Déclaration de Romain Schneider sur la politique de coopération au développement (version originale)

"Eis Welt, eis Dignitéit, Eis Zukunft!"

Seul le texte prononcé fait foi
Discours – Publié le

"Här President,

Dir Dammen an dir Hären Deputéierten,

Excellenzen,

Dir Dammen an dir Hären,

Dëst Joer ass et fir mech eng ganz besonnesch Occasioun des Ried iwwert d’lëtzebuerger Kooperatiounspolitik hei ze halen, well 2015 ass en speziellt Joer. D’europäesch Institutiounen hunn 2015 zum europäeschen Joer fir Entwécklung ernannt, well während dësen 12 Méint grouss Rendezvousen sinn, déi des Politik fir déi nächst 15 Joer bestëmmen wäerten. Dass dëst zesummen fält mat der lëtzebuerger Présidence vum Conseil vun der europäeschen Unioun huet eis en besonneschen Roll an eng spezifesch Responsabilitéit ginn.

D’europäescht Joer fir Entwécklung ass am Januar offiziell zu Riga opgemaach ginn, an mir wäerten et ofschléissen am Dezember zu Lëtzebuerg. D’informell Reunioun vun den EU Entwécklungsministeren wäert zur gläicher Zéit stattfannen. Mir hoffen an deem Kontext och eng interinstitutionnel Deklaratioun ze ënnerschreiwen an der mer eis engagéieren, -Institutiounen an Memberstaten -, fir eis weider dofir anzesetzen en breeden Publikum op Kooperatiounsbesoien an op d’ Responsabilitéit vun jidder eenzelnen, opmierksam ze maachen.

Zu Lëtzebuerg war dat och d’Ziel vum europäeschen Joer. Dofir muss een Themen vun der Aarmutsbekämpfung an der nohalteger Entwécklung an den Entwécklungslänner, vun internationaler Solidaritéit an Responsabilitéit, mä och vun eisen Interessen déi domat verbonnen sinn, nach besser erklären. Den Motto vun dësem europäeschen Joer, -eis Welt, eis Dignitéit, eis Zukunft-,huet eis hei den Wee gewisen.

Eng vun eisen Zilgruppen hei war d’Jugend. Zesummen mat der lëtzebuerger genereller Konferenz fir d’Jugend waren mir beim Jugendparlament present, mä och beim Rallye Citoyen, wou eng Étappe am Ministère war. Ech well drun erënneren, dass d’Ouverture vum europäeschen Joer zu Lëtzebuerg am Januar am Athenée war, en Présencë vun villen Schüler, déi ënner anerem hier Aarbechten an der Kooperatioun gewisen hunn. Et goung eis och drëm, eis mat dem breeden Publikum direkt auszetauschen. Dofir haten mer z. B. en Stand fir d’Fête de l’Europe, och um Pique-nique européen den 1. Juli an beim Blues and Jazz Rallye am Gronn. Hei gouf et vill interessant an och kontrovers Gespréicher. Ech wollt vun dëser Platz mengen Mataarbechter aus dem Ministère Merci soen fir hiren Asatz während laangen Stonnen den Weekend an Owes.

Ech sinn och frou, dass d’europäesch Intitutiounen zu Lëtzebuerg enk mat eis zesummen geschafft hunn. D’europäesch Cour des comptes huet eng flott Konferenz organiséiert, an d’europäesch Investitiounsbank huet verschidden Konferenzen an Aktivitéiten organiséiert an mat gedroen. D’Büroen vun dem europäeschen Parlament an der Kommissioun waren eis Partner an villen Momenter, wéi z.B. um Festival des migrations.

En Video Concours, den Shining Stars of Europe, ass europawäit ënnert dem Thema vum Développement gelaf. D’Gewënner sinn am Dezember zu Lëtzebuerg bei der Clôturë vum europäeschen Joer dobäi, wou si hiren Präis iwwerreecht kréien.

Ech freeën mech besonnesch, dass am Dezember, kuerz no eiser informeller EU Ministeschréunioun, d’Responsablen vun den EU Parlamentskommissiounen, déi fir Entwécklungspolitik zoustänneg sinn, zu Lëtzebuerg zwee Deeg zu dësem Thema tagen.

