Déclaration de Xavier Bettel sur les grandes orientations politiques du gouvernement et les grandes lignes du paquet d’avenir ("Zukunftspak")

Nei Perspektivë fir Lëtzebuerg

Discours – Publié le

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

 “D’Regierung ass fest decidéiert, d’Gesamtstaatsfinanzen à terme z’equilibréieren an de Marsch an d’onkontrolléiert Staatsverschëldung mat Zäit ze stoppen. Mir däerfen där nächster Generatioun keng Chargen operleeën, déi se net packe kann. Mir däerfe keng Generatioun vu Scholdemécher ginn, déi Jonk däerfe keng „génération remboursante“ ginn.”

Dat, Här President, ass d’Meenung vun der Regierung, dat ass eng Ausso, déi richteg ass.

Dat ass allerdéngs keng Ausso vu mir. Et ass en Extrait aus der Ried zur Lag vun der Natioun vum Jean-Claude Juncker am Joer 2009.

Viru 5 Joer also huet d’Regierung déi richteg Conclusioune gezunn a sech och déi richteg Ziler gesat. D’Resultat ass bekannt: Am Joer 2009 loung d’Staatsschold bei ronn 5 an enger hallwer Milliarden Euro, zejoert waren et ronn 11 Milliarden Euro. No der Absichtserklärung vum Jean-Claude Juncker am Joer 2009 huet sech d’Staatsschold also méi ewéi verduebelt.

Dofir soen ech et haut 5 Joer méi spéit nach emol: Mir mussen d’Staatsfinanzen an de Grëff kréien. Dës Kéier seet d’Regierung dat awer net nëmmen, mä mir maachen et! Mir mussen ophalen eng Generatioun vun de Scholdemécher ze sinn. Déi Jonk däerfe keng “géneration remboursante” sinn. Dat ass wouer fir d’Staatsfinanzen, et ass awer och wouer, wann et ëm eis Ëmwelt, ëm eis Loftqualitéit an ëm eist Drénkwaasser geet. An et ass och wouer wann et ëm den Erhalt vun der Stabilitéit an eisem Sozialsystem geet.

Responsabilitéit limitéiert sech net drop déi richteg Analysen ze maachen, mä Responsabilitéit ass méi: Et heescht handelen,  politesche Courage beweisen an Décisiounen huelen och wann déi schwéier oder onpopulär sinn.

Et ass elo héich Zäit fir beim Budget 2015 déi néideg Korrekture virzehuelen. Mir kënne ganz bestëmmt net alles an engem Joer, an engem Budget ëmdréinen. Den éischte Schratt awer muss haut geschéien an dee Schratt ass den Ufank vun engem Wee fir nei Perspektiven ze schafen.

Erlaabt mer a kuerze Wierder de point ze maachen, wou mer haut stinn.

D’Land ass enorm gewues. An de leschten 10 Joer ass d’Populatioun ëm ronn 100.000 Awunner an d’Luucht gaangen. D’Zuel vun de Leit, déi all Dag bei eis schaffe kommen ass och stänneg geklommen, esou dass haut 60.000 méi Frontalieren all Dag iwwer d’Grenze kommen, ewéi virun 10 Joer.

Et muss eis bewosst ginn, dass Lëtzebuerg sech an deene leschte Jore staark entwéckelt huet an domadder d’Erausfuerdungen an alle Beräicher méi grouss gi sinn. Op eise Stroossen, an eisem ëffentlechen Transport, an de Bureauen, Schoulen, Geschäfter, Restauranten an Haiser sinn haut 160.000 Leit méi, ewéi nach virun 10 Joer.

An deem nämlechten Zäitraum ass eis Économie éischter bescheide gewues - eis Staatsschold awer explodéiert.  Vu knapp 1,7 Milliarden am Joer 2004 op iwwer 11 Milliarden am Joer 2013.

Dat ass keng abstrakt Zuel.  Dat si reell Suen, déi de Staat an der Kräid steet an fir déi mir eleng d’lescht Joer iwwer 200 Milliounen Euro Zënse bezuelt hunn.

Eis Staatsschold louch am Joer 2004 bei ronn 870 Euro pro Awunner. Haut kommen op all Awunner, op jidderee vun eis 14.000 Euro!

Jiddereen – egal wéi al, jonk, kleng oder grouss. Jiddereen vun eis dréit den Ament eng Staatschold vu 14.000 Euro.

Dat ass d’Realitéit. Et ass keng Floskel, mä eng Tatsaach, wann ech soen, dass mer déi lescht Joren iwwert eis Verhältnisser gelieft hunn. An obschonns vill méi Suen aus der Keess erausgaang sinn, wéi der erakoumen, sinn noutwenneg Investitioune vernoléissegt ginn. Ech fannen et jiddefalls net normal, dass mer eng Strof vun 2 Milliounen Euro bezuelt hunn, plus all Dag 2.800 Euro op Bréissel mussen iwwerweisen, well eis Kläranlagen net de Standarden entspriechen. Bis 2018 hu mer iwwer 6 Millioune bezuelt just well wichteg Investitiounen am Beräich vun der Waasserqualitéit verschleeft goufen. Dat ass en irresponsablen Ëmgank mat der Ëmwelt an en irresponsablen Ëmgank mat de Staatsfinanzen.

Dat nächst Joer géif et carrément dramatesch ausgesinn, wann een alles géif lafe loossen, wéi dat leider laang de Fall war. Duerch d’Ewechfale vum Commerce électronique feelen iwwer 700 Milliounen Euro op der Recettësäit. Dat ass zanter 7 Joer gewosst, 7 Joer, wou keen d’Responsabilitéit geholl huet an näischt ënnerholl gouf fir dat Lach ze stoppen.

Iwwer 700 Milliounen Euro pro Joer manner fir sozial Leeschtungen ze bezuelen, fir de Gesondheetssystem ze finanzéieren, fir an d’Recherche ze investéieren, fir Schoulen, Stroossen a Schinnen ze bauen. Iwwer 700 Milliounen Euro – dat entsprécht praktesch 10 neie Lycéeë wéi mer am Kanton Klierf ee wëlle bauen. An dat, wéi gesot all Joer!

Dat ass d‘Realitéit. Mir hu vun 2015 un iwwer 700 Milliounen Euro pro  Joer manner an der Keess. Et gouf an der Vergaangenheet näischt gemaach fir dat opzefänken – am Contraire. Mat enger Recette, wou ee wosst, dass se zäitlech limitéiert ass, goufe sech Ausgabe geleescht, déi net zäitlech limitéiert sinn.

Fir en Deel vun deem ze kompenséieren, wat hei all Joer op der Recettësäit feelt, huet d’Regierung elo missten déi eenzel TVA’s-Tauxen an d’Luucht setzen. Dat bréngt eis zousätzlech Recetten, huet awer wéineg Impakt op den Alldag vun de Leit. Zwee Drëttel vun de Wueren, déi een all Dag am Supermarché kann akafe bleiwen op dem super-reduzéierten Taux vun 3%.

D‘Regierung ass doriwwer eraus och amgaang eng déifgräifend Steierreform ze preparéiere fir de Mëttelstandsbockel ofzebauen. Déi Steierreform orientéiert sech nom Prinzip vun der Gerechtegkeet fir d’Ménagen an der Kompetitivitéit vun eise Betriber.

