Présentation du projet de budget 2014

Discours – Publié le

"De Fait datt et wirtschaftlech besser géet soll eis jo nëmmen net derzou verleeden ze mengen, datt een elo an der Sanéierung vun den Staatfinanzen naïcht méi bréicht ze maachen. Grad de Contraire ass wouer. Et ass wa Wuestum do ass, dat ee ka spueren ouni dem Land seng Economie zevill ofzebremsen. D’Regierung huet d’Urgenz vum Equilibrage vun eisem Budget vun Ufank un erkannt an et zu engem vun den Kaerpunkten vun hirem Programm ageschriwwen."

Här President,

Dir Damen/Hären Deputéiert,

Léif Kollégen aus der Regierung,

Dir Damen an Dir Hären,

Et ass eng grouss Freed mee och eng Erausfuerderung fir Iech haut zur Occasioun vum Dépot vum Budgetsgesetz dës Kaderried ze maachen.

Et ass ewéi gewosst meng éischt Ried an dësem Kontext wann é vun dém Gesetz iwwert den douzième provisoire ofgesäit wat ech leschten Dezember hei an der Chamber verteidegt hun an wat och mat grousser Majoritéit ugeholl gin ass.

Den Zaïtpunkt ass jo ganz aussergewéinlech well  - wéinst de Walen vum 20.Oktober 2013 - de ganze Prozess vum Budget fir 2014 verspéit ginn ass.

Elo ass et sou waït an no intensiver Aarbecht huet d’Regierung dëse Budget, dén an dësem décken Dokument beschriwwen ass, ofgefaerdegt.

Fir d’Anecdote well ech Iech drop opmierksam maachen, dass dëst Joër 80% manner Copië vun dësem Buch gemaach gi sin, aus Spuergrenn bien-sûr, mee och aus Environnementsgrënn natirlech. D’Dokument ass also vun de Mëtten un och um Site vun der Regierung ze fannen. Wann Dir also en Exemplar hutt, halt et ganz no bei Iech, well et ass e raart Stéck.

E Budget ass ëmmer ee Reflet vu ganz villen Aspekter, mee am grousse Ganzen haaptsächlech ee Cocktail vun zwou Donnéen, an zwar di finanziell an économesch Laag vun engem Land, an eng Zesummefassung vun der Finanzéierung vun der Regierungspolitik.

Virun datt ech Iech d’Konjunktur vu Lëtzebuerg beschreiwen, muss een d’Weltwirtschaft an d’Eurozone fir d’éischt kucken. Do stellt ee fest datt d’Zéche méi op gring stinn, souwuel fir Amerika wéi neierdéngs och fir Europa an och d’Eurozon. D’Schwellelänner, déi d’Weltwirtschaftskris besser an vill méi schnell iwwerbréckt hun, fänken un e bësse méi lues ze wuessen, well d’Liquiditéiten an d’Capitaler no sëchere Plazen an den USA an bei ons an Europa sichen.

Dëst gesot, bleiwt China mat enger Croissance em 7% nach emmer d’Weltlokomotiv zesummen mat den USA wou d’Croissance däitlech iwwer 2% laït.

D’Kommissioun seet och datt d’Eurozone endlech aus enger laanger Letargie erauskënnt. An d’Zeeche vun engem Opschwong, wann och begrenzt am Emfang, an och net generaliséiert no de Länner, ginn vun Trimester zu Trimester méi kloer.

D’Croissance an der Eurozone wor négativ 2013 (-0,4%) a kéint 1,3% am Joer 2014 erréchen.

D’Boursen si säit 2012 vill geklommen, wat den Ausdrock vu méi grousser Konfienz ass. Den Zënstaux vum Euro ass nach ëmmer ganz niddreg, en fait am allerniddregsten an der Geschicht, em 0,1%, an trotzdem gëtt et Länner wou de Kredit net liicht ze kréien ass. L’Leetzënsen am long terme sin vun 2,9% am Joer 2013 op 3,2% geklommen, wat weist datt de Risk vun Deflatioun vum Marché net iwerbewäert gëtt.

Zu Letzebuerg ass d’Croissance och laang en panne bliwen an erréicht an der Mëtt vun 2013 huet onsd Land de selwechten Wuelstand errécht wéi virun der Kris. Eise PIB huet also op 5 Joer gesinn stagnéiert.