Och d’nächst Joer wëllen mir weider un Sensibilisatiounsaktivitéiten deelhuelen, respektiv se selwer ureegen. Natierlech sinn eis éischt Partner hei d’lëtzebuerger ONGen. Si hunn eenzel an am Cercle iwwert d’Joer 2015 en besonnesch räichen an diversifizéierten Programm vun Aktivitéiten ugebueden, vum Festival Cinéma du Sud iwwert d’Fête de la solidarité am Mee an nach vill aneres. Och dank hirer war d’europäescht Joer fir Entwécklung zu Lëtzebuerg en Succès.

Dir Dammen an dir Hären Deputéierten,

Firwat insistéieren ech esou op des Sensibiliséierungsaktivitéiten? Well ech dovunner iwwerzeegt sinn, dass Entwécklungspolitik an humanitär Hëllef indispensabel Instrumenter vun eisem internationalen Verständnes vun Zesummeliewen, an en wichtegt Element vun eiser Aussepolitik sinn, op dat mir stolz kennen sinn.

Séit der méi massiver Arrivée an Europa vun Migranten aus Afrika an aus Syrien, sinn verschidden Krisesituatiounen eis wahrscheinlech méi bewosst ginn. Des Krisen sinn net nei an hunn schonns Dausenden Leit d’Liewen kascht. Sief et wéinst Kricher, wéi an der Zentralafrikanescher Republik, am Soudan an Sud-Soudan oder an Syrien, sief et wéinst dem Terrorismus, wéi z.B. am Norden vun Nigeria, sief et duerch Naturkatastrophen oder schlechter Gouvernance, an schlussendlech duerch Krisen wou dës Ursaachen all oder deelweis zesummen kommen.

Wann Elteren keng aner Léisung méi gesinn, wéi mat hiren Kanner ze probéieren op engem onsécheren Schëff iwwert d‘Mëttelmier eng Zukunft ze sichen, oder Deeg ze fouss ënnerwee sinn duerch d’Sahara, d’Tierkei an den Balkan, dann brauch ech wuel net méi laang ze beweisen, dass Entwécklungshëllef an humanitär Hëllef batter néideg sinn. Des Politiken sinn keen Wonnermëttel géint Migratioun,- dat ass och net hiren Sënn,- mä humanitär Hëllef kann eng éischt Äntwert sinn fir déi 60 Milliounen Leit déi hautdesdaags op der Flucht sinn. Dat sinn der esou vill, wéi nach ni! An Entwécklungshëllef ass och do fir der Jugend Perspektiven ze schafen an hirem Land oder an hirer Regioun. D’lëtzebuerger Entwécklungshëllef an eisen Partnerlänner konzentréiert sech op Gesondheet, Educatioun/Formatioun professionelle an ländlech Entwécklung. Wann een d’Demographië vun eisen Partnerlänner kuckt, an d’Verdeelung vun der Bevëlkerung tëschent Stad an Land, ass dëst eis Äntwert op d’Erausfuerderungen bei deenen mir eisen Partner wëllen zur Séit stoen.

Et ass och dofir, dass Lëtzebuerg bei deenen Memberstaten vun der EU ass, déi d’läscht Woch en speziellen Fong fir Migratioun an Afrika opgesat hunn an och zu dësem Fong bäigesteiert hunn. Dësen Fong soll méi schnell, méi Mëttelen dohin bréngen, wou se gebraucht ginn. Ech sinn net wierklech iwwerzeegt, dass nei Instrumenter déi bescht Äntwert ass, wann nei Besoinen do sinn. Eigentlech missten mer eis Instrumenter, déi mer an der EU hunn, änneren fir besser an méi flexibel op Krisen ze reagéieren. Mä ech gesinn an dass an der Urgence dëst net méiglech war.

