Xavier Bettel au sujet des développements politiques récents

Interview – Publié le

Xavier Bettel: E schéine gudde Mëtteg.

Max Theis: Hutt Dir Iech dann entretemps un deen Titel gewinnt?

Xavier Bettel: Neen, nach net.

Max Theis: Wéi mécht een dat dann?

Xavier Bettel: Oh bein, ech weess et net, mä wann d’Leit “Här Staatsminister” soen, da kucken ech, ass dat fir mech? Mä ech mengen, dat ass eng Saach vu Gewunnecht. Muss Iech soen, wéi ech och Buergermeeschter gi sinn, wéi d’Leit “Här Buergermeeschter” gesot hunn, hunn ech mech och net direkt dru gewinnt. Mä bei mir geet et virun allem net ëm den Titel, mä wierklech ëm d’Aarbecht an ëm d’Responsabilitéit. An, wéi gesot, et ass keen als Staatsminister op d’Welt komm, oder als Buergermeeschter op d’Welt komm, an ech schaffe mech och an déi dote Matière ganz an. Ech hat elo d’Chance 14 Joer laang an der Chamber ze sinn, an do kënne matzeschaffen. A wéi gesot, den Titel ass net dat wat zielt.

Max Theis: Dir sidd ee ganz kommunikative Mënsch, vill direkte Kontakt mat Leit, ëmmer op d’mannst zwee Handye bei Hand, vill op Facebook. Hutt Dir Iech dann, hutt Dir eng Iwwersiicht iwwerhaapt iwwer d’Gratulatiounen déi Dir kritt hutt?

Xavier Bettel: Ech hunn e bësse Retard, ech stinn dozou. A wa verschidde Nolauschterer mir e Message geschéckt haten op Twitter, op Facebook, op LinkedIn, per SMS, per E-Mail, ech hunn nach eng 800 Messagen ze liesen, also E-Mailen an op Facebook, ech hunn nach eng 140 SMSen ze beäntwerten, mä moies stinn ech zimlech fréi op, dann dierfen d’Leit net iwwerrascht sinn, wann et op eng Kéier “ding-ding” mécht, well se eng SMS vu mir zeréckkritt hunn. Mä ech probéiere wierklech jiddwerengem Eenzelnen ze äntwerten. Ech fannen, datt dat och e Minimum ass. Mä dat maachen ech net während der Schaffzäit, dat maachen ech dann nuets oder moies ganz fréi.

Max Theis: Kritesch Stëmmen och, oder?

Xavier Bettel: Ah jo selbstverständlech, ech hunn och kritesch Stëmme kritt. Déi éischt waren direkt no de Wahlen, den 21., wou d’Leit gesot hunn, Dir musst mat der CSV eng Koalitioun maachen, dat dote geet net, dat do ass net de Wielerwëllen. Also wierklech ganz aggressiver. Ech hunn och anonym Bréiwer kritt. Ech hunn nuets eng Persoun déi mir eppes an d’Bréifkëscht geluecht huet, wou ech och nach gefrot hunn, ech stoung grad op där anerer Säit, dunn hunn ech d’Bréifkëscht opgemaach, dunn hunn ech gefrot, firwat hie mir dat géif maachen, oder firwat en net géif de Bréif ënnerschreiwen, en huet och net geäntwert. Dat si Saachen, dat deet wéi, well ech mir einfach soen, ech si jo wierklech fir ze dialogéieren, an och déi Leit wa se net averstane sinn, muss een awer och kënnen driwwer diskutéieren. An dann einfach anonym säi Gëft wëllen ze sprëtzen, fannen ech einfach Schued.

An dann hunn ech elo mat där falscher Kommunikatioun, déi verschidde Leit gemaach hunn iwwert Reliounsfroen, och verschidde Leit déi mir da geschriwwen hunn, wou ech hinnen dann zeréckgeschriwwen hunn, a wou d’Leit och iwwerrascht sinn, datt ech hinnen zeréckgeschriwwen hunn, a wou ech gesot hunn, datt mir am Dialog wäerten déi do Dossieren och traitéieren.

An dann awer ganz, ganz, ganz wichteg, ech muss Iech soen, am Ufank manner, a wat elo d’Deeg, d’Wochen an elo e Mount vergaangen ass, wierklech ganz, ganz rar kritesch Messagen. An dat deet gutt, well et mécht een et jo fir d’Leit, an ech wëll net de Premierminister si just fir eng Kategorie vu Leit. Ech wëll wierklech de Premierminister si fir all Lëtzebuerger, a fir e ganzt Land, an net just fir deen Een oder fir deen Aneren.

Max Theis: Op déi Fro vun der Relioun komme mir herno nach méi am Detail ze schwätzen. Fir waarm ze ginn, wollt ech Iech 10 Direktfroe stellen, also par définition eng Fro wou ee Jo oder Neen äntwert.

Dem neie Staatsminister ass déi lescht Deeg de Wapp gaangen?

Xavier Bettel: Net nëmmen déi lescht Deeg, net nëmmen déi lescht Deeg. Also, jo. An ech muss Iech och soen, datt ech mir virun, ech weess, Dir hätt elo gäre just Jo oder Neen, mä Jo, an ech soen och firwat. Ech sot et scho virdrun, et ass keen deen op d’Welt kënnt, andeem ee seet, ech gi Staatsminister, ech gi Buergermeeschter. A wann Dir den 21. do mat an d’Richtung gitt, datt Dir do kënnt de Staatsminister stellen, op eng Kéier stellt Dir Iech d’Fro, bass de kapabel dat ze maachen, hues de déi Kapazitéit? An ech muss Iech soen, datt een do immens frou ass doheem een ze hunn op deen ee kann zielen, an dee gesot huet, hei déi aner sinn och nëmme Mënschen, an déi hunn et och fäerdeg bruecht, ech weess wéi s de schaffs, ech weess wéi s de engagéiert bass, ech weess wéi eng Loscht datt s du hues Saachen ze maachen, du bass och amstand dat ze maachen. Mä selbstverständlech, also ech géif léie wann ech géif soen, datt ech gutt konnt schlofen a mir keng Froe gestallt hunn.

Max Theis: Mir kënnen d’Froen och gären herno nach eng Kéier verdéiwen. Mä fir beim Jo an Neen ze bleiwen, de Xavier Bettel wier léiwer weider Buergermeeschter um Knuedler?

Xavier Bettel: Dat ass och nees eng. Ech hat immens vill Freed als Buergermeeschter, an ech hunn net gären opgehalen.

Max Theis: D’DP hätt awer mat der CSV solle schwätzen?

Xavier Bettel: Neen, well ech pertinemment weess, datt mir da gesot kritt hätten, tiptop, alles an der Rei, mir maachen alles mat, an duerno wier et monter weider gaangen. A wann ech gesi wéi den Här Wolter sech déi lescht Deeg beholl huet, gesäit een, datt se och näischt geléiert hunn, wann haut ee feststelle kann, datt keng vun deenen anere Parteie mat hinne wollt negociéieren.

A pro forma, ech muss Iech och dat soen, just fir ze soen, elo komme mir mat der CSV zesummen, wou mir pertinemment wëssen, datt et näischt gëtt, well si souwisou och net Wëlles hunn eppes ze änneren, hätt ech och net korrekt fonnt. Dat wier da just fir d’Fassade gewiescht, fir duerno kënnen ze soen, mir hu si jo gesinn, mä mir sinn net eens ginn.

Max Theis: Den Xavier Bettel krut eng Koalitioun mat der CSV ouni Jean-Claude Juncker offréiert?

Xavier Bettel: Ass net falsch.

Max Theis: Freides nom Regierungsrot ass an der Regel nees e Briefing fir d’Press?

Xavier Bettel: Jo, awer net alleng.

Max Theis: De Charel Goerens war um Punkt d’Partei ze verloossen?

Xavier Bettel: Neen.

Max Theis: No dëser Legislatur steet d’Land besser do wéi elo?

Xavier Bettel: Mir maachen emol alles, jo, hoffen.

Max Theis: Déi Räich gi verschount am Koalitiounsaccord?

Xavier Bettel: Neen.

Max Theis: D’Fraequot ass net onbedéngt nom Gusto vun der DP?

Xavier Bettel: Njein.

Max Theis: An de Xavier Bettel ass e Muechtmënsch?

Xavier Bettel: Neen.

Max Theis: Voilà, dës Froe géife mir nach am Laf vun der Emissioun verdéiwen.

Xavier Bettel: Ech hoffen, well do sinn nach vill Saachen déi opstinn, wou ech awer muss kënnen äntweren.

Max Theis: Mä fir bei der éischter Fro ze bleiwen. Iech ass mat Momenter de Wapp gaangen. Wéini sidd Dir Iech da richteg bewosst ginn, datt Dir d’Successioun vum Jean-Claude Juncker géift iwwerhuelen?

Xavier Bettel: Also ech muss Iech soen, ech realiséieren haut nach net, well ech hu mir geduecht, elo kënnt den Adrenalincoup wou s de fuerchtbar opgereegt bass. An am Moment maachen ech dat ganz normal. Ech sinn och de Moien op de Büro gewiescht, gëschter op de Büro gewiescht, a wierklech, ech maachen et immens gären, d’Zesummenaarbecht leeft och gutt, an ech hu virun allem och eng super Equipe am Ministère, wat och ganz wichteg ass. Mä de Wapp ass mir am Fong komm wéi zum Beispill gëschter dann d’Madame Merkel um Telefon ass, well een op eng Kéier all déi Leit, déi ee just vun de Zeitungen a vun der Tëlee kennt, op eng Kéier engem uruffen. Oder de belsche Premier dee mir eng SMS mécht, den hollännesche Premier dee mir urifft, den engleschen Ausseminister dee mir telefonéiert, Kaarten, Mailen, de Medvedev dee mir gëschter geschriwwen huet, de Barroso, de van Rompuy.