Dofir ass d’Noriicht, datt d’Croissance am Joer 2013 reëll + 2,2% soll gewiecht sin, e gutt Resultat. Fir 2014 gëtt souguer vum Statec mat 3,2% gerechent. Dat ass bal 1 Prozent méi wéi dat wat d’Kommissioun virgesaït, déi traditionnell fir Lëtzebuerg e méi pessimistesche Rechnungsmodell huet.

Den Emploi ass 2013 em 1,7% geklommen a misst dëst Joer nach méi wuessen, an zwar 1,9%  -  domat hätten mir dann zu Lëtzebuerg méi wéi 390.000 Aarbechtsplazen. An trotzdem wärt de Chômage weider wuessen an de lëtzebuerger Paradox nach eng Kéier an Evidenz setzen.

De Chomâge géng vun 6,9% am Joer 2013 op 7,3% dëst Joer klammen.

D’Inflatioun hält sech a Grenzen a geet vun 1,7% am leschte Joer op 1,5% zeréck.

All dës Zifferen sin déi läscht déi disponibel sin a kënnen och den Impakt vun dësem Budget, dé jo é Spuerprogramm beinhalt, nach net aberechnen. Dës Calculen geschéien an deene nächste Wochen.

De Fait datt et wirtschaftlech besser géet soll eis jo nëmmen net derzou verleeden ze mengen, datt een elo an der Sanéierung vun den Staatfinanzen naïcht méi bréicht ze maachen. Grad de Contraire ass wouer. Et ass wa Wuestum do ass, dat ee ka spueren ouni dem Land seng Economie zevill ofzebremsen. D’Regierung huet d’Urgenz vum Equilibrage vun eisem Budget vun Ufank un erkannt an et zu engem vun den Kaerpunkten vun hirem Programm ageschriwwen.

Als Finanzminister wollt ech, datt mer am Joer 2014 impeccabel finanziell do stin an d’Critere vum Stabilitéitspakt anhalen. Dat ass ons och gelongen. Dat ass essentiell, well mir wëssen dat 2015 d’Abriechen vun der TVA vum Commerce électronique ons aus der gesonder Bunn waert werfen.

Datt dëst Ewechfalen geng kommen ass schon saït 2007 gewosst, an et ass bedauerlech, datt bis op d’allerlescht gewaart ginn ass, a keen Deel vun dësen dach gewaltege Recetten op d’Saït geluecht ginn ass. Dëst wier ideal gewiecht fir ee Souveränitéitsfong fir Lëtzebuerg ze schaafen. Duerfir gëtt de Schock 2015 ganz grouss woubäi kee genau wees, ob d’Entreprisen déi am E-Commerce zu Lëtzebuerg sinn, wärten d’nächst Joer eise Guichet unique ausnotzen. An wann se dat och maachen, kann maximal een Drëttel vun hiren TVA-Recetten gerett gin.

De Verloscht kéint zwëschen 600 Mio Euro an 1,1 Milliarden Euro leien.

Dat sin zwëschent  4,9% an 9,1% vun eisen Recetten!!

Kee Land kann esou eng Situatioun liicht riitbéien. Och Lëtzebuerg net. Duerfir ass et em sou méi wichteg, 2014 ee Musterschüler ze sinn. Dat hu mir mat der kuerzer Zaït di gi war, an mat der Onméiglechkeet, d’Gesetzer séier ze änneren, gutt hikritt.

Duerfir geng ech soen dass dëse Budget ënnert dem Zeeche vun Europa a vun der Responsabilitéit laït.

Dës zwee Punkte waert ech an mengem Exposé verdéiwen.

Dén éischten Deel gëtt sech mat der Problematik vum Respekt vun den europäeschen Kritäre fir de Budget of a waert weisen och un Hand vun Graphiken, wéi mir 2014 eist Ziel erreechen, an zwar ouni di gewossten TVA Erhéigung, déi net an dëse Budget intégréiert ass.

Am 2.ten Deel gin ech op déi Spuermoossnamen an, déi d’Regierung geholl huet, fir e politesch responsable Budget hinzekréien.

Deel I:

E Budget mat europäeschem Stempel

Als Resultat vun der graver Kris déi d’Welt an en particulier d’Eurozone getraff huet, sin op europäeschem Plang vill Mesure geholl gin, fir d’Finanzen vun den europäesche Länner ze stabiliséieren.

Déi wichtegst sin a verschiddenen Traiteen festgehal gin an hun de Pacte de stabilité et de croissance verstaerkt. De läschte Pilier vun dëser Reform befënnt sech am Gesetz dat den Traité budgétaire, och nach genannt „ Fiscal Compact“, ëmsetzt a wat glaïch hei am Parlament waert déposéiert gin.