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

An de leschte Joren ass en Defizit am Budget mat Scholde kompenséiert ginn. D’Rechnung gouf un déi nächst Generatioun weidergereecht. 

D’Regierung ass ugetruede mat der Absicht deem entgéintzewierken an d’Schéier tëscht Ausgaben a Recettë lues awer sécher zouzemaachen.

Dat mécht een net aus Freed um Spueren. Et geet ganz einfach net anescht!

Mir hunn eng Responsabilitéit, déi wäit iwwert de Budget 2015 erausgeet a sech och net op eng Legislaturperiod begrenzt. Mir alleguerten droe Verantwortung. Net nëmme fir eis selwer, mä och fir d ‘Generatiounen, déi no eis kommen.

Et geet drëms d’Zukunft ze preparéieren an nei Perspektiven ze schafen.

Nei Perspektive fir Lëtzebuerg.

An de leschte Wochen a Méint krut d‘Regierung eng Rei Froe gestallt. Vertrieder vun der Oppositioun, Journalisten a sëllechen intresséiert Leit hu Ministeren an Staatssekretären ausgefrot. Dat ass legitim, verständlech an och novollzéibar. Dir Dammen an Hären Deputéiert sidd als Vertrieder vum Vollek verflicht d‘Regierung ze kontrolléieren an ze hannerfroen. Dir sidd an ärem Rôle an d’Regierung ass beméiht déi Froen am Intérêt vun der Transparenz ze beäntwerten. D’Press zu Lëtzebuerg mécht hir Aarbecht gewëssenhaft a professionell. Et gëtt ee sech net zefridde mat Kommunikatioun an eng Richtung, mä et gëtt nogefrot, nogesicht an och nogeduecht.

Ech begréissen dat ausdrécklech an ech freeë mech an engem Land dierfen ze liewen, wou demokratesch Regele gëllen an och applizéiert ginn.

Déi lescht Méint huet d‘Regierung awer dacks missen d‘Ëffentlechkeet vertréischten a soen, dass een näischt wäert soen.

Dat net well een net wollt kommunizéieren, mä well een net konnt – well et irresponsabel gewiescht wier.

Et gouf intensiv geschafft. Mir hu Gesetzesinitiativë geholl, Projeten op de Wee bruecht, néideg Reformë goufe schonn ëmgesat anerer an d’Weeër geleed.

  • De System vun de Studentebourseë gouf reforméiert.
  • D’Plans sectoriels goufen ausgeschafft an op de Wee bruecht
  • Mir hunn an enger Rekordzäit dat sougenannten Omnibusgesetz déposéiert. Dat huet e groussen Impakt an der Vereinfachung vun de Prozeduren.
  • De Pacte Logement gouf reforméiert
  • Op gesellschaftspoliteschem Plang si wichteg Gesetzer ëmgesat ginn.
  • Et ass e komplett neit Gesetz iwwert de Fonctionnement vum Geheimdéngscht ausgeschafft ginn

Dernieft gouf awer och de Budget vun dësem Joer amendéiert an déposéiert, woubäi e Spuereffort vun iwwer 230 Milliounen Euro konnt erreecht ginn.  En zweete Budgetsprojet déposéiert a kommentéiert de Finanzminister muer hei an der Chamber.

Am Kader vun der Opstellung vun deem Budget 2015 si Projeten, Mesuren a Programmer studéiert an analyséiert ginn. Et ass gepréift gi wat déi eventuell Repercussioune si vun Entscheedungen, déi am Raum stoungen.

Et wier falsch gewiescht fir public ze maachen, wat net sprochräif ass.

Eng Regierung ka sech net erlabe Mesuren ze annoncéieren an duerno ze mierken, dass se d ‘Strooss net halen. Decisiounen, déi op Regierungsniveau geholl ginn, changéieren d‘Liewe vu ville Leit. Dat ass eng grouss Verantwortung mat där een net liichtfankeg ëmgeet.

Mam Budget kënne mer elo konkret Projeten, Mesuren a Programmer presentéieren an domat nei Diere fir d’Land opmaachen. Mir innovéieren an der Method an um Inhalt vun eiser Politik. Esou hu mer an de leschten zwee Regierungsréit niewt dem Budget och eng loi de mise en oeuvre finaliséiert an ugeholl. Duerch deen Text ginn am Ganzen 43 Gesetzer ofgeännert oder nei geschriwwen. Derbäi kommen 28 groussherzoglech Reglementer. Déi loi de mise en oeuvre betrëfft d ‘Ëmsetzen vun engem Katalog vu Mesuren a gëtt muer zesumme mam Budget vum Finanzminister déposéiert. Et geet drëms de Staat ze entstëbsen, méi efficace ze maachen an op nei Erausfuerderungen ze preparéieren. Et geet drëms nei Perspektiven ze schafen.

Mir wäerten och an de nächste Joren all Kéiers mam Budgetsprojet eng loi de mise en oeuvre fir déposéieren an domat eng nei Dynamik schafen an e Moderniséierungsprozess vun eisem Staatsapparat kréien.

D‘Regierung huet sech kloer Prioritéitë gi fir déi nächst Joren: D’Economie méi breet opstellen, de Finanzsecteur prett maache fir eng nei Etapp, Schoul an Ausbildung un d’Realitéit upassen an de Chômage bekämpfen. D’Famille gi méi gezilt ënnerstëtzt an d’Kanner an de Mëttelpunkt gestallt. D’Entreprisë gi gestäerkt an déi administrativ Hürde ginn ofgebaut. Mir hunn ambitiéis Ziler am Beräich Logement, d’Mobilitéit gëtt en Haaptsujet an den nächste Joren, de Staat investéiert massiv an d’Recherche an och an d’Infrastrukturen. Mir investéieren an d’Zukunft – mat engem Invest vu 3,5% vum PIB läit deen Taux praktesch duebel esou héich, ewéi d’Moyenne an der Europäescher Unioun. D’Politik vu Reorientéierung, Moderniséierung an Investitioun an d’Zukunft wäert sech am Staatsbudget reflektéieren. En héijen Investitiounsniveau ass a bleift noutwenneg fir dass eist Land sech weider entwéckelt.

Eis Dépensen an Investitioune mussen awer besser iwwerluecht a méi cibléiert sinn.

Duerch e groussen Effort vu villen engagéierte Leit an de Ministèren gouf an de leschte Méint e Screening gemaach vun den Ausgabe vum Staat. All méiglech Elementer sinn op den Dësch komm an déi Leit, déi all Dag um Terrain schaffen hu sech un enger neier Art a Weis vu Budgetsopstellung bedeelegt. Esou goufen honnerte Proposen analyséiert wéi een de Staat méi effizient kann organiséieren, wou et Inkohärenze ginn a wéi een och d’Servicer vum Staat méi gerecht ka gestalten.

D’Regierung huet sech op d’Conclusiounen aus insgesamt 19 Aarbechtsgruppe baséiert. Et gouf en Zukunftspak ausgeschafft, deen engersäits eng nei Politik ëmsetzt, mä och eng méi efficace Organisatioun vum Staat als Zil huet. Dat Zil wëlle mer zesummen erreechen fir dass aus dem Zukunftspak en Zukunftspakt fir eist Land gëtt an Zukunftsperspektivë geschaf gi fir d’Leit, déi hei wunnen a schaffen.

