Lescht Roadshow "Mobilité douce" mam François Bausch zu Klierf am Schlass (24.06.2015)

Communiqué – Publié le

Mëttwochs, de 24. Juni ëm 19 Auer fënnt zu Klierf am Schlass déi lescht Etapp vun der Roadshow fir Gemenge-Conseilleren, technesch Déngschter an all aner Leit, déi sech interesséieren oder wëllen dozou bäidroen, datt Zefoussgoen a Vëlofueren an eisem Land erëm attraktiv ginn, statt.

Op bis elo 6 Owender hu sech am ganzen iwwer 250 politisch Vetrieder vu Gemengen afonnt, fir dem Minister a senge Leit aus dem Ministère nozelauschteren.

Zanter der Ouverture vun der "Vennbahn", déi en europäesche Präiss a relativ séier e ganz grousse Succès kritt huet, gouf d’Potenzial vum Vëlostourismus am Norde vum Land nei entdeckt.

De François Bausch wäert e Mëttwoch e flotten Abléck dra ginn, wéi de Ministère an d’Gemengen mat deem Potenzial, awer och mam Vëlo um Wee fir op d’Aarbecht oder an d’Schoul, kënnen ëmgoen.

De Programm: 

  • Zefoussgoen a Vëlofueren als essentiell Elementer vun enger efficacer Mobilitéitsplanung.
  • Wéi ënnerstëtzen den MDDI, d’Ponts & Chaussées an de Verkéiersverbond d’Gemenge bei der Planung fir Mobilité douce ?
  • Ënnert wéi enge Konditioune kann Tempo 30 elo och op Staatsstroossen envisagéiert ginn?
  • De Point de vue vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ.
  • Diskussioun.

Jiddereen, dee sech interesséiert, ass natierlech och agelueden. Den Entrée ass fräi. 

Communiqué par le ministère du Développement durable et des Infrastructures