Jeannot Krecké au sujet de son retrait de la vie politique et de son successeur à la tête du ministère de l'Economie et du Commerce extérieur

Interview – Publié le

Umoderation: 15 Joer Deputéierten, 8 Joer Minister. Dat sinn d’Eckwäerter vum Jeannot Krecké senger politescher Carrière déi haut op en Enn geet.

Frank Kuffer: Den nach-Wirtschaftsminister huet jo décidéiert e Schlussstréch ënner seng politesch Carrière ze zéien a méi lues ze trëppelen. De Jeannot Krecké ass awer fir e leschten Interview als Minister hei am RTL Studio. Gudde Mëtteg.

Jeannot Krecké: Gudde Mëtteg.

Frank Kuffer: Jeannot Krecké, fänkt da muer en neit Liewen fir Iech un?

Jeannot Krecké: Jo, esou kann een dat soen. Ech mengen, ech brauch net esou fréi op de Büro ze goen. Ech hunn eng Rei Obligatiounen, vu datt mir d’Passation de pouvoir hunn, mä dat sinn awer éischter agréabel Saachen. An duerno probéieren ech da mäi Liewen erëm frësch z’organiséieren. Dat ass net einfach, well dat war ech elo net méi gewinnt.

Frank Kuffer: All Dag um 7 Auer um Büro, hu mir emol an der Zeitung geliest.

Jeannot Krecké: Selbstverständlech, an dat wäert elo e bëssen änneren.

Frank Kuffer: Firwat dréint Dir da grad elo der Politik de Réck?

Jeannot Krecké: Dat war a mengem Kapp. Ech wollt net méi mat a Wahle goen. Een deen net méi mat a Wahle geet, dee soll dat senger Partei soen. Dat hunn ech 2009 gemaach, fairnesshalber, fir datt se wëssen, si nennen e Minister deen awer net méi mat a Wahle geet, duerno. A wann een net méi mat a Wahle geet, muss ee sengem Nofolger awer genuch Zäit loossen, da geet een net 6 Méint virdrun. Et gëtt een engem Zäit sech anzeschaffen, an et gëtt een engem Zäit en neien Opbau ze maachen. An et war meng Suerg, datt am Zentrum, wou ech jo awer esou laang politesch aktiv war, neit Blutt era kéim.

Frank Kuffer: Dir demissionéiert zu engem Ament, wou et 6,6% Chômage gëtt. E ganz héijen Taux. Mécht dat Iech och e bësse verdrësslech?

Jeannot Krecké: Dat mécht mech verdrësslech. Ech hat dat net am Viraus gesinn. Wéi ech meng Décisioun geholl hunn, dat war am Fréijoer. Wat den Datum ubelaangt, et war am Fréijoer u sech. An ech hunn am Juli dunn Eescht gemaach an de Parteiresponsabelen dat gesot. Ech wollt och dobäi bleiwen.

Ech hunn awer drop gehalen, wéi dat eraus komm ass, leider op déi Aart a Weis, datt ech keng anstänneg Kommunikatioun doriwwer konnt maachen, hunn ech awer drop gehalen déi puer Dossieren déi mir um Häerz louchen, an déi ech wollt fäerdeg maachen, datt ech déi och wierklech kéint fäerdeg maachen. An dofir sinn ech beim 1. Februar bliwwen.

Et muss een oppassen, déi Zuelen déi mir elo gesinn, déi 6,6%, ech wëll déi net verniedlechen. Et mécht mir ganz vill Suergen. Mä deen heite Mount ass ëmmer e ganz besonneschen. Do kann een och kucken, an deene Joere virdrun, do ass de Concours vun 2 Saachen.

Op där enger Säit ginn et duerch den Interim einfach esou vill manner Aarbechtsplazen. Mir hu 5.200 Aarbechtsplaze manner an der Statistik vum November op Dezember. A vu datt de Prozentsaz jo op der Gesamtzuel vun de Salariéeën, oder vun de Leit déi Beschäftegt sinn, gerechent gëtt, ass et evident, wann déi Zuel erof gëtt, da geet et automatesch, esouguer wann d’Chômagezuel géing déi selwecht bleiwen, geet den Taux an d’Lut.

An dobäi kënnt och, datt ganz oft um Enn vum Joer Contrats à durée déterminée auslafen.

Dofir, deen heite Mount ass ëmmer ganz schlecht an duerno geet et e bësse besser. Mä iwwer 6% ass souwisou ganz schlecht.

