Allocution de Lydia Mutsch à l'occasion de l'ouverture de la 10e Journée nationale de prévention du suicide (11.10.2017)

Discours – Publié le

(Begréissung)  

Et ass mir eng grouss Freed haut um zweeten Dag vun dëser 10. Editioun vun den Suizid-Präventiouns-Deeg dobäi ze sinn.

Et kann een effektiv soen – ouni z’ iwwerdreiwen – datt de Gesondheetsministère mëttlerweil mat den Nationalen Suizid-Präventiouns-Deeg eng joerzéngtelaang Geschicht verbënnt.

Fir sech der Suizidpräventioun gezielt unzehuelen, huet de Gesondheetsministère 2006 den Informatiouns- an Präventiounszentrum vun der Ligue Luxembourgeoise d‘ Hygiène Mentale (an Tëschenzäit den Informatiouns- an Präventiounsservice vun der Ligue) beoptraagt, d’ Vernetzungsintiativ fir Suizid ze koordinéieren. Dëst war deemools ënnert der Leedung vun der Madame Marie-Jeanne Bremer.

Déi exzellent Aarbecht vun dëser Vernetzungsinitiativ huet dozou gefouert datt ënnert der Leedung vum Gesondheetsministère an dem CIP, an enker Zesummenaarbecht mat verschiddenen Aarbechtsgruppen, 33 Aktiounen am Kader vum Nationalen Suizidpräventiounsplang ausgeschafft gi sinn. Dësen gouf 2015 vun der Regierung ugeholl.

Am Opstellen vun dësem Plang sinn 6 Ministerien, wëssenschaftlech Beruffsgesellschaften, Associatiounen vu concernéierten Leit, Acteuren déi am therapeuteschen Beräich schaffen an Acteuren déi an der Präventioun schaffen, mat involvéiert sinn. Duerch dës Multitüde kann de Problem vum Suizid souwuel präventiv wéi och post-ventiv ugepaakt ginn. 

Generell kann ech soen, dass mir bei der Ëmsetzung vun den Aktiounen relativ gutt virukommen.

  • D’ Opstellen vu wëssenschaftlechen Étuden un Hand vun “psychologeschen Autopsien”, souwéi d’ Opstellen vun engem nationalen Doudesregester duerch Suizid an engem nationale Register vun den Tentativen sinn momentan absolut prioritär!

  • Enn November ass eng Konferenz déi d’ Noutwennegkeet vu Verbesserungen an der Encodéierung vun den Suizidversich während dem Passage an den Urgencen ënnersträicht; dëst ass absolut noutwenneg fir weider Fortschrëtt an der Präventioun ze maachen.

  • Grousse Succès huet donieft d’ Wanderausstellung “A/Normal”, déi zënter dem leschten Joer ënnerwee ass.  Ënner anerem un Hand vun dëser Wanderausstellung gëtt di breet Ëffentlechkeet iwwert d’ Problemer vun der psychescher Gesondheet, a virum allem dem Zoustand vu post traumateschem Stress oder Stëmmungsschwankungen, chroneschem Stress a Belaaschtungen, souwéi Angschtstéierungen informéiert a sensibiliséiert.

  • Ausserdeem konnt en zousätzlechen Psycholog an der Équipe vun SOS Détresse engagéiert, an d ‘Équipe ronderëm weider forméiert ginn, wat den “Temps d’écoute” progressiv erweidert.

  • E weidere Bestanddeel vum Suizidpräventiounsplang ass d’ Participatioun un thematesche Workshopen bei verschiddene Kongresser; esou z.B. virun 3 Wochen beim 11ten Europäeschen Kongress iwwert den intellektuelle Handicap an di psychesch Gesondheet, wou gezielt Populatiounen ugeschwat ginn.

  • Wichteg ass eis och fir d’ Mataarbechter vun engem Betrib ze sensibiliséieren, fir een géintiwwer deem aneren opmierksam ze sinn. Duerfir ass een Objektiv vum Plang –an enker Zesummenaarbecht mam Aarbechtsministère - och d’ Fërderung vun der sougenannter “Vigilance partagée”, der gedeelter Opmierksamkeet. Mir wëllen domat d’ Salariéen och responsabiliséieren, fir net ewech ze kucken, wann et engem Aarbechtskolleg net gutt geet.

  • Wéi kënne mer eis an der Präventioun vu Suiziden am Beräich vun de Jonken opstellen ? Déi Fro steet dëst Joer besonnesch am Fokus.
An deem Sënn stellt de Gesondheetsministère, an Zesummenaarbecht mat der Éducatioun, d’ nächst Woch e spezielle Guide fir Lycéeën an Internater vir, dee gezielt d’ “Postventioun Suicidaire” an den Schoulen u steiert.
  • Den Internet-Site www.prevention-suicide.lu ass och am gaangen erneiert ze ginn, an zousätzlech gëtt dësen duerch eng Facebook Säit iwwert d’Suizidpräventioun erweidert. Et ass immens wichteg dass mer den Internet generell fir d’ Diffusioun vun Informatiounen vu Qualitéit, wéi et hei de Fall wäert sinn, notzen.

