Dan Kersch au sujet de ses attributions ministérielles

Interview – Publié le

Carole Schimmer:Här Kersch Dir sidd haut Inneminister a Minister vun der Fonction publique. Bannent der LSAP hutt Dir Iech an der Vergaangenheet dacks géint d'CSV-LSAP Regierung positionéiert. Ech erënneren un d'Indexdiskussioun zum Beispill, och aner Theme koumen do op. Eigentlech kéint ee jo soen, datt Är Partei Iech léiwer an der Regierung gesäit wéi an der Chamber, wou Dir eventuell déi knapp Majoritéit hätt kënnten a Gefor bréngen, oder net Här Kersch?

Dan Kersch: Ben ech hoffen, datt meng Partei mech éischter léiwer an der Regierung gesäit wéi an der Chamber, soss hätt si mir dat Vertraue jo och net ausgedréckt fir mech dohinner ze setzen. Ech weess awer net ob de Grond deen ass deen Dir gesot hutt. Ech hoffe jo, datt et dat ass, datt meng Partei mengt, datt ech déi zwee Ämter déi ech elo iwwerholl hunn, engersäits als Minister vun der Fonction publique an anerersäits als Interieursminister och wéinst menge Kompetenze ka gutt ausfëllen.

Carole Schimmer: Jo mä an der Regierung kënnt Dir awer bal net géint d'Regierung schwätzen. An der Chamber hätt Dir vläicht déi Fräiheet méi gehat oder net?

Dan Kersch: Eppes ass kloer, wann ee sech décidéiert an eng Regierung eranzegoen a wann ee sech virun allem dann décidéiert och sech ze konzentréieren op déi Departementer déi engem dann zougesprach sinn, dann ass et kloer, datt ee sech net méi ka där nämmlechter Intensitéit äusseren zu aneren Themen, déi vun anere Kollege behandelt ginn. Den Terrain vum Deputéierten ass ouni Zweiwel méi vaste wéi dee vun engem Minister.

Carole Schimmer: Dat heescht hutt Dir ee Maulkuerf kritt oder net?

Dan Kersch: Oh déi déi mech kennen, déi wëssen, datt et schwéier ass mir ee Maulkuerf unzedoen. Wat awer wäert sinn, ech weess ganz kloer a wéi enger Funktioun, datt ech hei sinn. Ech weess datt et eng Disziplin gëtt an enger Regierung an ech weess, datt ech déi Saachen déi ech eventuell bei anere Kollegen unzemierken hunn, sou wéi si wäerte Saachen hunn, déi bei mir unzemierke sinn, datt déi mussen am interne Krees musse beschwat ginn. Dat gehéiert zu enger Disziplin vun enger Regierung, soss kann eng Regierung net schaffen. Dat ass iwweregens d'nämmlecht wéi dat am Sport ass, eng Equipe muss zesummenhalen. Wa se net zesummenhält, dann ass se vun Ufank u verluer.

Carole Schimmer: De Wiessel  ass ugesot no dëse Wahlen. Gëschter huet d'Regierung nach annoncéiert, datt eng Steierreform réischt 2016 soll kommen, et ass eng Haaptprioritéit vun dëser Regierung. Firwat esou laang?

Dan Kersch: Mech iwwerrascht, datt Dir sot réischt. Ech ka mir net virstellen, datt eng Regierung untrëtt an no 14 Deeg kann eng Steierreform ukënnegen.

Carole Schimmer: Nee, mä no engem Joer.

Dan Kersch: Gutt och do, ech mengen et muss ee jo mol fir d'éischt - an dat si mir jo am gaangen ze maachen - et muss ee mol kucke wou sinn iwwerhaapt Moossnamen ze huelen, wéi gesäit dee Mëttelstandsbockel deen an der Wahlcampagne awer vill diskutéiert ginn ass, wéi gesäit dee konkret aus, wéi eng konkret Auswierkungen huet et? A virun allem muss een oppasse wann een u Stellschrauwen dréint, datt een net op där enger Säit eppes Guddes mécht an op där anerer Säit genau de Contraire erreecht. An dofir mengen ech, datt d'Regierung décidéiert huet sech dofir Zäit ze huelen. Ech fannen dat och gutt, well et soll eng Steierreform ginn, déi wierklech ëmfaassend geet a wou een och muss kucken, dat wat mir iwwerall gesot hunn, dat ass dat datt déi déi breet Schëlleren hunn och solle méi belaascht ginn, datt dat herno och wierklech garantéiert ass. Dofir vläicht besser hunn sech e bësse méi Zäit ze loossen, awer dann eppes ze presentéieren wat och Hand a Fouss huet.

Carole Schimmer: Et gëtt awer eng gewëssen Urgence. Wat passéiert nodeems de Grand-Duché d'Recetten ewechgeholl kritt vum Commerce électronique?

Dan Kersch: Richteg. Dat ass net falsch wat Dir do sot. 2015 wäert wahrscheinlech, esou wéi alleguerten d'Prognosen ausgesinn dat batterst Joer gi wat mir an der ganzer Legislaturperiod wäerten erliewen an dofir mussen och scho Mesurë gemaach gi virdrun. D'Regierung huet sech engagéiert fir selwer bei sech unzefänke mat spueren. Dir wäert gesinn, datt am Budgetsprojet 2014 schonn eng Rei éischt Weeër opgewise ginn, wéi dat kéint goen.

Carole Schimmer: Wéi eng zum Beispill? Wéi eng Pisten?

Dan Kersch: Eng Piste ass mengen ech schonn jo dobaussen och diskutéiert ginn, d'Fonctionnementskäschte vum Staat, wou de Finanzminister eng Note erausginn huet fir seng Kollegen opzefuerdere bei sech selwer mindestens 10% an engem Joer anzespueren. Dat wäert net einfach ginn, well dat dote jo och schonn an deene Joere virdru probéiert ginn ass. Op jidder Fall d'Guideline déi mir eis ginn hunn, ob mir se erreechen, dat steet nach an de Stären, mä ech  sinn iwwerzeegt, datt jiddweree wäert Ustrengunge bei sech maachen, fir datt mir ganz no do erukommen.

Carole Schimmer: Am Budget hei zu Lëtzebuerg si jo d'Depensen no Poste virgesinn. A Frankräich gëtt et d'Loi organique, wou méi d'Objektiver gekuckt ginn op laang Zäit. Ass dat zu Lëtzebuerg net méiglech? Well jiddwer Ministère probéiert jo eigentlech deeselwechte Budget all Joers erëmzekréien op mannst an also gëtt alles aus, also alles, de ganze Budget gëtt vun de Ministèrë ganz genotzt, fir eben näischt  ze verléieren dat Joer drop.

Dan Kersch: Genau an et ass genau déi do Logik déi muss a Fro gestallt ginn. Mir hunn eis virgeholl fir de Budget 2015 zumindestens genau dat ze maache wat Dir elo ugeschwat hutt, nämlech all eenzelne Budgetsposten op de Leescht ze huelen, ze kucken ob dat wierklech dat ass, ob mir wierklech déi Suen dodra brauche fir déi Ziler déi mir eis gemeinsam gesat hunn och ze erreechen oder ob een e kann entweder kierzen oder ganz ewechloossen oder awer och nei Budgetsartikelen bäimaachen, un déi mir guer net denken, déi vläicht méi zilorientéiert deenen Ziler wierklech och entgéintkommen, déi mir wëllen erreechen.

Carole Schimmer: Mä muss een ee Budget opstellen no Artikelen?

Dan Kersch: Do kommt Dir net derlaanscht fréier oder spéider. Ech menge wat muss kloer sinn, dat ass, datt ee muss Objektiver definéieren. Wat sinn d'Prioritéite vun der Regierung, ech mengen, datt déi am Regierungsprogramm relativ kloer ervirgestrach gi sinn an da musse mir ee Budget opstellen, deen och deene Prioritéiten entsprécht. Datt dat nach ëmmer iwwer Artikelen an Ënnerartikele wäert lafen huet eppes mat Comptabilitéit ze dinn, manner mat politesche Virgaben.

Carole Schimmer: De Generalsekretär vun der CGFP, de Romain Wolff huet sech Froe gestallt, besonnesch iwwert d'TVA-Erhéijung an iwwert déi allgemeng Steierreform déi virgesinn ass. D'Erhéijung vun der TVA kënnt eng Moossnam sinn, déi fir d'Staatsbeamtegewerkschaft net sozialgerecht ass. Sidd Dir domatter averstanen?

Dan Kersch: Also et muss ee jo mol kucken, datt een nieft der direkter Steier, déi mir hunn, wat menger Meenung no nach ëmmer sozial déi gerechtste Steier ass, well se ebe ganz kloer un de Verdéngschter vun de Leit kann orientéiert ginn, respektiv de Gewënner déi gemaach gi bei de Betriber, gëtt et eng Form vun indirekter Steier an et ass ee Fait an do huet den Här Wolff net onrecht, datt déi indirekt Steier d'Tendenz huet ëmmer méi an d'Lut ze goen an d'direkt Steier ëmmer Tendenz huet méi erofzegoen. Dat ass ee Problem dee mir mussen analyséieren a wou mir musse Léisunge fannen. Op där anerer Säit mengen ech - an dat huet d'Regierung och schonn an dem leschte Conseil de Gouvernement diskutéiert - misst ee mol eng Analys maachen wéi d'TVA Opkommes zu Lëtzebuerg bezuelt gëtt. Wat sinn déi Entitéiten déi dat bezuelen? Et gëtt ëmmer gesot et ass den Endverbraucher. Ma mir wëssen, datt et am Moment den Endverbraucher zwar ass, awer net onbedéngt de Lëtzebuerger Endverbraucher, dee vill TVA Suen hei an eis Keesen erabezillt. Mä do muss och mol eng Kéier ganz genau opgeschlësselt gi wou déi TVA Einträg kommen an da mussen och deementspriechend Décisioune geholl gi fir dat herno erëm gerecht ze gestalten.