Dës Mesuren alleguerten, sou wéi den Tryptique vun der Bankenunioun dén och amgaangen ass faerdeg négociéiert ze ginn, hun et jo faerdegbruet datt ërem Rou an Zouvertrauen an d’Eurozone komm ass. Et ass duerfir extrem wichteg, datt d’Länner vun der Eurozone alles maachen fir d’Parameteren oder anescht gesoot, Criteren vun Europa anzehalen.

Den 15. November 2013 huet d’Kommissioun en avis ofgin iwert den Budget déen die virecht Regierung agerécht hat. Dat war eng Zort technechen Budget, an zwar à politique constante, wou d’Kommissioun festgestallt huet datt den Défizit vun der Administration publique, also vum Lëtzebuerger Staat, op -1% nominal vum PIB ging falen an datt d’Dépensen vum Staat géngen méi séier klamme wéi vun der Komissioun recommandéiert wier.

Am Europäesche Jargon gouf gesot dat ee Risiko geng bestoen dat  Lëtzebuerg net conform wär mat der Trajectoire d’ajustement fir d’Ziel à moyen terme ze erreechen.

Duerfir huet déi nei Regierung missen ee Spuerpak adoptéieren deen ech spéider an der Présentatioun waert erklären.

Den Spuerpak beleeft sech op méi wi 230 Milliounen Euro.

Wéinst der Wichtegkeet vun den europäesche Reegelen, déi jo iwwert eise lëtzebuerger Gesetzer stinn, musse mir eise Budget haaptsächlech no de Bréisseler Reegelen opstellen an analyséieren, an duerfir fänken ech mat dëser Présentatioun un.

Déi méi geleefeg „administrativ“ Présentatioun vum Budget no de Comptabilitéitsrégelen vum Gesetz vun 1999, déi vum Parlament gestëmmt gëtt, wäert ech méi zum Schluss kuerz analyséieren, mee si ass net aussokräfteg wéi di europäesch déi folgendermoossen ausgesaït.

Wéi een um Tableau 1 ka feststellen gëtt et dräi Manéieren de Budget vum Staat ze kucken. Dee grénge Krees weist d’Dépensen an d’Recetten vun der Administration publique, dé besteet aus der Somme vun der Administration Centrale, vun de Gemengen an vun der Sécurité sociale. Fir d’Joer 2014 gëtt dat e Resultat vu 100,3 Milliounen euro, oder en excédent nominal vun 0,2% vum PIB. Domat erreecht Lëtzebuerg säin objectif de moyen terme no den EU Regelen fir 2014.

Dat ass dat bescht Resultat zanter dem Ufank vun den Auswierkungen vun der Welt-Finanz-Kris am Joer 2009. Domadder erreecht Lëtzebuerg säin mettelfristegt europäescht Ziel fir de Budget.

Op dem Tableau 2, gesait een gutt, wéi déi blo Linn endlech 2014 iwwert déi roud vun den Dépensen ugelaangt.

Aus dëser Erkenntnis kéint é jo schnell schlussfolgeren dat zu Lëtzebuerg erëm alles an der Rei ass. Dat wier awer e grave Feeler an dat gesaït een wann een de roude Krees kuckt, vun der Administration centrale, well do huet Lëtzebuerg séng grouss Budgetsproblemer.

Trotz dem Spuerpak vun iwwer 230 Milliounen Euro sinn ons Dépensen am Staat no dem europäeschem Emfang nach vill ze héich. Den Ecart tëscht der rouder a bloer Linn gëtt zwar méi kleng, mee en ass nach ëmmer significativ wéi een dat am Tableau 3 gesäit. Déi Milliarden déi Lëtzebuerg saït 2008 huet misse léinen, hu genotzt fir dëst Lach ze finanzéieren. An dëst Lach ass dat wat 2015 erëm vill méi grouss gëtt wéinst dem Ewechfalen vun engem groussen Deel vun der TVA um Commerce électronique, wat natierlech erklärt firwat d’Préparatioun vum Budget 2015 ganz schwéier gëtt.

Am Tableau 4 gesaït ee gutt wéi di verschidden Katégorien vun Dépensen a Recetten klammen.

