Déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays 2017

"Liewensqualitéit fir Lëtzebuerg"
Discours – Publié le

Le Premier ministre, ministre d'État, Xavier Bettel a prononcé le 26 avril 2017 la déclaration de politique générale sur l'état de la nation à la Chambre des députés.

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

An zwou Wochen ass den 150ten Anniversaire vum Londoner Vertrag. Den 11. Mee 1867 gouf dee fir Lëtzebuerg esou wichtegen Traité ënnerschriwwen an domadder de Grondsteen geluecht fir dat Land an deem mir haut liewen, dat Land, dat eis um Häerz läit, dat mir gär hunn, op dat mir houfreg sinn. Et war eng Zäsur an eiser Geschicht. Déi gréisste Verännerung fir d’Bierger vun der Festung Lëtzebuerg am Joer 1867 war dass déi Festung néier gerappt gouf. Virun 150 Joer hu mer eis op gemaach, Mauere si verschwonnen a mir sinn e Land ginn, wat oppe war fir Handel, e Land dat sech wirtschaftlech konnt entwéckelen a sech esou och konnt emanzipéieren.

Virun 150 Joer ass de Grondsteen geluecht gi fir dat Lëtzebuerg wat mir haut kennen.

Mir liewen haut an engem Land vu Fräiheet, vu Fridden a Gerechtegkeet. Mir liewen an engem séchere Land mat héijer Liewensqualitéit, mat engem gudde Sozial- a Gesondheetssystem. Eis Infrastruktur ass um neiste Stand, eis Économie ass staark an eis Staatsfinanze si gesond. Mir kréien eng gutt Zensur vun deenen, déi eis vu bausse kucken a bewäerten. An och d‘Vertraue vun de Bierger hei am Land an d‘Zukunft ass haut esou héich, ewéi nach ni.

D’Leit hunn awer och Suergen a Bedenken. Am Alldag fonctionnéiert net alles, wéi et soll a wéi et muss – nach net. D’Mobilitéit ass e Problem. Mir stinn am Stau a ginn opgehal, wou mer wëlle weider kommen. Déi sozial Cohésioun gëtt ëmmer nees op d’Prouf gestallt. D’Méisproochegkeet ass e groussen Atout, deen awer och Erausfuerderunge mat sech bréngt. Déi demographesch Entwécklung an de leschte Joren huet derzou gefouert, dass d’Liewen an d’Wunnen deier – dacks ze deier ass. Eise Schoulsystem muss sech permanent upassen an et feelt un deene richtegen Aarbechtskräfte grad an deene Secteuren, déi eise Wuelstand sollen erhalen.

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

Haut wëll ech iwwert eist Land an iwwert seng Bierger, iwwert d’Mënschen, déi hei wunnen, liewen a schaffen schwätzen. Haut an och déi nächst Deeg solle mer eis mat deem beschäftegen, wat eis gréissten Uleies ass: mam Zoustand vu Lëtzebuerg a senge Bierger, mat den Erausfuerderungen a mat de Weeër, déi mer an den nächste Jore wäerte goen.

Zu Lëtzebuerg liewen haut ronn 600.000 Leit. Bal d’Halschecht dovunner hunn net déi Lëtzebuerger Nationalitéit an all Dag kommen nach eng Kéier 180.000 Fraen a Männer aus eise Nopeschlänner bei eis schaffen.

Si droen zu eisem Wuelstand bäi a garantéieren den Equiliber an eisem Gesondheets-, Sozial- a Pensiounssystem.

"Eis Populatioun ass divers a wéi an all den industrialiséierte Länner gëtt se all Joer och méi al. Zanter 1980 ass d’Liewenserwaardung ëm ronn 10 Joer erop gaangen."

Eleng an de leschten zéng Joer ass d’Populatioun vum Grand-Duché ëm bal 20 Prozent gewuess.

Tëscht Enn 2010 an Enn 2016 – also bannent grad emol 6 Joer sinn zu Lëtzebuerg 74.000 Leit bäikomm. Dat si 74.000 Mënschen, déi haut hei wunnen, déi hei akafen, bei den Dokter ginn, op de Stroossen ënnerwee sinn, d’Schoulen, d’Spideeler an d’Sportsinfrastrukturen notzen a virdrun nach net do waren. Dee Wuesstem huet säi Präis, mee dee Wuesstem huet awer och mat sech bruecht, dass d’Paien héich an d’Chômagezuelen niddereg sinn.

"An de leschten dräi Joer ass de Chômagetaux vu 7,1 op elo 6 Prozent erofgaangen an dem Statec no ass och ze erwaarden, dass déi Courbe weider no ënne geet."

Et ass ee vun de villen Indicateuren, déi weisen, dass mer eis an déi richteg Richtung bewegen. Et ass ee vun deene villen Indicateuren, déi eis soen, dass mer mat Zouversiicht kënnen no vir kucken.

D’Land huet sech entwéckelt an et entwéckelt sech weider. Et ass en Deel vum Modell Lëtzebuerg, dass mer net stoe bleiwen, mee dass mer eis weider developpéieren. Dat bréngt och Erausfuerderunge mat sech - Erausfuerderungen, déi der Regierung ganz bewosst sinn a wou Léisunge proposéiert, geplangt an ëmgesat ginn. Mir hunn eng zentral Aufgab an déi ass et derfir ze suergen, dass d’Leit, déi hiren Alldag zu Lëtzebuerg hunn, déi hei liewen an hei schaffen, dass et de Mënschen zu Lëtzebuerg gutt geet. Mir hunn awer och d’Aufgab derfir ze suergen, dass dat net nëmmen haut esou ass, mee dass dat och esou bleift.

"De Modell fir Lëtzebuerg, dee mir haut zeechnen, muss kënnen iwwert d’Zäit bestoen an duerf net wackeleg ginn, wann de Wand mol nees méi rau bléisst."

D’Regierung huet also ganz bewosst Decisioune geholl, déi eng laangfristeg Inzidenz hunn an déi wichteg si fir d’Land a fir seng Bierger.

Lëtzebuerg geet et gutt, wann et de Mënschen zu Lëtzebuerg gutt geet. Dofir investéiere mir an eis Géigewaart, an eis gemeinsam Zukunft.

Et huet missen investéiert ginn, well et eppes opzeschaffe gouf an d’Regierung wollt investéiere fir ze verhënneren, dass mer hannendra geroden, wat eis Infrastrukturen, eis Stroossen, Schinnen, Spideeler, Schoulen, de Réseau vu Stroum, Waasser an Ofwaasser, Gas an zum Beispill d’Datenautobunnen betrëfft.

Et huet missen investéiert ginn an de Schutz vun natierleche Ressourcen, eng propper Loft, Waasserqualitéit, e gesonde Bësch, eng intakt Ëmwelt an eng nohalteg Landwirtschaft.

Et gouf investéiert am Beräich Héichschoul a Recherche.

Dat sinn Investissementer, déi dréngend noutwenneg waren an och erop geschrauft goufen. An deen héijen Invest ass weiderhin noutwenneg, well mer net kënne stoe bleiwen, wa mer eise Wuelstand an eis Liewensqualitéit wëllen erhalen.

Wa mer wëlle bleiwe wat mer sinn, dierfe mer net do stoe bleiwe wou mer haut sinn.

Eng vun de gréissten Erausfuerderungen an eisem Alldag haut ass d’Mobilitéit – déi leider vill ze dacks zu enger Immobilitéit mutéiert. D‘Uersaache sinn op den éischte Bléck séier fonnt: de Réseau vu Stroossen a Schinnen ass net esou séier gewuess, ewéi d’Populatioun an d’Zuel vun de Frontalieren, déi all Dag bei eis schaffe kommen. Eleng am Schinneberäich ass d’Zuel vun de Passagéier an de leschten 10 Joer em 60% an d’Luucht gaangen. Zejoert sinn iwwer 22,5 Millioune Leit mam Zuch gefuer. D‘Regierung huet hei reagéiert, well et dréngend néideg war, a well et eppes opzeschaffe gouf. Esou hu mir d’Investitiounen an de Schinneréseau tëscht 2014 an 2015 em 50% erop gesat an iwwer eng hallef Milliard Euro sinn hei an deenen zwee Joer installéiert a verbaut ginn.

Dee Budget ass zejoert nach emol erop gaangen an e wäert weider erop goen. Mir ginn elo am Hierscht e grousse Schrack no vir an der Mobilitéit duerch eng nei wichteg Gare an der Stad. Am Dezember wäert den Arrêt Pafendall opgoen, de Réseau gëtt fundamental verännert an Dausende Leit spueren all Dag vill Zäit.

Duerch weider Elementer, ewéi en neien Arrêt um Houwald, duerch méi eng héich Kadenz op den Haaptachsen an duerch nei a méi modern Locomotricë gëtt den Zuch net nëmmen nach méi attraktiv, mee och nach besser a méi zouverlässeg, wéi dat haut de Fall ass.

Mir hu massiv an d‘Schinnen, mee och an d’Stroossen investéiert a wäerten dat och weider maachen.

Mat Infrastrukturen am Sënn vun der Mobilitéit an neiem Material gëtt de Problem awer net geléist. Et muss och en Ëmdenke stattfannen an do muss ee bei d’Uersaache vun der Immobilitéit siche goen, déi een eréischt op den zweete Bléck gesäit. Dozou gehéiert de Fait, dass net nëmme méi Leit op eise Stroossen a Schinnen ënnerwee sinn, mee och, dass se all zur selwechter Zäit op déi nämlecht Plaze wëlle fueren. Fir dës Problemer an de Grëff ze kréien, muss ee méi wäitsiichteg an och méi couragéiert Décisiounen huelen.

D’Regierung ass amgaang justement déi Elementer eraus ze filteren an no Méiglechkeeten ze siche fir d’Verkéiersopkommes punktuell ze reduzéieren. Et geet hei ëm en Zesummespill vu verschiddene Mesuren. Eng Mesure ass sécherlech e geziilt Ausbaue vum Télétravail. Et geet dobäi ëm Modeller, wou zum Beispill Betriber kënnen ënnerstëtzt ginn, wa se hiren Employéeën d’Méiglechkeet ginn en Deel vun hirer Aarbecht vun doheem aus ze maachen. Dat soll net d’Regel ginn a muss och net d’Majoritéit vun de Leit an enger Firma betreffen, mee et gi Modeller, wou et sënnvoll a produktiv ass fir de Salarié a fir de Patron.

Et muss awer och méi dezentral geduecht a geplangt ginn. D’Regierung geet dee Wee zanter dräi Joer an investéiert geziilt an déi wirtschaftlech Entwécklung vu Regiounen, déi haut manner favoriséiert sinn.