Frank Kuffer: Dat heescht, Dir sidd awer voller Hoffnung fir den nächste Mount dann, oder wéi?

Jeannot Krecké: Jo, do ginn d’Zuele besser, mä de Leit geet et nach net wiesentlech besser. Et ass méi eng statistesch Saach déi mat sech bruecht huet, datt mir elo ëmmer erëm am Januar dat do feststellen.

Et ass meng gréisste Suerg gewiescht, genuch Aarbechtsplazen hei zu Lëtzebuerg ze hunn. Well ouni Aarbecht, fannen ech, ass keen anstännegt Liewe méiglech

An dofir hunn ech och eng ganz Rei Reformen ëmmer erëm gefuerdert a gefrot, datt mir eis missten ëmstellen. Dat ass, fir datt net ëmmer manner Leit et ëmmer besser geet, mä datt et ëmmer méi Leit ginn déi vläicht e bësse manner gutt liewen, mä awer dann alleguerten eng Aarbecht hunn. An dat ass déi ieweschten Aufgab, esouwuel vun engem Wirtschaftsminister wéi vun engem Aarbechtsminister, mä esouguer vun enger ganzer Regierung.

Frank Kuffer: Dir hutt jo Är 65 Punkten. Ech huelen un, déi géift Dir och haut nach eng Kéier alleguerten esou ënnerschreiwen?

Jeannot Krecké: Selbstverständlech. Et sinn der deen een oder aneren, deen ech géing dobäi fügen, well deen eben am Laf vun der Zäit mir agefall ass, datt deen och noutwenneg war, mä de Gros dovunner ass gemaach, oder um Punkt gemaach ze ginn.

Eng 2 Stéck, mengen ech, hu mir eraus geholl an hu mir gesot, déi do maache mir net. Eng Rei si vu Kollegen initiéiert, déi mussen déi ëmsetzen. An da sinn der puer déi u sech ëmgesat sinn, mä net esou wäit wéi ech mir et virgestallt hat. Mä ech géing soen, dat war awer de Gros vun deem wat ze maache war. Wann do steet, et muss een d’Prozedure méi einfach maachen, da seet deen een, et ass gutt wat mir gemaach hunn, an deen anere seet, et geet net duer.

Frank Kuffer: Den Etienne Schneider war Äre Fraktiounssekretär an duerno ee vun den héchste Beamten an Ärem Ministère. Elo gëtt en dann Äre Successeur. Wéi vill hat Dir da mat deem Choix ze dinn, iwwerhaapt?

Jeannot Krecké: Dat ass e Choix vun iwwer 100 Leit. Ech mengen, deen hunn ech och net weider beaflosst. Mä ech mengen, et war bekannt [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Et muss jo een d’Propose gemaach hunn, awer.

Jeannot Krecké: Neen, déi hunn ech net gemaach. Déi huet de Parteipresident gemaach. Bon, et war bekannt, datt ech natierlech frou wier wann, loosse mir soen, eng gewësse Richtung, eng gewësse Linn an deem Ministère kéint weidergefouert ginn. Et wëllt ee jo net onbedéngt, datt elo total alles anescht gëtt. Mä ech mengen, hie wäert der Saach schonn en anere Stempel opsëtze wéi ech. Et ass en anere Mënsch, en ass méi jonk, en huet aner Usiichte wéi ech. An ech mengen, do kënnt Neies. Loosse mir eis iwwerraschen. Mä ech sinn awer frou, well d’Leit kennen hien, hie kennt d’Leit. E brauch net eng laang Ulafzäit, fir datt e weess wéi den Hues leeft.

Frank Kuffer: Dir hutt elo den Alter ugeschwat. Ass dat den Ufank vun engem Generatiounswiessel bei der LSAP? Déi meescht LSAP-Ministeren hu bis déi nächst Wahle jo op d’mannst 60 Joer.

Jeannot Krecké: Oh, esouguer staark driwwer, eenzelner. An dat ass richteg. Dat ass e Punkt dee mir och am enke Krees beschwat hunn. An ech mengen, et ass noutwenneg, datt bei eis e Schub kënnt vun neie Leit. Ech mengen, mir sinn alleguerten, déi meescht vun eis, sinn 1984, 1989 an d’Chamber komm, waren also politesch un der éischter Front säit där Zäit. A mir sinn awer mëttlerweil och méi al ginn. Ech mengen, et ass elo un der Zäit, datt mir e Renouveau kréien. Also am Zentrum erhoffen ech mir elo mam Etienne Schneider, datt dat och geschitt.