Mam Averständnis vum Jean Asselborn war ech och bei engem Arbechtsmëttegiessen vun den europäeschen Inneminister fir iwwert den Roll vun Kooperatioun an humanitär Hëllef ze schwätzen, fir falsch Virstellungen hei ze widderleeën an fir drop opmierksam ze maachen, dass den ganz groussen Deel vun den Réfugiéen an Migranten an den Entwécklungslänner selwer opgeholl ginn.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären Deputéierten,

2015 ass sécher markéiert vun dem Thema vun der Migratioun an vun méi kuerzfristegen Entscheedungen, et ass och d’Joer vun groussen internationalen Rendezvousen, déi d’Entwécklungspolitik fir d’Zukunft bestëmmen wäerten.

Hei war fir d’éischt am März d’Konferenz vun Sendai, déi vielleicht manner visibel war, mä ganz wichteg, well si Äntwerten bruecht huet zur Reduktioun vu Risiken vun Naturkatastrophen an dat am Kader vun der nohalteger Entwécklung. Ënnert der Leedung vum Inneminister war och d’Kooperatioun hei mat present. Um internationalen Plang ass et jo eist Departement, wat hei ONGen, Länner an international Agencen ënnerstëtzt. Et soll méi an Präventioun an an d‘Kapazitéiten vun den Entwécklungslänner investéiert ginn fir esou Risiken ze reduzéieren. Ech erënneren an deem Kontext drun, dass mindestens 5% vun der lëtzebuerger humanitärer Hëllef an Aktiounen geet fir besser op Naturkatastrophen preparéiert ze sinn an esou besser reagéieren ze kennen.

No der Konferenz vun Sendai war dann am Juli zu Addis Abeba, déi wichteg Konferenz iwwert den zukënftegen Finanzement vum Développement an vun der nohalteger Entwécklung. Hei ass kloer gesot ginn, dass ëffentlech Entwécklungshëllef um Niveau vun 0,7% vum RNB néideg ass. Mir hunn eis op allen Niveauen dofir agesat, dass d’EU nach virun der Konferenz vun Addis hiren Engagement fir op 0,7 kollektiv bis 2030 ze kommen, confirméiert huet. Natierlech wär et vill besser gewiescht, mir hätten eist Zil vun 2005 respektéiert. Natierlech wär et och besser, mir hätten méi eng kuerz Laafzäit virgesinn, mä och mir hunn dësen Kompromëss akzeptéiert. D’EU huet sech och en gemeinsamt Objektiv ginn, wat d’Part vun ëffentlecher Entwécklungshëllef fir déi am mannsten entwéckelten Länner soll sinn.

Mä des ëffentlech Entwécklungsgelder ginn natierlech net duer fir eleng den néidegen Changement ze bréngen. Si sinn och als Katalysator oder Multiplikator ze gesinn fir aner Fongen, wéi z. B. eegen Budgetsfongen vun den Entwécklungslänner. Hei geet et em Kapazitéiten fir méi Steieren anzehuelen an eng besser, méi transparent an méi breet Steierbasis opzestellen, an em besser international Steierregelen. Bis zum Schluss wor dëst een vun den Kärpunkten vun der Verhandlung zu Addis Abeba. D‘lëtzebuerger Kooperatioun huet sech an den leschten Joer lues an lues méi an dësem Thema engagéiert, an dofir hunn ech och um Lancement vun der Addis Tax Initiativ deelgeholl, duerch déi mir eis Bereetschaft weisen nach méi Responsabilitéiten an deem Beräich ze huelen. Dëst geschitt z.B. iwwert Programmen bei der OCDE an och zum schwieregen Thema vun der Besteierung vun multinationalen Firmen, dat dësen Weekend och um G-20 Sommet ugeschwat ginn ass. Hei erméiglechen mir mat aneren, dass Partner aus dem Süden voll an dësen sougenannten BEPS Verhandlungen agebonnen kennen sinn an déi nei Standarden gläichberechtegt mat bestëmmen. Och dëst gehéiert zur Entwécklungshëllef an Stäerkung vun der Gouvernance!