Carole Schimmer: Mä kéint een do eng differenzéiert Steiererhéijung virgesinn, also eng TVA- Erhéijung hunn déi differenzéiert ass no de Besoinen vun de Leit? Dat heescht wann ee Lëtzebuerger dat ausgëtt, da gëtt een Taux applizéiert dee méi niddereg ass wéi ech weess net, op de Bensin zum Beispill, dee vun Auslänner kaaft gëtt.

Dan Kersch: Ganz sécher geet dat net. Ech mengen dat ass och eng Contrainte déi mir hu vu Bréissel. Et war mäin Dram an den LSAP Wahlprogramm anzeschreiwen, datt mir eng differenzéiert TVA Erhéijung géife maachen. Do hu mir allerdéngs eis misse beléiere loossen, datt dat vun der Kommissioun vu Bréissel net wäert erlaabt ginn. Et ass sou, datt mir am Moment nach ganz favorabel TVA Sätz hunn par rapport zu alleguerten deenen aneren europäesche Partner a mir wäerten do ganz sécher keng nei Extrawurschte gebrode kréien.

Carole Schimmer: Mä Dir als Politiker vum lénke Fligel vun der LSAP, wéi gesitt Dir eigentlech de Prinzip vun enger Erhéijung vun der TVA?

Dan Kersch: Ma prinzipiell sinn ech jo als Vertrieder, wann Dir dat esou sot vum lénke Fligel vun der LSAP ëmmer der Meenung, datt mir ee handlungsfäege Staat brauchen. Dat heescht, ee Staat dee keng Suen huet, dat ass een handlungsonfäege Staat an dee féiert dozou, datt d'Sozialschéier ëmmer méi wäert ausenanerdriften. Dofir sinn ech also een deen der Meenung ass, datt de Staat sech muss d'Moyene ginn, fir kënnen Sozialpolitik ze maachen. An déi Moyenen dat sinn eben déi Steieren, déi en erakritt. Ech hänken allerdéngs drun, datt mir dat gerecht maachen, datt déi déi méi hunn, datt déi musse méi dozou bäidroe fir de Staat fonctionnéieren ze loossen, well déi déi méi hunn déi kréien och eppes dovunner. Et ass jo net esou, datt een nëmme Steiere bezilt, mä vun deem Staat an deem ee lieft kritt ee jo eng ganz Rei Saache geliwwert. Ech kucke lo mol guer net op dat wat d'Leit alles normal fannen: d'Stroossen a Schinnen a Waasser, mä ech denken, datt een och eng sozial Sécherheet geliwwert kritt. An och dat ass eppes wou ech ganz vill drop halen. Sozial Sécherheet heescht fir mech och gesellschaftlech Kohärenz, heescht gesellschaftlechen Zesummenhalt. A wa mir  dat eent net méi hunn da kréie mir dat anert och net méi. Mir sinn also gutt berode wa mir de Präis vu vläicht wat deen een oder anere vläicht zevill héich Steieren als ugesäit weiderhin ze bezuelen, well mir soss an d'Situatioun kommen, datt déi Gesellschaft an där mir liewen net méi wäert zesummenhalen.

Carole Schimmer: D'Steierreform seet d'CGFP géing éischter déi breet Schëllere schounen. Fir den Ament ass nach net gewosst wéi déi Steierreform zwar ausgesäit. Allerdéngs ass lo scho bekannt, datt d'Betriber solle geschount ginn, fir d'Kompetitivitéit vum Grand-Duché net a Gefor ze setzen. Kritt Dir do keng gro Hoer?

Dan Kersch: Also et muss ee jo mol fir d'éischt definéieren, wie sinn déi mat de breede Schëlleren, wie sinn déi mat de mëttlere Schëlleren a wie sinn déi mat de klenge Schëlleren. Wann ech mat Leit schaffen déi am Privatsecteur ze dinn hunn, da ginn déi alleguerten dovun aus, déi Leit déi beim Staat schaffen, dat wären déi mat de breede Schëlleren an déi missten lo mol fir d'éischt bludden. Ech perséinlech gesinn dat absolut net esou. Mä ech mengen awer, et muss ee fir d'éischt mol definéieren wien ass dat, wien ass dat mat de breede Schëlleren hei am Land. Dir hutt d'Betriber ugeschwat. Do gëtt et eng Rei vu Betriber wou Dir Recht hutt. Déi kommen hei an d'Land a kënne vu relativ gudde Bedingunge profitéieren an huele relativ wéineg Rücksicht op eist Land wa si hir Décisiounen huelen. Déi huele se manner am Intérêt vum Land a méi am Intérêt vun hire Boîten. An aner Betriber deenen et net esou gutt geet hei am Land an déi vill kämpfe mussen, déi vill geplot sinn an déi awer probéieren Aarbechtsplazen ze erhalen, also ech differenzéieren do schonn tëschent deenen engen an deenen anere Betriber an ech mengen dat ass jo och dat wat d'Diskussioun esou komplizéiert mécht. Wann een dat da muss a Gesetzer, a Reglementer géissen, déi Differenzéierung, da läit den Däiwel am Detail. Dann ass dat natierlech och Ulass fir vill Streidereien, well meeschtens d'Leit et aneschters gesinn wéi een et selwer gesäit, zemools wann een net selwer betraff ass gesäit een d'Problemer meeschtens ganz aneschters. An dofir mécht dat jo och d'Diskussioun, déi politesch Diskussioun esou schwéier déi mir am Moment féieren.

Carole Schimmer: D'Sozialleeschtunge ginn dann och op de Leescht geholl, voire et gëtt eng Piste ënnert d'Lupp geholl fir d'Kannergeld ze besteieren. Deemno kéint ee jo mengen, datt d'Stéit ouni Kanner manner géingen dozou bäidroen d'Staatsfinanzen an Zukunft ze sanéieren wéi Stéit mat Kanner.

Dan Kersch: Ech mengen och dat, Dir hutt lo grad gesot et ass eng Piste. Am Moment huet d'Regierung an hirem Programm absolut net gesot, datt si géif d'Kannergeld besteieren. Si huet och net gesot [gëtt ënnerbrach]

Carole Schimmer: Mä et ass eng Piste.

Dan Kersch: ...si huet och net gesot, datt aner Mesurë géife geholl ginn. Si huet gesot si géif déi wéi alleguerten déi aner Subsidien an Zouwennungen déi mir kucken, géife kucken no deem Prinzip deen Dir virdru selwer gesot hutt, ob dat nach dat ass wat d'Regierung politesch usteiert, ob dat den Objektiver déi mir eis gesat hunn entgéint kënnt. A wa mir Pisten detectéieren, wou mir ganz kloer mierken, datt dat net déi Politik ass déi mir wëllen domat verfollegen, da musse mir selbstverständlech och drugoen, fir eng Rei Saachen a Fro ze stellen, déi bis elo Droits acquis waren.

Carole Schimmer: Vum Staat eriwwer bei d'Gemengefinanzen. Dir waart selwer President vum Syvicol an natierlech och Buergermeeschter. Eng vun de Prioritéiten a Saache Gemengefinanzen, an dat schreift de Syvicol a sengem Avis zum Regierungsprogramm, ass d'Stabilitéit vun de Gemengefinanzen, déi ass guer net méi garantéiert. D'Gemenge kënnen eigentlech net mat Zäite wësse wéivill Recetten, datt si kréien. Besonnesch während der Kris war dat relativ akut. Wéi kann een d'Stabilitéit eigentlech vun de Gemengefinanzen garantéieren?

Dan Kersch: Ma ech mengen, datt d'Regierung zwou Saachen décidéiert huet an hirem Programm, an dat war guer keng Evidenz, déi awer eng gewësse Stabilitéit vun de Gemengefinanzen garantéieren: nämlech datt d'Gewerbesteier als sollech erhale bleift an [gëtt ënnerbrach]

Carole Schimmer: Jo mä déi geet ëmmer méi erof.

Dan Kersch: ...an datt de Fonds communal de dotation financier och an där Form wou en elo besteet erhale bleift. Ech mengen dat sinn zwou Saachen déi fir mech e ganz wichtegen Element ass. Et muss een einfach wëssen, datt déi zwee Beräicher déi ech lo genannt hunn an alle Gemengen tëschent 70 an 75% vun hiren Einnamen ausmaachen.

Carole Schimmer: Jo mä d'Gewerbesteier gëtt vu ganz ville Betriber net bezuelt. Dat heescht wéi kann een eigentlech do als Gemeng handelen?

Dan Kersch: Also am Moment ass et jo esou, dat ass richteg wat Dir sot, et gëtt keng Gewerbesteier vu ganz ville Betriber bezuelt. Et gëtt nëmme vun deene bezuelt déi effektiv nach Gewënn ofwäerfen. Dat war jo eng vun de Problematiken déi mir an der vireschter Legislaturperiod ganz kontrovers diskutéiert hunn. Déi virescht Regierung huet jo doraus eng éischt Mesure geholl, wou eng minimal Steier fir Betriber agefouert ginn ass. Dat ass dat eent, mä d'Gewerbesteier ass vun deem Moment u wou d'Gewerbekapitalsteier ofgeschaf ginn ass an den 80er Joren, wann ech dat richteg an Erënnerung hunn, huet natierlech dozou gefouert, datt eng Rei vu Betriber keng Steiere méi bezuelen. Et muss een allerdéngs soen, datt déi grouss Betriber hei am Land, déi grouss Gewënner ofwäerfen, datt déi masseg Gewerbesteier bezuelt hunn. A Gott säi Dank hu si déi bezuelt, well soss hätte mir an de Gemenge scho laang net méi kënne schaffen an et ass och net esou, datt dee Chiffer réckleefeg wär, am Géigendeel, deen ass nach ëmmer an d'Lut gaangen.

