Discours de Pierre Gramegna sur le Programme de stabilité et de croissance (PSC)

"Eisen ëffentleche Finanzen geet et haut besser wéi um Ufank vun der Legislaturperiod"
Discours – Publié le

"Här President, dir Dammen an dir Hären,

Léif Kollegen,

Gëscht sot de Premier op dëser Plaz, dass et dem Land haut besser geet, wéi virun 2 Joer.

Ech soen Iech: Och eisen ëffentleche Finanzen geet et haut besser wéi um Ufank vun der Legislaturperiod.

Par rapport zum PSC vun Abrëll 2015 hu mir et fäerdeg bruecht iwwer d’Joren 2014, 2015 an 2016 d’Konnten em 1,3 Milliarden oder 2,4% vum PIB ze verbesseren.

Éier ech awer am Detail op des Zuelen aginn, wéillt ech kuerz drun erënneren, firwat mer haut, een Dag no der Ried zur Lag vun der Natioun, erëm iwwert d’Staatsfinanze schwätzen.

D’läscht Joer am Oktober, bei der Virstellung vum Budget 2016, hunn ech proposéiert gehat, am Sënn vum Europäesche Kalenner, d’Diskussioun iwwert déi pluriannuel Orientatiounen vun der Diskussioun iwwert de Budget ofzekoppelen, a schonn am Fréijor ze maachen. A sengem Rapport iwwert de Budgetsprojet huet den Henri Kox déi Idee opgegraff, wat groussen Zousproch an der Chamber fonnt huet.

An de Jore virdrun war et ëmmer sou, dass d’Regierungen den Programme de Stabilité et de Croissance éischter als Formalitéit gesinn hunn, een Dokument, dat se op Bréissel geschéckt hunn, an dat tout au plus der COFIBU virgestallt gouf.

Des Regierung huet sech engagéiert, d’Roll vum Parlament ze stäerken. Dofir mécht et Sënn, an der selwechter Woch, wou och iwwert den Etat de la Nation geschwat gëtt, eng Diskussioun ze hunn iwwert déi grouss Orientatioun a Prioritéiten vum Land op budgétairem Plang, wat déi nächst 4 Joer ugeet. Dofir ass et gutt a richteg, de PSC net nëmmen an der COFIBU ze diskutéieren, mee och ëffentlech, hei an der Plénière vum Parlament.

Wourëmmer geet et nämlech ?

Ënnert de Regelen vun der UEM – der Union économique et monétaire, ass all Membersland gehal, all Joer ee PSC (Programme de Stabilité de Croissance) opzestellen. Dëst Dokument definéiert d’Trajektoire vun den ëffentleche Finanzen iwwert déi nächst Joren, fir ze kucken, op a wéi d’Länner d’Kritären vum Stabilitéits- a Wuesstumspakt,  an anere Wieder, déi sougenannten “Maastricht-Kritären” - respektéieren.

Dëst erlaabt et, elo schonn ee gewësse Kader ze setzen, an dee sech de Budget dee méi spéit am Joer virgestallt gëtt, muss aschreiwen.

Haut ass de Budget pluriannuel eng Zort Projektioun vum Budget annuel. Muer soll de Budget annuel eng Declinaisoun vum Budget pluriannuel sinn. Dofir leeë mer am PSC an am Plan Pluriannuel och ganz konkret an detailléiert Zuelen - sou detailléiert wéi nach ni virdrun – iwwer déi verschidden Kategorien vun Recetten an Dépensen op alle 4 Niveauen: administration publique, administration centrale, administration locale an sécurité sociale.

Dat ass eng nei Approche, déi sech awer konkret an d’Logik vum Europäesche Semester aschreift.

Domatter setze mir haut ganz konkret ee wichtegt Puzzlestéck vun der Réforme budgétaire en place.

Wat sinn déi grouss Linne vum PSC a vum Plan Pluriannuel, deen ech iech haut virstellen ?

-Fir d’éischt:

A. Wourobber baséieren sech d’Zuelen vum PSC a vum Plan Pluriannuel ?

1)    Den PSC ass opgestallt no de Prinzipien vum SEC, d.h. den europäesche Komptabilitéits-Normen, déi sech a verschiddene Punkten ënnerscheede vun deene vun der Lëtzebuerger Comptabilitéit.

2)    Den PSC a vum Plan Puriannuel vun dësem Joer couvréiert d’Period 2017-2020. D’Regierung mécht keng Navigation à vue, mä plangt iwwer e puer Joren ewech.