Esou hu mer zum Beispill speziell Hëllefen agefouert fir Betriber, déi hir Aktivitéit anzwuesch maachen, wou déi sozio-ekonomesch Situatioun manner gutt ass – also zum Beispill an enger Gemeng, wou de Chômagetaux méi héich ass, wéi am Rescht vum Land. Dës Initiativë wäerte mir dëst Joer weider verstäerken an intensiv dru schaffe méi Aktivitéiten dohinner ze kréien, wou och Logementsprojetë geplangt sinn an weiderer kënne geplangt ginn.

"Mir mussen am Kader vun der Landesplanung och d’Aarbechtsplaze méi no bei d’Leit bréngen amplaz ëmgedréint."

De ländleche Raum, verschidde Regiounen am Osten, am Süden, am Westen an och uewen am Norden vum Land hunn et haut dacks schwéier, well zum Beispill den Tourissem do zréckgeet oder well d’Leit ëmmer méi hiren Dag do verbréngen, wou se och schaffen. Dat ass ëmmer manner an der Regioun selwer, wou se wunnen. Mir wëllen dat entkräften an derfir suergen, dass och Aarbechtsplazen do entstinn, wou der an de leschte Jore vill ewech gefall sinn. Esou si mer amgaang mat Partner an der Privatwirtschaft un engem Konzept ze schaffen, wou mer flexibel Co-Working Strukturen an deene véier Ecke vum Land, no bei de Grenzen, kënne bauen.

Mir plangen un engem Modell vu moderne Bureausgebaier, déi net enger Entreprise eleng gehéieren, mee vun Employéen aus verschiddene Betriber kënne fir eng bestëmmten Zäit am Dag genotzt ginn.

"Esou soll zum Beispill ee Frontalier, deen aus Frankräich kënnt, net onbedéngt musse queesch duerch d’Land fuere fir op säi Bureau ze kommen an dann eng Stonn méi spéit nees op der Strooss ënnerwee si fir bei e Client ze kommen."

Duerch nei Aktivitéiten op méi dezentrale Plazen an eisem Land, kënne mer verschidde Ballungsgebidder entlaaschten a suerge fir eng Relance vun der Économie op lokalem Niveau.

Mir sinn amgaangen eis Économie grondsätzlech ze iwwerdenken. D’Wirtschaft ass kee Selbstzweck.

Lëtzebuerg geet et gutt, wann et de Mënschen zu Lëtzebuerg gutt geet. Dofir suerge mir och derfir, dass d’Économie de Leit déngt an net ëmgedréint.

Mir brauchen eng gesond, kompetitiv, modern a flexibel, mee awer och gerecht Économie fir dass d’Zukunft vun eis a vun eise Kanner ofgeséchert ass. D’Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen, musse vun der ekonomescher Aktivitéit zu Lëtzebuerg kënne profitéieren.

"Dat bedeit, dass mer eis verstäerkt op Aktivitéite konzentréieren, déi bei d’Land passen an et bedeit, dass vill méi op Qualitéit, ewéi op Quantitéit gesat gëtt."

Et si Betriber, déi besser op Lëtzebuerg passen, ewéi anerer an d’Regierung konzentréiert sech op Entreprisen, wou de Flächeverbrauch an d’Nuisancë fir Mënsch an Ëmwelt am Verhältnis stinn zu deem, wat de Betrib eisem Land an der Économie ka bréngen. Virun e puer Woche gouf an deem Sënn och eng nei Promotiounsstrategie vun der Regierung virgestallt. Mir professionaliséieren a cibléieren domadder eis Aktivitéite fir nei Entreprisen op Lëtzebuerg ze zéien an Aarbechtsplazen ze schafen. Den Échange tëscht deene verschiddenen Akteure gouf fundamental verbessert. Et geet an Zukunft verstäerkt dorëms Synergien ze schafen an eis Promotioun méi efficace ze maachen. Esou existéiert elo eng eenheetlech Strategie mat klore Prämissen, déi vun all den Akteure gedroen a suivéiert gëtt.

D’Secteuren op déi mer eis och weiderhi konzentréieren, sinn déi, wou mer eis Stäerkten hunn, wou mer gutt Experienze gemaach an e Réseau opgebaut hunn. Also natierlech och weiderhin de Finanzsecteur an déi Servicer, déi domadder verbonne sinn, mee dernieft och Éco- a Biotechnologien, den digitale Secteur am breede Sënn, den Automotive an och weiderhin de Logistiksecteur, wou Lëtzebuerg eng Successstory ass an dat net eréischt zanter gëschter. D’Industrie bleift e Pilier vun eiser Wirtschaft a spillt eng wesentlech Roll an eiser Diversifikatioun.

Mir brauchen awer och ganz nei Iddien. Mir brauchen nei Modeller an nei Beräicher, wou Lëtzebuerg eng Roll ka spillen a sech haut an och an de nächsten Joren en Numm ka maachen. Mir sinn amgaang eis zu enger Natioun ze entwéckelen, déi am Beräich vun de Weltraumtechnologien zu engem Virreider gëtt. Dat ass eng kloer Weiderentwécklung vun där Geschicht, déi mer mam Lancement vum éischten Astra Satellit virun 30 Joer ugefaangen hunn mat schreiwen. Et ass awer gläichzäiteg en neit Kapitel, wat mer opschloen. Et ass eng laangfristeg Investitioun an d’Regierung geet hei e Wee, dee positiv ass fir Lëtzebuerg an dat net eleng, well mer der Meenung sinn, dass Space mining eng Zukunft huet. Dës Initiativ vun der Regierung huet en direkten Néierschlag fir eis Renommée a mir ënnersträichen eise Ruff als Natioun vun Innovatioun. Schon elo ass Lëtzebuerg eng Plaz fir all Betrib a Fuerschungsinstitut, wat sech mat Weltraumtechnologië beschäftegt a mir verstäerken dat däitlech.

Mir entwéckelen eis awer och zu engem ideale Land fir Betriber aus dem FinTech Beräich, also där Betriber, déi nei Technologië fir de Finanzsecteur developpéieren. Mam Schafe vum "Luxembourg House of Fintech" hu mer eng wichteg Etapp gemaach um Wee fir déi éischt Adress an Europa ze gi fir Fintechentreprisen.

Dernieft hu mer awer och massiv dru geschafft, d’Land op d’Weltkaart vun de Start-Upen ze setzen, also vu klengen innovative Firmen aus ganz verschiddene Beräicher, déi nach am Ufank stinn. Mir konnten en Ecosystem opbauen, wou esou Start-Upen sech kënnen op hir Aktivitéit konzentréieren. Mam Schafe vum Digital Tech Fund oder mam Future Fund, hu mer eis Méiglechkeete ginn, fir esou Start-Upen finanziell ze ënnerstëtzen. Et sinn eng sëllegen Incubateuren entstanen, wou deels de Staat selwer, deels a Coopératioun mat externe Partner e Vivier geschaf gouf, wou jonk Entreprisen eng Plaz fonnt hunn an och an Zukunft wäerte fanne fir d’Äerm erop ze strëppen an ze schaffen.

"Lëtzebuerg entwéckelt sech zu enger Start-Up Natioun, déi och international esou wouergeholl gëtt. Wichteg Initiativë si geholl ginn a weiderer kommen an den nächste Joren no – a vun deenen Initiativë profitéieren net nëmmen déi Betriber, déi mer wëllen heihinner kréien, mee och déi, déi schonn hei sinn."

Mir sinn a mir bleiwen innovativ a kompetitiv. D’Regierung schafft dowéinst och un engem neie System iwwert d’Propriété intellectuelle, also engem neien IP Regime. D’Diskussioune mam Secteur hunn ugefaangen. Eist Zil ass et fir d‘nächst Joer en neie Regime ze hunn, deen d’Fuerschung zu Lëtzebuerg stäerkt an eis als Standuert fir Betriber, déi an d‘Recherche investéieren, weider etabléiert.

Mir wëllen den Entreprisen hei am Land d‘Liewen esou einfach ewéi méiglech maachen. Mam sougenannten Omnibusgesetz, wat dëse Mount a Kraaft getrueden ass, gouf e wichtegen Ufank gemaach an eng Rëtsch Prozedure sinn doduerch wesentlech méi einfach a méi kuerz ginn. Dee Wee geet d’Regierung konsequent weider a schafft nom éischten Omnibusgesetz och schonn un engem weidere Pak vu Mesuren, wou mer administrativ Hürden ofbauen. Am Kader vum Programm “Einfach Lëtzebuerg” sinn iwwer 200 Proposen aus der Populatioun erakomm fir Verbesserungen an e Véierels dovunner ass och effektiv als Projet zréckbehale ginn.

Et sinn elo dräi Joer hir, dass d’Regierung dëse Projet lancéiert huet an eleng an deem Kader goufe schon eng 30 Verbesserunge realiséiert. Dat geet vu Prozeduren, déi digitaliséiert goufe bis hinn zu Etappen, déi sech als iwwerflësseg oder net méi zäitgeméiss erausgestallt hunn, an ofgeschaf gi sinn. Mir hunn eng ganz Rëtsch vu Méiglechkeete geschaf fir Demanden elo direkt online ze maachen, amplaz, dass d’Leit sech mussen deplazéieren. A Servicer goufen zentraliséiert an doubles emplois ofgeschaf. Déi administrativ Vereinfachung ass e permanente Prozess an d‘Regierung geet dee Wee konsequent weider fir am Kader vun "Einfach Lëtzebuerg", d’Liewen och wierklech méi einfach ze maachen. Dat ass am Sënn vum Bierger a vun de Betriber.

Eis Économie steet awer nach viru weideren Erausfuerderungen a mir wäerten eis an den nächste Jore verstäerkt mat der Fro beschäftegen, wéi d’Aarbecht an der Zukunft ausgesäit. Wéi gesäit d’Industrie an der Mëtt vum 21. Jorhonnert aus? Wat ass de Rôle vum Mënsch bei engem Produktiounsprozess? D’Regierung waart net bis mer konkret mat dëse Froe befaasst ginn, mee schafft schonn haut u Konzepter, déi eréischt an Zukunft zum Droe kommen.