Carole Schimmer: Ee Punkt ass do d'Fuerderung awer och, datt een Deel vun de Gemengerecetten un d'Evolutioun vun de Staatsfinanze gekoppelt ginn. Ass dat méiglech an Zukunft?

Dan Kersch: Ech mengen, datt dat eng Iddi ass, déi jo scho laang am Raum steet, déi op jidder Fall diskussiounswäert ass. Ech hunn  an der Chamberkommissioun, wou ech lo drop ugeschwat si ginn, meng éischt iwweregens, déi ech lo dës Woch hanneru mech bruecht hunn, gesot, datt ech der Meenung sinn, datt ee muss ganz kloer definéieren wat déi obligatoresch Missioune vun de Gemenge sinn. Et ass jo sou, datt de Staat eng Rei vun deene Missiounen déi dem Public zoufalen, datt en déi un d'Gemengen delegéiert. Et muss also chiffréiert ginn wat dat kascht, wat déi Aufgaben déi de Staat do un d'Gemengen ofgëtt wat dat kascht an da musse mir de Gemenge selbstverständlech och genuch Moyenen zur Verfügung stellen, datt si déi Aufgaben och kënnen zur Zefriddenheet vun de Bierger erfëllen, soss huet dat Ganzt kee Sënn, déi ganz Übung. An dann eppes, een zweet Element an dat hunn ech och ëmmer betount, et mussen och genuch Moyenen do si fir d'Gemengen, fir déi Aufgaben déi si doriwwer eraus wëllen am Intérêt vun hire Bierger erfëllen, wou si also kënnen déi fakultativ Missiounen wéi dat genannt gëtt, wou si also kënnen op Grond vun hirem politesche Programm, fir dee si dann och gewielt gi si vum Bierger, datt si deen och kënnen ëmsetzen an datt si dofir déi néideg Moyene kréien. Et geet drëms an nächster Zukunft, mengen ech - an dat ass eng vun deene groussen Aufgaben, ech weess och net ob mir dat fäerdegbréngen, ech wëll mech och net lo hei virun de Mikro setzen a soen, dat do maache mir elo, well ech ganz genau weess, datt dat net ganz einfach wäert ginn - mä et geet drëms fir och ze kucken, datt mir Einheitswäerter schafen. Et kann net sinn, datt déi eng Gemeng fir dat nämlecht ze maachen dat dräifacht éischtens u Moyene kritt, awer och dat dräifacht ausgëtt, fir dat nämlecht ze erreechen. Ech mengen do muss een am Gemengesecteur, zesumme mat de staatlechen Instanzen sech zesummesetzen, et muss ee kucken, datt ee Weeër fënnt fir ze definéieren wat dat eent effektiv un Opwand kascht an dann och kucken, datt een déi néideg Moyenen zur Verfügung stellt. Dat wäert eng Aufgab ginn déi net einfach gëtt, well et viraussetzt, datt ee gewëssene Solidaritéitsgeescht tëschent de Gemenge sech wäert entwéckelen, deen ech a menger Carrière als Buergermeeschter gemaach hunn an och als Syvicol.President net ëmmer esou erlieft hunn wéi ech mir et gewënscht hätt.

Carole Schimmer: Et gesäit een, datt verschidde Stied verschidde Rollen och hunn um regionale Plang, soll do an Zukunft och déi finanziell Ëmverdeelung och no de Besoinen vun de verschiddene Gemenge gemaach ginn oder net?

Dan Kersch: Ech mengen dës Regierung bleift bei deem ale Prinzip. Et gëtt an dësem Land zwou Instanzen: dat eent ass de Staat an dat anert ass d'Gemengen, [gëtt ënnerbrach]

Carole Schimmer: Mä déi regional Komponent.

Dan Kersch: An déi regional Komponent ass - an dat komme mir wahrscheinlech duerno nach drop ze schwätzen - an deem leschte Gesetz iwwert d'Landesplanung praktesch erausgestrach ginn. Dat wëllt awer net heeschen, datt d'Regierung déi regional Zesummenaarbecht net wäert weider förderen. Ech menge mir hunn engersäits gesot, datt mir [inaudible] weider d'Gemengefusioune wäerten ënnerstëtzen déi déi dat wëllen, och dat ass eng Nuance par rapport zu deem wat virdru gesot ginn ass. D'Fräiwëllegkeet ass fir eis dat entscheedend Element. Et ass och net sou, datt mir géifen un d'Fro vun der Fusioun vun de Gemenge erugoen andeems datt mir géinge soen, mir maachen lo een nationale Referendum, dat heescht d'Majoritéit vum Land géif also dann décidéieren ob an enger klenger Gemeng X mat enger klenger Gemeng Y aus dem Norden, aus dem Oste vum Land misst fusionéieren. Mä déi sollen dat selwer definéieren, also de Referendum um lokalen Niveau ass deen entscheedenden, net deen um nationalen. Dat ass eng Nuance par rapport zu deem wat déi virescht Regierung wollt maachen. An da selbstverständlech d'Zesummenaarbecht an de Gemengesyndikater weider förderen. Et gëtt eng Rei vu Beräicher vun obligatoresche Missiounen déi d'Gemengen alleng souwisou net méi kënnten erfëllen a keng Gemeng hei am Land, och net déi gréissten. Huele mir zum Beispill d'Gestioun vun den Décheten, huele mir d'Gestioun vum Ofwaasser, dat si Saachen déi ginn um Syndicatsniveau iwwerall geregelt an dat ass och gutt esou an dat wäerte mir och an Zukunft weider förderen an do ass déi regional Zesummenaarbecht also scho laang do. Ee weidere Beräich, ech denke lo mol zum Beispill un den TICE wat den ëffentlechen Transport ugeet, et géif ouni d'regional Zesummenaarbecht vun de Gemenge guer net goen.

Carole Schimmer: D'Gemengefusiounen, Dir hutt se net elo ugeschwat, mä déi steet awer an alle Käpp. De Jean-Marie Halsdorf war een deen dat wierklech ënnerstëtzt huet als Iddi. Wéi stitt Dir eigentlech dozou? Dir sot fräiwëlleg, mä souwisou ass et jo fräiwëlleg.

Dan Kersch: Nee, ech mengen et war ganz kloer, eng Partei hat dat zumindest an hirem Wahlprogramm stoen, datt si der Meenung wär, datt déi Gemengen déi sech lo net wéilten op de Wee vun enger Fusioun ginn, kéinten iwwert een nationalen Referendum dozou gezwonge ginn. Onser Meenung no ass sou eng Approche net konform mat der Charte de l'autonomie communale an dofir hu mir och vun sou enger Léisung ofgesinn. Dat  heescht also weider Ënnerstëtzung vun deenen Gemengen déi sech wëllen an de Fusiounsprozess eraginn, mat alle méigleche Moyenen déi mir zur Verfügung hunn an dozou zielen net nëmmen déi finanziell. Ech mengen et muss och eng logistesch Begleedung dobäi ginn. Di si mir bereet weider ze ginn. Awer wéi gesot et muss vun ënnen erop wuessen an net vun uewen erof diktéiert ginn.

Carole Schimmer: Den Inneminister Jean-Marie Halsdorf wor ganz retizent fir d'Missioune vun de Gemengen ze definéieren. Firwat ass dat dann sou schwéier?

Dan Kersch: Ech weess net firwat datt hien sou retizent war, ech weess just, datt et eng Noutwennegkeet ass. Ech weess, ech ka mir vläicht erkläre firwat datt e retizent ass, well et einfach een Thema ass wou wäert Ulass ginn zu villen Diskussiounen, wou wäert ganz sécher deen een dat eent gesinn, deen aneren dat anert gesinn. Et ass also ee gewëssent Sträitpotential an där Diskussioun doran an t’ass genau dat wou ech menge wou ee muss drops zeréckkommen. Mir mussen eis mol rëm uwinnen och kontradiktoresch eppes ze diskutéieren, mat jiddwerengem ze diskutéieren, an aller Transparenz ze diskutéieren. Net ze vergiessen d'Bierger mat an deen Diskussiounsprozess mat anzebezéien, mä no all Diskussiounen, dat hunn ech lo puermol gesot, muss och eng Kéier eng Décisioun ustoen. An dofir ass mengen ech eng Regierung do an dofir muss eng Regierung och astoen, och wa se heiansdo muss Décisiounen huelen déi net jiddwerengem gefalen.

Carole Schimmer: Eng weider Fuerderung gouf et jo och a punkto Grondsteier fir déi ze reforméieren. Vum Inneministère aus koum jo eng Circulaire mat engem Règlement type fir Wunnengen oder Terrainen déi eidel stinn och net bebaut ginn. Juristesch ass dat haut nach ëmmer net an dréchenen Dicher. Wéi wëllt Dir eigentlech dat doten upaken? Soll een do net eng national Léisung fannen?