Et soll een ni vergiesse vu wou ee kënnt. Dat ass dat wat ech immens wichteg fannen. Mä vun haut op muer ass een op eng Kéier dann, ech wëll net soen, de Kolleg, well loin de là, mä huet ee Kontakt mat Leit, wou een net den Dag virdru geduecht huet, datt dat méiglech wier. An do realiséiert een op eng Kéier, et ass sérieux.

Max Theis: Wann zum Beispill dann d’Angela Merkel urifft, wéi geet dat dann? Da rifft ee bei Iech am Büro un, a seet, ech hunn d’Madame Merkel um Telefon fir Iech, ech verbannen, oder wéi? An da geet et lass?

Xavier Bettel: Jo.

Max Theis: Wat seet si dann?

Xavier Bettel: Ma “Guten Tag”, an dann, de Rescht geet Iech näischt un.

Max Theis: Mä ass dat e frëndlecht Gespréich, oder e ganz formellt?

Xavier Bettel: Ganz frëndlech, muss ech soen, e ganz, ganz frëndlecht Gespréich. Ob dat mat der Madame Merkel war, ob dat mam Här Rutte war, ob dat mam Här Di Rupo war, ob dat, och den Här Westerwelle hat mir ugeruff, ob dat den engleschen Ausseminister war. Ech hat eng Rëtsch vu Ministeren, déi mir ugeruff hunn. Et sinn der e puer déi ech scho kennen aus der Vergaangenheet, aus politeschen Aktivitéiten, oder Gremie wou ech souz. Mä et ass virun allem, et ass ganz, ganz kollegial.

A wéi gesot, ech sinn och kee komplizéierte Mënsch. Ech ka mir virstellen, datt ech keng Problemer mat deem Engen oder mat deem Anere wäert hunn. Mä ech weess, datt mir, wësst Dir, dat Kollegiaalt ass dat eent, d’Intérêtë vum Land ass eppes anescht. An do huet ee ganz oft net méi vill Frënn.

Max Theis: Et ass jo och en Job fir deen et keng Formatioun gëtt. Et gëtt een an d’kaalt Waasser gehäit. Mä wann dann emol Froe sinn, oder Zweiwel opkommen, wéi maacht Dir dat dann? Et gëtt jo keng Helpline fir Staatsminister.

Xavier Bettel: Neen, do besteet keng Helpline wou een urifft. Dat éischt ass emol seng Conseilleren. Et muss ee Leit hunn, wou ee weess, deenen do kann ech voll vertrauen. An déi och net den Intérêt hunn, wësst Dir, fir Iech d’Messer an de Réck ze stiechen. An do hunn ech Chance wierklech mam Här Senninger, mam Här Thill als Generalsekretär, als Secrétaire général adjoint, wierklech en Duo ze hunn, wou ech weess, datt déi dem Regierungsrot zur Säit och stinn. Ech hunn eng Rëtsch vu Conseilleren am Ministère, d’Madame Backes, déi sech ëm d’Diplomatie këmmert, déi einfach eng phantastesch, einfach, awer gescheit Fra ass, wou ech immens vill Chance hunn. An ech hunn déi ganz Administratioun am Fong. Ech hu gëschter wierklech de Feeling gehat, an dat ass dat wat fir mech wichteg ass, datt dat Generalsekretär bis de Huissier deen an der Dier steet, wierklech wëllen als Équipe zesumme schaffen. An dat ass och just méiglech. Ech brauch si. Ob si mech brauchen, dat musse si realiséieren, mä ech brauch si. An datt einfach, déi Zesummenaarbecht eppes ganz, ganz Wichteges ass.

An och déi Koalitioun, dat ass och dat wat wichteg ass. Ech mengen, et ass keng Ich-AG eng Regierung. Eng Regierung ass en Ensembel vu verschiddene Leit, an deene verschiddene Ressorten, wou och dräi Parteie sinn, a wou een zesummen d’Decisiounen hëlt. A wann ech e Rotschlo brauch, dat geet da vun deene Gréngen, bis bei deene Rouden, bis bei deene Bloen.

Mä ech hunn och Leit wéi den Här Juncker, wou ech weess, datt ech kann uruffen, wou ech weess, hei deen do huet mir dat an dat gesot, ass dat elo sérieux ze huelen oder net? Du kenns dee scho méi laang wéi ech. A gleeft mir dat, datt dat mech och berouegt huet.

Ech gehéieren zu deene Politiker, dee sech bewosst ass, datt een net alles weess. An dat wat d’Madame Brasseur ëmmer als Life Long Learning pronéiert huet, ass eng Tatsaach och an der Politik. Et gëtt keen deen alles weess. Et gëtt keen deen deenen aneren alles ze soen huet. Et ass d’Zesummenaarbecht, de Leit nozelauschteren, an Decisiounen ze huelen, déi een da muss heiansdo alleng och huelen. Mä et ass, ech sinn en Équipëmënsch, ech si wierklech keng Ich-AG.

Max Theis: Mir hunn emol d’Leit dobausse gefrot, wéi se Iech um Postë vum Premier gesinn. Hei sinn d’Äntwerten.

Nolauschtererin: Jo, firwat net?

Nolauschterer: Majo, ech mengen, et muss och erëm e bësse méi jonk Leit do mat eran.

Nolauschterer: Bon, jo ech trauen him dat zou, mä et ass wéi gesot, dat ass einfach net sérieux, well déi Leit, déi déi Majoritéit gestëmmt hunn, déi si jo all fir domm gehalen.

Nolauschterer: Jo, ech denke schonn.

Nolauschtererin: Jo, gut, jo, jo, wierklech.

Nolauschterer: Natierlech.

Max Theis: Vill Zoustëmmung, eng Ëmfro déi natierlech net representativ ass. Wat sot Dir dozou?

Xavier Bettel: A ma dat do huet elo gutt gedoen. Ech hu mir d’Fro gestallt, ob Dir déi aner elo ewech gelooss hutt? Mä et ass, neen, dat do deet gutt.

An den Här, genau et ass dat wat ech virdru gesot hunn. Ech wëll wierklech net dat Land splécken. Ech wëll net, datt déi Leit, déi éischter eng aner Koalitioun, gemengt hunn, datt déi misst sinn, misst sinn – well hei an deem Land huet ee jo d’Gefill, datt eng Partei misst dobäi sinn, an da gëtt just de Partner gewiesselt – an dofir mengen ech datt et immens wichteg ass, datt mir beweisen, datt dat och aneschters geet, an datt dëst Land och ouni eng CSV ka regéiert ginn, an datt mir och eng Zukunftsperspektiv kënnen hunn. Ech gesi just den Ist-Zustand. An ech kann Iech just soen, wann deen Ist-Zustand Continuitéit gewiescht wier, dat wier eng Katastrof gewiescht.

An ech hu gëschter eppes gesot wat ganz komesch ass. Mir kenne jo déi Maxime zu Lëtzebuerg, “Mir wëlle bleiwe wat mir sinn”. Mä ech hu bei ganz vill Leit d’Gefill, datt déi am Kapp mengen, mir musse stoe bleiwen do wou mir sinn. An dat geet haut net méi, dat geet haut net méi. An dowéinst mengen ech, datt dat do déi Majoritéit ass, déi et fäerdeg bréngt déi Valeuren ze halen déi wichteg sinn, mä awer och dëst Land an d’Joer 2014 ze preparéieren.

Max Theis: Mä fir déi Spléckung do net ze hunn, oder ze behalen, et ass jo awer eng gewësse Spléckung am Moment do, déi Aarbecht ass nach net gemaach?

Xavier Bettel: Déi ass amgaangen, déi ass amgaangen. An ech sinn och iwwerzeegt, verstitt Dir, den Här Juncker ass eng Persoun, wou ech weess, datt en och net einfach an de Motzeck geet an dann einfach Oppositioun mécht fir Oppositioun ze maachen. An esou wéi mir och an de Gespréicher haten, weess ech datt ech do eng Partei hunn, wann Decisiounen ze huele sinn am Intérêt vum Land, datt ech do och e Partner hunn an der Chamber, dee mat an déi Richtung geet. An dat ass wichteg. Dat ass och wichteg fir d’Land nees zesummen ze bréngen.

Mä souwisou, e Politiker kritt ni 100% Zefriddenheet an Appui vun de Leit. Et sinn ëmmer Leit, wann ech eng Decisioun huelen, déi se gutt fannen, an déi aner déi se net gutt fannen. An e Politiker dee gären 100% Approbatioun hätt, deen hëlt keng Decisiounen. An dat ass och de Problem dee ganz vill Politiker hunn, well se léiwer a ganz héije Sondagë schwiewen, amplaz heiansdo schwéier Decisiounen ze huelen, wou een da vläicht 10%, oder 15% oder 20% an engem Sondage verléiert, mä wou ee weess, à long terme, datt dann d’Approbatioun kënnt, well déi Decisioun wichteg war. Et soll een net just d’Sondagë kucken a soen, ech wëll 100% vun de Leit zefriddestellen, well dann hëlt ee keng Decisiounen.

Max Theis: Mä da rechent Dir domat, datt Dir an de Sondagen erofgitt, well Dir sidd jo elo bei 80%?

