Discours de Fernand Etgen lors du 7e colloque organisé par l'Organisme pour la sécurité et la qualité de la chaîne alimentaire: "La sécurité dans mon assiette"

D’Fraude alimentaire geréit ëmmer rëm op en Neits an d’Schlagzeilen

Discours – Publié le

Dir Dammen an dir Hären, ech freeë mech, iech all haut zu dësem Colloque begréissen ze kënnen, den sech de Moien ëm en ganz aktuelle Sujet dréit: d’Fraude alimentaire.

De rezenteste Fall vu Liewensmëttelbedruch ass eis nach all gutt an Erënnerung : den Fipronil an den Eeër.

D’Fraude alimentaire geréit ëmmer rëm op en Neits an d’Schlagzeilen. Een Fall vu Liewensmëttelbedruch, den och fir vill Opreegung gesuergt hat, war den Päerdsfleeschskandal 2013, wou an verschiddene Produiten Päerdsfleesch entdeckt gouf, obwuel Randfleesch sollt dra sinn. Dëse Virfall hat zwar keng Konsequenzen fir d’Gesondheet, mä d’Konsumenten goufen trotz Allem getäuscht. 

De Päerdsfleeschskandal war awer bäi Wäitem net den eenzege Fall vu Bedruch an der Liewensmëttelindustrie. Virun dësem Skandal goufen et nach aner Fäll, déi wäitaus méi geféierlech fir d’Gesondheet waren.

Dorënner war zum Beispill de Fall vum Rapsueleg a Spuenien 1981, wou Mineralueleg bäigefügt gouf oder de Fall vum Melamin an der Mëllech a China 2008, wou souguer Kanner gestuerwe sinn. Ma och wann keng Leit gesondheetlech zu Schued kommen, dierf een de kriminelle Charakter vun sou engen Doten net einfach ignoréieren. 

Mä wat  versteet een eigentlech ënnert Liewensmëttelbedruch? Bis lo gëtt et keng harmoniséiert Definitioun vum Begrëff « Fraude alimentaire » op europäeschem Niveau, mä et ass allgemeng unerkannt, datt 4 Kritèren mussen erfëllt sinn, fir datt een vu Fraude alimentaire ka schwätzen : 

  1. Et muss eng Verletzung vum Liewensmëttelrecht virleien, 
  1. et muss eng Intentioun derhannert stiechen, 
  1. et muss e Gewënn derbäi entstane sinn an 
  1. de Client muss getäuscht gi sinn. 

Vu datt et sech hei ëm eng Täuschung vum Client, also vum Konsument handelt, ass et sécherlech och als Aufgab vun der Protection des consommateurs ze gesinn, sech fir d’Bekämpfung vun der Fraude alimentaire anzesetzen. 

Den Gesetzesprojet 6614, den en neie Kontroll- a Sanktiounssytem fir Liewensmëttel aféiere soll, gesäit an dësem Sënn en neie “Commissariat au Gouvernement à la qualité, à la fraude et à la sécurité alimentaire” vir. D’Kompetenz fir d’Qualitéit an d’Fraude läit hei beim Minister, den zoustänneg fir de Konsumenteschutz ass. 

Hei sinn ech ganz zouversiichtlech, dass di nei Weeër déi mir zesummen mat menger Kollegin Gesondheetsministesch aschloen wëllen, vun grousser Wichtegkeet sinn: de Beräich vun der Liewensmëttelsécherheet, hirer Qualitéit an eben och der Fraude alimentaire ass komplex, an di sëllechen, ënnerschittlech Kompetenzen kënnen nëmmen besser an méi effektiv zesummeschaffen, wann e Regruppement an eng Harmonisatioun hëlleft se méi no ze bréngen. Eng Stäerkung vun den nationalen Kompetenzen hunn mir nët nëmmen Wëlles mat den Inspektiounsorganen. Och di néideg technesch Installatiounen, also d ‘Laboratoiren, wou all Joer méi komplex – an och méi deier – Analysenmethoden an -Instrumenter néideg sinn, wëllen an Zukunft nach méi enk zesummeschaffen. Fir d’Sécherheet an d’Qualitéit ze garantéieren an fir d’Fraude besser ze depistéieren. 

