Déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays 2016 (version originale luxembourgeoise)

"Eisem Land geet et haut besser ewéi virun zwee Joer"
Discours – Publié le

"Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Eisem Land geet et haut besser ewéi virun zwee Joer.

D’Croissance économique loung zejoert bei Plus 4,8 Prozent – dat ass e Wuesstem, ewéi mer en zanter 5 Joer net méi kannt hunn.

De Solde budgétaire läit bei 672 Milliounen Euro. Mir hunn also zejoert 672 Milliounen Euro méi erakritt, ewéi mer ausginn hunn.

Déi gutt Situatioun bei de Staatsfinanzen erkläert sech zum Deel duerch eng allgemeng Reprise vun der Economie. Däitlech erkennbar sinn awer och d’Effekter vun enger neier Approche bei der Budgetsopstellung an den Efforten, déi mer um Niveau vun den Depensë geholl hunn.

De Chômagetaux geet kontinuéierlech erof a gehéiert mat 6,5% elo zu deenen Niddregsten an der Europäescher Unioun. D‘Beschäftegung ass zejoert op en Taux vun 72,1% geklommen a läit domadder och däitlech iwwert der Moyenne an der EU.

D‘Haaptpiliere vun eiser Economie entwéckele sech gutt a mir stelle fest, dass a ville Beräicher d’Aktivitéiten zouhuelen. D’Vertraue vum Consommateur ass am leschten Trimester esou héich gewiescht, ewéi zanter Joeren net méi.

De Finanzsecteur ass fundamental Changementer duerchlaf, huet sech erneiert an d’Resultater vun der Finanzplaz si gréisstendeels positiv. Mir sinn d’Nummer 1 an der Eurozon, no London och deen zweetwichtegste Finanzzenter an der EU an d’Nummer 14 op der Welt. Zu Lëtzebuerg schaffen haut 45.000 Leit am Finanzsecteur – dat sinn der esou vill ewéi nach ni!

D’Efforten a Saachen Transparenz gi belount duerch méi Vertraue vun den Investisseuren. Lëtzebuerg ass vun allen internationale groen a schwaarze Lëschten erofkomm. International Ratingsagencë confirméieren eis regelméisseg den Triple A. Dat huet extrem vill Bedeitung fir de Finanzstanduert Lëtzebuerg. Déi grouss Banken, déi an de leschten zwee Joer de Choix gemaach hu fir sech hei ze installéieren, hunn dat och opgrond vun objektive Bewäertunge gemaach. Dozou gehéieren d’Analyse vun de Ratingsagencen, mä och d’Rapporte vun der Europäescher Kommissioun, der OECD oder dem FMI, déi alleguerte gréisstendeels positiv sinn. Duerch déi aktuell Politik vun der Regierung fir méi Transparenz an duerch eng responsabel Finanzpolitik, sti mer haut international besser do, ewéi nach virun zwee Joer.

Nodeems Lëtzebuerg huet misse seng Gesetzgebung am Commerce électronique adaptéieren, hat de Staat enorm finanziell Abousse bei de Steierrecetten. Dat huet riskéiert de Budget extrem an d’Ongläichgewiicht ze stierzen, well dësen zäitlech limitéierte Recetten Depensen entgéint gesat goufen, déi permanent waren.

Duerch déi nei europäesch Legislatioun bei der Besteierung vum elektroneschen Handel hu mer och riskéiert eng Rei Betriber ze verléieren an eenzel, méi kleng Entreprisë sinn tatsächlech an aner Länner gaangen. Haut hu mer awer nees eng positiv Entwécklung – zemools am Beräich vun den neien Technologien. Et ass eis net nëmme gelonge grouss international Konzerner ze halen an déi esouguer ze iwwerzeege weider hei ze investéieren, mir hunn och nei Betriber heihinner gezunn. Mir entwéckelen eis zu engem Kompetenzzenter am Fintech Beräich a mir behalen och eng staark Positioun am Commerce électronique.

Et geet also no vir a mir sinn amgaangen d’Land nei op ze stellen.

Dat ass den aktuelle Stand – den objektiven, de wirtschaftlechen Etat de la Nation.

Et gëtt awer och dee sozialen, den Etat personnel vu villen, ganz ville Leit, déi an eisem Land liewen. Mir schwätzen an der Regel net iwwert Eenzelschicksaler, iwwert Situatioune wéi et se iwwerall an all Dag an eisem Land gëtt. Mir hunn déi net ëmmer am Bléck, well Politik sech dacks op eng Moyenne muss baséieren. D’Geschichten hannert der Geschicht gi meeschtens vergiess.

Et sinn awer déi Eenzelschicksaler, déi mech och beweegen, déi mech net kal loossen. Et sinn d’Suerge vun de Leit, et sinn hir Ängscht an Hoffnungen déi mech motivéieren an all Dag undreiwe Politik ze maachen. Et si Leit, déi mir schreiwen, déi ech begéinen, déi no Léisunge sichen a keng fannen. Et si Leit déi net wëssen, wéi se béid Enner solle beienee kréien. Et si Leit, déi d’Post net méi opmaachen, well se schlecht Nouvellë fäerten.

Wa mir also d’Lutte géint de Chômage als Prioritéit ugesinn, dann ass et net eleng well d’Regierung no 5 Joer Legislaturperiod eng gutt Zensur wëllt, mä mir wëllen all eis Méiglechkeeten notze fir ville Leit zu Lëtzebuerg nees eng Hoffnung ze ginn an d’Konditioune schafen, dass déi méi batter Geschichten och Geschicht an net Zukunft vun eisem Land sinn.

De Chômage ass an de leschten 2,5 Joer em 0,6 Prozentpunkten erofgaangen. Am Dezember 2013 waren zu Lëtzebuerg nach 19.287 Léit ouni eng Aarbecht, haut sinn et der 17.405. Et sinn also 1.882 manner, déi op hire Rendez-Vous op d’ADEM ginn, déi Kandidature schreiwen an ongedëlleg op de Samschdeg waarde fir ze kucken op eppes an der Zeitung steet, wat op hire Profil kéint passen. Déi puer Prozentpunkten an der Statistik heeschen, dass 1.882 Mënschen hei zu Lëtzebuerg manner am Chômage sinn. Et sinn 1.882 Leit a Familljen, déi nees Lut um Enn vum Tunnel gesinn, Männer a Fraen déi Moies kënne mat Houfert anzwuersch hi goen, wou se gebraucht ginn.

Fir de Staat heescht et och awer och, dass manner Chômagegeld ausbezuelt gëtt. Esou sinn am Joer 2013 nach insgesamt ronn  263,7 Milliounen Euro ausbezuelt ginn. Zejoert waren et ronn 242,7 Milliounen Euro. Dat sinn 21 Milliounen Euro manner, déi d’Allgemengheet fir de Chômage muss bezuelen. Dat si Suen, déi op der anerer Säit kënne gebraucht gi fir an d’Zukunft ze investéieren. Fir Bildung, Fuerschung, fir Logement, fir d’Betreiung vu Jonken a vu manner Jonken. Et si manner Käschte fir de Staat mä et ass virun allem och e Gewënn fir 1.882 Mënschen an hir Familljen, déi hei am Land wunnen, liewen an elo och schaffen.

Allerdéngs hu mer och nach ëmmer iwwer 17.000 Mënschen hei am Land, déi keng Aarbecht hunn. Dofir ginn eis Efforte weider. D’ADEM huet an de leschte Méint vill changéiert. D’Effektiver goufen an d’Lut gesat an d’Leit, déi sech ëm d’Demandeurs d’emploi këmmeren, hu manner Dossieren an dofir méi Zäit fir sech mat deenen eenzelne Fäll auserneen ze setzen. Ech si frou, dass déi Partnerschaft, déi mer am Kader vun engem Accord mam Patronat festgehal hunn, gutt fonctionnéiert a Friichten dréit. Et ass ënnert anerem en neie Portail online gaangen, deen et erlaabt Employeur an Demandeur d’emploi méi geziilt an efficace mateneen ze verbannen. D’Offer u Formatioune gouf substantiell an d’Lut gesat an dat huet och grousse Succès. Haut si 50% méi Leit fir eng Weiderbildung ageschriwwen, ewéi nach virun engem Joer.

Dernieft reforméiere mer och de System vum RMG. De Virentworf zu der Reform vum RMG ass geschwënn finaliséiert. D’Familljeministesch mécht dat net eleng, mee zesumme mam Aarbechtsminister a mat der ADEM. Et gëtt zesumme gekuckt, wéi een d’Leit, déi RMG kréien optimal kann encadréieren, woubäi och hir Kompetenze mat considéréiert ginn. Fir Leit, déi duerch verschidden Ëmstänn op den RMG ugewise sinn, soll dëst keng Fatalitéit mat wéineg Auswee sinn, mee mir mussen all Efforten ënnerhuelen, fir dass si nees de Wee an eng geregelt Aarbecht fannen. Dofir ginn och d’Systemer vu Familljen- an Aarbechtsministère, déi bis elo nieftenee fonctionnéiert hunn an Zukunft matenee verbonnen. Den Avant-projet wäert elo mat de Partner am Sozialberäich breet diskutéiert ginn.

D’Lutte géint Aarbechtslosegkeet ass eng Lutte mat villen Hiewelen, een zentralen ass derfir ze suergen, dass et de Betriber gutt geet, dass de Wirtschaftsmotor leeft an dass kënne Leit agestallt ginn.

An de Betriber geet et haut besser, ewéi virun e puer Joer. Eis Economie steet op festem Buedem an d’Aussiichte si positiv. D’Vertraue vun den Entreprisen an d’Wirtschaft an dat vun de Patrone par Rapport zu der Entwécklung vun hirem eegene Betrib ass esou héich ewéi scho laang net méi.

Ech si regelméisseg a Kontakt mat Leit aus de Betriber, mat Patronen, déi fir hire Betrib liewen. Sief dat en Elektrikerbetrib, en Usträicher, Entreprisen aus dem Beräich vun den neien Technologien oder eng Firma, déi zu Lëtzebuerg mat Succès Brëller fir déi ganz Welt produzéiert. Si droen zum Räichtum vun eisem Land bäi, schafen an erhalen Aarbechtsplazen. D’Betriber, zemools déi kleng an mëttelstänneg, hunn awer och ëmmer nach mat villen Hürden ze dinn, déi hir Aktivitéit dacks komplizéiert maachen a wou d’Politik gefuerdert ass fir ze hëllefen. D’Regierung ass sech dees bewosst an huet éischt Mesurë geholl fir de Kader an deem Entreprisen sech beweege méi favorabel ze maachen. Wat d’PME’ë betrëfft, sinn zum Beispill Dispositioune geholl gi fir Derapagë beim Bail commercial ze evitéieren. Dat wichtegst fir all Betrib ass Prévisibilitéit an déi gëtt duerch en neit Gesetz iwwert de Bail commercial assuréiert. D’Creatioun vun engem Betrib soll zu Lëtzebuerg och nach méi einfach ginn an déi administrativ Hürde ginn ofgebaut. Am deem Sënn geet mam Projet de loi 5730 och an den nächste Wochen eng global Reform vum Gesellschaftsrecht hei duerch d’Chamber. Dernieft maache mer mam Projet de loi iwwert d’SARL simplifiée de Wee fräi fir déi sougenannten “1 Euro Gesellschaft”.