Et geet ëm d’Moderniséierung vu Lëtzebuerg an et ass e kloert Engagement fir méi gewëssenhaft ze sinn, wann et ëm d‘Ausgabe vum Staat geet.

Dat heescht, dass ee sech op dat konzentréiert, wat och wierklech Sënn mécht, dass een d’Käschte reduzéiert an d’Géisskan ewech paakt.

Mir hunn 258 Mesuren an deem Zukunftspak zréckbehalen, Mesuren, déi sech op véier Prinzipie baséieren:

  • Méi responsabel mat Steiersuen ëmgoen
  • Méi Fairness a Gerechtegkeet bei den Ausgaben a Recetten hierstellen
  • Méi e moderne Staatsapparat a méi e modernt Land schafen
  • An:

Eng nei Politik ëmsetzen, wéi se am Regierungsprogramm festgehalen ass

De Staat huet haut op ville Plazen Dépensen, déi net onbedengt néideg an net onbedengt sënnvoll sinn. Ausgaben déi ee muss hannerfroen. D’Regierung huet dat gemaach an en eng ganz Panoplie vu Mesuren zréckbehal.

Et sinn dat méi kleng Posten an et si méi grousser. Et si Subventiounen, wou et u Wäitsiicht feelt oder wou d’Kritären net kloer genuch definéiert sinn.

Ech nenne just als Beispill d’Indemnitéiten am Bausecteur bei intempéries also schlechte Wiederkonditiounen. Geduecht ass dat fir d’Entreprisen ze entlaaschten, wann déi bei engem schwéiere Wanter deeg- oder wochelaang net kënne schaffen. Et bestinn awer Lacunë bei de Kritären, esou, dass muss nogebessert ginn an dat mécht d‘Regierung andeems een déi Hëllef effektiv op d’Wanterméint reduzéiert.

-         Wann ech soe méi responsabel mat Steiersuen ëmgoen, dann heescht dat allgemeng méi gewëssenhaft sinn. Dofir plafonéiere mer och zum Beispill d’Honorairë vun Architekten an de Bureau d’études bei Bauprojetë vum Staat. Esou gëtt deen Honoraire an Zukunft opgrond vun engem Devis iwwert d’Käschte vum Projet am viraus fixéiert. Falls de Projet um Enn méi deier gëtt, wéi geplangt, ginn d’Fraisen net, wéi bis elo, och prozentual mat an d’Luucht.

  • Um Niveau vun de Subventiounen an Hëllefen déi de  Staat accordéiert, gi mer méi cibléiert vir. Mir encouragéieren ausdrécklech den Effort vun der Chambre des Métiers an der Chambre de Commerce fir an d’Richtung vun enger Fusioun ze goen – wat de Subside vum Staat reduzéiert.
  • Méi responsabel mat Steiersuen ëmgoen, heescht och zum Beispill, dass ee verschidde Subventiounë fir d’Salariatskammer erofsetzt, well déi sech am Prinzip iwwer eege Cotisatiounë finanzéiert.
  • D’Betriber droen zu enger Konsolidéierung vum Budget bäi andeems si sech zum Beispill verstäerkt selwer un de Formations continues fir hir Mataarbechter bedeelegen.
  • D’Aides aux entreprises ginn op de Leescht geholl an  d’Bewäertung vun den Dossieren wäert méi kritesch ginn. De Staat ënnerstëtzt weider op héijem Niveau “Start-Ups” an innovativen Entrepreneurship – allerdéngs wäert ee méi präzis analyséiere wat de “return on invest” ass. De Gesamtbudget fir déi Hëllefe wäert esou substantiell reduzéiert ginn an awer dat gewënschte Resultat bréngen. Cibléiert an net Géisskan, efficace an net ondifferenzéiert.
  • De Staat wäert a ville Beräicher méi streng kontrolléieren an esou Abusen évitéieren. Dat heescht zum Beispill, dass d’Steierverwaltung personnel opgestockt gëtt. D’Lutte géint Schwaarzaarbecht a  Steierhannerzéiung gëtt verstäerkt. Dat heescht och dass am Beräich vun de Sozialleeschtungen an de Prestatiounen, déi iwwert de Fonds National de Solidarité ausbezuelt ginn, besser opgepasst gëtt fir Abusen ze evitéieren. Steiergerechtegkeet muss fir jidderee gëllen. Fuddelen a sech Avantagë verschafen, Leeschtungen an Usproch huelen, déi een net zegutt huet: Dat kascht d’Allgemengheet vill Suen an dat wëlle mer net toleréieren.

Mir hunn hei zu Lëtzebuerg en exzellenten an ee vun de beschte Sozialsystemer an Europa. Dass dat trotz manner Wiertschaftswuesstem op där enger Séit a méi laanger Liewenserwaardung a verbesserter Medezin op där anerer Séit och esou bleift musse mir den Equiliber tëschent Recetten an Dépensen am A behalen.

De Budget vun der sozialer Ofsécherung ass mat ronn engem Véierels vun den Ausgaben deen déckste Posten am Staatsbudget. Fir Kotisatiounserhéijungen ze verhënneren an awer gläichzäiteg un eisem Sozialmodell festhalen ze kënnen, mussen eis sozial Investissementer an d’Wuel vun de Bierger méi gezilt a méi effizient ausgeriicht ginn.

An der Krankeversécherung gëtt d‘Gesondheetsreform weider ëmgesat. Méi Transparenz an d‘Méiglechkeet vun engem „Benchmarking“ tëschent den Acteurë soll erreecht ginn. Den digitale Patientendossier, de Referenzdoktor an eng nei Nomenclature sinn dobäi wichteg Instrumenter fir dës Ziler an der Praxis ëmzesetzen. Och d‘Mutualisatioun vun enger Rei vun Servicer an de Spideeler hëlleft d’Käschten an de Grëff ze kréien.

An der Pensiounsversécherung maache mir 2016 e Bilan vun der Pensiounsreform an elo scho gi mer e Projet am Beräich Individualisatioun vun de Pensiounen un, dee sougenannte „Splitting“.

An der Flegeversécherung hu beim Débat de Consultatioun am Parlament all Parteien eng breet Zoustëmmung bruecht fir d‘Erhalen, mee och d‘Moderniséierung an d‘Upassung vum bestehende System. Bis Mëtt 2015 gëtt der Chamber ee Gesetzestext ënnerbreet, deen deem Rechnung dréit.

An der Onfallversécherung gëtt e Bonus-Malus System presentéiert, deen déi Entreprisë belount déi déi néideg Effortë maachen an duerch een Investissement an Sécherheet an an d’Gesondheet, d‘Accidenter op der Aarbechtsplaz am Grëff behalen. Käschte sollen net op d’Allgemengheet ofgewälzt ginn, mä responsabelt Handele muss belount ginn.

Wat d’Mutualität vun den Entreprisë betrëfft ass d’Regierung gewëllt och an Zukunft hiren Apport ze ginn. Allerdéngs ass d’Zäit vun der Bilanzéierung 5 Joer no der Aféierung vum Statut Unique komm an d’Partizipatioun vum Staat an der Mutualitéit soll a Relatioun zum initialen Objektiv gesat gi fir mëttelfristeg den Absentéismus ze verhënneren.