En plus well ech ennerstreichen dat nach nie saït 2007, d’Dépense vum Staat esou lues geklommen sinn, an zwar nëmmen em 3,5%, wéi mir dat um Tableau 5 gesinn.

Als Resultat kréie mir e positiven Schéier-effekt dee natierlech d‘Konsequenz ass vun der Réductioun vum Défizit, dee vun -726,1 mio euro op -545,1 mio euro erofgeet. Dat ass eng Verbesserung vun 181 mio euro. Dat Resultat ass exclusiv op déi Spuermoossnamen zeréckzeféieren déi d’Regierung beim Staat selwer virhëllt, wat jo och dem Regierungsprogramm entsprecht.

Fir also déi virdrugenannten Zifferen an en Zesummenhang ze sëtzen an e Gesamtbild ze hun, ass et am einfachsten déi Tableauen 6 a 7 ze kucken. Hei gesin mir dat e liichte Surplus am Gesamtstaat (Administration publique) d’Resultat ass vun engem Iwwerschoss vun der Sécurité sociale  an deem eben genannten Défizit vun 545,1 mio euro bei der Administration centrale. Ze notéieren ass, niewt dem reegelméissegen Equiliber vun de Geméngen, datt den Excédent vun der Sécurité sociale ëmmer méi erofgeet. Dësen Excédent ass och net duerfir do fir dem Staat saïn Defizit ze decken, mee ass wéi gewosst do fir eis sozial Versecherung an haptsächlech d’Pensiounen ze finanzéieren. Wann d’europäesch Regelen dës zwou Komponenten zesummenzielen dann as dat nemmen fir ons Finanzlag besser ze beurtélen an ze beschreiwen. Ech well och hei bemierken das dësen Excédent vun der Sécurité sociale ëmmer méi wärt schmelzen, an dat Experten sech eenz sinn, dat Letzebuerg do e strukturellen Problem kritt.

Et soll een sech also net mat dem liichten Surplus vum Gesamtstaat Illusioune machen, well et bleiwt nach emmer een Defizit bei der Administration Centrale vun 545,1 Millionen Euro.

II. De Spuerpak fir en responsabele Budget.

Spuermesuren sin inevitabel fir 2014 well mir jo wëssen datt mir 2015 sëcher ausser der Bunn geroden, well mir den TVA Verloscht jo net kënnen an engem Coup opfänken.

D‘Régierung huet duerfir de Spuerpak esou fisseléiert, datt en équilibréiert ass, dat en kann séier emgesat gin, well mer elo jo schon am März sin, an de Budget eréischt am Mee a Kraaft trëtt. Eng aner Contrainte bestong do dran, datt d’Reductiounen hu missen mat enger Ausnahm « à législation constante » gemaach gin.

Aanescht ausgedréckt konnten d’Ofstrëch nemmen do gemaach gin wou d’Gesetzer net hu missen ofgeännert ginn, wat natierlech net vill Sputt léisst. En fait kann é kuerzfristeg haptsächlech op den Funktionnementskäschten an den Investitiounen agéieren. Déi maachen awer nëmmen respectif 7,1% vum ganze budget aus fir d’Fonctionnementskäschten, an 10,9% fir d’Investissementer, wéi éen dat um Tableau 8 gesäit.

Ech well och erviersträichen welch déi grouss Bléck vun den Dépensen vum Staat sin sou wéi én dat um Tableau gesäit. Den déckste Block ass dén vun den Transferen un der Sécurité sociale mat 26,1% (dén dest Jahr em 3,0% wiest) gefollegt vun den Rémunéraitounen mat 20,6 %. Duerno kommen schons di direkt an indirekt Investissementer (10,9%), d’Transferts aux ménages, un den konventioneierte Secteur an un d’Ausland, déi 10,7% ausmachen. D’Prestations sociales (chômage, RMG)  (9,9%) an d’Transferts de revenus un d’Gemengen (8,0%).

D’Gesamttransferts’en un d’Gemengen klammen ëm méi wi 11% oder 140 Milliounen par rapport zum Budget 2013 (dovunner 100 Milliounen alleng fir den Fonds communal de dotation financière (FCDF)), esou datt d’Evolutioun vum Impôt commercial communal (ICC), dén 2014 e bëssie reckléfeg ass, méi ewéi opgefaang gët.