D‘Regierung schafft intensiv un der Diversification économique. Mir developpéieren nei Secteuren a suergen derfir, dass mer net nëmmen de Sprint gewannen, mä och op der laanger Distanz d’Nues vir hunn. Déi Diversifikatioun geléngt eis och an dat weist sech ëmmer méi. De Beräich vun der Logistik zum Beispill ass haut schonn e feste Bestanddeel vun eiser Economie. Déi rezent Nouvelle, dass Kühne und Nagel zu Lëtzebuerg wëllt ausbauen an iwwer 22 Milliounen Euro an hir Präsenz hei am Land investéiert, weist, dass eis Beméihungen an dësem Secteur richteg sinn an och zu Resultater féieren. Hei gi massiv Aarbechtplaze geschaf, eis Economie an de Standuert Letzebuerg gi gestäerkt. Nieft der sektorieller Diversifikatioun, plange mer awer och déi regional Diversifikatioun. Am Sënn vun engem nationale Konzept vu Landesplanung, Mobilitéit an nohalteger Entwécklung huet de Wirtschaftsminister e Projet deposéiert iwwert en neie System vun Aides fir regional Investissementer. Et geet dobäi drëms, dass Betriber spezifesch Hëllefe kënnen an Usproch huelen, wann hir Aktivitéiten a Regioune sinn, déi manner favoriséiert sinn. D’Kritäre fir dës Zonen ze bestëmme baséieren sech op objektive sozio-economeschen Informatiounen – also zum Beispill den Ënnerscheed zum regionale Chômagetaux par Rapport zu deem nationalen.

D’Regierung ass och beméit alles ze ënnerhuele fir den Entrepreneuriat zu Lëtzebuerg weider ze developpéieren. Mir gehéieren nach zu der europäescher Lanterne Rouge, wann et ëm d’Zuel vun de Leit geet, déi de Wee an d’Selbstännegkeet sichen an dat wëlle mer änneren. Esou ginn déi staatlech Hëllefen an den Accompagnement verstäerkt an de Wirtschaftsminister huet viru kuerzem mam “Digital Tech Fund” eng zentral Initiativ vun eiser Strategie vun Digital Lëtzebuerg presentéiert. Iwwert dëse Fong gëtt de Staat Partner vu Start-Up Entreprisen aus dem digitale Beräich, virun allem wat FinTech, Cybersecuritéit, Big Data an den digitale Gesondheetssecteur betrëfft. Zesumme mat aneren ëffentleche Partner, ewéi der Uni Lëtzebuerg an der SNCI, mä och zesumme mat der Privatwirtschaft ginn hei iwwer 20 Milliounen Euro bereet gestallt fir jonk Entreprisen ze stäerken.

Mir plangen eng Maison de l’Entrepreunariat, wou och de Staat, zesumme mam Privatsecteur eng Plaz wëllt schafen, wou Leit, déi sech wëlle selbstänneg maachen, Ënnerstëtzung kréien, berode ginn, wou administrativ Barrièren direkt am Ufank kënnen aus dem Wee geraumt ginn.

Mir entwéckelen eis zu Lëtzebuerg och ëmmer méi zu engem regelrechte Kompetenzzenter fir energieeffizient Bauen a Sanéieren. Duerch eng geziilt Ënnerstëtzung vum Wirtschaftsministär fir Entreprisen, déi an dëse Beräicher schaffen a fuerschen, duerch staatlech Hëllefe fir Entreprisen a Privatleit, déi energieeffizient bauen oder renovéieren hu mer de Secteur nei belieft. Derbäi kënnt eng professionell Berodung vun der Agence MyEnergy an och de Privatsecteur selwer huet Initiativë geholl fir Betriber ze begleeden a Formatiounen unzebidden. Dat Zesummespill vun de verschiddenen Acteuren huet derzou gefouert, dass eist Land sech haut an der Groussregioun an doriwwer eraus en Numm an dësem Beräich gemaach huet.

Méi Hëllef an Ënnerstëtzung, manner administrativ Hürden. Dat sinn d’Prinzipien op deene mer opbauen. Et feelt eis awer och zum Deel u Plaze fir jonk Entreprisen, u Lokalitéiten, déi et engem Betrib an de Kannerschong erlaben net schonn direkt bei den éischte Schrëtt Bloderen ze kréien. Mir schaffen dofir och konkret u Projeten, wou Start-Up Entreprisë sech kënnen developpéieren. Éischt Gespréicher gouf et notamment mat der Stad Lëtzebuerg fir zum Beispill um Site vum ale Schluechthaus zu Hollerech esou e Projet ze lancéieren. Hei soll eng Plaz entstoen, wou mer eis prioritär op jonk Betriber aus dem digitale Beräich konzentréieren an och virun allem ëm Entreprisen déi Synergien hirstellen tëscht dem Finanz- an dem ICT-Secteur. Esou kënnen op enger Plaz Start-Up’ë vu gemeinsamen Infrastrukture profitéieren, et entsteet eng modern Schmëtt, wou Iddien entstinn an d’Zukunft vun eiser Economie geformt gëtt. Dass esou e Modell vun enger Plaz fir jonk Entreprisen duerchaus gutt ka fonctionnéieren, wësse mer, net zulescht duerch d’Experienz vum Projet 1535° zu Déifferdeng, wou Konscht, Kreativitéit an Entrepreunariat op eng gutt Aart a Weis matenee verbonne goufen.

Lëtzebuerg soll an Zukunft eng wichteg Roll spillen an der Lëscht vun de Länner mat deene beschte Konditioune fir Start-Up’en. Wa couragéiert an innovativ Leit iergendwou eng Iddi entwéckele fir sech mat enger eegener Firma ze lancéieren a se wëssen net, wou déi beschte Plaz ass fir sech ze implantéieren, da solle si an Zukunft direkt u Lëtzebuerg denken. Mir hunn et an der Vergaangenheet ëmmer nees fäerdeg bruecht eis en Numm ze maachen a verschiddene Beräicher, sief et an der Stolindustrie, am Finanzberäich, oder an der Tëscht och an der Logistik. Déi Traditioun solle mer weiderféieren a mir kënnen eis zu engem Referenzland fir Innovatioun a Kreatioun entwéckelen, zu enger Plaz, wou Produitë fir dat 21. Jorhonnert entstinn. Mir gesi grousst Potenzial vu Synergië mat bestehende Secteuren, mat der Recherche, mat staatleche Servicer an och mam Privatsecteur. D’Spezifizitéite vun eisem Land, d’Méisproochegkeet, dat internationaalt Ëmfeld an déi gutt Vernetzung vun ëffentleche mat privaten Acteure sinn ideal Viraussetzungen. Mir hunn en héijen Niveau vun Infrastrukturen an eng exzellent Konnectivitéit.

An de leschten zwee Joer sinn iwwer Luxconnect a Post iwwert 420 Milliounen Euro an ICT Infrastrukturen, respektiv an d’Konnectivitéit investéiert ginn. Doduercher hu mer haut ee vun de beschte Reseauen op der Welt mat enger Couverture am Très Haut Débit vun iwwert 94%. Déi 23 Datenzentren zu Lëtzebuerg stockéieren Donnéeen op enger Surface vu ronn 47.000 Metercarré. Schonn haut mécht de Secteur vun den neien Technologien iwwer 7% vun eisem PIB aus an assuréiert iwwer 15.000 Aarbechtsplazen. D’Ausganksbasis ass elo exzellent an et sollt eis eigentlech geléngen eist Land ganz däitlech erkennbar och op d’Weltkaart vu Kreatioun an Innovatioun ze setzen.

Fir dass dat eis geléngt, schaffe mer weider un engem idealen Environnement fir Betriber. Mir bauen och elo schonn Hürden of a mir vereinfache Prozeduren. Dat sougenannten Omnibusgesetz gouf ganz fréi vun der Regierung ausgeschafft an déi entspriechend Changementer an 13 verschiddene Gesetzer sinn op de legislative Wee bruecht ginn. Mir rechnen dermat, dass se an den nächste Méint kënnen a Kraaft trieden. Domadder gëtt ënnert anerem an der Kommodo Gesetzgebung, am Naturschutzgesetz a bei der Landesplanung villes manner komplizéiert an de Secteur vun der Constructioun an dem Handwierk wäert nohalteg dovunner profitéieren, Aarbechtsplazen an dëse Beräicher gi geséchert.

Wann dat Gesetz elo a Kraaft ass, muss mat den Akteuren um Terrain eng Analys gemaach ginn iwwert d’Efficacitéit dovunner a mir sinn och bereet weider Mesuren ze huelen. Déi administrativ Vereinfachung virubréngen ass e permanenten Effort a mir schaffen och permant dorunner. Fréier war et Chefsaach, haut ass et Tatsaach.

De Minister vun der Fonction Publique huet eng éischten Demarche an deem Sënn gemaach an déi ass Ufanks dës Mounts och vum Regierungsrot adoptéiert ginn. Ënnert dem Titel “Einfach Lëtzebuerg” gouf en Aktiounsplang lancéiert, dee virgesäit, dass an de Ministèren, de Servicer an Administratiounen elo en allgemenge Screening gemaach gëtt fir erauszefannen, wou een eventuell Hürde kann ofbauen, Doubles-emplois kann evitéieren an d’Aarbecht vun der Verwaltung ka verbesseren. Esou soll festgestallt ginn, wou och eventuell legislativ Adaptatiounen néideg sinn, wou Prozedure sinn, déi net méi zäitgeméiss sinn a wou een awer och gläichzäiteg eng méi oppen an transparent Approche kann aféieren. Esou wäert ënnert anerem och e Lien entstoe mat enger anerer transversaler Initiativ vun der Regierung, dem “Digital Lëtzebuerg”. An den nächste Méint féiere mer en Tracking System a fir administrativ Prozeduren. Deemno sollen Entreprisen a Bierger kënnen d’Méiglechkeet kréie fir e Suivi ze maachen. Wann een eng Demande bei enger Administratioun mécht, oder zum Beispill op eng Genehmegung waart, da kann een dann an Zukunft iwwert eng Referenznummer erausfannen, wou deen Dossier drun ass, wie grad dermat befaasst ass a wou een Informatioune ka kréien.

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

Mir liewen an enger Welt, déi an de leschte Jorzéngten ëmmer méi no unenee geréckelt ass. Dat huet an der Haaptsaach positiv Auswierkungen op eist Zesummeliewen, fir eis Liewensqualitéit a fir eise Wuelstand. Duerch déi Globaliséierung sti mer awer och ëmmer méi ënner Konkurrenzdrock a mir si gefuerdert eis permanent weider ze entwéckelen, Konditiounen ze schafen, déi et eis erlabe mat anere Länner matzehalen. Wat eis Kompetitivitéit betrëfft, musse mer eis net verstoppen. Am Contraire. An all wichtegem Ranking, wou de Facteur vun der Kompetitivitéit gemooss gëtt, ass Lëtzebuerg éischter vir bäi (am World Competitiveness Yearbook sti mer zum Beispill op der Plaz 5, an op Nummer 1 an der EU). Mir kënnen eis awer net doropper ausrouen, mä musse weider dru schaffen, dass Betriber zu Lëtzebuerg sinn a bleiwen, dass nei Entreprisen entstinn oder bei eis kommen an Aarbechtsplaze schafen.

Zu engem gudden Environnement fir Lëtzebuerger Betriber an zu engem kompetitive Wirtschaftsmodell gehéiert och, dass dat steierlecht Ëmfeld kompetitiv ass.

Mir setzen den Taux vum Impôt sur le Revenu des Collectivités (IRC) op 18% erof an esou guer op 15% fir déi kleng Entreprisë mat engem Benefice bis zu 25.000 Euro pro Joer. Dat ass e grousse Sprong op ee Coup an et wäert déi Lëtzebuerger Betriber entlaaschten, méi kompetitiv maachen an och stäerken.

Och aner Länner an Europa a soss op der Welt hunn hir respektiv Tauxë fir Entreprisen an de leschte Joeren erof gesat oder annoncéiert dat ze maachen. Mir kënnen domadder averstane sinn oder net – d’Realitéit um Enn ass déi, dass mer eng raisonnabel Steierpolitik fir Betriber mussen assuréieren.