Dan Kersch: Dach ganz sécher. Ech mengen dat ass och dat wat mir ustriewen, eng national Léisung ze fannen. Et muss ee wëssen, datt déi Einheitswäerter op deene jo d'Grondsteier berechent gëtt, datt déi vun 1941 stamen. Dat heescht also, déi sinn ni ugepasst ginn an ech brauch kengem ze erklären, datt een Terrain deen 1941 bewäert ginn ass, soe mir an enger vun de Randgemenge vun der Gemeng Lëtzebuerg, haut ee ganz anere Wäert huet wéi dat 1941 de Fall war, och par rapport am Verglach mat Terrainen, vergläichbaren Terrainen an anere Gemengen. Dat ass also eng national Problematik, dat sot Dir richteg a mir kommen net derlaanscht, wa mir dat do wëlle richteg upaken, fir eng national Léisung ze sichen. An déi läit doranner datt mussen déi Einheitswäerter nei bewäert ginn. Dat ass eng Sisyphusaarbecht déi do virun eis steet, mä och dat ass einfach, muss gemaach ginn. Et sinn am Moment jo 3 Elementer déi dat doten, déi eng Grondsteier bewäerten: engersäits den Taux d'assiette, dann awer och den Taux communal, et ass also eng gewëssen Autonomie och vun de Gemengen do, déi kann also den Taux variéieren sou wéi si et fir an hirer Gemeng fir richteg fënnt an dann awer selbstverständlech deen Einheitswäert an et ass do de Grond vum Iwwel. Wann ee vun dräimol null hëlt, dann ass et nach ëmmer null an dofir musse mir dohikommen, datt mir déi Einheitswäerter iwwerschaffen an och do läit ee gewëssent Sträitpotential dran. Dat soll een net verheemlechen. Wa mir do ruginn da kréie mir Diskussiounen am Land, da kréie mir Streidereien am Land, mä och do nach eng Kéier déi nämmlecht Approche, diskutéieren jo, an aller Transparenz diskutéieren jo, mam Bierger diskutéieren jo, awer duerno mussen Décisioune kommen, déi wierklech zu der Gerechtegkeet bäiféieren.

Carole Schimmer: Eng national Taxe fir Wunnengen déi eidelstinn, ass dat an Aussiicht oder net?

Dan Kersch: Ass jo haut scho méiglech iwwert [gëtt ënnerbrach]

Carole Schimmer: Eng national Taxe.

Dan Kersch: Eng national Taxe, dat war jo eng Approche déi déi virescht Regierung schonn hat, wann ech mech richteg erënneren, dat war de vireschte Wunnengsbauminister, dee probéiert huet esou eppes ëmzesetzen. Et ass um Wëlle vun der Chamber deemools gescheitert. Ech perséinlech sinn der Meenung, datt déi Diskussioun net zou ass an datt een déi nach ka weider féieren.

Carole Schimmer: Dir sidd net zoustänneg, net direkt zoustänneg fir déi sektoriell Pläng déi jo am Prinzip deemnächst solle public gemaach ginn an dach sinn d'Gemengen do voll a ganz concernéiert. Eng éischte Fro un Iech, iwwert d'Ausschaffe vun deene Plans sectoriels, déi goufen hannert zouenen Diere festgeluecht. No wéi enge Critèren ass dat doten transparent gewiescht?

Dan Kersch: Oh bis lo muss ee jo soen, datt déi Plans sectoriels absolut net transparent opgestallt si ginn, ganz am Géigendeel. D'Regierung, déi virescht Regierung huet do den Domm drop gehalen. Ech muss Iech soen, datt ech als Minister lo mol eng Fro gestallt hunn u mäi Kolleg vun der Landesplanung, dee mir och zougesot huet, datt ech dat lo ganz séier géif kréien, datt ech mol als Inneminister déi 4 Plans sectoriels ze gesi kréien. Bis lo hunn ech se nach net gesinn.

Carole Schimmer: Keen?

Dan Kersch: Ech hu just héieren wat an deem engen oder anere géif drastoen an ech weess, datt wann dat esou ëmgesat gëtt wat an deem engen oder aneren esou drasteet wat ech bis héieren hunn, datt dat zu ganz groussen Diskussioune wäert Ulass ginn. D'Regierung, déi nei Regierung huet gesot mir géife probéieren déi Plans sectoriels sou séier wéi méiglech ëmzesetzen. Ech mengen, datt dat ee gutt Zil ass wat mir eis do gestallt hunn, well dëst Land déi Plans sectoriels do brauch. Dat verhënnert awer net, datt mir, déi nei Regierung sech mol eng Kéier driwwer béit. Ech huelen och un, datt dat an enger Aarbechtssitzung wäert geschéien, wou nëmmen d'Plans sectoriels wäerten op der Aarbechtssitzung vum Conseil de gouvernement drop sinn an datt een dann och nach dat eent oder anert kann dorunner verbesseren. Och dat schéngt mir zu dësem Moment net ausgeschloss.

Carole Schimmer: D'Fro war, ass dat transparent gemaach ginn?

Dan Kersch: D’Äntwert war nee.

Carole Schimmer: Mä op Grond vu wat kënnt Dir dat dann haut soen? Dat heescht op Grond vun deenen Informatiounen déi Dir lo krut oder?

Dan Kersch: Ma wann ech Iech soen, datt ech mat menge Leit am Inneministère, déi jo direkt awer wäerten dovunner concernéiert sinn, well herno déi Saachen déi an de Plans sectoriels décidéiert ginn an alleguerten déi eenzel Plans d'aménagement généralen vun de Gemenge mussen ageschafft ginn an ech gefrot hu si sollte mir mol déi Plans sectoriels eng Kéier weisen, do hu si mir gesot, si kéinte mir se net weisen, well se se net hätten. Also alleng dat weist jo doropshin, datt keng Transparenz do war, esouguer an der Regierung keng Transparenz do war. Ech ginn dovun aus, datt déi nei Regierung déi doten Attitude net huet an datt mir dat am Conseil de gouvernement, wou d'Kollegen also alleguerten um Dësch sëtzen, iwwert déi Plans sectoriels eng Kéier wäerte schwätzen, de Fir und Wider eng Kéier wäerten analyséieren an dann och, wann et da néideg ass, och nach Ännerunge wäerte virhuelen.

Carole Schimmer: Et ass jo esou, datt et bei deenen Plans sectoriels ëm deier Terrainen geet, déi fir de Logement, Stroossen oder Aktivitéitszone solle genotzt ginn. A wéi wäit goufen d'Gemengen dann iwwerhaapt mat abezunn an där Diskussioun? Et geet hei jo ëm vill Geld. Ass d'Prozedur dann esou, datt ee kann ausschléissen, datt et do Interessekonflikter gouf? Well et geet jo och ëm Spekulatioun iwwert Terrainen.

Dan Kersch: Also Dir sidd jo do am gaange mir eng Rei Froen ze stellen, déi Dir am beschten hätt dem Landesplanungsminister ze stellen. Mä trotzdem probéieren ech Iech Satisfaktioun ze ginn an deem Sënn, andeems datt ech soen, selbstverständlech ass sech beméit ginn, fir net duerch d'Plans sectoriels d'Spekulatioun an dësem Land méi grouss ze maache wéi se lo schonn ass. Ob dat gelongen ass, ass eng aner Fro. Ob dat wat bis elo ganz geheim behandelt ginn ass a wat verschidde Ministèren mol net ze gesi kritt hunn, ob dat net awer an der Tëschenzäit scho bei deenen Acteuren ukomm ass, déi effektiv herno awer wäerte probéiere mat deem Knowhow dee si hunn Spekulatioun ze bedreiwen, dat kann ech Iech net soen. Ech hoffen, datt et net esou ass. Mä eng Garantie dofir géif ech hei ganz sécher net ginn.

Carole Schimmer: Wéi eng Garantie kënnt Dir an Zukunft ginn, éier Dir déi sektoriell Pläng do deponéiert an éier datt se a Kraaft trieden?

Dan Kersch: Nach eng Kéier, ech menge mir musse jo lo mol als Regierung eis mol zesummesetzen. Da musse mir mol jiddwereen op deen nämmlechte Wëssensstand bréngen a wa mir jiddwereen op deem nämmlechte Wëssensstand hunn, da musse mir an enger Aarbechtssëtzung all Fir a Wider vun deene Plans secotriels ganz genau analyséieren. An ee vun deenen Elementer ass dat wat Dir elo grad ugeschwat hutt, dat ass dee fir ze kucken esou wäit wéi méiglech d'Spekulatioun auszeschalten. Et ass eng Iddi lancéiert ginn an deem neie Regierungsprogramm, dat ass dee vun de Baulandverträg. Wa mir elo zum Beispill beim Plan sectoriel Wunnengsbau wären, datt ee kann d'Aschreiwe vun neien Terrainen an de sougenannte Bauperimeter bannen un d'Konditioun vun engem Baulandvertrag, dat heescht also, datt déi Leit deenen déi Terrainen gehéiere sech engagéieren an engem raisonnabelen Zäitplang och drop ze bauen. An domatter gëtt d’Spekulatioun dann zum Deel géif ausgeschalt ginn, ech mengen, datt dat eng Pist ass, déi ee sollt weider verfollegen, déi steet jo net ganz onschëlleg an deem Regierungsprogramm do dran.

Carole Schimmer: Et ass lo gläich halwer, et ass lo Zäit fir een Noriichteniwwerbléck.

[Noriichten]

Carole Schimmer: Här Kersch mir hu virun den Noriichten eigentlech och geschwat iwwert déi sektoriell Pläng. Bei der Ëmsetzung vun deene Pläng geet et och ëm d’Emklasséierung vun Terrainen. Walfer ass jo elo confrontéiert ginn mat enger Plainte vun engem Propriétaire deem säin Terrain aus dem Bauperimeter eraus geholl gouf an deen eng Indemnitéit ugefrot huet. D’Cour constitutionnelle huet an hirem Arrêt dem Propriétaire Recht ginn. Déi Jurisprudenz huet an Zukunft en Impakt op d’Emsetzung vun all deene sektorielle Pläng. Misst een do net verschidde Gesetzer nach ëmänneren virun deem, datt een déi sektoriell Pläng do deponéiert?