Zu Addis ass och festgehalen ginn, dass niewent den ëffentlechen Gelder privat Fongen an den Privatsecteur als solches, sech méi mussen abréngen an zur Entwécklung bäidroen. Enn Abrëll haten mir schonn zesummen mat der Chambre de commerce eisen Privatsecteur op des Responsabilitéiten an Opportunitéiten hin gewisen. Mir sinn och am gaangen méi bewosst op des Chancen an eisen Partnerlänner hinzeweisen, wéi z.B. am Cabo Verde am Beräich erneierbar Energien an Biomasse. D’Reaktioun vun den lëtzebuerger Entreprisen war ganz positiv. Mir wäerten an deem Sënn och Ufank 2016 eng Business Partnership Facilitéit op d’Been setzen, fir den Transfert vun Technologien an enger éischter Phase, oder Pilotprojeten ënner ganz bestëmmten Konditiounen an och begrenzt, ze ënnerstëtzen. Mir changéieren net eis Positioun par rapport zur aide liée, mä mir hëllefen, dass den Privatsecteur mat sengen eegenen Mëttelen méi zur Entwécklung bäidréit.

D’Kooperatioun ass jo schons séit langen Joeren an der Mikrofinanz aktiv an schafft hei regelméisseg mam Privatsecteur, mat Fonds d’investissement op enger Seit an mat Institutiounen vun der Mikrofinanz op der anerer Seit. Accès zum Finanzsecteur fir déi, déi soss dovun ausgeschloss sinn, ass hei eist Objektiv, an dat mat ëffentlechen Mëttel, déi vill méi Privatgelder zesummen bréngen. Ech weisen drop hinn, dass dëser Deeg d’europäesch Woch vun der Mikrofinanz am Neumünster stattfënnt, an en Donneschdech an de BEI, en présence vun SAR der Grande-Duchesse, den europäeschen Präis zum Thema Mikrofinanz an Krisen, iwwerreecht gëtt.

Den Addis Abeba Action Agenda huet awer net nëmmen rekommandéiert Gelder vun verschiddenen Origine ze bündelen, mä dat och mat den richtegen Politiken ze verbannen, an dat esou wuel am Norden wéi am Süden. Des esou genannten “net finanziell Mëttelen”, wéi dat am Jargon heescht, sinn indispensabel fir dass Investitiounen an engem Kader vun gudder Gouvernance nohalteg ginn. Dat ass natierlech en Zil op dat mer mat eisen Partner hin schaffen mussen.

An dat bréngt mech zu der nächster Etappe vun den groussen Rendezvouen vum Joer, zum Sommet fir nohalteg Entwécklung Enn September zu New York.

Hei hunn d’Staats-an Regierungschefen vun all den UN Memberstaten, dorënner den lëtzebuerger Premier Minister, d ‘Resultat vun 2 Joer laangen an schwéieren Verhandlungen ugeholl. Dëst ass eng politesch Deklaratioun mat den 17 nohaltegen Entwécklungsziler, hiren 169 Resultater an engem Systeme vun Suivi an monitoring. D’nohalteg Entwécklungsziler iwwerhuelen déi Deeler vun den Milleniumsziler, déi nach net erreecht goufen, an setzen dat ganzt bis 2030 an en neien, globalen an transformativen Kontext. Et geet bei enger nohalteg Entwécklung am Sozialen, an der Wiertschaft an an Ëmwelt em net méi oder manner, wéi eng total Emstellung vun eisem Handelen an allen Beräicher an allen Länner. D’Menschenrechter an all hiren Facetten an fir jidder Eenzelnen gehéieren och dozou, esou wéi Fridden an Sécherheet. Gedroen gëtt dësen enorm ambitiösen Agenda vun den finanziellen an net-finanziellen Mëttelen, déi zu Addis Abeba festgehalen ginn sinn.

Zesummen mat der Ministerin Carole Dieschburg hunn mir des Verhandlungen am Detail verfollegt an eis och aktiv abruecht. Den Conseil de Gouvernement ass vun eis mat den erwaarten Resultater saiséiert ginn, ier dunn um Sommet offiziell dësen Agenda 2030 adoptéiert ginn ass.