Nieft enger direkter, awer limitéierter finanzieller Bedeelegung vum Staat an der Mutualitéit, gëtt de „Contrôle médical“ renforcéiert, wat de Staat an enger éischter Phase Sue kascht awer mëttelfristeg fir méi Gerechtegkeet suergt. Am Aarbechtsgrupp à haut Niveau iwwert den Absentéismus gëtt zesumme mat all den Acteuren e Plang ausgeschafft deen ëmgesat gëtt.

Méi responsabel mat Steiersuen ëmgoen, bedeit och, dass et Changementer an der eegener Gérance beim Staat muss ginn. Et hu sech iwwer Jore Gewunnegte festgesat an et goufe sech Saache geleescht, déi den Ament net ze vertriede sinn. Dat sinn zum Beispill sëlleche Servicer, déi geoutsourced goufen, déi de Staat awer selwer kann a muss géréieren.

Den Ament kann de Staat sech et dann awer och net leeschten eng Rei Servicer gratis ze offréieren. Dat gëllt, fir hei just e Beispill ze nennen, fir d’Autorisatioun vun engem Medikament, wat op de Lëtzebuerger Marché kënnt. Bis elo huet dat fir de Produzent wéineg oder näischt kascht, an Zukunft muss, esou wéi an anere Länner, eng Taxe dofir bezuelt ginn.

Wann d’Regierung sech virgeholl huet anescht mat Steiersuen ëmzegoen da wäert dobäi, wéi gesot och de Prinzip vun der Gerechtegkeet, vun der Fairness applizéiert ginn.

Et ass zum Beispill  schwéier ze verstoen, dass Leit déi beim Staat schaffen an dann an d’Pensioun ginn de Rescht vun hirem Jorescongé ugerechent oder ausbezuelt kréien – onofhängeg a wéi ee Mount am Joer déi Demissioun fällt. An Zukunft gëtt dat ewéi am Privatsecteur proratiséiert. Den trimestre de faveur beim Staat gëtt ofgeschaf. E Beamten deen an d‘Pensioun geet, kritt vum éischten Dag un, wou en an der Pensioun ass och eng Pensioun an net, wéi bis elo, nach dräi Méint laang seng Pai.

Am Enseignement Secondaire ginn an Zukunft nëmmen nach déi Stonnen ausbezuelt, déi och reell prestéiert ginn. An am Fondamental garantéiere mer duerch manner administrativen Opwand a manner Concertatioun, méi Präsenz vun den Enseignantë virun hire Klassen.

Nëmme fair a gerecht ass et awer och, dass an Zukunft en Deel vun de Fraisë fir Polizeipräsenz bei private Manifestatioune vum Organisateur iwwerholl ginn. An nëmme gerecht ass et zum Beispill, dass bei Aiden am Beräich Logement de Revenu vum Demandeur mat consideréiert an esou eng Ënnerstëtzung plafonéiert gëtt. Dat wäert an Zukunft och fir d’Zënsbonifikatioun gëllen.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Ech hunn hei just eenzel Beispiller erausgegraff fir ze weisen, dass d’Regierung vill verschidde Mesuren zréckbehalen huet, déi awer all gutt iwwerluecht an emol méi an emol manner Sue fir de Staatsbudget ausmaachen. Et sinn iwwer 250 Mesuren, déi sech an engem Zukunftspak erëmfannen. Et ass kee Spuerpak an dofir nennen ech en och net esou. Jo, mir stabiliséieren d’Finanzen a mir spuere Suen. Mir musse Suen spueren, well et néideg ass, mä d’Regierung huet vun Ufank u gesot, dass deen Effort keen Selbstzweck duerf sinn. Eng Haaptaxe vun eisem Zukunftspak ass och d’Moderniséierung vum Staatsapparat an d’Moderniséierung vum Land.

Um Niveau vum Staat wäert d’Regierung ganz verstäerkt op de Wee goe vum e-government. Gedréckte Publikatioune ginn etappeweis ofgebaut zu Gonschte vun enger digitaler Gestioun. Dat gëllt och fir de Courrier, wou de Pabeier sukzessiv ofgeschaf gëtt. D’Administratioune solle méi effizient fonctionnéieren a Prozeduren, déi net méi an d’Zäit passe ginn auslafe gelooss.

Ee vun de Pilierë vun der Diversifizéierung vun eiser Économie ass den IT Secteur. Et goufen an de leschte Jore grouss Effortë gemaach fir d’Infrastrukturen am Beräich vun der Dateniwwerdroung an der Datesécherheet auszebauen. Lëtzebuerg entwéckelt sech zu enger Referenz an der digitaler Welt. Am Alldag an am Fonctionnement vum Staat erkennt een dat awer nach net genuch. D’Regierung mécht dofir weider Démarchen fir méi fortschrëttlech a méi zäitgeméiss ze fonctionnéieren.

De Kritär vun der Moderniséierung soll och gëlle bei der Approche vun de Subventiounen, déi de Staat a verschiddenen Beräicher accordéiert. Esou wäert zum Beispill d’Pressehëllef reforméiert ginn. D‘Regierung ass der Meenung, dass eng qualitativ héichwäerteg Press an d’Pluralitéit e Pilier vun eiser Demokratie sinn a mir wäerten dofir och weider un der Pressehëllef festhalen. De Gesamtbudget bleift d’selwecht. Allerdéngs wäert se nei opgedeelt ginn, esou dass en Deel vun der Ënnerstëtzung fir Onlinemedie reservéiert gëtt.

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

D‘Erausfuerderunge virun deenen eist Land steet, limitéiere sech net op d’Staatsfinanzen. E gesonde Budget ass d’Viraussetzung an et ass eng Konditioun fir Lëtzebuerg nei Perspektivë kënnen ze ginn. Den Effort, dee mer awer musse maachen ass méi breet.

Et gëllt haut ze agéiere fir deen Zuch nees riicht op d’Schinn ze setzen, deen amgaangen ass ze entgleisen. Mir hunn Defiziter a verschiddene Beräicher, déi mussen opgeholl ginn a mer riskéieren Defiziter an anere Beräicher ze kréien, wa mer net alles maache fir dat ze verhënneren.

D’Politik leeft dacks laanscht d’Realitéit an amplaz wichteg Akzenter ze setze fir eng falsch Entwécklung ze stoppen, gouf laang nogekuckt oder gepléischtert.

Dat gëllt fir de Beräich vun der Ëmwelt, wou Lëtzebuerg Nohuelbedarf huet. Mir mussen eis Ressourcë besser schützen an op dat oppassen, wat mer hunn. Et heescht awer och déi néideg Infrastrukture schafen an derfir suergen, dass e Wuesstem vun der Populatioun, net zu enger Reduzéierung vun der Liewensqualitéit féiert.

An et heescht och den Encadrement, deen de Staat soll offréieren esou gestalten, dass en de Realitéitë gerecht gëtt.

Nei Perspektivë fir Lëtzebuerg heescht virun allem och nei Perspektivë fir d’Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen, liewen a schaffen.

Dat fänkt u bei deene ganz Klengen, bei de Kanner, déi haut op d’Welt kommen an d’Zukunft vun eisem Land duerstellen. D’Regierung stellt si an den Zentrum vun enger neier Familljepolitik.

Et gëllt och méi sënnvoll, méi cibléiert a méi no un der Realitéit ze agéieren. Mir stelle fest, dass mer haut e System hunn, wou de Staat zwar vill Leeschtungen ausbezillt – esou vill, ewéi soss néierens an Europa – den Aarmutsrisiko awer net erof geet an  och vu Generatioun zu Generatioun weider verierft gëtt.

