Discours de François Bausch à la fête des entrepreneurs

Discours – Publié le

"An diversen Dossieren konnt e gemeinsame Nenner  fonnt ginn. Ech denken do speziell un zwee Dossieren: dee vun der Präisrevisiounsklausel bei ëffentlechen Ausschreiwungen wéi och dee vun den neien Architektekontrakter."

Dir Häre Presidenten, Vizepresidenten, léif Éieregäscht an Invitéen, dir Dammen an dir Hären, Ech freeë mech den Owend bei Iech ze sinn an ech soen Iech Merci fir d’Invitatioun.

Mir hunn an dem leschte Joer gutt geschafft. Mir hunn zesummen diskutéiert, d’Problemer sinn ugeschwat ginn. Mir sinn och weiderkomm. An diversen Dossieren konnt e gemeinsame Nenner fonnt ginn. Ech denken do speziell un zwee Dossieren: dee vun der Präisrevisiounsklausel bei ëffentlechen Ausschreiwungen wéi och dee vun den neien Architektekontrakter.

Neiegkeeten ginn et dann och vum CRTI-B, deen sech säit bal 25 Joer als Plateforme d’échange vun den wichtegsten Acteuren aus dem Bausekteur dofir asetzt, d’Zesummenaarbecht ënnerteneen ze verbesseren an d‘Produktivitéit am Bau méi effizient ze gestalten. Dat virun allem duerch Definitioun vun Standarden, wéi notamment déi allsäits bekannte Vertragsklauselen, an duerch verschidden Outilen wéi den Guide de la contruction durable an den CRTI-weB.

Deen CRTI-B ass och fir Zukunft duerch dat Partenariat optimal positionéiert fir eng ganz Rei Sujeten an Thematiken, déi den Bau betreffen, spezifesch an dem Kontext vum nohalteger Entwécklung ze begleeden an ëmzesetzen. Vun der Unzuel, der Envergure an der Komplexitéit vun deenen Aufgaben ass et no 25 Joer allerdéngs net méi méiglech all déi Missioun ausschliisslech op Basis vum Benevolat z’ assuréieren.

Aus deem Grond hunn all d’Partner zesummen décidéiert aus dem CRTI-B e GIE ze maachen fir duerch méi Autonomie an Professionalismus déi gesaten Objektiver kennen ze erreechen an esou d’Positioun als wichtegen Dréi- an Aangelpunkt vum Secteur ze stäerken. Ech ënnerstëtzen des Démarche an wäert och der Regierung proposéieren fir der Grënnung vum GIE zouzestëmmen.

Dir Dammen an dir Hären, Mam stëmme vun éischten Zukunftspak huet d’Regierung och de Grondsteen fir eng nei Budgetspolitik gesat. D’Sanéiere vun den Staatsfinanzen bleift weiderhin en Haaptuleies vun dëser Regierung. Déi Mesuren, déi am Kontext vum Budget 2015 ausgeschafft ginn sinn, wäerten ëmgesat ginn. Nëmmen esou ass et méiglech de Staatsbudget erëm an der Equiliber ze kréien. Et wäert sech awer net dout gespuert ginn. D’ Zuele beleeën dat däitlech; mir wäerten, eisen Estimatioune no, bis d’Joer 2018 ongeféier 728 Milliounen Euro iwwert eis 3 administrativ Fonge fir Projeten am Héichbau liquidéieren. Wann Dir eise pluriannuelle Budget kuckt, da mierkt Dir, datt mir an den nächste Joeren ganz vill wäerten a Schoulinfrastrukturen investéieren. De Klierfer Lycée ass am Bau, grad esou wéi den technesche Lycée fir Gesondheetsberuffer zu Ettelbréck. Wat den neien Lycée vun Déifferdeng ubelaangt, wëll ech d’Finanzéierungsgesetz esou séier wéi méiglech déposéieren. Deemnächst wäert ech och d‘Etuden an Optrag ginn fir d’Rehabilitatiounarbechten vum Lycée Michel Rodange, d’ Renovatioun vun der Annexe vum Dikkrecher Kolléisch zu Miersch, an de Neibau vum technesche Lycée vun Bouneweg.

Mir wäerten och, wéi d’lescht Joer schonn ugekënnegt, weider dru schaffen, eise Sanéierungsprogramm vun den ëffentleche Gebaier an den nächste Joeren ëmzesetzen. D’Regierung gëtt sech awer net nëmmen déi néideg Moyennë fir den Oplage vun der Direktive iwwer d ‘Energieeffizienz gerecht ze ginn, mee wäert an den nächste 4 Joer méi wéi 225 Milliounen Euro iwwert den Wee vum Fonds d’entretien an d’Renovatioun vun den Staatsgebaier investéieren.

Am Ganze sinn dat méi wéi 950 Milliounen Euro. Dat ass e risege Batz Geld deen d’Regierung bereet stellt fir wichteg Infrastrukturprojete kënnen ze realiséieren.

Am Dossier Tram ass 2014 dat éischt Finanzéierungsgesetz gestëmmt ginn, sou datt de Chantier ugefaangen huet. Dat sinn fir d’Jore 2015-2017 Investissementer vun 387 Milliounen Euro wouvunner 3/4 am Beräich Gros-Oeuvre, Génie-Civil an Réseaue investéiert ginn. Wéi Dir wësst, fänke mer fir d’éischt un, den Centre de Remisage ze bauen; dofir hunn Virbereedungsaarbechten schonn ugefaang an den éischte Bagger wäert och nach virum Summer fueren.