Dat internationaalt Ëmfeld ass och amgaange sech ze veränneren, wat d’Konditioune betrëfft zu deenen Entreprisen – an dobäi virun allem déi grouss multinational Entreprisen – besteiert ginn. Op OECD Niveau gëtt den Ament iwwert d’BEPS Regelen diskutéiert an Zil ass et fir de Spillraum vun den Ofschreiwungen ze limitéieren. Dat bedeit, dass d’Steierlaascht fir d’Betriber, also och d’Steierrecettë fir déi eenzel Länner an d’Lut wäerte goen. Mir wëssen awer haut net am Detail, wéi déi Diskussiounen ausginn a wéi déi sougenannte BEPS Regelen um Enn genee ausgesinn. Eppes ass awer ganz kloer an dat soen ech haut och an aller Däitlechkeet: Lëtzebuerg muss kompetitiv bleiwen an esou kann ech haut och net ausschléissen, dass deemno wéi d’Assiette fiscale fir d’Entreprisen an Zukunft ausgesäit, den Taux d’Affichage weider muss ugepasst ginn.

Déi Diskussioun stellt sech zu dësem Zäitpunkt awer net an dofir si mir haut och iwwerzeegt, dass den Taux um IRC vun 18% respektiv 15% en ideaalt Gläichgewiicht duerstellt tëscht Kompetitivitéit op där enger a Steiergerechtegkeet op där anerer Säit.

Mir wëllen d’Betriber duerch dës Steierreform awer net nëmmen doduercher entlaaschten, dass den IRC erof gesat gëtt. D‘Regierung huet weider Mesurë geholl, déi eng wesentlech Verbesserung fir vill Entreprisë wäert bedeiten. Dat gëllt virun allem fir Familljebetriber, wann d’Besteierung vun der Plusvalue op de Biens immobiliers ewech fält, wann de Betrib un déi nächst Generatioun weider verierft gëtt. Mir wëllen awer och verstäerkt d’Patronen encouragéieren an hire Betrib ze investéieren an d‘Innovatioun ze förderen. Dofir gëtt d’Bonification d’impôt pour Investissement em 1 Prozentpunkt an d’Lut gesat a mir hunn eng speziell Mesure vir d’Bauerebetriber virgesinn. Esou wäerten 30% vun der éischter Tranche vun de Käschte vun engem neien Invest kënnen ofgesat gi mat engem Plafong vun 250.000 Euro an och nach emol 20 % vun enger zweeter Tranche, déi iwwert dës Limite ginn.

D’Kompetitivitéit vun eisem Land erhalen a stäerken ass een Zil vun der Steierreform, wéi d‘Regierung se presentéiert huet a wéi se um 1. Januar d‘nächst Joer a Kraaft trëtt. Kafkraaft stäerken a méi Gerechtegkeet schafen ass en zweete Pilier vun där Reform. Mir hunn eis op e Pak vu Mesuren op fiskalem Niveau gëeenegt, déi de Barême komplett nei staffelen, déi Entlaaschtunge virgesinn, fir déi, déi se am néidegsten hunn an déi och kloer Akzenter setzen, wou de Besoin grouss ass an déi politesch Prioritéite fest geluecht sinn, sief dat an der Familljepolitik, am Logement oder beim nohaltegen Transport.

Et ass eng politesch Steierreform mat politesche Prioritéiten. Et ass eng Steierrefrom, déi gerecht a selektiv ass. Et geet eis drëm deenen economeschen a gesellschaftlechen Evolutioune Rechnung ze droen an do Akzenter ze setzen, wou et Sënn mécht, wou et néideg an noutwenneg ass. Gesellschaftspolitesch, mä eben och steierpolitesch riichte mer de Bléck no vir amplaz no hannen.

Esou ass et eng Realitéit, dass et vill verschidde Forme vu Famill gëtt an dëser Realitéit muss och an der Steierpolitik Rechnung gedroe ginn.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Wann ee sech de Sozialalmanach vun der Caritas duerchliest, deen dëse Mount erauskomm ass – an deen ech jidderengem als Lecture recommandéieren – da gëtt een ënnert anerem vill gewuer iwwer Realitéiten zu Lëtzebuerg, zum Beispill iwwert den Aarmutsrisiko. Et kann een noliesen, wat d’Ursaache sinn, déi an d’Aarmut féieren an och wéi eng Bevëlkerungsgruppe besonnesch vulnerabel sinn. Ee Grupp stécht do leider ëmmer nees eraus an dat sinn d’Familles monoparentales an do virun allem déi elengerzéiend Fraen, well et sinn zu 90 % Fraen, déi eleng mat de Kanner sinn, wann eng Famill ausernee fält. D’Entwécklung bei deem Aarmutsrisiko vun de Familles monoparentales ass enorm. Esou loung den Taux am Joer 2003 nach bei 15,1% , am Joer 2014 awer bei 44,6 Prozent. 2003 also all 7ten, haut praktesch all zweete Ménage monoparental, deen an der Aarmut ass oder riskéiert an d’Aarmut ze falen. Dat ass d‘Entwécklung déi an de leschte Joeren net genuch thematiséiert gouf, déi eis awer alleguer soll beschäftegen.

Mesurë fir déi Entwécklung ze stoppe si villfälteg an d‘Regierung schafft dofir och op verschiddenen Niveauen. Ee Moyen fir där Evolutioun entgéint ze wierken ass och d’Steierpolitik an dofir hu mer deem och bei der Reform Rechnung gedroen. Et sinn nämlech grad déi elengerzéiend Menagen, déi konkret gehollef kréien duerch déi nei Staffelung vum Barême, an duerch zousätzlech geziilte Mesuren. Dat ass zum engen déi sozial gestaffelt Hausse vum Crédit d’Impôt Salarié, an duerch d’Verdueblung vum Crédit d’Impôt monoparental. Dernieft huet d’Regierung no de Consultatioune mat de Sozialpartner och festgehal, dass de Fräibetrag par rapport zu deem de Crédit d’impôt monoparental kéint reduzéiert ginn, elo an d’Lut geet vun 160 op 184 Euro pro Mount. Gläichzäiteg geet den Abattement an d’Lut fir Chargë fir den Ënnerhalt vu Kanner, déi net am Menage wunnen. Bis elo konnt een 3.480 Euro d’Joer pro Kand ofsetzen, an Zukunft sinn dat 4.020 Euro. Mir hunn also Mesuren an d’Steierreform integréiert, déi eng direkt Ënnerstëtzung fir elengerzéiend Elterendeeler bedeiten. Eng weider Mesure, déi d’Regierung decidéiert huet, fir de Familljen entgéint ze kommen an och den Elengerzéienden, déi dacks op Hëllef ugewise si fir selwer kënne schaffen ze goen, ass d’Eropsetze vun deenen entspriechenden Abattementer. An Zukunft kann ee Menage 5.400 Euro amplaz vun 3.600 Euro ofsetze fir Fraisen, déi mat der Garde vun de Kanner ze dinn hunn, der Hëllef am Haushalt oder bei der Betreiung vun enger Persoun, déi am Menage wunnt. Dat entsprécht enger Hausse vu 50%, ass also substantiell.

Dat si konkret a praktesch Instrumenter an der Steierpolitik, déi de Familljen entgéint kommen an déi de gréissten Effekt do wäerten hunn, wou et och ubruecht ass a wou et op all Su ukënnt.

Well d’Familljemodeller haut méi verschidde sinn – a ganz einfach och, well mer d’Joer 2016 schreiwen – gouf et Zäit, endlech och bestuete Leit d’Méiglechkeet vun der Individualiséierung ze offréieren. Hei geet et drëm, dass bestuete Leit an Zukunft net méi automatesch zesumme besteiert ginn, mee wiele kënnen, wéi ee Regime si fir sech applizéiere wëllen.

D’Individualiséierung ass optional. Et geet also net drëm ee Modell vis-à-vis vun deem aneren ze bevirdeelegen, mee de Leit de Choix ze loossen. Wat d’Leit heimatter also kréien, ass méi Flexibilitéit a méi Fräiheet, fir déi Léisung ze wielen, déi am beschte bei si passt. Dat ass ee wichtege Bausteng net nëmme vun enger gerechter Steierpolitik, mä och vun enger zäitgeméisser Familljepolitik.

An Zukunft wäerten och Frontalieren, déi bestuet oder gepacst sinn, vun dëse Regelunge kënne profitéieren. Mir schafen also eng Gläichbehandlung tëscht Frontalieren a Residanten – esouwuel fir d’Steierklassen, wéi och fir d’Abattementer.

Am Laf vum nächste Joer kontaktéiert d’Steierverwaltung déi betraffe Koppelen an iwwerpréift hir finanziell Situatioun – an zwar déi komplett Situatiounen an net nëmmen d’Revenuen, déi hei zu Lëtzebuerg deklaréiert ginn. Vum Joer 2018 u ginn dës Koppelen a Familljen dann d’selwecht besteiert ewéi d’Residanten. Dat bréngt och mat sech, dass Frontalieren, déi keng entspriechend Informatiounen iwwert hire Revenu als Menage liwweren, automatesch an der Steierklass 1 besteiert ginn.

Aus gudde Grënn ass eng vun de Prioritéite vun dëser Regierung de Bierger vun dësem Land ze hëllefen, sech zu Lëtzebuerg eng Wunneng kënnen ze leeschten. D’Käschte vum Logement hu sech fir d’Haushalter zu Lëtzebuerg zu deem Facteur entwéckelt no deem sech muss geriicht ginn. Et ass net méi eleng de Revenu, deen determinéiert wéi vill Suen um Enn vum Mount iwwereg bleiwen, wéi vill ee Menage kann ausgi fir Kleeder, Liewensmëttel, en Auto oder fir Fräizäitaktivitéiten. D’Fro, déi sech all Mount gestallt gëtt, ass wat nach iwwereg bleift nodeems Loyer oder de Prêt vum Compte ofgaange sinn. Och hei schwätzt de Sozialalmanach iwwregens eng kloer Sprooch: De Point fixe ronderëm deen de sozialen Tri gemaach gëtt ass de Logement.

Fir deem entgéint ze wierken huet d‘Regierung Konzepter presentéiert, déi eng komplett nei Approche duerstellen. Mir wëlle virun allem méi Wunnraum a mir wëlle bezuelbare Wunnraum schafen. D’Konditioune mussen esou adaptéiert ginn, dass méiglechst vill ka gebaut ginn. D’Steierreform enchaînéiert un dat Konzept vun enger verstäerkter Offer. Mir hunn d’Reform un Niveau vun de Steieren also mam Ëmdenken an der Logementspolitik verbonnen a schafen zousätzlech Instrumenter an Atouten, déi d’Offer u Wunnengen an d‘Lut setzen an déi Leit ënnerstëtzt, déi bauen oder investéieren. De Montant vum Epargne-logement, deen ee ka steierlech geltend maachen, fir Leit bis 40 Joer gëtt vu 672 Euro op 1344 Euro verduebelt. Dëst ass eng konkret a cibléiert Hëllef fir all déi Jonk, déi op eng eege Wunneng spueren. De Montant vun de Scholdzënsen, déi ee ka vun der Steier ofsetzen, gëtt fir jiddereen eropgesat. D’Valeur locative gëtt ofgeschaf, wann een a sengem eegenen Haus, oder dem eegenen Appartement wunnt.

Fir de Marché weider ze dynamiséieren an d’Offer an d’Lut ze setzen, incitéiere mer déi Leit, déi hire Bien wëlle verkafen, dat och ze maachen, ouni nach weider op eng Hausse vun de Präisser ze spekuléieren. Dofir gëtt op der Plus value op Venten, déi tëscht dem 1.7.2016 an dem 31.12.2017 gemaach ginn, just de véirels Taux applizéiert. Dëst ass awer keng Mesure fir de Spekulanten an d’Kaarten ze spillen, well si gëllt nëmme fir Privatleit, an nëmme fir déi, déi scho méi laang wéi 2 Joer Proprietaire vum Bien sinn. Dat entspriechend Gesetz ass virun zwou Wochen duerch de Regierungsrot gaangen an elo um Instanzewee.