D’Recommandatiounen aus dem Rifkin Rapport sinn do eng wichteg Hëllef. Mir notzen dës Feststellungen an Analysë fir weider ze denken a fir Signaler ze ginn. Zesumme mat den Acteuren aus der Wirtschaft an der Wëssenschaft an zesumme mat de Sozialpartner entwéckele mer Projetë fir d’Zukunft. Et gi schonn elo Initiativen, déi op dës Virschléi aus dem Rifkin Rapport zréck ginn. Ech nennen d’Beispill vun innovativen Energiekonzepter, wéi mer se an e Wunnprojet vum Fonds du Logement zu Olm amgaang sinn ze plangen. Hei soll en energetesch autonome Wunnquartier entstoen, wou all Stot net just Stroum consomméiert, mee och produzéiert an en eegene Réseau opbaut. Also eng ekologesch an héich technologesch Entwécklung, déi haut mat der Ënnerstëtzung vun der Regierung ëmgesat gëtt. Mir investéieren an d’Géigewaart an an d’Zukunft amplaz eis u Modeller festzehalen, déi an Zukunft net méi ze hale sinn.

Mir wëssen haut, dass d’Entwécklung am Beräich vun der Digitaliséierung eisen Alldag weider wäert beaflossen, esou wéi dat och déi lescht Jore war. Mir wëssen awer och, dass mer deem net passiv wëlle nokucken, mee matgestalte fir dass mer d’Zukunft an eisen Hänn hunn. D’Aarbecht verännert sech, d’Beruffer verännere sech a mir hale Schratt mat där Entwécklung.

Déi gréissten Erausfuerderung an der Zukunft, fir eis Économie, fir eis Gesellschaft a fir eist Land läit am Schoul- an am Bildungssystem. Mir waren alleguerten eng Kéier an der Schoul, déi mannst vun eis sinn et haut nach all Dag.

Et kann ee sech awer net wierklech virstellen, wéi den Alldag an de Lëtzebuerger Schoulen haut ausgesäit, wann een net all Dag dohinner geet fir eppes ze léieren oder fir eppes ze enseignéieren.

D’Schülerpopulatioun huet sech an de leschte Jore fundamental verännert, de Bagage, deen d’Kanner matbréngen, ier se an eise Schoulsystem integréiert ginn ass net méi esou homogen, ewéi dat bei der viregter Generatioun de Fall war. Eis Schoule sinn an deem Sënn d’Spigelbild vun eiser Populatioun. Am Joer 2003 hate knapp en Drëttel vun de Schüler e Migratiounshannergrond, haut ass et praktesch d’Halschecht an deen Taux geet weider an d’Lut. D’Ufuerderungen, déi mir als Gesellschaft un eis Kanner stellen, sinn net méi vergläichbar mat deem, wat hir Elteren an der Schoul erlieft hunn.

Déi Dausenden Enseignanten, déi all Dag virun enger Klass stinn, sti scho laang net méi just virun enger, mee an enger Klass. Et si nei Schoulmodeller ausgeschafft ginn a mir hu wäertvoll Experienzë gesammelt, déi eise Schoulsystem méi efficace maachen a méi no un d’Wierklechkeet bréngen. An d’Wierklechkeet huet sech an deene leschte Jore fundamental geännert. An déi Verännerunge sinn haut nach laang net ofgeschloss. Mir mussen déi Jonk op Beruffer virbereeden, déi et haut zum Deel nach guer net gëtt. Mir dierfen a kënnen also net mat enger Denkweis a mat Iwwerleeunge vu gëschter un d’Erausfuerderungen an der Schoul vun haut erugoen. D’Regierung setzt sech dofir kloer an, dass ëmgeduecht gëtt an mir hu bannent kierzester Zäit e Kader geschaf, deen de Schoulsystem moderniséiert. Mir setzen op d’Diversitéit vun den Talenter.

"Et kann net all Schüler alles kënnen an et muss net all Schüler alles kënnen. Mir sinn um Wee vun enger Diversifizéierung vun der schoulescher Offer, wou mer op déi individuell Stäerkten an Talenter vun de Schüler setzen amplaz se wéint hire Schwächten ze bestrofen."

D’Regierung huet déi Reform am Secondaire, déi laang op sech waarde gelooss huet elo esouwäit ofgeschloss an se soll nach virun der Summervakanz gestëmmt ginn.

Mir passen d’Schoul och de Realitéiten an der Aarbechtswelt un a ginn Äntwerten op déi Froen, déi esou wuel vun deene Jonke selwer, ewéi awer och vun den Employeurë gestallt ginn. Mir féieren eng “Sektioun I” am klassesche Lycée an, wou d’Schüler geziilt op e Studium am digitale Beräich preparéiert ginn. Am September ginn eng 50 Schüler an zwee Lycéeën op dës nei Sektioun a konzentréiere sech op Kompetenzen an der Informatik a Medienwëssenschaft. Aner Lycéeë sinn amgaang sech Profiler ze gi ronderëm d’Promotioun vum Entrepreneuriat, der nohalteger Entwécklung an den internationale Filièren. Esou entsteet an den nächsten Joren eng Schouloffer, déi esou villfälteg ass, ewéi d’Talenter an d’Liewenspläng vun de Schüler.

Mir investéieren an den nächste Méint a Jore weider an d’Digitaliséierung vun der Schoul. Mir wëllen déi Jonk eruféieren un e Secteur, dee fir d’Zukunft vum Land vun enormer Bedeitung ass a gläichzäiteg hir Interesse verstäerken. Mir encouragéieren ausdrécklech en Enseignement, deen der Wierklechkeet gerecht gëtt an och op déi nei Medie setzt fir Inhalter a Methoden ze vermëttelen. Vun der Rentrée un, kréien dofir och all d’Schüler d’Méiglechkeet am Secondaire en Tablet zu besonnesche Konditiounen ze kréie fir dësen am Kader vun hirem Schoulalldag ze notzen.

Déi Jonk, déi de Parcours an der ëffentlecher Schoul haut duerchlafen an um Enn mat engem Ofschloss eraus ginn, sief dat mat enger professioneller Grondausbildung, mat engem Diplom am Enseignement Technique oder mat enger Première, déi hunn déi beschte Chancen um Aarbechtsmaart. En Ofschloss ass eppes wäert a mat engem Ofschloss brauch ee sech zu Lëtzebuerg wéineg Suergen ëm d’Zukunft ze maachen.

D’Zukunftschancë vun de Schüler ginn opgebaut ier et Schüler sinn. Mir mussen d’Kanner Kanner si loossen. Mir musse si sech entwéckele loossen an derbäi ënnerstëtzen, wa se sech entfalen an hir Stäerkten developpéieren. Dat fänkt fréi un an d’Regierung suergt fir Chancegläichheet. All Kand soll déiselwecht Viraussetzunge kréien an déiselwecht Méiglechkeeten hunn.

Schonn an der viregter Legislaturperiod gouf richteg erkannt, dass et e Besoin gëtt a mam Aféiere vum Chèque Service ass d’Zuel vun de Betreiungsstrukturen zu Lëtzebuerg enorm an d’Lut gaang. Un der Quantitéit vu Plazen an der Crèche oder der Maison Relais feelt et haut dacks net méi, d’Qualitéit muss awer och stëmmen. Mir hunn dofir en Paradigmewiessel an der Kannerbetreiung agelaut.

Mir hunn iwwer e Gesetz kloer Qualitéitskritärë festgehalen. Et muss haut garantéiert ginn, dass Kanner net an enger Crèche geparkt, mee kandgerecht encadréiert ginn.

Et muss e Konzept existéieren an eng präzis Dokumentatioun vun deem, wat am Dag an enger Struktur geschitt. De Staat ass och zoustänneg fir d’Surveillance vun der Qualitéit a kontrolléiert haut regelméisseg.

Mir investéieren an d’Qualitéit. Fir dat nächst Joer ginn nach emol 81 Milliounen Euro zousätzlech an d’Klengkandförderung investéiert. Et ass en Investissement, deen d’Familljen direkt entlaascht. Eng qualititativ héichwäerteg Betreiung vun de Kanner däerf keng Fro vun de finanzielle Moyensë vun den Eltere sinn an dofir huet sech och en nächste Schrëtt imposéiert, deen och dëst Joer Realitéit gëtt. Fir d’Rentrée gi mir e weidere wichtege Schrëtt a Richtung vun enger gratis Kannerbetreiung. Tëscht engem a véier Joer kann all Kand vun 20 Stonnen Gratisbetreiung profitéieren an dat während 46 Wochen am Joer. Fir Kanner aus méi sozial schwaache Famillje kënnen et bis zu 30 Stonne sinn. Déi weider Stonne ginn iwwer e sozial gestaffelten Tarif bezuelt, dee fir all Kand no ënnen ugepasst gëtt.

Dat ass eng konkret Entlaaschtung fir d’Familljen, fir Mammen a Pappen, déi op engem Punkt an hirem Liewe stinn, wou et op all Su ukënnt.

"Eng Famill mat zwee Kanner an der Crèche kann esou vun der Rentrée u mat tëscht 3.000 an 5.000 € pro Joer entlaascht ginn. Gläichzäiteg hiewe mer d’Personalressourcë fir dëss Strukturen ëm 10 Prozent."

Mir garantéieren esou, dass all Kand zu Lëtzebuerg eng qualitativ héichwäerteg a professionell Betreiung kritt, dat op Basis vun engem pädagogesche Konzept. Et ass e ganzheetlecht Konzept, wat wäit iwwer d’Förderung vun der Méisproochegkeet erausgeet. An dat soll während op d’mannst 20 Stonnen an der Woch fir all Kand gratis sinn. Während also haut an engem Wahl- oder Virwahlkampf an eisen Nopeschlänner déi eenzel Parteien iwwer eng gratis Kannerbetreiung nodenken, setze mir se dëst Joer ëm. Den Iwwergank vun der Crèche an d’Schoul geet esou fléissend an ouni Broch, wéi dat haut oft de Fall ass. Dat gëllt fir d’Horairë vun der Gratuitéit, mee et gëllt och a virun allem fir déi pädagogesch Approche. D’Kanner sollen dierfe Kanner sinn, se solle sech kënnen entfalen, hier Stäerkten developpéieren an net schon am Ufank vun hirer Schoulcarrière duerch Barrièren ewéi Sprooch, Léierverständnis a soziale Kompetenzen un hirer natierlecher Entwécklung gehënnert ginn. Mir schafe Chancegläichheet fir all Kand zu Lëtzebuerg. Chancegläichheet fir all Famill.