3)    D’Projektioune vum PSC a vum Plan Pluriannuel baséieren sech op d’Prognose vum Statec, wat d’Entwécklung vun eiser Wirtschaft ugeet. Dëst sinn also objektiv Zuelen, déi onofhängeg vun der Regierung zesummegestallt gouf.

4)    Um Niveau vun de Steierrecetten sinn déi läscht Zuelen vun de Verwaltungen mat agerechent.

5)    De Statec rechent fir Lëtzebuerg déi nächst Joere mat engem reelle Wuesstem deen ëmmer nach wäit iwwert der Moyenne vun der Euro-Zone leie wäert:

2015: 4,8%

2016: 2,9%

2017: 4,5%

2018: 4,9%

Dat si gutt Zuelen. Do huet d’Finanzplaz ee groussen Undeel drun. Si zitt d’Croissance. Dat trotz, oder grat wéinst, der neier Transparenz. Och Fintech huet ee ëmmer méi groussen Undeel un dëser Entwécklung.

Dogéint soll de Rescht vun der Eurozone dëst Joer just mat 1,4% wuessen, 2017 mat 1,7% an 2020 mat 1,3%.

Dass Lëtzebuerg an enger souvill besserer Situatioun ass wéi déi meescht aner Länner an der Eurozone ass awer keen Naturgesetz, mä d’Resultat vun enger proaktiver Politik, a richtege Prioritéiten.

Et däerf een och net vergiessen, dass och déi gutt Zuelen, déi de Statec do virausseet nach ënnert der historescher Moyenne vu virun der Kris vun 2008 leien.

6)    Sou wéi den CNFP dat suggeréiert huet, gouf awer mat agerechent, dass mer d’Joer 2015 méi positiv ofgeschloss hunn, wéi dat am läschte PSC virgesi war. D’Croissance nominale hate mer fir 2015 mat 3,4% ugesat. Haut gesäit een, dass se finalement bei 6,5% louch.

Dëse positiven Effet de Base gëtt nach verstäerkt doduercher, dass mer d’Dépensen am Grëff hunn, an och dofir de Solde besser gëtt.

Dat alles ass mat agerechent, a stellt eng Verbesserung vun 0,4% vum PIB duer, par rapport zu deem wat nach am Budget Ufanks vum Joer fir 2016 virgesi war. Um Niveau vun der Administratioun publique bedeit dat een Surplus vun 409 Milliounen, oder 0,8% vum PIB.

Dir gesitt also, dass d’Regierung d’Avis’en vum CNFP eescht hellt, an och an hir Aarbechte mat afléisse léisst.

7)    Wat de Chômage ugeet, sou geet de Statec dovunner aus, dass deen tëscht 2015 an 2019 weider erofgeet, vun 6,8% op 6%. Och do si mer also weider um richtege Wee.

8)    De Statec geet ausserdem dovunner aus, dass d’Inflatioun -also d’Präisdeirecht- iwwer déi nächst Joere progressiv rëm wäert eropgoen, fir 2020 bei 2% ze leien, wat jo och der BCE hire Referenzwäert ass.

9)    Dat sinn natierlech ëmmer nëmmen Estimatiounen. Sou wéi ech dat scho bei der Virstellung vum Budget ënnerstrach hat, ginn et makroekonomesch Risiken. Wann elo zum Beispill déi Chinesesch Wirtschaft vill méi lues trëppele géif, UK géif aus der EU erausgoen, d’Präisser vun de Matières premières rëm staark géifen unzéien, geopolitesch Risken (am Noen Osten, Irak, Syrien, Ukraine) sech verschäerfe géifen, ass et wahrscheinlech, dass des Estimatiounen missten no ënne corrigéiert ginn.

10)      Ech wëll och präziséieren, dass d’Zuele vum PSC op der Hypothese opbauen, dass d‘Ëmsetzen vu BEPS keen negativen Impakt op eis Wirtschaft a besonnesch eise Finanzsecteur wäert hunn, well de potentiellen Impakt nach net ka gerechent ginn.

