Le 11 octobre 2012, la ministre de la Coopération et de l'Action humanitaire, Marie-Josée Jacobs, a présenté la déclaration sur la politique de coopération et de l'action humanitaire 2012 à la Chambre des députés.
seul le discours prononcé fait foi
Här President, Dir Dammen an Dir Hären Deputéierten, Exzellenzen,
Mir hunn dëst Joer den Timing vun der Publikatioun vum Rapport annuel, deen ech den 16. Juli an der Kommissioun presentéiert hunn, vun den Assisen an vun der Regierungserklärung iwwert d’Entwécklungshëllef dem Wonsch vun der Chamber ugepasst, esou dass eent an dat anert gräift an engt komplett Bild gëtt.
D’Entwécklungspolitik ass d’Zeechen vun eiser Solidaritéit mat deenen, deenen et net esou gutt geet, déi hiert Schicksal nëmmen bedéngt selwer an d’Hand kennen huelen, et ass engt Zeechen vun handelndem Humanismus. Zesummen mat der Protectioun vun den Mënscherechter an dem Antrieden fir d’Prinzipien an Wäerter, fir déi mir stinn, ass daat d’Basis vun eiser Aktioun an der Entwécklungshëllef.
Ech sinn frou datt Lëtzebuerg hei handelt an seng Responsabilitéiten um internationalen Plang hellt. En Land wie eist, dat selwer net ëmmer konnt bestëmmen, an wat fir eng Richtung et géif goen, muss méi, wéi anerer weisen, datt et deenen zur Säit steet, déi et brauchen.
Entwécklungshëllef ass Solidaritéit an d’Ausüben vun eisen internationalen Responsabilitéiten, mä et ass och an eisem eegenen Interesse, datt d’Ongläichheeten an der Welt net verdéift ginn. Mat eiser Hëllef wierken mer deem entgéint an droen dozou bei, dass eis Partner méi an besser Kapazitéiten entwéckelen.
An Krisenzäiten, wou d’Versuchung sech op sech selwer zréck ze zéien, -op dat nationaalt-, grouss ass, ass et indispensabel fir Lëtzebuerg, dësen Wee net anzeschloen, an ze weisen, datt dëst net eist Verständnis vum internationalen Zesummeliewen ass. Et ass grad an schwéieren Zäiten, wou een weisen muss, dat een zu deem steet, wat een an besseren Zäiten gesot huet.
An deem Sënn ass fir mech Entwécklungshëllef engt wäertvollt Instrument, mat deem mir Responsabilitéit huelen an Solidaritéit aktiv bedreiwen. An dofir sinn ech frou an Stolz des Politik, an enkem Dialog mat dësem Haus, kennen ëmzesetzen.
Dir Dammen an Dir Hären,
2012 ass en besonnesch Joer fir d’lëtzebuerger Kooperatioun.
Virun 30 Joer ass dat éischt Gesetz gestemmt ginn, wat eis en Kader fir eis Politik ginn huet. Dëst Joer hunn mir dëst Gesetz adaptéiert an moderniséiert. D’action humanitaire huet elo am Text deen Stellewäert, deen dësem wichtegen Deel vun eiser Kooperatioun zousteet. D’Secteuren an deenen den Fong aktiv kann sinn, an d’horizontal iwwergräifend Beräicher, sinn méi grouss ginn. An eiser wichteger Zesummenaarbecht mat den ONGen ass méi Transparenz op Basis vun zousätzlechen Kritären an Regelen geschaafen gian, ënner anerem duerch d‘Règlements grand-ducaux vum 7. August. Des Reglementer hun ech an der Kommissioun presentéiert.
Wann verschiddener villäicht gären méi weit gaangen wären, mengen ech, dass mir elo en adequaten Equiliber fonnt hunn, mat deem gutt ze schaffen ass.
An deem Kontext, géif ech gären ënnersträichen, dass d’Kohärenz vun den Politiken, déi mir jo alleguer fuerderen an gären hätten, en festen Bestanddeel gëtt vun eisem rapport annuel an och vun der Aarbecht vum neien Comité interministériel.