Et bleift awer eng Realitéit, dass net all Kand sech an engem generelle Schoulsystem zurecht fënnt an net all Jonke bleift beim Parcours op der Spur. All Jonken, deen d’Schoul fréizäiteg verléisst ouni en Ofschloss ass engem gewësse Risque ausgesat, wat seng berufflech Zukunft a seng finanziell Onofhängegkeet betrëfft – an ass doduercher och dacks anere Risquen ausgesat an ass méi ufälleg fir den Uschloss un d’Gesellschaft ze verléieren. Mir hunn also all Intérêt dru fir alles ze maachen, dass déi Jonk net fréizäiteg lass loossen, mee derbäi bleiwen an eng Perspektiv hunn.

Lëtzebuerg geet et gutt, wann et de Mënschen zu Lëtzebuerg gutt geet. Dofir suerge mer och derfir, dass esouwuel déi staark, ewéi och déi schwaach Schüler dat kréien, wat se brauchen.

"D’Regierung lancéiert an den nächste Méint a Joren eng regelrecht Offensiv fir déi Schüler ze encadréieren déi Encadrement brauchen, si ze begleeden an ze ënnerstëtzen."

Schüler mat Léierschwieregkeeten a verhalensopfälleg Schüler ginn an de Fokus gestallt. Mir suergen derfir, dass déi bestoend Strukture méi Personal kréien a mir schafen, wann néideg och nei Strukturen – dat ass notamment de Fall fir Kanner mat sougenannten Dys-Problematiken.

De socio-educative Secteur gouf an der Vergaangenheet dacks vernoléissegt. Et feelt u Personal, Unerkennung a Konzepter. Dat soll sech fundamental änneren. Mir presentéieren an den nächste Wochen eng déifgräifend Reform vun der Education différenciée mat där de Staat sech endlech déi néideg Moyensë gëtt fir eisen Obligatiounen an deem Beräich gerecht ze ginn. An de Schoule selwer, an de staatleche Kannerheemer, an de sozio-educativen an therapeuteschen Zentre fir Kanner a Jugendlecher an och der EDIFF selwer gëtt e Qualitéitsschlëssel agefouert.

"D’Regierung gesäit e Recrutementsplang fir déi nächst Jore vir mat deem iwwer 350 nei Poste geschaf ginn. Mat dësem zousätzleche qualifizéierte Personal gëtt den Encadrement vu Kanner a Jugendlecher grondleeënd a laangfristeg verbessert."

Et sinn 350 méi Leit, déi iwwert déi nächst Joren zur Verfügung sti fir do ze entlaaschten, wou Educateuren, Sozialaarbechter, Psychologen, Pädagogen an Therapeuten haut dacks iwwerlaascht a leider och zum Deel iwwerfuerdert sinn.

Am Zentrum vun eiser Gesellschaft steet d’Famill. Mir alleguerte sinn d’Kanner vun eisen Elteren, mir sinn Enkelkanner, Bridder, Schwësteren, mir si selwer Elteren oder och Grousselteren. D’Famill an d’Zäit, déi mer mat deene verbréngen, déi eis am wichtegste sinn, soll verstäerkt an den Zentrum vun eiser Opmierksamkeet réckelen. Mir alleguerten, egal, wou mer hierkommen a wéi eng politesch Iwwerzeegung mer hunn, mir alleguerten hunn ee gemeinsamt Zil: mir hätte gär, dass et deene gutt geet, déi eis wichteg sinn.

Elteren hätte gär, dass et hire Kanner gutt geet. E Kand huet e Recht op Zäit an Opmierksamkeet, op Léift, op e Gefill vu Gebuergenheet an op Rou. D’Eltere sinn an der Verantwortung. Si sinn déi éischt Bezuchspersoun fir d’Kand, si musse sech këmmeren ëm dee Mënsch, deem si d’Liewe geschenkt hunn. Si musse sech awer och kënne këmmeren – also d’Méiglechkeet hunn hire Rôle ze erfëllen. Dat ass net ëmmer einfach a mir als Gesellschaft hunn dofir d’Aufgab den Elteren déi Méiglechkeeten ze ginn.

"D’Familljepolitik vun der Regierung stellt d’Kand an de Mëttelpunkt an et ass net un eis fir ze definéieren, wat "richteg" oder "falsch" ass. Et steet eis net zou, e bestëmmte Familljemodell ze imposéieren, mee mir mussen Äntwerte ginn op déi konkret Besoinsë vun den Elteren – am Intérêt vum Kand."

An de leschte Jore goufen et Changementer an Adaptatiounen an der Familljepolitik, well se néideg waren. D’Realitéit huet gefuerdert, dass d‘Familljepolitik der Realitéit ugepasst gëtt. Esou ass et haut zum Beispill Realitéit, dass 3 vu 4 Frae schaffe ginn. Well d’Frae mussen, mee och well se wëllen! Virun 30 Joer war et manner ewéi d’Halschecht. A virun allem ginn och Mammen haut schaffen. De Fait, dass eng Koppel e Kand kritt, huet fréier fir d’Fra bedeit, dass se hir Aarbecht opginn huet oder huet missen opginn. Haut ass dat net méi de Fall. Et ass net un eis dat ze bewäerten, mee et ass awer un der Politik deem Rechnung ze droen. Genee esou, wéi et un der Politik ass ze realiséieren, dass et ëmmer méi sougenannte Patchworkfamillje gëtt, dass ëmmer méi Mariagen och nees gescheet ginn an d’Zuel vun den Allengerzéihende stänneg an d’Lut geet.

Déi Realitéite verlaangen Äntwerten an zwar am Intérêt vum Kand. All Kand muss déi selwecht Rechter hunn an déi selwecht Chancen.

De reforméierte Congé parental ass en zentraalt Element vun enger Familljepolitik, déi den Elteren et méi einfach mécht Zäit mat hire Kanner ze verbréngen – an zwar net nëmmen de Mammen, mee och de Pappen. Esou stelle mir fest, dass et virun allem eng Hausse gëtt bei de Pappen, déi dee neien Congé Parental ufroen an allgemeng kann ee soen, dass an den éischten Méint d’Demande sech quasi verduebelt huet.

Mir musse méi wäit denken a mir denke méi wäit. Aarbecht a Famill soll an Zukunft kee Widdersproch méi sinn, mee sech ergänzen. Mir schaffen dofir och u Modeller, déi et den Elteren, déi schaffe ginn, erlabe solle méi Zäit mat hire Kanner ze verbréngen während där Zäit wou d’Kanner dat fuerderen an wou et néideg ass. En éischte Schrëtt ass mam neie Congé parental gemaach an och mat der Reform vun de Congés extraordinaires, wou an Zukunft d’Eltere während där Zäit wou d’Kanner kleng sinn, si méi Congé hu fir de Fall, wou d’Kand moies krank ass a mat Féiwer wakreg gëtt. Den nächste Schrëtt wäert sinn, dass mer iwwer eng méi flexibel Opdeelung vun der Aarbechtszäit nodenken.

"Et ass net all Mataarbechter vun engem Betrib iwwert seng ganz Carrière d’selwecht disponibel. Et ginn Zäiten am Liewen, wou ee méi wëll a méi ka schaffen, an et ginn Zäiten am Liewen, wou ee wëll oder muss méi kuerz trëppelen."

Lëtzebuerg geet et gutt, wann et de Mënsche gutt geet an dozou gehéiert och, dass d’Leit Wunnengen hunn, déi se sech kënne leeschten.

Mir wëllen, dass eis Kanner sech net musse finanziell iwwerhuelen an hir Gedanken op dat kënne konzentréieren, wat wierklech zielt. De Problem vun ze héije Präisser am Logement ass net nei, en ass net iwwerraschend an en ass net einfach ze léisen – scho guer net kuerzfristeg. Eng vun den Haaptuersaache vum Problem – well et ass reelle Problem – läit doranner, dass eist Land attraktiv ass, dass d’Leit wëlle bei eis wunnen a schaffen. D’Demande no Wunnraum ass an de leschte Jore stänneg gewuess, d’Offer och, mee net am selwechte Rhythmus. D’Regierung huet an de leschte Joren op dräi Haaptachsen agéiert: mir hu virop d’Zuel vun de Projetë fir Wunnengen, déi iwwer staatlech Acteurë gebaut ginn, massiv an d’Lut gesat, also un der Offer geschafft. Dann hu mer zweetens als Regierung derfir gesuergt, dass Terrainë fräi ginn, op deene kéint gebaut ginn, awer an de leschte Joren oder Jorzéngten näischt konnt oder duerft geschéihen. An drëttens huet d’Regierung eng ganz Rëtsch un Initiativen a Reforme gemaach, déi d’Leit finanziell entlaaschten, wa si sech eng Wunneng kafen, respektiv wa si e Loyer musse bezuelen.

"Esou ass d’Zuel vun de Wunnprojeten déi vun der SNHBM reell gebaut ginn, bannent zwee Joer carrément verdräifacht ginn."

Et si mat 250 Projetë pro Joer nach ëmmer net genuch Wunnengen, mee eng Verdräifachung vun der Aktivitéit bannent zwee Joer ass eng enorm Leeschtung.

Nach ni virdrun huet de Staat esou vill an de soziale Wunnengsbau investéiert, ewéi an de leschten dräi Joer. Mir hunn duerch Verhandlunge mat Proprietairen, ewéi notamment duerch den Accord mat ArcelorMittal, grouss Surfacë konnte fir Wunnprojetë gewannen. Konkret grouss Projeten, déi den Ament an der Planung sinn, sinn déi op de Sitë Woltz, Olm an Dideleng wou an den nächsten Joren elo iwwer 3.000 Wunnenge kënnen entstoen.

Um Niveau vun der konkreter Hëllef fir déi Leit, déi haut op der Sich no engem Doheem sinn, goufen et am Kader vun der Steierreform substantiell Verbesserungen. Et ass eng speziell Ënnerstëtzung fir déi, déi grad am Ufank vun hirem professionelle Liewe stinn an zevill verdénge fir vum soziale Wunnengsbau ze profitéieren, awer och net genuch fir sech eng eege Wunneng eleng kënnen ze leeschten. Si ginn zum Beispill am Kader vun der Steierreform entlaascht andeems den Abattement fir d’Scholdzënsen um Eegenheem ëm ronn 30% an d’Lut gesat gouf. De Plafong vun deem wat een als Jonke bis 40 Joer um Bauspuervertrag kann ofsetze gouf verduebelt an d’Valeur locative um Eegenheem ass ofgeschaf ginn. Dës Mesurë si méi ewéi eng Drëps op de gliddege Steen, well se direkt bei deene Leit ukommen, déi et och brauchen. Duerch d’Steierreform ginn och Haiser a Wunnengen, déi eidel stinn, mobiliséiert well déi Propriétairen, déi hiren Immeuble konventionéierten Acteurë fir méi niddereg Loyeren zur Verfügung stellen, dee Loyer bis zur Hallschecht vun de Steiere kënnen ofsetzen. Eng zousätzlech Dynamik koum an de Marché duerch dat zäitlech limitéiert Erofsetze vum Taux op der Plusvalue. Dëss Mesure gëtt am Hiescht op hiren Impakt hinn annalyséiert a wann et sech als sënnvoll erausstellt, kann déi Limitatioun och verlängert ginn.