11)      Dëst Joer ass am PSC dann och  den Impakt vun der Steierreform mat agerechent. Mir hunn dofir déi selwecht Zuelen geholl, wéi déi, déi ech iech schon d’läscht Woch virgestallt hat. Dat sinn also brutto Zuelen, wou keng dynamesch Effekter mat agerechent sinn:

373 Mio oder 0,6% PIB 2017

503 Mio oder 0,8% PIB 2018

524 Mio oder 0,8% PIB 2019 an 2020

12)      Donieft ass natierlech och den Impakt vun deenen anere Reforme mat agerechent, déi scho finaliséiert goufen an déi an den nächste Joeren a Kraaft trieden, sou wéi zum Beispill d’Reform vum Kannergeld a vum Congé Parental.

13)      Wat och agerechent ass sinn d’Perten um Niveau vun Commerce électronique:

-      Lëtzebuerg konnt 2015, an därf och dëst Joer nach 30% vun den TVA’s Recetten vum Commerce électronique halen;

  • 2015 waren dat 555 Milliounen.
  • 2017 an 2018 däerf Lëtzebuerg nach just 15% halen (also nach just d’Halschent vun deem, wat mer dëst Joer nach kréien)
  • a vun 2019 un de guer näischt méi.

Ech well drun erënneren, dass et war, fir des Perten ze kompenséieren, a fir aus der Scholdespiral erauszekommen, an déi d’Land eragerode war, dass d’Regierung den Zukunftspak ausgeschafft huet.

14)      D’Zuele vum PSC ginn dovunner aus, dass den Zukunftspak och weider wéi geplangt ëmgesat gëtt, an seng strukturell Effekter sech dofir och weider wéi geplangt iwwer d’Zäit entfalen. Mat enger Ausnam: den IEBT, dee mat der Steierreform vun 2017 un neutraliséiert gëtt.

Dëst weist also, dass mer dank dem Zukunftspak de Spillraum fir d’Steierreform fonnt hunn.

B. Déi grouss Linne vum PSC a vum Pluriannuelle Plang

Déi nei Estimatioune bestätegen eng ganz kloer Tendenz: eise Staatsfinanze geet et gutt – a si sinn ënner Kontroll.

1)  Um Niveau vun der Administration Publique ginn d’Recette weider erop. Duerch d’Steierreform, an déi Entlaaschtungen, déi d’Leit an d’Entreprise kréien, kritt de Staat an enger éischter Phase natierlech manner an d’Keess.

Recetten wuessen 2017 nëmmen 2,5%, mä leien dann 2018 scho rëm bei 4%, 2019 bei 4,4% an 2020 bei 5,1%, wat nach iwwert dem Niveau läit vun 2015 an 2016, wou mer all Kéiers mat 3,3% rechnen.

2)  Dofir kënnen dann och d’Dépense weider wuessen:

+4,2% 2017

+3,8% 2018

+4,2% 2019

+4,4% 2020

D’Regierung spuert net op der falscher Plaz:

a)  Wann een d’Evolutioun vun den “Dépenses de consommation” kuckt, - en gros, d’Frais de Fonctionnement vum Staat – da gesäit een, dass déi sou gutt wéi stabel bleiwen iwwert déi ganz Period.

Souguer, wann een alles zesumme rechent, also och d’Dépensen vun de Fonds spéciaux a besonnesch vum Fonds du rail, dann dréit d’Progression just ëm ronn 2%.

D’Regierung huet d’Fonctionnementskäschten also ënner Kontroll.

b)  Vun 2014 op 2015 ass den Taux vum Invest ëm 18 % erop gaang. Dëst Joer leien d’Investitioune bei 2,2 Milliarden Euro an domat nach emol vill méi héich ewéi zejoert. Dat entsprecht engem Plus vun  342 Milliounen Euro déi mer dëst Joer nach investéieren wéi 2015, an eis Infrastruktur, an  d’Zukunft vun eisem Land.

Och iwwer d’Period 2016-2020 bleiwen d’Investissementer  weider op engem Rekordniveau: 3,8% vum PIB sinn dofir virgesinn.

Am Duerschnëtt wuessen déi indirekt Investissementer mat 7,1% d’Joer bis 2020, an déi direkt Investissementer mat 4,1% d’Joer.