Bis Mäerz d’nächst Joer sollen d’Indikateuren fir d’Ziler an Resultater definéiert sinn, an dann geet et drëm, dass all Land d’nohaltegen Entwécklungsziler ëmsetzt. Den 26. Oktober huet d’lëtzebuerger Présidence d’EU Développement- an Ëmweltministeren op engem gemeinsamen Mëttegiessen zesummen bruecht fir iwwert d’Ëmsetzung an der EU vun den nohaltegen Entwécklungziler eng éischten Kéier z schwätzen. An der éischten Halschent 2016 soll d’europäesch Kommissioun hei eng Propositioun op den Dësch leeën. Et gëtt och vun enger ëffentlecher Konsultatioun geschwat, mä d’ Saachen sinn nach net definitiv gekläert. Bei hirem informelle Treffen den 10. Dezember hei zu Lëtzebuerg wëllen mer als EU Developpementsministeren mat dem zoustännegen Kommissär an ënnert der Leedung vun der Madame Mogherini iwwert d’Changementer schwätzen vun den EU Politiken am Enwécklungsberäich fir den neien Usprech gerecht ze ginn.

Et ass net hei un mir fir iwwert den ganzen nationalen Ëmsetzungsplang ze schwätzen. Ech kann iech awer soen dass d’lëtzebuerger Kooperatioun elo schonn am gaangen ass mat sengen Partnerlänner ze kucken, wéi si des nei Ziler an hir Entwécklungsstrategien wëllen iwwerhuelen an wou si do villäicht eng speziell Hëllef brauchen. Mir mussen och mat eisen Partner zesummen préiwen, ob eis Programmen den neien Gegebenheeten ugepasst sinn.

Hei zu Lëtzebuerg mussen eis generell Strategie an eis sectoriel an thematesch Strategien ugepasst ginn. Dat wäert d’nächst Joer stattfannen, an Consultatioun mat den ONGen, wéi dat Traditioun ass. Beim nationalen nohaltegen Entwécklungsplang deen ënnert der Responsabilitéit vum Ëmweltminister ass, wäerten mir natierlech aktiv matschaffen wat eis Partie ubelaangt. Domat steet en groussen Deel vun eiser Aarbecht fir 2016 fest, ënner anerem en vue vun dem nächster revue des pairs 2016 vum Comité d’aide au développement vun der OCDE.

Déi läscht Etappe vun den groussen entscheedend Konferenzen dëst Joer, d’COP21, ass vrun der Dier. Den Changement climatique gehéiert natierlech zu den groussen Erausfuerderungen, ënnert deenen Entwécklungslänner oft als éischt, an méi betraff sinn. Dëst ass besonnesch den Fall bei den sougenannten Sids, den klengen Entwécklungsinselstaten am Pazifik, an der Karibik, mä och an Afrika. Den Cabo Verde, eist Partnerland, gehéiert zu dëser Grupp an huet speziell drënner ze leiden, wann den Klima ëmmer méi dereguléiert ass. Mä och bei eisen Partnerlänner am Sahel oder an Zentralamerika sinn d’Folgen vum Klimawandel siichtbar. Si produzéieren och Migranten, Aarmut an Hoffnungslosegkeet. Een Beispill ass d’Regioun ëm den Tchad Séi. Fréier haten d’Leit Waasser, Liewensmëttel an Akommes vum Séi, haut ass hien bal ganz verschwonnen.

Eis Partnerlänner aus der Kooperatioun konnten op eis zielen fir si an der Virbereedung op d’COP21 ze ënnerstëtzen, wéi z.B. den Cabo Verde an den Senegal. Mat dem Ëmweltministèrë schaffen mir enk zesummen fir eisen respektiven Interventiounen eng nëtzlech Complémentaritéit ze ginn. Mir hoffen dass d’Konferenz zu Paräis zu dem Succès gëtt fir dënn esou wuel d’ lëtzebuerger Présidence vum Conseil vun der EU, wéi och Frankräich, sech agesat hunn.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Den Kader fir nohalteg Entwécklung bis 2030 ass also gesat, mat groussen Ambitiounen, Mëttel fir dohin ze kommen an eigentlech net esou vill Zéit fir dat ze meeschteren.