Net jidderee wëllt, oder kann awer selwer Proprietaire ginn. Dofir ass et wichteg och an der Locatioun d’Offer eropzesetzen, grad och am soziale Beräich. Dofir wäerten an Zukunft d’Loyeren, wann een eng Wunneng un d’Agence immobilière sociale oder een aneren agreéierte Partner verlount, ëm 50% exoneréiert ginn.

Déi Steierreform, wéi mer se presentéiert hunn ass no engem laange Prozess an no ville Gespréicher finaliséiert ginn. Dat ass zu Lëtzebuerg bis elo net üblech gewiescht, dass esou déifgräifend Mesuren am Steierberäich mat de Sozialpartner diskutéiert ginn an dass och d’Vuë vu Gewerkschaften a vum Patronat berücksichtegt ginn. Mir hunn eis och no der Presentatioun vum Projet nach emol mat de Sozialpartner zesummegesat fir iwwer déi eenzel Mesuren ze diskutéieren an ze kucken, wou nach Adaptatioune méiglech wieren an et sinn Adaptatioune gemaach ginn. Sief dat bei de Privathaushalter mat neien Niveauë fir d‘Käschten, déi besonnesch bei de Familljen ufalen, kënnen ofzesetzen, sief et bei den Investissementer fir d‘Entreprisen oder wat d’Chèque Repas betrëfft, wou mer eng Adaptatioun decidéiert hunn, déi fir ronn 60.000 Salariéen zu Lëtzebuerg eng direkt Verbesserung duerstellt.

Déi Reform, wéi se elo virläit, ass eng Reform, déi kohärent ass a sech bei deene Leit am meeschte bemierkbar mécht wou de Besoin och am gréissten ass. Esou bezillt zum Beispill eng Famill, mat engem Kand, wou béid Eltere schaffen an e Prêt ofbezuelen, mat engem Revenu vu ronn 60.000 Euro d’Joer an Zukunft iwwer ronn 1500 Euro d’Joer manner Steieren. Dat ass eng Erspuermis vun iwwer 50% par rapport zu haut! Et ass deemno och eng Reform, déi manner Recettë fir de Staat mat sech bréngt. Dat ass nëmme méiglech, well mer et fäerdeg bruecht hunn, d’Staatsfinanzen ze sanéieren. D‘Regierung huet direkt am Ufank vun dëser Legislaturperiod Decisioune geholl, déi eis net einfach gefall sinn, déi awer néideg an noutwenneg waren. Néideg an noutwenneg fir d’Land laangfristeg op en zolitt Fundament ze stellen an dobäi den Equiliber tëscht Recetten an Depensen nees hirzestellen.

Nodeems den Defizit beim Zentralstaat zanter 2002 praktesch all Joer an d‘Lut gaangen ass, hu missen Decisioune geholl gi fir déi Entwécklung däitlech ze bremsen. Mir hunn duerch d’Ewechfale vum Commerce électronique enorm Abousse missen opfänken a gläichzäiteg verhënneren, dass d’Staatsschold eis iwwert de Kapp wiisst. Dat ass eis och eendeiteg gelongen. Mir hunn den Defizit beim Zentralstaat däitlech reduzéiert. E responsabelen Ëmgank, heescht dobäi virun allem, dass mer och un déi denken, déi no eis kommen. Aus där Ursaach ass trotz Budgetsanéierung den Niveau vun den Investitiounen héich gehale ginn Vun 2014 op 2015 ass den Taux vum Invest ëm 17,3 % eropgaang. Dëst Joer leien d’Investitioune bei 2 Milliarden 269 Milliounen Euro an domat nach emol bal 18 % méi héich ewéi zejoert. Dat entsprecht engem Plus vu ronn  342 Milliounen Euro déi mer investéieren an eis Infrastruktur, an  d’Zukunft vun eisem Land.

Mam Fonds souverain intergénérationnel hu mer och en direkt Instrument geschaaft fir eis besser kënnen op zukünfteg Erausfuerderunge virzebereeden. Dee Fong ass elo scho mat 100 Milliounen Euro gespeist an et kommen nach 34 Milliounen Euro derbäi, déi mer duerch de Verkaf vun den Droits de Souscription am Kontext vun der Kapitalerhéijung vun Arcelor Mittal erakruten. D’Regierung hält sech also un hiert Engagement, lafend Käschten net kuerzsiichteg mat extraordinäre Recetten ze decken, mä déi fir zukünfteg Generatiounen unzeleeën. Dat ass natierlech eng Politik vun der intergenerationeller Chancegläichheet. De fréiere Staatsminister hat ganz Recht, wéi e virun 10 Joer sot: “Entweder verbrutsche mer alles wat mer hunn elo oder mer halen et fir d’Kanner. Dat eent oder dat anert. Et ass méi einfach et elo ze verbrutschen, et ass méi schwéier et fir d’Kanner ze halen, well d’Kanner gi jo nach net wielen.” Nëmme just, dass ee sech deemools net dorunner gehalen huet a vill ze vill verbrutscht huet amplaz eppes op d’Säit ze leeën.

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

Mir hunn eis en ambitiéise Regierungsprogramm ginn a mir setzen deen den Ament konsequent ëm. Et ass e Regierungsprogramm, deen als iewescht Zil huet eist Land virzebereeden op d’Erausfuerderungen déi virun eis leien. Dat sinn Erausfuerderunge fir eis Economie a fir eis Finanzen. Et si grouss Defien am Enseignement, am Logement, an der Landwirtschaft, der Gesondheet, Gesellschaftspolitik, dem Zesummeliewen, dem Wuelbefanne vun de Leit. Et sinn enorm Aufgaben an der Mobilitéit, bei der banneschter Sécherheet, der Landesplanung a beim Naturschutz. D’Land entwéckelt sech weider, et muss sech weider entwéckelen a mir mussen dofir och déi richteg Äntwerten op déi Froe ginn, déi sech imposéieren. Mir brauche keen Zukunftsdësch, keng Orientéierungsdebatt, keng Workshopen a keng Kristallkugel fir ze wëssen, dass eise Sozialsystem, eise Pensiounssystem, eis Economie drop opgebaut sinn, dass de Moteur dréint, d’Beschäftegung an d’Lut geet an dass mer et fäerdeg bréngen nei Secteuren ze developpéieren, well et liichtfankeg wier sech op een eenzege Pilier ze verloossen. Mir wëssen och, dass et u Wunnenge feelt, dass eis Autobunnen dacks iwwerlaascht sinn. Mir wëssen, dass eis Populatioun ëmmer méi al gëtt an dat grouss Ufuerderungen un de Gesondheetssecteur stellt, un d’Sozialversécherung an d’Pensiounskees.

Dofir sinn och Decisioune geholl ginn an dofir gi weider Decisioune geholl. Dat si ganz bestëmmt net ëmmer Entscheedungen, déi kuerzfristeg zu Applaus féieren, mä laangfristeg si se néideg an noutwenneg.

Ee vun de gréisste Chantieren an eisem Alldag ass d’Mobilitéit an do stinn effektiv ganz konkret Aarbechten un.

Mir kënnen alleguerten all Dag nokucken, wéi Lëtzebuerg an engem nationale Stau stécht. Den nationale Stau erkläert sech duerch de Reformstau aus de leschte Joeren an dee Stau gëtt elo lues awer sécher opgeléist. Den zoustännege Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen huet an de leschte Méint zukunftsweisend Projeten op de Wee bruecht an ass och beméit Retarden ze evitéiere fir dass d’Auswierkunge vun engem neien nationale Verkéierskonzept sech séier kënne bemierkbar maachen. Um Enn vun dësem Joer wäert en Deel vun der Plateforme ferroviaire multimodale zu Beetebuerg/Diddeleng a Betrib goen. Duerch dëst Instrument geet en Deel vum Camionsverkéier vun der Strooss op d’Schinn. Dat ass e Gewënn u Liewensqualitéit a gläichzäiteg gëtt Lëtzebuerg zu engem Dréikräiz am Cargoberäich op der Schinn.

Och déi aner Chantieren am Schinneberäich kommen den Ament immens gutt virun, souwuel den Ausbau vun der Beetebuerger Streck, wéi och den Arrêt Pafendall-Kierchbierg an de Bau vun der Gare Houwald. Ëmmer méi Leit klammen iwwer op den Zuch an déi Entwécklung wäert an den nächste Joere sécherlech weider goen, well et zu wesentleche Verbesserunge kënnt. An Zukunft mussen Honnerte Leit net méi bis op d’Gare fuere fir da vun do aus op de Kierchbierg ze kommen, mä si kënnen direkt do erausklammen, wou se och no bei hirer Aarbechtsplaz sinn.

Déi nei Gare ënnert der rouder Bréck bedeit, dass ee par Rapport zu haut 20 bis 25 Minutte gewënnt, wann ee mam Zuch vun Ettelbréck erfort an d’Stad kënnt an op seng Aarbecht um Kierchbierg oder am Stadzentrum muss fueren. Fir D’Leit, déi aus dem Westen, respektiv aus dem Süde vum Land kommen, ass et en Zäitgewënn vu 15 bis 20 Minutte par Rapport zu haut. Dat si 40 Minutten den Dag, 2 Stonnen d’Woch. En fait gewënnt een e ganzen Aarbechtsdag pro Mount duerch déi nei Gare Pafendall-Kierchbierg.

Am Stroossebau kommen eng Rei wichteg Entlaaschtunge mam Zil en Zesummespill tëscht Strooss a Schinn ze garantéieren. Et ginn nei Buslinnen agefouert, haaptsächlech am Zesummenhank mat deenen neie Pôle d’échangen awer och mat der Reorganisatioun vum ganze Busreseau bis Enn 2019.

An der Mobilité douce si mer op Volltouren amgaang ze schaffen: An de nächste Joere ginn nei Chantieren op fir iwwerall am Land nei Vëlospisten ze schafen. Mir wäerten och dovu profitéiere fir am Ballungsgebitt vun a ronderëm d‘Stad Lëtzebuerg laanscht den Tramstracé e ganze Vëlosreseau opzebauen. Eist Zil, wat sech am MoDu gesat gouf, fir bis 2020 en Undeel vu 25% Mobilité douce opzeweisen, gëtt esou erreecht.

D’Regierung gëtt dem ëffentlechen Transport an der Mobilité douce Prioritéit. Mir wëssen awer och, dass fir vill Leit den Ament den Auto éischte Choix ass oder nach muss sinn. Dofir hu mer all Interêt dofir ze suergen, dass déi Autoen op eise Stroossen dann esou propper wéi méiglech fueren. Dat ass en Element, wat mer och am Kader vun der Steierreform kloer berücksichtegt hunn. Den Avantage en Nature forfaitaire bei de Leasingautoe gëtt nei gerechent, fir d’Leit ze motivéieren, op méi propper Autoen ëmzeklammen. Leit, déi een Auto kafen, dee guer keng Emissioune produzéiert, wäerten an Zukunft vun engem Abattement vu 5.000 Euro profitéieren.

Eist Zil muss et awer sinn, net nëmmen e méi propperen Autostrafic, mä generell manner Trafic ze hunn. Laangfristeg iwwerall a kuerzfristeg virun allem do, wou et haut am meeschte Problemer ginn – also op den Haaptachsen.

