Nationale Commemoratiounsdag – Proklamatioun vun der Regierung

Communiqué – Publié le

Zanter 1946 gëtt all Joer den nationale Commemoratiounsdag gefeiert, fir un d’Ënnerdréckung duerch den Naziregime vun 1940 bis 1945 ze erënneren. Den neie Comité fir d’Erënnerung un den Zweete Weltkrich huet an dëser Traditioun der Regierung proposéiert, weiderhin d’Undenken un déi héich ze halen, déi sech dem brutalen Ënnerdrécker mat beispillhafter Solidaritéit entgéintgestallt hunn.


De Commemoratiounsdatum vum 10. Oktober symboliséiert d’patriotesch Reaktioun vun der grousser Majoritéit vun de Lëtzebuerger géint déi hannerhälteg Manéier, mat där d’Lëtzebuerger iwwer d’"Personenstandsaufnahme" vum 10. Oktober 1941 sollten an d’Däitscht Räich integréiert ginn.


Den 30. August 2017 waren et genee 75 Joer, datt de Gauleiter d’Zwangsrekrutéierung dekretéiert hat. D’Reaktioun vun der Bevëlkerung a Form vun engem heroesche Streik huet net op sech waarde gelooss a gouf wäit iwwer d’Grenzen eraus als Widderstand verstanen. Déi däitsch Äntwert war Ëmsiidlung an Deportatioun; déi éischt Zich hunn d’Hollerecher Gare de 17. September 1942 verlooss. Dat schwéiert Lous vun der Zwangsrekrutéierung huet siwe ganzer Joergäng getraff.


Mir vernäipen äis haut am Undenken un all dës couragéiert Patrioten an all d’Lëtzebuerger Affer vum Zweete Weltkrich a maachen dat mat Respekt, Demut an Dankbarkeet. Hiert Beispill soll äis, d’Generatioune vun haut, jonk an al, drun erënneren, datt et eis Flicht ass, äis all Dag op en Neits ze engagéiere fir déi demokratesch Wäerter an de Respekt vun de Mënscherechter, déi weiderhi queesch duerch d’Welt mat Féiss getrëppelt ginn.

 

D’Membere vun der Regierung

Xavier BETTEL, Étienne SCHNEIDER, Jean ASSELBORN, Félix BRAZ, Nicolas SCHMIT, Romain SCHNEIDER, François BAUSCH, Fernand ETGEN, Pierre GRAMEGNA, Lydia MUTSCH, Dan KERSCH, Claude MEISCH, Corinne CAHEN, Carole DIESCHBOURG, Marc HANSEN, Camille GIRA, Francine CLOSENER, Guy ARENDT

Communiqué par le ministère d'État