Déi Réductioune di mer an den Funktionnementskäschten an an den Investitiounen gemaach hunn, sin an engem ganz kuerzen Zeitraum ausgeschafft gin vun ongeféier 2 Méint, an ech géng gaeren hei menge Kolleegen Ministeren an hiren Equipen Merci soen fir hiren Asaz an d‘Flexibilitéit déi ech an de Réunions bilatérales am Februar konnt verspieren.  Dat selwecht gëllt fir d’Inspection générale des Finances, déi an de läschten Wochen wirklech oft Dag an Nuecht geschafft huet. Et ass en fait esou, datt an kierzester Zaït ee neie Budget an e puer Wochen opgestallt gin ass, wou ee soss en halleft Joer dofir huet.

Mee d’Endresultat ass e Gutt, an d’Erspuernisser sin folgendermoossen:

- D’Investissements directs sin ëm 86,5 Milliounen reduzéiert gin, an déi indirekt em 50,7 Milliounen, sou dat d’Investissementer au total ëm 137,2 Milliounen reduzéiert gin.

Domat investéiert de Staat nach ëmmer 1.618 Milliounen  am Joer 2014 wat am Internationalen Verglach ganz héich ass. An der EU war de rapport vun den Investissementer zum PIB an der moyenne 2,3% am Joer 2012 an zu Letzebuerg 3,8%.

Den zweete Spuereffort ass an de Fonctionnementskäschten vum Staat geschitt. Dobei well ech erfirstraïchen datt dës Käschten déi sin, déi dem Staat erméiglechen seng Dingschter ze léschten. Andém et gelongen ass dës Dépensen ze reduzéieren, gëtt de Staat méi efficace, well un de Léschtungen gëtt wuelgemierkt naicht gespuert.

Zu de Fonctionnementskäschten gehéieren : Frais de bureau, Rees an Openthaltskäschten, Exploitatiounskäschten vun de Gebaïer, d’Experts dépensen, fir déi  Haptpunkten ze zitéieren.

E puer exceptionnell Consommatiounsdépensen sinn ausgeschloss ginn, well se just spéziell fir d’Joer 2014 ufalen (wéi zum Beispill d‘Käschten vun der Présidence vun der EU déi Lëtzebuerg am Joer 2015 iwwerhëllt an déi schon 2014 muss preparéiert gin). Déi Käschten belaafen sech am Johr 2014 op 16 Milliounen (Fonctionnement, Personal an Equipementsskäschten), mé den Total vun de Käschten, dén um Änn vun der Présidence ufällt, wärt e Stéck ënner dénen vun der läschter Présidence (vun 2005) leien. Dat selwecht gëllt fir d’Dépensen déi vun der virechter Regierung décidéiert goufen, awer net als Käschtepunkt an den Budgetsprojet agefloss waren, wéi zum Beispill d’Finanzéierung vum Staat vun engem méi groussen Undeel un de Käschten vun der Promotioun vun der Finanzplaz. Dëse läschte Punkt gëtt mir d’Geleeënheet ze soen, dass déi Décisioun vun der virechter Regierung fir méi fir Promotioun vun der Finanzplaz ze maachen, vollkommen ennerstëtzt gëtt vun der neier Regierung. Dat emsou méi wou d’Finanzplaz, déi zwar 2013 gudd Resultater agefuer huet, awer an deene läschte Joeren sech vill huet missen adaptéieren, an dat d’Reegelungen an Zukunft fir de Secteur financier nach just waerte klammen. An esou engem Moment ass et d’Roll vun der Regierung, dem Haaptsecteur vun eiser Wirtschaft esou gutt wéi méiglech baizestoen. An dat machen ech dëst Joer an och an d’Zukunft als Minister dee fir d’Promotioun vun der Finanzplaz zoustänneg ass.

D’Informatikskäschten sinn och aus deem Calcul erausgeholl gin well dëst ee prioritären Investissement ass deen och an Zukunft Käschte spuert an d’Efficacitéit an d’Luucht dreiwt. Den Effet gesinn mir och schon am Budget vun dësem Joer wou d’Personalopstockung reduzéiert ginn ass. Schlussendlech ass et der Regierung gelongen déi Fonctionnements-Käschten em 8,5% ze reduzéieren, wat ganz nô um Ziel vun 10% ass dat mir ons fixéiert haten.

Wat do gespuert ginn ass correspondéiert ongeféier zu 50 Milliounen euro vum Total vun de Fonctionnementskäschten déi sech op ongeféier 589 mio Euro befannen.