Tëscht 2016 an 2020 sinn dat:

  • 900 Mio Fonds des Routes
  • 1600 Mio Fonds du Rail
  • 570 Mio Tram

D’Regierung huet sech ambitiéis Zieler gesat, am Transport, am Logement, an der Familljepolitik, an der Schoulpolitik. De Premier hat gëscht  d‘Geleeënheet, dat am Ensembel duerzestellen, sou dass ech hei net méi am Detail brauch drop anzegoen. Ech wëll just  vläicht e puer Punkten eraussträichen:

  • Am Logement si fir d’Period tëscht 2016 an 2020 elo 30 Millioune méi ageplangt, fir 47 nei Projeten mat 345 neie Logementer ze finanzéieren.
  • Um Niveau vun de Ressources Humaines si verschiddene Facteuren Rechnung gedroe ginn:
  • Dem Impakt vum Accord salarial an der Fonction Publique.
  • Mir hunn domatter gerechent, dass tëscht 2016 an 2020 d’Effektiver ëm 1,5% d’Joer wuessen. Um Niveau vun der Administration Centrale entsprécht dat ronn 600 Leit d’Joer, a bei der Sécurité Sociale ronn 100 Leit.
  • Dat sinn héich Zuelen, mee realistesch Zuelen.
  • Dat si Leit, déi gebraucht ginn, an den Administratiounen, bei der Police, am Enseignement a bei der Kannerbetreiung, fir nëmmen des Beispiller ze nennen. An engem Land, wou d’Croissance ronderëm 4% läit, wou all Joer d’Arbechtsplazen an d’Populatioun wuessen, muss d’Administratioun Schrëtt halen.
  • Domatter ginn d’Personal- a Pensiounskäschten an absoluten Zuelen natierlech weider erop.
  • Wann een déi relativ Zuele kuckt, gesäit een awer, dass d’Käschten absolut am Grëff sinn: den Deel vun dësen Dépensen am PIB geet vun haut 8,6% op 8,1% am Joer 2020 erof.

-      De Sozialstaat gëtt weider ausgebaut:

  • D’Prestations sociales en espèces gi vun 7873 Mio 2015 op 9785 Mio am Joer 2020 erop.
  • D’Prestations sociales en nature gi vun 2443 Mio 2015 op 2957 Mio am Joer 2020 erop.

-      D’Entwécklungshëllef bleift weider op engem Niveau vun 1% RNB, sou wéi et am Regierungsprogramm steet.

3)  Wann een d’Recetten an Dépensen vun der Administration publique zesumme kuckt, da gesäit een, dass an der Moyenne, tëscht 2018 an 2020 d’Dépensen erëm méi lues wuessen, wéi d’Recetten, an zwar an der Moyenne em 3,8% géingt 4%.

Ënnert dem Stréch bleift de Solde vun der Administration publique déi ganz Period tëscht 2016 bis 2020 positiv, a läit 2020 bei +0,4% vum PIB oder 290 Mio EUR.

4)  Déi Tendenzen, déi ech fir d’Administration Publique opgewisen hunn, fanne sech och um Niveau vun der Administration Centrale erëm:

-      D’Dépensen wuessen tëscht 2015 an 2020 weider mat 4,0%, 5,6%, 3,2%, 3%, 3,6% a 4%.

-      D’Recetten wuessen 2015 an 2016 mat 3,2 an 4%, mä 2017 bleiwe se duerch den Effekt vun der Steierreform konstant, éier se dann vun 2018 un erëm eropginn: 3,5%, 4% an 5,1%, wat also dann erëm iwwert dem Niveau vun den Dépense läit.

-      Déi Entwécklung fënnt sech och um Niveau vum Defizit erëm, dee fir d’éischt bis op -1,5% vum PIB erofgeet, a vun 2018 un dann erëm an déi positiv Richtung dréit. 2020 läit en dann nach just bei -1,1% vum PIB (ongeféier 750 Mio EUR).

-      Well mer fir den Impakt vun der Steierreform ze rechnen nëmme Brutto Zuele geholl hunn, also net agerechent hunn, wat se nach u positiven dynameschen Effekter kéint hunn, ass et méiglech, dass des Zuele sech nach verbesseren. Ech wollt hei awer kee beschéinecht, mee een objektivt Bild weisen.