D’Zuel vun de Park and Ride Parkplaze gëtt dofir an den nächste Joere massiv an d’Lut gesat. Geplangt ass, dass mer vun haut ronn 11.800 Parkplaze bis 2020 op iwwer 24.000 Emplacementer an d’Luucht ginn. Et lafen och entspriechend Etudë fir d’Offer op de Grenzen eropzesetze mam Zil, de Leit esou fréi wéi méiglech den ëffentlechen Transport als Alternativ zum Auto unzebidden.

En zentrale Projet an der Mobilitéit ass dernieft och dee vum Tram, wou d’Aarbechte gutt viruginn a wou aller Viraussiicht no och d‘nächst Joer den éischten Deel wäert kënnen a Betrib goen.

All dës Chantiere leien am Timing an am Budget, sou datt d’Regierung gudder Déng ass, datt mer bis Enn vun der Legislaturperiod e wesentleche Qualitéitssprong gemaach hunn am Beräich vum Fonctionnement vum ëffentlechen Transport.

Mir brauchen Äntwerten op d’Froen an der Mobilitéit, virun allem, well all Dag ronn 175.000 Leit iwwert d’Grenz bei eis schaffe kommen.

Mir brauchen awer och ganz urgent Léisunge fir déi Leit, déi net nëmme wëllen hei schaffen, mä och wunnen. De Logement ass a bleift ee vun de wichtegste Chantieren. An ech kann Iech garantéieren, dass hei méi Fundamenter gegoss an Zillen openee gesat ginn, ewéi jee virdrun.

E Paradigmewiessel ass de Fait, dass d’Regierung massiv an d’Offer investéiert. Mir léisen de Problem net, ewéi et an der Vergaangenheet dacks geduecht gouf, andeems mer de Leit Suen an de Grapp ginn. Dat huet méi zu der Präisexplosioun bäigedroen, ewéi dass et se gestoppt hätt.

Wien déi Entwécklung wëll stoppen, muss bauen – a mir bauen.

Et si bis elo konkret dräi Opstockungen decidéiert gi vu bestoende Wunnprojetë fir subventionéiert Logementer. Et sinn 227 Projetë mat 3.509 Wunnengen derbäi komm. Duerch déi Approche vun der Regierung ginn also Wunnenge fir 3.509 Leit, Koppelen a Famillje gebaut, déi et soss net gi wieren.

Dovunner ginn der 1.448 an d’Vente an 2.061 Wunnenge gi verlount. Och dat ass e Paradigmewiessel. Mir investéiere verstäerkt an de Locatif, well dat deene Leit hëlleft, déi net kuerzfristeg kënnen en Eegenheem uschafen.

Mir hunn en Etat des lieux vun de Baulücke gemaach a festgestallt, dass iwwer 90 % vun dëse Bauplazen, déi net genotzt ginn, a privaten Hänn sinn. Mir brauchen elo e Programm, deen dëse Blockage am Logement opléist. De Logementsminister ass amgaang genee esou e Programm auszeschaffen. Dernieft wäerte mer awer och Initiativen huele fir déi Baulücken, déi an ëffentlecher Hand sinn, séier an onkomplizéiert fir d’Constructioun virzebereeden.

Leschte Mount ass et der Regierung och gelongen grouss  Surfacen ze kréien, wou Projetë fir de Wunnengsbau séier wäerte fräi ginn. Duerch e positivt Resultat vun de Verhandlunge mat ArcelorMittal hu mer net nëmmen erreecht, dass dee gréisste Stolkonzern op der Welt säi Sëtz zu Lëtzebuerg consolidéiert an ausbaut, mä och, dass mer Terrainë kréien, wou an den nächste Joere ka gebaut ginn.

Zu Péiteng sinn dat ronn 5,5 Hektar, wou e Quartier residentiell soll entstoen. Zu Wolz sinn et 7,7 Hektar, zu Suessem gëtt et e Potenzial vu 5 Hektar, zu Diddeleng sinn et iwwer 39 Hektar wou direkt e puer Honnert Wunnenge kënne gebaut ginn. Dernieft kënnen zu Esch-Uelzecht, op engem Site, wou aktuell e Parking ass, Infrastrukture fir Police a fir d’Rettungsdéngschter entstoen.

Dat sinn alles enorm grouss Surfacen, wou an Zukunft kënne Wunnenge gebaut ginn an déi bis elo quasi brooch louchen oder net genotzt gi sinn.

Duerch eis Verhandlunge mat ArcelorMittal an duerch den Accord, dee mer um Enn fonnt hunn, kënnen an den nächste Joeren nei Quartieren op verschiddene Plazen am Land entstoen. Et kënne bis zu 1.500 Wunnenge gebaut ginn. Onofhängeg vun dësem Accord, deen d’Regierung elo mat ArcelorMittal selwer fonnt huet, gëtt awer och e Projet op de Wee bruecht, wou zu Esch an zu Schëffleng Industriefrichë fräi gi fir Wunnengen, Geschäfter, kleng Betriber an ëffentlech Strukturen. Eng Etude de faisabilité fir Terrainë vun iwwer 62 Hektar ass an Aarbecht.

Dat ass konkret Logementspolitik fir d’Offer an d’Lut ze setzen a fir eng Äntwert op déi héich Nofro ze ginn, déi d’Ursaach vun der Präisexplosioun ass.

De Staat muss eng Hand mat upake fir déi Leit ze ënnerstëtzen, déi grad am Ufank vun hirem professionelle Liewe stinn, déi eng Famill wëlle grënnen an eben eng eege Wunneng brauchen. Déi Ënnerstëtzung vun ëffentlecher Hand, assuréiere mer zum Deel duerch Entlaaschtungen op steierlechem Niveau. Mir assuréieren et awer nach méi duerch eng Politik, déi d’Suerge vun dëse Leit a verschiddene Beräicher eescht hëllt. Dat ass de Logement, dat ass awer och d’Kannerbetreiung an eng Familljepolitik, déi der Zäit ugepasst ass.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Nodeems d’UNICEF d‘lescht Woch hire Rapport presentéiert huet, ass vill iwwer Kanneraarmut geschwat ginn. Verschiddener vun Iech hu parlamentaresch Froen dozou gestallt– a mat Recht: D’Kanner stinn am Mëttelpunkt vun deem wat eis alleguerten am meeschte beschäftegt.

Kanneraarmut gëtt fir d‘alleréischt iwwert d‘Suen, iwwert déi finanziell Situatioun vun engem Stot definéiert. Mee net nëmmen, an dat weist dee Rapport och: Kanneraarmut huet och mat der Schoul ze dinn, et huet dermat ze dinn, ob een an der Schoul reusséiert oder net. A justement déi Fro huet dann och dacks eppes mat der Sprooch ze dinn.

E Kand ass awer och aarm, wann et keen Zougank zu Kultur huet, zu Sport oder Fräizäitaktivitéiten. D’UNICEF huet dernieft drop higewisen, dass Kanner, déi aus manner favorable Verhältnisser kommen och méi dacks krank sinn.

Wa mir als Regierung also soen, dass d’Zukunft an d’Zukunftschancë vun de Kanner – vun all de Kanner hei am Land – eis wichteg sinn, da schaffe mer och konkret dorunner d’Kanneraarmut ze reduzéieren.

Kanner, déi un oder ënnert der Aarmutsgrenz liewen, liewen dacks a "ménages mono-parentaux". Mee och Kanner vu bestueten, gepacsten oder vu Patchworkfamillje si betraff. Well hir Eltere betraff sinn.

Wann Elteren decidéiere sech ze trennen – an dat kënnt a quasi zwee Drëttel vun de Stéit vir, da leide virun allem d’Kanner. Emotional natierlech, mee och finanziell. Well d’Mammen dacks manner oder esou guer näischt verdéngen. De Sprong zréck op den Aarbechtsmaart ass schwiereg wann een eng länger Zäit fort war. Dobäi ass d’Zuel vun de Fraen, déi schaffen, awer extrem an d’Lut gaangen: an de 70ger Joere war just e Véirels vun de Salariéë Fraen, haut sinn iwwer 40% vun der aktiver Populatioun Fraen.

Fir Fraen, grad ewéi fir Männer, fir Mammen, grad ewéi fir Pappe gëllt, dass ee muss kënne Beruffs- a Privatliewe matenee verbannen. Dat ass dat, wat déi jonk Eltere vun haut wëllen: ouni schlecht Gewësse kënne schaffe goen, andeems se wëssen, dass hir Kanner déi Zäit gutt encadréiert sinn, sief et vum Partner oder an enger Crèche. Jonk Eltere wëllen awer och genuch Zäit hunn, fir mat hire Kanner ze verbréngen. Si brauchen also d’Moyenë fir béides ze maachen, a mir mussen hinnen d’Moyenë ginn, fir de Beruff an d’Privatliewen ënner een Hutt ze bréngen.

D’Reform vum Congé parental, déi dës Regierung deposéiert huet, ass genee dat: D’Eltere solle méi Zäit kënne mat hire Kanner verbréngen, ouni hir Aarbecht mussen opzeginn. De Congé parental gëtt méi flexibel a virun allem kréien d’Elteren e « Revenu de remplacement » bis zu 3.200 Euro.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Ech gi quasi all Dag gefrot, wéini dee Congé parental endlech a Kraaft trëtt. Ganz vill Eltere waarden drop. De Gesetzprojet gëtt den Ament vum Staatsrot aviséiert, d‘Regierung huet d’Urgence iwwregens ugefrot.

An deene leschten zwee an halleft Joer, ass vill an der Familljen- an och an der Educatiounspolitik geschitt. Et sinn eng ganz Rëtsch vun déifgräifende Reformen op de Wee bruecht ginn. An alles huet als Ziel, d’Zukunftschancë vun all de Kanner ze verbesseren. Gläichberechtegung ass eis wichteg. Och a virun allem bei de Kanner.

Dofir wäerten déi Kanner, déi op d’Welt kommen nodeems dat neit Kannergeldgesetz gestëmmt ass, all deeselwechte Montant kréien.

Dofir wäerte genee déi Kanner, an och schonn di kleng Kanner vun haut, endlech vu Qualitéitscritèrë kënne profitéieren, déi mer an de Crèchen a Foyers scolaires agefouert hunn.

Dofir wäerte genee déi Kanner dann och vun der multilingualer Offer fir Kanner vun 1-4 Joer profitéieren.

D’Gratis Sprooche-Fërderung ass fir d’Rentrée 2017 prett. D’Pilotphase leeft elo un: Konzepter a “Bonnes Pratiques” ginn zesumme mat de Partner an den Akteuren um Terrain weiderentwéckelt. Esou gi Facteure fir d’Reussite an der d’Sproochefërderung am Klengkandberäich identifizéiert a kommen duerno all eise Kanner zegutt. Dat ass am Interessi vum spéidere Schoulerfolleg an och am Interessi vun enger gelieftener Méisproochegkeet. Eis Situatioun vun der Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg soll fir déi nächst Generatiounen eng Chance sinn a bleiwen.

Parallel zu all dëse Reformen huet d‘Regierung och en Accord mat de Gewerkschaften ausgehandelt, wou mir e Mechanismus en place gesat hunn, deen der Regierung et erlaabt, d’Sue ganz gezielt fir d’Kanner ze investéieren, sief dat a Form vu Saach- oder vu Geldleeschtungen. All 2 Joer wäert d’Regierung d’Gewerkschafte consultéieren, an decidéiert dann, wouranner déi Sue sollen investéiert ginn: dat ka sozial selektiv sinn, oder selektiv andeems d’Regierung an e bestëmmte Beräich am Interessi vun de Kanner investéiert. Déi sozial Selektivitéit gëtt dacks gefuerdert, hei hu mer e Moyen fonnt, fir se kënne spillen ze loossen.

