Discours de François Bausch à l'occasion de la fête des entrepreneurs

"Nohalteg, energiespuerend an innovativ bauen, muss eng vun onse Prämisse sinn."

Seul le discours prononcé fait foi
Discours – Publié le

"Dir Häre Presidenten, Vizepresidenten,

léif Éieregäscht an Invitéen,

léif Vertrieder vun der Press, dir Dammen an dir Hären,

Ech si frou, den Owend kënnen un dësem Event deelzehuelen, well et mir d’Geleeënheet gëtt fir vill engagéiert Leit erëm ze gesinn. Et ass awer och fir mech d‘Occasioun fir op déi lescht Méint zeréckzekucken bzw. virzestellen, wat d‘Regierung am Bausecteur an am Stroossebau nach geplangt huet.

D‘Léift fir eppes ze realiséieren, ze concretiséieren jo eppes ze bewegen, ass dat wat ons verbënnt. Op der enger Säit Dir als Experten vum Terrain an op der anerer Säit, déi ëffentlech Partner, de Staat, d’Établissements publics an d’Gemengen, déi gären mat Iech zesummen eppes realiséieren.

An genau dat ass de Punkt, nämlech zesummeschaffen un engem oder méi Projeten. An de Rol (Roland Kuhn) huet an senger Ried genuch Beispiller opgezielt, wou mir als Regierung mussen an sollen nach méi enk mat den Betriber zesummeschaffe. An dat am Intérêt vun Lëtzebuerg an schlussendlech vun ons all.

Nohalteg, energiespuerend an innovativ bauen, muss eng vun onse Prämisse sinn. Wann dat net de Fall ass, dann stëmmt d‘Statik vun mengem, jo vun onsem politesch-gesellschaftlechen Handelen a Verhalen net.

Begrenzt Ressourcen, esouwuel finanzieller wéi och baulecher Natur, eng effizient Energie-Versuergung, méi grouss Uspréch an eng ëmmer méi al Gesellschaft, sinn Défien, virun deenen d‘Architekten, d’Ingénieuren an zu gudder Lescht d’Entrepreneure stinn.

D‘Fro, déi sech stellt, ass folgend: sinn d‘Prinzipien vun der Nohaltegkeet, der Energieeffizienz an der Innovatioun schonn ausreechend an onser Baupolitik ëmgesat a considéréiert oder mussen nach weider Schrëtt an déi Richtung ënnerholl ginn?

Ech sinn der fester Iwwerzeegung, datt mir méi wéi jee op der richteger Spur sinn. Am Laf vun mengen Ausféierungen wäert ech op déi verschidden Aspekter agoen.

An der Presse liest een ëmmer erëm vun esou genannten Smart homes oder "Denkend Doheem". Esou probéiert Google via hir Duechter-Entreprise "Nest", den "matdenkenden Thermostat" am Weltmarché anzeféieren. Och de grousse Konkurrent Apple probéiert mat sengem Tool vum "Homekit" op den héich lukrative Marché vum Bausecteur virzedrängen. Am Endeffekt gëtt versicht fir op eng einfach, mee innovativ Aart a Weis Energie ze spueren.

Ech sinn iwwerzeegt, datt och Lëtzebuerg do eng Roll ze spillen huet. An ech mengen datt de Staat eng gewësse Responsabilitéit dréit fir net nëmmen Projeten unzestoussen, mee se och aktiv a finanziell weiderzedreiwen.

D‘Économie circulaire ass dobäi vun essentieller Bedeitung, a wäert an de nächste Joeren eng ëmmer méi grouss Wichtegkeet, an dat virun allem am Bausecteur, kréien. D‘Entsuergung vu Materialien, de Recyclage vun deene Materialien an hir Neiverwennung solle scho bei der Planung vun engem Bauwierk berücksichtegt ginn. Et ass wichteg esou ze bauen, dat een ee Bauwierk um Enn vun sengem Liewenszyklus erëm propper ofmontéieren, an déi verschidden Bauelementer eventuell fir nei Zwecker verwenne kann.

