Discours de Lydia Mutsch à l'occasion de la Journée mondiale du SIDA – 25 ans Stop Aids Now-Access

Discours – Publié le

(Seul le discours prononcé fait foi)

(...)

Et ass mer eng grouss Éier fir haut um Welt-Aids-Dag mat iech de 25. Gebuertsdag vun "Stop Aids Now-Access" ze feieren.

25 Joer am Kampf géint den Aids! Dat verdéngt Respekt.

Wéi d'Associatioun 1992 an d'Liewe geruff gouf, huet si sech virun allem op Aktivitéiten hei am Grand-Duché konzentréiert. Deemools stoungen an der Riposte géint den HIV an Aids nach vill Froen am Raum, esouwuel um sozialen, wéi och um medezinesche Plang, op déi et nach keng Äntwerte gouf. 

"Stop Aids Now" huet et fäerdeg bruecht, Sensibiliséierungs-Projeten z'entwéckelen an huet, zesumme mat anere Partner, Initiative fir d'Versuergung vun deene Kranken an hire Famillen op d’Bee gestallt.

"Stop Aids Now" ass haut e wichtegen nationale Pilier am Beräich vun der Aids-Präventioun an der Sensibiliséierung, an huet an näischt nogelooss, wann et drëm geet dës Epidemie ze stoppen.

Donieft ass ACCESS, d’"Action de coopération pour l’environnement et la santé", aus dem Wëllen eraus entstane fir zu der Nohaltegkeet an der Reduzéierung vun der Aarmut, am breede Sënn vum Wuert, bäizedroen; a méi speziell, fir Sensibiliséierungs-Aktiounen an d'Versuergung vun Aids-Kranken an den Zillänner vun der lëtzebuerger Kooperatioun z'ënnerstëtzen. Heibäi gouf e besonnesche Fokus op déi westafrikanesch Länner geluecht.

Haut ass ACCESS en internationalen Interventiouns-Axe, an zënter 2009 mam Kooperatiounsministère konventionéiert.

Datt déi zwou Associatiounen dunn och fusionéiert hunn, louch quasi op der Hand. "Stop Aids Now-Access" huet weiderhin op nationalem an internationalem Plang déi selwecht Objektiver, déi mëttlerweil och am Plang UNOSIDA 2030 festgehale sinn, mat der Ambitioun, fir bis 2030 den HIV eliminéiert ze hunn.

UNOSIDA no stinn d'Zeechen dofir nawell gutt:

  • Zënter 2010 sinn d'Infektioune mam HIV bei den Erwuessenen ëm ronn 11% zeréck gaangen: vun 1,9 op 1,7 Milliounen d'lescht Joer.
  • 2016 sinn 1 Millioun Mënschen un de Suitë vu Krankheeten am Zesummenhang mat Aids gestuerwen, géintiwwer nach 1,9 Milliounen (also bal duebel esou vill) 2005; an 1,5 Milliounen 2010.
  • Vun den 36,7 Millioune Mënschen op der Welt déi mam HIV liewen, haten op de Juni 2017, 20,9 Milliounen – dat sinn 54% – Accès zu engem antirétroviralen Traitement.

Fir hiert ambitiéist Ziel z'erreechen huet UNOSIDA déi ambitiéis 90-90-90 Strategie definéiert. Duerfir mussen:

  • 90% vun de Persounen déi de Virus a sech droen depistéiert sinn;
  • 90% vun deenen déi positiv getest goufen traitéiert ginn;
  • a schliisslech 90% vun deenen déi traitéiert ginn hir Behandlung weiderféieren, bis dass hir Charge virale net méi nozeweisen ass.

Schweden war iwweregens dat éischt Land wat deklaréiert huet, d’Objektiver vun UNOSIDA erreecht ze hunn.

Och Lëtzebuerg léisst net a senge Beméiungen no.

Wéi der wësst, leet d'lëtzebuerger Gesondheetspolitik e staarken Akzent op d'Präventioun vun Aids, Hepatitten a sexuell iwwerdrobare Krankheeten an op eng maximal Reduzéierung vu Risikoverhalen.

Net méi spéit wéi de Moien hunn ech dem Regierungsrot den neien Nationalen Aktiounsplang géint Aids virgestallt.

E wichtegen Akzent gëtt hei op d'Drogekonsumente geluecht, déi hir Droge sprëtzen a sech esou mam HIV ustiechen. Grad an dësem Beräich ass d'Zuel vun den nei-Infektiounen an de leschte Jore staark geklommen, mat 21 vun den 98 neie Patienten 2016.

Dobäi gehéiere mir mëttlerweil zu deene Länner an der EU mat den Offeren déi am villfältegste sinn am Beräich Risikoreduzéierung.

Nieft den Aktioune fir den Depistage an den Informatiounscampagnen, hu mir an deem Sënn och weider nei komplementar Mesuren, och am Beräich Präventioun, ausgeschafft déi notamment Drogekonsumente viséieren. Si hunn en erhéichte Risiko: dacks dréit nämlech déi précaire a verzweiwelt Situatioun an där sech déi Betraffe befannen nach derzou bäi, dass d'Vermeide vun Ustiechungen a Krankheet u Prioritéit verléiert.

Duerfir schaffe mer mat den Acteure vum Terrain drun, fir e mobillen Dispositiv ze schafen deen et erlaabt, notamment déi Konsumenten déi ech elo ugeschwat hunn ze erreechen do wou se sech ophalen, fir de Kontakt aktiv ze sichen an erëm hierzestellen, hinnen Dépistagen an Hëllef ze offréiere fir se erëm mam Hëllefssystem respektiv Distributiouns-Stelle vu propperem Sprëtzematerial ze connectéieren, an hinnen eng Behandlung unzebidde falls noutwenneg.

Virun allem wäerte mir och weiderhi verstäerkt Aktiounen an Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagnë lancéieren, déi sech virun allem un déi Leit riichten, déi um Bord vun eiser Gesellschaft liewen: un d'Drogekonsumenten an un d'Prostituéiert, awer och un déi breet Ëffentlechkeet, mam klore Message: Schützt iech a loosst iech bei erhéichtem Risikoverhalen depistéieren!

Fir ofzeschléisse wëll ech dem Gebuertsdaagskand "Stop Aids Now-Access" häerzlech fir de 25. gratuléieren. Felicitatioune fir d'Organisatioun vun dësem gelongenen Owend a ganz besonnesch fir all déi geleeschten Aktivitéiten an ären Engagement an deene leschte Joren.

Alles Guddes, vill Succès fir är zukënfteg Aktiounen, an iech all nach e ganz schéinen Owend!