Duerfir konzentréiert d’Regierung sech manner op Geld a méi op Saachleeschtungen.

Eng efficace Familljepolitik léisst sech nämlech net dorunner moossen, wéivill Suen een ausgëtt.

Eng effikace Familljepolitik moosst sech un de Resultater, déi erauskomme fir d’Famillen a besonnesch fir d’Kanner.

D‘Regierung acceptéiert net, dass virun allem allengerzéihend  Elterendeeler engem extrem héijen Aarmutsrisiko ausgesat sinn.

D’Realitéit ass, dass haut méi wéi all zweete Mariage gescheed gëtt.

D’Halschent vun alle monoparentale Ménagen hu Revenuen, déi ënnert der Aarmutsgrenz leien a bal 90% vun de Familles monoparentales si Fraen.

All fënneft Fra, déi eleng mat hire Kanner ass, muss mam RMG eens ginn. Si an hir Kanner liewe permanent am Risque an d’Aarmut ze falen.

All Dag kritt d’Familljeministesch Bréiwer vu jonke Mammen, déi sech aus der Beruffstätegkeet zréckgezunn, an e Stéck wäit blann op hire Partner verlooss hunn. Um Enn sti si net nëmme virun de Schierbele vun hirer Bezéihung, mee dacks och nach mat hire klenge Kanner op der Strooss !

Déi Kanner, déi Schicksaler kënnen eis dach net egal sinn!

A wa mir dat net wëllen, da kënne mer net gläichzäiteg weiderfueren duerch Primen an Allocatiounen de Message ze ginn, dass et vum Staat gewënscht ass, dass jonk Frae ganz ophale mat schaffen. Well déi finanziell Ënnerstëtzung, déi den Ament ausbezuelt gëtt – zum Beispill bei der Allocation d’éducation – ass net héich a virun allem ass si zäitlech begrenzt.

Ronn 20 Méint gëtt déi Allocatioun ausbezuelt an duerno huet deen, deen déi Sue krut keng Allocatioun méi, d’Fraisen awer lafen d’selwecht weider.

Net zäitlech begrenzt ass d‘Ofhängegkeet an déi mer d‘Leit a virun allem d‘Frae stierzen. Eng Ofhängegkeet vum Staat an eng Ofhängegkeet vum Partner, déi vill Fraen an domat och hir Kanner an d’Aarmutsfal dreiwen.

Mir sinn eis als Regierung eens, dass eng  wierklech Familljepolitik déi ass, déi de Leit, de Fraen a virun allem de Kanner Zukunftsperspektiven offréiert.  Wéi zum Beispill de Congé parental: béid Partner kënnen dovunner profitéieren, hir sozial Rechter lafe weider, grad ewéi och hir Carrière: contrairement zu der Allocation d’éducation ass beim Congé parental d’Aarbechtsplaz geséchert.

Dofir hu mir décidéiert d’Allocations d’éducation an de maternité auslafen ze loossen. De Congé parental bleift bestoen. En huet de Praxistest bestanen a sech als Deel vun enger moderner Familljepolitik bewährt.

D’Allocation d’éducation mécht 485 EUR pro Mount aus an eng Fra huet en Urecht drop nom Congé de maternité bis dass d’Kand 2 Joer al ass. Dat awer nëmmen ënner der Conditioun, dass se de Congé parental net hellt, mä dass si hir Aarbecht also kënnegt. Oder dass hiert Akommes ënnert engem gewësse Montant läit.

D’Allocation de maternité an der Héicht vun 194 EUR pro Woch kritt och nëmmen eng Fra, déi net schaffe geet, déi also keng Perte vu Revenu huet, an e Kand op d’Welt  bréngt – 8 Woche virun an 8 Wochen no der Gebuert.

Déi Mammen, déi am Moment dës Allocatioune kréien, behale se och weiderhin. D’Regierung geet net hin an ignoréiert d’Pläng déi Famillje scho laang fir sech getraff hunn. Fir künfteg Gebuerten, nom Stéchdatum vum Akraafttriede vun dësem Gesetz wäert et dës Allocatiounen awer net méi ginn.

Jo et ass richteg, dass dat hei ronn 75 Milliounen EUR d’Joer  am Staatsbudget ausmécht. Et ass awer keng isoléiert Mesure, mä en Deel vun enger méi nohalteger Familljepolitik – engem Paradigmewiessel un deem d’Regierung weider schafft.

D’Regierung wäert am Géigenzuch d’Frae méi staark wéi bis elo ënnerstëtze fir finanziell onofhängeg ze ginn. Den RMG gëtt esou iwwerschafft, dass der prekärer Situatioun vun den Familles monoparentales méi Rechnung gedroe gëtt.

Wann d‘Rahmebedingunge stëmmen, wann d’Eltere wëssen, dass hir Kanner a gudden Hänn sinn an där Zäit wou si sech net selwer kënnen ëm si këmmeren, da si se fräi fir hiert Liewen och selwer ze organiséieren. Vill allengerzéihend jonk Fraen am RMG bleiwen den Ament doheem well se keen anere Choix hunn. Fir aus der précairer  Situatioun erauszekommen, fir nees Perspektiven ze hunn, mussen déi Fraen déi noutwenneg Viraussetzungen hu fir kënne schaffen ze goen – an esou de Wee aus der Précaritéit eraus ze fannen.

De Problem bei enger Trennung ass quasi ëmmer d’Ofhängegkeet vun der Fra, hir finanziell Situatioun an d’Organisatioun mat de Kanner, wann een op eemol eleng mat hinnen ass.

Well och déi Frae wëllen dat Bescht fir hir Kanner.

Och déi Frae wëllen déi bescht Zukunftschancen.

Och déi Frae wëllen e Liewe féiere wat se selwer organiséieren, mat hiren eegene Suen an hirem fräie Choix.

Ech wëll op dëser Plaz drop hiweisen, dass d’Regierung net eleng do steet mat dëser Approche a mat hirer Analys. Et ass keng ideologesch Iddi a kee Spuerwahn, déi sech hannert enger Neiausriichtung vun der Familljepolitik verstoppen. Et ass eng Politik, déi d’Realitéiten unerkennt.

De Porte-Parole vun der Caritas huet déi viregt Woch an engem Televisiounsinterview genee deen nämlechte Constat gemaach an déi nämlecht Conclusiounë gezunn. Och d’Caritas ass der Meenung, dass et falsch ass, d’Fraen dohinner ze drécken, wou se um Enn – an ech zitéieren “mam Fanger am Mond do stinn”. Da wier et “hautdesdaags méi sënnvoll eng Fra kuckt derno, dass si hir eegen Zukunft plangt no hirer berufflecher Entwécklung kuckt an hirer Pensioun, ewéi dass se seet se kritt Geld vum Staat fir dass se kann doheem bleiwen, onofhängeg dervun, dass déi Suen net géifen duergoen.”  Dat seet d’Caritas, déi sécher net als Lobbygrupp fir d’Regierung ka betruecht ginn, mä am Intérêt vun de méi sozial Schwaachen an am Intérêt vun de Famillje schwätzt.

D’Familljepolitik vun der Regierung huet als Zil méi a besser Zukunftschancen ze schafen.