Dan Kersch: Also ech mengen Dir hutt Recht. Mir hunn duerch dat Uerteel vun der Cour constitutionnelle hu mir eng Situatioun déi sou bis elo net beduecht ginn ass. An ech hat virdru gesot, datt ech der Meenung sinn, datt de Conseil de gouvernement eng, an enger Aarbechtssitzung muss iwwert déi Plans sectoriels kucken an datt dat doten en Element ass wat do muss diskutéiert ginn, dat schéngt mir evident ze sinn. Mir kënnen net maachen wéi wann dat Uerteel net do wär. Allerdéngs gëtt et elo schonn Avis juridiques driwwer déi soen, et ass net esou, datt elo all Terrain deen eng Kéier muss reklasséiert ginn, oder géif reklasséiert ginn, datt deen dann och misst indemniséiert ginn. D’Cour huet ganz kloer gesot, datt et nach méiglech ass Terrainen ze reklasséieren, dat ass jo en Element wat trotzdem och ganz wichteg ass, et bleift also sou, datt d’Gemengen d’Fakultéit behalen. En Terrain deen eng Kéier an engem Bauperimeter war och rëm zréck ze klasséieren. Si mussen allerdéngs uginn firwat a si mussen och den Intérêt public noweisen. Wat fir mech eng Evidenz ass, wat och virdru schonn, virun deem Uerteel do de Fall war, sou datt also eppes mol kloer ass, et kann an Zukunft och nach reclasséiert ginn. Mä mir mussen eis domat ausernaner setzen wat et géif heeschen wa mir Plans sectoriels maachen. Mir mussen eis domat ausernaner setzen wat et heescht wa mir Servituden op Terrainen setzen wéinst Naturrichtlinien, wéinst Suppen déi musse gemaach ginn an sou weider. Wat dat heescht fir déi eenzel Gemeng déi dat muss maachen ob déi net an d’Situatioun kënnt, datt se dowéinst misst indemniséieren. All dat sinn Diskussiounen déi nach ustinn an duerfir soen ech nach eng Kéier, ech sinn der Meenung, datt d’Regierung déi Plans sectoriels a virun allem déi Auswäertungen déi d’Plans sectoriels op d’Plans d’aménagements vun de Gemenge wäert hunn, datt mir dat alles musse beliichten. Et soll séier goen, mä et soll net sou séier goen, datt mir herno d’Kand mat dem Waasser ausgeschott hunn.

Carole Schimmer: E Problem stellt sech awer och während der Iwwergangsperiod wann déi Plans sectoriels do a Kraaft trieden an déi Projeten déi schonn an der Prozedur sinn, dat heescht wou ee PAP scho besteet net dra passen. Wat geschitt dann? Wat mécht de Buergermeeschter deen Ament?

Dan Kersch: Ma de Buergermeeschter huet sou wéi d’Gesetz am Moment formuléiert ass, vun der Landesplanung hier, d’Obligatioun ze kucken wann en eng Baugenehmegung ausstellt, net nëmmen ob déi Baugenehmegung conforme ass zu sengem Bautereglement an zu sengem PAG, mä e muss och kucken ob se conforme ass zu den Orientéierungen vun de Plans sectoriels. Dat heescht, mir setzen also hei eenzel Buergermeeschteren eng Obligatioun vun där mir net wëssen ob se se kënnen materiell erfëllen. Och dat muss diskutéiert ginn.

Carole Schimmer: Dat heescht, datt d’Buergermeeschter eigentlech näischt wäerten décidéieren, well se vläicht Angscht hunn, datt dat doten schif leeft.

Dan Kersch: Dee Risiko lafe mir an och muss dat Thema do diskutéiert ginn.

Carole Schimmer: D’Autonomie vun de Gemengen gëtt eigentlech och ëmmer méi a Fro gestallt. Net alleng duerch déi sektoriell Pläng, mä och duerch europäesch Direktiven déi definéieren wéi eng Servicer nach public dierfe bleiwen a wéi eng de Privatsecteur dierf maachen. Wann een d’Diskussioun zu Bréissel zum Beispill iwwert de Persounentransport lauschtert. Iwwert de Busservice. Hutt Dir do eigentlech net Angscht, datt an Zukunft d’Gemengen verschidden Servicer net kënnen ubidden?

Dan Kersch: Ech mengen deen Thema deen Dir elo ugeschwat hutt, ass jo ganz kloer mol schonn definéiert ginn, datt dat een ass, deen ausgeklamert gëtt vun der Directive an datt et och an Zukunft wäert sou sinn, datt Gemengen kënnen den ëffentlechen Transport selwer organiséieren. Mä Dir hutt Recht, et gëtt Tendenzen zu Bréissel déi probéieren den ëffentleche Secteur par rapport zum privaten Secteur soe mir mol ze benodeelegen an him net méi déi nämlecht Rechter zouzegestoen. Ech perséinlech si jo net onbedéngt där Meenung. Ech hunn ëmmer gesot ech géif mech op den Traité baséieren, well dat awer mengen ech och fir d’Kommissioun nach ëmmer deen Traité ass op deen se sech misst beruffen. An an deem Traité ass ganz kloer de Subsidiaritéitsprinzip festgeluegt. Et ass also op der ënneschter Ebene vun der Décisiounsgewalt sollten a kënnen déi Décisioune geholl ginn déi am Intérêt vun de Leit sinn. Dat ass een Element oder e ganzt wichtegt Element vun deem wéi ech wëll Politik maachen, och als Inneminister. Dat heescht ech wëll ganz kloer de Gemengen d’Fakultéit ginn fir déi Décisiounen déi se am Intérêt vun hire Leit hunn, fir déi och selwer kënnen ze huelen. An et muss net all Akt dee vun enger Gemeng kënnt, vun engem Inneminister approuvéiert ginn.

Carole Schimmer: Wann een elo zum Beispill Biekerech kuckt. D’Gemeng hat nämlech probéiert do Wärmenetzer anzeféieren. Dat heescht déi erneierbar Energien, oder d’Energieffizienz um lokale Plang eigentlech weider ze bréngen, do krut d’Gemeng dat verbueden, well d’Gemengen d’Recht net hunn kommerziell Aktivitéiten ze hunn. Soll dat sech an Zukunft änneren? Wéi wëllt Dir dat upaken?

Dan Kersch: Primo sinn ech der Meenung, datt d’Gemengen dat Recht hunn. Et gëtt kee Gesetz wat hinnen dat géif verbidden. Dat war eng Ausleeung déi bis elo am Intérieur sou gehandhabt ginn ass. An zweetens sinn ech der Meenung, datt och am Regierungsprogramm do ganz kloer ugedeit ginn ass, datt wa mir iwwert d’Missioune vun de Gemenge schwätzen och do muss ugeduecht ginn, datt d’Gemenge sou Méiglechkeete kréien wéi Dir se elo grad definéiert hutt.

Carole Schimmer: Dat heescht kënnt do en neit Gesetz oder wéi wëllt Dir dat iwwerhaapt ëmsetzen?

Dan Kersch: Ech mengen net, datt mir am Moment zu deem doten Thema en neit Gesetz bräichten. Ech mengen, datt dat haut parfaitement scho méiglech ass. Am Moment war et just sou, datt eng Doctrine am Intérieur do war fir dat net ze erlaben an ech kann Iech soen, datt déi Doctrine mat deem neie Minister geännert huet.

Carole Schimmer: Här Kersch, Dir sidd net nëmmen Inneminister, mä och zoustänneg fir d’Fonction publique a fir d’Reform vun der Fonction publique. D’Gemengebeamte sinn natierlech ganz frou driwwer, datt Dir als Inneminister jo dann och elo d’Fonction publique iwwerhuelt. Si goufe jo net an d’Verhandlungen iwwert den Gehälteraccord oder iwwert d’Reform vun der Fonction publique mat agebonnen. Et gi jo do 2 grouss Dossieren. Engersäits de Gehälteraccord an dann och d’Reform. De Staatsrot soll demnächst och en Avis dozou ginn. Wéi gesidd Dir dat? Dir waart jo och Member vum Staatsrot. Wéi et schéngt géif et do eng Hellewull un Oppositions formelles ginn?

Dan Kersch: Ech war bis viru kuerzem Member vum Staatsrot, mä ech kann Iech awer soen, datt vun deem Dag un wou ech net méi am Staatsrot war, dat ass also elo vum November un un, ech kee Kontakt méi hat mat de Kollege vum Staatsrot. An et gëtt eng Praxis, dat ass praktesch e Gesetz kann ee soen, och wann et néierens geschriwwen ass, datt et keen direkte Kontakt gëtt tëscht de Ministeren an dem Staatsrot. Et sief en ass offiziell ugefrot vum Staatsrot an duerfir weess ech och net wat an deem Avis vum Staatsrot wäert stoen. Ech hat gëschter mat engem Kolleg vum Staatsrot an enger anerer Saach Rieds a mir hunn am Laachen natierlech gesot, du wäers dech nach wonneren wat nach alles kënnt. Dat ass alles wat ech weess, méi kann ech Iech also net soen. Ech weess och net wat an deem Avis wäert stoen. Ech loosse mech iwwerraschen. Ech ginn awer dovunner aus, wann een Gerüchter héiert, datt eng Rei vu seriösen Kritiken wäerte kommen, och eng Rei vun Oppositions formelles wäerte kommen an da musse mir eis domatter ausernaner setzen.

Carole Schimmer: Ma déi Rumeuren, op wéi enge Plazen ginn et dann do déi meeschten Oppositions formelles?