Mir hunn eng nei Subvention Loyer agefouert, wou Haushalter mat bis zu 270 Euro all Mount kënne gehollef kréien an d’Regierung huet och an de leschte Woche Mesurë geholl fir dass déi Hëllef méi an Usproch geholl gëtt, ewéi dat haut de Fall ass.

All dës Mesurë sinn an der Logik fir de Problem um Wunnengsmaart zu Lëtzebuerg ze entkräften a fir déi Leit ze ënnerstëtzen, déi mat deem Problem geplot sinn. Et ass awer just den Ufank an de Wee fir Loft an dee stéckege Marché ze kréien ass laang a stengeg. Mir sinn décidéiert dat weider unzegoen an et kann nëmme goen andeems de Wunnengsmaart weider dynamiséiert gëtt a Wunnengen entstinn. De Staat an d’Gemenge sinn haut scho wesentlech Acteuren um Wunnengsmaart an déi ëffentlech Acteurë schafe kontinuéierlech Wunnraum.

Et duerf een de Problem dobäi net isoléiert upaken an just drop setzen, dass Bauland fräi gëtt.

"E Gesamtkonzept muss och am Kader vun enger intelligenter Landesplanung virgesinn, dass de rurale Raum besser a méi developpéiert gëtt."

Plazen, déi haut vläicht manner attraktiv si fir ze wunnen, well se schlecht un den ëffentlechen Transport ugebonne sinn, mussen opgewäert ginn.

Liewensqualitéit erhalen a Liewensqualitéit verbesseren ass eng vun eisen Haaptaufgaben an deenen nächste Joren. Am ganze Land, esou wuel an a ronderëm d’Stied, ewéi och an de ländleche Géigende musse mer kënne garantéieren dass eis Kanner a Rou, gesond a sécher opwuessen.

Mir wëllen, dass déi, déi eis wichteg sinn, gesond sinn a gesond bleiwen, dass déi natierlech Ressourcë geschützt an eis Liewensmëttel héichwäerteg an am Beschten och regional produzéiert sinn. Dat eent hänkt mat deem aneren zesummen an dofir ass et just logesch, dass d‘Regierung vill Initiativë geholl huet am Sënn vun eiser Gesondheet an eiser Liewensqualitéit.

Esou setze mer eis derfir an, dass de Flächeverbrauch zu Lëtzebuerg miniméiséiert a virun allem dem Kritär vun der Nohaltegkeet gerecht gëtt. Ee wichtege Partner dobäi ass déi Lëtzebuerger Landwirtschaft. D’Regierung ënnerstëtzt ausdrécklech déi regional Produktioun a promouvéiert zesumme mam landwirtschaftleche Secteur déi Produiten, déi vun eise Baueren a Wënzer produzéiert ginn. Mir wëllen awer och hei virun allem innovativ an net ideologesch virgoen. D’Demande no Produiten déi de Biolabel droen ass an de leschte Jore stänneg gewuess an dee Secteur ka fir vill Baueren den Auswee sinn aus enger Spiral, wou ee soss ëmmer méi muss produzéiere fir kënne vum Betrib ze liewen.

D’Ëmstellung op Bio ass allerdéngs zum Deel schwiereg an dofir huet d’Regierung eng Rei Mesuren agefouert fir deen Iwwergank ze erliichteren. Esou goufen am Kader vum neien Agrargesetz notamment Bioprimen agesat, d’Berodung verstäerkt an d’Investitiounen an d’Biolandwirtschaft krute Prioritéit. Eng weider wichteg Initiativ kënnt elo derbäi:

"Wéi et am Wäibau haut schonn de Fall ass, soll et an Zukunft och méiglech sinn, dass ee Bauer zum Deel op Bio ëmstellt an esou ee méi doucen Iwwergank erméiglecht kritt."

Esou kritt dann och een Betrib fir eng Deelemstellung Bioprimen op deem Deel deen no biologesche Kritäre foncéiert. Et gëllen dann eng Rei speziell Regelen, ewéi zum Beispill, dass ee sech muss decidéieren, wéi eng Déirenaart op Bio ëmgestallt gëtt. D’Vertrauen, wat d’Konsumenten an de Biolabel hunn, soll och weiderhin héich gehale ginn.

Mir brauche gutt Liewensmëttel a mir brauche gesond Liewensmëttel an dofir och héich Standarden an der Produktioun.

Mir brauchen eng propper Ëmwelt an en effiziente Schutz vun den natierleche Ressourcen. Dat heescht zum Beispill eng verbessert Waasserqualitéit, wou d’Regierung grouss Retarden opgeholl huet a weider vill investéiert, dass och déi nächst Generatioune proppert a gutt Waasser zu Lëtzebuerg hunn – an de Baachen a Flëss, mee och aus dem Krunn. Mir setzen eis a fir héich Ëmweltstandarden, well se gutt si fir d’Mënschen déi hei liewen. Mir wëllen, dass mir, awer och eis Kanner gesond opwuessen an eng propper Loft hu fir ze otmen.

Lëtzebuerg geet et gutt, wann et de Mënsche gutt geet. Dofir muss jidderee séier a gutt gehollef kréien, wann en Hëllef brauch.

D’Regierung investéiert och weider intensiv an de Lëtzebuerger Gesondheetssystem, deen haut mat dee Beschten op der Welt ass. Dat soll eis awer net duergoen a mer sollen net dobäi stoe bleiwen. Mir kënnen eis och net erlaben eis mat deem zefridden ze ginn, ewéi et ass, well grouss Erausfuerderunge virun eis leien. D’Leit gi méi al, se bleiwe méi laang aktiv a gläichzäiteg hëllt d’Zuel vun de chronesche Krankheete permanent zou. Déi beschte Gesondheetspolitik, déi mer iwwerhaapt kënne maachen ass en Invest an d’Gesondheet amplaz an d’Heele vun der Krankheet. Esou stellt d’OCDE beispillsweis fest, dass just 3 Prozent vun den Ausgaben am Gesondheetswiesen an d’Präventioun fléissen an déi aner 97% fir d’Behandlung investéiert ginn. Lëtzebuerg mécht eng Politik an eng aner Richtung.

Mir brauchen e konsequent Ëmdenken an d’Regierung wäert an den nächste Jore verstäerkt op där Axe schaffen a virun allem d’Leit opklären. Zesummen mat de Partner um Terrain, déi bei Sensibiliséierung a Präventioun eng wichteg a wäertvoll Aarbecht leeschten, wëlle mer hëllefen, dass d’Bierger Bescheed wëssen iwwer Risiken an awer och iwwer Symptomer. D’Fréierkennenung ass beim Kriibs dacks de beschten Alliéierte vum Patient an och bei engem Schlag oder engem Herzinfarkt entscheed déi direkt Prise en charge dacks iwwer Liewen an Dout. Mir hunn dofir e Konzept ausgeschafft an en neit Spidolsgesetz deposéiert mat deem d’Prise en charge verbessert a méi effizient gemaach gëtt. Et gëtt an der Tëscht e Konsens, dass déi Reform am Sënn vum Patient ass an de Bedenke vun den Dokteren ass zum groussen Deel Rechnung gedroe ginn.

Am Noutfall ass den Dokter responsabel fir d’Liewe vum Patient, den Dokter, d’Infirmieren an d’Personal am Spidol. Déi Verantwortung muss unerkannt a valoriséiert ginn. Eng éischt Zort Prise en charge vun engem Noutfallpatient geschitt awer och dacks nach ier en Dokter oder Infirmier de Patient gesäit. Et si Leit, déi ronderëm si vun deenen och a ville Fäll d’Schicksal vun engem Mensch an Nout ofhänkt. Dofir wëlle mer och derfir suergen, dass den Taux vun de Leit, déi en Éischthëllefscours maachen an d’Luucht geet. Een éischte Schrëtt ass, dass mer d’Offer vum Éischthëllefscours an der Fonction Publique promovéieren an de Leit, déi beim Staat schaffe méi Méiglechkeete gi während der Aarbechtszäit esou e Cours ze suivéieren. Zu esou engem Cours gehéiert och, dass méi Leit wëssen mat engem Defilibrator ëmzegoen, wéi en haut schonn op villen ëffentlechen Plazen zougänglech ass an an Zukunft nach méi soll zum Standard an ëffentleche Gebaier gehéieren.

"Mir suergen och derfir, dass d’Rettungsdéngschter opgewäert a professionaliséiert ginn."

Déi entspriechend Reform mat där och en eegene Corps gegrënnt gëtt ass am leschte Schlëff. An deem neie Corps sinn all déi ëffentlech Rettungsdéngschter zesummengefaasst a gi gemeinsam vu Staat a Gemenge finanzéiert. Et gëtt eng effizient Organisatioun an d’Hëllef um Bierger gëtt domadder nach besser a méi efficace. Et kënnt zu enger weiderer Professionaliséierung, mee och weiderhinn sinn d’Rettungsdéngschter op déi Fräiwëlleg ugewisen. Si verdéngen eis Unerkennung a mam Akraaftriede vun deem neie Gesetz gëtt dat och konkret ëmgesat. De Congé spécial fir d’Formatiounen geet an d’Lut, d’Indemnitéite fir d’Permanencë gi steierfräi an et gi Subside fir Zousatzassurancen a Pensiounen agefouert.

Mir wëllen, dass eis Populatioun gesond ass, dass d’Fäll vun de chronesche Krankheeten erof ginn a manner Mënschen an eiser Gesellschaft geplot si mat Problemer, déi vläicht ze evitéieren wieren. Eng gesond Gesellschaft ass eng, déi sech beweegt, déi aktiv ass. D’Ernährung an de Sport si wichteg Facteuren an der Präventioun vun deene Krankheeten, déi an den industrialiséierte Länner typesch a vill ze heefeg sinn.

