Interview de Jean Asselborn avec RTL Radio Lëtzebuerg

"(...)Et gëtt keng minimal Statuten"

Interview – Publié le

Interview: RTL Radio Lëtzebuerg

RTL Radio Lëtzebuerg: Gudde Moien Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Moie Madame Lemmer.

RTL Radio Lëtzebuerg: Wéi gesäit déi aktuell Situatioun hei am Land dann aus mat den Demandeurs d’asile? Hu mir alles am Grëff, Plaz fir jiddwereen?

Jean Asselborn: Also ech géif mengen, datt mir jo, zënter datt déi Balkanroute zou ass, vill, vill manner Leit hunn déi bei eis kommen, forcément. Mir hunn dat elo total am Grëff.

Mir mussen awer wëssen, datt mir eis ze preparéieren hunn op déi Leit, déi mir obligatoresch, net volontaire, obligatoresch mussen huelen, esouwuel wat de Resettlement ugeet – et ass vläicht elo e wéineg komplizéiert, mä dat sinn déi Leit, déi nach ausserhalb vun der Europäescher Unioun sinn, virun allem an der Tierkei. Dir hutt héiere vun deem Ofkommes eent zu eent, dat heescht, esou vill Leit wéi zeréckgefouert ginn aus der Europäescher Unioun an d’Tierkei, esou vill Syrer kommen an Europa. A fir Iech do d’Zuel ze ginn, hu mir der jo 30 plus 194 ze huelen, wa méiglech bis zum Enn vum Joer. Dat ass also de Resettlement.

Dat zweet dat ass d’Relocation, dat heescht Leit déi schonn an der Europäescher Unioun sinn, déi also verdeelt ginn op d’Europäesch Unioun; do hu mir bis de September 2017 eng 500 Leit bei eis opzehuelen.

Dee groussen Ënnerscheed tëscht Resettlement a Relocation ass, datt déi, déi réinstalléiert ginn, also aus der Europäescher Unioun eraus, datt déi wa se op Lëtzebuerg kommen, dee Statut scho vum Demandeur de Protection internationale schonn hunn, datt dat ofgeschloss ass, während bei Relocation d’Prozedur eigentlech eréischt zu Lëtzebuerg ugeet.

RTL Radio Lëtzebuerg: Lëtzebuerg erfëllt also do seng Quoten, nennen ech dat elo emol. Ass dat iwwerall an Europa de Fall? Dir gitt jo net midd ze warnen, datt Europa riskéiert ze zerbriechen.

Jean Asselborn: Jo, also éierlech gesot Madame Lemmer, ech hätt mir ni virgestallt, datt et an Europa géif eng Stëmmung ginn, an och verschidde Länner géife ginn, déi géife refuséiere fir Leit, déi virum Krich fortlafen, opzehuelen, mä dat gëtt et, Dir wësst dat.

An ob déi Länner hir Aufgaben erfëllen? Dir wësst, mir hunn, an der Europäescher Unioun ënnert eiser Présidence ofgestëmmt. Dat kënnt ganz, ganz seele vir, mä dat wat ofgestëmmt ginn ass, dat ass europäescht Gesetz, dat muss erfëllt ginn. Dat ass dat wat ech Iech elo gesot hunn, esouwuel de Resettelment, wéi och d’Relocation.

An vläicht wësst Dir datt verschidde Länner do virum Europäesche Geriichtshaff hei zu Lëtzebuerg sinn, fir dat ze kontestéieren. Ech hoffen datt dat schnell viléiert gëtt, an datt mir et fäerdegbréngen an Europa nach erëm eng Kéier zur Besënnung ze kommen, datt d’Solidaritéit, virun allem wann et em Mënschlechkeet geet, net kënnen a Stécker geschnidde ginn.

RTL Radio Lëtzebuerg: Zeréck erëm hei an d’Land. Dir hutt virdru gesot, also mir hätten d’Situatioun elo gutt am Grëff wat d’Demandeurs d’asile betrëfft, déi an eist Land kommen. Et ass awer och domat ze rechnen, datt wann d’Wieder elo erëm changéiert, dann héiere mir dann erëm Lampedusa, da kommen d’Leit erëm wahrscheinlech iwwer d’Mëttelmier, dat heescht, do kéint sech awer dann erëm eppes änneren?