Dësen Comité wärt Enn Oktober eng éischt Sitzung hunn an vrun Enn des Joers mat dem Cercle vun den ONGen zesummen kommen, fir iwwert d’Kohärenz vun den verschiddenen Regierungspolitiken ze diskutéieren. Et ass kloer meng Roll, d’Kollegen Ministeren op méiglech Inkohärenzen hinzeweisen, an och eis eegen Aarbecht vun der lëtzebuerger Kooperatioun kritesch ze duerchliichten.
Fir dat ze illustréieren, erlaabt mer e Puer Beispiller: Ech kann versécheren, dass z.B. am Agrarbereich an eisen Partnerlänner genee opgepasst gëtt, fir eis net un Operatiounen ze bedeelegen, déi OGMen zou loossen. Eis aner Engagementer um multilateralen Plang mussen regelméisseg gepréift ginn, fir ze kucken ob si nach eisen Kritären entspriechen. Wéi bei den OGMen, ass des Regierung sech och hirer Responsabilitéit bei den Agrocarburants an am Finanzsecteur bewosst. Ech well net den Diskussiounen vum Comité interministériel virgräifen, mä ech hoffen, dass all Bedeelegt sech der Wichtegkeet vun enger serieuxer Aarbecht bewosst sinn.
Dir Dammen an Dir Hären,
Dëst Joer sinn et 20 Joer hier, dass den deemolegen Premier Minister Santer vrun der Generalversammlung vun den Vereenten Natiounen d’Engagement geholl hat, fir d’Joer 2000, den Seuil vun 0,7% vum RNB fir Entwécklungshëllef ze erfëllen. Dëst ass erreecht ginn an virun geféiert ginn. Des Regierung huet sech engagéiert den quantitativen Effort fir d’Period 2009-2014 op 1% vum RNB ze halen.
2011 ass eis ëffentlech Entwécklungshëllef 0,97% vun RNB gewiescht. Des liicht Reductioun stellt an kenger Hisiicht eng Aennerung vun eisen Prioritéiten dar.
Lëtzebuerg ass mat dësem Engagement op drëtter Platz no Norwegen an Schweden, an vrun Dänemark an Holland. Leider ass an der EU global gesinn, d’ëffentlech Entwécklungshëllef zeréck gaangen op 0,42% trotz dem Engagement vun den 27 ënnert lëtzebuerger Presidence 2005, fir à terme 0,7% ze erreechen. Mir wäerten eis bei den 27 virun asetzen fir dass dëst Ziel net opgeweecht gëtt.
69,18% vun all den Gelder sinn an bilateral Kooperatioun gaangen, esou gutt iwwert den Fong, wéi iwwert verschidden Budgetsartikelen. Hei ass natierlech besonnesch eis Kooperatioun mat den 9 Partnerlänner ervir ze hiewen.
Ech géif gären am Detail des besonnesch enk Partenariater hei beliichten, an weisen wou mir mat wat fir engem Land stinn, wat mir an deem Land als Bailleur duerstellen, an wou mir zesummen mat eisen Partner hin ginn.
4 vun eisen Partnerlänner sinn am Sahel an deelen an villen Froen engt gemeinsamt Schicksal. Klimatesch Exzesser, duerch den Klimawandel verstäerkt, Hongersnout, mä och Onsécherheet an politesch onstabel Momenter sinn Erausfuerderungen, déi si ze bewältegen hunn.
Et war normal, datt d’Assisen sech dëst Joer eben grad mat dësen verschiddenen Onsécherheeten an der Sahelregioun befaasst hunn. Si all sinn Parameteren, déi d’Entwécklungshëllef muss consideréieren. Des Situatioun huet sech nach verschlechtert duerch engt grousst Land an hirer Mëtt, den Mali.
Säit Ufank vum Joer ass den Mali an enger extrem komplexer Krise, déi esou gutt d’Integritéit vun sengem Territoire, wéi 20 Joer politesch Stabilitéit iwwert den Koup geheit hunn. Déi verschidden bewaffnet Gruppen hunn elo 2/3 vum Territoire ënnert hirer Gewalt. Hei ass eng rechtsfräi Zone entstanen, wou all Traffiker aus der Regioun statt fannen an d’Nopeschlänner mat an de Misère bréngen.