-      En objektivt Bild weisen, dat ass dat, wat ech och all Joer bei der Presentatioun vum Budget gemaach hunn:

  • All Joer huet d’Oppositioun behaapt, déi Zuele wären zu engem gewëssen Deel falsch, et wär net alles agerechent, an dofir géif d’Resultat herno méi schlecht ausfalen.
  • An all Joer huet sech erausgestallt, dass d’Zuele vun der Regierung net nëmme richteg waren, mä dass d’Resultat souguer besser war, wéi dat wat am Budget ageplangt war. Ebe grat, well d’Regierung mat objektiven a realisteschen Zuele schafft.
  • Fir d’Joer 2014 hate mer mat engem Defizit vun  502 Mio gerechent, an herno hu mer d’Joer mat 78  Mio ofgeschloss.
  • Fir d’Joer 2015 hate mer mat engem Defizit vun 710 Mio gerechent, a leien haut bei ronn 200 Mio. Also ronn 500 Mio besser. An dat nët nëmmen, well d’Recetten eropgaange sinn, mä och, well mer dank dem Zukunftspak d’Käschten ënner Kontroll hunn.
  • Ech sinn zouversiichtlech, dass mer och 2016 gutt wäerten ofschneiden, wat sech dann positiv op 2017 widderspigelt, an domatter den tatsächlechen Impakt vun der Steierreform offiedere wäert.

5)  Am Sënn vun der Transparenz wëll ech dofir och drop hiweisen, dass een den Effekt vun der Steierreform um Niveau vun de Recetten net nëmme beim Staat spiert, mä och bei de Gemengen, déi jo hiren Deel vun de Steier-Recette weidergereecht kréien.

Ausserdem ass am PSC schonn de méiglechen Impakt vun der Reform vun den Gemengenfinanzen mat agerechent. Den Inneminister wäert hei méi spéit am Joer déi néideg Detailer liwweren.

Wat een elo awer schonn zréckbehale kann ass dat hei: Eis Gemengefinanzen sinn a bleiwen zolitt. De Solde vun der Administration locale bleift iwwer déi ganz Period positiv, mat engem Iwwerschoss vun tëscht 0,2 an 0,3% PIB, respektiv tëscht 100 an 168 Mio d’Joer.

6)  Och d’Konnte vun der Sécurité Sociale bleiwen gesond iwwer déi ganz Period. An der Moyenne läit d’Progressioun vun den Dépensen mat 4,3% ongeféier um Niveau vun där vun der Recetten mat 4,2%.

Ënnert dem Stréch geet den Iwwerschoss vun der Sécurité Sociale domatter vun 755 Mio am Joer 2015 op 778 Mio am Joer 2016 erop. An déi Tendenz confirméiert sech an de Joren duerno.

7)  D’Staatsschold bleift net nëmmen ënner 30% vum PIB, sou wéi dat am Regierungsprogramm festgehale gouf,- a wat wäit ënnert dem Maastricht-Kritäre vun 60% läit- mä stabiliséiert sech ronderëm 23% op der ganzer Period (22,4% 2106; 23,5% 2020). D’Scholdespiral ass gestoppt.

D’Staatsschold geet an absoluten Zuelen wuel erop (bis op eppes iwwer 14 Milliarden 2018), mä dat ëmmer nëmme proportional zum Wuesstem vun eisem gesamte Räichtum.

Ech sinn och nach emol an den PSC fir d’Joren 2013-2016 kucke gaang, deen den 24.4.2013 ugeholl gouf:

  • Dee Moment ass een nach dovunner ausgaang, dass d’Schold dëst Joer schonn bei 14,4 Mia leie géif, oder 27,9% vum PIB.
  • D’Realitéit haut sinn 12 Mia an 22,4% ; also an absoluten Zuelen iwwer 2 Milliarde manner, an iwwer 5%-Punkten manner am Verglach mam PIB, wéi dat, wat déi vierecht Regierung geplangt hat.
  • Dat si konkret Zuele, an dat ass de konkreten, positiven, Impakt vun eiser Politik.

Iwwer déi läscht Jorzéngte gouf verpasst, op deene richtege Plazen ze investéieren. Des Regierung ass dofir gezwong grouss Retarden opzehuelen, zum Beispill bei de Kläranlagen, am Transport, an der Schoul, oder beim Wunnengsbau. Dat geet net vun engem Dag op deen aneren, an dat verlaangt massiv Investissementer.

