Déclaration de politique étrangère 2012 (version originale luxembourgeoise)

Discours – Publié le

Le Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères, Jean Asselborn, a présenté la déclaration sur la politique étrangère et européenne du Luxembourg le 14 novembre 2012 à la Chambre des députés.

- Seul le discours prononcé fait foi -

Här President,
Dir Damen an Dir Hären Deputéiert,

Et ass Iech an de leschte Joren net entgaangen, datt ech zum Schluss vun der Declaratioun zur Aussen- an Europapolitik ëmmer drop gehalen hunn ze betounen, datt eis Kandidatur fir e Sëtz als net-permanente Member am UNO-Sécherheetsrot Deel vun enger Aussepolitik ass, déi op der Verdeedegung vu souwuel eise Wäerter wéi och eisen Interessie berout.

Dir sidd mer duerfir sëcher net béis, wann ech mer haut erlaben, mat dëser dach historescher Entreprise unzefänken. Et soll ee sech natierlech virun exzessiver Selbstzefriddenheet hidden, ma nawell stelle mer fest, datt beim zweete Wahltour méi wéi zwee Drëttel vun den UNO-Memberstaten eis hir Stëmm ginn hunn. Am Laf vun eiser Geschicht hu mir nach ni als Land esou e Vertrauen an esou eng Wäertschätzung vun esou engem groussen Deel vun der internationaler Gemeinschaft bewisen kritt.

Mir wëllen also all deenen, déi hei an iwwerall soss op der Welt zu dësem Erfolleg bäigedroen hunn, Merci soen, zemol well dat, wat mir u Leit a Budget an dës Campagne gestach hunn, net mat de massive Moyene vun eise Konkurrenten ze vergläiche war.

D'Campagne ass elo eriwwer, an de Moment ass komm, eis Virbereedungen intensiv unzegoen, e Sujet, deen ech scho vrun Ärer Kommissioun fir Aussepolitik a Verdeedegung ugeschnidden hunn. Mir sinn eis dem Volumen vun der Erausfuerderung, déi eis erwaart, voll a ganz bewosst.

UNO: Conseil de Sécurité

Natierlech kënne mer zu dësem Zäitpunkt net genee an all Détail virausgesinn, wat alles op ons zoukënnt. Anescht wéi bei der Présidence vun der EU gëtt d'Dagesuerdnung vum Sécherheetsrot vun den internationalen Evenementer diktéiert, besonnesch wann de Weltfridden an déi international Sécherheet a Gefor sinn.

Trotzdem kënne mer awer schonn e puer Grondprinzipien ervirhiewen, déi eis an deenen zwee Joer, déi mir am Déngscht vum Weltsécherheetsrot stinn, wäerte guidéieren. Als éischte Punkt wëll ech hei déi integréiert Approche vun den dräi «D» ernimmen: Diplomatie, Développement, Défense. Zënter laangem wësse mer, datt all Kris multidimensional ass. Eng Kris huet net nëmmen e Sécherheets- oder militäresche Volet, si huet och wiertschaftlech a sozio-kulturell Wuerzelen. Fir eng dauerhaft a gerecht Léisung ass also vun der internationaler Gemeinschaft en Handelen erfuerdert, dat all dës Iwwerleeunge mat abezitt.

Et muss een engersäits also déi international Sécherheet, fir déi de Conseil de sécurité un alleréischter Plaz muss suergen, a Verbindung mat der wiertschaftlecher Entwécklung gesinn, anerersäits berücksichtegen, dat souwuel d'Sécherheet wéi d'Entwécklung um Respekt vun de Mënscherechter an der Rechtsstaatlechkeet berouen.

Mir kënnen hei vun den Erfahrungen profitéieren, déi mir während eiser rezenter Présidence am UNO Wiertschafts- a Sozialrot (ECOSOC) an am Kader vun der Kommissioun fir Friddenskonsolidéierung gesammelt hunn.

Dës integréiert Approche fir Fridden a Sécherheet bréngt mat sech, dass mir eis och fir déi nei Menacë mussen interesséieren, déi Auswierkungen op d'Sécherheet an d'Stabilitéit vu ville Regiounen op der Welt hunn. Heibäi handelt et sech virun allem ëm déi organiséiert transnational Kriminalitéit, mat hirem Cortège vu Mënschen-, Drogen- a Waffenhandel, an och ëm Piraterie. Vergiessen däerf een hei och net de «Multiplikator vu Menacen», de Klimawandel. De potentiellen Impakt, deen de Klimawandel op d'Ressourcen an Liewensbedingungen vun der Bevëlkerung an domat op de Fridden an d'Sécherheet huet, kann net genuch betount ginn.

Dat wëll awer op kee Fall heeschen, datt een net all méiglech Efforte soll ënnerhuelen, fir mat der Léisung vun dëse Konflikter, déi schonn zënter laangem op der Dagesuerdnung vum Weltsécherheetsrot stinn, virunzekommen. Ee Beispill ass hei de Konflikt am Mëttleren Osten, op deen ech wäert zeréckkommen.

En anere Grondprinzip ass deen, datt de schwaachsten Affer, deenen, déi sech am mannste wiere kënnen, eng besonnesch Opmierksamkeet soll zoukommen. Mir fueren hei mat der Aarbecht virun, déi mer schonn an der Vergaangenheet zu Theme wéi der sexueller Gewalt vis-à-vis vu Fraen oder de Kanner a bewaffnete Konflikter gemaach hunn. Hei muss d'Solidaritéit an d'Spill kommen, déi Solidaritéit, déi ech ëmmer als e Grondwäert vun eisen Handlunge verdeedegt hunn, um internationale wéi och um europäesche Plang.

Och hei kënne mer op Aarbecht zeréckgräifen, déi mir an deem Beräich scho gemaach hunn, sou wéi och op Kooperatiounsrelatioune mat verschiddenen UNO-Gremien, a Beräicher wéi der Konfliktverhënnerung, dem Schutz vun der Zivilbevëlkerung, dem Rechtsstaat oder der Reform vun de Sécherheetskräften.

Des Weidere wäerte mir eis och beméien, gutt nozelauschteren. Dat bezitt sech natierlech op alles, wat am Conseil gesot gëtt. Mir hunn awer och d'Flicht, eis d'Argumenter vun deenen unzehéieren, déi virun der Dier vum Conseil stinn. Ech kann ouni Ironie behaapten, datt mir gutt placéiert sinn, fir de Besoin un Transparenz vun all deenen ze verstoen, déi vu baussen d'Aarbecht vum Sécherheetsrot suivéieren. Ëmmerhin si méi wéi 70 Länner nach ni am Sécherheetsrot gewiescht.

Wéi Der gesitt, ginn et hei keng fundamental Neierungen par rapport zu de Konzepter an Astellungen, déi traditionell eis Politik bestëmmt hunn. Ganz am Géigendeel: Op intellektuellem wéi och op psychologeschem Plang kënne mir op Bekanntem opbauen, an d'Erfarungen, déi mir iwwer Jore gesammelt hunn, sinn eis hei vu groussem Notzen.

Gewëss, de Kontext huet changéiert. Mir mussen weisen, datt mir et och wäert sinn, am ieweschte Gremium vun der Weltordnungspolitik ze sëtzen. Allerdéngs zweiwelen ech net drun, datt mir, wa mir eis op dës vertraute Prinzipien an en onermiddlechen Asaz stäipen, deem Vertrauen, dat an ons gesat gouf, och gerecht ginn. Dëst Mandat ass déi siichtbarst Konkretiséierung vun dem responsabelen a solidareschen Engagement, dat d'Fundament vun eiser Aussen- an Europapolitik ass.

Dëst Engagement, an d'Wäerter, déi em zu Gronn leien, sinn haut esou noutwenneg wéi ni virdrun.

D'Versuchung ass ëmmer grouss, aneren de Laascht vun den Erausfuerderungen z'iwwerloossen, mat deenen d'Welt konfrontéiert gëtt, a sech zeréckzezéien, andeems ee sech hannert objektive Realitéiten verschanzt, wéi eiser bescheidener Dimensioun an domat eise bescheidene Mëttelen. Et ass net schwéier, Grënn ze fannen, fir aneren d'Responsabilitéit z'iwwerloossen. Mee eist Land kann a wëll sech sengen Aufgaben a Flichten net op esou eng Manéier entzéien.

Globaliséierung

E Land wéi eist war ëmmer Evenementer vu baussen ausgeliwwert, op déi et keen Afloss hat. An der globaliséierter Welt vun haut ass dat méi wéi jee de Fall. Fir eis hunn Erausfuerderungen, ma och – an dorop insistéieren ech – Méiglechkeeten dacks hiren Ursprong baussent eise Grenzen, heiansdo souguer um aneren Enn vun der Welt.

Et kann ee sech kaum eng Wiertschafts- oder politesch Kris an iergendengem Deel vun der Welt virstellen, déi sech net op eis géif auswierken. Gläichzäiteg ass de Wuelstand an d'Fräiheet vun eisem Land net denkbar ouni déi wiertschaftlech, kulturell a mënschlech Beräicherung, déi sech aus den intensive Relatioune mam Rescht vun der Welt ergëtt.

Fir eist Land sinn d'Bezéiunge mat anere Länner, ob aus der direkter Noperschaft oder vu méi wäit ewech, enorm wichteg. An dofir ass eng engagéiert Aussepolitik gefuerdert. Déi international Gemeinschaft erwaart vun eis, datt mir eis Responsabilitéiten huelen, fir esou zur Léisung vun de Problemer, mat deenen d'Mënschheet konfrontéiert ass, bescheiden mee engagéiert bäizedroen. D'Erausfuerderungen sinn esou grouss wéi ni, an dat op politeschem, wiertschaftlechem, sozialem an och ökologeschem Plang.

Eise Bäitrag ass op verschidde Manéiere méiglech, sief et d'Engagement am Sécherheetsrot, eis Entwécklungshëllef oder och eis Participatioun un diversen internationale Friddensmissiounen.

Dës engagéiert Politik ass also kee Luxus. Et ass en Investissement net nëmmen zugonschte vun der internationaler Gemeinschaft, ma och fir d'Onofhängegkeet an de Wuelstand vun eisem Land. Déi aktuell Schwieregkeeten dierfen eist dëst net vergiesse loossen.

Eis nei Responsabilitéit am Weltsécherheetsrot bedeit net, datt mir eis direkt Noperschaft aus den Ae verléieren.

Ech si frou iwwer déi exzellent Relatioune mat eisen dräi Noperen, mat deene mir weiderhin villes wäerten ëmsetzen, wat fir den Alldag an eisem Land wichteg ass.

Hei muss ech direkt ee ganz spezifescht Thema uschwätzen, nämlech d'Atomzentral zu Cattenom, déi der Regierung, der Chamber an der ad-hoc Plattform eeschtlech Suerge mécht. D'Resultater vun de leschte «Stress-Tester» hunn näischt zu eiser Berouegung bäigedroen.

Aus dëse Grënn si mer an enkem Kontakt mat de franséischen Autoritéiten, sou wéi d'Chamber sech dat gewënscht huet, fir als Delegatioun vu Regierung, Chamber, Platt-form zu Paräis virstelleg ze ginn. Mäin franséische Kolleg Laurent Fabius huet d'Dir do opgemaach. Mir organiséieren eis a wäerten demnächst bei der Ministesch vum Développement durable, Energie an Ekologie, der Madame Delphine BATHO, virstelleg ginn.

Benelux

Den neie Benelux-Vertrag, deen zënter Ufank deses Joers a Kraaft ass, bréngt eng nei Dynamik an eis Bezéiungen. D'Virreideroll, déi de Benelux gespillt huet, an nach ëmmer spillt an der EU, bleift erhalen a gëtt esou guer verstäerkt.Dat gëllt och fir d'Roll vum Benelux als Koordinatiounsinstrument tëscht den dräi Länner am Beräich vun der europäescher an internationaler Politik. Erlaabt mer an dësem Kontext, Iech doriwwer z'informéieren, dass d'Regierung deemnächst déi zwee Gesetzesprojeten iwwer de Benelux, iwwert d'Aféiere vun engem neie Verdeelungsschlëssel vum Budget engersäits, an d'Ännerunge vum Vertrag iwwer de Benelux-Geriichtshaff anerersäits, an der Chamber wäert déposéieren.

D'Zesummenaarbecht am Benelux ass fir eis vill méi wéi d'Ëmsetze vun engem Vertrag. Et ass eng Astellung, eng Handlungsweis mat zwee anere Partner, déi e feste Bestanddeel sinn vun eisen dagdeegleche Responsabilitéiten.