Et ass mäin an et ass eise Wonsch, dass et de Kanner gutt geet. Dass et all de Kanner gutt geet. Mee wa mer vun Aarmut schwätzen, a vun der Bekämpfung vun der Aarmut, da wëll ech nach emol op d’Subventioun Loyer hiweisen, déi den 1. Januar 2016 a Kraaft getrueden ass: déi Subventioun ass elo net méi just fir déi Leit, déi den RMG kréien, mee och Leit déi wéineg verdénge kënne vun där Subventioun um Loyer profitéieren. Mir consideréieren elo och d’Unzuel vun de Kanner. Wann ee méi Kanner huet, da brauch een och méi eng grouss Wunneng oder méi e grousst Haus. Ech erënneren drun, dass bis lescht Joer nëmmen déi Leit de Complément Loyer kruten, déi am RMG waren. Soubal een  eng Aarbechtsplaz fonnt huet, sinn déi Suen ewechgefall.

Am Intérêt vun de Familljen a virun allem am Interêt vun de Kanner iwwerschaffe mer dernieft och  d‘Modalitéite fir déi speziell Congéen. D’Eltere sollen an Zukunft fir kleng Kanner déi krank sinn, méi Deeg kréien ewéi fir Grousser. Kleng Kanner brauche méi Assistenz a si sinn och méi dacks krank. Och hei gi mer eng konkret Äntwert op konkret Besoinë vun den Elteren a vun de Kanner. Ech erënneren un déi Petitioun viru kuerzem, wou Elteren eis gefrot hunn, hinnen an hire Suergen déi se am Alldag hunn, entgéint ze kommen. Genee dat maache mer. Mir reforméieren dofir och de Congé wann ee bestuet oder gepacst gëtt a mir ginn de Pappen, wann hire Bébé op d’Welt kënnt e puer Deeg bäi. Och dat ass op hir Demande, op d’Demande vun de jonke Pappen déi den Ament hiren normale Congé opbrauche fir méi laang beim neigebuerene Kand ze sinn.

Ech well hei virun allem de Sozialpartner Merci soen: de Gewerkschaften, grad wéi och dem Patronat. An dësem Fall huet sech gewisen, dass een zesummen, am Interêt vun de Leit a vun de Betriber, e richtege soziale Fortschrëtt fir d’Familljen an d‘Kanner ka fäerdeg bréngen. Ech si frou dass mer eis an de gesellschaftspolitesche Froen eens sinn. A mir sinn eis all eens, well mer wëssen, wéi d’Betriber funktionéieren, wéi d’Leit liewen a wat d’Kanner brauchen.

D’Kombinatioun tëscht Famill- a Beruffsliewen ass eis wichteg: dat kann ee ganz modern « work life balance » nennen, oder einfach soen, dass een esouwuel e qualitativ héichwäertegt Fräizait- a Familljeliewe wëll hunn, grad wéi och eng gutt Aarbecht.

Et ass eis awer och extrem wichteg, dass d’Betriber gutt kënne fonktionnéieren, dass et en Equiliber ka ginn esouwuel am, wéi baussent dem Betrib.

Et goung eis dofir an deem Kontext net duer, am PAN Gesetz bei engem Status Quo ze bleiwen. D’Betriber hu gefrot fir hir Referenzperiod verlängert ze kréien, an den Aarbechtsminister huet méintelaang probéiert tëscht de Sozialpartner e Kompromëss ze fannen. Hien huet all Méigleches proposéiert, fir esouwuel dem Patronat, wéi och de Gewerkschafte gerecht ze ginn a mat hinnen also all Bierger hei am Land. Viru kuerzem souze se all nach 12 Stonnen zu Senneng beieneen, an dir wësst, dass et do net zu engem Accord koum wou jidderee sech dran erëm konnt fannen.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, d’Regierung huet hir Responsabilitéit geholl an huet, wéi ugekënnegt elo decidéiert, wéi d’PAN Gesetz an Zukunft soll ausgesinn. Dat nodeems d’Dispositiounen aus deem Gesetz schonn 2012 ausgelaf waren.

D’Période de référence gëtt an Zukunft vun engem op 4 Méint eropgesat. Dat ass dat, wat d’Patronat gefrot huet a wat d’Betriber brauchen. Dat erlaabt deenen Entreprisen, déi dat wënschen, an ech insistéieren hei nach emol: deenen Entreprisen, déi dat wënschen, a just deenen, hir Aarbechtszäit vill méi flexibel kënnen ze organiséieren. En Contrepartie wäerten d’Salariéë vun de concernéierte Betriber méi Congé kréien.

Well wann de Betrib Interessi drun huet, méi flexibel ze fonktionnéieren, da muss och de Salarié eppes dovunner hunn dass och hie méi flexibel muss sinn.

Wat heescht dat?

  • Fir d’éischt nach emol fir déi Betriber, an dat sinn déi meescht hei am Land, déi mat enger Referenzperiod vun engem Mount fonktionnéieren: Fir si a fir déi Leit, déi do schaffen ännert näischt.
  • Bei deene Betriber, déi méi eng laang Referenzperiod ufroen, kréien déi concernéiert Salariéë jee no Längt vun där Referenzpériod tëscht annerhalwem an 3,5 Deeg Congé bäi.

Et wäert een och kënnen, doduerch dass d’Referenzperiod da méi laang gëtt am Betrib, Stonne vun engem Mount mat eriwwer huelen an deen nächste Mount. Dat mat engem Plafond. Do driwwer gëllen déi normal Iwwerstonne wéi bis elo. D’Iwwerstonne sollen exceptionnell bleiwen! 

Den Horaire mobile bleift bestoe wéi en ass, d’Personaldelegatioune sollen awer mat agebonne ginn. 

Dëst alles, gëllt just fir déi Entreprisen, déi kee Kollektivvertrag hunn. Am Kader vu Kollektivvertragsverhandlunge behalen d’Sozialpartner hir voll Tarifautonomie a sinn also vun dësen neien Dispositiounen am PAN Gesetz net betraff.

Dëst, Här President, Dir Dammen an dir Hären, sinn eenzel Mesuren an Dossieren, déi op de Leescht geholl gi si fir eis Gesellschaft op d’Defië vun der Géigewaart a vun der Zukunft virzebereeden.

Parallel zu de Reformen am Beräich vun der Famill, preparéiere mer de System och do, wou de Staat net eng indirekt, mä eng ganz konkret an direkt Aufgab huet fir de Kanner a Jonken déi bescht Chancen ze offréieren.

Dat ass besonnesch an der Kannerbetreiung an och an der der Schoul de Fall. Dofir goufen d‘Qualitéitsuspréch fir d‘Crèchen, fir d’Maisons relais a fir d’Jugendhaiser gesetzlech verankert. Et geet hei ëm vill méi ewéi d’Gréisst vun de Räim an d’Qualifikatioun vum Personal. Et geet em déi sozial Kompetenze vun de Kanner, et soll hinne Loscht gemaach ginn ob Bewegung, hire Virwëtz an hir Kreativitéit sollen ugestëppelt ginn, hiren Interessi fir aner Sproochen ze entdecke soll waakreg gehale ginn.

An et geet dernieft awer och dorëms de Kanner hir kommunikativ Kompetenzen ze stäerken a si op eng multilingual Schoul a Gesellschaft ze präparéieren. Kanner sollen dobäi awer Kanner däerfe bleiwen.

Am Fondamental ass en Accord mat de Gewerkschaften ënnerschriwwe ginn, deen eng ganz Rei vu Mesurë virgesäit, déi d’Grondschoul wesentlech verbesseren. D’Formatioun vum Schoulpersonal gëtt reforméiert an de Realitéiten ugepasst, d’Schoulautonomie garantéiert, et wäert méi regional geschafft an decidéiert ginn a mir stäerken de Partenariat mat den Elteren. Den Dialog iwwer d’Schoul an den Dialog an der Schoul ass eng Noutwennegkeet. Dofir sinn ech frou, dass och de Sozialdialog an der Educatioun an der Tëscht gutt fonctionnéiert an dass mer no der Mediatioun vum leschte Summer nieft den Accorden am Fondamental och weider Accorden iwwert d‘Opwäertung vun de Chargés de Cours fonnt hunn.

Am Secondaire sinn déi grouss Linne vun der Reform Ufanks dës Joers presentéiert ginn a den Educatiounsminister wëllt den entspriechende Projet nach am Summer op de Wee ginn.

An der Beruffsausbildung hu mer elo endlech eng déifgräifend Analyse virleien a virun dräi Wochen ass e Projet duerch de Regierungsrot gaangen, deen urgent a batter néideg Modifikatioune virgesäit, déi notamment d‘Organisatioun vun an tëscht de Lycéeë vereinfacht.

Nächst Joer wäert d’Regierung hir Ustrengungen am Beräich vum digitale Klassenzëmmer weider intensivéieren. Dat computerbaséiert Léiere vun der Mathematik gëtt fir déi nächst Rentrée am Cycle 4.2 generaliséiert. D’Aarbechten un de Programmer fir de Cycle Inférieur vun de Lycéeë lafen d’nächst Joer un. Mat dësem Projet ass Lëtzebuerg international e Virreider. D’Virdeeler vun dëse Programmer hu sech an de leschte Méint bewäert, an erméiglechen et d’Schüler individuell beim Léiere vun der Mathematik ze ënnerstëtzen.

Mir brauchen dann och eng sachlech Diskussioun iwwert d’Zukunft vun eisem Schoulsystem. Aner Länner wéi d’Schwäiz maachen eis dat mat Succès vir.

Fir an Zukunft kënne sachlech iwwert d’Stäerkten an d’Schwächte vun eisem Bildungswiesen ze diskutéiere gëtt en Observatoire de la Qualité Scolaire geschaf, deen der Chamber an der Ëffentlechkeet eemol d’Joer en objektive Rapport virleet iwwert wichteg Aspekter vun eisem Schoulsystem. Fir an der Diskussioun och den Elteren eng Stëmm kënnen ze ginn, gëtt eng gesetzlech Basis fir eng national Elterevertriedung agefouert wou och e bezuelte Congé fir den Engagement vun den Elterevertrieder virgesinn ass.

E weidert Uleies, dat mir perséinlech ganz um Häerz läit, ass den Ëmgank mat deene Schülerinnen a Schüler, déi Léierschwieregkeeten hunn.

Hei wäert de Staat an de kommende Joeren 150 spezialiséiert Enseignanten asetzen, déi sech ëm Schüler mat Dys-Problematike solle këmmeren. Doriwwer eraus gi spezialiséiert Instituter gegrënnt, mat deene mir eis als Land deen néidege Know-How gi fir op déi ëmmer méi spezifesch Problematike kënnen ze reagéieren, déi mir an eiser Schoulpopulatioun hunn.

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

Mir hunn eng speziell Verantwortung vis-à-vis vun eise Kanner, mir hunn awer och eng speziell Verantwortung vis-à-vis vun deene méi Schwaachen, vun deenen, déi Hëllef brauchen an all Dag op Ënnerstëtzung ugewise sinn.

Eise Sozialsystem gesäit dat vir. Mir hunn déi néideg Moyenë fir dass kee mat enger Krankheet eleng do steet, dass Mënschen déi an hirem Alldag op anerer ugewise sinn, déi Hëllef och kréien. Fir dass de Sozialsystem ka fonctionnéieren, muss en de Gegebenheeten ugepasst sinn a wann néideg och ugepasst ginn.

Dat gëllt fir de Beräich vun der Sécurité sociale, wou Ëmbaumoossnahmen amgaange sinn, déi den neien Ufuerderunge kënne gerecht ginn. Qualitéit, Transparenz a Previsibilitéit sinn d’Piliere vun dëser Reform. Datselwecht gëllt zum Deel och fir d’Fleegeversécherung, wou och den aktuellen Evaluatiounssystem duerch e System ersat gëtt, wou eng Persoun an hir Situatioun ëmmer nach individuell bewäert gëtt – derbäi kommen awer Méiglechkeete fir op eng méi flexibel Betreiung kënnen zeréckzegräifen.