Xavier Bettel: Jo, a selbstverständlech. An ech soen Iech nach eng Kéier, Politik maachen ass kee Concours, et ass kee Schéinheetsconcours oder e Sangconcours, et sinn Decisiounen ze huelen.

An ech si bereet, wann d’nächst Joer, déi nächst 5 Joer wierklech onpopulär Mesurë geholl musse ginn huelen am Intérêt vum Land, ech hu léiwer datt d’Leit elo soen, hei dee Bettel deen huet elo déi Mesure geholl, dat ass awer net léif, dat ass net fäin, dat do wier mam Här Juncker ni geschitt; ech hu léiwer datt d’Leit mir dat soen, an dann an 10 Joer soen, Gott sei Dank war de Bettel do, an deen huet déi Mesuren deemools geholl, well soss wiere mir riicht an d’Mauer gerannt. Well mir hunn net nëmmen eng Mauer, mir hunn net nëmmen eng Mauer. An ech hu léiwer dann onpopulär Mesurë mussen ze huelen.

Mä dat wat mir wëlle maachen, ass wéi gesot, wann d’Leit erkläert kréien, firwat mir mussen déi Mesuren huelen, sinn d’Leit och bereet déi Mesurë matzemaachen. Mä et soll een net einfach elo soen, elo gëtt emol dat an dat an dat, do gëtt gekäppt, gekäppt, gekäppt, ouni de Leit och ze erklären, firwat dat gemaach muss ginn.

Max Theis: Zanter en Donneschdeg ass d’Chamber jo voll operationell. Den Oppositiounsleader Jean-Claude Juncker ass direkt an d’Offensiv gaangen, huet kritiséiert, datt d’CSV als gréisst Fraktioun net de Chamberpresident offréiert krut. Wat äntwert Dir dann dorop?

Xavier Bettel: Bein, wann ech souwisou d’CSV lauschteren, da misst d’CSV alles, si misste jo och de Staatsminister nach hunn, a si missten all Plaz am Staat hunn, well se déi stäerkste Partei sinn.

Mä ech mengen, d’CSV muss elo emol virun allem eng eegen Analys maachen. A si muss sech Froe stellen, et ass jo awer komesch, datt no de Wahle kee méi mat hinne wëll schaffen. Si hunn aus der SREL-Affär nach ëmmer net geléiert, datt een heiansdo muss soen, ech hunn e Feeler gemaach.

Et muss een och vestoen, datt een an enger Koalitioun ee mat deem anere soll schaffen, an net ee géint deen anere soll schaffen. Et muss ee verstoen, datt ee Respekt huet virun all Deputéierten, egal vu wéi enger Partei en ass, ob et esouguer kleng Parteie sinn. An datt een net soll ee vernennen.

A wann ech gesi wéi d’Haltung war, an och déi éischt Pressekonferenz vum Här Wiseler, a vum Här Wolter, dat war jo eng Motzkonferenz, dat war keng Pressekonferenz, dat war wierklech fir ze motzen, fir ze soen, déi do déi hunn näischt verluer do an der Regierung, mir mussen d’Regierung bilden, an et war eng Motzreaktioun. Amplaz festzestellen, jo, tatsächlech, mir hu Feeler gemaach, et ass elo de Moment fir eis vläicht Froen ze stellen, wéi mir opgestallt waren, wéi mir Politik gemaach hunn, an ze gesinn, datt et wichteg ass och en anere Stil vläicht ze kréien, wéi deen dee si ëmmer pronéiert hunn.

Max Theis: Et war eng ganz mouvementéiert Woch, politesch. En Dënschdeg hunn déi dräi Parteien de Koalitiounsaccord an d’Ministeren ofgeseent. Bei LSAP an deene Grénge war dat ënnert Form vu Kongresser, bei Iech war et de Comité directeur. Ass d’Demokratesch Partei manner demokratesch wéi déi aner, oder wéi gesitt Dir dat?

Xavier Bettel: Neen, bei eis ass ganz einfach, et sinn d’Statuten déi dat virgesinn [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Déi kann ee jo änneren, wann een do [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Jo, mä déi waren awer nach net geännert. A gleeft mir, virun engem Mount hat kee gemengt, datt mir géifen elo missten e Kongress organiséiere fir de Wahlprogramm.

Dat wat mir gemaach hunn, an dat ass awer nei bei eis, mir hu wierklech eng 7, 8 Stonne mat de Membere vum Comité directeur, dat sinn Delegéierte vun de Bezierker, d’Delegéierte vun de verschiddene Gremien, do sinn eng 40 Leit, 50 Leit Member, hu mir wierklech au jour le jour informéiert iwwer d’Koalitiounsverhandlungen. Mir hunn och, wa Knackpunkte waren, mat hinnen driwwer diskutéiert. Dat heescht, mir hunn elo net an enger dunkler Kämmerlein elo einfach de Koalitiounsaccord preparéiert, ouni iergendeen ze informéieren, a gesot, friss oder stirb. Dat heescht, selbstverständlech sinn déi informéiert ginn. D’Statuten hunn dat virgesinn.

Datt een an Zukunft e Kongress kann organiséiere fir wann de Koalitiounsaccord gemaach ka ginn, ech hu kee Problem domat, ech si Parteipresident, ech kann och dat do virbereeden, an och dem Kongress presentéieren. Mä wéi gesot, d’Statuten hunn dat do presentéiert. An elo fir en ausseruerdentleche Kongress ze organiséiere fir déi Statuten och nach ze ännere fir à jour ze sinn, wier souwisou zäitméisseg net méiglech gewiescht.

Max Theis: Mä wiert Dir prinzipiell der Meenung, datt dat da misst geännert ginn, oder wéi?

Xavier Bettel: Ech muss Iech soen, ech hu prinzipiell, wa mir scho vun Transparenz a vun Dialog schwätzen, hutt Dir et jo och beim Koalitiounsaccord gemierkt. De Koalitiounsaccord war a mengen Aen eppes wat ee virun allem misst der Chamber d’Prioritéit halen Dat heescht, si missten déi éischt sinn. An d’Parteien, och datt déi missten och informéiert ginn, net datt se am Fong liese wat dann als eng Tatsaach wier, obwuel si nach net den Aval ginn hunn. Mä mir hu gemierkt, datt hautdesdaags dat net méi geet. Hautdesdaags kann een net méi soen, elo behale mir dat do einfach hei bei eis.

Max Theis: Mä Dir sidd jo wierklech e Kommunikatiounsprofi, soen ech elo emol, Facebook, Internet, SMS, alles [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Jo, ech setzen de Koalitiounsaccord net iwwer Facebook [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: An der Rei, mä ech mengen, Dir hätt Iech awer misste bewosst sinn, wéi séier iergendwéi do e Link do ass.

Xavier Bettel: Jo, also selbstverständlech. An dowéinst, do huet jo eng Partei e Resumé gemaach. A wéi si e Resumé gemaach hunn, a wou ech da Froe gestallt kritt hunn iwwer dee Resumée, du hunn ech mir geduecht, hei, mir hu jo awer näischt ze verstoppen.

Bon, mir hu misste verbesseren, ech soen Iech och ganz éierlech, et waren, wat och normal ass bei esou engem Text, datt een deen och muss verbesseren. Mir hunn do de Weekend dru geschafft, mir hunn och nach Méindes dru geschafft. A wéi dunn dee Resumé e Méindeg de Mëtteg do war, wou d’Leit Froe gestallt hunn, hu mir gesot, hei en ass elo verbessert, wat solle mir maachen? Solle mir elo nach 9 Deeg Secret halen, a wierklech dann d’Interpretatioune loossen, mir hu jo näischt ze verstoppen, komm mir ginn en eraus. An dunn hunn ech och déi aner Kollegen aus de Majoritéitsparteie gefrot, an du si mir zur Konklusioun komm, datt dat Bescht wier, on diffuse, dann huet och all Partei méi Zäit fir sech selwer kënnen ze preparéieren.

An ech muss Iech just soen, wann ech d’Chance hunn a 5 Joer nees e Koalitiounsaccord kënnen ze maachen, da wann ee fäerdeg ass, behale mir en dräi Deeg fir en ze verbesseren, an da gëtt en ëffentlech gemaach. Et huet kee Wäert hautdesdaags wëllen eppes, eng Prioritéit, och wann d’Chamber a mengen Aen constitutionnellement, oder institutionnellement nach ëmmer d’Prioritéit misst hunn, de Bierger haut huet d’Recht op Informatioun, an et ass net gutt wa mir mengen, als Politiker, mir sollen iergendeppes verstoppt halen. De Bierger huet d’Recht dat ze wëssen. An dee Feeler ze mengen, datt een da sollt geheim halen, hunn ech eng Kéier gemaach.

Max Theis: Et war e schlechte kommunikative Start. Géift Dir dat esou ënnerschreiwen, oder?

Xavier Bettel: Neen, et war Respekt virun den Institutiounen, mä et war einfach net der Realitéit ugepasst. Et war jo nach ni virdru gemaach ginn. Et soll een ni vergiessen, datt nach ni virdrun e Koalitiounsaccord ëffentlech gemaach ginn ass. En ass jo ëmmer eréischt no der Presentatioun ëffentlech gemaach ginn. Mä et mierkt een, datt een haut, 2013, a virun allem bei deenen dräi Parteie mir guer kee Problem hunn [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: D’Erwaardunge si jo och anerer bei Iech dann dee Moment.

