Allocution de Lydia Mutsch à l'occasion de l'inauguration du service de parentalité du Réseau Psy, le Centre KanEl

Réseau Psy

Discours – Publié le

Et ass mir eng grouss Freed de Mëtten bei der Aweiung vum Centre KanEl dobäi ze sinn.

Fir unzefänken, wollt ech iech all e ganz grousse Merci soen, dass dir zu sou vill haut komm sidd. Dëst ass en Zeechen fir äeren Interessi un dëser wichteger Missioun, déi den Centre KanEl sech virgeholl huet z’iwwerhuelen, an och en Zeechen fir äert Engagement am Sënn vum Kand a vun der Parentalitéit.

Merci och dem Verwaltungsrot an der Direktioun vum Réseau Psy, souwéi all deenen déi sech an der alldeeglecher Praxis fir Eltere mat psycheschen Problemer oder Kanner - deenen hir Elteren  - psychesch Problemer hunn, asetzen.

Wéi ech viru 4 Joer d’Funktioun vun der Gesondheetsministesch iwwerholl hunn, wor fir d’Regierung a mech kloer, datt am Kader vum Kanner- a Jugendberäich méi genau gekläert muss ginn, wéi prinzipiell eng gutt Gesondheet soll ausgesinn. An hei ass dann och scho ganz fréi riets gewiescht vum “Service Parentalité”, also dem heitegen Centre KanEl vum Réseau Psy.

Et ass richteg datt mam Ausbau vun der Psychiatrie extra-hospitalière, am Kader vun der Reforme an der Psychiatrie an de leschten 20 Joer vill geschitt ass. Dësen Ausbau huet tatsächlech den Erwuessenen als eenzelnen Individuum an de Mëttelpunkt gestallt. Den Erwuessenen mat senger chronescher psychescher Krankheet brauch meeschtens eng breet Prise en Charge déi en dann an de verschiddene Servicer vun der Asbl fënnt.

Et ass eng Tatsaach, dat d’Psychiatrie, a méi speziell d’Sozialpsychiatrie zu Lëtzebuerg, d’Psychiatrie-Landschaft fundamental geännert huet. Dezentraliséiert Psychiatrie ass bei wäitem méi adaptéiert fir déi effektiv Besoinen vun de Patienten opzegräifen. Dëst souwuel um Niveau vun den Erwuessenen, wéi och vun de Kanner. Sécherlech ass d’Prise en Charge an engem Spidol an esou munche Fäll noutwenneg. Et ass awer esou, datt mer alles mussen dru setzen, fir déi ambulant Prise en Charge der stationärer de Virtrëtt ze loossen.

Hautdesdaags huet ons modern Psychiatrie e wäite Wee hannert sech bruecht a sech no baussen zu engem Maximum opgemaach. D’Kenntnisser vun den psychotherapeuteschen Techniken hu sech massiv verbessert an d’Strukture vun der Psychiatrie extra-hospitalière hu sech missen a mussen sech och weiderhin deementspriechend zäitgeméiss upassen, sech konzeptuell weiderentwéckelen, an och sou gutt wéi méiglech ausgebaut ginn, fir den Besoin’en vun de Patiente gerecht ze ginn.

Bei de betraffenen Erwuessenen, déi a ville Fäll och Eltere sinn, handelt et sech meeschtens em Persounen déi un enger Schizophrenie, Psychose, chronescher Dépressioun oder Angschtstéierung erkrankt sinn. Heefeg ass dann d’psychesch Krankheet d’Ursaach oder och d’Konsequenz vu weidere Problemer, wéi zum Beispill der Schwieregkeet, eng adäquat Aarbecht ze fannen oder ze behalen; der Schwieregkeet eng Wunneng kënnen ze bezuelen, familiäre Problemer; der sozialer Isolatioun oder nach der Schwieregkeet sech a senger Roll als kompetent Mamm oder kompetente Papp erëm ze fannen, bezéiungsweis eran ze fillen.

Eng modern psychiatresch ambulant Behandlung muss esouwäit wéi méiglech déi stationär Behandlung verhënneren an der ambulanter Versuergung am gewinnten Ëmfeld Virrang ginn.

De Patient mat psychesche Problemer soll esouwäit wéi méiglech e normaalt Liewen féiere kënnen. D’Persoun vum Patient, wéi och seng Funktioun als Elterendeel, soll hei an dësem Consultatiouns-Zenter am Vierdergrond vun der Berodung a vun der Behandlung stoen.

D’Betreier, d’Dokteren an d’Institutioune stinn am Déngscht vun der Persoun. All dëst ass Mëttel zum Zweck, fir de wierklechen Besoin’en an de Wënsch vum Patient gerecht kënnen ze ginn.

Mäi ganz perséinleche Wonsch ass, dat tatsächlech mat dëser Struktur och weiderhin der Persoun déi hei consultéiert, senger oder hirer Famill, de Kanner oder Jonken, gehollef gëtt, esou dat hiren Alldag u Liewensqualitéit, un Autonomie an u Selbstvertrauen gewanne kann.