Dëst Joer maache mer dernieft eng Analys vun der Pensiounsreform aus dem Joer 2012, wou mer préiwen ob d’Mesuren an d’Hypothesen aus dem Joer 2012 nach ëmmer adequat si fir de Regime laangfristeg ofzesécheren.

Och am Gesondheetssecteur gëtt dëst Joer Villes op de Leescht geholl.

D'Consultatioun fir en neit Spidolsgesetz sinn ugelaf. Dëst schaaft eng Grondlag fir eng besser Zesummenaarbecht tëscht de Spideeler, méi Kompetenz, eng besser Prise en charge fir Patienten an eng méi effizient Notzung vun de staatleche Mëttelen.

Fir de Patienten e besseren Zougank zu den Urgencen an eise Spideeler unzebidden, gouf zesumme mam Secteur intensiv consultéiert a geschafft. Mir wëllen d’Waardezäite reduzéieren an duerch e verbesserten Tri d’Patiente méi efficace orientéieren an domatt sécherstellen, dass déi wierklech l Urgencë schnellstméiglech behandelt kënne ginn. Ech begréissen, dass déi zwee zoustänneg Ministere mat all de Partner ronderëm en Dësch sëtzen an doraus en Haaptsujet vun der Quadripartite maachen.

Den elektronesche Patientendossier kënnt Enn des Joers aus der lafender Testphas eraus a gëtt generaliséiert.

D’Virgoe géint den Tubak a géint d'Iwwerconsommatioun vun Alkohol, vrun allem bei de Jugendlechen, ass eng weider Erausfuerderung där sech d'Regierung gestallt huet. Nach dëst Joer ginn en adaptéiert Anti-Tubaksgesetz an en nationalen Alkoholsplang vun der Gesondheetsministesch presentéiert.

D’Gesondheet vun der Populatioun, vun deene Jonken, genee esou wéi vun den eelere Bierger muss eng Prioritéit fir all Regierung sinn. De Schutz viru Substanzen déi schuede gëtt dofir besonnesch eescht geholl, d‘selwecht ewéi awer och d‘Präventioun.

Zwee Facteure stieche bei der Präventioun besonnesch eraus: Gesond iessen a méi beweegen. Dës Maxime, déi op eng Initiativ zréckgeet, déi schonn e puer Joer zréck läit ass haut nach ëmmer richteg a leider och aktuell. Mir wëssen, dass esou wuel Obesitéit, ewéi och de Beweegungsmangel dee gréisste Problem duerstellen, wann et ëm d’Gesondheet vun de Populatiounen an den industrialiséierte Länner geet. En zentrale Schalthiewel ass hei de Sport a virun allem de Breedesport. Mir sinn eis bewosst, dass vill Veräiner haut méi Schwieregkeeten hu fir Benevoler ze fannen a fir Aufgaben ze iwwerhuelen, déi d’Iwwerliewe vun engem Sportsveräin garantéieren. Hei muss gehollef a kompenséiert ginn an de Sportminister ass och prett fir mat de Federatiounen a mat de Veräiner Léisungen auszeschaffen. An deem Kontext sinn zesumme mam COSL och éischt Gespréicher gefouert gi fir de Modell vun de Chèque Services am Sportberäich, deen am Hierscht ausleeft, duerch en neie System ze ersetzen. Hei ass et d‘Iwwerleeung fir net nëmmen eng weider Finanzéierung ze garantéieren, mä déi och ze verbesseren. Den neie System am Sport wäert all Revenu-Klausel ofschafen an de Champ d’application erweidere vu maximal 12 Joer bis elo op 15 Joer, wat den Alter vun de Kanner ugeet.

An Zukunft gëtt des finanziell Hëllef fir de Benevolat an d‘Jugendaarbecht als een Zousaz zum ordinäre Subside un d’Veräiner accordéiert, esouwäit de Veräin de d’Qualitéitscritèrë vum Encadrement erfëllt.

Eng Populatioun ze hunn, déi méi gesond a méi fit ass, ass am Interêt vun der Allgemengheet a vum Eenzelnen. Um Enn entscheet jidderee fir sech, wéi e säi Liewe wëllt gestalten. De Staat huet d’Aufgab d’Konditiounen ze schafen, dass dat méiglech ass an de Staat huet d‘Aufgab eng héich Liewensqualitéit ze erhalen oder ze schafen. Mir dierfen dobäi net op kuerzfristeg Léisunge setzen an eis just op dat konzentréieren, wat zu engem gewësse Moment richteg ass, mä mir musse wäit an d‘Zukunft denken. Well mir méi wäit denken, musse mer och kritesch mat der Atomenergie ëmgoen. Et gëtt keng nohalteg Léisung fir den Energienkpass ze léisen. Et ass eng Energiesource déi iwwert eng länger Zäit gekuckt, méi Problemer schaaft, ewéi, dass se der géif léisen. Bei der Stroumversuergung si mer ofhängeg vum Ausland, mä mir hëllefen aktiv déi alternativ Technologien ze förderen a mir si kritesch vis-à-vis vum Nucléaire – mir soen dat och däitlech. Wat d’Zentral zu Cattenom betrëfft, hunn ech dem franséische President am Kader vu senger Visite zu Lëtzebuerg schonn zejoert gesot, dass mir eis Suerge maachen ëm déi Zentral un der Grenz, déi vill ze dacks negativ an der Press ass. Ech hunn dem François Hollande och gesot, dass ee kéint e gemeinsame Projet ausschaffe fir alternativ Energienotzung an esou Aarbechtsplazen an der Grenzregioun erhalen. Déi Volontéit huet d’Regierung an engem gemeinsame Bréif bekräftegt an ech hunn och de Premier Manuel Valls un eis Suergen an un eist Engagement erënnert. Et ass elo de Moment fir dës Messagen, well eis franséisch Noperen amgaang sinn sech op dësem Punkt ze bewegen an d’Regierung a Frankräich och d’Fermeture vun eenzelnen Zentralen annoncéiert huet. Déiselwecht Skepsis, wéi mer se vis-à-vis vu Cattenom hunn, hu mer och wann et em déi belsch Zentralen Tihange 3 an Doel 2 geet. Nach d’lescht Woch hu mer eis dofir un d’Initiativ vun der däitscher Regierung ralliéiert, déi verlaangt, dass déi Zentrale vum Reseau geholl ginn, bis wichteg Sécherheetsfroe gekläert sinn.

Eng nohalteg Energiepolitik ass néideg. Net nëmme fir méi Sécherheet, mä eben och fir méi Liewensqualitéit.

Dozou gehéiert och, dass mer eisen natierleche Patrimoine erhalen, eis Ressourcë schützen. 2013 si mer vun der EU Kommissioun condamnéiert ginn a mer hu missen héich Strofe bezuelen. Zwou Milliounen Euro Strof direkt, plus 2.800 Euro pro Dag, wou d’Ofwaasser an de groussen Uertschaften net geklärt gëtt, wéi virgesinn. Dat war d’Politik bis 2013. Zanter hir ass den Ofwaasserberäich bannent zwee Joer nei dynamiséiert ginn. Déi eenzel interkommunal Syndikater hunn dobäi och séier an efficace geschafft. Et geet awer net duer, Kläranlagen ze bauen, fir erëm gesond a propper Baachen ze kréien. Dëst Joer gëtt den Akzent op Renaturéierung an Héichwaasserschutz geluecht. D’Bäihëllefe ginn an engem neie Waassergesetz redefinéiert. An Zukunft kënnen och Privatleit a Betriber Subsiden ufroe fir Ënnerhaltsaarbechten a Renaturéierungen. D’Fërderung fir den Héichwaasserschutz an de Gemenge gëtt op bis zu 90 % an d’Lut gesat.

D’Waassergesetz vun 2008 gëtt ugepasst fir administrativ Vereinfachungen an eng besser gesetzlech Grondlag fir de Waasserschutz ze schafen.

Nodeems mir d’lescht Joer 6 nei Natura2000-Gebidder ausgewisen hunn, ass dëst e weidere wichtege Schrëtt fir den Erhalt vun eiser Ëmwelt.

Am neien Naturschutzgesetz schafe mir awer och e staatlechen Oekokonto, wou Betriber a Bauhären, Gemengen a Verwaltungen hire Bedarf u Kompensatiounspunkte kënnen decken.

Am Fall wou duerch Baumoossnahmen, Natur a wäertvoll Biotopen zerstéiert ginn, brauch de Bauhär dann net méi selwer fir Kompensatioun ze suergen, mee et kann ee sech déi Leeschtung souzesoe beim Staat kafen.

Doduerch kënnen eng Rei vu Projetë méi séier virukommen. Et handelt sech also ëm eng Mesure am Sënn vum Naturschutz, mä et ass awer och eng wesentlech Vereinfachung, déi et erlaabt Investissementer méi onkomplizéiert an onbürokratesch ze genehmegen.

Mir sinn et eise Kanner schëlleg, dass mer eis këmmeren ëm déi natierlech Ressourcen, ëm d’Ëmwelt an och ëm d’Déieren. En neit Déiereschutzgesetz ass dofir och an Ausaarbechtung an de Landwirtschaftsminister wäert mat dësem Projet eng ganz nei Approche am Déiereschutz ëmsetzen.

Mir hunn eng Verantwortung an dofir wäert och dat neit Agrargesetz déi noutwenneg landwirtschaftlech Aktivitéit mat der grad esou noutwenneger nohalteger Entwécklung verbannen. Nëmmen esou kënne mer de Landwirtschaftssecteur fit maache fir d’Zukunft an assuréieren, dass och déi nächst Generatioun qualitativ gutt a quantitativ genuch Liewensmëttel huet. Dëst Joer gesäit den zoustännege Minister och déi verschidde Verbänn, Federatiounen an d’Landwirtschaftskammer zesumme fir d’Assises agricoles. Hei ginn déi aktuell Schwieregkeeten an d’Erausfuerderunge fir d’Bauerebetriber breet diskutéiert an Zil ass et no gemeinsame Léisungen ze sichen. D’Bauere mussen hir Aarbecht optimal kënne maache fir dass mir alleguerten dovunner kënne profitéieren.

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

D‘Regierung schafft konsequent un de Verbesserunge fir d’Land a fir d’Leit, déi bei eis wunnen, liewen a schaffen.

D’Leit hunn an dësen Zäiten awer och Suerge wat d‘Sécherheet betrëfft. Allgemeng muss ee festhalen, dass d’Kriminalitéit am Land erofgaangen ass am leschte Joer an zwar signifikativ. Esou goufen et 2015 iwwer 2.700 manner Infraktioune respektiv « Faiten », ewéi nach am Joer 2014. Dat ass eng Baisse vu 6,35 %. Den Taux de Criminalité, deen an de vergaangene Joeren ëmmer an d’Lut gaangen ass, goung 2015 ëm iwwer 8,5 % erof. Dat subjektivt Sécherheetsgefill bei de Leit ass awer net deementspriechend besser ginn an dofir ass a bleift et wichteg, dass déi zoustänneg Autoritéiten, besser a méi effizient ginn, dass méi Präsenz ka garantéiert ginn, wou dat och gebraucht gëtt. D’Regierung huet dofir den Effektiv vun der Police an d’Lut gesat an de Minister fir déi bannescht Sécherheet, wäert d’Police an den nächste Méint och esou reforméieren, dass méi uniforméiert Beamte kënnen dobausse si bei de Leit amplaz, dass se mussen Aarbechten iwwerhuelen, déi och vun Ziviliste kënne gemaach ginn.