Den neie Vertrag gesäit och vir, dass d'Présidencë vum Ministercomité vun de Benelux-Länner vun elo un iwwer e ganzt Joer ginn. Eist Land huet d'Éier, Présidence 2013 z'iwwerhuelen. Mir si grad am Gaang, dem Programm vun eiser Présidence dee leschte Schlëff ze ginn. Mir wëlle probéieren, d'Kooperatioun tëscht eisen dräi Staten virunzebréngen, andeems mir déi lëtzebuergesch Spezifizitéiten abréngen. E glécklechen Zoufall wëll et, dass déi lëtzebuergesch Présidence vum Benelux-Ministercomité mat der Lëtzebuerger Présidence vum Benelux-Parlament zesummefält, op d'mannst fir d'nächst Joer. D'Présidence vum Parlament ginn ëmmer iwwer zwee Joer. Ech verspriechen Iech hei eng ëmfaassend Zesummenaarbecht mat de lëtzebuergesche Membere vum Benelux-Parlament, deem seng regelméisseg a pertinent Recommandatiounen ech begréissen.

Europa a Scholdekris

Eist Engagement fir déi europäesch Integratioun bleift natierlech de Kärpunkt vun eiser Aussepolitik. Erlaabt mer, hei op e puer grouss Dossieren anzegoen.

D'Iwwerwannen vun der Scholdekris huet och während deenen leschten 12 Méint d'Aktivitéit vun der Europäescher Unioun an hiren Institutiounen dominéiert, eng Scholdekris déi sech mëttlerweil zu enger Wirtschaftskris an a munchen EU-Länner zu enger handfester Sozialkris entwéckelt huet.

Trotz der Schwieregkeet an der Komplexitéit, fir eng nohalteg Léisung ze fannen, huet d'EU, dräi Joer nom Ufank vun der Kris, sech zesummegerappt an agéiert.

Am Laf vun deenen leschten 12 Méint huet d'Eurozone eng partie Décisioune geholl an an d'Wee geleet, déi se op een zolitt Fundament soll stellen, an hir een Instrumentarium zur Verfügung ginn dat et hier erlaabt am Fall vun Krisesituatiounen adäquat kennen ze reagéieren. Dozou gehéiert den Europäesche Stabiliséierungsmechanismus (ESM), den neien (zwëschestaatleche) Vertrag iwwer d'Stabilitéit besser bekannt ënner dem Numm Fiskalpakt an d'Mesuren vun der EZB op den Finanzmäert. Schons alleng d'Annoncë vun dësen Mesuren huet näischt un Däitlechkeet vermëssen gelooss vun der Determinatioun vun deenen Responsabelen vun der Eurozon fir se nohalteg ze stabiliséieren

De Fiskalpakt gouf ugaangs des Joers vu 25 vun deenen 27 Memberstaten ënnerschriwwen. Wéi Der wësst, ouni Groussbritannien an d'Tschechesch Republik. Dëst wäert derzou féieren dat Budgetsdefiziter an der Zukunft op 0,5% festgeluegt ginn, an dat déi sougenannten Règle d'or verankert gëtt. Den Gesetzesprojet iwwert de Fiskalpakt ass och hei an der Chamber déposéiert an et ass ze erwaarden datt mer eng intensiv Debatt am Kader vun senger Adoptioun an nächster Zukunft kréie wäerten. An der Tëschent hu schonns genug Länner (méi wie 12) aus der Eurozone den Pakt ratifizéiert, sou dat en ab dem 1. Januar d'naechst Joer a Kraaft triede wäert.

D'Ratifikatioun vum Fiskalpakt ass eng vun de Konditioune fir kënne vun der Interventioun vum ESM Gebrauch ze maachen falls ee Land dat néideg huet. Nom positiven Uerteel vum Bundesverfaassungsgeriicht konnt den ESM, deem saï Sëtz hei zu Lëtzebuerg ass, dësen Oktober a Kraaft trieden. Den ESM, mat 80 Milliarden Euro Kapital an enger Capacitéit vu 500 Milliarden fir Finanzhëllefen ass elo operationell. Lëtzebuerg huet 200 Milliounen Euro an den ESM abezuelt a sech mat weideren 1,55 Milliarden Euro Kapital engagéiert, wat am Ganzen 1,75 Milliarden Euro ergëtt. Dës Zuele beleeën, datt mir vun alle Memberstaten vun der Euro-Zon dat Land sinn, dat am meeschte pro Awunner garantéiert. Mat dësem Rettungsschierm huet d'Eurozone een dauerhaft Instrument geschafen fir an Krisesituatiounen dem engem oder anere Memberland ënner d'Aerm ze gräifen. Dëst ass zu mindestens eis Hoffnung.

Dann huet och d'Europäesch Zentralbank décidéiert op de Finanzmäert anzegräifen duerch d'Opkafe vun Staatsemprunten fir esou déi néideg Liquiditéiten am Geldverkéier ze garantéieren. Dëst geschitt eenzeg an alleng am Kader vum Mandat vun der EZB.

Obwuel des Décisiounen an Instrumenter derzou bäigedroen hunn dass sech d'Situatioun zum Deel entspaant huet, esou gi se dach op laang Siicht vläicht net duer fir d'Eurozone definitiv op eng nohalteg zolitt Basis ze stellen. Fir dat ze erreechen muss et zu enger Verdéiwung vun der Wiertschafts an Währungsunioun kommen, an dofir huet de Conseil européen säi Président H. Van Rompuy an d'Presidenten vun EZB, Kommissioun an Eurogroup beoptraagt fir bis Enn des Joers deementspriechend Virschléi ze presentéieren.

Donieft gëllt et awer fir kuerzfristëg an deenen eenzelne Länner d'Budgetsdefiziter a Grenzen ze halen an derfir ze suergen dass de Wuesstem grad esou gepuscht gëtt wie d'Budgetsdisziplin.

Griicheland ass wéi mer all wëssen de Moment den akutsten Problem. Griicheland muss sech wuel selwer nei uerdnen, Wat och ouni Eurokris de Fall wier. Dës Reformnoutwendegkeet op struktureller Basis kascht vill Engagement, Energie, an deels och Leed fir ze vill Mënschen. Griicheland muss sech selwer an eng Laach versetzen fir ëmzedenken, seng Économie opzemaachen, se transparent an efficace ze gestallten.

Parallel dozou huet dëst Land d'Laascht seng Schold ze reduzéieren. Alleng geet dat net. Vum selwen och net. Griicheland brauch d'Länner aus der Eurozone an déi EU-Mekanismen déi geschafe gi sinn fir deene Länner ze hëllefen déi keng Sue méi um fräie Maart geléint kréien. Dobäi däerf d'Vollek an d'Land weder erwiergt nach ausgepresst ginn. Et däerf een déi griichesch Wiertschaft och net erdrécken. Et muss ee verhënneren, datt engem Land op sozialem Plang e Stréck ëm den Hals geluet gëtt – an domat d'Extremisten gestäerkt ginn an d'Demokratie a Gefor bruecht gëtt.

Griicheland muss verstoen dass et sech hëllefe loosse muss an och de Mentalitéitswiessel hi kréien muss. An deem Sënn sinn d' Voten vum griichesche Parlament vun dëser an vun der leschter Woch entscheedend Schrëtter déi Griicheland et erlaben wäerten och weiderhin op d'Solidaritéit vu sengen Partner zielen ze kennen. Iir déi nächsten Tranche vun der Finanzhëllef kann ausbezuelt ginn, bleiwen nach e puer Punkten ze klären. Dat huet den Eurogroupe vun en Méindeg décidéiert. Dem Land soll den Wee zur Sanéierung vun sengen Finanzen erliichtert ginn. Esou soll Griicheland 2 Joer méi kréien fir säin Zil ze erreechen. All d'Alternatieven fir die dobäi entstoent nei Finanzbesoin'en ze decken sollen iwwerpréift ginn. D'Land steet virun engem 6ten Joer Rezessioun, an dat bremst natierlech och d'Reprise vun den ëffentlechen Recetten. En Austrëtt vu Griicheland, dat wëll ech op dëser Plaz widderhuelen, wär eng Katastrof, net nëmme fir d'Griichen, mee och fir de Rescht vun der Eurozone. D'Gefor, datt d'Mäert dann d'Vertrauen an aner Länner vun der Euro-Zon verléieren, wier enorm grouss. D'Stabilitéit vun der Euro-Zon, u sech géif dann a Fro gestallt ginn.

Wuesstem an Austéritéit

D'Beispill Griicheland weist wei schwéier, mee och noutwenneg et ass aus der negativer Spiral Austeritéit-Rezessioun erauszekommen. Nieft Griicheland ass am Ablack déi gréisst Erausfuerderung déi, déi Moossnamen intelligent ze kombinéieren déi tendenziell de Budget an den Equiliber bréngen mat deenen, déi den Wiertschaftswuesstem sollen ukuerbelen. Dëst ass een noutwennegen Aspekt, fir aus der Scholdekris erauszekommen. Dobäi muss d'Sanéierung vum Budget an engem Rhythmus geschéien, deen dem jeeweilege Land ugepasst ass. Et goufen schonns remarkabel Fortschrëtter erreecht iwwert déi dräi lescht Joeren: sou sinn d'Haushaltsdefizitter an der Euro-Zon am Schnëtt vun iwwer 6% am Joer 2010 op eppes iwwer 3% dëst Joer zeréckgaangen.

Een Wee fir zu méi Wuesstem ze kommen ass déi national Ekonomie méi kompetitiv ze maachen. Hei ass all Land gefuerdert déi néideg Strukturreformen bei sech duerchzeféieren, fir dass seng Exporter kënnen klammen an et attraktiv ass fir auslännesch Investissementer. Länner wei Irland, Portugal, awer och Spunien an Italien hunn op dem Plang schonns grouss Fortschrëtter gemaach. Sou Länner déi an der Eurozone een Leeschtungsbilanziwerschoss hunn, an dat ass besonnesch Däitschland, mussen Mesuren huelen fir hire Konsum ze stimuléieren an esou hir Importer aus deenen sougenannten Defizitlaenner an d'Luucht ze setzen. Dëst natierlech ouni selwer an eng Scholdenspiral ze kommen. Dozou muss et zu enger besserer Ofstëmmung op EU Niveau kommen, an dat geschitt am Kader vun der sougenanntener Iwwerwaachung vun den makroekonomeschen Ongläichgewichter am Kontext vum Semestre europeen.

Dësweideren mussen déi national Efforten duerch flankéierend Moossnamen vun der EU weider verstäerkt ginn: virun allem dat nach ongenotztent Potential vum Bannemaart muss voll ausgeschöpft ginn. An deem Sënn huet d'Kommissioun deen sougenannten «Single Market Act 2» presentéiert, dien eng Rei Initiativen virgesäit fir de Bannemaart ze verdéiwen. Mee et ass virun allem de Pakt fir Wuesstem a Beschäftegung, deen den Europäesche Rot am Juni beschloss huet, deen zou méi Wuesstem soll feieren. Seng Adoptioun beweist, an ech sinn frou dat sech déi Iwwerzeegung schlussendlech bei allen Stats- a Regierungschefen duerchgesat huet, dat mer des Kris net ouni nohaltegen Wuesstem kënnen iwwerwannen.

Esou gesäit de Pakt fir Wuesstem a Beschäftegung vir duerch d'Erhéije vun de Mëttele vun der EIB a gréisser Infrastrukturprojeten ze investéieren. De Gesamtvolumen beleeft sech op 120 Milliarden Euro. De Pakt soll och mat Hëllef vun Investissementer vum Privatsektor, duerch déi sougenannte Projectbonds, derzou bäidroen Projet'en ze finanzéieren, déi anescht net realiséiert gi wären, well den Risiko als ze héisch ageschat gouf.

Dëst sinn déi kuerzfristeg Erausfuerderungen mat deenen d'Eurozone an de leschten 12 Méint an och elo nach konfrontéiert ass, an d'Aentwerten an d'Décisounen déi geholl goufen fir se ze stabiliséieren. Och wann nach villes ze maachen bleift, esou ass dach d'Vertrauen zu engem groussen Deel erëm zréckkomm, an déi, déi geduecht hunn sie kënnten mam Spekuléieren iwwert d'Abriechen vum Euro och nach Geld verdéngen, goufen enges besseren beléiert.

Wiertschafts – an Währungsunioun

De President vum Conseil européen soll am Dezember ee Fahrplang presentéieren fir dass d'Wiertschaftsunioun op Aenhéicht kënnt par rapport zur Währungsunioun. Een Tëscherapport ass um Conseil européen vum Oktober presentéiert ginn an hie gesäit eng Weiderentwécklung vun der Eurozone op véier Pläng: eng Bankenunioun, eng Budgetsunioun, eng Wiertschaftsunioun, an eng verstäerkten demokratesch Legitimitéit.

Vun deene 4 Beräicher ass dee vun der Bankenunion dee, wou d'Arbechten am wäitsten viru komm sinn. Dëst well d'Memberstaaten d'Schafe vun dësem eenheetlechen europäesche Kontrollmechanismus zur Bedingung gemaach hunn, fir datt eng direkt Banke-Rekapitaliséierung duerch den ESM ka geschéien, an esou de cercle vicieux vu Bankenverscholdung-Staatsverscholdung ka gebrach ginn.