Et ass wichteg ze wëssen, datt spezifesch Étuden déi d’psychesch Entwécklung vu Kanner a Jugendlechen ënnersicht hunn, drop hi weisen dat wann en Elterendeel schizophren ass, de Risiko ëm 8-20% méi héich läit fir de Jonken selwer eng Schizophrenie ze entwéckelen, an am Jugendalter 30-40% klinesch signifikant Symptomer opzeweisen. Hei ass bewisen, datt eng Berodung oder adäquat psychotherapeutesch Prise en Charge extrem hëllefräich ass!

Dobäi kënnt dat 40% vun de Kanner vun deenen een Elterendeel dépressiv ass, op mannst eng dépressiv Episode virum 20te Liewensalter opweisen.

A Kanner deenen hir Elteren chronesch vun Angschtzoustänn betraff sinn, riskéieren 7 mol méi heefeg selwer Angschtzoustänn am Erwuessenenalter ze entwéckelen.

Kanner vun deenen 1 Elterendeel un enger schwéierer Dépressioun leid, riskéieren 6 mol méi heefeg selwer eng schwéier Dépressioun am Erwuessenalter ze presentéieren.

Méi komplizéiert a schwiereg ass et fir Kanner a Jonker, wou déi 2 Elterendeeler un enger Dépressioun leiden. Bei dëse leien mir bei enger Probabilitéit vu 70% dat se selwer eng Dépressioun erliewen.

Natierlech sinn dëst alles Statistiken, well jiddwer Schicksal ass eenzegaarteg an hänkt vu ville weidere protektivn Faktoren of. An trotzdem musse mer des Statistike seriös huelen, wa mer eng kohärent ambulant extra-hospitalière Psychiatrie wëllen opbauen.

Hei am Service Parentalité vum Réseau Psy, dem Centre KanEl, fannen mer en eenzegaartegt, multidisziplinart Team, vun Erwuessenen, Psychologen an Psychotherapeuten um Niveau vum Erwuessenen oder vum Kand oder och nach Jugendlechen, systemesch Familientherapeuten, souwéi en Dokter, den an der Kanner- a Jugendpsychiatrie souwéi -psychotherapie spezialiséiert ass.

Et ass dës multidisziplinar Kombinatioun, wéi mer se och an der Psychiatrie extra-hospitalière vum Erwuessen erëm fannen. D’Soin’en an d’Prise en Charge am psychesche Beräich, déi hei an dësem Haus ugebuede ginn, maachen d’Offer vun de Soin’en am Secteur vun der Santé aus.

En Elterendeel mat enger psychescher Krankheet heescht net, net déi néideg Kapazitéiten ze besëtzen e Kand kënnen z’erzéien. Et ginn awer genuch Limiten (déi de Secteur vun der Gesondheet opbaue kann) ronderëm d’Kand gebraucht, déi d’Schwieregkeete vun der Eltereschaft vun der kranker Persoun ausgläiche kënnen.

Esou ass et wichteg dat et eng Équipe ronderëm gëtt, déi mam betraffenen Elterendeel un d’Ënnerstëtzungsnetzwierker denkt, an dës mat abezitt soubal sech dës als noutwenneg erweisen. Et muss een esou och am Kap behalen, dat d’Zäit, déi fir de Soin vum Erwuessenen noutwënneg ass, absolut net mat där, déi um Niveau vum Kand néideg a wesentlech méi laang ass, ze vergläichen ass. Et muss ee sech Zäit loossen a sech dës och erlaben ze huelen.

Dës Équipe differenzéiert sech also definitiv vun den ambulanten Équipen déi am Aide à l’Enfance oder an den zukënftegen schouleschen Centre de Compétences intervenéieren sollen, déi ënnert der Tutelle vum Éducatiounsministère stinn.

An esou wënschen ech de Responsabele vum Centre KanEl, dem Här Egon Davreux, souwéi der Dr Raymonde Schmitz an der Madame Anna Cremer vill Erfolleg an der Prise en Charge vun den Elteren an de Kanner a Jugendlechen, awer och dem Här Jérôme Schiltz deen de Lien um Niveau vum Assistant social tëschent dem Service Logement an dem Centre KanEl assuréiert.

D’Aarbecht déi der leescht, esou wéi déi vun allen Équipen aus dem Réseau Psy, ass immens wäertvoll. Dem Dr Erik Ceusters, dem joerzéngtelaange Chargé vum Réseau Psy, nach e besonnesche Merci fir är avantgardistesch Visioun vun dësem Centre Parentalité, deen dir zënter méi ewéi 8 Joer um Gesondheetsministère, an heefeg mat villen, fir net ze soen, rebelleschen Emotiounen, verdeedegt an ëmgesat hutt.

An dësem Sënn soen ech e grousse Merci allen Intervenant’en vum Réseau Psy an all de weideren Acteuren, ech denken hei och un d’Propriétaire vun dësem Haus, déi an der Begleedung vun dësem Projet mat implizéiert waren a nach weider sinn, well är Aarbecht an ären Bäitrag ass vun onschätzbarem Wäert fir déi betraffen Erwuessen mat Kanner a Jugendlecher ëm déi et hei geet.