Dofir si mir och net bereet als Fatalitéit  ze acceptéieren

  • dass all zéngte Schüler eis Schoul haut ouni Oofschloss verléisst.
  • dass d’Zuel vun de Schüler, déi mir an den Préparatoire orientéiere vu Joer zu Joer klëmmt.
  • dass 70 % vun eise Schüler mindestens eemol duerchgefall sinn.

D’Uersaache fir dës Echecë sinn an deene meeschte Fäll d’Sproochen. Lëtzebuerger Kanner mat Problemer an der Schoul ginn écartéiert wéint Schwieregkeeten am Franséischen. Kanner aus Famillje mat Migratiounshannergrond ginn dacks écartéiert, well se Schwieregkeeten am Däitschen hunn.

D’Regierung steet zu der Méisproochegkeet vun eisem Schoulsystem, an zu der Méisproochegkeet als Fundament vun eiser Gesellschaft. Dofir wëlle mer kee  Bildungs- a Betreiungsystem ënnerstëtzen, deen d’Kanner laanscht d’Realitéitë vun eiser Gesellschaft féiert.

Den Ament ass dat de Fall. Kanner aus Familljen, wou doheem kee Lëtzebuergesch geschwat gëtt, fanne mer meeschtens  a private Strukturen erëm, wou Franséisch d’Ëmgankssprooch ass. Bei der Aschoulung kënnt dann déi grouss Iwwerraschung. D’Coursë sinn nämlech op Lëtzebuergesch an d’Alphabetiséierung ass op Däitsch.

Op der aner Säit si lëtzebuergesch Kanner, déi mer onbedengt op déi méisproocheg Situatioun vun eiser Gesellschaft misste virbereeden, awer an der Majoritéit a Strukture wou just Lëtzebuergesch gefördert gëtt.

Domadder schafe mer keng Zukunftsperspektiven, mä et ass eng Preparatioun fir den Echec an der Schoul.

Dofir wäert d’Regierung fir d’Kanner vun 1-3 Joër e generellen Zougank zu enger Sproochförderung aféieren. Déi wäert sech um Rhythmus vun der Schoul orientéieren. Dat bedeit, dass an den Zäiten, wou och déi ëffentlech Schoul fonctionnéiert d’Kannerbetreiung gratis gëtt. An deenen Horairë gëtt och eng Sproocheförderung offréiert.

Dëst ass e Paradigmewiessel am Beräich vun der Förderung vu klenge Kanner an et ass e wichtege Schrëtt am Sënn vun der Chancegerechtegkeet an der Integratioun.

Dëst wäert och eng staark finanziell Entlaaschtung vun den Elteren mat Kanner tëscht engem an dräi Joer bedeiten. D’Detailer vum System, dee soll en place gesat ginn, ass den Educatiounsminister amgaangen auszeschaffen a mat de Concernéierten ze klären. Et ass awer haut scho kloer, datt d’Ausgabe fir Kannerbetreiung bei jonken Eltere mat klenge Kanner tëscht 1-3 Joer sech op en Brochdeel vun deem wäerte reduzéieren, wat si haut iwwert de Chèque Service bezuelen.

Mir schaffen doriwwer eraus un enger Reforme vum Appui pédagogique an der Grondschoul. Dee soll et erlaabe fir de Kanner mat schoulesche Schwieregkeete méi staark ënnert d’Äerm ze gräifen wéi bis elo. Dernieft gëtt un engem Modèle geschafft fir déi ugespaante Situatioun am Beräich vun den Hausaufgabenhëllefen ze entschäerfen an d’Offer fir Kanner mat sougenannten “Dys-Problematiken” a mat Verhalensopfällegkeeten gëtt ausgebaut.

Dat ass wichteg fir déi betraffe Kanner, hir Elteren an et entlaascht d’Enseignanten, déi haut oft mat schwierege Situatiounen eleng do stinn.

Et däerf net esou sinn, dass just déi Kanner aus sozialstaarke Famillje sech am System erëmfannen, wou d’Elteren den néidegen Appui kënne ginn.

D’Kanner ginn an den Zentrum vun der Familljepolitik gesat. Dat bedeit och, dass de System vum Kannergeld reforméiert a vereinfacht gëtt.

Dat eigentlecht Kannergeld an de Boni ginn zesummegeluecht, esou dass d’Elteren an Zukunft just nach ee Montant iwwerwise kréien. Dat ass och eng Initiative am Sënn vu Simplification administrative.

An Zukunft soll all Kand datselwecht Kannergeld kréien. D’Regierung huet am Virfeld en Avis beim Staatsrot gefrot fir ze kucken, op dës Mesure compatibel ass mat eiser Verfaassung.

Fir déi Kanner, déi an Zukunft op d’Welt kommen, gëtt dann de sougenannte Groupe familial ofgeschaaft. Wat d’Kannergeld fir déi neigebuere Kanner betrëfft, hu mer eis um aktuelle Montant vum éischte Kand orientéiert, e Montant, dee bei wäitem deen héchsten a ganz Europa ass. Dee Montant hu mer no uewen opgeronnt. Wann de legislative Prozess duerch ass, kréien déi Kanner, déi dann op d’Welt kommen alleguer datselwecht Kannergeld. Fir déi Kanner, déi da schonn op der Welt sinn ännert näischt.

D’Majorations d’âge bleiwe bestoen, ginn esouguer och opgeronnt fir ALL d’Kanner.

Dat heescht, dass e Kand, wat op der Welt ass, ier d’Reform a Kraaft trëtt 185,6 EUR Basisbetrag u Kannergeld kritt plus 76,88 Euro Boni – also genee 262,48 EUR kritt. E Stot mat zwee Kanner kritt duerch Kannergeld a Boni deen Ament 594,48 EUR a behält dat och.

Dat neit Kannergeld huet d’Regierung op 265 EUR fixéiert. Dat ass also méi héich ewéi de Montant beim éischte Kand haut plus Boni. D’Majoratioune ginn och opgeronnt op 20 resp. 50 EUR pro Kand. D’Rentrée scolaire gëtt op 115 EUR fir d’Kanner iwwer 6 Joer, respektiv 235 EUR fir d’Kanner iwwer 12 Joer fixéiert.

D’Regierung waart wéi gesot den Ament nach op den Avis vum Staatsrot.

Doriwwer eraus plangt d’Regierung eng wichteg a strukturell Reform.

Esou wéi et am Regierungsprogramm festgehalen ass, gëtt de Fonctionnement, d’Organisatioun an d’Finanzéierung vun der Kannergeldkeess nei geregelt.

Mir grënnen eng “Zukunftskeess” wou  d’Prestatiounen am Beräich Kannergeld a verschidde Leeschtunge bei der Kannerbetreiung zesummengeluecht ginn. Och dat as nees eng administrativ Vereinfachung, spuert vill Opwand fir d’Verwaltung an domadder och Sue fir de Staat.

De Finanzement gëtt nei geregelt. Déi sëlleche “fiktiv” Cotisatiounen, déi haut d’Kannergeldkeess speisen, ginn ersat duerch eng direkt Dotatioun aus dem Budget. En interministeriellen Aarbechtsgrupp ass chargéiert déi hei Reform ze ficeléieren.

D’Regierung spuert net um Bockel vun de Kanner, mä investéiert an hir Chancen. Dofir huet d‘Regierung och d’Aféiere vun enger Contributioun vu 0,5% décidéiert.