Xavier Bettel: Dofir hu mir se och ëffentlech gemaach. Ech weess net, ob eng aner Partei dat och gemaach hätt, mä elo ass et op jiddwerfalls, an an Zukunft soll et och esou weider gemaach ginn.

Max Theis: Fir nach eng Kéier bei deem Comité directeur ze bleiwen. Mengen Informatiounen no waren op d’mannst an där leschter Réunioun den Henri Grethen an de Charel Goerens net dobäi. Sidd Dir doriwwer enttäuscht?

Xavier Bettel: Neen, de Charel hat Verflichtungen am Ausland, an den Henri konnt leider och net kommen. Dir wësst, datt e jo och erneiert ginn ass op der Cour des comptes dës Woch, an et hat Verflichtungen. Mä ech kann Iech just soen, datt ech nach gëschter Mëtteg mam Charel Goerens zesumme giess hunn, an de Moien eng SMS vum Henri Grethen kritt hunn. An et si Frënn, et ass net datt se net wollten dogéint stëmmen, mä si hate Verflichtungen am Ausland. An de Charel ass dee wierklech deen am Europaparlament jo wierklech eng super Aarbecht mécht, oder den Henri dee mech wierklech ënnerstëtzt huet, säitdem ech Politik ka schreiwe bal a maache mam Lydie Polfer, si wierklech, do kënnt kee Löschblat tëschent eis.

Max Theis: Dat heescht, et war och net, wéi ech an deenen Uganksfroe gefrot hat, mam Charel Goerens, ware Rumeuren do ee Moment, anscheinend um Punkt fir d’Partei ze verloossen?

Xavier Bettel: Wann ech d’Gerüchteküche, wann ech Iech elo alles erziele géif wat ech déi lescht Wochen erzielt kritt hunn iwwert meng Persoun, iwwert déi aner Persounen, ech wier schonn net méi hei, oder ech wier, also all Méigleches.

De Charel Goerens, ech mengen, en huet et och net verstoppt, hie war ee vun deenen déi gesot hunn, hei et wier awer wichteg, déi Fro déi Dir gestallt hutt, fir mat der CSV ze diskutéieren. En huet do net eng Majoritéit am Comité directeur fonnt, méi ass net geschitt. Dunn huet hien dat och gesot. An de Charel Goerens, wéi och dunn dat do geschitt ass, huet hie gesot, okay, ech respektéieren Äre Choix, an [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Mä et ass net mäin.

Xavier Bettel: Et ass net mäin. Punkt, a l’incident est clos.

Mä de Charel ass fir mech en Europadeputéierten deen exemplaire ass, dee wierklech d’Intérête vu Lëtzebuerg an Europa vertrëtt. An et soll een dat net minimiséieren, well d’Roll vum Europaparlament ass eng ganz wichteg Roll. An ech si frou, datt mir do op Leit wéi de Charel Goerens ziele kënnen. An ech hoffen op jiddwer Fall, datt de Charel bereet ass och bei den nächste Wahle Spëtzekandidat ze sinn, wou e wierklech meritéiert och e ganz gutt Resultat ze maachen.

Max Theis: Eng vun den Haaptkritiken, wann ee mat Leit dobausse schwätzt, ass déi, an Dir hutt et schonn e puer Mol ugeschwat, datt Dir net mat der CSV geschwat hutt, datt Dir direkt Méindes u sech decidéiert hutt an déi Gespréicher do eranzegoen. Verstitt Dir dann d’Leit awer, datt si dat net verstinn eigentlech?

Xavier Bettel: Ech verstinn d’Leit, datt se et net verstinn. Mä ech verstinn eis Leit, déi et net verstanen hätte wa mir probéiert hätte mat der CSV just un den Dësch ze kommen, fir ze soen, mir komme mat Iech un den Dësch, mä mir wëllen net.

Bei eis an der Partei war wierklech e Wonsch no Wiessel, well mir wossten, a mir hunn 1999-2004 d’Experienz gemaach, mir hunn d’Experienz gemaach wéi geschafft gëtt, wéi et geet. A mir sinn einfach der Meenung, datt 2013 eng aner Regierung batter néideg ass fir eist Land, datt déi Mesuren déi musse geholl ginn, net méiglech gewiescht wiere mat der CSV.

Et ass jo schwéier engem ze soen, deen elo esou laang an der Regierung war, du hues dech geiert, mir mussen et anescht maachen. Dat ass psychologesch, politesch immens schwéier. An et wier vläicht, am Koalitiounsaccord da wier vläicht eppes an déi Richtung stoe komm, an duerno hätte mir gesot kritt, hei mir hunn 23 Sëtz, dir hutt 13 Sëtz, elo maacht Dir emol e bësse méi lues, a mir hunn hei d’Soen.

An mir sinn op Aenhéicht elo, dat ass dat wat och gutt ass. D’LSAP, d’DP an och Déi Gréng, wa se manner Sëtz hunn, mä mir respektéieren een deen aneren, et ass net e Juniorpartner, an dann e grousse Partner. Et sinn dräi Parteien, déi wierklech wëllen eng aner Politik fir dëst Land maachen.

Max Theis: Mir hate virdru vun der Kommunikatioun geschwat. Eppes wat och ëmmer nees erëmkënnt, wat och um Internet deelweis zirkuléiert, dat sinn Aussoen hei aus dem “Background” op dëser Plaz, wou Dir gesot hutt, Dir géift op kee Fall an eng Regierung goen, weider Buergermeeschter bleiwen an esou weider. Géift Dir dat haut och nach eng Kéier esou alles soen, soen ech emol?

Xavier Bettel: Also, ech ka mech erënneren déi éischte Kéier wou ech hei war, do war éischtens keng Ried vun Neiwahlen, mä dat ännert elo net [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: 2014, normale Szenario, war do d’Hypothes.

Xavier Bettel: Et war en normale Szenario vun 2014. An ech wollt wierklech Buergermeeschter bleiwen. A gleeft mir et, datt et eng vun deene schwéiersten Decisiounen ze huele war, déi ech a mengem Liewen ze huelen hat.

Ech hunn dat am Ufank och gesot, ech wier net bereet an eng Regierung ze goen. An Dir hutt jo och festgestallt, ech ka mech erënneren, wéi ech dunn eng Kéier hei Moies mam Roy Grotz souz um Radio, wou ech gesot hunn, ech ginn net an eng Regierung fir an d’Regierung ze goen, mä wann ech eng Regierung muss bilden, da maachen ech dat. An ech hunn dat och op e puer Plaze gesot, an den Dag drop schonn direkt an den Zeitungen, hei de Bettel wëll onbedéngt an eng Regierung goen – wat net stëmmt, well ech hu wierklech, also Dir hätt mir kënnen e Justizminister ubidden, en Ausseminister ubidden, ech hätt net opginn.

Mä ech kann awer net, 14 Joer laang an der Chamber sëtzen, dovunner 9 Joer an der Oppositioun, fir ze soen, déi aner maachen et net richteg. An da gesot ze kréien, ma Bettel da maach du et. An ze soen, neen, ech wëll et net maachen.

Ech hunn an der Gemeng e Manque – ech war net laang genuch an der Gemeng, ech wier wierklech nach gären an der Gemeng bliwwen. Mä ech kann awer net virun deene wichtegen Decisiounen, déi zu Lëtzebuerg ze huele sinn am Moment soen, ech wëll elo net, ech wëll an der Gemeng bleiwen.

Mä, ech soen et nach eng Kéier, ech weess, datt verschidde politesch Parteien dat ausnotzen, do huet een esouguer e Montage gemaach, wou een dann den Här Kuffer héiert, wou den Här Bettel seet, jo, ech wëll wierklech net an eng Regierung goen. Dat war wierklech net mäi Wonsch, an eng Regierung ze goen. Ech hunn et virun de Wahlen, an ech ka mech, op dat d’Revue oder egal wéi eng Zeitung et ass, wou wierklech do steet, de Bettel geet net an eng Regierung, ausser e gëtt Premier. Ech muss Iech soen, wéi ech dat zwar gesot hunn, hunn ech wierklech net domat gerechent, datt ech eng Kéier déi Chance géif kréie Premier ze ginn. Mä wann een d’Méiglechkeet huet ze weisen, datt eng aner Politik zu Lëtzebuerg machbar ass, da kann een net soen, ech wëll net.

Max Theis: A wéi déi Politik ausgesäit, dat gesi mir dann nom Journal. Et ass geschwënn Zäit fir d’Noriichten.

[Noriichteniwwerbléck vum Dany Rasqué]

Max Theis: “Background – am Gespréich” 2. Deel, also mam Staatsminister Xavier Bettel. Gudde Mëtteg nach emol.

Xavier Bettel: Rebonjour.

Max Theis: Dann déi nei Regierung, déi steet jo, déi ass en Dënschdeg vereedegt ginn am Palais. Esou eng grouss Regierung gouf et nach ni. Firwat waren dann esou vill Leit néideg?

Xavier Bettel: Et ass net, datt esou vill Leit néideg ware just wéinst der Zuel, mä et ass virun allem, datt mir 3 nei Ministèren, grouss Ministèren wollte kreéieren, dat ass fir d'Demokratesch Partei dee wou wierklech, et ass een Zukunftsministère um Niveau vun de Kanner, well et geet vun der Kannerbetreiung un bis d'Universitéit, d'Recherche an d'Innovatioun, an dat muss e ganz grousse Ministère sinn, wou och de Claude Meisch e Staatssekretär méi wéi brauche kann.