Dofir sinn ech frou, dat den "Groupe stratégique pour une Économie circulaire" sech constituéiert huet an och schonn éischt Projete wéi zum Beispill den "Hot Spot" zu Woltz oder den Workshop vum leschten Dezember zesumme mat der Banque Européenne d’Investissement realiséieren konnt. Aner Initiative wäerte mat Sécherheet nokommen.

Effektiv, nohalteg Bauen ass ee vun de Megatrends vun onser Zäit. Mee fir datt aus engem Trend keng al Moud gëtt, muss ee seng Iddie regelméisseg weiderentwéckelen a weiderdreiwen. Dofir brauche mir intelligent, innovativ an energieeffizient Gebaikonzepter, grad wéi och de Courage fir nei, modern an nohalteg Baustoffer zesumme mat enger usprochsvoller Architektur ëmzesetzen.

Mir brauchen ons zu Lëtzebuerg awer net ze verstoppen. Och ons Léisunge si "smart".

Am ëffentlechen Héichbau gi schonn elo innovativ Technologien an nei, héichwäerteg an nohalteg Baustoffer agesat. D‘lescht Joer konnte mir dat neit Gebai vun der d‘Administratioun de la Nature et des Forêts zu Dikrech aweien, e Plusenergiehaus, wat also méi Energie produzéiert wéi et verbrauch. Op esou ee Projet kënne mir net nëmmen als Staat mee och Dir als Entrepreneure stolz sinn.  

De Projet vum Neobuild zu Beetebuerg ass e weidert Element vun enger Politik déi drop ofzilt, nei, innovativ an nohalteg Weeër am Bau zu Lëtzebuerg ze erfuerschen an ze goen.

Eent vun den Instrumenter fir op esou eng nohalteg Bauweis anzewierken, sinn ons Marché publicen. Wat de rechtleche Kader vun den Ausschreiwunge betrëfft, esou wäert dëst Joer am Abrëll eng nei europäesch Directive iwwert d‘Marché publicen antrieden. Och meng Servicer sinn an der leschter Ligne droite fir d’Directive ze transposéieren. Ech soen Iech awer elo scho villmools Merci fir Är proaktiv Attitude an är vill Suggestioune bei der Redaktioun vum Avant-projet de loi.

D'Flexibiliséierung, déi de Rol ugeschwat huet, wäert an dësem Beräich kommen. Et sief betount, dat deen neien Text ons wäert d‘Méiglechkeet ginn fir bei ëffentlechen Ausschreiwungen nach méi op innovativ an nohalteg Baustoffer Wäert ze leeën. De Staat wäert da méi seng Responsabilitéit fir eng nohalteg an sozial Baupolitik iwwerhuelen.

De Bausecteur ass ee vun deene finanzkräeftegsten Secteure vun onser Économie. Wann d‘Économie leeft, dann dréint de Bausecteur an och ëmgedréint.

Iwwer déi nächst 3 Joer gi mir am Héichbau op eisen 3 Investitiounsfonge global gekuckt 547 Milliounen Euro aus. Um Fonds d‘Entretien et de Rénovation wäerten nach eng Kéier ronn 175 Milliounen Euro dobäi kommen. Dat maachen zesummen 722 Milliounen Euro fir déi nächst 3 Joer oder

20 Milliounen Euro pro Mount aus.

Wann een déi aktuell Zuele vun 2016 mat deene vun 2015 vergläicht, esou wäerten, eisen Estimatioune no, an dësem Joer ca. 30 Milliounen méi fir Projeten am Héichbau liquidéiert ginn, dat ass een Surplus vun 20 %. An 2017 ginn d’Investitioune nach eng Kéier em 11 Millioune par rapport zu 2016 an d‘Luucht. Andeems d’Regierung den Invest fir 2016 nach emol massiv an d’Luucht gesat huet, suergt se net nëmme fir modern Infrastrukturen, mee och fir e             Konjunkturmotor, deen Aarbechtsplaze schaft an ofséchert an domat aktiv zum PIB bäidréit.