Et huet ee sech et net einfach gemaach mat deem Bäitrag,  awer décidéiert, dass et kee Wee gëtt laanscht eng Investitioun an d’Zukunft.

Deen Effort kann net waarden, bis sech déi budgetär Situatioun verbessert.

Dofir ass d’Aféiere vun esou engem Bäitrag elo néideg an elo sënnvoll.

Déi 0,5% ginn op alle Revenuen erhuewe mat engem Fräibetrag vun engem Véierels vum Mindestloun. Et ginn also op all Revenu ronn 480 Euro ofgerechent, doduerch ginn déi dacks zitéiert schmuel Schëllere manner belaascht, ewéi déi méi breet.

0,5% Minus Fräibetrag : Dat bedeit fir ee Ménage, deen e Revenu vun 3000 EUR huet e Bäitrag vu ronn 12,5 Euro de Mount. Fir ee Ménage, dee 4000 EUR huet sinn et da 17 Euro de Mount a bei engem Revenu am Ménage vun 8.000 EUR maachen et ronn 37,6 EUR aus. Leit, déi vill verdénge bezuele méi.

Esou vill muss jidderengem d’Zukunft vun eise Kanner wäert sinn. Et ass e solidareschen Effort fir de Kanner besser Perspektiven ze offréieren an et ass och en solidareschen Effort am Sënn vu jidderengem.

Doduerch dass den „Zukunftsbäitrag“ den 1. Januar 2015 agefouert gëtt, gi mir eis déi budgetär Moyenë fir am Hierscht 2016 prett ze sinn an d’Kannerbetreiungsstrukture quantitativ a qualitativ bis dohinner weider ausgebaut ze hunn.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Wann ech haut vill iwwert d’Perspektiven an iwwert eis Pläng fir d’Zukunft schwëtzen, da verléieren ech dobäi och net aus den Aen, dass déi Jonk haut an elo schon dacks zolidd Problemer hunn, déi och musse geléist ginn.

Dofir gëtt och hei trotz enger budgetär schwiereger Situatioun an d’Betreiung, den Encadrement an de Suivi vu jonke Chômeurë weider investéiert. D’Maison de l’orientation gëtt an deem Sënn opgestockt. D’Garantie pour la  Jeunesse, déi am Juni lancéiert ginn ass, gëtt weider entwéckelt an och lokal ausgebaut.

Net nëmme beim Jugendchômage huet Lëtzebuerg awer e Problem, mä och bei eeleren Demandeurs d’emploi a virun allem bei deenen, déi scho méi a laang Zäit ouni eng Schaff sinn. D‘Regierung wäert hei op zwee Niveauen agéieren: Engersäits gëtt d’Reform vun der ADEM weider gedriwwen an och hei gëtt aus- an net ofgebaut. Dat esou wuel bei der Quantitéit, ewéi awer och bei der Qualitéit vum Personal. Op der anerer Säit ginn Leit am Chômage awer och méi encouragéiert eng Aarbecht unzehuelen, respektiv si kréien et méi schwéier gemaach eng offréiert Plaz ze refuséieren. Esou wäert d’Aide temporaire au réemploi reforméiert ginn. An Zukunft gëtt de Montant op de soziale Mindestloun plafonéiert an d’Ausbezuelen op 3 Joer amplaz, wéi bis elo op 4 Joer begrenzt. Virun allem awer gëtt d’Cooperatioun tëscht Entreprisen an der Adem verbessert a verstäerkt.

Wa mer haut iwwer Mesuren an eng Politik schwätzen, déi weist, dass mer de Budget fest am Bléck hunn an d ‘Dépensë wëllen an de Grëff kréien, dann ass et awer wichteg och ze ënnersträichen, dass de Staat weider ganz vill Suen investéiert. Dat betrëfft d’Kannerbetreiung, d’Bildung an d’Lutte géint de Chômage. Et betrëfft och d’Recherche an d’Héichschoul an et betrëfft d’Wunnen an d’Mobilitéit.

De Logement ass an de leschte Jorzéngten ëmmer méi zu engem Haaptsujet zu Lëtzebuerg ginn a gouf regelméisseg zu enger “Chefsaach” déclaréiert. Déi sëllegen Initiativen a Subventiounen haten net den Effet, dass d’Situatioun sech konnt entschäerfen.

Dofir huet d’Regierung och décidéiert, dass den Taux super-réduit vun 3% an Zukunft nëmmen nach ugewandt gëtt fir Leit, déi en Doheem fir sech selwer wëlle kafen – jonk Familljen, déi eng Ënnerstëtzung brauchen. Den aktuelle System fir generell en taux super-réduit am Logement ze garantéieren, huet net de gewënschtenen Afloss op d’Präisser gehat – obwuel de Staat zanter dem Joer 2002 iwwer 2,1 Milliarden Euro TVA rembourséiert huet.

Dat si vill Suen, déi een hätt kéinten a sollen op d’mannst deelweis an d’Offer investéieren.

An Zukunft gëtt et de super-reduzéierten Taux vun dräi Prozent also fir jiddereen, deen eng Wunneng fir sech selwer baut oder keeft. Dat féiert derzou, dass eng Wunneng an Zukunft zwee Präisser huet. E Präis mat 3% TVA fir eng Famill, déi op der Sich no engem Daach iwwert dem Kapp ass an e Präis mat 17% TVA fir en Investisseur, dee seng Suen wëllt uleeën.

Den Investisseur profitéiert weider, wéi bis elo vum Amortissement accéleré bei de Steieren. Mir wëllen domat den Invest an de Wunnéngsbau weider ënnerstëtzen. Hie profitéiert awer net méi vun enger sozialer Mesure, also dem reduzéierten TVA’s Taux. Et ass dat en Element vu Gerechtegkeet.

Bei der Ëmsetzung vun de Changementer am Beräich vun der TVA Logement gëtt fir Wunnengen déi gebaut gi fir ze verlounen eng Iwwergankszäit vun 2 Joer respektéiert. All Projet, dee virum 1. Januar 2015 eragereecht a virum 1.Januar 2017 ofgeschloss ass fonctionnéiert nach nom ale Regime. Hei gëtt den Taux super-réduit also iwwerganksweis bäibehalen.

D’Loyersë wäerten duerch dëse Changement net an d’Luucht goen. De Loyer vun de Wunnengen orientéiert sech nom Prinzip vun Offer an Demande. D’Héicht vum Loyer ass deen, deen de Marché hiergëtt.

D ‘Regierung wëllt dann awer och weider d‘Sanéierung vun alen Haiser an Aarbechten am Sënn vun der Energieeffizienz ënnerstëtzen. Dofir gëtt bei der Renovatioun och den Taux réduit vun 3% TVA bäibehalen. Dat no der aktuell, breet ugeluechter Definitioun fir  Renovatiounsaarbechten.

De Projet vun enger Klimabank, wou energieeffizient Bauen an Renovéiere gefördert gëtt, ass an der Preparatiounsphase. D’Ministäre vun der Ëmwelt, dem Logement an der Energie sinn amgaangen dëse Modèle weider ze konkretiséieren.