Dank dem Drock vun der Westafrikanescher Unioun an der internationaler Communautéit ass ënnert engem Interimspresident den 21. August eng Transitiounsregierung bestätegt ginn. Si huet trotz internen Differenzen d’militäresch Hëllef vun der Westafrikanescher Unioun gefrot. Mam Mali zesummen hun Sie een Accord de principe virun den Sécherheetsrot vun den Vereenegten Natiounen bruecht den des Woch am Sécherheetsrot diskutéiert gëtt.
Am trauregen Fall vum Mali kann een gesinn firwat Sécherheet an Développement esou enk verflecht sinn, an datt, wéi den fréieren Generalsekretär vun der UNO gesot huet, dat eent net kann ouni dat anert erfollegräich fonctionnéieren. Des Interaktioun ass fir eis Lëtzebuerger well ëmmer en zentraalt Thema an eisem Handelen. Wann mer an enger Woch Succès hunn mat eiser Kandidatur am Sécherheetsrot, wärt dat och en Sujet sinn, deen mir do no fir bréngen wäerten.
D’lëtzebuerger Kooperatioun war eng vun deenen wéinegen am Mali, déi säit laangen Joeren am Norden vum Land präsent war, an do den Leit, z B. zu Kidal an zu Timbuctou gewisen huet, dass si net eleng sinn. Mä wéi d’Sécherheetslag net méi tragbar war, hunn och déi lescht Mataarbechter dësen Deel missen verloossen. Mir hunn eis Kooperatioun suspendéiert an gekuckt, wat vun den Projeten, déi keen direkten Lien mat den staatlechen Autoritéiten haten, zumindest deelweis am Süden gemaacht konnten ginn.
Wéi d’Situatioun virun geet, ass schwéier ze soen. Diskussiounen mat verschiddenen Gruppéierungen aus dem Norden lafen, ënner anerem iwwert den Mediateur vun der Westafrikanescher Unioun, den Präsident vum Burkina Faso. Parallel ginn d’Preparatiounen fir eng militäresch Missioun vun der Cedeao, mat internationaler Ënnerstëtzung, geféiert.
Eisen Programme indicatif de coopération war bis 2011 virgesin, och wann net all Programmer fäerdeg waren. En neien PIC kann eréischt mat neien demokratesch legitiméierten Autoritéiten preparéiert ginn. Mir ginn dovunner aus, dass no der Kris, déi mir esou kuerz ewéi méiglech hoffen, eng Period vun Transitioun kommen wärt. Vill Kapazitéiten sinn zerstéiert ginn, d’Leit hunn hier Uertschaften missen verloossen. Bis mir erëm die normal Kooperatioun ophuelen kennen, wäerten 2-3 Joer vergoen. An der Zäit well ech awer net inaktiv waarden, mä elo well d’Aktivitéiten vun der Transitioun virbereeden, z. B. am Gesondheetsberäich oder an der Educatioun. Et däerf hei keng Zäit verluer goen, well d’Demokratie an d’international Zesummenaarbecht mussen beweisen, dass si dem Eenzelnen eppes an sengem alldeeglechen Liewen bréngen. Lëtzebuerg wärt prett sinn, säin Deel ze leschten, an léiwer haut, wéi muer.
Den Niger ass 2009 -10 duerch ähnlech schwéier Zäiten gaangen, wéi haut den Mali. Anticonstitutionnellt Handelen an duerno en Militärcoup hunn eis forcéiert den PIC 2008-2012 ze suspendéieren. No engem Referendum an Wahlen, konnten mir 2011 eis Kooperatioun erëm ophuelen an nei Finanzconventiounen ënnerschreiwen.
Bei der Geleeënheet hunn mer entscheed eis alljährlech Hëllef un den Fong vun der Nigerescher Regierung fir Präventioun an d’Gestioun vun Hongerkrisen ze verlängeren. Dëst ass en eemolegen Dispositif an Westafrika, deen Gelder vun den Bailleuren gruppéiert fir esou selwer stocken unzeleeën an den Leit an der Nout ze hëllefen. Dësen Fong huet sech dësen Summer nëtzlech gewisen. Dëst Joer huet den Niger awer zousätzlech zéngdausenden vun Réfugiéë aus dem Mali opgeholl an déi schlëmmsten Iwwerschwemmung säit 80 Joer erlieft.