Eist Sécherheetsgefill huet an de leschte Méint och nach aus anere Grënn gelidden. D’Nouvellen iwwer terroristesch Attacken zu Paräis an zu Bréissel hunn eis erféiert an d’Televiounsbiller gi jidderengem duerch Muerch a Schank. Dat Gefill, wat mer alleguerten een Ament mat esou grujelegen Attacke verbannen, ass e Gefill vu “Faassungslosegkeet”. Mir hunn een Ament kee Repère a keen Halt méi. Dee Moment gëllt et awer ze iwwerwannen. Et ass wichteg, dass mer eis Repèrë behalen an eis net duerch barbaresch Akte géint d‘Mënschlechkeet aus der Bunn geheie loossen. Eis Liewensmodeller, d’Errungenschaften aus de leschte Joeren a Joerhonnerten dierfe mer net op ee Coup negligéieren oder an den Hannergrond réckelen. Fräiheet, Gläichheet a Gerechtegkeet, Toleranz a Respekt. Dat mussen d’Prämisse bleiwen op deene mer eise Gesellschaftmodell baséieren a weider ausbauen.

Mir mussen awer och mat alle Mëttele vum Rechtsstat géint d’Terroriste virgoen a virun allem mussen d‘Regierungen hiert beschtméiglechst maachen, d‘Sécherheetsautoritéiten all hir Moyenen notze fir déi Attacken ze verhënneren. D’Regierung huet scho virun den Attentater vu Paräis Pläng opgestallt fir am Fall vun enger terroristescher Menace déi néideg Mesurë kënnen ze huelen. De Plan Vigilnat an awer och zum Beispill d’Mesurë fir géint Combattants étrangers virzegoe sinn zentral Elementer vun dëser Politik. Duerno huet d’Regierung e Screening gemaach vun der bestehender Legislatioun an Adaptatioune presentéiert, – dat no Consultatioun an am breede Konsens. Et geet drëms d’Terrorismusbekämpfung méi effizient ze maachen, am Fall wou eng konkret Menace géif bestoen an zwar nëmmen dann.

Et gëtt awer ee Volet, dee leider dacks aus dem Fokus geréit an dat ass dee vun der Präventioun. Et muss ee sech froen, wou deen Haass hierkënnt, deen um Ursprong ass vun deem blanne Fanatismus. D’Äntwert op déi Froe si komplizéiert a se si villfälteg. Déi geopolitesch Interventiounen an de leschte Joeren an déi allgemeng schwiereg, well verfuere Situatioun am Noen Osten sinn een Deel vun der Erklärung. Perspektiv- an Hoffnungslosegkeet vun enger ganzer Generatioun a ville Länner sinn en anere Grond. Mir mussen dofir och eisen Deel derzou bäidroe fir a Regiounen Hoffnung ze ginn a Perspektiven ze schafen, wou et en akute Besoin gëtt. Den héijen Niveau vun eiser Kooperatiounshëllef ënnersträicht déi Volontéit.

Dernieft musse mir awer och bei eis selwer kucken, dass Perspektiv- an Hoffnungslosegkeet sech net breet maachen. Mir musse verhënneren, dass parallel Reseauen entstinn, wou Fundamentalisten e liicht Spill hätten. D’Regierung huet dee Volet ganz genee am Bléck an och Mesurë geholl fir fréizäiteg kënnen ze agéieren. Mir wäerten dernieft weider an d‘Betreiung vu Jonken investéieren. An de Schoulen, an de Jugendhaiser uechtert d’Land, an de lokale Veräiner gëtt haut enorm vill geleescht fir dass jonk Leit Reseaue kënnen opbauen, déi hiert Liewe méi räich maachen amplaz dass se sech verléieren an Netzwierker, déi hiert Liewen an dat vun aneren op d’Spill setzen. D’Regierung ass decidéiert dës gutt Aarbecht weider ze ënnerstëtzen an zesumme mat de Gemengen a mat de Jugendorganisatiounen och u Projeten ze schaffen, déi Extremismus bekämpfen ier en entsteet. Wat d’Schoule betrëfft, esou plange mer fir d’nächst Joer e Programm op d’Been ze stelle vun ausserschouleschen Aktivitéite mat engem spezielle Fokus op déi Klassen, wou et och am meeschte Besoin gëtt. Hei sollen also och nieft de Schoulhorairen Aktivitéite kënnen offréiert ginn, mat enger professioneller Betreiung, Aktivitéiten, déi Jonker motivéieren, hinne Selbstvertraue ginn an hir sozial Kompetenze stäerken.

Wa mer iwwert d’Zesummeliewen an iwwert d’Entwécklung vun eiser Populatioun schwätzen, wa mer iwwert Zukunftschancë fir déi Jonk an iwwer Integratioun diskutéieren, dann duerfe mer net nëmme riicht op déi Erausfuerderungen drop kucke fir Weeër ze fannen, déi Aufgaben unzegoen. D’Couvertë leien net um Teller, mä lénks a riets dovunner! Esou ass d’Veräinsliewen, de Sport, d’Musek oder en Engagement an enger ONG dacks de besseren Outil fir den Zesummenhalt ze stäerken, fir d’Integratioun ze fërderen oder fir nei Perspektiven ze schafen. Als Regierung beméie mer eis dofir dës Initiativen ze ënnerstëtzen an als Kulturminister ass et mir och en speziellt Uleies, dass d’Kultur als dat ugesi gëtt, wat se virun allem ass: Eng Beräicherung fir eis Gesellschaft, eng Plus-Value fir d’Land an e Spigel deen eis virun d’Nues gehale gëtt. D’Kulturpolitik soll sech an der Kultur just amësche wann néideg a sech soss esou vill eraushalen ewéi méiglech. Mir wäerten awer verstäerkt d’Konditioune verbessere fir dass Konscht a Kultur sech kënnen optimal developpéieren. Nodeems mer dëse Rendez-Vous mat Leit aus dem Secteur scho preparéiert hunn, ass elo alles prett fir Ufank Juli d’Assises culturelles ze organiséieren. Opgrond vun de Konklusiounen, déi eis duerno virleie gëtt e Kulturentwécklungsplang ausgeschafft. Mir plangen awer och Plattforme fir méi e regelméissegen Echange mam Kultursecteur kënnen ze hunn an esou méi direkt op konkret Besoine kënnen ze reagéieren.

Här President,

Dir Dammen dir Hären,

Dat lescht Joer war fir d’Regierung och markéiert vun der Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun. Déi Presidence war alles anescht ewéi einfach mat Krisen a ganz schwierege Situatiounen op zentrale Froen, déi d’Zukunft vun der EU betreffen. Déi Presidence ass awer och – net vun eis selwer, mä vun aneren – bewäert ginn an zwar positiv bewäert ginn. Lëtzebuerg huet un der Traditioun festgehal an eng gutt Impressioun hannerlooss. Wichteg Dossieren, ewéi d’Reform vun der Cour de Justice européenne, dem europäesche System vum PNR, dem Dateschutz sinn ofgeschloss ginn – 34 legislativ Dossieren am Ganzen. Et ass ënnert eiser Presidence, wou konnte Progrèsë gemaach gi beim Echange iwwer Rulingen, et ass eng Vereinfachung vun de Prozeduren decidéiert gi fir den Echange vun offiziellen Dokumenter, et gouf zum Beispill en Accord am Schinneverkéier, deen d’Gouvernance vun de Resauë verstäerkt an zu méi Sécherheet féiert. Am Kader vun der Klimakonferenz COP21 zu Paräis huet Lëtzebuerg eng Leaderpositioun ageholl fir en Accord ze fannen iwwert nei contraignant Ziler an der Lutte géint de Klimawiessel.

Et goufen 1.503 informell Reuniounen zu Bréissel, 262 Rendez-Vousen zu Lëtzebuerg, wou 22.644 Delegéiert empfaang goufen. De Conseil war 49 Mol zesummen dovunner 9 mol fir extraordinär Reuniounen. A justement d’Zuel vun deenen extraordinäre Reuniounen ass och extraordinär.

Déi 6 Méint Presidence waren nämlech dominéiert vun der Flüchtlingskris, eng Kris, déi bis haut unhält an nach esou bal net iwwerwonnen ass.

Och wann de Moment manner Demandeurs d’asile hei am Land ukommen, däerfe mer den Ausmooss vun dëser Kris an den Impakt dovun op eist Land an op ganz Europa net ënnerschätzen. D’Gestioun vun der Migratiounssituatioun wäert och an deenen nächste Méint a Joeren eng wichteg Plaz vun der Regierungsaarbecht anhuelen. Den Defi vun der Kris op nationalem Niveau ass enorm. D’Regierung huet hir Responsabilitéite geholl andeem si Plaze fir den Accueil vun de Léit geschaaft huet an och den zoustännege Ministèren an Administratiounen déi néideg personell a budgetär Moyenë ginn huet.

Mir hunn eis awer och fir eng europäesch Approche staark gemaach a mir maachen dat och weider. Dëst an engem Geescht vu Solidaritéit an am Respekt vun de Pflichten, déi am internationale Recht virgesi sinn.

Den Accord mat der Tierkei, dee beim leschte Conseil européen ugeholl gouf, ass net d’Léisung, ganz bestëmmt net. Et ass een Element. Vill Detailer bleiwen ze klären an all déi concernéiert Akteure mussen och elo déi néideg Efforte maache fir d’Ëmsetze vun dësem Accord sécher ze stellen. Mir hunn eis zu Bréissel staark gemaach, dass och d’Flüchtlingsagence vun der UNO mat an d’Ëmsetze vun deem Accord agebonne gëtt, a mir hu verlaangt, dass nieft der Tierkei och déi zum Deel dramatesch Situatioun a Jordanien an am Libanon considéréiert gëtt. Lëtzebuerg huet sech och engagéiert eng weider Leit zur Verfügung ze stelle fir déi griechesch an europäesch Autoritéiten ze ënnerstëtzen.

Den Accord mat der Tierkei kann net driwwer ewechtäuschen dat mer eng wierklech europäesch gemeinsam Politik am Asyl- an Immigratiounsberäich brauchen, déi iwwert déi Mesuren erausgeet, déi bis elo geholl gi sinn. Mir brauchen ee richtege Solidaritéitsmechanismus tëscht de Memberstate fir d’Charge gerecht tëscht de Länner ze deelen a mir brauchen eng gemeinsam Gestioun vun de Baussegrenzen.

Wann d’Migratiounskris noutgedrongen eng wichteg Plaz an der Aarbecht vun der Regierung am Immigratiouns- an Asylberäich ageholl huet, sou gouf awer an deene leschte Méint weider un der Ëmsetzung vum Regierungsprogramm geschafft. Een neit Asylgesetz ass adoptéiert ginn. An den nächste Méint kënnt et och zu Upassunge vum Immigratiounsgesetz fir eis Legislatioun un nei europäesch Exigenzen unzepassen, an awer och fir verschidde Mesuren ëmzesetzen, déi een direkte Lien mat der Kompetitivitéit vum Land hunn.

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

Déi economesch a sozial Situatioun vum Land ass haut besser, ewéi virun zwee Joer a mir entwéckelen eis gutt. D’Aussiichte si positiv an d’Regierung mécht weider all Effortë fir dass déi Aussiichten och positiv bleiwen.

Duerch eng méi nohalteg a cibléiert Approche um Niveau vun de Staatsfinanzen huet d’Regierung sech d’Moyenë gi fir eng zäitgeméiss Politik an deene verschiddene Beräicher. Mir kënne massiv an d’Zukunftschancë vun de Kanner investéieren, mir kënnen de reelle Besoinë vun den Eltere gerecht ginn. Mir këmmeren eis ëm den Erhalt vun enger propperer Ëmwelt, mir stäerken de Sozialstaat a suergen derfir, dass Lëtzebuerg en attraktivt Land bleift – an nach méi attraktiv gëtt fir Betriber, déi Aarbechtsplaze schafen. Dat ass Politik vun der Previsibilitéit an dat ass Politik fir d’Leit."