D'Bankenunioun ass eent vun de wichtegsten Elementer vun enger verstäerkter wiertschaftlecher Integratioun. Eng einfach Koordinatioun vun nationale Bankekontrollsystemer geet net méi duer, fir ze verhënneren dass et erëm zu neie Bankenzesummenbrech kënnt, an d'Ofwécklung um Bockel vum Steierzueler geschitt. Sou eng Situatioun ass net méi tragbar.

Duerfir huet d'Kommissioun den 12. September en eenheetlechen europäeschen Bankekontrollmechanismus proposéiert, wat e bedeitende Schrëtt a Richtung Bankenunioun ass. Bis Enn des Joers soll een Accord fonnt ginn am Conseil, soudass den neien System operationell ka ginn.

An deem neie System wäert d'EZB eng zentral Roll spillen, ma déi national Kontrollinstanzen gi mat agebonnen. Et ass kaum méiglech, 6.000 europäesch Banken der direkter Kontroll vun enger zentraler europäescher Instanz z'ënnerwerfen. D'Iwwerwaachung vum Bankesektor duerch d'EZB misst an enger éischter Zäit op – aus europäescher Siicht - systemesch relevant Banke beschränkt ginn. Et wier dann un der EZB, déi allgemeng Prinzipië vun enger Bankekontroll ze definéieren, déi iwwerall applizéiert misste ginn.

D'Iwwerwaachung um Terrain bleift awer ëmmer an den Hänn vun de nationale Bankekontrollinstanzen. Si këmmere sech och ëm d'Geneemegungsprozeduren, wa nei Banke gegrënnt ginn. Trotzdem muss déi europäesch Kontrollinstanz e Recht hunn, anzegräifen, fir de Fall, datt déi eng oder aner national Autoritéit verseet.

Nieft der Bankeniwwerwachung stäipt sech d''Union bancaire och nach op dräi aner Komponente vun enger integréierter Bankenunioun: eng eenheetlech Reglementatioun, déi d'Eegemëttel vun de Banken festleet, eng Harmoniséierung vun de Sécherungssystemer fir Dépôten, an en eenheetlechen europäesche Kader fir d'Sanéierung vu Banken, déi missten ofgewéckelt ginn.

Lëtzebuerg ass der Meenung, datt een iwwer dës véier Punkten zesumme muss entscheeden, fir op eng kohärent Manéier an innerhalb vun engem kloer definéierte Kader virunzekommen. Dësen fir eis esou wichtegen Dossier, wéinst dem Ëmfang vun der Finanzplaz an eiser Ekonomie, wäert zu senger Stäerkung bäidroen, och wann d'Akteuren sech un déi nei Gegebenheete mussen upassen.

Wat d'Iddien fir d'union budgétaire an d'union économique ubelaangt, esou wäerten déi am rapport vum Här Van Rompuy am Dezember weider präziséiert ginn. Hei soll op dee bestehende Kader (six-pack, two-pack) opgebaut ginn, fir zu méi Disziplin an enger verstäerkter Kontroll vun de Memberstaten ze kommen.

Zu enger Budgetsunioun gehéiert menger Meenung no, dass mer op laang Siicht net laanscht déi eng oder aner Form vu Vergemeinschaftung vun den Staatsscholden kommen. Sief dat duerch d'Schafung vun «Eurobonds», «Eurobills» oder engem «Tilgungsfonds». Ech sinn iwwerzeegt, datt mir dës Instrumenter net sollten begruewen; si kënnten nach gebraucht ginn.

Den Conseil européen vun Enn des Joers wäert den Grondsteen leeën fir eng Erneierung vun der Wiertschafts- a Währungsunioun mat enger méi integréierter Banken-, Budgets- a Wirtschaftsdimensioun an och mat enger méi grousser demokratescher Legitimitéit. Déi nei Wiertschafts- a Währungsunioun wäert zwangsleefeg eng ganz aner sinn wéi déi, déi 1999 an d'Liewe geruff gouf.

Finanzkader 2014 - 2020

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Virun den Ae vun der ganzer Welt ass Europa am Gaangen, säi Wëllen a seng Fäegkeet ënner Beweis ze stellen, d'Kris z'iwwerwannen an d'Wiertschafts an d'Währungsunioun op nohalteg Fundamenter ze stellen. Mee déi Fäegkeet muss d'EU och ënner Beweis stellen fir hiren anere groussen Dossier unzegoen, deen fir d'Verwierklechung vun de Politiken vun der Unioun eng wesentlech Roll spillt: de Finanzkader 2014-2020 vun der Europäescher Unioun.

Déi ausseruerdentlech Sëtzung vum europäesche Rot d'nächst Woch soll eestëmmeg iwwer d'Finanzéierungsenveloppe fir den Zäitraum 2014-2020 bestëmmen. Duerno muss d'EU-Parlament zoustëmmen, sou wéi de Vertrag vu Lissabon dat virgesäit. Näischt ass zu dësem Zäitpunkt evident an dësem Dossier.

D'Propose vun der Kommissioun fir d'Joren 2014-2020 beziffert sech op 1.033 Milliarden Euro, dat sinn 1,08 % vum EU-RNB. Dës Zomm kënnt engem vläicht immens héich vir, mir mussen eis awer drun erënneren, datt de Budget vun der EU nëmmen ongeféier 2% vun allen ëffentlechen Dépensen an der Unioun ausmécht.

Am Laf vu schwierege Verhandlungen hunn sech zwou Gruppe vu Memberlänner erausgeschielt: op der enger Säit sougenannte Nettozueler, déi der Kommissioun hir Propose ëm op d'mannst 100 Milliarde wëlle reduzéieren, an op der anerer Säit d'Verfechter vun der Kohäsiounspolitik mat 14 Nettoempfänger, déi der Kommissioun hir Propose als Minimum gesinn.

Och wa Lëtzebuerg en Nettozueler ass mat ongeféier 150 Euro pro Awunner am Joer, sou hu mir ëmmer refuséiert, eis där anti- communautairer Logik vum «juste retour» unzeschléissen an hunn eis kenger vun den zwou Säiten ugeschloss. Firwat? Dat géif bedeiten dass een d'Unioun an besonnesch hire Budget just aus enger Gewënn- a Verloschtrechnungsperspektiev betruecht. Mee fir eis ass a bleift de budget communautaire een Ausdrock vun der Solidaritéit vun de Memberstaten, dat indispensabelt Instrument fir déi gemeinsam Politiken ze finanzéieren, an der Unioun hir Ambitiounen ze realiséieren

Parallel zu de Moossname vun der nationaler Haushaltskonsolidéierung , muss de Cadre financier pluriannuel zugonschte vum Wuesstem d'Roll vun engem Investitiounsbudget op europäeschem Plang spillen. E soll d'Efforte vun de Memberstaten ergänzen. De Finanzkader muss sech op déi Schwéierpunkte konzentréieren, déi an der europäescher Wuesstemsstrategie 2020 definéiert goufen.

Fir dëst Zil z'erreechen, muss sech d'EU déi néideg Mëttele ginn. Et sollt een sech drun erënneren, dass den EU-Budget als Investitiounsbudget eng staark Hiewelwierkung huet, well 94% vu senge Kreditter gi gebraucht, fir de wiertschaftleche Wuesstem an d'Beschäftegung ze stimuléieren an soumat d'Roll vun der Unioun als «global player» ze stäerken.

Fir eis bleift dee vun der Kommissioun proposéierten Niveau vun den Ausgaben am Cadre financier realistesch, fir datt den europäesche Budget senger Roll als kruziaalt Instrument, fir d'europäesch Wiertschaft erëm unzekuerbelen, gerecht ka ginn.

Denke mer och drun, dass Dépensen a Recetten net vuneneen ze trenne sinn. Et kënnt een net zu enger definitiver Eenegung, wann een dës zwee Voleten net allebéid guttgeheescht huet.

Den aktuelle System vun den Eegemëttel ass am Laf vun der Zäit onduerchsiichteg, komplex an ongerecht ginn. E muss reforméiert ginn.

Andeems d'Kommissioun nei Forme vun Eegemëttel fir d'Unioun an en transparenten an zäitlech begrenzte System vu pauschale Rabatter amplaz vun den aktuellen Ausgläichsmechanisme proposéiert, bitt se eng Perspektiv fir eng Reform.

De Finanzkader ass en Instrument fir Wuesstem an Europa, zemol an dëse Krisenzäiten. Dofir ass et esou wichteg, datt een d'nächst Woch en Accord fënnt. Ech bedaueren eigentlech dass déi Zypriotesch Présidence an hirem éischten Kompromëssvirschlag proposéiert, de Gesamtvolumen ëm 50 Milliarden € erofzesetzen. Dat ass net de richtegen Wee fir déi europäesch Wiertschaft ze stäipen oder d'Unioun nees staark ze maachen. Lëtzebuerg an och d'Majoritéit vun de Memberstate sinn der Meenung, dass d'Propositioun vun der Kommissioun realistesch ass. Mat deem Virschlag vun der Présidence fillen sech déi gestäerkt an hirer Iwwerzeegung, déi mengen dass de Gesamtbudget nach méi misst gekierzt ginn. Mir gesi schonn datt Groussbritannien, an och anerer, sech gestäerkt fillen fir monter weider Kierzungen ze froen. Ech fäerten, dass mat der doten Approche eng Léisung um EU Sommet vun der nächster Woch net méi einfach gëtt. Dëst ëmsou méi well och d'Europaparlament saïn Accord muss ginn a keng Kierzunge par rapport zur Propositioun vun der Kommissioun wëllt akzeptéieren. Affaire à suivre...

Nobelpräis

D'Europäesch Unioun huet et 500 Millioune Mënschen erméiglecht, eng zerrasse Vergaangenheet hanner sech ze loossen a friddlech an am Wuelstand zesummenzeliewen. Dëst an engem Raum, wou Demokratie a Rechtsstaatlechkeet héichgehale ginn, d'Mënscherechter an d'Prinzipie vun enger sozialer Maartwiertschaft respektéiert ginn.

Den Nobelpräis, deen d'EU den 12. Oktober krut, kënnt zur richteger Zäit fir eis un dat Geleeschten z'erënneren, deem mir eis vläicht net méi esou bewosst sinn. De Bannemaart, d'Fräiheet ze reesen, ze studéieren, ze schaffen, d'Fräizügegkeet vun de Leit am Schenge-Raum, déi gemeinsam Währung ... dës Errongenschafte sinn zur Normalitéit ginn.

Dëse Präis fuerdert eis awer op, opmierksam a virsiichteg ze bleiwen. Verschidden Entwécklungen innerhalb der EU hunn eis an de leschte Joren gewisen, datt dës Erfolleger vläicht net esou irreversibel sinn, wéi een dat kéint mengen.

D'Entscheedung vum Nobelpräis-Comité baséiert op historesche Grënn, ma si gëtt eis och eng Botschaft fir d'Zukunft mat op de Wee. Wat an der Vergaangenheet erreecht gouf, geet net onbedéngt duer, fir déi jonk Leit op Dauer fir Europa ze begeeschteren. Sie kënnen sech net un d'Gewalt an un de Krich an Europa erënneren, mee si héieren awer heiansdo mat, wéi al Ressentimenten a Viruerteeler erëm opkommen.

Ee Grond fir den Désintressi un Europa kéint sécher d'Tatsaach sinn, dass Fridden a Wuelstand, Fräizügegkeet an de Respekt vun der Rechtsstaatlechkeet fir déi jonk Generatiounen esou normal gi sinn, dass si net onbedéngt de Lien tëscht dëse fir si alldeeglechen Errongenschaften an der europäescher Integratioun maachen.

Just dëse Nobelpräis soll eis encouragéieren, datt mir eis alldéchlech fir Europa engagéieren. Ganz wichteg dobäi ass, datt mir eis net op d'Wiertschaft beschränken. D'Euro-Kris däerf eis net vergiessen dinn, datt d'europäesch Unioun vill méi ass wéi ee gemeinsame Wirtschaftsraum. D'EU steet fir Rechtsstaatlechkeet, sozial Gerechtegkeet, Demokratie an de Respekt vun de Mënscherechter. Ech notzen d'Geleeënheet, fir drun z'erënneren, datt et onbedéngt noutwenneg ass, d'Entwécklungen opmierksam ze verfollegen an ze reagéieren, speziell wann EU-Memberlänner selwer géint dës Prinzipië sollte verstoussen.

Ungarn huet eng grouss Geschicht a Saachen Fräiheet an Engagement fir Demokratie, grad wéi Rumänien och. An dëse Länner grad wéi och an all deenen aneren Länner däerf sech haut keen Tumor bilden, deen dëser Geschicht onwierdech wier.