Am Niger gëtt och déi nei europäesch Missioun EUCAP Sahel op d’Been gesat fir d’Autoritéiten am Kampf géint d’organiséiert Kriminalitéit ze ënnerstëtzen an géint den Terrorismus. Sécherheet an Développement sinn eben an dëser Regioun ganz enk verbonnen. Spéider kann des Missioun op den Mali an Mauritanien erweidert ginn. Eng lëtzebuerger Polizistin ass hei dobäi.
En drëtt Land, den Burkina Faso ass och direkt vun der Instabilitéit duerch den Mali betraff. No Onrouen am Mee-Juni 2011, huet d’Situatioun sech erëm berouegt an d’Regierung huet verschidden politesch Reformen decidéiert. Den 3. Dezember sinn Parlaments- an Gemengewahlen, wou Lëtzebuerg traditionell iwwert den PNUD Fongen fir d’Matfinanzéieren vun dësen Wahlen ginn huet. Wéinst der Situatioun am Land an an der Regioun, hunn des Wahlen en groussen Stellewäert. Dat weisen déi héich Zuelen vun Wieler, -zweemol méi wéi virdrun,- déi sech bis August ageschriwwen hunn.
Mat ëm déi 100.000 Réfugiéen aus den Mali, huet den Burkina Faso eng enorm Laascht ze droen, déi dësen Summer zu grousser Liewensmëttelonsécherheet geféiert huet. Humanitär Hëllef koum hei och vun Lëtzebuerg.
Eisen PIC 2008-2012 ass en Retard op de Kalenner. Dat hunn mer bei der revue à mi-parcours am Mäerz 2012 zesummen festgestallt. Dëst ass bedéngt duerch Ännerungen an den Prozeduren an Schwächten an der Administratiounen vun eisem Partner. Bei engem Ministertreffen am Juli hunn mer dunn prinzipiell decidéiert, den PIC bis 2015 ze verlängeren, an awer och eng Erweiderung vun der Enveloppe fir Basis Educatioun an den Développement vun Telekommunikatioun/Internet. Esou bal en Projet de Text iwwert des nei Etappe ausgeschafft ass, wärt ech deen, wéi all aner PICen, der zoustänneger Kommissioun fir leeën.
Am 4. Westafrikaneschen Land, wou d’lëtzebuerger Kooperatioun präsent ass, am Senegal, ass d’politesch Lag anescht. Och wann hei Momenter vun grousser Tensioun waren, ass d’politesch Alternance no den Wahlen am Mäerz 2012 gelongen. Den neien Präsident Macky Sall huet d’Parlamentswahlen liicht virgezun fir sech séier un d’Aarbecht ze maachen. Dozou huet z. B. gehéiert sech den Problemer vun der Liewensmëttelsecherhét dësen Summer ze stellen, anstatt si erof ze spillen. Hei war och d’lëtzebuerger aide humanitaire iwwert den PAM an d’Unicef präsent.
Duerch déi politesch Alternance sinn grouss Reorganisatiounen an den Ministèren am gaang, déi mat sech brengen, datt mir eis Programmer fir den PIC vun der 3. Generatioun deels ëmformuléieren mussen. D’Konzept vun dësem PIC ass anescht, well hien méi wéi virdrun op den Input vum Partner setzt. Dëst gëllt esou gutt bei der Ausformuléierung vun den Programmer, wéi bei hirer Ëmsetzung, wou den Partner kloer den Lead huet. Dat bréngt mat sech, datt ganz aner Prozeduren fir d’Ëmsetzen an d’Finanzéierung op den Wee mussen bruecht ginn. Bis Enn des Joers wëllen mir des Etape ofgeschloss hunn. Eis Interventiounssecteuren bleiwen d’Gesondheet an d’Educatioun, mä och d’Dezentralisatioun an d’éducation citoyenne.
