt fir eng kleng Zuel vun Auserwielte reservéiert sinn. Dëst ass net eis Vue. Mir stellen eis bescheiden, mä determinéiert fir en net permanente Sëtz 2013-2014 am Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen. Eng Operatioun, déi wuel vill Kraaft kascht, mä eis schonn elo vill Sympathien abruecht huet.

Duerch dëse Geste hu mir eiser Bekenntnis zum internationalem Recht e konkreten Inhalt ginn.

Mat dëser Kandidatur, grad wéi mat eiser ganzer Aussepolitik, beméie mir eis ëm eise Ruff an der Welt als Verfechter vu Rechtsstaatlechkeet a Solidaritéit. Vill Länner, zemol klenger a mëttlerer vun alle Kontinenter, mudden eis zou, dëser Erausfuerderung gewuess ze sinn, an zielen op eis.

Merci fir Är Opmierksamkeet.