Nodeems ech Iech d‘lescht Joer op dëser Platz ugekënnegt hunn, d'Finanzéierungsgesetz fir den neien Lycée vun Déifferdeng schnellst méiglech ze déposéieren, kann ech Iech haut soen, dat d‘Gesetz all Instanzen passéiert huet, an d’Aarbechten dobäi sinn unzelafen. An och wat den Neibau vum technesche Lycée vun Bouneweg betrëfft, deen de Staat jo bekanntlech als PPP-Projet realiséiert, ginn et gudd Nouvellen. Net méi spéit wéi d‘nächst Woch wäert déi éischt Ausschreiwung, wat d’Sich no engem Consultant ubetrëfft, publizéiert ginn.

E puer 100 Meter vun hei ka sech sech jiddereen een Bild dovun maachen, datt ons Dossiere weiderginn. Esou leeft de Chantier vun der neier Nationalbibliothéik um Bricherhaf op Héichtouren. De Jean Monnet 2 fir d‘Europäesch Kommissioun kennt esou lues an seng Schlussphas an den Bau fir den 3. Tuerm vum Europäeschen Geriichtshaff dierft deemnächst ufänken.

Ech wëll awer an dësem Kontext och nach een anere Sujet uschwätzen an  all den Bedeelegten op dëser Platz Merci soen fir déi exemplaresch Zesummenaarbecht beim Bau vun Opfaangstrukture fir Réfugiéen. Zesumme mat de bedeelegte Gemengen an mat dem Bonsens vun deene meeschte Bierger, de staatlechen Servicer an ze gudder Lescht och mat Iech, hu mir et fäerdeg bruecht fir schnell Léisungen, esouwuel baulecher, organisatorescher wéi administrativer Natur ze fannen fir déi humanitär Aufgab ze maîtriséieren, virun déi ons d'Geschicht säit dem leschten Summer gestallt huet. Een groussen Merci  also Iech all.

Net manner houfreg sinn ech awer op eise Sanéierungsprogramm vun den ëffentleche Gebaier mat dem Zil all Joer mindestens 3 % vun eisen ëffentleche Gebaier, déi duerch d’EU Directive definéiert sinn, energetesch ze sanéieren. Mir wäerten d’Zil vun mindestens 30.000 m2  bis d‘Joer 2020 wahrscheinlech ëm gutt 10% iwwertreffen an esou mat onsem klengen Deel zu deem grousse Pëselstéck vun engem méi nidderegen Energieverbrauch an der Welt bäidroen. Ech si ganz mam Rol d’accord, datt zousätzlech steierlech Ureizer an dësem Beräich musse geschaf ginn.

Dir Dammen an dir Hären, an Punkto Transport-Infrastrukturen ass den Tram elo definitiv op de Schinnen, nodeems am Joer 2014 d‘Finanzéierungsgesetz fir de Bau vun enger Trams-Linn tëschent der Gare an dem Kierchbierg inklusiv Tramsschapp an Uschafen vun den Ramme gestëmmt ginn ass.

Den 18. September d‘lescht Joer war d’Grondsteen-Leeung vum Tramsschapp hei uewen um Kierchbierg an geschwënn fänken d’Aarbechten um Tracé selwer iwwert de Kierchbierg un, esou dat den Tram do an der zweeter Halschent dat nächst Joer wäert fueren. An den nächsten 3 Joer 2016-2018 wäerten esou eng ronn 250 Milliounen an den Tram investéiert ginn.

Op deenen Achsen wou den Tram fiert, ginn de Stroosse-Kierper an déi ganz Infrastrukturen erneiert an dobäi gëtt och un den Vëlo geduecht, dee mam Tram seng eegen Infrastruktur wäert kréien.