Reflexiounsgrupp zur Zukunft vun Europa

Wéi Der vläicht wësst, war ech Member vun engem Grupp vun Ausseministeren, dee sech «Groupe de réflexion sur l'avenir de l'Europe» genannt huet.Dëse Grupp gouf vum däitschen Ausseminister an d'Liewe geruff. Eist Zil war, an informeller Ronn iwwer konkret Méiglechkeeten nozedenken, wéi een den Débat iwwer d'Verdéiwung vun der europäescher Integratioun kéint virubréngen, virun allem a Saachen gemeinsam Aussepolitik. De Grupp ass tëscht Mäerz a September dëst Joer fënnef Mol a verschiddenen EU-Haaptstied zesummekomm, an huet am September e Rapport presentéiert. Mir hunn dëse Rapport iwweregens all eise Kollegen an och der Haute Représentante vun der EU fir d'Aussen- a Sécherheetspolitik de 15. Oktober zu Lëtzebuerg virgestallt.

Während dem ganze Projet hu mir eis mat verschiddene Pistë beschäftegt, wéi een d'Positioun vun der Europäescher Unioun an der Welt kéint stäerken. Europa huet keng aner Wiel, wéi sech nach méi staark z'engagéieren, wa mir weiderhin international eng aktiv Roll wëlle spillen. Mir mussen d'Bezéiungen zu eise strategesche Partner intensivéieren, andeems mir virun allem den europäeschen diplomatesche Réseau ausbauen. Mir musse probéieren, ëmmer an ëmmer erëm mat enger Stëmm ze schwätzen, trotz eisen Differenzen.

Virun allem an der gemeinsamer Aussen- a Sécherheetspolitik musse mer virukommen, well mer erkläert hunn, datt eis Aussepolitik, wann de Vertrag vu Lissabon a Kraaft trëtt, net nëmme méi kohärent, ma och méi efficace soll ginn. Den europäeschen auswäertegen Déngscht ass nach jonk, ma en ass schonn an 140 Länner present, wat aus him de 7. diplomatesche Réseau an der Welt mécht. Mir sollten déi néideg Gedold hunn, fir aus dësem Déngscht dat onverzichtbaart Instrument ze maachen, dat e soll sinn. D'Revisioun vum auswäertegen Déngscht, déi fir 2013 virgesinn ass, kann an engems dofir genotzt ginn, d'Bilanz vu senge Schwächten a Stäerkten ze zéien an déi nächst Etappen unzegoen.

Gemeinschaftsmethod an een eenheetlechen institutionelle Kader

D'Aart a Weis, wéi Problemer bannent der EU geléist ginn, muss sech och weiderhin op d'Gemeinschaftsmethod stäipen, an net op zwëschestaatlech Prinzipien. D'Europäesch Unioun ass op der Grondlag vun der Gemeinschaftsmethod opgebaut ginn. An dat ass et, wat d'EU vu villen anere regionale Strukturen an Asien, Latäin-Amerika, Afrika ënnerscheet. Wat bedeit se? D'Gemeinschaftsmethod bezitt d'Kommissioun mat an, déi als Motor vun der Unioun d'Initiativrecht fir EU-Gesetzer huet an déi gemeinsam Interessie verdeedegt. Si bënnt och d'Europäescht Parlament an de Rot mat an, déi allebéid Entscheedungsbefugnis hunn. A si implizéiert de Geriichtshaff zu Lëtzebuerg, dee fir d'Interpretatioun vum europäesche Recht zoustänneg ass. Duerfir däerf d'Commissioun net als Sekretariat vum Conseil européen betruecht ginn.

Ech well hei speziell ee Moment op déi däitsch-franséisch Partnerschaft agoen. Si gëtt net fir näischt dacks opgeruff, an op hier berout effektiv villes. Heiansdo gëtt se als «incontournable» erkläert. Si ass ouni Zweiwel een zentraalt Element vun den EU-Prozesser. Dëst, an et sollt ee keen Heel doraus maachen, obschonn et grouss Ënnerscheeder tëscht Frankräich an Däitschland gouf a gëtt. Oder grad duerfir.

D'Differenzen sinn duebeler Natur: politesch-historesch an och ekonomescher Aart. An doniewent praffen zwee Mentalitéitskonzepter openeen, wéi mir als Lëtzebuerger ett beschtens wëssen. Zur Zäit vun Adenauer an De Gaulle, Schmidt a Giscard, Kohl a Mitterand, Schroeder a Chirac, ass déi Däitsch/Franséisch Relatioun ëmmer eng komplizéiert gewiescht. Awer op der kloerer Asiicht fundéiert dass d'Sich nom Kompromiss eng konstant Prioritéit war.

Et goufen e puer Joer an der jéngster Däitscher a Franséischer Vergaangenheet, wou sech virun de Kameraen tëschent de Regierungsspëtzten esou verhale gouf wi wann all Divergenzen verschwonne wieren. Dës gespillten Iwwerflächlechkeet konnt heiansdo an Theatralik iwwergoen. Nu, mat der Wiel vun engem neie President a Frankräich ass erëm méi Éierlechkeet an der Sich no däitsch/franséischer «Unité de vues» an d'Spill komm.

A genee dës offen Ausenanersetzung, eng Dialektik op grondsätzleche Froen, ass d'Substanz déi de Konsenzmotor vun der EU brauch, do wou all EU-Länner sech musse kennen abréngen. D'EU kann nett vun engem Diktat vun der Iwwerflächlechkeet gefouert ginn. Dann ass eng ëffentlech gefouert Debatt op Grond vun Argumenter an Interessen méi produktiv fir de richtege Wee ze fannen.

An der Sich no deem Wee sollt een aus menger bescheidener Siicht net de Feeler maachen sech drop festzeleeën, dass een 3 Joer nom Akraafttrieden vum Lissaboner-Vertrag schonn erëm fundamental Traitésännerungen als Mëttel un d'Wand molen sollt fir besser virukommen ze kënnen.

Engersäits sollt ee net mengen, dass ee mat Institutionellen Reformen an der Substanz punkte kann.

De Bierger verlaangt vun der EU, dass konkret Problemer ugepaakt ginn, am Beräich vun der Beschäftegung, dem Ëmweltschutz, der Energie, der Konsumenteschutzpolitik, asw. Duerfir ass de Lissabonner Traité wéi geschafen.

Anerersäits weess jiddereen dass Kompetenztransferen op Bréissel keng Konjunktur hunn. Speziell och net an de Grënner Länner vun der EU.

A just hei heescht et oppassen. Et sollt een net un d'Essenz vun der demokratescher Rechtstaatlechkeet knabbere goen. Kommissäre mat Kompetenzen ausstellen, déi d'Budgeten vun de nationale Parlamenter aushiewele kennen, sinn onrealistesch Iddien a Konzepter, déi och a radikalem Widdersproch stinn mam ieweschte Geriicht vum gréisste Land aus der EU. D'Karlsruhergeriicht mëcht zënter Joeren näischt aneres wéi d'Hoheitskompetenzen vum däitschen Bundestag ze verdeedegen. Net zu Onrecht, wéi ech mengen.

Also, et sollt een net onbedingt sech d 'Liewen an der EU méi komplizéiert maachen wéi et schonn ass an domadder weider Onrou an Onsécherheet op de Märt provozéieren.

Och d'Iddi fir duerch Referendum ee fir allemol wëllen d'EU nei ze legitiméieren ass en duebelschneidescht Instrument. Déi representativ parlamentaresch Demokratie, mat all hieren Rouagen, ass jo kee Fehlkonstrukt an och net onfäheg fir d'Zukunft vun der EU ze legitiméieren.

Matt JO oder NEE kann ee kloer entscheeden ob säi Land soll Member vun der EU ginn, mee ech zweiwelen drun op ee mat JO oder NEEN d'Qualitéit vun der Astellung zur EU beäntwerte kann. Ze mengen et kéint een no 10 Joer haardem Energie-opwand, nees den EU-Bierger mat engem neien Traité begeeschteren ass héchst zweiwelhaft.

De Lissaboner Traité léisst vill Initiativen zou, also sollt een dës ausschöpfen an «en musique» setzen. Et kann een d'EU och iwerreitzen a se doduerch extrem schwächen. Deem sollt ee net op de Läim goen.

Lëtzebuerg – Europa-Stad

Vill europäesch Institutiounen hunn hire Sëtz zu Lëtzebuerg. Duerfir ass et selbstverständlech, datt d'Land alles drusetzt, fir den europäesche Beamten optimal Aarbechtskonditiounen an eng gutt Liewensqualitéit ze bidden.

Ee vun de groussen Immobilieprojete konnt dëst Joer ofgeschloss ginn. Zënter der Réouverture vum Konferenzzentrum um Kierchbierg am Abrëll 2012 ginn d'EU-Ministerotssëtzungen vum Abrëll, Juni an Oktober hei ofgehalen.

Wat nei Bauprojete betrëfft, déi elo an och an Zukunft normal Aarbechtsbedingunge fir d'EU-Fonctionnairen hei am Land musse garantéieren, sou géif ech gär déi zwee gréisser Projete fir déi nächst Joren ernimmen: dat neit Gebei fir d'europäescht Parlament, de Konrad Adenauer II, an de neie Verwaltungskomplex fir d'EU-Kommissioun, de Jean Monnet II; hei missten d'Aarbechten Ufank 2013 ugoen, no enger laanger a komplexer Planungsperiod. Wann dës Gebeier fäerdeg sinn, da wäerte si och optesch d'Bestëmmung vu Lëtzebuerg als Standuert vun den EU-Institutiounen ënnermaueren.

D'Aarbechten un der neier Europaschoul vu Bartreng/Mamer (EE2) goufen ofgeschloss, an zwar fréi genuch, datt d'Schoul hire Betrib fir d'Rentrée konnt ophuelen.

E Kaderofkommes mam europäesche Geriichtshaff fir e fënneften Ausbau vum Geriichtsgebei dierft deemnächst ënnerschriwwe ginn. Wat en neie Beweis vun der Dynamik ass, déi esou eng Erweiderung vun der Funktioun vun eiser Haaptstad als Sëtz vun der europäescher Justiz mat sech bréngt, enger Justiz, déi dagdeeglech dofir suergt, datt d'Rechter, déi sech fir d'Bierger aus der europäescher Konstruktioun erginn, och respektéiert ginn.

Do dernieft hunn ech den 8. Oktober d'Sëtzofkommes tëscht Lëtzebuerg an dem europäesche Stabilitéitsmechanismus, dee säi Sëtz zu Lëtzebuerg kritt, ënnerschriwwen.

Et ass d'Aufgab vun engem «Etat-hôte», eng attraktiv Sëtzpolitik ze féieren, déi den EU-Fonctionnairen zu Lëtzebuerg optimal Liewensbedingunge garantéiert.

Den Ausseministère ënnerhält regelméisseg Kontakter zu den europäeschen Institutiounen an de Personalvertrieder, sou datt d'Attraktivitéit vum Site assuréiert gëtt an d'europäesch Institutiounen nach méi staark hei verankert ginn.

Loosst mech elo déi wichtegst Punkten ernimmen, Vun eisem Engagement baussent den EU-Grenzen.

Erweiderungspolitik

Nieft Kroatien, dat am Juli 2013 der Europäescher Unioun bäitrëtt, ginn et nach 5 weider Bäitrëttskandidaten: d'Tierkei, Island, Mazedonien, de Montenegro, an, zënter Mäerz 2012, Serbien.

Lëtzebuerg huet sech ëmmer fir eng Erweiderung vun der Europäescher Unioun agesat. Et gehéiert zu eisen Aufgaben, anere Länner an eise gemeinsame Friddensprojet anzebannen. Dat geschitt och an eisem eegenen Intressi: Ech brauch, net drop hinzeweisen, wéi eng Auswierkungen de Krich am Balkan op de Rescht vum europäesche Kontinent hat. D'Balkanlänner, déi de Statut vu Bäitrëttskandidaten hunn, zielen op dës Chance fir Fridden a Wuelstand, Demokratie a Rechtsstaatlechkeet. Lëtzebuerg ass der Iwwerzeegung, dass een se net sollt enttäuschen. Ënnert der Bedingung selbstverständlech, dass si déi néideg Viraussetzungen erfëllen.

Mir hate leschte Mount den 9. Oktober 2012 d'Méiglechkeet, fir am Detail iwwer den EU-Bäitrëtt vu Kroatien ze diskutéieren, an Dir hutt Iech all fir dëse Bäitrëtt ausgeschwat. Dëst ouni de Punkt ze maachen dass Kroatien a Saachen Rechtstaatlechkeet intensiv weiderschaffe muss.

Gläichermoossen huet d'Ernennung vu Lëtzebuerger Ambassadeure an e puer Länner vum Balkan, mat Residenz zu Lëtzebuerg, zu enger méi grousser Visibilitéit vum Grand-Duché an dëse Länner gefouert, a si bréngt kloer eisen Intressi an eist Engagement an der Regioun vum Balkan zum Ausdrock.