Mir hunn och e ganzen Ëmweltministère, wou am Fong och d'Infrastrukturen dobäi sinn, den Transport dobäi ass, wou de Claude Meisch an d'Carole Dieschbourg fir déi Gréng, déi Kompetenzen och hunn a wou de Camille Gira am Fong dat Ganzt chapeautéiert.

An da gëtt et den Här Schneider fir d'LSAP, e Ministère deen a mengen Aen immens wichteg ass, well en och zwou Kompetenzen zesummesetzt déi logesch sinn: dat ass déi vun der Ekonomie a vun de Classes moyennes. Et kann net sinn, datt do heiansdo een deem aneren d'Liewe schwéier gemaach huet. An dowéinst ass dat och zesummegesat gi mam Tourismus. Mir maachen den ICT zesummen. En huet och nach d'Force publique, an do ass d'Madame Closener och méi wéi gebraucht. An am Moment hutt Dir an de Verwaltungen d'Méiglechkeet fir 6 Administrateurs généraux ze hunn, dat ass wierklech déi héchste Plaz déi ee kann an der Verwaltung hunn.

Max Theis: Dir kéint der esou vill setze wéi Dir wéilt, eigentlech? Dat si jo keng fest Posten.

Xavier Bettel: An den Texter sti 6 Stéck. An do ass ee viru Kuerzem nach a Pensioun gaangen a mir wëllen déi net erneieren. Mir wëllen déi Administrateurs généraux net erneieren, well mir am Fong mengen, datt déi Staatssekretären, dat stoung och bei verschidde Parteien och am Wahlprogramm, datt si gäre jo politesch Beamten hätten, dat heescht, Beamten déi kommen a matginn, an déi am Fong awer de Ministère chapeautéieren. An dat ass déi Méiglechkeet mat deene Staatssekretären. Déi ersetzen am Fong de Minister wann en net ka kommen.

An der Zäit hat ee jo och ëmmer e Staatssekretär, dee jo eng Kompetenz hat vun engem Ministère. Dat heescht, datt dann zum Beispill gesot gi wier beim Här Meisch, datt den Här Bauler zoustänneg gewiescht wier fir ee vun de Ressorte vum Här Meisch. Dat ass falsch. Haut ass den Här Bauler de Ministre faisant fonction wann de Minister net do ass, e kënnt och an d'Chamber wann de Minister net ka kommen. Mä e chapeautéiert dat Ganzt. An dat ass am Fong d'Roll vun engem Administrateur général gewiescht. Mä hei ass et och e politeschen Administrateur général. An dat heescht, och wann d'Zuel vun de Regierungsmemberen elo um Pabeier méi héich ass, ass et point de vue Käschten net de Côut hei deen ass, mä et mécht et vill méi einfach och fir d'Verwaltung vun esou grouss Ministèrë kënnen ze geréieren.

An dowéinster mengen ech, datt et déi Equipe esou wéi se elo ass, déi ass wou mir wierklech vill Aarbecht am Moment och hunn a wou vill Reformen och musse gemaach ginn, déi richteg Decisioun gewiescht.

Max Theis: Fir vill Reaktiounen huet d'Nominatioun vum Pierre Gramegna gesuergt, vläicht manner de Personnage, wéi de Fait, datt keen aus der éischter Rei vun der DP dee Posten  iwwerholl huet, zum Beispill de Claude Meisch. Wollt keen déi waarm Gromper, oder wéi muss een dat interpretéieren?

Xavier Bettel: Ech hunn der ganz vill, Här Theis, déi de Finanzministère gäre gemaach hätten, bei eis an der Partei, an den Här Gramegna ass och e Member vun eiser Partei.

Max Theis: Awer nach net éiweg, oder?

Xavier Bettel: Neen, net éiweg, mä den Här Gramegna ass een, dee mir ëmmer gesot huet, hei Xavier, ech huele keng Parteikaart esou laang ech Direkter vun der Chambre de commerce sinn. An déi Astellung huet mir scho gefall, datt en net de Stempel kritt vun enger politescher Partei op där Plaz wou e war.

Mä den Här Gramegna ass e Mënsch dee fir mech e puer Qualitéiten huet, déi immens wichteg sinn. Déi éischt, en ass Ekonomist vu Formatioun, well et gëtt gesot et ass e Jurist, et ass en Ekonomist an e Jurist. Den Här Gramegna huet et fäerdeg bruecht déi zwee Diplomer ze maachen. Ech wor scho frou wéi ech een hat, den Här Gramegna huet déi zwee gemaach. Den Här Gramegna ass och Diplomat an eng huet a senger Diplomatecarrière an a Chambre de commerce-Carrière bewisen, datt et e Mënsch ass, deen éischtens d'Dossiere kennt an zweetens och d'Manéier wéi e se erkläert och déi richteg ass.

An hautdesdaags ass de Finanzminister net nëmmen hei am Land täteg. De Finanzminister huet immens vill Obligatiounen am Ausland, um europäeschen an um internationale Plang, wou en d'Plaz Lëtzebuerg verteidege muss. An do huet den Här Gramegna wierklech all déi Qualitéiten, déi a mengen Ae ganz wichteg sinn.

An dann ze mengen, datt den Éducatiounsminister elo dee risege Ministère deen do ass, eng Bonbon ass, an datt dat en einfache Ministère ass, komm mir kucken eis an de Spijel. Mir wësse pertinemment, datt dat keen einfache Ministère ass, an datt den Här Meisch do deen Challenge vun deem Mammut-Ministère am Fong elo deen do ass, deen en zesumme mam Änder Bauler wäert leeden, bestëmmt keng Bonbon ass, an datt en do wierklech wäert och keng einfach Momenter hunn.

An ech muss Iech soen, datt ech den Här Gramegna gefrot hunn, an den Här Gramegna een ass deen ech ganz appreciéieren, mënschlech, an dat zielt och. Well ee mat deem ech als mënschlech net eens ginn, hunn ech Schwieregkeeten och ze schaffen. An et ass wierklech déi Kollegialitéit an déi Equipe. An den Här Gramegna huet schonn dës Woch bei den Assurancen eng Ried gehalen, an ech hu schonn héieren, en hätt dat immens gutt gemaach. An ech hunn net dru gezweiwelt. An ech weess, datt ech op de Pierre kann zielen.

An datt ech da gesot kréien, mä den Här Gramegna ass net mat an d'Wahle gaangen, firwat kann en da Minister ginn? Ech wëll just drun erënneren, datt en Här Juncker, en Här Werner, eng Madame Hansen nach viru Kuerzem net mat an d'Wahle gaange si wéi se fir d'éischt, sauf erreur de ma part, an eng Regierung komm sinn. Dat soll elo kee falsch verstoen, mä ech hu léiwer e Minister wou ech weess, datt en an deem Domaine wou en elo agesat ka ginn, gutt ass, wéi ze soen, elo muss ech iergendeen huelen dee mat op der Lëscht war, wou ech mir soen, et ass vläicht net deen ideale Kandidat fir déi Plaz ze besetzen. Wéi gesot, bei eis an der Partei an och an deenen anere Parteien, hätte mir genuch Leit gehat, déi de Fanger ausgestreckt hätte fir de Finanzminister [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Wien dann zum Beispill bei Iech?

Xavier Bettel: Eng Rëtsch vu Leit. Ech muss Iech elo net d'Lëscht vun de Parteimembere vun der Demokratescher Partei matdeelen, déi ass jo och net ëffentlech. Mä ech hunn eng Rëtsch vu Leit, déi bereet gewiescht wären deen dote Portefeuille ze iwwerhuelen. A mäi Choix, an deen och duerno vum Bureau exécutif a vum Comité directeur, deen op de Pierre Gramegna gefall ass, ass e Choix deen ech mengen dee richtegen ass. Mä net nëmmen, well hei geet et net ëm de Bettel, oder ëm d'DP, oder d'Regierung, et geet ëm eist Land. An den Här Gramegna ass do dee richtege Choix.

Max Theis: Eng Nominatioun déi nach an d'Haus steet ass déi vum EU-Commissaire. D'LSAP huet do Virschlagsrecht an den Nicolas Schmit gëtt gehandelt. Da wiert Dir geschwënn op der Sich no engem neien Aarbechtsminister?

Xavier Bettel: Also déi éischt Saach ass, dat ass ausgemaach ginn, datt den Nicolas Schmit vun de Sozialiste kéint proposéiert ginn, wann et bis esou wäit ass. Mä, an ech hunn et jo och net verstoppt, wa mir d'Méiglechkeet kréien de President vun der Kommissioun kënnen ze kréien, datt deen e Lëtzebuerger géif kréien, géif dat d'Kaarten nei mëschen. An d'Koalitiounspartner si sech do eens, datt, wann den Här Juncker d'Méiglechkeet huet um europäeschen Niveau eng Plaz ze kréien, dës Regierung hie voll ënnerstëtzt.

Ech wëll awer wierklech net, datt dat sech esou unhéiert, wéi wa mir selwer den Här Juncker gäre lass géife ginn. Ech freeë mech déi nächst 5 Joer mam Här Juncker kënnen an der Chamber ze schaffen. Mä wann een d'Opportunitéit huet fir e Lëtzebuerger op eng vun deene wichtegste Plazen an Europa kënnen ze kréien, da selbstverständlech ass dës Regierung eng déi dem Här Juncker keng Steng an de Wee wäert leeën, mä au contraire e voll ënnerstëtze géif.

Max Theis: Dat wier dann de Wee vun der EVP-Spëtzekandidatur dee Moment?