Dat war keen einfachen Exercice an ech geng gaeren ënnerstraïchen, datt souwuel de Staat au sens strict, wéi och d’Services à gestion séparée, d’Etablissements publics, d’Spezialfongen souwéi d’Institutiounen, (de Palais, d’Chambre des Députés an de Conseil d’Etat), all hir Contributioun gemaach hun.Een aneren weesentleche Punkt wou nei Paraméteren gesat gi sinn, ass d’Nei Astellunge beim Staat. Hei well d‘Regierung fir 2014 d‘Zuel vu de Neiastellungen am Budgetsgesetz op 150 limitéieren. Dat ass manner wéi d’Halschent par Rapport zu 2013 (wou 320 Leit virgesin goufen).

D’Erspuernisser leien hei bei ongeféier 9 Mio Euro. Den Tableau 9 weist wéi raisonabel d’Astellungspolitik sech fir 2014 positionnéiert.

Schlussendlech well ech nach ob déi ganz rezent Initiativ vun der Regierung agoen am Domaine vun de Subventiounen fir d’Studenten. Do huet d’Regierung den 28 Februar 2014, also d’läscht Woch, e neie Projet de loi ugeholl deen elo imminent déposéiert gett hei am Parlament, an deen eng Reform virgesaït déi batter néideg wuar. Wier nämlech naischt geschitt, wären déi Käschten fir d’Studenten am Joer op 178 Mio Euro geklommen, haaptsächlech wéinst dem Arrêt vun der Cour europeenne de Justice, déi d’Studentenbäihëllefen och op d’Kanner vun der Frontalier‘en ausdehnt.

D’Regierung huet elo en neien équilibréierte Pak ausgeschafft, dee nach ëmmer ee vun deene géneréisten ob der Welt ass, mee deen der Réalitéit besser ugepasst ass. Mat dem neie Gesetz wat fir September 2014 a Kraaft waert trieden gi 35 Mio Euro gespuert.

Am Total sin also d’Economien déi mir och zu Bréissel mellen folgend:

137,2 + 50 + 9 + 35 = -231,2 mio.

D’Resultat vun all deem ass datt ons Dépensen am Joer nëmmen em 3,5% an d’Luut gin, wat ënnert dem Referenzwärt vum Pacte de Stabilité vun 3,8% ass.

D‘Conclusioun déi sech hei ergëtt ass datt d’Regierung hei wollt kee Risiko huelen, an ob jidder Fall an der Norme vun der Kommissioun well leien.

Et muss nämlech gewosst sin dass de Budget deen d‘Regierung haut hei déposéiert glaïchzaïteg ob d’Commissioun geschéckt muss gin.

Mir mussen also de Maximum maachen, fir mat onser heiteger Virlag vum Budget richteg ze leien.

An d’Regierung ass zouversichtlech dass dat hei de Fall ass, wat also heescht, dass dëse Budget mat Responsabilitéits-Bewosstsin obgestallt ginn ass.

An dëser Hinsicht ennersträicht dëse Budget och déi ëmweltpolitesch Komponent vun der Regierunspolitik an dat besonnesch am Beräich vum Transport an der Mobilitéit. D’Mobilitéit ass eng grouss Erausfuederung fir eis alleguer an dat besonnesch well mir an engem Land wunnen an déem d’Zuel vun den Awunner ganz schnell wisst. Mir mussen also den öffentlechen Transport an déenen nächste Joeren ausbauen an dat och iwert eis Grenzen eraus.

Am Budget fir 2014 wuessen d’Krediter fir de Fonctionnement a fir d’Investitiounen vum öffentlechen Transport ëm 4,5% am Vergläich mat 2013, a belaafen sech op ronn 750 Milliounen.

Dës Regierung huet sech och duerfir ausgeschwat fir dem Projet vum Tram eng éischt Prioritéit ze ginn. D’Krediter fir dëse Projet belaafen sech am Projet de budget fir 2014 op 14,5 Milliounen.

Wat déi Reponsabel Ausrichtung vum Budget ugéet, well ech och ennersträichen dass d’Regierung ganz kloer um Ziel festhält fir 1% vun eisem Revenu national brut an d’Entwécklungshëllef ze investéieren. Dësen Engagement fir eng aktiv Koopératiounspolitik ass een Zéechen vu Solidaritéit fir all déi Leit deenen et op dëser Welt net esou gutt géet.

Bei de Recetten si folgend Evolutiounen ze verzeechnen. Déi ginn par rapport vun 2013 ëm 5,1% no uewen, dat ass 1,6% méi wéi d’Ausgaben.

