Message du Premier ministre à l'occasion de la fête nationale 2017

Discours – Publié le

"Dir Dammen an Dir Hären,
Léif Matbierger,

Mir sinn eng jonk Natioun mat enger staarker Geschicht. Mir feieren dëst Joer den 150. Anniversaire vum Londoner Vertrag, duerch dee Lëtzebuerg den éischte wichtege Schrack a seng komplett Onofhängegkeet gemaach huet, e Schrack duerch deen eist Land sech vun anere lassgeléist an emanzipéiert huet. Mir konnten eréischt lues a lues en Nationalgefill an eng eegen Identitéit entwéckelen.

Eppes "typesch Lëtzebuergesches" gouf et net vun engem Dag op deen aneren, eis Kultur, eis Sprooch, eis Charakterzich hu sech misse forméieren.

Mam Opmaache vun der Festung gouf e Prozess ugefaangen, deen eis bis haut begleet. D’Land ass opgaange fir Handel an Austausch, mir ware vun 1867 un net méi isoléiert, mee exponéiert, a Lëtzebuerg huet sech zu engem wichtegen Zentrum an der haiteger Groussregioun entwéckelt.

Wa mer haut dat sinn, wat mer sinn, da läit et drun, dass ganz am Ufank an och méi spéit an eiser Geschicht verschidden Decisioune geholl goufen oder awer, well mer eis hu missen upassen an op nei Gegebenheeten hu misse reagéieren. Zwee Weltkricher huet eist Land als Natioun missen iwwer sech ergoe loossen, et gouf eng Zäit vun Hongersnout, et goufen ekonomesch Krisen a grouss Erausfuerderungen, déi mer hu misse meeschteren.

Haut sti mer stabil do, mir sinn e wichtege Partner an Europa an och op anere Plazen an der Welt gi mer als Land respektéiert an eis Stäerkte ginn unerkannt. Mir hunn eis eegen Identitéit a mir sinn houfreg op dat, wat mer als Natioun erreecht hunn.

Mir kucke mat Selbstbewosstsinn, mat engem gemeinsame Gefill vun Zesummegehéieregkeet a Solidaritéit no hannen a mir kucken och mat Zouversiicht no vir.

Et ass net alles einfach an net alles selbstverständlech, mee mir wëssen, wéi mer sinn, a mir wëssen, wat mer sinn. Mir sinn e zouverlässege Partner a mir sinn e Land mat enger eegener Geschicht a mat enger eegener Zukunft. Et läit an eisen Hänn. Et ass un eis alleguerten, fir haut déi Fundamenter ze géissen op deenen déi Generatiounen, déi no eis kommen, hir Zukunft kënne bauen.

Haut um Virowend vun Nationalfeierdag, wou mer als Land an als Natioun zesummestinn, solle mer net nëmmen un eis selwer denken, mee och un déi, déi no eis kommen. D’Liewensqualitéit, déi mer haut genéissen, gehéiert eis net. Mir hu se geierft vun de Generatioune virun eis an dat Ierwe verflicht eis vis-à-vis vun de Generatiounen, déi no eis kommen.

Als Premier an als Bierger vun dësem Land wëll ech alles maachen, dass eis Liewensqualitéit erhalen an eis Zukunft geséchert ass. Déi aktuell Zeechen an dat aktuellt Ëmfeld si positiv a mir hunn all Ursaach, de Wee weiderzegoen, dee mer zesummen ageschloen hunn. D’Land steet gutt do, mir si virbereet op dat wat kënnt a mir si prett, fir déi nächst Kapitelen an der Geschicht vun eisem Land ze schreiwen – mat enger staarker Fieder an a grousse Buschtawen.

Chers concitoyens,

À tous ceux qui vivent dans notre pays et qui viennent de plus loin. Vous faites partie de notre patrie, ensemble nous formons un pays extraordinaire et exceptionnel. Depuis que le Luxembourg existe en tant qu’État indépendant, nous avons été un pays multilingue et multiculturel. Notre histoire, notre ADN et notre identité nationale sont celles d’une société ouverte. Demain, nous célébrons notre fête nationale et ce jour important suscite une réflexion sur nous-mêmes, et «nous», c’est nous tous. Soyez sûrs que les Luxembourgeois et les non-Luxembourgeois constituent une unité et que vous êtes les bienvenus.

Dir Dammen an Dir Hären,
Léif Matbierger,

Ech wënschen Iech am Numm vun der Regierung an a mengem perséinlechen Numm e schéinen, agreablen a rouegen Nationalfeierdag.

Vive de Grand-duc, d’Grande-duchesse an déi groussherzoglech Famill.

Vive eist Land."