Dan Kersch: Wësst Dir Madame Schimmer, kommt mir diskutéieren dach elo net iwwer Rumeuren. Kommt mir diskutéieren iwwert dat wat herno um Dësch läit. Ech mengen, datt mir dann genuch ze diskutéieren hunn. Mä ech wëll mech hei net iwwer Rumeuren äusseren. Ech hunn an deene leschte Woche genuch Rumeuren héieren an ech muss Iech soen, ech wëll elo nëmme méi iwwer Fakte schwätzen.

Carole Schimmer: Eng vun den Doléancen vun der CGFP concernéiert jo och d’Ufanksgehälter. Do gouf et e mëndlechen Accord tëscht dem François Biltgen, der Octavie Modert an der CGFP fir den Echelon 4 als Berechnungsbasis ze notzen. Um Pabeier stoung awer dunn den Echelon 3 als Basis fir d’Ufanksgehälter ze berechnen. Wéi stitt Dir dozou? A wéi wäit kënnt dat zu engem Litige féieren?

Dan Kersch: Dat wat Dir mir elo sot ass fir mech total Neiland. Vun deem mëndlechen Accord weess ech näischt. Ech kann Iech soen, datt ech en éischt inoffizielle Kontakt hat mat der CGFP. Vun sou engem Accord tëschent dem Här Biltgen an der Madame Modert an der CGFP ass och do keng Rieds gaangen. Ech hu mar en éischt offiziellt Treffen mat der CGFP.

Carole Schimmer: Also e Méinden.

Dan Kersch: An da loossen ech mech mol iwwerraschen ob dat dann sou war wéi Dir elo gesot hutt. Mä onofhängeg dovunner, vun deem mëndlechen Accord, kann ech Iech just soen, datt ech mech an där kuerzer Zäit, déi ech elo hat, mech ganz seriös an deen Dossier do ageschafft hunn. Ech hunn d’Texter ganz genau gekuckt. Dat wat do steet ass op jidder Fall net de 4. Echelon an der Stagezäit. Dat ass ee vun de Problematiken déi mir hunn. Den Här Wolff als Generalsekretär vun der CGFP huet mir och gesot, datt dat fir si e ganz wichtegt Thema ass. Duerfir dorauser ergëtt sech fir mech, datt ech mech muss op déi Diskussioun do virbereeden. Dat hunn ech och gemaach. Ech hunn d’Texter gesinn. Ech hunn och gekuckt wat am Conciliatiounsaccord eraus komm ass. An den Texter steet den drëtten Echelon an am Conciliatiounsaccord steet iwwert d’Stagezäit kee Wuert dran.

Carole Schimmer: Mä prinzipiell, wéi stitt Dir eigentlech zu där Problematik? Well fir d’CGFP ass dat, wann dat eben sou wäit géing goen, da kéim et do zu engem Litige.

Dan Kersch: Ben, ech mengen Dir sidd jo elo schonn amgaangen, deenen Diskussiounen déi ech elo mol mar mat der CGFP hunn, virzegräifen. Ech hoffe jo net, datt déi Regierung hei muss mat engem Litige ufänken. Fir mech, an ech komme jo selwer awer trotzdem och e bëssen aus der Gewerkschaftsbewegung, gehéiert jo mol virun engem Litige, datt ee matenee schwätzt. Virdrun huet e Partner Regierung mat der CGFP geschwat. Dat ass richteg. Et ass och elo de Partner Regierung dee mat der CGFP schwätzt, mä et sinn awer trotzdem aner Leit. An ech gi jo elo mol dovun aus, datt mir mar mol eng Sitzung hunn, wou mir eis mol eenzel kenne léieren, een deem anere seet wou seng Berührungspunkte leien, wou seng rout Linne sinn an da wäerte mir eng konstruktiv Diskussioun hunn. An ech gehéieren net zu deene Leit déi an eng Verhandlung rageet a seet, den Diktat, et ass elo sou an net aneschters. Ech lauschtere mir mol fir d’éischt alles un an da probéieren ech gemeinsam Punkten ze detektéieren a vläicht dann och Brécken ze bauen een deem aneren wou mir kënnen zesummen driwwer goen. Ech mengen dat ass meng Approche an déi wäert sech och net änneren, nodeem datt ech Minister sinn.

Carole Schimmer: De Gehälteraccord an der Fonction publique hänkt jo och mat der Reform zesummen. Wéini kann dee Gehälteraccord iwwerhaapt ëmgesat ginn?

Dan Kersch: Dat hänkt jo dann och dovun of wéi den Avis vum Staatsrot ausgesäit. Wéivill Oppositions formelles et da wäerte sinn. Ob dat dann Oppositions formelles sinn déi relativ einfach ze écartéiere sinn oder ob et der sinn déi méi komplizéiert ze écartéiere sinn, ob et der sinn wou mir rëm mussen nei mat der Gewerkschaft verhandelen oder net. Alles dat kann ech Iech also net soen. Ech wäert mech also hidden hei e ganz konkreten Zäitplang ze soen. Mä ech ginn dovun aus, datt mir eng ganz Rei vun deene Saachen awer kënnen am Konsens evakuéieren. Et ass op jidder Fall meng Ambitioun.

Carole Schimmer: Een Dar am Aen vun der CGFP bleift de Bewäertungssystem. Och de Landesverband ass do dogéint, schwätzt vun engem System à la tête du client an sou weider. Ginn et do vun Iech aus nach Méiglechkeete fir de Bewäertungssystem a Fro ze stellen?

Dan Kersch: Ech mengen d’Regierung huet jo an hire Koalitiounsverhandlungen dat Thema do des laangen an des breeden beschwat. Et sinn 3 verschidde Parteien an der Regierung mat 3 verschiddene Meenungen an et ass sech gëeenegt ginn op eng Formule, datt de Gehälteraccord an och den Accord iwwert d’Réforme administrative am Staatssecteur e Ganzt wär an, datt dat sou soll évacuéiert ginn wéi déi virescht Regierung et ausgeschafft huet. Et ass also dat wat am Koalitiounsaccord steet, wat am Regierungsprogramm steet an et ass och dat wat ech als Fonction publique Minister ëmzesetzen hunn. Et geet also hei net ëm meng perséinlech Meenung an Aschätzung, mä et geet drëms wat an engem Regierungsprogramm steet a wat ech zesumme mat der CGFP déi dat jo och alles matgedroen huet, wäert probéieren ëmzesetzen. Den Däiwel läit natierlech am Detail. Ech si keen deen net mat sech schwätze léisst, ech betounen dat nach eng Kéier, wa mir Saachen detectéieren wou mir lo scho wëssen, datt se näischt bréngen, da kann een iwwer alles diskutéieren, mä am Moment leien Gesetzprojeten do, déi sinn an der Prozedur, déi sinn da vum Staatsrot aviséiert, et ass dat d’Basis op där mir schwätzen an ech mengen och, datt déi Saachen déi d’Oppositions formelles sinn, wann do Saache sinn wou mir nach gemeinsam alternativ Weeër detektéieren, da stinn ech deenen net am Wee. Mä op Basis vun den Oppositions formelles vum Staatsrot.

Carole Schimmer: Um Niveau vun de Gemengen ass déi Fro ëm sou méi wichteg, well et dacks kleng Entitéiten sinn wou d’Relatioun tëscht Patron a Gemengebeamten nach méi fragile kënnte sinn. D’Bewäertungssystemer um Niveau vun de Gemengen. Wéi wëllt Dir dat an Zukunft regelen? Et gëtt jo och geschwat vun engem Code de déontologie deen do soll ausgeschafft ginn.

Dan Kersch: Jo, ech mengen op déi selwecht Aart a Weis. Och am Gemengesecteur gëtt et Gewerkschaften déi aktiv sinn, déi eng steet der CGFP relativ no, et gëtt der awer och déi éischter dem Privatsecteur méi no stinn a selbstverständlech diskutéiere mir dat mat deenen wa mir dat mussen ëmsetzen. Et schéngt mir kloer ze sinn, wann de Gemengesecteur - an dovunner ginn ech aus - datt dee Parallelismus bestoe bleift wat den Accord salarial ugeet, datt dee Parallelismus selbstverständlech och fir déi aner Mesuren zielt, déi un deem Accord salarial drun hänken. Wéi dat herno am Detail ausgesäit, ech mengen do hutt Dir richteg gesot, eng Rei vu Saachen déi lafe parallel, déi sinn och ähnlech ze kucken, mä et gëtt awer och Differenzen. An deenen Differenze musse mir Rechnung droen an ech sinn bestëmmt dee leschten deen där Saach wäert am Wee stoen.

Carole Schimmer: Dat heescht Dir hutt an deem Beräich nach vill Aarbecht. Här Kersch de Cumul vun de politesche Mandater vun Deputéierten a Schäffen stellt sech ëmmer méi. An enger Serie um Radio 100,7 mat deenen neien Deputéierten déi och um kommunalen Niveau ee Mandat hunn, krut ech ëmmer nees gesot, datt een tëscht groussen a klenge Gemengen do misst differenzéieren. Ass dat eng Alternativ? Wéi stitt Dir zum Cumul?