Xavier Bettel: Ah, ech sinn do net an de Parteigremie vun der EVP fir ze wësse wat déi wëlle maachen oder wie si wëlle pushen. Dat ass un der EVP ze decidéieren an déi consultéieren normalerweis de lëtzebuerger Premier net.

Ech sinn op jiddwer Fall, ech kann Iech et hei wierklech soen, d'LSAP an déi Gréng an d'DP si sech eens, datt wann den Här Juncker d'Méiglechkeet huet déi Plaz ze kréien, datt mir e voll ënnerstëtzen. Mir wëllen net bremsen, mir wëllen net soen Neen, mir wëllen net, datt den Här Juncker President vun der Kommissioun gëtt, well mir der LSAP versprach hunn dee géifen ze kréien. Mä gleeft mir, datt och den Här Schmit en exzellente Commissaire géif ginn, wann en d'Méiglechkeet kritt fir dat och ze maachen an dann ass et selbstverständlech, well Dir hutt mir eng Fro gestallt, wéi et da weider geet mam Aarbechtsminister, dann ass et un der LSAP dee beschtméiglechste Kandidat da virzeschloen. Et ass jo och méiglech, datt e Remaniement an de Portefeuillë vun deenen LSAP-Ministeren da géif zustane kommen. Mä wéi gesot, ech soen et nach eng Kéier, ech freeë mech fir mam Här Juncker 5 Joer an der Chamber kënnen ze schaffen, mä wann d'Opportunitéit do ass, ass dës Regierung e Supporter vun enger Kandidatur an net eng Barrière.

Max Theis: Da wollt ech mol e bëssen op d'Inhalter vum Koalitiounsaccord kommen, dat si jo dann iwwer 200 Säiten déi lo public sinn. Eppes wat Dir relativ séier annoncéiert hat, dat waren déi Geschichten déi mat der Relioun ze dinn huet. De Reliounsunterrecht gëtt ofgeschaf, den Te Deum gëtt als Staatsakt vun engem neutralen, vun engem zivilen Akt ersat, dat gouf och vill Reaktiounen, an Dir sidd och do, hutt Dir virdrun ugedeit, deelweis och falsch verstanen, interpretéiert [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Neen, net falsch verstane ginn, mä ech menge just, datt verschidde Leit dat versti wat si wëlle verstoen. Wa mir soen, datt virum Te Deum en zivilen Akt soll organiséiert ginn, dann heescht dat net, datt den Te Deum ofgeschaaft gëtt. Wa mir soen, datt et net ka sinn, datt deen eenzegen offiziellen Akt fir Nationalfeierdag eng Militärparad oder eng Mass ass, mä datt eppes och Zivilles feelt, heescht net, datt een dann och déi aner Saachen ofschaaft. Dat Eenzegt wat ass, an ech hunn och scho mam Staatschef driwwer diskutéiert, datt mir den Nationalfeierdag Moies ufänke mat engem zivilen Akt, wou dann och d'Famille grand-ducale dobäi ass, wou dann och d'Corps constitués dobäi sinn, an duerno den Te Deum do ass, fir déi déi wëllen an den Te Deum goen, d'Militärparad fir déi déi wëllen op d'Militärparad goen, Punkt.

Mä dat ass an der Belsch och scho geännert ginn.

An datt een dann d'Gefill huet, datt mir wéilten den Te Deum ofschafen, mécht mech einfach rosen, well dat wierklech net d'Volontéit vun dëser Regierung ass. Dat Eenzegt wat mir soen, mir hätte gären, datt de Staatsakt en zivilen Akt ass, well dat och dat Richtegt ass. A wësst Dir, ech sinn attackéiert gi vu Leit, déi Woch, soubal dat annoncéiert ginn ass. A wat déi Leit mir gesot hunn, wou ech gesot hunn, wësst Dir mir brauchen och en Akt wou vläicht Leit déi net kathoulesch sinn oder Leit déi einfach en zivilen Akt wëllen hunn, sech och kënne mat Nationalfeierdag identifizéieren. Du sot déi Madame mir, ma déi Leit hu keng Plaz hei am Land. Verstitt Dir, dat ass Intoleranz. An dat ass do wou ech wierklech soen, mir mussen et jo awer fäerdegbréngen, ee mat deem aneren zesummen ze liewen. An dowéinster maache mir einfach de Spektrum op vun den Aktivitéiten, an den Haaptakt deen de Staat organiséiert, gëtt dann eng zivil Zeremonie.

Dann, iwwert de Reliounsunterrecht si mir der Meenung, hautdesdaags hutt Dir jo an de Schoulen, op där enger Säit de Reliounsunterrecht an op där anerer Säit de Morale laïque- Unterrecht. An dann huet een d'Gefill, oder et ass ee gleeweg, oder et ass een net gleeweg. Mä dat heescht, ah bass du am Reliounsunterrecht, meng Elteren déi schécke mech an de Morale laïque-Unterrecht. Dat heescht, datt et scho bal eng Konfrontatioun gëtt tëscht Morale an tëschent Relioun.

Mir sinn der Meenung, datt dat wat wichteg ass fir jonk Leit, si Wäerter ze kréien. Wäerter. A Wäerter, d'Relioun, selbstverständlech, pronéiert och Wäerter. Mä net nëmmen d'kathoulesch Relioun. Et si vill verschidde Reliounen. A mir mengen, a mir sinn der Iwwerzeegung, datt et haut wichteg ass, datt een e Wäerteunterrecht mécht, deen net de Morale laïque-Unterrecht ass an net de Reliounsunterrecht ass, mä en Unterrecht wou mir elo, wou ee muss genau definéieren, wou Wäerter enseignéiert ginn.

Wann ech da gesot kréien, jo mä dann ass de Reliounsunterrecht verbueden. Neen, de Reliounsunterrecht ass net verbueden, mä en ass net am offizielle Programm. A wann Eltere gären hätten, datt hir Kanner de Reliounsunterrecht solle suivéieren, soll dat selbstverständlech méiglech sinn. Mä da muss just de Bistum deen och organiséieren. An da muss ee kucken, ech gleewe jo kaum, datt mir als Staat da soen, mir wëllen Iech guer net zur Verfügung stelle fir Lokalitéiten oder esou eppes ze maachen.

Do muss ee kucken, ech si jo och dofir Kultusminister. Ech hunn dat och gehalen als Premierminister, well ech wierklech wëll, datt mir kee Kultursträit kréien, mä datt mir e Respekt vis-à-vis vun der Pluralitéit vun de Reliounen, vun de Glaawensgemeinschaften, virun allem vun de Wäerter hunn. An déi déi elo mengen, de Reliounsunterrecht wier fort, de Bistum soll deen organiséieren, an déi déi virun allem elo mengen, mir géifen och nach d'Katechetinnen, d'Katechete virun d'Dier setzen, ass och falsch. Et steet am Regierungsprogramm, datt mir wierklech wëllen eng Reorientatioun maachen, fir datt déi Leit net och op d'Strooss gesat ginn.

Dat heescht, dee Kulturkampf, dee vu verschiddene Plaze gäre gemaach gëtt, a vun där enger a vun där anerer, huet keng Daseinsberechtegung. Mir sollen eis zesummen un en Dësch setzen an einfach eist Land op 2013, 2014, 2015 adaptéieren, an net soen, wéi ech virdru gesot hunn, mir wëlle stoe bleiwen do wou mir sinn. Neen. Mir sollen eist Land adaptéieren zu de Realitéiten an do gehéiert e Wäerteunterrecht méi wéi – et ass méi wichteg haut, datt e Kand weess wat Wäerter sinn, wéi e Gebiet auswenneg léieren. Dat ass meng perséinlech [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Dat do sinn natierlech Froen déi d'Land an d'Leit beschäftegen, mä kafe kann ee sech u sech näischt dovunner. Dofir wollt ech lo op d'Finanzen kommen, déi jo och e ganz interessant Kapitel sinn. E bësse vague gehalen am Koalitiounsaccord, wann ech dat mol esou däerf ausdrécken. Et gëtt en Defizit vun 1 Milliard virausgesot 2015/2016, wann d'Politik sech net ännert. Am Koalitiounsaccord steet, et soll bei den Depensen ugesat ginn a wa méiglech keng Steierhausse solle kommen. Wou gitt Dir da spueren?

Xavier Bettel: Also déi éischt Saach ass, wa mir elo präzis gewiescht wären, dann hätt Dir gesot, Dir hutt awer net iwwerluecht wat fir Konsequenzen et kann hunn. Dowéinster menge mir, datt et ganz wichteg ass, mol e puer Saache festzestellen. An d'Lëtzebuerger mussen dat och wëssen.

Am Moment, à politique inchangée, komme mir bei en Defizit vun no bei 30% vum PIB. Dat ass de Maximum dee festgehale ginn ass, 30%. Wou mir riskéiere wierklech Konsequenzen ze kréien. Et soll een net vergiessen, datt mir 2007 bei 6,7 waren. Also 6,7 2007, also 2016 à politique inchangée, bal 30%.

Den Defizit ass riseg. Mir gesinn, datt dem Zentralstaat feelen alleng 1,6 Milliarden 2015  wa mir och keng Reforme maachen. Déi Sue kënne mir net erfannen. Dat heescht, et muss e Mix si vu verschiddene Saachen. Déi éischt Saach ass, an dat wëlle mir jo bei eis emol ufänken, ass ze kucken, fir manner Suen auszeginn. An dofir wëlle mir och dee Screening maachen, mir wëlle kucke wéi mir Suen ausginn, well mir iwwerzeegt sinn, datt et mol Speck ass bei eis.

