Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Dossiers > Monarchie et famille grand-ducale > > > Proklamatioun vun der Regirung

Proklamatioun vun der Regirung

Vers le niveau supérieur

Haut dankt de Grand-Duc Jean of an den Ierwgroussherzog Henri gëtt Grand-Duc. De 7. Oktober 2000 geet domatt an d’Geschicht vun eisem Land an.

Op den Dag vun haut wëlle mer dem Grand-Duc Jean eise Merci soen. Dee Merci dee mir Him soe kënnt vu ganzem Häerz.

Déi Zäit an däer de Grand-Duc Jean eise Staatschef war zielt zu deene glécklechsten an eiser Geschicht. Et war eng Zäit vum Fridden an Europa a vun Harmonie heiheem, eng Zäit an däer mer mat Him zesummen eist Land méi schéi gemaach hunn, och a grad well mer et fäerdeg bruecht hunn a Solidaritéit mateneen ze liewen. An all deene Joren an deenen Hien eise Grand-Duc war, war Hien deen deen eisem Land no banne Rou ginn an no bausse Respekt verschaaft huet. An Him hu mer eis alleguer erëm fond an erëm erkannt. Hie war ëmmer ee vun eis. Hie war ëmmer esou wéi mir.

Eise Merci gëllt och der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte. Si war dem Grand-Duc eng Stäip a säin éischte Mataarbechter. Mat Hier huet Hie Freed a Leed gedeelt. Dat wat de Grand-Duc Jean fir eis gemaach huet, wier ouni Si net méiglech gewiecht.

De Grand-Duc Henri, deen op den Dag vun haut op eis Verfassung an eis Gesetzer vereedegt gëtt, féiert d’Missioun vu sengem Papp mat Begeeschterung, Gefill an Iwwerzeegung virun. Hien ass ee Mann vun eiser Zäit, frou mam Land a senge Leit, no bei hinnen an hire Suergen, hiren Dreem an hiren Hoffnungen. Hie féiert eis an d’21. Jorhonnert. Hie geet un eiser Spëtzt a mir gi gäre mat Him. Mir wëssen eis bei Him a gudden Hänn an Hie weess datt mir Säi ganzen Asaz verdingen. Hie weess wou mer staark a schwaach sinn, wou mer Chancen hunn a wou Risiken op eis laueren. Hie gëtt ee gudde Grand-Duc well En eis kennt a well En esou ass wéi En ass.

Bei Senger Aarbecht fir eist Land kann Hien op d’Grande-Duchesse Maria Teresa zielen. Eis nei Grande-Duchesse kënnt vu wäit hier an ass eis awer ganz no. Si huet eis gäer a mir Si och.

De Grand-Duc Henri an d’Grande-Duchesse Maria Teresa wäerten hir Saach gutt maachen. A well hir Saach och eis Saach ass, solle mer haut um 7. Oktober eiser Freed an eiser Zouversiicht fräie Laf loossen.

Vive de Grand-Duc Jean an d’Grande-Duchesse Joséphine Charlotte !

Vive de Grand-Duc Henri an d’Grande-Duchesse Maria Teresa !

Lëtzebuerg, de 7. Oktober 2000

D’Membere vun der Regirung

Jean-Claude Juncker
Lydie Polfer
Fernand Boden
Marie-Josée Jacobs
Erna Hennicot-Schoepges
Michel Wolter
Luc Frieden
Anne Brasseur
Henri Grethen
Charles Goerens
Carlo Wagner
François Biltgen
Joseph Schaack
Eugène Berger



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact