Claude Meisch au sujet des bourses d'études

"Et war eis wichteg, datt och mir eng sozial Staffelung an och eng sozial Selektivitéit kréien"

Interview – Publié le

"Nee, ech mengen net datt mir elo musse kucken, datt d’Studenten net méi kënne léieren oder nuets musse léieren, well se am Dag musse schaffe goen an d’Auditoiren an der Uni eidel sinn, well jiddereen iergendzwouch amgaang ass op enger Terrasse ze zerwéieren. Wann een dat awer mol iwwert eng Summerpaus 2 Méint mécht an et ass een op der Place d’Armes ënnerwee fir do de Service ze maachen. Wann een et mécht wéi ech et oft gemaach hunn, datt ech wann ech de Weekend hei war ganz vill Nohëllefstonne ginn hunn a mir doduercher konnt dat eent oder dat anert vläicht zousätzlech och nach erlaben an dat net zu Laaschte vum Studium geet, mengen ech dann ass dat awer nach ëmmer méiglech"

Max Theis: Claude Meisch, Dir hutt viru kuerzem d’Reform vun de Studiebäihëllefen presentéiert. 2010 war dat Gesetz jo a Kraaft getrueden vun de 6.000€ fir all Student sinn um Enn 2.000 iwwereg bliwwen. Plus 2.000 Mobilitéitsprime a bis zu 2.500 jee no sozialer Lag. Är Reform ass kritiséiert ginn an eng Haaptkritik koum vun de Gewerkschaften. Mam neie System riskéiert ee manner ze kréien wéi wann een d’Kannergeld nach zegutt hätt. Dat wieren 3.900€. Wat sot Dir dann deene Leit?

Claude Meisch: Et ass wouer, datt 2010 eng Reform gemaach ginn ass, déi eigentlech als Spuerreform geduecht gi war, wou deemools d’Kannergeld ofgeschaf ginn ass an et si ganz generéis Studieboursen amplaz gesat ginn. Déi Reform an dee System huet d’Strooss awer net gehalen. Mir hunn d’lescht Joer eng Rei vu Prozesser um europäesche Plang verluer. Mir hunn dat Gesetz missen änneren. Jo, de Budget ass explodéiert fir 2013 waren initialement 88 Millioune virgesinn. Finalement bei deem System wéi en dunn iwwerholl ginn ass 2013 opgrond vun de Geriichtsuerteeler wär et eng Joresausgab déi bal duebel sou héich gewiescht wär mat 178 Milliounen schätzungsweis. Duerfir war also nach eng Kéier d’Obligatioun do fir driwwer nozedenken an ze kucken wéi mir mat engem raisonnabelen Montant do eens ginn. Wat d’Kannergeld ubelaangt, sou kann een dat natierlech net eent zu eent vergläichen. Éischtens emol ass et schwéier ze soen wat hätt ee gehat an den eenzelne Student, wat hätt dee gehat nom ale System u Kannergeld, well all Kand kritt een anert Kannergeld wa mir eng Staffelung hunn, datt dat zweet, dat drëtt an dat véiert Kand méi kritt wéi dat Kand wat virdru gebueren ass an der Famill. A mir wësse jo awer och, datt mir amgaange sinn als Regierung eis och Gedanken ze maachen iwwert d’Kannergeld, iwwert Familljenzoulagen, iwwert Familljepolitik iwwerhaapt ob mir do nach sou vill u Geldleeschtung wëlle ginn oder vläicht éischter u Sachleeschtung wëlle ginn. Sou datt wa mir elo de Vergläich do maachen, deen no läit, datt och d’Gewerkschafte mol eng Kéier oprechnen, mengen ech awer kann een net alleng maachen zu deem System wéi mir e fir 2010 haten. Mä datt mir en och musse maache mat deem System wou d’Regierung amgaang ass drun ze schaffen fir en no 2014 a Kraaft trieden ze loossen.

Max Theis: Kann een dann do och den Umkehrschluss maachen, datt ee seet, dat do ass elo quasi dat neit Kannergeld, datt d’Kannergeld och eng Kéier do lant, wou elo d’Bäihëllefe landen?

Claude Meisch: Nee, dat do ass alles am Detail nach net gerechent. Do muss ee jo och kucken wat fir een Element vu sozialer Selektivitéit een do era bréngt. Mir hunn eis hei no puer Critèren jo orientéiert bei de Studenteboursen. Mir hunn éischtens gekuckt, datt mir e System hunn wou e Gros vun den Dépensen déi ee Student huet awer nach ëmmer iwwert déi Bourse, respektiv iwwert dee Prêt kann gedeckt ginn. Et kritt jo jiddereen nach ëmmer ee Prêt vu 6.500€, deen e wuel muss zréck bezuelen, mä deen awer mol schonn en Deel vun de Käschte pro Joer da couvréiert. Et kritt jiddereen eng Bourse de base vun 2.000€. Da kritt och jiddereen dee mobil ass, deen also an een anert Land studéiere geet an och do ee Loyer bezilt zousätzlech 2.000€ fir och bei deene Käschten do mat ze participéieren an da kritt een eben nach opgrond vun där sozialer Selektivitéit déi dës Regierung och gären hätt, eben och bei de Studenteboursen nach bis zu 2.500€ jee nodeem wat d’Akommes vun den Elteren ausmécht. Domatter huet eigentlech herno een deen am Ausland studéiert, do Käschten huet a wou d’Elteren eben elo net vill zum Finanzement vun sou engem Studium kënne bäidroen, well se en nidderege Revenu hunn, deen huet d’selwecht nach ëmmer wéi am System vu virdrun. Et wäerten natierlech och Studente ginn déi manner wäerten eraus kréien, mä dat ass dann opgrond well se manner Käschten hunn, well se vläicht hei am Land wunnen, doheem nach wunnen an och hei am Land studéieren, also net mussen deier loune goen anzwousch. Dat ass jo och e Käschtefaktor deen do net ufält. Respektiv, datt mir awer mengen, datt hir Elteren d’Moyenen hätten, duerfir ze suergen zum Finanzement vun de Studie vun de Kanner bäizedroen, wat eigentlech per Gesetz och haut nach ëmmer eng Obligatioun vun den Elteren ass.

Max Theis: Wéivill Leit falen dann iwwerhaapt ënnert déi sozial Critèren, hutt Dir do schonn e Chiffer?

Claude Meisch: Mir hunn do gekuckt, datt mir de Montant an och de Barême esou usetzen, datt eigentlech e Gros vun de Studenten och nach ëmmer do drënner fält. Et soll also net [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Mä gestaffelt, et ass jo net automatesch, also.

Claude Meisch: Et ass gestaffelt, dat geet vu 500 bis 2.500€ an et kritt een nach eppes sou laang een ënnert engem Gesamtrevenu am Stot vun den Eltere fält, wat manner ass wéi 4,5 x de soziale Mindestloun. Dat si bal 9.000€. Dat weist, datt awer do e Gros - a mir ginn dovunner aus, datt dat op mannst 70% wäerte sinn - vun de Studenten och nach vun der sozialer Bourse wäerte profitéieren. Sécherlech net alleguerte mat 2.500€, mä awer dann tëschent 500 an 2.500€. Et war eis wichteg, datt och mir hei eng sozial Staffelung kréien an och eng sozial Selektivitéit kréien, sou datt dat wat mir zu Lëtzebuerg ëmmer d’Mëttelschicht nennen, datt déi awer och nach do dra fält. Datt déi awer och do nach ka mat profitéieren. Well oft hu mir Programmer vu sozialer Selektivitéit wou d’Mëttelschicht d’Gefill huet, jo mir bezuelen nach iwwert de Steierwee, mä mir kréien hei och näischt méi raus, dat wollte mir och hei évitéieren.

Max Theis: D’UNEL huet kritiséiert, datt déi nei Regierung als éischt bei der Bildung spuert u sech. Fréier hätt ee bis zu 9.950€ kritt, elo wieren et maximal 6.500. Läit d’Wëssensgesellschaft Iech net um Häerz?

Claude Meisch: Also déi Rechnung do kann ech elo net ganz novollzéien. Well sou wéi ech virdru gesot hunn, datt jee nodeem wat fir eng Critèren een erfëllt, kritt een nach ëmmer dat selwecht wéi virdrun. Mä et ass eben net méi jiddereen deen dee selwechte Montant kritt. Mir hu jo hei net eng reng Spuermesure gemaach. Wann ech gesot hunn, datt 2013 88 Milliounen am Budget virgesi waren, mir elo e System awer wëllen fir an Zukunft en place ze setzen wou mir 109 Milliounen awer pro Joer geschätzten Ausgaben hunn, dann ass dat jo net esou wéi wa mir hei just hätte wollen de Budget zesumme sträichen. Mir wäerten nach ëmmer méi ausginn wéi déi al Regierung fir 2013 eigentlech geplangt hat. Trotzdem muss ee soen, datt een awer muss kucken, datt de System d’Strooss hält. A mir hunn e finanzpolitesche Kontext deen eben net esou ass, datt mir eis alles kënnen erlaben an doduercher, datt deen ale System, ech géing bal soen widdert d’Mauer gefuer ginn ass duerch déi Uerteeler déi um europäesche Geriichtshaff geholl goufen, wär de Budget komplett explodéiert an do hu mir dat awer missen op een normaalt Mooss zeréck schrauwen. Awer mir hunn dat sou gemaach, datt nach jidderee kann, wann en da wëll studéiere goen mat op mannst 8.500€ déi een dann awer d’Joer huet. Dat si 700€ de Mount. Et ass awer e groussen Deel vum Studium scho mat finanzéiert. Et muss een awer och wëssen, datt de Staat och fir d’Studenten vill aner Ausgaben nach huet. Mir sinn amgaangen eng Uni Lëtzebuerg weider opzebauen. Mir maache grouss Efforten och hei zu Lëtzebuerg fir Studentewunnengen ze schafen. Et ass jo net wéi wann d’Studenteboursen an d’Prêten deen eenzege Moyen wär fir jonk Leit ze encouragéieren bei hirem Studium.

Max Theis: D’Mobilitéitsprime ass och an deem Sënn kritiséiert ginn, datt zum Beispill e Student aus dem Éislek deen op der Uni Lëtzebuerg studéiert an zum Beispill en Zëmmer an der Stad lount, dee kritt näischt an deem Sënn. E Student vu Waasserbëlleg deen zu Tréier studéiert an do sech eng Wunneng hëlt, dee kritt awer. Wou ass dann do d’Logik soen ech elo mol?

Claude Meisch: Mir hunn 2 Critèren do. Dat éischt dat ass den Erasmus Critère dee jo favoriséiert, datt een iwwert seng Grenz, iwwert seng Landesgrenz eraus studéiere goen. Wou et jo net nëmmen drëms geet fir iwwerhaapt ze studéieren, mä et geet och drëms an engem aneren méi internationale Kontext ze studéieren, och e gewëssenen Échange culturel do ze hunn mat enger anerer Liewenserfahrung och herno vläicht zréck op Lëtzebuerg ze kommen. Dat fannen ech wichteg an ech si frou, datt mir dat am Gesetz dran hunn. An dat anert dat ass fir awer och ze kucken wat si meng reell Käschten? A wann ech zu Lëtzebuerg wunnen an ech ka bei mengen Eltere wunnen an ech mengen, datt och eist Land jo awer net esou grouss ass, datt et onméiglech ass fir bei den Elteren ze wunnen, och wann een am Éislek wunnt oder an anere Landesdeeler an et kënnt een an d’Stad oder herno op de Belval op d’Uni, da mengen ech, dann ass dat awer och am Dagestrajet ze maachen. Da muss ech mir net onbedéngt iergendwou aneschters en deiere Studio lounen. Wann ech awer an d’Ausland ginn an ech muss mir do e Studio lounen, duerfir hu mir dann och déi Bourse vun 2.000 € déi zousätzlech dobäi kënnt als Bourse de mobilité fir en Deel vun deene Käschten déi ech do hunn nach kënnen ze kompenséieren.

Max Theis: Dann hutt Dir jo och schonn déclaréiert, datt et keng Onéier ass, wann een als Student niewelaanscht schaffe geet. Och eng Saach wou Dir duerfir kritiséiert gouft. Ass dat dann eppes wat d’office fir Iech muss sinn, oder?

Claude Meisch: Nee, ech mengen net datt mir elo musse kucken, datt d’Studenten net méi kënne léieren oder nuets musse léieren, well se am Dag musse schaffe goen an d’Auditoiren an der Uni eidel sinn, well jiddereen iergendzwouch amgaang ass op enger Terrasse ze zerwéieren. Wann een dat awer mol iwwert eng Summerpaus 2 Méint mécht an et ass een op der Place d’Armes ënnerwee fir do de Service ze maachen. Wann een et mécht wéi ech et oft gemaach hunn, datt ech wann ech de Weekend hei war ganz vill Nohëllefstonne ginn hunn a mir doduercher konnt dat eent oder dat anert vläicht zousätzlech och nach erlaben an dat net zu Laaschte vum Studium geet, mengen ech dann ass dat awer nach ëmmer méiglech. Et soll net sou sinn, datt een elo als Student muss enger geregelter Aarbecht nogoen, mä wann een awer mol sech e bësse méi nach wëll leeschten zousätzlech awer och mol eng Kéier bësse schonn aktiv ass an d’Beruffsliewen era kuckt, dann ass dat eppes wat engem zum Finanzement vum Studium ka bäidroen, mä wat am CV herno, wann ech mech virstelle ginn op déi éischt Plazen, awer och net schlecht mécht. Well ech ka mech erënneren, wou ech dann eng Kéier do souz a mengen éischte Virstellungsgespréicher war dat awer eng vun deene Froen, jo Här Meisch, wat hutt Dir dann nach gemaach? Wou waart Dir aktiv als Student? Wou Dir Iech entweder bénévole engagéiert oder wou hutt Dir och geschafft als Student? Ech kann eigentlech nëmme jidderengem dee Rot ginn dat souwisou mol heiansdo ze maachen.

Max Theis: Claude Meisch ech soen Iech Merci, datt Dir de Moien hei waart. Da si mir gespaant wéi d’Gesetz dann um Enn duerch d’Chamber geet. Dat muss jo nach alles duerchdiskutéiert ginn. Merci elo mol fir elo.

Claude Meisch: Merci och.