D’Iddi fir an dësem Kontext iwwert den Internet esou vill Leit wéi méiglech z’ erreechen ass net nei a gëtt schonn zënter jett Joeren an verschiddene Länner wéi z.B. bei eisen franséischen Noperen oder méi weit wéi z.B. am Québec ëmgesat.

Dës Erfahrungen weisen dat niewent enger grousser, globaler, nationaler, duerchduechten Strategie, eng global Léisung net erbäizeféieren ass, mee dat et nach ëmmer bei dëser Problematik dreems geet déi eenzel Schicksaler esou gutt wéi méiglech kënnen z’ erreechen an zwar onofhängeg vun der Auerzäit oder vun finanziellen Aspekter.

  • Dir mierkt, den Nationalen Suizidpräventiouns-Plang sëtzt sech usprochsvoll Objektiver. Verschidden Aktiounen konnten och schonns ganz oder punktuell erreecht an ofgeschloss ginn.

Dozou gehéiert zum Beispill déi gezielte Formatioun vun Professionellen vum Terrain, déi op Grond vun där massiver Ufro nach weider soll gedriwwe ginn.

Effektiv hu mir eist primärt Ziel vun 500 forméierten Leit bis 2019 schonn no knapp 2 Joer (2017) erreecht.  

Dir Dammen an Dir Hären,

Esou thematesch Journéeën vun der Suizidpräventioun wéi déi heiten sinn absolut wichteg fir eng effektiv Suizidpräventioun opzestellen.

D’ Gesondheet ass eng Prioritéit fir eist Land. All Mënsch huet e Recht op eng gutt Gesondheet an esou och op Servicer déi him erlaben eng gutt Gesondheet ze hunn an ze behalen.

An esou baséiert och den Nationalen Suizidpräventiounsplang op enger bio-psycho-sozialer Approche (Usaz), déi di ganz Pluridimensionalitéit vun dëser Thematik respektéiert.

Di präventiv Aktiounen sollen net nëmmen drop hin zielen den suizidalen Akt ze verhënneren. Et geet drëm fir sech wäit am Virfeld, dem eigentlechen psycheschen Leed vun jiddwer Eenzelnen unzehuelen. Et geet drëm e Suizid ze verhënneren, andeem versicht gëtt, enger betraffener Persoun ze hëllefen, eegen psychosozial Kompetenzen z’ entwéckelen.

80 Suiziden an 1.600 versichte Suiziden ginn et am Duerchschnëtt all Joer zu Lëtzebuerg! Op all tatsächleche Suizid ginn tëscht 10 an 20 Selbstmordversich gerechent. An anere Wieder: hei am Land hellt sech am Duerchschnëtt all 4 Deeg e Mënsch d ’Liewen!

Mir kéinte lo soen, dass mir am Grand-Duché an der Moyenne am europäeschen Verglach net esou schlecht do stinn; Nee! well all Eenzelnen deen duerch Suizid ëm d’ Liewe kënnt ass en Drama. A meeschtens kënnen a wëlle mir eis net virstellen, datt eis oder engem dee mir kennen esou eppes geschitt.

Mir gesinn datt mir nach méi Efforten musse maache.

All eenzelne Suizid huet immens héich Auswierkungen op den Entourage vum Suicidéierten. Eis Gesellschaft bezillt hei en héijen Tribut. Et gëtt geschat datt tëscht 5 an 10 Persounen aus dem direkten Familljen-a Frëndeskrees vum Suicidéierten Ënnerstëtzung oder psychologesch Soinën an Hëllef musse sichen.

Den Suizid ass laang als Tabuthema presentéiert ginn, an och dacks nëmmen op den familiären Kader beschränkt ginn. Och haut gëtt net gären driwwer geschwat. D ‘Ëffentlechkeet gesäit gären iwwert d’ Fäll ewech a verstoppt déi eenzel Nimm hannert Graphiken oder Statistiken.

Et ass ëmmer nach en Instinkt dëst Tabuthema einfach ze verdrängen. Allerdéngs ass dat och dacks de Grond, firwat Unzeechen, déi op esou eng Dot hindeiten kënnen - wéi z.B eng iwwerdriwwe Frëndlechkeet oder eng abrupt Ännerung vum Ausgesinn - oft vun den Elteren, den Kollegen, oder och soss dem Ëmfeld net erkannt, respektiv ignoréiert ginn. 

Dës 10. Journée geet haut weider mat Konferenzen an Workshopen ronderëm déi tertiär Präventioun oder wéi gesot d’ Postventioun beim Suizid.

Dat erlabt et, fir sech duerch gemeinsam formuléiert Praktiken, engersäits dem Problem méi staark bewosst ze ginn, an anerersäits an haaptsächlech fir d’ Wëssen vun den Handlungs- oder Interventiounskompetenzen vun den Expert ‘en awer och vun den Net-Experten am Gesondheetsberäich ze beräicheren, wëll nëmme sou sinn mir um gudde Wee.

E grousse Merci un den Organisatiounscomité vun dësem besonnesch breede Programm; Merci awer och un all d’ Participanten an Conférencieren déi vun méi no, an awer och vun méi wäit ewech heihi komm sinn. Iech all en interessanten an fructuéisen Échange.