Jean Asselborn: Dir hutt d’Situatioun ganz kloer elo ëmrass. Wann Dir Iech erënnert, virun engem Joer, am Abrëll, Mëtt Abrëll, hu mir ugefaangen iwwer Lampedusa ze schwätzen. Dat heescht Leit déi aus Libyen an Italien komm sinn. Vu Lesbos, vu Chios a vu Kos huet kee Mënsch geschwat, et huet kee nach gewosst wat déi Route wier, Tierkei, Griicheland an dann iwwer de Balkan.

Den Inneminister vun Italien, Angelino Alfano, huet eis gewarnt, datt wann d’Mier erëm méi roueg gëtt, datt deen Drock vu potentielle Leit, déi wëllen aus Libyen an Europa kommen, natierlech erop kënnt.

Et gëtt ee klenge Liichtbléck do datt de Martin Kobler, dee fir d’UNO schafft, datt deen et fäerdeg bréngt, datt eng Regierung a Libyen erëm embrionaire ufänkt ze schaffen. Dat wier immens wichteg, datt ee kéint Kontakt huelen, a kucken, datt een och op eng mënschlech Aart a Weis mat Libyen kéint ëmgoen, net datt mir erëm eng Kéier déi Katastrof gesi vu Leit, déi dann net méi an der Ägäis, mä dann am Mier tëschent Libyen an Italien a Situatioune kommen, wou se total hiert Liewen op d’Spill stellen.

RTL Radio Lëtzebuerg: Bleiwe mir nach bei Europa. Och wann et elo net ganz an dëse Kontext passt. Dir hutt Iech d’lescht Woch beklot, nennen ech et elo emol, iwwer d’Referenden an Europa, e Referendum wier keen adäquat Instrument fir an enger parlamentarescher Demokratie komplex Froen ze beäntwerten, d’Leit géifen net sachlech op d’Froen äntwerten. Wat heescht dat? Wat wëllt Dir domat soen?

Jean Asselborn: Jo, dat heescht emol fir d’alleréischt - dat ass e wéineg ënnergaangen -datt dat an der europäescher Dimensioun ze gesinn ass.(ënnerbrach)

RTL Radio Lëtzebuerg: Also europäesche Sujeten.

Jean Asselborn: Jo. Dat Referendum wéi mir haten, ass selbstverständlech kee Problem, och net wann e Land iwwer seng Verfassung ofstëmmt, dat ass jo net de Problem. De Problem ass, wann déi europäesch Dimensioun dobäi kënnt.

Kuckt, an Holland, d’Initiateuren hu selwer gesot, et geet eis net em d’Ukraine. Et geet drëm fir ze weisen, datt mir wëllen der hollännescher Regierung den Dix riichten, eventuell och Europa den Dix riichten.

Den Här Orban dee mécht elo an Ungarn e Referendum wou en de Leit seet, Ungarn eigentlech bräicht guer keng Flüchtlingen opzehuelen. Stellt Iech vir, dat ass an all Land esou. Dann ass jo keng europäesch Politik méi méiglech. Dann  kënne mir den Traité vu Lissabon, d’europäesch Traitéë kënne mir op den Tipp geheien.

An dofir hunn ech gewarnt, natierlech an der europäescher Dimensioun, net an enger nationaler Dimensioun, datt wa mir dat Instrument Referendum präzis asetze fir d’Europapolitik op d’Kopp ze dréinen, datt dat schif geet.