Am Beräich vum Sport huet d’Regierung an de leschte Méint vill konnten ëmsetzen. Et sinn am Kader vum Fënnefjoresplang, deen Enn 2017 ausleeft, iwwer 500 Milliounen Euro an Infrastrukturen, Formatiounen, Programmer an Evenementer gefloss – eleng iwwer 100 Milliounen direkt aus dem Staatsbudget. Et geet drëms de Sport als e wichtege Facteur fir d‘Gesellschaft an och fir d‘Économie unzeerkennen, de Sport als Präventivmoossnam ze gesi fir Krankheeten ze verhënneren, de Sport als Integratiounsmossnam, déi Kulturen an Nationalitéite matenee verbënnt, de Sport als edukativ Moossnam, wou Kanner a Jonker léiere mateneen ëmzegoen, Equippegeescht kréien an och léieren, dass ee muss trainéiere fir e Match ze gewannen. Deem gouf Rechnung gedroen, andeem zanter dem Ufank vum Joer en neit Reglement iwwer Subside fir Veräiner gëllt, déi jonk Sportler bis 15 Joer encadréieren. Dëse Subside Qualité + ersetzt zum Deel dat, wat Veräiner iwwer Chèques Services ze gutt haten, mee de Prozess ass och enorm vereinfacht ginn an et gëtt derfir gesuergt, dass Veräiner direkt ënnert d’Äerm gegraff kréien. Elo gëllt et awer en neie Fënnefjoresplang auszeschaffen an de Federatiounen a Veräiner esou eng Prévisibilitéit ze ginn.

"Ee Punkt, deen eis an den nächsten Jore wäert beschäftegen ass d’Iddi vun engem nationalen Zenter fir olympesch Sportarten – esou wéi mer et am Ausland kennen."

Dëst ass eng laangjähreg Fuerderung vum COSL an aneren Acteuren an d’Regierung ass décidéiert esou e Projet ëmzesetzen. Mir schaffen den Ament drun de juristesch-administrative Kader ze schafe fir en Olympiastützpunkt zu Lëtzebuerg ze realiséieren. Dat wäert net nëmmen d’Konditiounen am Leeschtungssport däitlech verbesseren, mee och en direkten Impakt hunn op de Stellewäert vum Sport zu Lëtzebuerg an e Geescht vun Ambitioun verbreeden, dee bis an déi eenzel Veräiner erawierkt.

De Sport, esou wéi och vill ONG’en, Scouten, Protex a Pompjeeën, Organisatiounen a Veräiner fonctionnéieren nëmmen eenzeg an eleng doduercher, dass all Dag, all Week-End Dausende vu Leit hei am Land iergendwou eng Hand upaken an Aarbecht maachen, déi hinne Satisfactioun gëtt, déi awer soss dacks als selbstverständlech ugesi gëtt. Dat ass se net. De fräiwëllegen Engagement verdéngt méi Unerkennung.

Esou wéi et bäi de Fräiwëllege bei de Rettungsdéngschter geplangt ass, wëll d’Regierung och de Bénévolat am Allgemenge weider stäerken an den Engagement fir d’Gesellschaft valoriséieren.

"Mir huelen dofir eng Initiativ, wou Leit, déi sech fräiwëlleg engagéiere vu verschidde Virdeeler kënne profitéieren an hir wäertvoll Aarbecht nach besser unerkannt gëtt."

Mir wäerten zum Beispill mat de Federatiounen an Organisatiounen zesummen e Katalog vu Mesuren ausschaffen, déi de Leit direkt um Terrain ze gutt kommen. Eng Mesure, déi mer esou an den nächste Méint konkretiséieren ass et fir deene Bénévolen, déi sech engagéieren, ouni dofir bezuelt ze ginn, e gratis Accès op den ëffentlechen Transport ze ginn. Mir kënnen eis awer weider Mesurë virstellen, ewéi zum Beispill eng méi breet Unerkennung vun de Kompetenzen, déi een am Kader vu sengem Engagement kritt.

Sport a Fräizäit sinn zentral Elementer vun der sozialer Kohäsioun an dat gëllt och fir d’Kultur. An den nächste Méint starte mir eng regelrecht Offensiv fir och d’Kultur, d’Musek, den Theater, d’Literatur an d’Konscht am Allgemenge méi no ze brénge bei d’Leit.

Am Kulturberäich si mer amgaangen d’Conclusioune vun den Assises de la Culture auszewäerten. Kloer schéngt eis, dass déi Kulturschaffend zu Lëtzebuerg dacks virun allem eppes brauchen: eng Plaz wou se kënne schaffen. Als Kulturminister ass et mir wichteg dass Lëtzebuerg net nëmmen als Kulturstanduert seng Renommée behält a bä gewënnt, mee och als Land, wou Kënschtler, Museker, Artisten e Kader hunn, deen et hinnen erlaabt ze schaffen an ze schafen. Projetë wou et e Mix gëtt vun Atelieren, Kreativwirtschaft a Kulturraum, wéi et zu Déifferdeng fonctionnéiert, sollen e Modell si fir aner Plazen am Land. Ech denken do virun allem och un de ländleche Raum, wou Konschtwierkstätte kënnen entstoen an esou eng lokal Économie, Tourismus an dat gesellschaftlecht Liewe mat inspiréiere kënnen. Ech wäert an deem Sënn en Opruff un d‘Gemenge maache fir méiglech Plazen ze identifizéieren, wou nei Projetë realiséierbar a sënnvoll sinn.

Lëtzebuerg geet et gutt, wann et de Mënschen zu Lëtzebuerg gutt geet. Dofir brauche mir weiderhin e staarke Sozialsystem.

Mir brauchen e System, deen et erlaabt, dass jiddereen an Dignitéit liewen an op Hëllef zréckgräife kann, wann eng Situatioun am Liewe kënnt, wou een Hëllef brauch. Mir hunn haut e gudden a staarke Sozialsystem an d’Regierung huet deen an de leschte Joren och kloer gestäerkt. Mam neie REVIS, dem "Revenu d’inclusion sociale", gëtt justement d’Inklusioun gefördert.

"Et soll an et dierf keen aus der Gesellschaft ausgeschloss ginn, well en an enger méi schwiereger Situatioun am Liewen ass."

De REVIS hëlleft souwuel deenen, déi duerch iergend en Liewensëmstand kuerzfristeg drop ugewise sinn, wéi och deenen, déi vläicht emmer wäerten drop ugewise si fir an Dignitéit ze liewen. Mat der Reform gëtt bei der Berechnung den Deel vun de Kanner an d’Lut gesat, virun allem bei de Familles monoparentales. Domat geet d’Regierung konsequent géint d’Kanneraarmut vir. An Zukunft däerf an engem Stoot, deen de REVIS kritt och deen zweeten Erwuessenen an enger Beschäftegungsmesure sinn – wat den Ament net de Fall ass. Domadder stäerke mer och virun allem d’Fraen an huele se mëttel- a laangfristeg aus der Ofhängegkeet eraus. D’Zil vun der Politik, wou mer déi Erwuessen encouragéieren nees aktiv ze ginn ass am beschte Fall, dass se nees mat den eegene Flillecke kënne fléien. Mee virun allem soll jidderee sech zougehéiereg zu eiser Gesellschaft fillen. Dofir sinn och eis Partner esou wichteg, déi sech ëm déi Mënsche këmmeren, déi elo am RMG oder herno am REVIS sinn.

Mir wëllen, dass jiddereen derzou gehéiert a kee soll sech ausgeschloss fillen. Dofir schécke mir dëst Joer och e neit Gesetz op den Instanzewee iwwert Leit mat speziellen Besoinen. Haaptzil vun dëser Reform ass et, dass méi Leit mat enger Behënnerung eng Aarbecht um éischten Aarbechtsmaart fannen. De Statut vum "salarié handicapé" gëtt wesentlech vereinfacht a besser zougänglech. Déi nei Mesure vun der "aide à l’inclusion dans l’emploi" kritt eng gesetzlech Basis.

D’Inklusioun muss Normalitéit sinn. Genee esou ewéi eng onkomplizéiert Accessibilitéit fir Leit mat speziellen Besoin’en och Normalitéit muss sinn. Mir schaffen un engem Gesetz, wat den "Design for all" net nëmmen op Gebaier limitéiert, déi vum Staat oder de Gemengen gebaut ginn. Och Kinoen, Restaurant’en oder Gemeinschaftsraim a Residencen sollen an Zukunft behënnertegerecht ginn. Den Accès fir jiddereen gëllt och dir d’Sprooch. An de nächste Wochen gëtt e Gesetzesprojet déposéiert fir d’Gebärdespooch als eegestänneg Sprooch unzeerkennen. Dat bréngt mat sech, dass gehörlos an héiergeschiedegt Leit Rechter kréien, déi et haut an där Form net gëtt zu Lëtzebuerg.

Mir wëlle mat Zouversiicht no vir kucken, haut an och am Alter. Mir brauchen dofir e staarke Pensiounssystem an zwar nohalteg. E System, wou mer haut Schwächten identifizéieren, kann net lafe gelooss ginn, bis d‘Schwächten op eemol vum Fong erop un d’Uewerfläch kommen. D‘Regierung ass amgaangen e Screening vum Pensiounssystem ze maachen, wéi en och am Koalitiounsprogramm festgehalen ass. Ee speziellen Aarbechtsgrupp huet éischt Etudë gemaach a wäert déi an den nächste Méint och der Regierung presentéieren. Mir mussen a mir wëlle wëssen, wou Adaptatiounen néideg sinn an dann och handelen. Duerch eng gutt a sënnvoll Finanz- a Wirtschaftspolitik, duerch Efforte vun eis alleguerte si mer haut net an der Situatioun, dass mer kuerzfristeg missten Adaptatiounen oder esouguer Kierzunge virhuelen. Dat gëtt och an den nächste Joren net néideg, wa mer et fäerdeg bréngen eist Land weider no vir ze bréngen an d‘Zukunft ofzesécheren.

Et gi verschidden Erausfuerderungen am Pensiounssystem, déi mer mussen Eescht huelen. Dozou gehéiert zum Beispill, dass d’Liewenserwaardung erop geet, d’Zuel vun de Cotisatiounsjore vun deem Eenzelnen awer erof. Mir brauchen an der Zukunft innovativ Modeller fir eis Zukunft ofzesécheren – och am Alter. Jiddereen huet e Recht op eng ideal Versuergung an déi ass zu Lëtzebuerg vun héijer Qualitéit.