Liewensmëttelbedruch ass sécherlech keen neie Phänomen. Säitdem mat Liewensmëttel gehandelt gëtt, existéiert och d’Fraude alimentaire. Trotzdem entdecken ëmmer méi kriminell Organisatiounen d’Liewensmëttelindustrie fir sech, well et an dësem Secteur méiglech ass, mat geréngem Opwand ganz vill Profit ze maachen.

Mä virun allem de weltwäiten Handel mat Liewensmëttel erschwéiert et, fir e Bedruch kënnen opzedecken. D’Liewensmëttel leeën oft dausende vu Kilometeren zréck, éiert se bäi eis ukommen an beim Konsument um Teller landen. Dëst erschwéiert eng efficace Kontroll, well hei eng etlech Betriber mat involvéiert sinn. Et ass net evident, fir bäi sou laange Weeër d’Traçabilitéit ausféierlech ze kontrolléieren. 

Donieft kommen och ëmmer méi nei an exotesch Produiten op de Marché, vun deenen de Konsument net emol weess, wéi se missten ausgesinn oder sollte schmaachen. Och bäi staark transforméierten Liewensmëttel ass net méi wierklech ze erkennen, wat mol eng Kéier den Urprongsproduit war, wat nees un d’Päerdsfleesch an der Lasagne denke léisst. Och d’Art a Weis, wéi Liewensmëttel hiergestallt ginn, ass ville Konsumenten haut net méi bekannt. Dëse feelende Bezuch zu de Liewensmëttel vereinfacht et sécherlech nach, fir e Produit ze verfälschen, ouni datt et opfält. Duerfir ass et ëm sou méi schwéier, fir en Bedruch opzedecken, wann dësen keng gesondheetlech Konsequenzen mat sech bréngt: et fält meeschtens kengem op an gëtt dohier och net gemellt.

Et dierf een och net vergiessen, datt hannert enger Fraude ëmmer eng Absicht stécht, wat et zousätzlech erschwéiert, fir se opzedecken.

Ma net nëmmen de Konsument kann duerch Bedruch geschiedegt ginn, mä och d’Land, an dem d’Fraude optrëtt. Ze Schued kommen heibäi virun allem d’Economie vum Land a seng international Renommee. 

Duerfir sinn alleguerten d’Acteuren aus dem Liewensmëttelsecteur gefuerdert, fir bäi der Opdeckung vu dëse kriminelle Machenschaften ze hëllefen. 

Zu dësem Zweck gesäit dat neit EU-Kontrollreglement 2017/625 och vir, datt déi kompetent Autoritéiten regelméisseg offiziell Kontrollen duerchféieren, fir eventuell betrügeresch Praktiken opzedecken. 

Fir dëst kënnen ze realiséieren, brauch een eng efficace Kommunikatioun ënnert de verschiddenen Acteuren an en zolitten legale Kader, souwuel um Niveau vun der EU, wéi och national. Déi Kommunikatioun sollt net nëmmen um nationalen, mä och um europäeschen Terrain stattfannen, well d’Liewensmëttel, déi konsuméiert ginn, net nëmmen aus dem eegene Land, mä och aus dem Ausland stamen. D’Fraude alimentaire mécht och keen Halt virun de Grenzen. 

Fir eng wierksam Kommunikatioun iwwert d’Grenzen ewech opzebauen an oprecht ze erhalen, ginn et Moyenen, déi vun der Europäescher Kommissioun zur Verfügung gestallt ginn. Et gëtt en Netzwierk, dat sougenannten “Food Fraud Network”, wou Fäll vun Fraude alimentaire beschwat ginn. Dëst Netzwierk, wat 2013 nom Päerdsfleeschskandal entstanen ass, ëmfaasst déi 28 EU-Memberlänner, Island, Norwegen, d’Schwäiz, Europol an d’Europäesch Kommissioun an huet een zentrale Kontaktpunkt an all Land. Duerch den “Administrative Assistance and Cooperation System (AAC)” besteet och eng Méiglechkeet, séier iwwert elektroneschem Wee mateneen ze kommunizéieren. 