Frank Kuffer: Sidd Dir da staark genuch besat fir dee Renouveau? Zum Beispill wat d’Fraktioun ugeet, oder esou?

Jeannot Krecké: Jo, mä kuckt elo emol, un den Etienne Schneider hunn déi meescht Leit net geduecht. Also, et kann een och emol heiansdo een eran huelen, deen net de ganze Wee gemaach huet, mä wou ee weess, datt en awer weess ëm wat datt et geet. An et dierf een och net vergiessen, den Etienne Schneider war ëmmerhin Schäffen an der Gemeng Kayl/Téiteng, also, et ass net en Newcomer an der Politik.

Frank Kuffer: Fir op Äre Bilan als Minister ze kommen. Dir sot de Moien, Dir hätt Är Aarbecht gär gemaach, an Dir wiert iwwert eng Partie Initiativen och frou an houfreg. Wat stécht da besonnesch ervir, an Ären Aen?

Jeannot Krecké: Bon, also ech mengen, datt ech d’Affaires maritimes richteg an déi ganz Logistikbranche era bruecht hunn. Dofir ass de Cluster jo och elo fusionéiert ginn, dee vun der Logistik an dee vum maritime Beräich.

Ech mengen, de ganze Volet Standuertpolitik, d’Land dobaussen duerstellen an deene wichtege Regioune wou haut den Opbroch stattfënnt, dat hu mir mengen ech fäerdeg bruecht.

Mir hunn d’Secteure vun eiser Ekonomie wäit aus verbreedert. Wien huet vu Biotec virdru geschwat, wien huet vun der Logistik geschwat, wien huet vun Headquartere geschwat, wien huet vun Ecotechnologie geschwat? Dat sinn alles nei Secteuren déi opginn, déi nach net fir de Budget deem entspriechend Recettë bréngen, mä déi awer an Zukunft wäerten Aarbechtsplaze schafen, déi an Zukunft wäerten nei Weeër opweisen, wéi eis Wirtschaft kann evoluéieren.

Ech sinn zefridden iwwer eng ganz Rei Infrastrukturen, iwwer déi ganz Aart a Weis wéi mir den Energiesecteur ëmmodeléiert hunn, wéi mir och de Stat präsent gelooss hunn an der Post, am Energiesecteur, wou mir iwwerall awer och eng Mainmise wëllen hunn op dat wat geschitt. Besonnesch all Kéiers da wann et sech ëm Infrastrukturen handelt.

Frank Kuffer: Ass d’Diversifizéierung vun der Ekonomie dann ausgereizt zu Lëtzebuerg?

Jeannot Krecké: Neen, ech mengen, mir hunn am Beräich, wat een nennt nei Technologien, do hu mir nach Munches ze maachen. Ech hu mat mengen 2 Kollege Schiltz an Biltgen, am ICT Beräich enorm vill bewierkt, doduerch, datt mir d’Infrastrukturen hei zu Lëtzebuerg dramatesch verbessert hunn.

Mir hunn doduerch och alles am e-Commerce kënnen e bëssen ëmwandelen a Richtung nei Weeër. Esouguer am e-Commerce si vill nei Betriber komm déi aner Saache maachen. Déi beispillsweis Gaming, also Spiller iwwer Internet maachen, wou een a mengem Alter seet, jo wat soll dat do. Mä vu datt et awer eng wirtschaftlech Entwécklung ass déi elo total an Expansioun ass, muss een esou Saache maachen.

Also, mir hunn Neies bewierkt an all deene Joeren. Dat hunn ech zesumme gemaach, wéi ech dat och schonn oft gesot hunn, mat menge Leit. Ech hat eng exzellent Équipe an deem Ministère. Deen ass absolut gutt besat, well e Minister ouni eng gutt Équipe ass kee Fascht wäert.

Frank Kuffer: Dir sidd net frou doriwwer, datt Dir net méi Industrie zu Lëtzebuerg konnt halen oder heihinner bréngen. Firwat ass dat dann de Fall?

Jeannot Krecké: Ben, do ginn et 2 Grënn.

Deen een, deen ass strukturell. An Europa an an héich entwéckelte Länner wéi mir dat sinn, hu mir eng Käschtestruktur déi mat sech bréngt, déi eben eng Rei Saachen net méi méiglech mécht, well haut, duerch de Welthandel, duerch déi Konsumgidder déi mir aus der ganzer Welt geliwwert kréien, si mir net méi kompetitiv. Dat heescht, mir si präislech, kréie mir dat net méi hin.