Eise System vu Sozialversécherung gehéiert zu deenen performantesten op der Welt an den Niveau vun de Leeschtungen ass exzeptionell. Mir hunn den Niveau vun der Leeschtung an de leschte Jore konnten ausbauen a professionaliséieren an zwar ouni Kotisatiounen an d‘Lut ze setzen. Deen eenzelne Bierger kritt haut méi Leeschtungen ouni dass en dofir muss méi an de System abezuelen. Dat si punktuell Verbesserungen, ewéi zum Beispill Remboursementer beim Zänndokter. Méi generell wëlle mer awer de System och weider grondsätzlech iwwerschaffen. An deem Sënn gëtt den Ament hei an der Chamber eng Reform vun der Fleegeversécherung diskutéiert. Zil ass et e System ze schafen, deen no um Bierger ass. Konkret heescht dat zum Beispill, dass Leeschtunge méi flexibel kënne prestéiert ginn. Et geet also manner no engem Schema mee méi individuell no de Bedürfnisser vun deem Mënsch, deen hannert dem Begrëff "Bénéficiaire" steet. D’Leeschtunge sollen och an der Qualitéit verbessert ginn a mir féiere Mechanismen a fir dat och ze iwwerwaachen a wann néideg ze ajustéieren. Et ginn an den nächsten Joren zousätzlech Leit agestallt, déi speziell do si fir Informatiounen ze ginn. Dacks kënne Problemer am System aus dem Wee geraumt ginn, wann d’Leit matzäiten déi richteg Äntwerten op hir Froe kréien an dat wäert an Zukunft garantéiert ginn.

Et mussen esou mann ewéi méiglech Froen opbleiwen. Dat ass eng Prämiss, déi a ville Beräicher gëllt an och do musse mir eis als Staat verbesseren.

"Onkloerheet suergt fir Onsécherheet an dofir gi mir och weider de Wee vun der Informatioun, der Transparenz an der Offenheet."

Als Bierger wëll ech wëssen, wat de Staat iwwer mech wees. Als Bierger wëll ech och kënnen novollzéien, wéi et zu Décisioune kënnt, déi mech direkt betreffen. An den nächste Méint wäert den Zougank zu Informatiounen eng Realitéit ginn. All Bierger huet dann en erweiderten Accès op Informatiounen an Daten déi haut eleng beim Staat leien. Dat Gesetz vun der offener an transparenter Administratioun ass e wesentleche Schrëtt no vir an et ass e Schrëtt, dee Joerzéngte gebraucht huet ier dës Regierung e gemaach huet. Et ass mer bewosst, dass eng Rei Acteuren der Meenung sinn deen Zougank zu Informatioune géif net wäit genuch goen an ech schléissen net aus, dass mer Adaptatioune virhuelen, wann den éischte Schrëtt bis gemaach an den éischten allgemengen Zougank zur Informatioun bis Realitéit ass.

Informatioun an Transparenz si positiv fir eis Gesellschaft an och fir de Staat, well Barrièren ofgebaut ginn a subjektiv Meenungen duerch objektiv Fakte kënnen ersat ginn.

Lëtzebuerg geet et gutt, wann et de Mënschen zu Lëtzebuerg gutt geet. Dofir musse mir och weider derfir suergen, dass d’Leit sech sécher fillen an eisem Land.

Am Beräich vun der Sécherheet ass et an dësen Zäiten ëmmer méi schwéier iwwer objektiv Fakten ze schwätzen. Mir wëllen a Sécherheet liewen an eist Land gehéiert zu deene séchersten op der ganzer Welt. All Abroch, all Kierperverletzung, all Crime ass awer zevill an duerfir huet d’Regierung an de leschte Jore vill an d‘Sécherheet investéiert an duerch eng breet Reform vun der Police och de Grondsteen geluecht fir weider Verbesserungen. Et ass schwéier ze chiffréieren, wéi sécher mer haut zu Lëtzebuerg liewen, well dat eben e ganz komplexen an subjektive Sujet ass. Et ass richteg, dass d’Zuel vun den Abréch zejoert op en Neits erofgaang ass. Op zwee Joer gekuckt ass et eng Baisse bei de Privathaiser vun iwwer 25%.

"Allgemeng ass den Taux u Kriminalitéit erof an d’Zuel vun deenen opgekläerte Verbriechen eropgaangen."

Och d’Zuel vun de Plaintë wéinst Kierperverletzung goung 2016 erof, d’selwecht, ewéi d’Fäll vu Gewalt am Stot. Mee et ginn och schlecht Nouvellen an dat gëllt notamment fir d’Zuel vun de Plaintë wéinst Viol, déi zejoert däitlech eropgaangen ass.

Sécher ass, dass d‘Regierung weider an d’Sécherheet investéiert. Mir wëllen, dass d’Bierger sech sécher fillen. D‘Regierung huet dofir decidéiert iwwert déi nächst Joren, d’Zuel vun de Polizisten an d’Lut ze setzen. 2014 sinn 73 Leit bei der Police agestallt ginn, 2018 sollen et der 146 sinn, also duebel esou vill. De Budget vun der Police geet dëst Joer ëm 19 Milliounen Euro par rapport zum leschten Joer erop.

Eis Sécherheetsautoritéite mussen hir Aarbecht kënne maachen an och eis Justiz muss kënnen efficace fonctionnéieren. Och an dësem Beräich sinn eng Rei Aarbechten amgaangen, déi als Zil hunn eis Justiz der Zäit unzepassen. De Justizsystem ass do fir de Rechtsstaat ze garantéieren an dem Bierger eng Sécherheet ze ginn an och fir Gerechtegkeet ze suergen. D’Justiz ass awer och um Service vum Bierger a soll verständlech an accessibel sinn. D’Regierung mécht do wesentlech Schrëtt no vir, notamment duerch d’Schafe vun engem Familljeriichter. Amplaz, dass verschidden Affairen, déi Koppelen a Famillje betreffe bei verschiddenen Instanzen traitéiert ginn, kann dat an Zukunft zesummen op enger Plaz verhandelt ginn. Déi souwisou schwiereg Zäit am Liewe vu Leit, wou et ëm Divorce, autorité parentale, tutelle an ähnlech Froe geet, soll net méi zousätzlech belaaschtend sinn, well d’Prozedure komplizéiert sinn.

Lëtzebuerg geet et gutt, wann et de Mënsche gutt geet an dat heescht och, dass mer eis Staatsfinanzen am Grëff mussen hunn.

Op d’Entwécklung, déi et an dësem Beräich an de leschten dräi Joer gouf, kënne mer houfreg sinn a mir kënne mat aller Rou an Zouversiicht no vir kucken. D’Situatioun ass gutt.

"Egal wéi een et dréint a kéiert, egal wou een Elementer siche geet, d’Zuelen an d’Zensuren, déi mer vu bausse kréie schwätze fir sech."

Mir hu vun all deene grousse Ratingsagencen den Triple A confirméiert kritt. An net nëmmen, dass eis Bonitéit haut als déi bescht agestuuft gëtt, och fir d’Zukunft geet een dervun aus, dass Lëtzebuerg sech gutt entwéckelt. D’Mesuren déi d’Regierung virun dräi Joer geholl huet fir d’Staatsfinanzen ze sanéieren, genee esou wéi d’Steierreform vum leschte Joer gëtt explizit gelueft an als richteg bewäert. D’EU-Kommissioun, den FMI an d’OCDE gesinn déi aktuell Entwécklung ähnlech positiv. Et ginn ëmmer Leit déi mat aller Kraaft probéieren eis Situatioun schlecht ze rieden. Onofhängeg Acteuren, déi eis vu bausse kucke gesinn dat awer regelméisseg, an ëmmer méi esou, ewéi och d’Regierung et gesäit. Mir sti finanziell staark do an zwar net just haut, mee och fir d’Zukunft. De Stand vun de Scholden ass haut relativ gesinn an och an absoluten Zuelen ënnert deem vun 2013. An dat obschonn dat Lach vun iwwer 1 Milliard vum commerce électronique huet missen opgefaang ginn. Anescht, ewéi déi viregt Regierung et fir dëst Joer virgesinn hat, ass d’Staatsschold also net weider geklommen.

Mir hunn awer virun allem haut och eng Croissance, wéi Lëtzebuerg se laang net méi kannt huet. Den neieste Prévisioune vum Statec no läit de Wuesstem vun der Économie dëst Joer bei 4,4 Prozent a soll dem Statec no fir d’nächst Joer esouguer bei 5,2 Prozent leien. D’Situatioun bis 2021 gëtt och besser ageschat, ewéi mer se nach zejoert am Pluriannuel ugeholl hunn. Dat weist, dass et eng virsiichteg a realistesch Vue war – also net iwwerdriwwen zouversiichtlech, wéi et nach virun e puer Méint vu ville Säite geheescht huet.

"Mir schafen den Ament esou vill Aarbechtsplazen, ewéi nach ni. An de Joren 2014 bis 2016 sinn iwwer 32.000 nei Aarbechtsplazen an eisem Land geschaf ginn."

Gläichzäiteg geet de Chômage kontinuéierlech erof a soll fir 2018 op 5,7 Prozent falen. Zanter 27 Méint geet d’Aarbechtslosegkeet konstant erof. Et muss een wäit zréckgoe fir esou en déiwe Chômage zu Lëtzebuerg ze fannen.

A jo: et si weider Scholden do an et ass och an de leschte Méint en Emprunt gemaach ginn. D’Konditioune vun esou engem Emprunt sinn awer justement wéinst dem Triple A an eiser exzellenter Bonitéit haut esou gutt, ewéi nach seele virdrun an der Geschicht vun eisem Land.

Mir halen un engem exceptionell héijen Investitiounsniveau fest a maachen eppes fir eis Zukunft ofzesécheren. Esou wéi déi privat Stéit haut encouragéiert ginn a bei niddregen Zënsen an d’Zukunft ze investéieren, soll a muss och de Staat dee Wee goen an investéieren. Et gi keng Scholde gemaach fir lafend Käschten ze decken, mee fir an eis Liewensqualitéit a fir an eis Zukunft ze investéieren. Deen Taux vum Invest läit haut bei iwwer 4 Prozent! Dat ass wäit iwwert der Moyenne an der Europäescher Unioun, déi bei 2,8 Prozent läit an däitlech iwwert dem Niveau vun der Industrienatioun Däitschland, déi fir 2017 Investitioune virgesinn an Héicht vun 2,2 Prozent vun hirem PIB.

"Déi Politik vun engem héijen Invest ass fir eis e kloert Bekenntnis zu enger Politik, déi sech net just mat gëschter an haut, mee virun allem och mat muer beschäftegt."

Déi Politik vun engem héijen Invest ass och déi Politik, déi vun der EU-Kommissioun an hirem President prekoniséiert gëtt. D’Memberstaaten, déi Sputt hunn, sinn opgefuerdert ze investéieren a mir investéieren.