An ech wëll just hei soen, och déi Kritiken déi kommen, mä wësst Dir, e klengt Land wéi Lëtzebuerg, wann een e wéineg nodenkt iwwer dat wat geschitt ass am 20. Joerhonnert, déi eenzeg Garantie déi mir hunn e fräit, souveränt Land ze bleiwen, ass Europa. Wann Europa zesummebrécht, da kënnt den Nationalismus erëm op, an da geet et klenge Länner wéi eis, wéi Lëtzebuerg, schlecht. An dofir loosse mir net domat spillen, ech mengen dat geet Lëtzebuerg net un, mä et geet iewer fir e Message ze ginn op Bréissel, datt ee wierklech soll oppassen, datt déi hollännesch, dee Referendum mat senge Konsequenzen, datt da net kann d’Regel ginn, well soss ass Europapolitik onméiglech.

RTL Radio Lëtzebuerg: An der Ouschtervakanz elo hate mir en Interview mam Direkter vum Centre de rétention, also de Centre de rétention hei um Findel. Een Drëttel vun de Leit, deenen hir Demande refuséiert gëtt, déi also ofgewise ginn, an net bleiwen dierfen, ginn, wann hir Zäit am Centre ofgelaf ass, awer nees op fräie Fouss gesat, obwuel se da jo net manner illegal am Land sinn, wéi den Ament wou se vun der Police matgeholl goufen. Wéi ass dat da méiglech Här Asselborn?

Jean Asselborn: Jo, also fir d’alleréischt, mussen mir déi Komplexitéit vun de Retouren, gutt gesinn. Et gëtt Länner wéi zum Beispill Algerien, Marokko, fir déi ze nennen, déi soen, mir huelen eis Leit zeréck, eis Nationauxen zeréck wa Problemer sinn, ënnert enger Konditioun, datt se fräiwëlleg kommen. Wéi geet scho fräiwëlleg zeréck? An dofir ass et immens zéi, net nëmme fir Lëtzebuerg, mä fir all Länner vun der Europäescher Unioun, an dofir setzt Europa sech och elo vill méi verstäerkt a fir datt mir déi Réadmissiounsaccorden, datt mir déi hikréien. Dat ass, wéi ech gesot hunn, mat de Maghreb Länner e grousse Problem.

Et ass natierlech och e grousse Problem, wéi schéckt Dir Mënschen zeréck an Eritrea, wéi schéckt Dir Mënschen zeréck an de Sudan? Also déi Politik vun der Réadmissioun ass ee vun deene schwieregste Problemer. A mir si jo elo nach net immens vill domat belaascht, mä e Land wéi Griicheland zum Beispill, oder Italien, sinn immens domat belaascht. Dat ass dat eent.

Dat zweet dat ass, mir mussen och oppasse wa mir vun den Demandeurs d’asile schwätzen, déi déboutéiert sinn. Och déi kënnen net vun engem Dag op deen aneren einfach esou zeréckgewise ginn. Do gëtt et Fäll wou zum Beispill Kanner krank sinn, wou, och wat mir jo elo hei zu Lëtzebuerg gemaach hunn, datt d’Kanner kënnen hiert Schouljoer fäerdeg maachen, datt do et verschidde Largessë gëtt.

Allerdéngs kann et net sinn, an ech widderhuelen dat, ech hunn et schonn e puer Mol gesot, wa mir soen, d’Kanner vun deenen, déi déboutéiert sinn, déi Familljen, kënnen hiert Joer fäerdeg maachen an der Schoul, datt dann iewer an der grousser Vakanz, wou mir vill Aktioune maache fir d’Leit an hiert Land zeréckzebréngen, datt se da kënne verschwannen, an de September da si se erëm do. Dat geet net. Ech mengen do hu mir emol all Moossname getraff fir dat ze ënnerbannen.

Mä gleeft mir, mir hunn hei mat Mënschen ze dinn, mir hunn net mat Wueren hei ze dinn. An dofir géif ech mengen, datt an all Land et eng gewësse Propositioun gëtt, an och hei zu Lëtzebuerg hu mir dat ze akzeptéieren, vu Leit déi déboutéiert sinn, déi awer net vun engem Dag op deen anere kënnen, esou wéi ech Iech erkläert hunn, ebe well d’Réadmissioun schwéier ass, oder och well ebe präzis Grënn elo do sinn, perséinlech Grënn fir dat anstänneg an och mënschlech kënnen ze maachen.