Max Theis: E sougenannte Kassensturz dann.

Xavier Bettel: Jo, mir sollen elo net ufänken de Leit ze soen, mir huele bei Iech d'Suen, wa mir bei eis nach net déi Hausaufgab gemaach hunn, fir ze kucke wéi mir selwer Sue spuere kënnen.

Déi zweet Saach ass, dat heescht, mir mussen elo mol dat sérieux kucke wou verschidde Suen ausgedeelt ginn. Ech hunn nach dës Woch e Beispill ginn. Ech weess, datt elo net jiddwereen zefridden ass, mä zum Beispill de Plan épargne logement ass e gutt Beispill. Hautdesdaags, Dir kënnt jo da während 10 Joer Sue spuere fir e Bausparvertrag. Mä duerno gëtt guer net gekuckt wou déi Sue benotzt ginn. Wann Dir duerno en Auto kaaft, dann hutt Dir am Fong während 10 Joer kënne Suen op d'Säit leeën an e Steierallegement kréie wat net berechtegt ass. Dofir soll een och kucken, datt wann een déi Sue spuert fir e Bausparvertrag, datt dat och benotzt gëtt fir Aarbechten doheem ze maachen oder eppes ze kafen.

Dat heescht, et si verschidde Saachen wou ee sech einfach muss d'Fro stelle wéi Sue benotzt ginn.

Da musse mir och selbstverständlech méi attraktiv ginn. Wa mir elo direkt géife soen, mir schrauwen déi Steier an d'Lut, déi Steier an d'Lut, verléiere mir och un Attraktivitéit. An ech mengen, et ass dat wat ganz wichteg ass, datt déi 3 Parteie sech bewosst sinn, datt mir mussen attraktiv bleiwen, datt mir musse Betriber op Lëtzebuerg kréien. Mir kënnen net mengen, datt mir weider kënnen de Sozialstaat finanzéieren, datt mir weider kënnen esou liewen, wa mir net nei Betriber och op Lëtzebuerg kréien.

Dat heescht, mir mussen déi Mëschung kréien tëscht Modernitéit, Attraktivitéit, awer och net d'Steieren ze vill héijen, wann dat de Fall wär, fir déi Attraktivitéit och ze verléieren.

An da selbstverständlech d'Steieren, a verschidden Depensë musse gekierzt ginn. Mir wëllen déi sozialgerecht maachen. Et huet kee Wäert, engem deen näischt huet nach wëllen auszedoen. Ech muss Iech och soen, wann ech mat verschidde Leit diskutéieren, déi aus wierklech ganz modeste Konditioune kommen, déi mir soen, elo wëllt Dir eis eppes ewechhuelen. Neen, mir wëllen deem deen näischt huet net nach eppes ewechhuelen. Mä mir sinn der Meenung, datt verschidde Selektivitéite mussen och gemaach ginn, och bei der Sozialpolitik, och beim Ausdeelen. Mir kënnen net déi Politik mat der Strenz weidermaachen. Dat geet wann do ass.

Max Theis: Mä wou wëllt Dir dann do [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Do muss ee wierklech, elo déi nächst Méint gëtt wierklech alles analyséiert, an d'Repercussiounen [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Mä zum Beispill, am Beräich vun der Famill, d'Familljegeld zum Beispill, also d'Kannergeld. Do schreift Dir vu sozialer Selektivitéit. Dat ass e Lastik, wat muss ee sech dann dorënner virstellen?

Xavier Bettel: Sot mir zum Beispill, mir kënne jo gären driwwer diskutéieren. Haut kritt Dir fir ee Kand eng Zomm X, fir en zweet Kand kritt Dir d'Zomm X plus, beim drëtte Kand kritt Dir e Plus. Hutt Dir méi Ausgabe bei 2 Kanner wéi bei engem?

Max Theis: U sech net.

Xavier Bettel: Do muss ee sech d'Fro stellen, wier et dann net méi richteg fir ze soen, mir héijen bei deem éischten op eng Zomm an da bei deem Zweeten ëmmer d’selwecht. Dat sinn einfach Automatismen déi mir hei an deem Land [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Dat ass jo keng sozial Selektivitéit, dat ass jo einfach e Mechanismus deen ännert.

Xavier Bettel: Jo, mä et ass schonn awer gespuert, et ass awer scho gespuert. Mir kënnen awer elo net soen, datt bei verschidde Mesuren deen ee méi kritt wéi deen aneren, just well. Mä et si verschidde Saachen wou ee muss kucken, huet et e Wäert deem eppes ze ginn, wann en et net brauch.

Dir hutt verschidden, ech wëll lo net ze vill an den Detail goe well mir wierklech lo wëllen de Screening maachen an och kucke wat d'Repercussioune sinn. Mä Dir hutt hei zu Lëtzebuerg Automatismen, wou mir guer net kucke wie wat huet, wie wat kritt. Dat geschitt heiansdo bei Renten, wou Leit, mir hu Leit déi mat enger Hongerrent mussen eens ginn, wou et wierklech schwéier ass, Enn dës Mounts nach iwwerhaapt kënnen akafen ze goen an Dir hutt verschidde Leit déi eng Rent hunn an dann nach eng Zousazrent, an dann nach eng Witwerent, an dann nach etc., etc. wou ee muss kucken ob et net do e Maximum och soll ginn.

Ech wëll wierklech elo näischt ausschléissen, well mir einfach der Meenung sinn, datt et méi selektiv muss sinn an et soll deene Leit, déi wierklech et brauchen, och gehollef kréien. Mä de Problem ass, et soll keen Automatismus sinn. Mir wëllen och net, an dat ass jo och wat Dir geliest hutt iwwert déi ganz Sozialleeschtungen, mir wëllen net, datt et eng Fin en soi ass, gehollef ze kréien. De But ass, datt de Mënsch sech bewosst ass, datt en e Wäert huet wann en och eppes ka maachen, an net datt e seet, ech kréie vum Staat esou vill Ënnerstëtzung, datt ech am Fong op eng Kéier déi Motivatioun net méi hu fir eppes ze maachen.

Dat heescht, et muss déi richteg Balance sinn tëscht deem dee gehollef kritt, well e gehollef muss kréien an deem dee gehollef kritt, datt en aus där Precaritéit erauskënnt, fir datt en op eng Kéier net méi gehollef muss kréien. An dat ass do wou ee wierklech muss kucken, an do sinn ech och frou, datt mir mat deenen 3 Parteie wierklech net wëlle mam Hummer elo d'Leit klengmaachen, mä au Contraire kucken d'Leit och ze responsabiliséieren an ze motivéieren. An déi Géisskanepolitik déi wierklech gemaach ginn ass muss, muss ophalen.

Max Theis: Déi annoncéierte Steierreform zum Beispill. Dir sot, mir wëlle kucke laanscht Steierhaussen ze kommen. Wat gëtt dann do u sech reforméiert? De Mëttelstandsbockel soll ofgeschaaft ginn. Wie muss dann herno méi bezuelen?

Xavier Bettel: Dat Eenzegt wat ass, Dir musst ganz genau kucke wou et ass. Ech muss Iech och soen, Dir hutt eng Rëtsch vu Leit déi guer keng Steiere bezuelen. Dir hutt eng Rëtsch vu Betriber déi guer keng Steier bezuelen. An do muss ee kucken, ob dat wierklech opportun ass, datt verschidde Leit, wa si a privat sinn, da bezuele se an da maachen se einfach eng Gesellschaft, da brauche si keng méi ze bezuelen?

Max Theis: Dat war déi virrëscht Regierung jo ugaangen, fir eng Mindest... [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Jo, mä et ass awer nach näischt geschitt. Et ass awer nach näischt geschitt.

An ech mengen, wa mir an enger Krisesituatioun sinn, an dat soll och elo kee falsch verstoen, mä da muss d'Contributioun wierklech fir jiddweree sinn. Dat heescht, ech hunn esouguer léiwer, datt een deen net vill huet 1 Euro Steiere bezilt, 1 Euro, fir sech bewosst ze sinn, datt en och matgemaach huet, wéi datt gesot gëtt, neen, dat dote geet net. Mä wéi gesot, mir sinn am Gaangen dat doten auszerechnen. En Dënschdeg kritt Dir an der Chamber éischt Pisten an dann, mä loosst eis wann ech gelift de Budget, fir wierklech kënnen ze erkläre wou wat a wéi. Well et huet kee Wäert elo d'Leit bludden ze loossen, wa mir selwer aner Méiglechkeeten hunn, fir vläicht op anere Plazen och ze spueren.

Max Theis: Anere Sujet: de Chômage. Enorm héich fir Lëtzebuerger Verhältnisser, 7%. Wéi wëllt Dir dee Problem dann ugoen?

Xavier Bettel: Ech muss Iech soen, datt ech och wann ech d'Zuele vum Statec héieren, net berouegt sinn. Mir hu mam Échange d'informations, 1. Januar 2015, a je constate, dat ass elo net eppes wat mir ënnerschriwwen hunn, datt mir wäerten 2.000 Aarbechtsplazen am Bankesecteur verléieren. Dat heescht, 7% ass, ech hoffen, datt mir elo net wäit driwwer ginn.

Mir hu festgestallt, datt mir mat der Direktesch vun der Adem e ganz, ganz gudde Kontakt haten, mä virun allem de Kontakt mat der Privatwirtschaft nach muss privilegéiert ginn.