Mir hunn eis bei der Adhésiouns-debatte iwwert Kroatien och iwwer déi aner Länner vum Balkan ënnerhal, sou dass ech haut just Serbien a Kosovo, grad wie Türkei an Island uschwätzen.

Dëst ouni de Problem vun der Visa-Liberaliséierung vum Balkan ze vergiessen. D'Liberaliséierung vun de Visaen soll déi direkt Kontakter tëscht de Bierger vun der EU an de Balkanlänner förderen. Si bréngt och Verflichtunge fir déi mat sech, déi dovu profitéieren. Lëtzebuerg, zesumme mat anere Memberstaten, ass awer beonrouegt doriwwer, wéi dës Politik an hirer Zilsetzung heiansdo mëssbraucht gëtt. Et gëtt mat de concernéierte Länner iwwer dës Problematik geschwat An et gëtt och driwwer nogeduecht gegebenefalls eng clause de sauvegarde fir déi betreffend Reglementer anzeféieren, déi am Noutfall kënnt aktivéiert ginn.

Wat d'Beitrëttsverhandlungen mat der Türkei betreffen, esou sinn se während der Zypriotescher EU-Présidence zu engem kompletten Stëllstand komm. An dat wéinst der ongeléister Zypern fro. Ech bedaueren dat an sinn zouversiichtlech dat mer während der Irescher Présidence am éischten Semester 2013 erëm dat een oder dat anert Kapitel kënnen opmaachen fir esou erëm neie Schwung an d'Verhandlungen ze kréien. Mee dat verlaangt dat Efforten op deenen zwou Säiten gemaach ginn. Virun allem fir d'Türkei heescht dat d'Ëmsetze vum Ankara Protokoll, an d'Weiderféieren vum Reformprozess, esou wéi d'Kommissioun dat an hirem Erweiderungspak am Oktober festgehal huet.

Fir der Relatioun tëscht der EU an der Türkei awer eng nei Dynamik ze ginn, gouf deen sougenannten positiven agenda agefouert. Dësen gesäit een wäiträichenden Dialog vir op Themen déi vir déi béid Säiten wichteg sinn. Dat sinn Themen wéi d'Energieversuegung, Immigratioun an Grenzschutz vis-a-vis vun Drëttlänner. Dësen leschten Punkt beinhalt och en Dialog iwwert eng laangfristeg Visaliberalisatioun, déi awer nëmmen ënnert verschidden Konditiounen kann realiséiert ginn. Dozou gehéiert och d'Ënnerschrëft an d'Ëmsetzung vun Réckféierungsofkommes.

Mir kënnen eis et net erlaben datt een Land wéi d'Türkei, mat senger dynamescher Ekonomie, senger strategescher Lag an senger kruzialer regionaler Roll sech géif vun der Unioun ofwenden.

D'Béitrëttsverhandlunge mat Island, dat zanter Juni 2010 den Statut vum Kandidat huet, kommen zügeg virun. Dëst Land huet schonns een groussen Deel vum acquis communautaire iwwerholl duerch seng Partizipatioun am Espace économique européen zënter bal 20 Joer. En stinn natierlech nach eng Partie Froen op dorënner och d'Kapitel iwwert d'Fëscherei wou d'Verhandlungen nach net esou richteg ugefaang hunn. Lëtzebuerg wäert sech derfir asetzen dass et hei zou enger équilibréierter Léisung kënnt, fir dass nom Ofschloss vun den Négociatiounen et zur Zoustëmmung vum Islänneschen Vollek kennt. Dësen Akt ass den Islänner hier Entscheedung dann.

Komme mer elo nach zu Serbien, wat mam Tomislav Nikolic säit Mee en neien President huet, a säit dem Summer eng nei Regierung. Et konnt een sech froen, wéi et em den Erweiderungsprozess a Serbien gestallt wär no dëse Walen. Déi nei Regierung mécht sech och weiderhin fir d'europäesch Integratioun staark, an mécht Effort'en fir kennen mat den Bäitrëttsverhandlungen unzefänken, nodeems se vum Conseil européen vun Mäerz 2012 den statut vun pays-candidat kruten. An engems refuséiert Serbien awer nach wie vor de Kosovo als onofhängegt Land unzeerkennen. Mir mussen als EU de Serben duerch weidert Engagement weisen, datt hir Zukunft an Europa läit, an net vum Schicksal vun engem historeschen Territoire soll ofhänken. D'Europäesch Unioun bleift dofir och voll a ganz an deem Prozess engagéiert, zesummen mat allen aneren wichtegen Acteuren, wéi d'Visite vum Catherine Ashton zesumme mam Hillary Clinton, esou wuel zu Belgrad an Pristina, virun en puer Deeg gewisen huet.

Zu Bréissel huet dësen 7. November déi 2. Ronn tëschent PM aus Serbien a PM vum Kosovo stattfonnt. Gudd dass geschwat gëtt, wann och bis dato ouni feuille de route festzehalen.

Den nächste Méinden wäerte mir am Ausseministerrot Conclusiounen ausschaffen déi béid Säiten verflichten sech méi ze engagéieren am Interessi vun de Populatiounen a Serbien an am Kosovo.

De komplexen an dynamesche Charakter vun de Balkanlänner kann een um Beispill vum Kosovo gutt illustréieren.

No véier an engem hallwe Joer «iwwerwaachter Onofhängegkeet» krut d'Land vum International Steering Group (ISG) de Segen, komplett onofhängeg ze ginn. Als Member vun der ISG huet och Lëtzebuerg de Kosovo véier an en halleft Joer laang begleet. D'Opbauaarbecht vun dësem jonke Staat gläicht nach engem grousse Schantjen Et ginn dach d'Fortschrëtter gemaachoch wa villes nach prekär ass. Trotz der internationaler Wiertschaftskris hat de Kosovo e Wiertschaftswuesstem vun iwwer 4% opweises, a seng Institutioune sinn dobäi, sech däitlech ze konsolidéieren.

Als Lëtzebuerg beschränken mir eis natierlech net op eng diplomatesch Ënnerstëtzung am Kosovo. Mir sinn nämlech och eent vun de Länner, dat hei déi meescht Entwécklungshëllef zoukomme léisst, virun allem am Gesondheetssektor, wou eist Land déi gréisste finanziell Hëllef, an absolutten Zuelen, leescht.

Dës Weideren engagéiere mir eis och am sécherheetspolitesche Beräich vun der internationaler Gemeinschaft. D'Kris vum Summer 2011 soll eis drun erënneren, datt dëst en Aspekt vun der Realitéit ass, dee mer net dierfe vernoléissegen.

Ech wëll och drop hiweisen, datt de Lëtzebuerger Kontingent, trotz senger bescheidener Gréisst, eng wichteg Roll an der KFOR-Missioun vun der NATO spillt. Eist Land ënnerstëtzt och d'EULEX-Missioun vun der EU, déi den Opbau vun Instanze wéi Police, Geriichtswiesen an Douane am Kosovo begleet.

Ofgesi vun de Länner mat enger europäescher Perspektiv, ënnerhält d'Unioun och verstäerkt Bezéiunge mat den Nopeschlänner iwwer déi europäesch Noperschaftspolitik. Si besteet engersäits aus der Europa-Mëttelmier-Zesummenaarbecht, an anerersäits aus der «Ëstlecher Partnerschaft», déi Armenien, Aserbaidschan, Wäissrussland, Georgien, Moldawien an d'Ukrain betrëfft.

D'Ëstlech Partnerschaft soll déi betreffend Länner méi no un den Acquis communautaire eruféieren. Andeems dës Länner an d'Richtung vun «europäesche Standarden» gefouert ginn, ginn Demokratie, Wuelstand an also och Sécherheet a Stabilitéit um ganze Kontinent gefördert, wat, laangfristeg, och fir eis vu Virdeel ass. Et muss alles drugesat ginn, dass an eiser direkter Noperschaft keng Situatiounen entstinn, déi zu politeschen a soziale Spannungen, all Zort vun illegalem Handel, och Mënschenhandel, féieren. Dës Phänomener hunn eng direkt Auswierkung op déi ganz Europäesch Unioun. Eng efficace Zesummenaarbecht mat de concernéierte Länner, mat deenen d'Unioun Erfahrungen a gutt Praktiken a ville Beräicher austauscht, gouf ageleet.

Dëst ass eng wichteg Initiativ fir Lëtzebuerg. Mir sinn nämlech der Meenung, datt hiren enorme Potenzial e reelle Méiwäert fir de Kontinent duerstellt. Mir wäerte weider dru schaffen, datt d'Ziler, déi 2009, wéi d'Initiativ lancéiert gouf, fest geluecht goufen, och erreecht ginn. Dat hei ass awer fir dës Länner keng Carte blanche fir eng Unnäherung un d'Unioun ouni Géigeleeschtung. Eis Noperen am Oste mussen och hiren Deel vum Kontrakt erfëllen. Si musse weisen, datt si op si fir d'Wäerter, déi der europäescher Konstruktioun zugronn leien, a Reformen a Schlëssel beräicher wéi der Demokratie, der Rechtstaatlechkeet oder der good governance ëmsetzen, ier se en Usproch op méi materiell Ënnerstëtzung oder op eng Ouverture zum europäesche Maart kënnen kréien.

Ech géif dann och gär vun der Geleeënheet profitéieren fir e puer konkret Beispiller vun deem ze ginn, wat eist Land fir seng Nopeschlänner mécht, egal, ob se e Bäitrëttskandidat sinn oder net.

Niewt de Formatiounen, déi mir am Beräich vun de Finanzen, der ziviller Loftfaart, dem europäesche Recht an der ëffentlecher Verwaltung ubidden, konnte mer an de leschte Jore verschidde villverspriechend Kooperatiounsméiglechkeeten ermëttelen. Dës Projeten, déi ëmmer vun engem wiertschaftlechen oder administrative Besoin an deem betreffende Land ausginn, bezéie sech op Beräicher, an deene Lëtzebuerg e spezifeschen Know-how huet sech gutt auskennt. Hei kënnen déi lëtzebuergesch Acteuren dem Land net nëmmen e wierkleche Méiwäert bidden, ma si hunn och Geleeënheet, hir Fachkenntnis ze presentéieren an interessant Kontakter ze knëppen.

Dat gëllt zum Beispill och fir d'Partnerschaft, déi mir mat der privater Universitéit Universiapolis zu Agadir am Marokko agaange sinn, zesumme mam Centre de Recherche Public Henri Tudor. Mir hunn der Universitéit gehollef, hire Fuerschungszentrum opzebauen, nom Modell vum Henri Tudor, d.h. baséiert op der Recherche appliquée. D'Zil vun dëser Kooperatioun ass net nëmmen, nohalteg Bezéiungen an der Fuerschung an der Ausbildung opzebauen, ma och - iwwer d'Zesummeféierung vu Wëssenschaft an Industrie -, d'Zesummenaarbecht tëschent marokkaneschen a lëtzebuergeschen Wiertschaftsacteuren ze förderen.

En anert Beispill ass d'Kooperatioun vun der lëtzebuergescher Bourse an de Bourse vun Montenegro a Serbien. Hei war d'Zil, d'Boursse vun deenen zwee Länner den Ufuerderunge vum Maart unzepassen, an d'Bezéiungen tëschent de Wiertschaftsacteuren aus deenen dräi Länner ze verstäerken. D'Zil vun der Zesummenaarbecht mam Office statistique vum Montenegro war, se dobäi z'ënnerstëtzen, den Acquis communautaire an hir Aarbecht z'integréieren.

Dës Projeten hëllefen net nëmmen, déi wiertschaftlech a frëndschaftlech Relatioune tëscht Lëtzebuerg an de Länner, deenen d'Hëllef zegutt kënnt, ze verstäerken, ma weisen och, dass ee mat begrenzte Mëttelen strategesch an dauerhaft Kooperatioune kann op d'Bee stellen. D'Finanzéiere vu Stipendië fir Studenten geschitt an der nämmlechter Iwwerleeung.

Handelspolitik

De Bäitrëtt vu Russland zur Welthandelorganisatioun ass e Beispill, dat weist, firwat Lëtzebuerg sech ëmmer fir e multilateralen Handelssystem engagéiert huet. Russland huet sech nämlech a sengem Bäitrëtts-Ofkommes zu enger ganzer Rëtsch vu Engagementer bereet erkläert, déi säin Handelssystem weider opmaachen a seng Integratioun an d'Weltwirtschaft beschleunegen. Den Accord gesäit en transparenten a previsible Kader fir den Handel an déi auslännesch Investitioune vir a preparéiert de Wee, fir datt d'Meenungsverschiddenheeten zu Genf kënne bäigeluecht ginn, sou datt Handelskonflikter an Zukunft entpolitiséiert ginn. E wichtege Partner vu Lëtzebuerg ass domat u multilateral Norme gebonnen.