An dach brauchen mer och méi an besser Ressourcen fir humanitär Hëllef ze leeschten als Äntwert op déi unique Situatioun vun humanitären Krisen an der Welt, vun deenen et der méi en parallel ginn, déi méi hefteg, méi komplex sinn, an méi laang daueren. D’Syrienkris ass an hirem 5. Joer, si betrefft global iwwer 12 Milliounen Leit an destabiliséiert mat hiren Effekter d’Nopeschlänner. Am Irak, am Sud-Soudan, am Nepal gëtt vun allem gebraucht fir ze Iwwerliewen. Äthiopien riskéiert vrun enger grousser Hongersnout ze stoen.

Och wann d’Finanzmëttel fir humanitär Hëllef nach ni esou héich waren, sinn si och nach ni esou wéineg duer gaangen. D’Opriff vun den Agencen vun der UN an vum CICR sinn oft nëmmen zu 30-40% finanzéiert, wat dozou féiert, dass Aktivitéiten gestoppt ginn an dass Iessensratiounen z.B. an den Réfugiéscampen reduzéiert mussen ginn.

Et muss anescht gehandelt ginn, wéi bis elo, méi efficace, méi koordinéiert tëschent den humanitären Acteuren, och den UN Agencen an den ONGen, an méi am Interessi vun den betraffenen Communautéiten. Déi humanitär Hëllef muss no den humanitären Prinzipien an nom internationalen humanitärem Recht fonctionnéieren. Si däerf awer net méi isoléiert gesinn ginn, mä zesummen mat den anerem Instrumenter vum Développement. Wann Krisen Joeren laang undaueren, dann gëtt méi, wéi aide d’urgence gebraucht. Erlaabt mer ze erënneren, dass Réfugiéen oder Migranten en moyenne 17 Joer ënnerwee sinn, ier si kennen heem goen. Schoulen mussen gebaut ginn, fir dass net ganz Generatiounen verluer ginn. Dofir sinn mir z. B. bei dem Programm “no lost generation” vun Unicef an der Tirkei dobäi. Mä punktuell Verbesserungen fir Brécken tëschent dem humanitären an dem Développement ze bauen ginn net duer. Et muss béides zesummen geplangt an ausgeféiert ginn, do wou et néideg ass.

Dat an nach vill méi nei Ideeën sinn zesummen gedroen ginn an der Preparatioun vum éischten humanitären Sommet, deen am Mee zu Istambul stattfannen soll. All Acteuren sinn an weltwäiten Konsultatiounen zesummen komm an hunn regional zesummen geschafft fir Initiativen ze proposéieren. Den Ministère an d’lëtzebuerger humanitär ONGen hunn och eng Proposition ausgeschafft zum Thema Protektioun. Als Présidence ass och op EU Niveau en Katalog vun Ideeën tëschent den humanitären Acteuren an deenen vun den Protection civilen presentéiert ginn. Zudeem hunn mer gehollef, dass d’Firmen déi Satelitenkapazitéiten bedreiwen, sech engagéiert hunn zesummen ze schaffen, fir des méi gënschteg an Krisesituatiounen och den betraffenen Communautéiten zur Verfügung ze stellen.

Elo geet et drëm déi Honnerten vun Ideeën an Initiativen ze préiwen an, wann se zeréck behalen ginn, ze bündelen fir um Sommet ugeholl ze ginn. D’europäesch Developpementsministeren haten op hirem Conseil den 26. Oktober eng éischt Debatte heiriwwer an hunn festgestallt, dass et wichteg ass verschidden Themen besonnesch ze ënnerstëtzen an dass d’EU als gréissten Donateur vun humanitärer Hëllef sech hei muss asetzen. Mir hoffen nach ënnert eiser Présidence éischt Konklusiounen zéien ze kennen fir als EU bei der Ausaarbechtung vum definitiven Rapport vum Secrétaire general vun der UN fir den Sommet méi Gewiicht mat eisen Themen ze hunn.