An der Politik, wéi am Liewen, kann een net alles hunn, a säi Géigendeel:

  • Ech kann net viru fueren, weider massiv ze investéieren, a gläichzäiteg iwwer déi nächst Joeren keng nei Krediter ophuelen.
  • Beim Staat ass et net anescht wéi an engem Stot: Déi lafend Käschte sollen och duerch lafend Rentréeë gedeckt ginn. Mä fir grouss Investissementer, - bei Privaleit ass dat een Haus, beim Staat sinn et Infrastrukturen – ass et normal, déi net ganz iwwer Reserven ze finanzéieren, mä  deelweis iwwer d’Zäit [also iwwer Kredit] ze finanzéieren.
  • Déi Leit, déi mer soen, ech hätt besser gehat, den Defizit nach méi séier erëm erofzefueren, a guer keng nei Krediter opzehuelen, hu mer leider net d’Geheimnis verroden, wéi si dat géife maachen, ouni d’Investissementer, wann net souguer d’Sozialleeschtungen, massiv ze kierzen. Et kann een net alles mateneen wëllen.
  • Spueren ass kee Selbstzweck. Eis Budgets- A Steierpolitik dréit zum soziale Fridden zu Lëtzebuerg bäi. An bal all eisen Nopeglänner goufen et dëser Deeg Streiken. Bei eis net. Well mir zu Lëtzebuerg Wäert drop leeën, gerecht an équilibréiert Solutiounen ze fannen. Dat gëllt zum Beispill am Droit du travail mat der Reform vum PAN Gesetz, sou wéi de Premier dat gëscht explizéiert huet – an dat gëllt och an der Finanzpolitik. Mir wëllen d’Leit zesummebréngen an net auserneen dreiwen.

Ech wëll elo och schonn drop hiweisen, dass Lëtzebuerg an den nächste Joeren een Deel vu senger Staatsschold refinanzéiere muss:

  • 400 Milliounen 2016
  • 132 Milliounen 2017
  • 700 Milliounen 2018
  • 200 Milliounen 2019
  • 2 Milliarden 2020

Dat ass keng nei Schold, déi des Regierung ophuele géif, dat ass Schold, déi et elo scho gëtt, déi ënnert där virechter Regierung opgeholl gouf, an déi à échéance kënnt, also refinanzéiert muss ginn.

Wat des Regierung betrëfft, sou huet si bis haut keen neien Emprunt obligatoire opgeholl, mat Ausnam vum Sukuk vun 200 Milliounen, am Sënn vun der Diversifikatioun vun der Finanzplaz.

Et hat iech bei der Virstellung vum Budget 2016 schonn ugekënnegt, dass mer dëst Joer een Emprunt vun 1,5 Mia maache géifen. Dat ass also net nei, an huet och kee Lien mat der Steierreform. Au contraire, ee groussen Deel vun deem Montant gëtt gebraucht fir déi existent Schold, vun där ech iech virdrun den Detail ginn hunn, ze refinanzéieren an och fir d’Investissementer héich ze halen.

Ech well och nach emol op 3 Punkten insistéieren:

1)  All des Zuele beschreiwen ee ganz virsiichtegen Szenario. Wa mer et fäerdeg bréngen, sou wéi mer dat schon 2014 an 2015 gemaach hunn, d’Joer besser ofzeschneiden wéi virgesinn, wäerten déi Montanten, déi mer léine mussen, natierlech entspriechend erofgoen.

Am PSC 2015 ware mer op der Basis vun den dunn verfügbaren Zuelen dovunner ausgaang, dass mer 2015 mat enger Dette vun 11,7 Mia ofschléisse géifen; en fait waren et finalement just 11,2 Mia, also eng hallef Mia manner.

2)  D’Käschten déi mam Finanzéieren vun der Staatsschold verbonne sinn, bleiwe mat 0,3% konstant niddereg.

3)  Mir denke weider un déi nächst Generatiounen. De Fonds souverain ass dëst Joer schonn mat 134 Mio dotéiert, nodeems 34 Milliounen duerch de Verkaf vun den Droits de Souscription am Kontext vun der Kapitalerhéijung vun Arcelor Mittal bei déi regulär Dotatioun vun 50 Mio d’Joer dobäi koumen. Des Regierung mengt et also eescht domatter, deenen, déi no eis kommen, eng Reserve unzespueren.

C. Déi europäesch Regelen

1)      Et ass scho bal normal, awer dofir net selbstverständlech, dass Lëtzebuerg déi europäesch Regelen respektéiert. Lëtzebuerg ass dat eenzegt Land, wat dat, säit et den Euro gëtt, nach ëmmer fäerdeg bruecht huet.

Mir sollen houfreg sinn, dass Lëtzebuerg op dësem Gebitt nach ëmmer ee Musterschüler war, an dat och weider bleift.