Dat huet net direkt eppes mat Lëtzebuerg ze dinn, dat ass eng allgemeng Tendenz. Do muss ee sech drop astellen. An dofir hu mir jo och, bei TDK war dat jo de Fall, mir hu gesinn, datt déi DVDen déi mir sollten hierstellen, net méi konnten hiergestallt ginn. Dofir hu mir gesot, wou kënne mir dann awer nach matmaachen. An dofir hu mir déi ganz Logistik deemools entwéckelt an awer och d’Recherche. Do wou Plus-value ass.

An deen zweete Punkt ass awer en typesch lëtzebuergeschen. Datt mir andauernd ëmmer erëm Saache froen déi déi aner Länner net froen, an dat muss eng Kéier ophéieren.

Frank Kuffer: Déi Politik vun de kuerze Weeër, hutt Dir gesot, déi gëtt et u sech och net méi wéi et se ëmmer gouf. Dat heescht, do wieren och Reformen néideg?

Jeannot Krecké: Jo, ech mengen, ech soen dat scho laang. Ech hunn dat a mengem leschte Regierungsrot och gesot. Ech soen dat net nëmmen haart virun der Press, ech soen dat och op deene Plaze wou et noutwenneg ass.

An et deet mir wierklech Leed. Well mir hätten esou vill Potential wa mir et géinge fäerdeg bréngen hinzegoen an de Leit e bësse méi Fräiheet an deene Saache loossen, an ze soen, hei sinn d’Normen, hei ass dat wat Dir musst maachen, maacht et. Mir komme kucken. An dat verlaangen ech jo net fir grouss Fabriken. Et ass dach net normal, datt eng Bäckerei, op eemol, och wann et eng gréisser Bäckerei ass, datt déi elo muss déi selwecht Prozedur maache wéi wann ech eng Chimiesanlag bauen.

Frank Kuffer: Firwat krut Dir Iech dann do ni duerchgesat, bei deene Saachen?

Jeannot Krecké: Et ass fir mech e Rätsel.

Frank Kuffer: Wat Är berufflech Zukunft ugeet, Dir wësst jo nach net genee wéi et soll weider goen. Mä Dir wëllt der Wirtschaft op d’mannst emol erhale bleiwen. Ginn et dann do schonn Offeren?

Jeannot Krecké: Oh, ech hunn eng ganz Rei Offeren, jo, mä ech hu mir awer och eng Rei Prinzipien ginn. Éischtens tommelen ech mech net ze vill. Zweetens probéieren ech e bëssen d’Distanz zur lëtzebuerger Politik an zum lëtzebuerger Geschéien ze kréien. Dat heescht, ech géing éischter an international Geschäfter goen.

An da muss ech kucke wat mir Spaass mécht. Ech mengen, et si Saachen déi mir méi leie wéi anerer. An ech muss einfach elo kucken, ënner deene ville Méiglechkeeten déi ech awer hunn, dat eraus ze huele wat elo an dësem Liewensofschnëtt ebe vläicht gewënnbréngend fir mech ass. Gewënnbréngend, dat heescht fir meng Persoun, fir meng Entfaltung. Ech brauch eppes. Ech brauch Aktivitéit. Mä ech muss se e bëssen eraus sichen, an deen Avantage hunn ech elo, datt ech e klenge Choix ka maachen.

Frank Kuffer: An Zäit fir Privates bleift dann, Segelen ënner anerem, oder wéi?

Jeannot Krecké: Jo, ech mengen, ech ginn awer dann e bësse méi oft op e Schëff, wat ech säit Joer an Dag hunn, a wou ech leider net vill Gebrauch dovunner gemaach hunn.

Wësst Dir, d’Segelen ass eppes, um Mier sinn, an der Natur sinn, total lassgeléist vun Allem wat ee soss am beruffleche Liewen mécht. Et hëlleft mir all Kéiers wann ech dohinner gaange sinn, eppes ganz anescht maachen, wat mech vill beschäftegt. Well et ass eng komplizéiert Matière. An ech wäert dat e bësse méi oft maachen. Mä et soll kee mengen, ech géing mäi Liewen awer elo um Schëff verbréngen.

Frank Kuffer: Jeannot Krecké, merci fir d’Gespréich an nach bonne Chance fir Är Zukunft.

Jeannot Krecké: Jo, merci och.