Virun allem wäert de Staat awer och selwer an den nächste Jore massiv an de Wunnengsbau investéieren an d’Offer an d’Luucht setzen. Leit, déi eng Wunneng brauchen, sollen zu Lëtzebuerg eng fannen – an zwar déi, déi eleng wunnen, genee esou wéi Familljen, eeler Leit mat spezielle Besoinen, an och Studenten.

D’Regierung huet virun 2 Wochen e Plang ugeholl vir 129 nei Wunnprojeten an den nächste Joren ze realiséieren. Esou wäert de Staat an den nächste Joren am Ganzen iwwer 10.000 nei Wunnechte bauen oder zum Deel finanzéieren, wou bäi e groussen Deel fir de Locatif reservéiert sinn. Ronn 11 % dovunner si Studentewunnengen.

Dat kascht Suen. Eleng fir déi nei Projetë ginn 200 Milliounen Euro an den nächste Jore vu staatlecher Säit an de Logement investéiert. Dat ass eng Steigerung vun 10 % par rapport zu deem, wat bis elo geplangt war. Et ass en Invest, deen net nëmmen néideg, mä och nohalteg ass an en Impakt wäert hunn um Lëtzebuerger Wunnengsmarché.

D’Regierung mécht domadder och e kloert Bekenntnis zum soziale Wunnengsbau an ënnerstëtzt déi Leit, déi dréngend en Ënnerdaach sichen. Eis Approche ass kloer: Mir ënnerstëtzen d’Offer amplaz d’Demande ze subventionéieren.

De Staat huet d’Aufgab derfir ze suergen, dass den Alldag vun de Leit méi agreabel an net méi komplizéiert gëtt. D’Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg ass exceptionell gutt, mä et ginn och e sëllechen Elementer, déi onbedengt musse verbessert ginn. Dozou gehéiert d’Qualitéit vun eiser Loft, eisem Buedem an eisem Waasser, et gehéiert awer och d’Mobilitéit derzou.

Dee Wuesstem vun der Populatioun, deen ech am Ufank vu menger Interventioun beschriwwen hunn, huet sech net nëmme massiv op eis Staatsfinanzen, mä och op d’Verkéiersopkommen an eisem Land ausgewierkt. De Staat wäert dofir an den nächste Joren och zolidd an den Ausbau vun der Infrastruktur investéieren. Dat esou wuel an de Stroossebau, wéi awer och verstäerkt an den ëffentlechen Transport an den Ausbau vun eisem Schinnennetz.

Een Deel vun deem Mobilitéitskonzept ass den Tram. Déi Investitioun steet nach ëmmer an der Diskussioun an et kléngt esou einfach, wann ee seet: “Sträicht den Tram, dann hutt der gespuert”.

Esou einfach ass et net. Ganz dervun ofgesinn, dass fir dee Projet scho laang Preparatiounsaarbechten amgaang sinn an et eng grouss Verschwendung vun ëffentleche Sue wier, fir de Projet ze stoppen, wier et och dee komplett falsche Wee.

Den Tram ass dréngend noutwenneg an et gëtt och keng Alternativ fir d’Verkéiersopkommen anescht ze geréieren. Ech schwätzen do emol net eleng vum aktuelle Verkéiersopkommen, mä virun allem vun deem, wat an den nächste Joren a Jorzéngte soll derbäi kommen. Et si Quartierë vun der Stad Lëtzebuerg an den Nopeschgemengen amgaang sech ze developpéieren, wou an den nächste Joren enorme Wuesstëm erwaart gëtt. Dat gëllt zum Beispill fir Gaasperech, Hollerech awer och Houwald, Findel an d’Gemeng Stroossen. Déi Géigende ginn an den Tramsprojet integréiert an domadder ass dann och kloer, dass déi dacks zitéiert Alternativen, wéi eng Seelbunn queesch iwwert d’Stad zwar touristesch attraktiv kéint sinn, awer kee Problem léisen.

De Projet vum Tram ass en Invest an d’Liewenqualitéit. Et ass och en Invest an d’Attraktivitéit vun eisem Land an domadder an d’Kompetitivitéit. Entreprisen, déi sech zu Lëtzebuerg wëllen implantéieren an Aarbechtsplaze schafe, kucken och derno, wéi praktesch et ass fir vun A op B ze kommen, wéi sécher et ass, wéi breet déi kulturell Offer ass a wéi gutt d’Kanner vun de Mataarbechter an der Schoul oder an enger Struktur betreit ginn. An deem Sënn muss een och Investitioune gesinn, déi op den éischte Bléck nëmmen eng grouss Dépense am Budget ausmaachen.

Erlaabt mer op ee Punkt ze schwätzen ze kommen, well dee mer um Häerz läit.

Ech hunn Uganks eng Situatioun vun eise Staatsfinanze beschriwwen, déi eis d‘Aufgaben als Regierung net méi einfach mécht. Bei enger Diskussioun, wéi se den Ament an elo an den nächsten Deeg a Woche sécher nach verstäerkt gefouert gëtt, ass et einfach an Demagogie an och an den Egoismus ze verfalen.

Eis Cooperatiounshëllef ze kierzen ass keng Optioun.

Mir erliewen den Ament Konflikter, an Europa, un de Grenze vun der EU, awer och am Noen Osten, am Irak, an Afrika. Mat der Ebola-Epidemie kann een all Dag suivéieren, wéi grouss de Misär ass a Länner, wou Mënschen näischt maache kënnen, ausser nokucken, wéi hir Kanner, hir Elteren, Geschwëster a Frënn stierwen. Et gi Naturkatastrofen uechter d’Welt, wou  Millione vu Leit hir Famill an hiert Doheem verléieren.

An awer: D’Coopératiounspolitik ass kee puren Altruismus. Mir denken net nëmmen un déi, déi eis Hëllef brauchen. Wa mer éierlech sinn, dann ass Cooperatiounshëllef och Hëllef fir eis selwer. Wa mer de Leit, déi net d’Chance haten an der Mëtt vun Europa op d’Welt ze kommen, méi Perspektivë ginn an hinnen hëllefe sech selwer ze hëllefen, da gi mer hinnen och méi Ursaach hiert Liewe bei sech doheem ze gestalten a Stabilitéit kënnen ze léiwen.

Perspektivë fir Partnerlänner sinn och Perspektivë fir Lëtzebuerg.

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

Et geet net ëm eis.

Et geet net drëms recht ze hunn, mä drëms dat Richtegt ze maachen.

Als Regierung si mer fest décidéiert déi néideg Reformë virun ze dreiwen an d’Land op dat virzebereeden, wat virun eis läit.

Wann de Finanzminister muer de Budget mat den definitiven Zuelen déposéiert, dann ass dat e Budget, wou op d ‘Ausgaben opgepasst gëtt an d’Investitiounë weider héich sinn. Et ass awer och en Effort, dee kollektiv ass.

Egoismus  ass eng Astellung, där et u Wäitsiicht feelt.  Wien haut nëmmen no sech kuckt, steet muer eleng do. Wat mer haut hunn, gehéiert eis net eleng, mä och de Generatiounen, déi no eis kommen.

Mir mussen duerfir als Bierger vun dësem Land um nämlechte Seel zéien an am beschten och an déiselwecht Richtung. Mir wëllen, dass et och an Zukunft attraktiv ass fir zu Lëtzebuerg ze liewen an ze schaffen.

Wa mer elo ëmdenken an elo handelen, schafe mer nei Perspektivë fir jiddereen. Perspektivë fir Lëtzebuerg.