Mä mat Kontrollen alleng geet et awer net duer. Wann d’Fraudeuren zwar erwëscht ginn, awer net sou bestrooft ginn, datt se doduerch eng sérieux finanziell Perte maachen, ass d’Stroof net ofschreckend genuch. Och hei gëtt et nach Handlungsbedarf um Niveau vun den EU-Memberstaten.

Och d’Kontrolle selwer waren bis lo net drop ausgeluecht, fir e Bedruch opzedecken, mä fir Mängel an der Hygiène festzestellen, déi en Impakt op d’öffentlech Gesondheet kënnen hunn. Hei ass en Ëmdenken vu Säiten vun den Kontrolleuren néideg, déi am Fall vun enger Fraude zum Beispill och Beweiser musse sécheren.

Vu datt et sech bäi enger Fraude ëm eng Stroofdot handelt, muss och de Parquet ageschalt ginn.

Nieft ugepasstenen Kontrollen ass och d’Fuerschung gefuerdert, fir Methoden ze entwéckelen, déi Bedruch am Liewensmëttelsecteur kënnen opdecken. Sou ass et zum Beispill mëttlerweil méiglech, biologesch Produiten vun net biologesche Produiten ze ënnerscheeden. Weider Methoden gi gebraucht, fir Liewensmëttelbedruch kënne festzestellen. 

Heibäi stellt sech och d’Fro, wou Bedruch iwwerall optriede kann. D’Äntwert dorop ass, datt eigentlech bäi all Etapp an der Liewensmëttelketten eng Fraude begaange ka ginn, dat heescht souwuel während der Primärproduktioun, wéi och während der Transformatioun, am Handel, während dem Transport an bäi der Entsuergung. Heefeg betraff sinn souwuel planzlech Produiten wéi den Olivenueleg, Kären, Kaffi, Téi, Gewierzer, Wäin a Jus, wéi och Produiten vun déirescher Herkunft wéi Fësch, Fleesch an Hunneg, an biologesch Produiten. Och déiresch Nieweprodukter an Nahrungsergänzungsmëttel kënne betraff sinn. Donieft kann et sinn, datt den Etiquetage net stëmmt oder mannerwäerteg Produiten als Qualitéitsproduiten verkaaft ginn. Och d’Deklaratioun vum Hierkunftsland gëtt mol gäre falsch uginn. 

Dat gréisste Potential fir d’Vermeidung vun Liewensmëttelbedruch läit dobäi bäi den Hierstellungs- an Transformatiounsbetriber.

D’Leit, déi an dëse Betriber schaffen, kréien als éischt mat, wann eng Fraude begaange gëtt. Dës Leit kéinten eng Quell sinn, fir en Bedruch ze mellen, nach éiert Kontrollen duerchgefouert goufen. Dat neit EU-Kontrollreglement gesäit dozou vir, datt déi zoustänneg Autoritéiten iwwert wierksam Mechanismen verfügen, déi d’Mellen vun Verstéiss duerch sougenannte “Whistleblower” erméiglechen. Vill Mataarbechter trauen sech net, fir Hiwäiser ze ginn, well se Angscht virdrunner hunn, hir Aarbecht ze verléieren oder bestrooft ze ginn. Fir sou Leit ze schützen, wier e gesetzlechen Schutz néideg.

Vu datt d’Fraude alimentaire nach net laang am europäeschen Liewensmëttelrecht verankert ass, fir genau ze sinn ass dat neit Kontrollreglement dëst Joer am Mäerz publizéiert ginn, gëtt et nach Villes, wat op internationaler Ebene an och heiheem muss geregelt ginn.

Duerfir si mer haut hei, fir en konstruktiven Austausch vun Iddien an Ureegungen stattfannen ze loossen, wéi een zesumme géint d’Fraude alimentaire ka virgoen.

An dësem Sënn soen ech iech alleguer Merci, dass der komm sitt a wënschen iech en interessanten Dag!