Discours de Fernand Etgen lors des vendanges 2017 dans le vignoble mosellan

D’Qualitéit wäert esou sinn wéi an de leschte Joren, nämlech exzellent.

Seul le discours prononcé fait foi
Discours – Publié le

Dir Damen an dir Hären, léif Wënzerinnen a Wënzer, léif Vertrieder vun den Domaines Vinsmoselle, de Privatwënzer an dem Wäinhandel, vun der Presse a vun de Verwaltungen.

Haut de Moien ass schonns vill gesot ginn iwwer den Zoustand vun de Drauwen, iwwer d’Wieder an natierlech iwwer de Verlaf vun der Drauwelies. Erlaabt mir dofir kuerze Resumé opzestellen:

2017 ass en aussergewéinlech fréit Wäijoer. D’Drauwen hunn den 2.August ugefaangen zeideg ze ginn, 15 Deeg méi fréi wéi an normale Joren. A verschiddene Wéngerte laanscht Musel hate souguer d’Pinot’s Zorte schonns Enn August iwwer 70 Oechsle erreecht.

2017 ass keen einfacht Wäijoer. Besonnesch de Fréijoersfrascht am Abrëll, de Reen-Defizit am Ufank vum Summer an déi staark Nidderschléi d‘lëscht Woch hunn d’Wënzer viru grouss Erausfuerderunge gestallt.

Trotz all Deem konnt ech mech haut iwwerzeegen, dat d’Wënzer Situatioun am Grëff hunn. Drauwen an de Wéngerte sinn zeideg. Déi meeschte Wéngerte gi mat der Hand gelies, wat eng selektiv Lies erméiglecht. Och am Keller sinn Drauwen an de Wäi bei eise kompetente Wënzer a Kellermeeschter an de beschten Hänn.

Ech maache mir also absolut keng Gedanken ëm d’Qualitéit vum 2017’er Millésime. D’Qualitéit wäert esou sinn wéi an de leschte Joren, nämlech exzellent.

Wat mir awer ze bedenke gëtt ass datt mir erëm e Joer mat staarkem Ernteausfall hunn. Schold dorunner ass dëst Joer haaptsächlech de Fréijoersfrascht. Wann ech op déi leschte Joren zeréckkucken, muss ech feststellen, dat d’Wiederkapriolen mëttlerweil éischter d’Regel wéi d’Ausnam sinn. Heivunner ass net nëmmen de Wäibau betraff, mä och déi aner Secteure vun der Landwirtschaft. D’Regierung ass sech dëser schwiereger Situatioun bewosst. Dofir si Moossnamen ergraff gi fir den Afloss vum Wieder op d‘ekonomesch Situatioun vun eise Betriber ofzefiederen.

Déi éischt Moossnam besteet an enger finanziell Bäihëllef fir d’Primë vun Ernteausfall-Versécherungen. Des Bäihëllef gouf vu 50% op 65% eropgesat esou datt sech och déi méi finanzschwaach Betriber des Versécherunge leeschte kënnen.

Déi zweet Moossnam huet d’Regierung am Steierberäich geholl. De Wënzer schafft mat der Natur, a séin Akommes variéiert mat de Laune vun der Natur. Duerch déi nei Steierreform kënne finanziell gutt Jore mat finanziell manner gudde Jore kompenséiert ginn.

D’Aarbecht am Wéngert ass eng Saisonsaarbecht. Aarbechtsspëtze besti virun allem während der Drauwelies mä och am Summer. Vir des Aarbechtsspëtzen ze meeschteren ass de Wënzer op Saisonsaarbechter aus dem In- an Ausland ugewisen. Jiddereen heibanne weess, dat d’Gestioun vum Personal opwenneg ass. Dofir huet d’Regierung déi noutwenneg administrativ Demarchë fir Saisonsaarbechte wesentlech vereinfacht. Des vereinfacht Prozedur ass am Detail um Internetsite vun dem Institut viti-vinicole erklärt.

Erlaabt mir nach e puer Wieder iwwer de gemeinsame Wäimarketing ze verléieren. Ech si frou, dat mir eng Eenegung fonnt hunn. Fir de gemeinsame Wäimarketing awer ze gestalte brauche mir eng Persoun déi sech drëm këmmert. D‘Prozedur vum Rekrutement leeft, esou dat ech dervun ausginn, dat mir Enn vun dësem Joer lassleeë kënnen.

Nach sinn net all Wéngerte gelies. Dofir hoffen ech datt d’Wieder nach bis zum Schluss vun der Drauwelies matspillt. Jiddefalls freeën ech mech elo schonns den 2017er Millésime mat iech zesummen um Maacher Wäimaart ze schmaachen.

Ofschléissend wëll ech iech Merci soe fir déi léif Invitatioun hei op d’Musel a wënschen Iech an Äre Mataarbechter nach eng schéi Lies.

Prost op de Millésime 2017!