Nodeems et hei zu engem Stëllstand koum, huet d'Europäesch Unioun dat lescht Joer weider Verhandlunge gefouert a bilateral Handelsaccorden ofgeschloss. Nom Modell vum Fräihandelsofkommes mat Südkorea dat dës Chamber mar diskutéiren, gouf kierzlech och en Fräihandelsofkommes mat Kolumbien a Peru souwéi Mëttelamerika ofgeschloss. An dësen Accorde geet et net nëmme méi ëm Handelsfroen, et gëtt och probéiert, d'wirtschaftlecht Gewiicht vun der EU ze notzen, fir d'Rechter vun den Aarbechter an d'nohalteg Entwécklung ze verdeedegen. Ähnlech Accorde gi grad mat Kanada, Indien, Singapur a Malaysien ausgehandelt. Et lafen och Verhandlungen tëscht der Europäescher Kommissioun a Länner aus eiser Noperschaft, virun allem am Osten (Moldau, Georgien, Armenien) an deemnächst och am Süden (Marokko, Tunesien, Jordanien). D'Unioun fiert och weider mat den asymmetresche Wirtschaftspartnerschaftsofkommen mat regionale Gruppen aus Afrika. Esou behalen déi concernéierte Staaten hire privilegiéierten Zougang zu eise Mäert, gläichzäiteg gëtt d'Solidaritéit stimuléiert, déi d'EU, opgrond vun hirer historescher Roll an dëse Regiounen hei demonstréieren.

Fräihandelsverhandlungen iwwert eng Fräihandelszon sinn an Zukunft och mat Japan an den USA virstellbar mat dësen zwee wichtege Partner géifen d'Ausgangssituatioun vum internationalen Handel komplett veränneren an eisen Entreprisen, déi scho bannent der EU an enger gudder Wettbewerbspositioun sinn, den Zougang zu lukrativen Drëttmäert verschafen. En éiergäizege Programm am Beräich vum Handel kéint mëttelfristeg dozou féieren, datt de globale Wuesstem ëm 2% an d'Lut geet an iwwer zwou Milliounen Aarbechtsplazen geschafe ginn. Och eis Wirtschaft ass méi wéi jee vum Export an de verstäerkten Handelsbezéiunge mat Drëttlänner baussent der EU ofhängeg. Mee dat ganzt Gewiicht vun der EU ass noutwenneg, fir eis Drëttpartner dovun z'iwwerzeegen, esou Ofkommes mat eis ze schléissen, déi op Géigesäitegkeet musse berouen a béide Säite Virdeeler bréngen.

Dës Wirtschaftsdiplomatie poursuivéiere mer och op bilateralem Plang iwwer eise Réseau vun den Ambassaden. Weltwäit kënnt et erëm zu verstäerktem Protektionismus, sou dass politesch Hëllef fir eis Entreprisen duerchaus ubruecht ass. D'Erëffnung vun neien Ambassaden, zu Abu Dhabi oder Ankara, beweist, wéi wäit eis Präsenz sur place d'Entwécklung vun eise Betriber am Ausland ënnerstëtze kann.

Eng dynamesch Wirtschaft, eng Wirtschaft, déi wiisst, G20-Member an EU-Bäitrëttskandidat: dat ass Tierkei, obschonns se net wäit hannert den EU-Grenze läit, gouf laang vun de lëtzebuergeschen Entreprisë vernoléissegt, déi Länner virgezunn hunn, déi méi wäit ewech leien. An der Tierkei ass Lëtzebuerg zwar a bestëmmte Milieuen als internationale Finanzzentrum bekannt. Duerch periodesch Handelsmissioune kann een de Bekanntheetsgrad vu Lëtzebuerg zwar verbesseren, doduerch assuréiert een awer kee Suivi sur place.

Eng Vertriedung sur place erméiglecht méi effektiv Fördermoossnamen duerch regelméisseg Kontakter mat de Vertrieder aus Politik a Wirtschaft, Firmebesichtegungen an d'Organisatioun vu Séminairen a verschiddene Stied, Bezéiungen zu der Wirtschaftspress, d'Verschécke vun Newsletteren. Duerch e verstäerkten Austausch vun Informatioune sollen déi esou dacks verkannte Stäerkte vun eisem Land méi bekannt gemaach ginn, Bezéiungsnetzer sollen opgebaut ginn, sou datt nei Wirtschafts- an Handelskontakter entstin. Dat ass natierlech e laangwierege Prozess, deen net direkt seng Friichten dréit.

Ma schonn ee Joer nodeems ech d'Botschaft zu Ankara inauguréiert hunn, koum et zu éischte Resultater, virun allem am Transport- a Logistikberäich. Verhandlungen tëscht den Autoritéite vun der ziviller Loftfaart hunn zum Ofschloss vun engem Memorandum gefouert, deen d'Relatiounen am Beräich vum Fluchverkéier tëscht den zwee Länner konsolidéiert huet. D'Kontakter mat der Fluchgesellschaft Turkish Airlines hunn zur Ukënnegung vun enger Direktverbindung fir d'nächst Joer tëscht Istanbul a Lëtzebuerg gefouert. Eng Zuchverbindung tëscht Beetebuerg an Trieste duerch CFL Cargo an CFL Multimodal, a Partnerschaft mat enger grousser tierkescher Logistikfirma, erméiglecht de Wuerentransport tëschent der Tierkei a Lëtzebuerg. D'Tierkei, déi e groussen Deel vun hire Wueren an d'Europäesch Unioun exportéiert, liwwert eis interessant Perspektiven am Beräich vun der Logistik, besonnesch fir de Schinnen- a Loftverkéier. Et ass encourageant ze gesinn, datt tierkesch Firmen sech ëmmer méi dacks un d'Ambasssade adresséieren, fir sech iwwer d'Konditioune vun enger Nidderloossung zu Lëtzebuerg z'informéieren.

Datt d'tierkesch Bierger e Visum brauchen, gesinn d'Geschäftsleit als eng Contrainte, eppes, wat den Austausch behënnert. An dëser Hisiicht hunn déi konsularesch Servicer, déi eis Ambassade ubitt, en direkten, positiven Impakt op déi wirtschaftlech Bezéiungen.

Ee Joer no hirer Eröffnung huet d'Ambassade duerch seng divers Aktivitéiten am wirtschaftleche Beräich schonn en éischte Bäitrag zu enger Diversifizéierung vun der Lëtzebuerger Wirtschaft geleescht.

D'Ambassade zu Abu Dhabi, déi leschten Hierscht ageweit gouf, ass mat ähnlechem Schwonk hir Aufgaben ugaang. Nieft der Koordinatioun vu verschiddene Wirtschafts- a Finanzmissiounen an der Regioun, hunn d'Knëppe vun dauerhafte Kontakter mat de Wiertschaftskreeser am Land, d'Vermaartung vu Lëtzebuerg als méiglechen Zougang zum europäesche Maart et och hei fäerdeg bruecht, d'Bezéiungen zur Regioun ze verdéiwen, an domat d d'Interessie vun eiser Wirtschaft an eis politesch Prioritéite besser kënnen ze verdeedegen.

Déi éischt Schrëtt, déi d'Visibilitéit an d'Renommee vu Lëtzebuerg als Dréischeif fir verschidde Produkter an Déngschtleeschtunge solle verbesseren, sinn 2011/2012 scho gemaach ginn. Ech hu festgestallt, datt Lëtzebuerg an de leschte Joren ëmmer méi zu engem Begrëff ginn ass bei de lokalen Acteuren. D'Präsenz vu Lëtzebuerg op verschiddene Manifestatiounen a Foirë spillt och eng net onerhieflech Roll an der Vermaartung an der Perceptioun vun eisem Land. Dat erlaabt eis, an Zukunft nach méi mat de Länner an dëser Regioun zesummenzeschaffen, an deene Beräicher vun der Wirtschaft, déi fir Lëtzebuerg wichteg sinn, wéi Finanzen, Telekommunikatioun, Energie, Fuerschung, Infrastrukturprojeten, fir der just e puer ze nennen.

Eisen Intressi fir dës Regioun beschränkt sech net op wirtschaftlech Relatiounen. Erlaabt mer, hei och e puer politesch Iwwerleeungen anzebréngen.

Arabescht Fréijoer a Mëttleren Osten

De Bilan vum Arabesche Fréijoer ass no annerhallwem Joer éischter gemëscht. D'Striewe vun den arabesche Populatiounen no Dignitéit a politescher Inclusioun huet grouss Verännerunge mat sech bruecht. Mir hunn dës Bestriewungen ënnerstëtzt a wäerten dat och weider maachen, dat am Aklang mat eisem internationalen Engagement fir Rechtsstaatlechkeet, demokratesch Wäerter a sozial Gerechtegkeet.

Ech hat dëst Joer d'Éier, Tunesien, Marokko, Saudi-Arabien, den Oman an d'International Organisatioun fir islamesch Zesummenaarbecht zu Jeddha besichen ze dierfen. Dës Visite sinn esouwuel e Beweis fir eist Engagement an fir d'Bedeitung, déi den Dialog man allen Acteuren aus der Regioun fir eis huet.

An Tunesien an an Egypten ass et zu Walen an der Ernennung vun enger Regierung komm. Mir suivéiere mat grousser Opmierksamkeet d'Aarbechten un enger Verfassung an déi domat verbonnen Debatten. Aarbechten wéi mer all wëssen déi sech hinzéien.

Geographesch gesi si mir an dëse südleche Länner eis Noperen. An dës Noperschaft implizéiert en intensiven Austausch an alle Beräicher. Mir stellen awer fest, datt Mësstrauen a géigesäitegt Onverständnis onglécklecher Weis zouhuelen.

Dëst Mësstrauen äussert sech ëmmer méi dacks a Provokatiounen a Gewalt. Ma de Respekt vum Aneren, sengem Glawen a senge Fräiheeten, zu deenen och déi gehéiert, net ze gleewen, ass e fundamentaalt Element vun eisem Austausch, deen sech an enger ëmmer méi staark vernetzter Welt och ëmmer méi intensivéiert. Ech wëll hei insistéieren, dass d'Sécherheet vun den diplomateschen Ariichtungen e wichtegt Element vum internationale Recht ass, dat iwwerall muss respektéiert a garantéiert ginn.

Fir d'Länner aus dëser Regioun ass déi wirtschaftlech Entwécklung liewensnoutwenneg. D'Feele vu Perspektiven, besonnesch fir d'Jugend, dréckt wéi eng Tonnelaascht op déi politesch a sozial Entwécklung vun dëse Länner.

Et ass an dëser Hisiicht trotzdem erfreelech ze gesinn, datt sech, säitens der Europäescher Unioun, eng global a kohärent Politik ofzeechent, vun där mer hoffen, datt se gëeegent ass, dës Schwieregkeete Meeschter ze ginn. E ganze Spektrum un Hëllefsmoossname fir d'Wirtschaft vun Iwwergangslänner ass zesummegestallt ginn. Si sollen nom Prinzip «more for more» fonctionnéieren: Wat méi Reformen a Fortschrëtter gemaach ginn, wat et méi Ressourcen an Ënnerstëtzung vun der EU gëtt. Dës nei Europäesch Noperschaftspolitik baséiert sech op déi «3M»: money, markets, mobility.

Wat déi finanziell Hëllef ugeet («Money»), sou gouf de Programm SPRING mat 350 Milliounen Euro am September 2011 ugeholl. Dës zousätzlech Fonge si fir d'Partner am Süde geduet. D'Enveloppe vum Finanzinstrument fir déi südlech an ëstlech Noperschaft, den «European Neigbourhood Instrument (ENI)», misst fir den Zäitraum 2014-2020 eropgesat ginn.

Et soll awer och probéiert ginn, eng autonom wirtschaftlech Entwécklung a Gank ze kréien, déi an Zukunft keng Hëllef méi vu bausse brauch. Den Zougang zum europäesche Maart («Markets») ass dofir eng vun den Haaptfuerderunge vun eise Partner aus dem Süden. D'Verhandlungen iwwer «déifgräifend a vollstänneg Fräihandelsaccorden» mat Marokko, Tunesien a Jordanien lafen. Lëtzebuerg ënnerstëtzt dës Initiativen.

Am Juni gouf dann décidéiert, iwwer eng «Mobilitéitspartnerschaft» («Mobility») mat Marokko, Tunesien an Egypten ze schwätzen. Dës Partnerschafte sollen zu Accorden iwwer d'Vereinfachung am Beräich Visum/ Readmissioun féieren, mam Zil, gemeinsam eng Léisung fir Migratiounsproblemer ze fannen.

Syrien

Mir bedaueren den duebele Veto vu Russland a China a Bezuch op Syrien am CSNU. Den CSNU muss seng Roll als Garant fir Fridden a Sécherheet kënnen iwwerhuelen. Et ass dat eenzegt Instrument datt der internationaler Gemeinschaft zur Verfügung steet wat hei Autoritéit hätt. Den UNO-Sonderbeoptragten Lakhdar Brahimi huet eis voll Ënnerstëtzung well en richteger Weis an der Kontinuitéit vun den Lignen vum Här Koffi Annan agéiert.