Hei sin haaptsächlech zwee Elementer ze ënnersträichen an zwar datt Directsteieren, composéiert am Wésentlechen vu Persounesteier a Kierperschaftssteier, ëm 6,7% no uewen gin vun 2013 op 2014. D’TVA geet ongeféier 10,4% an d’Luut par rapport zu de Prévisiounen. Hei gesäit een wat fir eng Dynamik dëse Posten huet wat awer och erfierhiewt wéi déif de Réckschlag waert 2015 ginn, wann e groussen Deel ewech waert falen.

Zwee läscht wichteg Elementer sin d’Evolutioun vun der Taxe d’abonnement déi vun 2013 op 2014 vun 630 Mio Euro op 730 Mio Euro  eropgeet, een Zéchen dat d’Fongenindustrie op engem gudde Kurs ass wéi en dat och konnt schon 2013 feststellen. Letzendlech stellt é fest datt d’Accisen an d’Droits de douane vun 2012 op 2013 relativ stagnéieren an dat fir 2014 keng grouss Progressioun virgesinn ass.

Letzendlech hun dës Zifferen all eng Konsequenz op wéivill Schold de Staat muss ophuelen am Joer 2014. Do gesaït d’Budgetsgesetz vir, datt de Staat kann niewt der nach net ganz gebrauchter Autorisatioun vun 2013 bis zu 500 Mio Euro nei Schold ophuelen an dat haptsächlech fir séngen Internationalen Obligatiounen nozegoen par rapport zu der Eurozone, duerch d’Alimentéierung vum European Stability Mecanism (ESM) oder am Fonds monétaire international (FMI).

Den Tableau 10 weist datt am Joer 2014 d’Schold ganz raisonnabel évoluéiert. Dat heescht dat se nominal vun 10,5 mia op 11,3 mia klëmmt, mé am Prozentsatz zum PIB stabel bleiwt bei 23%. Dat entsprecht och der Zielsetzung vun der Regierung, déi am Programm steht fir alles ze maachen fir ennert 30%/PIB ze bleiwen.

Des Déterminatioun schengt och den internationalen Notatiounsagencen ze gefalen, well net méi spéit wéi d’läscht Woch, d’Agence Moody’s eisen Status vun Triple A confirméiert huet, mee net nëmmen dat, Moody’s huet ons Tendenz fir d’Zukunft vun negatif ob stabel bruecht, wat en fait di allerbescht Bewaertung ass. Vu dat déi aaner zwou Agencen eis och opgestuft hun, steet Lëtzebuerg elo op dem héchsten Träpleck, wat fir d’Confiance vun de Marchéën ganz wichteg ass. (Tableau 11 an 12)

D’Ziel vun der Regierung ass, den AAA weider ze behaalen trotz den Schwieregkeeten déi sech fir 2015 ubahnen. D‘Notatiounen um héchsten Niveau beweisen datt d’Regierung responsabel handelt an dat de Budget duerfir berechtegt ënnert dat Zeeche vun der Responsabilitéit gesat ginn ass. Dës  gutt Notatiounen stärken d’Konfiance an d’Investitiounsloscht vun de Lëtzebuerger Betrieber an  hëllefen eis och fir wieder Investisseuren an d’Land unzezéien an ons Wirschaftspfeiler ze diversifizéieren.

An dëser Hinsicht konzentréiert d’Regierung sech aktiv op den Ausbau vun de bekannten Zukunftssecteuren wéi ICT, Ecotechnologien oder och nach Logistik an Biotechnologien.

An dësem Kontext wëll ech och d’Wichtegkéet vun engem neie Projet „Single Window for Logistics“ erausträichen. Dëse Projet, déen am Budget mat engem Kredit vu 500.000 euros ennerstetzt gett huet zum Ziel fir zu Lëtzebuerg e Guichet unique fir den internationalen Handel an d’Logistik opzebauen.

D’Regierung huet och viru kurzem de Projet de loi approuvéiert fir ze Bétebuerg eng grouss international multi-modal Plattform ze schaafen.

D’Ziel vun déer Plattform ass et fir d’Interoperabilitéit zwëschen déene verschiddenen Eisebunnsréseauen an dem Stroosentransport ze förderen, an fir esou eis gesamt national Wirtschaft ze stärken an de Betrieber nei Méiglechkéeten unzebidden.

Fir d’Joer 2014 stinn am Fonds du rail 28 Milliounen déi fir d’Réalisatioun vun dësem Projet geduecht sin dée sech a senger éischter Phase am ganzen op 182 Milliounen euro beléeft.