Dat ass awer net selbstverständlech, dat war och grat déi läscht Joren net einfach, mä d’Resultat vun enger verstänneger Budgetspolitik. Ech well nämlech drun erënneren, dass d’Land während der leschter Legislaturperiod ee Wee ageschloen hat, op deem mer riskéiert hätten, d’Kritären vum Stabilitéits- Wuesstumspakt net méi ze respektéieren. Des Regierung huet mussen handelen, fir déi Situation erëm richtzebéien.

2)      Sou wéi dat am Reglement 1466/97 virgesinn ass, rechent d’Europäesch Kommissioun all 3 Joer fir all Land een sougenannten “Objectif à Moyen Terme” OMT, an eng Trajectoire, déi d’Länner ze respektéieren hunn, fir dësen Objektiv ze erreechen.

Ee vun de grousse Facteuren, déi spillen, fir dësen Objektiv ze fixéieren, ass d’Entwécklung vun der Populatioun an d’Käschten, déi mam Alter vun der Populatioun verbonne sinn – also virun allem d’Pensiouns- a Fleegekäschten, déi jo méi grouss ginn, wat d’Leit méi al ginn. Op Grond vun deene läschte Projektiounen, déi weisen, dass d’Populatioun vum Land bis 2060 weider konstant wuesse wäert, an duerch de positiven Impakt vun der Pensiounsreform, sinn des Käschten no ënne revidéiert ginn.

Op där Basis huet d’Kommissioun fir Lëtzebuerg een neien OMT ausgerechent, vun -0,5%. D’Regierung huet décidéiert, sech op des Propose ze alignéieren.

En fait hale mer eis un 2 Zieler:

1)  Dofir suergen, dass d’Schold ëmmer ënnert 30% vum PIB bleift (d’Halschent vun deem, wat an Europa virgeschriwwen ass), sou wéi dat am Regierungsprogramm festgehalen ass. Dat Ziel erreeche mer och, mat enger Schold, déi déi ganz Period ronderëm 22-23% dréit.

2) Dofir suergen, den OMT ze respektéieren.

Laut eisen aktuellen Zuelen wäert Lëtzebuerg wéi et ausgesäit souguer iwwert dësem Objektiv bleiwen. Laut dem PSC wäert de solde structurel 2017 nämlech bei +0,6% leien, 2018 an 2019 op ronn 0,0% erofgoen, fir 2020 erëm op +0,6% eropzegoen. Mir sinn also iwwer déi ganz Period am positive Beräich, an ëmmer iwwert dem Seuil, deen d’Kommissioun proposéiert huet.

Och hei wëll ech drop hiweisen, dass dat alles anescht wéi selbstverständlech ass

Wéi de Regierungsprogramm opgestallt gouf, ass d’Koalitioun nach dovunner ausgaang, dass et net méiglech wär, iwwer d’ganz Legislatur-Period d’Kritäre vum Stabilitéits- a Wuestumspakt ze respektéieren. D’Ziel war et dofir, 2018 erem den OMT, deen d’Kommissioun virginn hat (dee Moment : +0,5%), ze respektéieren. Et war een also implizit dovunner ausgaang, dass mer vun der Trajectoire erofkomme géifen.

Ech sinn haut frou, ze gesinn, dass déi Reformen, déi mer an Ugrëff geholl hunn, an déi virsiichteg Budgetspolitik, déi mer maachen, hier Friichten droen, a mer et sou en fait fäerdeg bréngen, déi ganz Period net vun der Trajectoire ofzewäichen, an d’Kritären déi ganzen Zäit ze respektéieren.  

Dat schaaft Vertrauen op de Marchéen, dat schaaft Vertrauen bei den Investisseuren, an dat dréit dozou bäi dass Lëtzebuerg säin AAA kann ofsécheren.

Conclusiounen

Dir gesitt also, dass och déi europäesch Zuele beweisen, wat ech iech scho gesot hunn, nämlech dass déi Steierreform, déi mer maachen, eng Steierreform ass, déi Lëtzebuerg sech leeschte kann.

D’Regierung bréngt et domatter also fäerdeg, trotz engem ganz schwéieren Ëmfeld, eng verantwortlech Budgetspolitik ze maachen an et fäerdeg bréngt, 3 Verspriechen aus dem Regierungsprogramm anzeléisen, nämlech:

  • d’Leit an d’Entreprisen steierlech ze entlaaschten;
  • d’Investissementer héich halen, fir d’Land optimal op d’Zukunft virzebereeden; an
  • d’Staatsfinanzen laangfristeg erëm op zolitt Féiss ze stellen.

Ech soen iech merci."