A mir beschäftegen eis och mat muer, wann et ëm d’Fro geet, wéi mer mat Recetten ëmginn, déi net recurrent sinn. Dofir huet d’Regierung de Fonds "souverain intergenerationnel" geschaf, eng Mouk, wann eng Kéier sollt eng Situatioun kommen, déi net virauszegesinn ass an do sinn haut, zwee Joer nodeems e geschaf gouf, 185 Milliounen Euro drann. Nieft dësem Fong huet de Staat haut Participatioune bei verschiddene Sociétéiten, déi zesummen eng Envergure vu ronn 10% vun eisem PIB ausmaachen, an eis all Joer iwwer 300 Milliounen Euro un Dividenden an d’Kees bréngen. Dat sinn 100 Milliounen Euro méi, ewéi mer un Zënsen op eiser Staatsschold musse bezuelen.

Déi Parten a private Societéite sinn awer och en Invest an d’Zukunft, deen nach dacks net optimal genotzt an agesat gëtt. D’Regierung ass dofir och amgaang Modeller auszeschaffen, wéi een déi Wirtschaftskraaft, déi de Staat huet, besser kann notze fir dass se der Allgemengheet méi direkt kann déngen. Mir schaffen un enger méi intelligenter a strategescher Art a Weis fir d’Bedeelegunge vum Staat bei sociétés commerciales ze entwéckelen. D’Potenzial, wat de Staat als direkten Investisseur huet, gëtt haut nach net esou genotzt, wéi et kéint sinn an dat wëlle mer veränneren. Mir wëllen, dass de Besëtz vum Staat am Déngscht ass vun de Mënschen.

Mir musse weider innovativ bleiwen, als Staat an als Land, mir kënnen eis net ausrouen op deem wat mer bis haut erreecht hunn. Mir brauche gesond Staatsfinanzen an eng gutt Bonitéit, mir sinn och méi ewéi aner Länner doropper ugewisen, well eis Finanzplaz staark dovunner ofhängeg ass. An eiser Finanzplaz geet et haut och esou gutt, ewéi scho laang net méi – trotz oder grad wéinst engem groussen Ëmbroch an de leschte Joren.

"Mir kommen aus enger Situatioun, wou Lëtzebuerg op allméigleche groen a schwaarzen Lëschte stoung a wou mer éischter kritesch gekuckt gi sinn. Dat ass haut definitiv anescht."

Nach während mer regelméisseg mam Ierwe vu fréier, vu Luxleaks, Panamapapers oder negativen Artikelen an der auslännescher Press geplot ginn, hu mer enorm Efforte gemaach fir méi Transparenz ze schafen. Mir sinn haut op kenger groer oder schwaarzer Lëscht méi a mir kréien och hei international Unerkennung fir déi Entwécklung – zum Beispill vun der OCDE, déi eis nach virun e puer Joer eng désastréis Zensur ginn huet.

Transparenz heescht dobäi net, dass alles, wat am Beräich vun de Finanzen a Banken op d’Place publique gehéiert. Lëtzebuerg respektéiert och weider d’Privatsphär vu senge Bierger an d’Confidentialitéit vun de Betriber. Transparenz heescht awer, dass d’Informatioune fir d’Autoritéiten zougänglech an d’Transaktiounen novollzéibar sinn. Et heescht, dass en internationalen Austausch tëscht Institutiounen erméiglecht gëtt an Abusen erkannt a bekämpft ginn.

Grad an enger Zäit, wou grouss Acteuren aus dem Beräich vu Finanzen an Assurancen no Alternative kucken, wa Groussbritannien net méi an der EU wäert sinn, ass esou e gudde Ruff vun enormer Bedeitung.

Lëtzebuerg geet et gutt, wann et de Mënsche gutt geet. Dofir wëlle mir och a virun allem d’Liewensqualitéit an eisem Land erhalen an och verbesseren.

Déi éischt Konditioune vu Liewensqualitéit si Fridden, Fräiheet a Gerechtegkeet, Solidaritéit an Toleranz. Dat sinn d’Fundamenter vun engem Liewen, wat liewenswäert ass an et sinn d’Fundamenter vun der Europäescher Unioun. Mir brauchen déi Wäerter, esou wéi mer d’Europäesch Unioun als Garant fir d‘Erhale vun dëse Wäerter brauchen.

An de leschte Méint ass eis Solidaritéit op d’Prouf gestallt ginn. Den Zesummenhalt an der Europäescher Unioun ass keng Selbstverständlechkeet méi, esou wéi et dat iwwer Jorzengten de Fall war.

"Wann ee kuckt, wat an der Welt alles tëscht der Ried zur Lag vun der Natioun vum 26. Abrëll zejoert an dem Dag haut geschitt ass – a wat net geschitt ass - da muss een eng Kéier déif Loft huelen."

Groussbritannien huet fir den Austrëtt aus der EU gestëmmt, d’Tierkei ass amgaang sech vun der Europäescher Famill ewech ze beweegen, an den USA ass e President gewielt ginn, deem säi Fonds de Commerce net den Zesummenhalt, mee d’Auserneendreiwen ass. Russland an d’USA sinn amgaangen hir Relatiounen op en absoluten Déifpunkt ze bréngen, de Krich a Syrien ass net eriwwer, mee et stierwe weider all Dag onschëlleg Mënschen op eng grujeleg Art a Weis. Un de Grenze vun der Europäescher Unioun, um Balkan sinn nei Konflikter amgaangen opzekommen, an der Ukraine ass kee Krich méi, mee och nach ëmmer keen Enn vun der Gewalt. Uechter d’Welt ginn d’Leit duerch terroristesch Attacken aus dem Alldag gerappt. D’Welt ass an de leschten Méint net méi sécher ginn. Ganz bestëmmt net. D’Intensitéit, d’Kalbliddegkeet an d’Perversitéit vum Terrorismus ass haut op engem trauregen Héichpunkt.

Et wier naiv ze soen, dass een déi Entwécklung kuerzfristeg kéint emdréinen. Et ass awer genee esou naiv ze mengen, dass d’Extremisten an d’Populisten déi richteg Léisunge proposéieren. Mir mussen dofir dogéint argumentéieren an eis asetze géint den Nationalismus, géint d’Exklusioun a géint den Extremismus. Et dierf net verharmlost ginn, wann éischt Schrëtt an Direktioun Diskriminatioun vu Minoritéiten ënnerholl ginn. Et ass un eis. Un eis alleguerte fir den Extremismus ze denoncéieren.

De Fait, dass virgëschter eng extriem-riets Kandidatin bei de Présidentiellen a Frankräich konnt bal 22 Prozent vun de Stëmmen kréien, soll eis net kal loossen. Et soll eis net roueg loossen a mir sollen et net ignoréieren. Mir mussen déi Kräften nees schwaach maachen. De Wuelstand an d’Fräiheet vun eisem Kontinent a vun eisem Land fousst op de Wäerter, déi vun de radikale Kräften attackéiert an als iwwerflësseg deklaréiert ginn. Eng Verharmlosung vun deem Gedankegut ass den éischte Schrëtt vun der Duldung an dat dierf net a Fro kommen.

"Mënschen auszeschléissen ass net "patriotesch" an et passt net bei eis, esou wéi et och net bei aner Länner passt. Eis Grousselteren hu fir Fräiheet a géint d’Diskriminatioun gekämpft an dofir och zu Dausende mam Liewe bezuelt."

Loosst eis dat Ierwen net verspillen. Mir als Politik a mir als Gesellschaft hunn do e wichtege Rôle, genee esou wéi d’Medien. Mir brauchen eng staark Press an e qualitativ héichwäertege Journalismus. D’Regierung hällt dofir och decidéiert un enger finanzieller Ënnerstëtzung vun der Press hei am Land fest. Mir hunn dee Régime dëst Joer ausgebaut an och eng speziell Hëllef fir Onlinemedien agefouert. Déi Pressehëllef ass e wichtege Garant vu Qualitéit a vu Pluralismus. Et ass eis wichteg, dass déi Jonk zu Lëtzebuerg opwuesse mat engem Choix u verschiddene Vuen. Et soll eis bewosst sinn, dass dat keng einfach Subside fir Paien, mee Investitiounen an d’Demokratie sinn.

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

Lëtzebuerg steet haut op ville Pläng besser do, ewéi virun dräi Joer. Ech soen dat mat engem gewëssen Houfert, well et confirméiert, dass et esou, wéi ech et viru genee zwee Joer hei gesot hunn: Mir sinn um richtege Wee.

D’Regierung ass zum Deel e Wee gaangen, dee virgezeechent war. D’Weichen an der Économie an och an der Bildungspolitik sinn och schonn an der Vergaangenheet richteg gestallt ginn.

"Et goufen awer an deene leschten 3 Joer net just Weiche gestallt, mee och Schinne geluecht a mir hunn nei Strecke gesicht, fonnt a befestegt."

D’Regierung geet net idelogesch an net idealistesch, mee innovativ an realistesch vir. Mir kucke mat Zouversiicht no vir, mat Zouversiicht an engem gudde Gefill, well mer eis esou entwéckelen, dass d’Leit hei am Land och an Zukunft eng héich Liewensqualitéit hunn an och an engem moderne Land liewen.

Dat gëllt och op gesellschaftspoliteschem Plang. Ech hunn an der leschter Stonn iwwert d’Situatioun geschwat, wéi se haut ass a wéi se déi nächst Jore wäert sinn. Dozou gehéiert awer och d’Zesummenliewen, déi sozial Kohäsioun. D’Land huet sech an de leschte Joer verännert an entwéckelt. Mir hunn Erausfuerderunge misse meeschteren déi net einfach sinn an och net einfach ginn, ewéi notamment d’Flüchtlingskris. D’Egalitéit tëscht Mann a Fra gouf gestäerkt, d’Avortementsgesetz gouf reforméiert, d’Nationalitéitegesetz, d’Relatiounen tëscht dem Staat an de Reliounsgemeinschaften sinn der Zäit ugepasst ginn. Déi politesch Bildung ass e Begrëff ginn an eisem Land, mir stäerken d’Méisproochegkeet a wäerte gläichzäiteg d’Lëtzebuergescht am Alldag op. Mir hunn den Dialog mat de Sozialpartner relancéiert an Accorden mat Patronat a Gewerkschafte fonnt, déi mat derzou gefouert hunn, dass et dem Land haut besser geet.

Wien dat a Fro stellt, stellt de Fortschrëtt a Fro an déi positiv Entwécklung vum Land.

Lëtzebuerg geet et gutt, wann et de Mënsche gutt geet. Et ass der Regierung hir an et ass meng ganz perséinlech Motivatioun derfir ze suergen, dass dat esou ass an esou bleift.

Haut, muer an och an Zukunft.