Dan Kersch: Ech perséinlech soen, datt et wichteg ass, datt mir an de Gemenge Leit hunn déi Zäit hunn, dat wat se sech do operlueden hunn oder wat se vum Wieler operluede kritt hunn, nämlech eng gutt Verwaltung vun hirer Gemeng ze garantéieren, datt déi Leit musse genuch Zäit hunn fir dat ze maachen. Ech hunn also a priori näischt dogéint fir ze soen, datt mir solle Mandater tranchéieren. Ech warnen allerdéngs duerfir dat einfach esou ze maachen ouni dem Gemengesecteur nach iergendwellech Méiglechkeeten ze ginn fir um legislative Prozess bedeelegt ze ginn. Dat géif dozou féieren, datt an Zukunft, nach méi wéi mir dat an der Vergaangenheet haten, oder de Risiko wär grouss, datt mir an der Zukunft nach méi wéi dat an der Vergaangenheet de Fall war, Gesetzer kréien déi an der Praxis herno ganz schwéier ëmzesetze sinn, well eben deen Know How, deen awer elo an der Chamber ass, vun deene Leit déi an der Praxis, an de Gemenge musse schaffen, well dee riskéiert verluer ze goen. An duerfir mengen ech, datt mir dat dote sollen an aller Transparenz diskutéieren. Och do, il y a du pour et du contre, ech mengen allerdéngs net, datt d’Léisung géif doranner bestoen, datt mir tëschent groussen a klenge Gemengen géifen differenzéieren, well dann fänkt d’Diskussioun un wat ass eng grouss Gemeng, wat ass eng kleng Gemeng. Oft ass et souguer sou, datt d’Buergermeeschteren a klenge Gemengen eng ganz aner Form vun Aufgabe mussen iwwerhuelen déi a grousse Gemenge Beamten iwwerhuelen. Déi sinn also net manner belaascht. Heiansdo souguer nach vill méi. Déi gesinn dat nach vill méi vläicht als eegene Betrib un. Si sinn nach vill méi domat verwuerzelt wéi dat e Vertrieder an enger grousser Gemeng ka sinn, duerch den Opbau ebe vun der Verwaltung. Duerfir mengen ech, datt dat keng Léisung ass. Wa mir eng Léisung fannen musse mir eng sichen déi fir alleguerten d’Gemengen zielt a fir de gesamte Staat zielt.

Carole Schimmer: D’Schafe vun enger Chambre des élus locaux déi jo fir den Ament net existéiert, wier dat dann eng Léisung? Sou eng Tëscheléisung eventuell?

Dan Kersch: Wär eng Piste, et muss een sech allerdéngs och do iwwerleeën, datt mir net erëm en neit Monster schafen wat d’Prozeduren nach méi komplizéiert mécht, wat nach méi Verzögerunge bréngt. Wa mir wëllen e Gesetz ëmsetzen, mä et ass eng Piste déi muss diskutéiert ginn.

Carole Schimmer: De Wahlsystem zu Lëtzebuerg ass jo och spezifesch mam Panachage zum Beispill. Kann een do iwwerhaapt de Cumul einfach sou ofbauen? Da géif ee jo awer villes am Wahlsystem och ofänneren.

Dan Kersch: Dir hutt elo ee vun den Themen ugeschwat wou ech gesot hunn il y a du pour et du contre an där Diskussioun do iwwert de Partage vun de Mandater. Et hëlt een dem Bierger d’Méiglechkeet ewech am Fong déi Leit dohinner ze setzen déi een am léifsten do hätt. An et stellt sech jo dann d’Fro als Buergermeeschter dierf een net Deputéierte sinn. Als Schäffen eventuell dierf een och net Deputéierte sinn. Dierf een et dann als Conseiller sinn? A wa mir kucken, datt een am Fong dann deenen déi an der Exekutiv vun de Gemengen d’Méiglechkeet verwieren op engem nationalen Niveau mat ze schwätzen awer deenen déi an der Oppositioun sinn, respektiv deenen déi net an der Exekutiv sinn, déi also als Majoritéitsconseilleren do sinn, déi Méiglechkeet ginn, datt een do och keng Disproportiounen dierft schafen. All dat muss diskutéiert ginn. Ech mengen et ass net kloer an dat soll een och net de Leit sou dobausse virmaachen. Et kënnt ee mat engem Pinselstrich elo d’Trennung vun de Mandaten dekretéieren. Sou einfach wäert et net goen.

Carole Schimmer: Här Kersch, riwwer bei een anert Thema. D’Onwuert vum Joerzéngt ass d’Simplification administrative, souwuel um kommunalen Niveau wéi och um nationalen. Do fuerderen d’Bierger an d’Betriber, datt déi administrativ Laaschten erof gedréckt ginn. Wéi wëllt Dir dat upaken, ouni awer d’Biergerrechter a Fro ze stellen?

Dan Kersch: Zu Recht froen se dat. Ech mengen d’Bierger froen zu Recht, datt mir mussen ufänken endlech ofzebauen mat deem bürokrateschen Onsënn dee mir an deene leschte 15, 20, 25 Joer opgebaut hunn. Ech mengen mir haten als dëst Land, als Lëtzebuerg ëmmer vis-à-vis vum Ausland e rise Virdeel, dat war dee vun de kuerze Weeër, et konnt een um sougenannte kuerzen Déngschtwee, ech weess zwar net wien dat Wuert eng Kéier formuléiert huet, mä jiddweree weess wat domat gemengt ass, eng ganz Rei vu Problemer aus der Welt schafen. Dat ass haut net méi méiglech. Wann ech elo kucken an där kuerzer Zäit, an där ech Minister sinn, kann ech net einfach engem Ministerkolleg uruffen a soen, hei komm dat dote maache mir elo sou. Jiddwereen hält sech bedeckt a seet, ech muss awer mol fir d’éischt meng Servicer froen, ech muss hei froen, ech muss do froen, alleng dat weist schonn, datt mir krank sinn. An et ass keen Zoufall, datt d’Réforme administrative, an d’Simplification administrative elo ënnert engem Hutt vereenegt ginn ass. Et ass och keen Zoufall, datt d’Fonction publique an den Intérieur, deen awer direkt do mat drunhänkt, duerch d’Verwaltung vun de Gemengen oder duerch d’Tutelle iwwert d’Gemengen vun engem eenzelne Minister déi zwee Departementer kritt huet. Ech mengen do war schonn eng gewëssen Iddi dohanner nach verstoppt fir dat zesummen ze féieren. An ech hu mat där klenger Cellule déi ech do zur Verfügung hunn eng ganz Rei Iddien am Kapp wéi mir kënnte viru goen. Mä och do gehéiert et zu menge Geflogenheeten net einfach no vir ze stiermen, mä mir mussen natierlech mat deenen Departementer, mat deene Ministerkollegen déi direkt betraff sinn Léisunge fannen am Konsens an ech sinn iwwerzeegt, datt mir do ganz séier gefuerdert wäerte ginn. Net méi spéit wéi d’nächst Woch wäert de Conseil de gouvernement iwwert d’Zesummesetzung vun där Mission interministérielle diskutéieren. Ech soen net e wäert eng Décisioun huelen. Ech hu gesot e wäert driwwer diskutéieren an da wäerte mir ufänke mat schaffen. An sou wéi et och virgesinn ass am Koalitiounsaccord wäert déi Missioun all Mount de Ministerrot dann och musse Rechenschaft ofleeën iwwert dat wat se gemaach hunn. Ech kann Iech soen, datt am Moment an där Cellule de facilitation déi viru kuerzem jo gegrënnt ginn ass 12 wichteg Dossieren do sinn déi opgrond vun administrative Bloquagen net viru kommen. 12 wichteg Dossieren fir eist Land wou ganz vill Suen drun hänken, wou ganz vill Aarbechtsplazen drun hänken an dat wäert deen éischten Domaine sinn wou dës Regierung sech wäert ganz schnell domat ausernaner setzen.

Carole Schimmer: Am Wunnengsbau gëtt jo dacks gesot, datt ee vun der Wiss bis hin zum Bau 10 Joer brauch. Wéi laang soll et an Ären Aen an e puer Joer lo daueren?

Dan Kersch: Dat ass natierlech eng léif Fro. Ech géif Iech elo soen a mengen Aen dierft et net méi laang wéi 1 Joer daueren, mä sot awer elo net herno zu mir de Kersch huet gesot an Zukunft dauert et nëmme méi 1 Joer, well ech weess ganz genau, datt dat net wäert méiglech sinn.

Carole Schimmer: Ma dach.

Dan Kersch: Mä ech wäert mäi Bescht maachen, datt mir déi Délaien verkierzt kréien. Dat huet dann och eppes domat ze dinn, datt mir mussen eis iwwerleeën, ob mir net ze wäit gaange sinn a verschiddene Reglementatiounen. Ech denken elo mol direkt un d’Étude préparatoire vun engem PAG, do gëtt een alles an erëm säi Contraire gefrot. Dat ass fir deen een oder anere Büro vläicht ganz interessant, well en alles muss bis an den Detail analyséieren, mä et ass laangwiereg an et muss ee sech froen wat bréngt et herno an der Prozedur an ass deen Opwand dee mir do bedreiwen wierklech nach en Fonctioun vun deem wat eraus kënnt. Alles dat si Saachen déi mir mussen op de Leescht huelen. Dat mécht een net vun haut op mar an ech kann och hei kee formellt Engagement ginn wéi laang, datt et an der Zukunft wäert daueren. Et wäerten eng Rei vu Projeten ginn déi séier ginn an et wäert eng Rei ginn déi nach ëmmer méi laang wäerten daueren, well do einfach d’Situatioun méi problematesch ass. Ee Projet ass och ni d’nämmlecht wéi een aneren, och dat muss een zouginn an agesinn, mä mir sollten awer probéieren eis Reglementer a Gesetzer esou ze maachen, datt jidderee weess, au début wat en ze erwaarden huet, wat e muss maachen an et ass och dat wat d’Leit vun eis erwaarden. D’Leit erwaarden net vun eis, datt mir ufänke mat zauberen, mä d’Leit erwaarde vun eis, datt mir dat wat de gesonde Mënscheverstand seet, datt mir dat och ëmsetzen.