Zesumme mat de «Frënn vu Syrien», déi sech och um Prozess bedeelegen, hu mer d'Oppositioun opgefuerdert, sech zesummenzeschléissen an eng gemeinsam Plattform opzeriichten, déi all d'Syrer representéiert. Do ass elo en éischten Succès erreecht ginn dësen 11. November. No enger Konferenz zu Doha, virun e puer Deeg, ass d'Syrian National Coalition gegrënnt ginn. Dëst ass en décisiven Moment an der Schafung vun enger inklusiver an representativer Oppositioun fir d'syrescht Vollek. Mier hoffen dat déi am Stand wäert sinn Syrien an d'Richtung vun enger Zukunft vu Fridden an Demokratie fir alleguer d'Syrer ze féieren. Gëschter zu Kairo bei der Réunion ministérielle UE-Ligue arabe war dëst deen eenzegen positive Punkt zum Thema Syrien.

D'EU huet eng Rei vu robuste Sanktioune vis-à-vis vu Syrien geholl. Dës Moossname viséieren de syresche Regime a seng Memberen an net d'Bevëlkerung, där hiert Leed mer all Dag gesinn. Eis lëtzebuerger humanitär Hëllef an deem Kontext beleeft sech op 1,181 Milliounen Euro. Ausserdeem huet Lëtzebuerg medizinescht Material a Jordanien geliwwert, dat do an de syresche Flüchtlingslageren agesat gëtt.

Mir sinn entsat iwwer dat, wat a Syrien geschitt. Um Niveau vun der Europäescher Unioun a besonnesch op d'Bestriewe vun eise Benelux-Partner hu mir fir e Schutz vun der medizinescher an humanitärer Hëllef a Syrien, fir eng Protectioun also fir d'Spideeler an aner Krankenariichtungen, plädéiert. D'medizinesch Versuergung muss fir jiddwer Syrer, deen se brauch, zougänglech sinn, egal, zu wéi enger Relioun oder politescher Partei e gehéiert.

Kee weess wéi laang dës schrecklech Épreuve fir d'Syrescht Vollek nach dauere wäert.

Déi lescht Woch sinn an engem Dag 11.000 aus Syrien geflücht. Türkei, Jordanien, mee och den Libanon an den Irak hunn 10.000 den Flüchtlingen ze versuergen. Dëst si virun allem Fraen a Kanner. D'Männer sinn am Biergerkrich. Et muss ee sech de psychesche Konsequenzen hei virstellen. Haas a Brutalitéit falen dobäi op fruchtbarem Buedem.

Wieren d'Sanktiounen déi d'EU géint Syrien ausgeschafft huet um UNO Niveau geholl ginn, da wier den Drock op de Regime ee ganz aneren. Eleng een allgemengen Waffen Embargo, fir all Säiten, hätt déi militäresch Aktivitéiten ënnerbannen kënnen. Dëse Biergerkrich a Syrien ass nët duerch eng militäresch Interventioun ze stoppen. D'EU an hir Member-Länner si sech deem bewosst. Déi eenzeg Hoffnung ass een néie Versuch am Sécherheetsrot ze lancéieren op Basis vum Acquis vun der Réunioun vu Genf vum 30. Juni 2012 fir d'Iddi vun enger Transitiounsregierung nees opzeruffen. Zu Kairo gëschter huet den Envoyé spécial Lakhdar Brahimi sech hei fir stark gemaach.

Iran

De Fall vum Iran beschäftegt déi international Gemeinschaft och nach ëmmer intensiv. D'AIEA weist sech kloer besuergt iwwer déi «méiglech militäresch Dimensiounen» vum iraneschen Atomprogramm. Hei schléisse mir eis selbstverständlech eisen europäesche Partner un. Mir ënnerstëtzen de Prozess vun den E3+3-Staaten, an deem déi zweespureg Approche verfollegt gëtt. Also Drock op den Regime duerch Sanktiounen engersäits, anerersäits d'Ugebuet iwwert politesch an ekonomesch Bezéiungen ze verhandelen wann den Iran kooperéiert mat der AIEA. D'EU huet eng Rei vun extrem komplexen an efficacë Sanktioune geholl. Si viséieren de Regime an d'Membere vum Regime. Dës Sanktiounen setzen dem Regime staark zou. Si sollten een Ëmdenken ze Teheran als Folleg hunn.

Mir setzen weiderhin op Diplomatie. De Fall vum iraneschen Atomprogramm kann nëmmen op eng friddlech, also diplomatesch Manéier geléist ginn. Eng militäresch Interventioun, déi regelméisseg vu verschidden a Betruecht gezu gëtt, hätt onkalkuléierbar Auswierkungen op déi ganz Regioun.

Den Iran huet, et muss een et widderhuelen, wéi all Land Recht op Zivil-Nuklearénergie Projeten. Déi eenzeg Bedingung ass dass mat der AIEA kooperéiert gëtt.

Am Fong sollte mer an der EU eis nach méi kloer staark maachen fir een atomfräien Noen a Mëttleren Osten maachen. Dëst wier, mëttelfristeg gesin, déi eenzech Secherheet fir déi nuklear Opreschtung ze stoppen.

Loosst mech hei kloer ënnersträichen dass den Iran als UNO-Memberland all aner Memberlänner ze respektéieren huet, och Israel. Dat periodescht präsidentzialt Jäitzen an a Fro stellen vum Holocaust oder den Existenzrecht vun Israel ass ouni Aschränkungen ze veruerteelen. Dëst schued dem Fridden an der Stabilitéit an der ganzer Regioun an doduercher och der palästinensescher Cause onmoosseg.

Condamnabel ass och déi systematesch Veruechtung vun de Mënscherechter duerch dem Teheraner Regime. Den Iran ass ee grousst Land mat enger Geschicht déi der Zivilisatioun immens vill Positives bruecht huet. Mir hoffen dass dëst Land zu dësem Wee zeréck fënnt.

Friddensprozess

Ech kann dëst Thema net ofschléissen, ouni eng Duerstellung vun der aktueller eeschter Situatioun vum sougenannte Friddensprozess am Mëttleren Osten ze ginn.

Mënschlech Wäerter, Mënscherechter, Dignitéit si Begrëffer déi nët deelbar sinn, déi nët fir déi eng ziele mussen an et fir anerer nët däerfen. Als EU verlaange mer Respekt vun dëse Wäerter an alle Rieden an alle Debatten.

Ee vun de grousse Schlësselen vum Weltfridden ass d'Léisung vum Konflikt tëschent Israel a Palästina.

Op Grond vun der europäescher Geschicht hu mer eis staark ze maachen fir d'Wuel an d'Sécherheet vum Staat Israel a sengem Vollek. Op Grond vun der europäescher Astellung zu de Mënscherechter hu mir eis staark ze maachen fir d'Wuel an d'Dignitéit vun all Vollek, och vum palästinenseschen.

Nun d'Léieren aus der Geschicht an eis Astellung zu den Mënscherechter kennen nët kontradiktorescher Natur sinn. Duerfir sollten mir als Europäer méi konsequent an eiser Approche sinn.

D'Siedlungpolitik vun der heiteger israelescher Regierung kann nët einfach hi geholl ginn. Si ass provokant a brüskant. D'Zuel vun de Siidler am Westjordanland wiisst méi séier wéi d'Palästinensesch Populatioun. D'Gewaltdoten vun de Siidler huelen dramatesch zou. Plus 32% dat lescht Joer. Déi Responsabel fir Gewalt ginn nët poursuivéiert a gestrooft. Et ass géint all internationaalt Recht, och géint d'Osloer Verträg, Bauland ze akaparéieren dat engem nët gehéiert. Ob am nationalen oder am internationale Recht.

Sollt des Politik nach eng Zéit weidergoen ass reng physesch keng 2-Staate Léisung méi méiglech. Dëst ass a bléift eng Politik vun dëser israelescher Regierung déi all Hoffnung op Verhandlungen am Keim erstéckt.

Esoulaang awer et kee Staat mat feste Grenzen, déi vun 1967, gëtt et kee freit souveränt Land fir d'Palästinensecht Vollek, soulaang wäert Israel nët a Sécherheet liewe kennen. Ee Palästinensesche Staat ass kee Geschenk fir Palästina, et ass den Ecksteen fir Fridden am Noen Osten.

Nach an dësem Mount gëtt, mat zimlecher Sécherheet, an der UNO Vollversammlung zu New York iwwert eng Resolutioun ofgestëmmt déi den Palästinenser de Statut vun engem «Observer State» kann zougestoen. D'EU ass hei gefuerdert. Wa mir erëm mat 1/3 NEEN, 1/3 Abstentioun, an 1/3 JO stëmmen, ass eis Platz an der Aussepolitik um Globus héchstens an der 3. Divisioun.

Duerfir maachen ech mech staark dass mer am Gléichklang mat eise Wäerter stëmmen, also eis fir d'Recht vun den Palästinenser, zu mindestens symbolesch een Upgrade vun hirem Status op der UNO ze kréien. NEE-Stëmmen verhënneren, an d'Abstentiounen begrenzen giff eis gudd zu Gesiicht stoen. Lëtzebuerg stëmmt fir den palästinenseschen Beobachtersstaat op der UNO.

Mir konzentréiere eis weiderhin an der EU op déi konkret Liewensbedingunge vun de Palästinenser sur place. Mir veruerteelen déi onzoulässeg Praktik vun der Verwaltungshaft an der Inhaftéierung vu Mannerjäregen duerch israelesch Polizei am Westjordanland. D'economesch Aktivitéite vun de Palästinenser ginn duerch déi israelesch Besatzung behënnert, virun allem an deenen Zonen, déi weiderhin ënner ziviller a militärescher Kontroll vun den Israelië stinn. Trotz den Efforte vun enger Rei vun Donateuren, dorënner och Lëtzebuerg, ass d'Finanzlag vun der palästinensescher Autoritéit prekär. Et muss een d'Transferte vun de Steierrecettë vun den israeleschen Autoritéiten un déi palästinensesch Autoritéiten esou regelen, wéi déi aktuell Accorden dat virgesinn.

Gläichzäiteg veruerteele mer, ouni Excuse unzehuelen, d'Rakéitenattacke vum Gaza aus op Israel, a betounen datt de Fridden net ka garantéiert ginn mat esou Akten.

Subsaharescht Afrika

Den afrikanesche Kontinent ass e Kontinent vun der Zukunft, mat engem grousse Potential, wou demokratesch Prinzipie sech lues a lues festegen, och wann déi politesch Onstabilitéit ëmmer nach eng Realitéit ass. D'Demokratië kënnt iewer vum Fleck. Sie entwéckelt sech am subsahareschen Afrika, dat hunn eis de Regierungswiessel am Senegal an a Sambia an déi rezent Changementer an der Féierungspëtzt vu Malawi, Ghana an Äthiopien gewisen. Déi rezent Entwécklungen um Horn vun Afrika, virun allem a Somalia an am Sudan, sinn och als éischter positiv ze wäerten a loossen op eng méi onbeschwéiert Zukunft hoffen. Natierlech muss een d'Aen ophalen, aner Beispiller wéi de Mali, d'Demokratesch Republik Kongo a Guinea-Bissau erënneren eis drun, dass d'Situatioun onbestänneg ass an d'Demokratie nach laang net fest verankert ass an dëse Géigenden.

Mir hunn eis traditionell Bezéiunge mat dëser Regioun an de leschte Jore kontinuéierlech verstäerkt an diversifizéiert. Mir wëssen, datt déi international Gemeinschaft vis-à-vis vu Krisesituatiounen a fragile Situatiounen net gläichgülteg ka bleiwen, an dofir wëlle mir eis Präsenz am UNO-Weltsécherheetsrot - deen dacks mat Theme befaasst gëtt, déi dës Regioun betreffen – notzen an dozou bäidroen, datt Krise geléist an de Fridde konsolidéiert gëtt. An dobäi stelle mir d'Verdeedegung vun der Demokratie, der Rechtsstaatlechkeet an de Mënscherechter an de Mëttelpunkt.

Wat d'Horn vun Afrika betrëfft, muss een zwar weiderhin um Qui-vive sinn, et däerf een sech awer trotzdem iwwer d'Verbesserung vun der Situatioun a Somalia freeën. Nei staatlech Institutiounen entstinn. Somalia huet d'Méiglechkeet, déi sech gebueden huet, ergraff a genotzt. D'Hëllef vun der internationaler Gemeinschaft ass entscheedend fir d'Stabiliséierung vu Somalia a Lëtzebuerg dréit op verschidde Manéieren dozou bäi. Op politeschem Plang, awer och um Plang vun der Sécherheet an der humanitärer Hëllef. Ech hunn un zwou internationale Konferenzen iwwer Somalia, eng Kéier zu London an déi aner Kéier zu Istanbul, deelgeholl, a mir hunn dem Fonds vun de Vereenten Natiounen als Ënnerstëtzung fir d'Iwwergangs-Sécherheetsinstitutiounen 750.000 € zur Verfügung gestallt. Am Beräich vun der Sécherheet huet sech Lëtzebuerg am EU-Ausbildungsprogramm fir somalesch Sécherheetskräften engagéiert (EUTM Somalia). Besonnesch appréciéiert gëtt och eise Bäitrag am Kampf géint d'Piraterie am Indeschen Ozean. Am Kader vun der europäescher Marinne-Missioun (EU NAVFOR ATALANTA) stelle mir zwee Iwwerwaachungsfligeren zur Verfügung. Wat d'humanitär Hëllef ugeet, sou huet d'Entwécklungszesummenaarbecht substantiell Bäitrag geleescht. Et ass wichteg, datt mir eis weiderhi fir Somalia engagéieren, fir de Wee aus der Kris ze festegen.