Ee ganz wichtegen Projet, och a Relatioun mam Tram, ass den Eisebunns-Halt Kierchbierg-Pafendall, wou d’Aarbechten am Fréijoer dat lescht Joer ugefaangen un. D‘Terrassements-Aarbechten sinn am Oktober 2015 ofgeschloss ginn a momentan gi gréisstendeels Fondatiouns-Aarbechten ausgefouert. D’Aarbechten kommen also gutt virun an d’Inbetriebnahm vum Halt ass viraussiichtlech am Dezember 2017 esou datt d’Pendler vum Zuch op den Tram um Kierchbierg kënnen ëmklammen. Dëst wäert zu engem enormen Avantage fir d’Leit aus dem Norde féieren, déi, wann se um Kierchbierg schaffen, nët méi den Ëmwee iwwert d’Stater Gare musse maachen.

Aner wichteg Projeten um Schinnenetz sinn:

Déi nei Eisebunn-Linn vun der Stad op Beetebuerg, wou d‘Virbereedungsaarbechten ugefangen hunn. Dëse Projet kascht eppes méi wéi 292 Milliounen Euro a wäert also bis 2020 fir héich Investitiounen suergen. No dësem grousse Schantjen wäert dann d’Beetebuerger Gare selwer ëmgebaut ginn.

Dann déi nei multimodal Plattform zu Beetebuerg, wou d’Aarbechten am Gaang sinn, an esou schonns am Hierscht 2016 eng éischt Deel-Erëffnung ka gemaach ginn. Trotzdem sinn an deene nächste 4 Joer do nach Investitiounen vu ronn 150 Milliounen virgesinn, éier dann déi nei Plattform 2020 a Betrib kann goen.

Ee weidere grousse Projet, dee schonn amgaangen ass realiséiert ze ginn, ass dee vun der Zweegleisegkeet vun Hamm op Sandweiler mat den Adaptatiounen um Nordkapp vun der Stater Gare. Dës Aarbechte sollen 2019/20 ofgeschloss ginn an bis 2019 sinn nach Investitiounen vun ronn 172,5 Milliounen virgesinn.

Een anere wichtege Projet am Schinne- Beräich ass d‘Adaptatioun um Süd- a West-Kapp mam Bau vun den Quaien 5 an 6 op der Stater Gare an dat fir der Nofro aus der Regiounen Arel, Athus, Lonkech an Nanzeg nozekommen.

Um ganze Schinnenetz sinn esou an deenen nächste 4 Joer bis 2019 eng ronn 1,45 Milliarden Euro virgesinn, woubäi déi jäerlech Investitiounen kontinuéierlech an d’Luucht wäerte goen, vun nach enger ronn 275 Milliounen am Joer 2015 op eng 385 Milliounen fir d’Joer 2018.

Och am Stroossebau bleiwen d‘Investitiounen op konstant héijem Niveau, dat obwuel den sougenannten Joerhonnert-Projet vun der Nordstrooss, wou dat leschten Deelstéck Waldhaff-Luerenzweiler jo den 23. September fir den Verkéier opgaangen ass, ewechfält.

Wichteg Projeten hei bleiwen d‘Fäerdegstellung vun der Saar-Verbindung mat dem Deelstéck zu Helléng, d’Liaison Micheville oder och d’Aarbechten um Ban de Gaasperech.

Aner Projeten wäerten an Zukunft dobäi kommen, wéi zum Beispill déi nei N3 um Houwald mam Pôle d’échange fir d‘Eisebunn, den Tram an den Bus oder awer och Ëmgehungsstroossen, wéi déi zu Alzéng, wou mir geschwënn an d‘Prozedur wäerte goen.

Nieft sécherheetstechneschen Adaptatiounen um Autobunns-Netz wäert ech awer och den Ausbau vun den Autobunnen A3/A6 vun Diddeléng bis op d‘Helfenterbréck virundreiwen an ech rechne fest domat,  datt mir dat éischt Finanzéierungsgesetz dëst Joer gestëmmt wäerte kréien esou datt déi éischt Aarbechten an der zweeter Halschent vum Joer 2017 kënnen ufänken. Hei sinn esou bis 2019 eng ronn 94 Milliounen Euro virgesinn.