Carole Schimmer: Här Kersch Dir hutt vun där interministerieller Missioun do geschwat. Soll d’Zivilgesellschaft dann net do mat agebonne ginn, well zum Beispill de Mouvement Ecologique ass jo ëmmer duerfir, datt een d’Rechter vun de Bierger net soll kierze bei de Prozeduren. Dat ass jo eng grouss Gefor bei där ganzer Prozedur. D’Simplificatioun.

Dan Kersch: Also, ech mengen och do ass de Regierungsprogramm ganz kloer. D’Simplificatioun vun de Prozeduren bei Bewahrung vun de Biergerrechter. Méi wëll ech zu deem Thema do net soen. Dir hutt mir gesot virdrun, ech misst kuerz Äntwerte ginn, Dir stellt mir awer ëmmer ganz komplizéiert Froen.

Carole Schimmer: Mä, eng ganz einfach Fro, d’Zivilgesellschaft soll déi net mat an dee Grupp do abezu ginn, oder?

Dan Kersch: Also, am Moment ass et jo esou, datt bei enger Prozedur, fir bei deem Beispill vu Wunnengsbau ze bleiwen, d’Zivilgesellschaft oder d’Bierger eng ganz Rei vun Asprëchsméiglechkeeten hunn. D’Gemenge si gehalen an all PAP eng ëffentlech Sitzung ze maachen, d’Leit ze informéieren an ech mengen, datt mir déi Rechter vun de Bierger awer de loin respektéieren. D’Zivilgesellschaft, ech misst jo elo d’Géigefro stellen, wien ass dann d’Zivilgesellschaft, wie gehéiert dozou, wie gehéiert net dozou? Wou sinn d’Critèren, fir datt een dierf dozou gehéieren, fir datt een net däerf dozou gehéieren? Dat ass jo sou ee Begrëff, sou een Uewerbegrëff mat deem ganz vill politesch operéiert gëtt, mä deen awer ni definéiert ginn ass. Fir mech ass d’Zvilgesellschaft d’Bierger an d’Biergerinnen déi zu dësem Land gehéieren an déi sollen alleguerte kënnen hiert Wuert matschwätzen. Mä ech soen et nach eng Kéier, no all Diskussioun muss eng Décisioun kommen. Ech mengen ech si wierklech een dee gären diskutéiert, mä no engem gewëssenen Diskussiounsprozess dee soll do sinn, nodeem datt d’Argumenter alleguerten um Dësch sëtzen, muss een do sinn deen eng Décisioun huelt. Et gëtt dee flotte Sproch, et muss een do sinn deen der Kaz d’Schell undeet. Dat ass awer an dësem Moment op ville Plazen de Buergermeeschter, respektiv de Gemengerot. Op dem Niveau vum Staat ass et dann eben de Minister, respektiv d’Regierung. Datt dat ëmmer wäert zur Kritik Ulooss ginn, dat gehéiert zu eisem demokratesche System an dat ass och gutt sou.

Carole Schimmer: Här Kersch Dir hat virdru vu Rumeurë geschwat. An de leschten Deeg ass jo vill iwwert d’Benotze vum Déngschtauto fir Privatreesen diskutéiert ginn.

Dan Kersch: Ech wosst, datt déi Fro géif kommen.

Carole Schimmer: Genau, Dëst ass am Deonotologie-Kodex fir d’Regierungsmemberen expressis verbis erlaabt. Benotzt Dir Ären Déngschtauto dann och privat?

Dan Kersch: Jo, selbstverständlech, besonnesch privat, well ech mech un deen Deontologie-Kodex wou Dir elo gesot hutt, och halen. Ech hunn dat expressément - ech ginn dovunner aus, datt déi aner Regierungsmemberen dat och gemaach hunn - gefrot, wéi ass mat deem Déngschtwon hei ze handhaben. Deen Deontologie-Kodex deen Dir ugeschwat hutt, ass vun der vireschter Regierung verabschied ginn, en ass och ëffentlech virgestallt ginn. Zu deem Moment huet keen eppes drun auszesetze gehat. Ech sinn allerdéngs der Meenung, datt d’Leit dobaussen e Recht drop hunn, solle wëssen wat d’Ministeren däerfen a wat se net dierfen. An de 5. Dezember, also laang virun där Affär déi mir elo des laangen an des breeden hei diskutéiert hunn, huet de Ministerrot décidéiert, datt deen Deontologie-Kodex deen elo do ass, datt deen am Moment muss ugewannt ginn, well mir keen aneren hunn, mä datt en net wäit genuch geet, datt en net duer geet an datt mir duerfir wëllen an d’Richtung goen vun engem Minister-Gesetz. Ech mengen, datt dat am Intérêt vum ganze Land ass. Engersäits vun de Leit, déi e Recht drop hunn fir ze wëssen wat e Minister verdéngt, wat en och doriwwer eraus vun anere Privilegien huet, awer och soll wëssen wat e Minister vun Aufgaben huet. Ech sinn och mat allem averstanen wat do an deem Gesetz wäert stoen an ech wäert Iech och elo scho soen, datt ech mech wäert Punkt fir Punkt, dorun wäert halen. Et ass am Intérêt vu jiddwerengem. Et muss kloer gestallt ginn wat däerf een a wat däerf een net. Ech perséinlech hätt kee Problem domatter wa meng Verméigensverhältnisser géifen transparent ginn.

Carole Schimmer: Och vun Ärem Partner? Vun Äre Partner oder vun anere Leit déi an Ärer Famill dann oder an Ärem Stot da liewen?

Dan Kersch: Also do musst Dir mäi Partner froen, ech si weder mat mengem Partner bestuet, nach mat ëm an engem Partenariat, wien ass da mäi Partner. Am Moment ass dat ganz kloer, do stinn ech och dozou an ech wäert dat och sou séier net änneren, mä ech weess awer, datt et vill Leit gëtt déi vill Partner hunn. Wéi ass et da bei deenen? Ech mengen et kann een alles wäit dreiwen. An et muss een och wëssen, ech hunn zum Beispill héieren en Deputéierten viru kuerzem soen, d’Ministere sollen sech net abilden si wieren eppes Besseres a si wieren 24 Stonnen am Déngscht. Dach mir sinn als Minister 24 Stonnen am Déngscht. Ech ka mir net virstellen - iwweregens ech hunn mir dat schonn als Buergermeeschter net konnte virstellen - ech hu mir net konnte virstellen an eng Vakanz ze goen an dann ze maachen wéi wann ech net méi op der Welt wär. Wann ech an eng Vakanz gaange sinn, dat hunn ech als Buergermeeschter gemaach, dat maachen ech och als Minister, dann huelen ech meng Dossieren mat, da ruffen ech all Dag un, op menger Gemeng, elo am Ministère. Ech kucke meng Mailen an dat gehéiert dozou. Ech ka mir jo net virstellen als Minister, deen awer trotzdem eng gewësse Verantwortung dréit hei fir d’Protection civile, fir d’Pompjeeën, d’Land einfach leien ze loossen a mar geschitt eppes an ech sëtzen an der Vakanz um Strand. Ech géing gär wëssen wat da lass wär hei am Land. Also duerfir ganz kloer. Fir mech heescht dat, esou een Amt unhuelen, heescht dat eng Rei vun, eng gutt Pai, déi hu mir, et soll och jiddweree wëssen wat dat ass, kee Problem domatter. Wéi gesot, ech hunn och kee Problem meng perséinlech Verhältnisser opzeleeën, ob ech soll menger Partnerin hir opleeën, dat weess ech net, dat misst ech da mat hir schwätzen ob si dat wéilt oder net, mä mir mussen där jo zumindest d’Méiglechkeet ginn, ze soen nee dat do wëll ech net an da wëll ech déi Bezéiung net méi, ob ee sou wäit muss goen dat wëll ech zu dësem Zäitpunkt net soen. Mä fir mech ass kloer, ech si 24 Stonnen am Déngscht an ech halen och drops. Wann ech dat net méi däerf, da wëll ech net méi Minister sinn.

Carole Schimmer: Mä zum Beispill beim Auto, soll een do eigentlech de Privatgebrauch nach ëmmer erlaben oder net?

Dan Kersch: Wat ass da Privatgebrauch Madame Schimmer? Wann ech elo bei Iech kommen hei an als Minister Iech hei Ried an Äntwert stinn an ech fueren duerno an den Auchan, sinn ech dann nach am privaten Dengen oder muss ech elo vun hei aus Heem fueren an dann e privaten Auto huelen, wou ech da keng Garage fir deen heiten hunn, also et kann een jo wierklech alles ganz wäit dreiwen, wann ee wëll. Ech sinn domat averstanen, datt ee seet, hei, et ass jo eng Idee elo opkomm, ech hunn domat kee Problem, komm mir besteieren dat, sou wéi dat am Privatsecteur ass, da gëtt et keng Discussioun méi, dann ass dat transparent, da weess jiddereen wou en drun ass. Ech géif allerdéngs do virdru warnen fir eis elo, wierklech eng Juegd op eis ze maachen, a jiddereen, ech hunn elo scho matkritt, datt Privatfotoen, déi op Facebook waren vu menger Partnerin, wëll Dir dat elo ugeschwat hutt, vun hirem Kand, dann elo an enger Zeitung sinn, ech muss Iech soen, ech fannen dat net an der Rei an ech leiden och dorënner. An ech muss Iech soen, ech kann dat och nach iergendwou nach verdroen, mee ech weess awer datt meng Partnerin dorunner ganz ganz vill knat.

Carole Schimmer: Da schwätze mir net méi doriwwer. Souwisou ass dës Émissioun “Riicht eraus” elo eriwwer. An Dir hutt et héieren. Invité haut war den Dan Kersch, Inneminister an och zoustännege Minister fir d’Fonction publique. Merci Här Kersch, dass Dir komm sidd.

Dan Kersch: Et ass gär geschitt.