Nieft den dach positiven Entwécklungen aus dëser Regioun vun Afrika muss een awer leider och manner erfreelech Entwécklungen am Sahel feststellen. De Sahel gesäit sech villen a reelle Geforen ausgesat. Mat der Kris a Libyen goufen se nach verstäerkt, a mat der Kris am Mali nom Militärputsch vum 22. Mäerz sinn dës zur Realitéit fir d'Land ginn. Et ass eng Kris, déi eis wierklech beréiert. Engersäits, well de Mali, Partnerland vun der Kooperatioun, Lëtzebuerg um Häerz läit a mir zënter Joren an enker Relatioun mat deem Land stinn. Op där anerer Säit, well d'Situatioun am Mali Gefore fir déi ganz Sahel-Regioun mat sech bréngt, besonnesch fir Nopeschlänner wéi den Niger a Burkina Faso, mat deene mir och spezifesch Relatiounen ënnerhalen. D'Déstabiliséierung vum Sahel an de Fait, dass terroristesch Gruppéierungen ëmmer méi staark ginn, si weider Risike fir de Fridden an déi international Sécherheet.

Et muss een den Iwwergangsprozess am Mali ënnerstëtzen. D'Asetzen vun enger Regierung vun der nationaler Eenheet ass e wichtege Schrëtt an déi richteg Richtung. Eng nächst wichteg Etapp ass déi vun engem glafwierdege Fahrplan. Et ass wichteg, datt d'Länner aus dëser Regioun, déi ënnerstëtzt gi vun der CEDEAO, der Afrikanescher Unioun, de Vereenten Natiounen a besonnesch dem Sécherheetsrot, wéi och der Europäescher Unioun weiderhin Efforte maachen, fir kohärent Äntwerten ze liwweren. Ech begréissen an dësem Kontext, datt den UNO-Sécherheetsrot d'Resolutioun 2071 ugeholl huet, déi hoffentlech eng wichteg Etapp an der Léisung vun der Kris markéiert.

D'EU ass bereet fir am Mali déi operationell Effizienz vun den Forces armées ze verbesseren. Formatioun vun der Arméi ass d'Haaptzielsetzung. D'Unitéit vum Mali muss nees higestallt ginn, mee entscheedend ass dass déi Barbarei déi am Norden vum Land Fouss gefaasst huet gestoppt gëtt.

D'Populatioun déi nët fort kënnt aus dem Norden ass permanenter Gewalt ausgesat. Dëst kann nett daueren an et ass wierklech nëmmen richteg dass de Sécherheetsrot hei seng Verantwortung iwwerholl huet.

Loosst mech op dëser Plaz drop hiweisen, datt Lëtzebuerg un der EU-Missioun deelhëlt (EUCAP SAHEL NIGER), déi den Niger soll dobäi ënnerstëtzen, d'Kapazitéite vun de Sécherheetskräften auszebauen. D'Missioun ass prett, fir hir Aarbecht opzehuelen. D'Viraarbechte sinn esou gutt wéi ofgeschloss.

RDC

E Wuert zur Demokratescher Republik Kongo. Ech war viru kuerzem beim Sommet de la francophonie zu Kinshasa. D'Verschlechterung am humanitären an am Sécherheetsberäich am Oste vun der RDC war eent vun den Haaptthemen. D'Situatioun suergt fir grouss Beonrouegung. Nëmmen eng politesch Léisung, déi op dem Dialog tëscht der RDC an dem Ruanda grënnt, ass laangfristeg viabel. Ech si sécher, datt dëst Thema eent vun den Haaptthemen ass, wa Lëtzebuerg am Weltsécherheetsrot sëtzt. Mir wäerten eist Bescht ginn, fir dozou bäizedroen, datt sech d'Situatioun verbessert. Erlaabt mer, déi rezent Nominéierung vun engem Lëtzebuerger, den Colonel Jean-Louis Nurenberg, un d'Spëtzt vun der Berodungs- an Ënnerstëtzungsmissioun vun der Europäescher Unioun zugonschte vun der Reform vum Sécherheetssektor (EUSEC RD Congo) z'ernimmen, eng Missioun, déi den 8. Juni 2005 ënner Lëtzebuergescher Présidence am Rot lancéiert gouf.

USA

Eis transatlantesch Bezéiungen sinn een zentralen Bestanddeel vun eise Bezéiungen mat eise strategesche Partner. Mat den USA verbannen eis net nëmmen ganz enk geschichtlech Lien'en, mee och a virun allem gemeinsam Wäerter a Visiounen, déi mir Europäer zesumme mat dem amerikanesche Vollek zemools an dësen Zäiten verdeedegen mussen. An dësem Kontext free mir eis, dass den President Obama virun e puer Deeg erëmgewielt ginn ass an hoffen, dass hien a sengem zweete Mandat méi Spillraum op verschidde Gebidder huet, notamment a Saachen No-Ost Friddensprozess souwéi och der Net-Prolifératioun vu Massevernichtungswaffen. Lëtzebuerg setzt sech weider an fir eng ganz enk Zesummenaarbecht mat eisem transatlantesche Partner, an ech wéilt dofir un dëser Platz der amerikanescher Ausseministesch, der Madame Hillary Clinton, ee grousse Merci soen fir dat gudd béidsäiteg Verstees-de-mech an hier dach positiev Astellung zu der EU.

China

Een anere strategesche Partner, deen an de leschte Joeren ëmmer méi u Wichtegkeet gewonnen huet, ass selbstverständlech China. Ganz besonnesch free mir eis den 16. November op den 40sten Anniversaire vun eisen diplomatesche Bezéiungen mat dësem grousse Land. Dësen Anniversaire illustréiert d'Stabilitéit vun eise Bezéiungen an awer och d'Stäerkt vum géigesäitege Vertrauen tëscht eis an dem Chinesesche Vollek. D'wiertschaftlech, politesch a militäresch Bedeitung vun dësem Acteur wäert och an de nächste Joeren eis voll Opmierksamkeet verlaangen a mir engagéieren eis dës Bezéiungen nach wieder ze verdéiwen.

Russland

Ee weideren strategesche Partner ass natierlech Russland. Eis wiertschaftlech Bezéiungen konnten an de leschte Joeren eng ganz Rei wichteg Fortschrëtter verzeechnen an entwéckelen sech ganz positiv. Um politesche Plang fleege mer ganz gudd Bezéiungen. Mir hunn regelméisseg Kontakter op héchstem Niveau mat eise russesche Partner. Fir Uganks 2013 si mer am gaang eng Statsvisite ze plangen.

Afghanistan

No der Bonner Konferenz an dem NATO-Sommet zu Chicago befënnt sech déi international Gemeinschaft elo an engem Prozess, deen dozou soll féieren, datt d'Afghane bis 2014 hir Responsabilitéiten am Beräich vun der Sécherheet kënnen selwer an alleng iwwerhuelen.

Et ass e laange Wee, voller Erausfuerderungen, ma déi international Gemeinschaft ass do, fir d'Regierung an d'afghanescht Vollek an eng besser Zukunft ze begleeden.

Mir beméien eis weider drëm, zesumme mat den Afghanen an der internationaler Gemeinschaft, d'Stabilitéit vum Land hierzestellen an z'erhalen, dat och mam Zil, eng laangfristeg Partnerschaft mat dem Afghanistan an alle Beräicher opzebauen.

Myanmar

D'Entwécklungen am Myanmar zënter de Walen am November 2010 hunn eis all iwwerrascht. Vun Ufank un hu mer, op nationalem an europäeschem Plang, d'Land encouragéiert, mat de Reforme weiderzemaachen, a mir hoffen, datt dat, wat erreecht gouf, net méi réckgängeg gemaach gëtt.

Als Zeeche vun der Unerkennung fir dat, wat geleescht gouf, wor ech an de Myanmar, fir eng nächst Etapp an eise Relatiounen anzeleeden. Enn Juli 2012 hu Lëtzebuerg an de Myanmar offiziell diplomatesch Bezéiungen opgeholl.

De Myanmar steet haut nach viru villen Erausfuerderungen, ënner anerem, wat d'Relatioune mat den ethnesche Minoritéiten betrëfft. Mir fannen, datt een d'Land op deem neie Wee, deen et grad ageschloen huet, soll ënnerstëtzen.

Här President,

Kollektiv Sécherheet an Ofrüstung

Lëtzebuerg ass a verschidden NATO-Operatiounen involvéiert an ass der fester Iwwerzeegung, datt déi kollektiv Sécherheet vun den Alliéierten an déi vun der internationaler Gemeinschaft muss garantéiert ginn.

Mir ënnerstëtzen weiderhin Initiativen, deenen hiert Zil d'Ofrüstung an d'Rüstungsbegrenzung ass. D'Motivatioun hannert eisem dynameschen Engagement ass d'Striewen no enger méi sécherer Welt, mat manner Waffen.

Lëtzebuerg léisst sech net duerch Blockaden découragéieren, wéi et se um Niveau vun der Ofrüstungskonferenz oder dem Ofkommen iwwer e Verbuet vun nuklearen Tester (TICE/CTBT) gëtt. Mir wäerten eis weider dofir asetzen, dass dës Schlësselelementer vun den nuklearen Ofrüstungs- an Net-Verbreedungssystemer kënnen a Kraaft trieden.

Et mussen nach vill Widderstänn iwwerwonne ginn. Trotzdem wäert Lëtzebuerg wéi och vill anerer hiren Usproch op eng Welt ouni Atomwaffen, en Usproch dee se mat der Chamber an der Bevëlkerung deelt, net opginn.

Et muss verhënnert ginn, datt de Waffenhandel an instabile Regiounen erëm zouhëlt. Zënter der chute vum Colonel Gaddafi a sengem Regime stréimen d'Waffen onkontrolléiert an d'Sahel-Regioun, mat der Konsequenz déi mir z.B am Mali kennen.

Dir wësst dass vum 2. bis de 27. Juli 2012 193 UNO-Memberlänner zu New York iwwer e Vertrag iwwer de Waffenhandel (TCA/ATT) verhandelt. Domat wier fir d'éischte Kéier den Handel mat konventionelle Waffe reglementéiert ginn. Wéi Der wësst, sinn d'Verhandlunge gescheitert.

Trotzdem ass et fir Lëtzebuerg wichteg, datt een neien Ulaf geholl gëtt am Joer 2013 an datt de Vertrag ugeholl gëtt. Mir mengen, datt gemeinsam Prinzipien a Regelen an dësem Beräich sech hautdesdaags opdrängen, fir d'Sécherheet vun alle d'Staten an hirer Bevëlkerung ze garantéieren. D'Zil ass et jo, en universellt Instrument ze schafen, dat juristesch Contrainteën an déi héchstméiglech gemeinsam Normen, wat Export, Import an Transfert vu konventionelle Waffe betrëfft, operleet.

Un eisem Engagement géint Stréimunitioun a Landminnen ännert sech näischt. Mir hunn an dësem Beräich en exemplarescht nationaalt Gesetz ugeholl a finanzéiere konsequent Projete fir Minnen ze raumen an deenen am schlëmmste betraffene Regiounen. Lëtzebuerg schafft och weider un der d'Ëmsetzung an nationaalt Recht vun de Bestëmmungen, déi sech op d'Konventioun iwwer de Verbuet vu chemesche Waffe bezéien, fir konform mat alle Bestëmmunge vun der Konventioun ze sinn.

Här President,

Wéi Der gesitt, sti mer viru villen Erausfuerderungen, awer och Méiglechkeeten.

Aussepolitik an hirem Executiouns-prozess ass jo primär d'Verantwortung vun der Regierung. Ech kéint mir allerdéngs nët virstellen, dass een Ausseminister ouni Appui vun dëser Chamber operéiere kënnt. Duerfir méin Merci un den President vun der Aussepolitescher Kommissioun, Ben Fayot, an un iech all, dass der een Aa op mech riicht, wat selbstverständlech kritesch ass mee vläit och heiansdo zur Zoustëmmung tendéiert. Mir wäerten eis nët langweilen am Joer wat kënnt.

Ech soen Iech Merci fir Är Opmierksamkeet.