Et muss och d'Moyenen, dat kléngt elo, et ass bestëmmt keng Spuermoossnam, mä datt zum Beispill an der Adem musse Leit bäikommen. Et kann net sinn, datt haut ee Placeur 300 Leit huet. Dee ka jo net mat de Leit eens ginn. Et ass iwwerall bewisen, datt deen da just eng Zuel huet. E kennt den Numm net, e weess mol net wat e kann. E geréiert en net, en huet d'Méiglechkeet net fir seng Aarbecht kënnen ze maachen. An datt een do wierklech muss Moyene ginn, fir datt ee sech och ëm déi Dossiere ka këmmeren.

Mä dat fänkt awer schonn éischter un. Dat fänkt scho bei der Schoul un. Wat huet dat e Wäert, wa mir zu Lëtzebuerg all Joers nei Aarbechtsplaze kreéieren a mir bréngen et net fäerdeg zu Lëtzebuerg Leit ze fannen, déi déi Aarbechtsplaze kënne besetzen.

Max Theis: Jo, den Emploi geet jo erop an de Chômage och, dat ass jo paradox eigentlech.

Xavier Bettel: Jo de Chômage och. Et ass genau dat. Dat heescht, datt d'Formatioun selbstverständlech och ganz wichteg ass. An dowéinst mengen ech, datt den Aarbechtsminister, de Schoulminister, d'Formation professionelle, an de Wirtschaftsminister, déi mussen zesummeschaffen. Déi Silos-Mentalitéit déi  mir ëmmer haten, wou jiddweree wierklech nëmme säi Ressort gekuckt huet, ass net gutt. An ech sinn iwwerzeegt, datt den Här Schmit, den Här Gramegna, den Här Schneider an den Här Meisch zesummen do wäerten un engem Strang zéien, fir do, hoffe mir, de Leit nees Perspektiven ze ginn déi am Chômage sinn. Et soll ee kee Chômage verwalten, et soll een de Chômage bekämpfen. An dat ass dat wat dës Regierung och wëll maachen.

Max Theis: Logement ass och e Punkt deen d'Leit vill beschäftegt. Déi héich Wunnengspräisser, wat wëllt Dir do maachen? Du hu vill Regierunge sech jo schonn d'Zänn ausgebass.

Xavier Bettel: Jo, mä mir hunn en ambitiéise Programm an Dir wësst jo, datt mir och eng Ministesch do hunn, déi keng Honnertdausend Ressorten huet, well mir wierklech och gekuckt hunn, dowéinst och vläicht déi Zuel. Zum Beispill de Justizminister, den Här Braz, ass just Justizminister. Da kéint ee soen, ass dat eng Strof, firwat huet e keng aner Ressorte kritt? Dir kënnt net Justizminister, Enseignement supérieur-Minister sinn, Kultusminister sinn, Fonction publique-Minister sinn, etc., etc. Dat gëtt näischt. Mir hunn ze vill Reformen ze maachen, fir niewesächlech nach da Freides owes vu 5 bis 7 Justizminister ze sinn.

D'Madame Nagel ass eng Persoun wou ech weess, datt si och d'Gemengenexperienz huet, fir den Dossier unzepaken a mir mussen do agéieren. Mä dat ass och eng transversal Kompetenz. An ech muss Iech soen, datt ech am éischte Regierungsrot och d'Kollege gefrot hunn, datt ech verschidden Dossiere gären onbedéngt all Mount op den Ordre de jour vum Regierungsrot hätt, an de Logement och.

An ech wëll vum Logement all Mount gesot kréien, wéivill Projete sinn do, wéivill Appartementer, wéivill Wunnenge si bäikomm, vun eis aus. An da muss mir iwwer de Fonctionnement vum Fong och diskutéieren, wéi dee fonctionnéiert, an de Baulückesystem dee mir an der Stad gemaach hunn steet och dran, wëlle mir um nationale Plang maachen. Mir wëllen och de Bauvertrag maachen. Et kann net sinn, datt een en Terrain ëmklasséiert an da joerelaang broochstoe léisst. Do sinn eng Rëtsch vun Initiativen déi dës Regierung och wëll huelen. De Logement ass zu Lëtzebuerg ganz, ganz schwéier gi fir jonk Familljen, an ech hu keng Loscht, datt déi jonk Lëtzebuerger vun haut d'Frontaliere vu muer ginn, well si sech et net méi leeschte kënnen hei am Land ze wunnen.

Max Theis: Mir si gläich um Enn vun der Emissioun ukomm. Ech wollt nach zwou e bësse méi privat Froe stellen. Déi éischt wär déi: dës Regierung huet jo Wëlles d'Mandater ze limitéieren, dat heescht, an 10 Joer sidd Dir net méi Premier, am Prinzip?

Xavier Bettel: Mir wëllen dat um Referendum stoe loossen, dat heescht, datt d'Leit sollen entscheeden, ob dat gutt ass oder net gutt ass. Dat stoung bei der LSAP am Wahlprogramm, et stoung net bei eis am Wahlprogramm, d'Leit sollen entscheeden. Wann d'Leit mengen, 10 Joer géif duergoen, da geet et duer. Mä et ass, fir d'éischt sinn ech lo mol fir 5 Joer do.

Max Theis: Wat ass dann Är perséinlech Meenung?

Xavier Bettel: Ech si lo mol fir 5 Joer do. Ech muss emol kucke fir en zweet Mandat ze kréien, da kommen ech op 10 Joer. Ech fannen et gutt an net gutt. Et ass näischt méi Schlëmmes wéi un engem Stull ze pechen. Mä mir hunn ee Patron, dat ass och de Bierger, dat ass och dat wat ech virun de Wahle gesot hunn, den Här Juncker huet sech jo ni un d'Muecht geputscht, en ass ëmmer gewielt ginn. Mä op eng Kéier huet ee vläicht déi Distanz net méi vis-à-vis vun deem firwat een do ass. Ech kann Iech just soen, datt 2 Joer Buergermeeschter op jiddwer Fall net duergeet, datt ech méi laang gäre bliwwe wär. An ech kann Iech elo net soen, ob et ze laang ass oder net ze laang ass. Mä et ass net gutt wann een, mengen ech, um Stull peche bleift. Mä wéi gesot, et ass um Bierger ze decidéiere wat e wëll.  Mir hu just ee Patron, dat ass de Wieler.

Max Theis: Déi zweet Fro huet dann e bësse mat Ärer Fräizäit ze dinn, déi ass jo elo net onbedéngt méi ginn, dat hutt Dir wahrscheinlech schonn déi lescht Deeg gemierkt. Wéi mécht een dat dann iwwerhaapt fir do fit ze bleiwen, och am Kapp? Wéi mécht een dat fir do e fräie Kapp ze behalen?

Xavier Bettel: Dat ass, an ech soen et nach eng Kéier, dat ass d'Chance een doheem ze hu wou ee weess, datt een Ënnerstëtzung huet. Wësst Dir, ze wëssen, datt wann et mir gutt geet, ee mat mir feiert, wann et mir schlecht geet, ee mech doheem tréischt, dat hëlleft scho ganz vill. A mir hunn ee grousse Prinzip ëmmer scho gehat als Buergermeeschter, ausser elo mat den internationalen Obligatiounen déi ech hunn, mä datt de Gauthier bei eis doheem den Agenda mécht fir de Weekend, datt hien aussicht wou mir higinn oder net, well Familljeliewen ass och immens wichteg, et bréngt Balance an engem Liewen. Wann ee just Politik mécht, ech war zwar de Moie fréi, du sot e mir, wou geess de da schonn hin, du sot ech, ech wëll op de Bureau, du sot en, et ass knapps halwer néng.

Max Theis: Dat hei war jo och net säi Choix huelen ech un?

Xavier Bettel: Neen, mä et ass egal, e weess, datt ech verschidde Saache muss maachen, mä do wou mir kënne goen, do ass hien deen de Choix och mécht. Mä wéi gesot, ech hunn e Crosstrainer, deen ech déi lescht Zäit nees entdeckt hunn, wat gutt war, well während der Campagne hat ech en e bësse vernoléissegt, well dat deet och gutt. Mä virun allem d'Frënn. Et soll ee sech Zäit huele fir déi Leit déi ee gären huet. Ech hunn dat gemierkt bei mengem Papp, wéi dee gestuerwen ass, datt ech nach esou vill mat deem gäre gemaach hätt, an datt et dann ze spéit ass. Hie sot menger Mamm ëmmer, da maache mir dat wann ech d'Pensioun hunn. An en hat eng Woch d'Pensioun oder zwou Wochen, dunn ass e gestuerwen. An et muss ee sech Zäit huele mat deene Leit déi ee gären huet, well op eng Kéier ass et ze spéit an op eng Kéier sinn déi Leit net méi do. An dowéinst hunn ech eng Philosophie, datt ech meng Aarbecht immens gäre maachen, mä mir awer och Zäit reservéiere fir mat deene Leit déi ech gären hunn kënnen déi och ze verbréngen.

Max Theis: Dat si schéi Wierder och elo fir déi besënnlech Zäit déi an d'Haus steet. Xavier Bettel, domat wiere mir um Enn vum Gespréich ukomm. Merci, datt Dir Iech haut Zäit geholl hutt.

Xavier Bettel: Ech soen Iech Merci fir d'Invitatioun.

Max Theis: An den nächste “Background” gëtt et dann an enger Woch. Invité beim Roy Grotz ass dann de fréiere Staatsminister, den neien Oppositiounsleader, de Jean-Claude Juncker. Iech dobaussen nach e schéine Weekend.