Ech wëll awer och ervirsträichen datt d’Chamber den 28. Februar 2015 eestëmmeg dat neit Gesetz iwwert d‘Vëlospistë gestëmmt huet wou eng ronn 1’100 Kilometer nei Pistë wäerten dobäikommen. Haut besteet den nationale Réseau aus 613 Kilometer, deen iwwert d‘Joeren 2018/2021 op 753 respektiv 838 Kilometer wäert ausgebaut ginn. Dofir hunn ech d‘Mëttelen am de Budget vun den Vëlospisten vun 3,5 Milliounen am Joer 2014 op elo 8 Milliounen erhéigt.

Ech weess, dat sinn nët déi ganz grouss Zommen, et ënnersträicht awer dat d‘Prioritéiten am Verkéier nët alleng op de motoriséierten Individualverkéier ausgeriicht sinn, mäi op eng nohalteg Mobilitéit. D‘Mobilitéitskette besteet aus enger Verknäppung respektiv Kombinatioun vun deene verschiddenen Verkéiersmëttelen, sief et déi op der Schinn oder op der Strooss, awer och de Vëlo oder zou Fouss, déi wann se richteg a clever agesat ginn, oft Virdeeler géintiwwer engem rengen Déplacement mam Auto bréngen.

Ech erënneren och gär op dëser Plaz nach eng Kéier do drun, datt hei am Land all Joer ongeféier 10 000 nei Aarbechtsplazen entstinn, een Zeechen also datt et eiser Wiertschaft insgesamt gutt geet. Dës 10 000 nei Aarbechtsplazen bedeiten awer och potentiell 10 000 nei Autosfuerer. Hei muss d‘Regierung also déi richteg Prioritéiten am Verkéier setzen, fir eis Mobilitéit nohalteg ze gestalten an esou vill Leit wéi nëmmen méiglech op den ëffentlechen Transport respektiv op de Vëlo ze kréien.

Bei neie Stroosseninfrastrukturen an der Péripherie oder am städtesche Raum gëtt also vun Ufank un och un den néidegen Raum fir Foussgänger, Vëlo an den ëffentlechen Transport geduecht. Och wäerten nach weider Opfangparkingen gebaut respektiv ausgebaut ginn, fir d‘Pendler esou op den ëffentlechen Transport ze bréngen, éier se am Stau stinn fir an d’Stad eran.

Deementspriechend bleiwe wéi gesot d‘Investitiounen iwwer déi nächst Joeren och am Stroossebau konstant héich, wou fir 2016 bis 2019 eng ronn 850 Milliounen Euro reservéiert sinn.

Ech wëll awer den Owend hei op dëser Plaz och ënnersträichen, datt de Staat duerch seng Infrastrukturaarbechten, sief et um Ban de Gaasperech oder an Zukunft um Houwald respektiv Héienhaff oder och op der Gare zu Ettelbréck, den Privat-Investisseuren d'Méiglechkeet gëtt hir eege Projeten ze realiséieren, wat also dann och indirekt een positiven Impakt op d‘Baubranche wäert hunn. An ech weess d ‘Ausso vum Rol ze schätzen, dat d ‘Entrepreneuren déi aktuell Transportpolitik voll a ganz ënnerstëtzen.

Dir Dammen an dir Hären, dir gesitt also, och an deenen nächste Joeren huet de Staat nach vill Wëlles an wëll vill mat Iech zesummen realiséieren. Ech freeë mech also op eng gutt Zesummenaarbecht.

Ofschléissend well ech betounen, datt ech dem Handwierk seng Fuerderung no méi enger méi grousser Flexibiliséierung ënnerstëtzen. Effektiv ass d‘Flexibilitéit vun deem engen och oft d‘Contrainte vun deem aneren. Mee wann mir déi  vill Chantieren, déi déi nächst Joeren ronderëm d’Ballungs-Gebidder entstinn, wëllen zügeg virundreiwen an dat am Intérêt vun der Allgemengheet, da brauche mir Verännerungen. Wat schonn haut fir den Héichbau gëllt, dierft jo och am Stroossebau net onméiglech sinn.

An deem Sënn wënschen ech Iech een frout neit Joer an  soen Iech Merci fir d’Nolauschteren an Är Opmierksamkeet."