RTL Radio Lëtzebuerg: Et heescht e puer honnert, 600, 700 ofgewisen Demandeurs d’asile, déi géifen hei am Land a Flüchtlingsstrukture sëtzen, obwuel se eben déboutéiert sinn, an dat Recht also theoretesch net hunn. Stëmmt dat dann?

Jean Asselborn: Neen, dat stëmmt net. Et gëtt eng Zuel Leit hei an de Strukturen, wou mir an der Regierung eis eens waren, ëmmer an de lëtzebuerger Regierungen, och an dëser, datt mir déi Leit net einfach kënnen op d’Strooss setzen.

Et si Leit an de Strukturen, dat stëmmt, an d’Madame Cahen weess dat och, a si mécht och alles wat se ka maachen, dat maache mir och zesummen, datt Leit, déi de Statut hunn, an an de Strukture sinn, wat eigentlech jo net dierft de Fall sinn, mä déi awer vläicht net direkt eng Wunneng fannen, net direkt eng Aarbecht fannen. An ech soen et nach eng Kéier, mir hunn et hei mat Mënschen ze dinn, mir hunn net hei mat Saachen ze dinn, oder mat, wou mir kënnen tranchéieren ouni Mënschlechkeet ze weisen.

Et gëtt de Moment erëm ee groussen Undrang vu Leit, déi aus dem Kosovo kommen, well am Kosovo geet et immens schlecht, politesch, wësst Dir vläicht. De Chômage ass iwwer 50%, et ass keng, et ass wierklech keng Stabilitéit méi an deem Land, an et komme ganz, ganz vill Leit, net nëmmen op Lëtzebuerg, mä an d’Europäesch Unioun aus dem Kosovo. Ech mengen aus dem Kosovo kommen 10 Mol méi Leit de Moment wéi aus Syrien, well aus Syrien natierlech och d’Route zou ass. An dofir musse mir eis deem Problem och unhuelen, a kucken iewer mat all deenen Infrastrukturen déi mir elo geschaaft hunn, an déi mir am Gaange sinn ze schafen, mengen ech, datt Lëtzebuerg gutt opgestallt ass fir dat, ech soen et nach eng Kéier, an Dignitéit a mënschlech kënnen ze géréieren.

RTL Radio Lëtzebuerg: An Dir hutt elo déi gutt Grënn da genannt, an awer, et féiert e bëssen de System awer ad absurdum wann eben awer Leit, déi déboutéiert sinn an de Strukture sëtzen, jo an anerer, awer déi d’Plaz och bräichten, eben nei Strukture mussen opgeriicht ginn.

Jean Asselborn: Ech hunn Iech jo elo erkläert firwat.

RTL Radio Lëtzebuerg: A kann een dann do näischt änneren, datt een deenen zum Beispill e Minimalstatut gëtt?

Jean Asselborn: Neen, et gëtt keng minimal Statuten. Et gëtt just eng Prozedur, déi ee freet, fir d’Protection internationale ze kréien. Do donieft gëtt et näischt.

Et gëtt nach eng subsidiaire Statut, dat ass fir Leit, déi elo, loosse mir soen, net aus engem Krichsgebitt kommen, mä déi riskéiere gefoltert ze gi wa se an hiert Land zeréckginn, déi considéréiere mir d’nämmlecht wéi déi, déi ënnert de Statut vu Genf falen.

Mir sinn e Land dat sech ka leeschte fir déi Leit, déi mir hei hunn, déi hu misst fortgoen aus hirem Land aus Ursaachen, déi mir hei an där filtréierter Ambiance vun Ärem Studio heiansdo net kënnen esou fillen, datt mir déi hei wierdeg akzeptéieren. A mir hunn och Strukturen ze schafen, also genuch Strukturen ze schafe fir alleguer déi, déi bei eis kommen, datt mir dat kënne gerecht maachen, a mënschlech maachen, ech soen et nach eng Kéier.

RTL Radio Lëtzebuerg: Här Asselborn, villmools Merci datt Dir de Moie bei eis waart!

Jean Asselborn: Merci och!