Der Regierung géet et och drëm fir d’Innovatioun an d’Fourschung wieder auszebauen an se eisen Entreprisen méi zougänglech ze maachen. Am Budget sinn duerfir am Total 280 Milliounen fir de Finanzement vun der Fuerschung déi op der Uni an an de Centre de recherche public gemach gëtt virgesinn.

An dësem Kontext schéint et mir och wichteg fir drop hinzeweisen dass d’Regierung sech zum Ziel gesaat huet fir an alle Verwaltungen der Informatik an éischt Prioritéit ze ginn an domat d’Prozeduren ze vereinfachen fir dem Bierger a performanten Déngscht ubidden ze kënnen.

Am Budget 2014 wuessen d’Krediter fir d’Informatik-Fonctionnement a „Investitiounen“ op ronn 80 Milliounen.

Wat ech bis elo erläutert hun berifft sech ëmmer, wa net anescht erfirgestrach, op déi europäesch Présentatioun vum Budget. Nun ass et awer esou dat onst Parlament net iwwert den Budget no Maastricht Régelen ofstëmmt mee op eng „administrativ“ Présentatioun wéi ech dat am Ufank gesot hun.

Fir also vun der europäescher Versioun vun de Compten vun der Administration centrale op di Comptable Lëtzebuergesch ze kommen, muss ee vun der europäescher Versioun an den Dépensen soit 14.775,1 mio euro, d’Dotatiounen vum Stat un d’Institutiounen vum Stat, un d’Spezialfongen an un d’Etablissements publics wou de Staat d’Soen huet, ofzéien sou wéi een dat um Tableau 13 gesaït.

D’Resultat vum Staatsdefizit gesaït hei besser aus mee, wéi virdrun gesot, huet dës Présentatioun de Nodeel en inkomplett Bild ze ginn. Wann een hei d’Evolutioun kuckt gesaït een, datt de Staatsdefizit 2014 waert vun -558,4 mio euro op -184,8 erofgoen, waat eng Verbesserung vun 373,5 mio euro ass.  Den Tableau 14 informéiert iwert d’évolutioun vun dësem Solde. Obwuehl dat eng méi spektakulär Verbesserung ass, zéien ech et fir, dëser Présentatioun net esou vill Wichtegkeet ze schenken wéi der vun der Administration Centrale no europäeschen Reegelen. D’Haaptsaach ass dat een sech naïcht virmecht.

Mir kréien 2015 e ganz schwéieren Stand an duerfir gett de Budget op eng ganz aner Art a Weis virbereet. Dës Aarbechten hun virun e puer Wochen ugefaangen an implizéieren alleguerten d’Ministèren an d’IGF. Et geet drëms e Budget vun enger neier Generatioun opzestellen.Dat heescht, en état des lieux vun allen Dépensen ze maachen, net nemmen an de Ministère mee bei allen staatlechen Entitéiten a Gemengen. Op der Basis gëtt gekuckt ob déi finanziell Mëttelen och hirt Ziel erréchen an op eng aner méi efficace Art a Weis kennt ugepeilt gin.

Dat ass d’Erklärung vum Satz, méi maachen mat manner.

Doduerch dass all d’Ministèren implizéiert gin waerten och eng horizontal Zesummenaarbecht généreiert gin, souwéi Erspuernisser. Dësen Prozess waert bis Juli daueren wou d’Regierung e Pak vun Mesuren muss dann fisseléieren. Ech waert d’Parlament a déne nächsten Wochen iwwert déi nei Art a Weis informéieren. Een aneren Usatz ass och eise Budget wéi mir en haut kennen ze vereinfachen. Fir de Budget 2014 huet d’IGF, an ech och, missen soufill dausenden Articles budgétaires analiséieren. Dat schued der Efficacitéit an hëllt de Ministèren all Flexibilitéit ewech. Dofir musse mir och hei eng Simplificatioun administrative an d’Aan faasen. Doriwwer méi an den nächsten Wochen an Méint.

Ech hun versicht des Ried esou kuerz an iwwertsichtlech wéi méiglech ze machen, dank och der Hëllef vun Tableau’en. Ech hoffen dass dat mir gelongen ass an dass de Wee vun der Sanéierung vun de Staatsfinanzen an onsem Land esou méi kloer gin ass.

Ech soen Iech Merci fir Är Opmierksamkeet.