Enn dëses Jores fänke mer dann un den Tracé vum Tram iwwert den Kierchbierg ze bauen. Op deenen Achse wou den Tram fiert, gëtt déi ganz Infrastruktur erneiert souwuel ënnert wéi iwwert dem Buedem; et ginn natierlech och Schinne geluecht an Tramme kaf, sou datt 2017 deen éischten Tram hei an der Stad erëm kann an Betrib goen.

E ganz wichtege Projet ass den Arrêt Kierchbierg-Pafendall, wou de Chantier elo ufänkt an wou mer bis 2017 knapp 100 Milliounen Euro investéiere fir de Kierchbierg an d’Uewerstad besser un de Schinneréseau unzebannen. Dëst ass deen éischte vun deene neie Pôle d’Echanges, déi mer an der Stad bauen.

Weiderer wäerten déi Joeren dono an den Chantier goen: um Héienhaff wou och en P&R entsteet mat Uschloss un Tram a Bus, an op der Cloche d’Or wou niewent dem geplangte Stadion och e P&R, eng Busgare an den Tram hikommen.

A punkto Stroossebau bleift et wéi déi Jore virdrun dobäi datt Projeten, déi fir déi wiertschaftlech Entwécklung vum Land wichteg sinn, prioritär behandelt ginn.

Nei Stroosseninfrastrukturen an der Péripherie oder am städtesche Raum sollen awer net nëmmen den Autos- an Camionsverkéier ofdecken, mee och den néidegen Raum fir Foussgänger, Vëlo an den ëffentlechen Transport virgesinn.

An deem Kontext ass am leschte Joer d‘Finanzéierungsgesetz vum Pôle d’échange multimodal vun der Gare Ettelbréck gestëmmt ginn, wou an den nächste Joren ronn 160 Millioune wäerten investéiert ginn. Dorun uschléissend plange meng Servicer um Couloir multimodal op der N7 tëscht Ettelbréck an Dikkrech, wou ech d’ lescht Joer den Accord vun der Chamber kritt hunn, dës wichteg Achse an der Nordstad am Sënn vum ëffentlechen Transport an der Mobilité douce z’entwéckelen.

Och an der Péripherie vun der Stad Lëtzebuerg ginn d‘Planunge viru gedriwwen, ech erënneren do nëmmen un d’nei N3 mam hirem Boulevard urbain vun der Gare op den Houwald mat Uschloss un Pôles d’échange vun Bouneweg an Houwald oder un d’Entwécklung um Ban de Gasperich.

Am Norde vum Land hu mir dat lescht Joer mam Bau vun der Transversale Klierf ugefangen, aner Projete befannen sech an de Prozeduren, wéi zum Beispill den Uschloss vun der Aktivitéitszon um Fridhaff. Och wäert ech an den nächsten Joren Adaptatioune op der N7 tëscht dem Fridhaff an der Wämperhaart virhuelen, wou ganz vill Suen wäerten investéiert ginn fir dës Strooss den heitegem Standarden unzepassen.

Am Süde vum Land wëll ech de By-pass Helleng, den Échangeur vun Biréng an dee vu Steebrécken mat dem éischten Deel vun enger Busspur op der Escher Autobunn oder nach dat zweet Lous vun der Rocade vun Déifferdéng erwänen, wou mir demnächst wäerten an de Chantier goen. D’Regierung engagéiert sech och fir den Ausbau vun der Autobunn vun Diddeleng bis op d‘Helfenterbréck op 2x3 Spueren, ënnert anerem fir d’multimodal Plattform zu Beetebuerg unzeschléissen.

Am Resumé, hu mir 2014 172,3 Milliounen Euro an den Bau vun eiser Stroosseninfrastruktur investéiert, 2015 sinn 210 Milliounen un Liquidatioune virgesinn.

Am Schinnereseau stinn och wichteg Projeten un. Virun e puer Méint gouf déi éischt Phase vun enger neier Streck op Beetebuerg gestëmmt. Mir schwätze vun enger neier Eisebunnslinn vun ongeféier 7 Kilometer, déi zum groussen Deel parallel zu der bestehender Diddelénger Autobunn gebaut wäert ginn. De Projet kascht eppes méi wéi 292 Milliounen Euro a wäert bis 2020 realiséiert ginn. De Projet gesäit ënnert anerem och zwou markant Brécke vir, vun deenen eng südlech vum Houwald iwwert d’A3 féiere wäert. An dësen Deeg fänken déi éischt Aarbechten fir d’Realiséierung vun dësem Projet un. An enger zweeter Phase gëtt déi nei Streck definitiv un déi bestehend Streck ugeschloss an d’Gare vu Beetebuerg komplett ëmgebaut, wouduerch nach eemol d’Kapazitéit erhéijt wäert ginn. Dëse Projet fänkt no 2020 un a soll aus heiteger Siicht 2024 fäerdeg sinn.

Déi nei multimodal Plate-forme zu Beetebuerg, wou mer amgaange sinn déi éischt Phase fir de Präis vun 182 Milliounen Euro ze bauen, ass e wichtegen Invest fir d’Zukunft vun eisem Land. Mir bauen hei nei Facilitéite fir d’Verluede vu Containeren a vu Camionsremorquen op den Zuch. Op där enger Säit geréiert dëse Projet zousätzlech Aarbechtsplazen an op där anerer Säit erlaabt dëse Projet d’Stellung vum Standuert Lëtzebuerg als wichtegt Dréikräiz an der Logistik ze festegen an anengems nach un d’Ëmwelt ze denken. Dofir sinn ech beméit fir dëse Projet sou séier wéi méiglech ëmgesat ze kréien.

Ee weidere Projet, dee schonn amgaangen ass realiséiert ze ginn, ass dee vun der Zweegeleisegkeet vun der Stad op Sandweiler. Fir de Montant vun 215 Milliounen Euro gëtt dëse Streckenabschnitt op zwee Gleiser ausgebaut.

Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.