Mir hunn also vill Erwaardungen fir deen Sommet, oder besser gesot fir d’Leit, deenen hiert blankt Iwwerliewen vun engem verbesserten humanitären Asatz ofhänkt.

Dir Dammen an dir Hären,

An menger Deklaratioun haut vrun iech hunn ech öfters op eisen Roll als Présidence vum Conseil vun der EU Referenz gemaacht an erkläert, wou mir gehandelt hunn oder Prioritéiten gesat hunn.

Een Thema leit mer hei speziell um Häerz, an zwar dat vun der Kohärenz vun den Politiken fir den Développement. Dat ass en Konzept dat mir all kennen, an dat eis och all als bon sens aliicht. Et ass awer net esou einfach ëmzesetzen, wéi muencher dat duerstellen, well à la base jo politesch, kuerz- mëttel- an laangfristeg Arbitragen sinn.

Mein Ziel während der Présidence war et d ‘Konzept vun der Kohärenz praktesch ze déclinéieren an dat an esou vill wéi méiglechen Formatiounen vum Conseil. Dofir hat ech den Ministeren geschriwwen an si encouragéiert een vun hiren Themen ënnert dësem Bléckwénkel ze analyséieren. Mat der Madame Mogherini zesummen hunn mir deen Opruff nach eng Kéier widderholl. D’Resultat léisst sech weisen an huet gemaacht, dass Filièren wéi Energie, Intérieur, Kultur, Commerce, mä och Gesondheet an Secherheet op ganz verschiddenen Aarbechtsniveauen mam Thema Developpement an Kohärenz fir den Développement konfrontéiert ginn sinn. Déi nächst hollännesch Présidence huet sech um Conseil Enn Oktober engagéiert mat dësem Effort weider ze fueren. Des Démarche placéiert seech jo och kloer an der Logik vum Agenda 2030, deen mir zu NY ugeholl hunn, an deem séin Ziel jo justement den décloisonnement vun den politeschen Filièren ass.

D’lëtzebuerger Présidence huet hei mengen ech en gudd Stéck Aarbecht geleescht an den Wee frei gemaacht fir esou weider ze fueren. Et huet jo keen Sënn nei Regelen an Prozeduren opzebauen, wann een dat ganzt net wierklech praktizéiert.

Um nationalen Plang sinn mir den gläichen Wee gaangen an hunn probéiert praktesch mat aneren Ministèren Politiken an Aktiounen ze ënnersichen op hir Kohärenz mam Développement. Heifir huet den zoustännegen Comité interministeriell sech Regelen ginn mat der Méiglechkeet Avisen ze ginn. Politesch Arbitragen oder Konsequenzen vun dëser Aarbecht leien natierlech bei den Ministeren, an jidder eenzelnen fir seng Kompetenz. Den Cooperatiounsminister huet hei sécher en besonneschen Sensibiliséierungsroll. D’ONGen an hiren Cercle sinn an hirem Roll fir eis ëmmer erëm op eis Responsabilitéiten hin ze weisen, sou wie haut virun den Chamber.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären Deputéierten,

Ech hunn haut déi grouss international an europäesch Rendezvousen vum Joer als rouden Fuedem vun menger Interventioun vrun iech gebraucht an en Deel vun den Aktivitéiten vun der lëtzebuerger Kooperatioun an dëser Optik presentéiert.

Doduerch sinn ech net am Detail op eis verschidden Partnerlänner agaangen. Iwwert d’Joer hat ech jo regelméisseg d’Geleeënheet vrun der aussepolitescher Commissioun Rapport ze maachen iwwert déi verschidden Commissions de Partenariat, nei Programmes indicatif, iwwert d’lues Ophalen vun eiser Coopératioun am Vietnam an am Salvador an schlussendlech iwwert eis Konzentratioun op déi mannsten entwéckelt Länner. Bei all Visitë zu Lëtzebuerg vun Ministeren vun eisen Partnerlänner oder héich Responsabel vun multilateralen Agencen gehéiert fir mech den Rendezvous an der Chamber dozou.

Erlaabt mer awer zum Schluss nach op een Thema méi genau anzegoen, an zwar op d’Relatiounen mat den lëtzebuerger ONGen. Si representéieren 16,50% vun der lëtzebuerger ëffentlecher Entwécklungshëllef, sinn awer en Partner, deem seng Wichtegkeet weit iwwert des Zuel eraus geet. Am Zukunftspak sinn jo eng Rei Mesuren, déi si direkt betreffen. Ech hat des d’läscht Joer vrun iech erkläert an kloer gestallt, dass des Mesuren am Sënn vun méi Efficacitéit geduecht sinn an op keen Fall eng Reduktioun vum Budget duerstellen. Ech hat mech och an menger Ried d’läscht Joer bereet erkläert, an Verhandlungen mat den ONGen des Mesuren am Detail ze bespriechen. Dëst huet den Dag duerno ugefangen, an ass an engem speziellen Aarbechtsgrupp tëschent Ministère an Cercle bis d’läscht Woch diskutéiert ginn. Ech mengen, dass mer zu engem Resultat komm sinn, wat en korrekten Kompromëss duer stellt fir déi zwou Säiten. D’Part vun den administrativen Käschten vun enger ONG, déi den Ministère rembourséiert, wäert erof goen, mä manner, wéi am Ufank virgesinn. Dëst huet och mam kumulativen Effekt ze dinn, deen mat der Verännerung vun dem Kofinanzement vun Projeten zesummen hänkt.

D’Projeten an den Partnerlänner an den mannsten entwéckelten Länner ginn bis zu 80% cofinancéiert. D’Projeten an all aner Entwécklungslänner ginn bis zu 60% cofinancéiert. Op des Projeten eenzel oder an engem Accord-cadre sinn, ännert näischt zum Taux de cofinancement. Mir wëllen zousätzlech d’Prozeduren fir d’Accord-cadre vereinfachen an déi eenzel Projeten op Basis vun zwee Appel à Propositions pro Joer zeréck behalen. En Projet am Malawi, am Niger oder zu Haiti gëtt also t’selwecht cofinanzéiert mat deem héchsten Taux, egal an wat fir engem Instrument. Fir déi aner Länner, wéi Brasilien, Indien oder Guatemala gëllt den ënneschten Taux bei allen Projeten, mat enger Exceptioun.

Mir sinn eis nämlech eens mat den ONGen, dass an dësen Länner an Transitioun den Roll vun der ziviller Gesellschaft besonnesch wichteg ass, fir méi Demokratië, Transparenz an Gerechtegkeet ze bréngen. Als Ministère sinn dat och Aktivitéiten, déi mir weider an engem Land wéi Salvador maachen wäerten. Dofir wäerten mir ONG Aktiounen, déi d’lokal Zivilgesellschaft gezielt stäerken, op dem héijen Niveau cofinanzéieren. Fir eist Virgoen prévisibel an novollzéibar ze maachen, hunn mir gemeinsam des Exceptioun op en präzisen Marqueur vum CAD beschränkt.

Ech géif mengen, dass mer op der Basis vun dësem Kompromëss elo eis réglementairë an legal Basis 2016 adaptéieren mussen. Dëst Haus wäert d’Propositiounen an deem Sënn fir geluecht kréien.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären Deputéierten,

Zum Ofschloss well ech drun erënneren, dass d‘lëtzebuerger Kooperatioun no dësem Joer en neien internationalen Kader hott, deen si ëmsetzen muss, an duerch hier Instrumenter déclinéieren muss.

D’lëtzebuerger Kooperatioun ass mat hirem nationalen Efficacitéitsplang weider komm. D’nächst Joer em des Zéit wäerte mir an dësem Kontext en éischten Bilan maachen an kucken ob mir och weider “fit-for-purpose” sinn fir den Agenda 2030.

Loosse mer dësen Challenge, all des nei Défien ugoen, a gemeinsam de Slogan vum europäeschen Joer 2015 an d‘Praxis ëmsetzen:

Eis Welt, eis Dignitéit, Eis Zukunft!"