Mat der Belge wäerten mir déi éischt Kooperatioun croisée ëmsetzen, no den Prinzipien vun der Efficacitéit vun der Hëllef. Dat heescht, datt deen een mat den Gelder vun deem aneren do weider mécht, wou hien well eng Expertise huet. Lëtzebuerg wärt mat belge Fongen Aktivitéiten an der Formation professionnelle emsëtzen, an d’Belge wärt mat eise Fongen Hydraulesch Projeten ofschléissen.
Mam Cap Vert huet Lëtzebuerg säit 2011 och en PIC vun der drëtter Generatioun, deen an der Ëmsetzung besonnesch op d’Entwécklung vun der Qualifizéierung vun den Leit setzt. Aus deem Bléckwénkel ass eis sektoriell Budgetshëllef vun 2,5 Milliounen € fir 5 Joer ze gesinn an der Formation professionnelle. Zesummen mat deenen aneren Bailleuren gëtt den Ëmgang mat dëser Hëllef genau kontrolléiert.
Lëtzebuerg ass Chef de File vun allen Bailleuren am Secteur Educatioun, Formation professionelle an Emploi. An där Funktioun ënnerstëtzen mer d’kapverdianesch Regierung bei der Finalisatioun vun enger integréierter Politik an dësen Beräicher. Am Waasserberäich sinn mir an der institutioneller Reform täteg an béi der Gestioun vun den Ressourcen. Hei ass d’EU Chef de File fir all d’Bailleuren.
Ech hunn hei méi laang eis Partner aus Afrika beschriwwen, well den gréissten Deel vun eiser bilateraler Entwécklungshëllef an des Länner geet, wat justifiéiert dass een sech méi laang domadder befaasst.
An Asien ass den Laos en Partnerland, wou Lëtzebuerg een vun deenen wichtegsten Bailleuren ass. Den PIC 2011-2015 konzentréiert sech op sozial Secteuren mat engem speziellen Accent op d’gutt Gouvernance. Op Initiativ vun der Lëtzebuerger Kooperatioun hunn d’UNO Agencen am Laos sech zesummen gedoen, fir een gemeinsamen Programm iwwert d’Gesondheet vun Mamm an Kand op ze stellen. Dat vereinfacht d’Ëmsetzung esou gutt fir d’Laoten wéi fir eis, an spuert Geld fir den Programm selwer.
Am Vietnam ass eisen 3. an leschten PIC am gang bis 2015. Bis dohinner wäerten mir an besonnesch aarmen Gebitter virun géint Aarmut virgoen, mä aner economesch Secteuren kommen bei eis Aarbecht dobäi, wéi d’Formatioun am Finanzsecteur. Duerch d’Entwécklungshëllef sinn verschidden lëtzebuerger Betriber mat hiren Produkter an Servicer bekannt. Et geet elo drëms déi gutt Kontakter virun ze fleegen an economesch Projeten op den Wee ze bréngen, fir dass no 2015 eis bilateral Relatiounen méi diversifizéiert sinn.
Ech géif gären ënnersträichen, dass an deenen zwee Länner an Asien d’lëtzebuerger Kooperatioun den Spezialist ass vun der Formation professionnelle am Tourismus an an der Hotellerie dank verschiddener bilateraler an multilateraler Projeten. Des Formatiounen gin duerch Stagen an den Hotelsschoulen zu Dikrech an Wolz kompletéiert.
D’lëtzebuerger Entwécklungshëllef ass an Zentralamerika, an besonnesch am Salvador an am Nicaragua. Mam Nicaragua verbënnt eis en PIC vun der 3. Generatioun, deen bis 2014 leeft an sech besonnesch op den Tourismussecteur bezitt. Hei ass eist Land och Chef de file vun den Bailleuren an krut och iwwert Lux-Development eng coopération déléguée fir d’europäesch Kommissioun auszeféieren.
Am Salvador ass en neien Programme indicatif de coopération bis 2015 en place. En groussen Deel vun der Ënnerstëtzung geet duerch en Fong, deen déi verschidden Programmer an den lokalen Communautéiten alimentéiert. En Deel vun eisen Mëttelen fir Etuden sollen gebraucht ginn fir méi Diversifikatioun an eis Relatioun ze kréien, an och economesch Projeten unzestoussen.
Mir sinn der Meenung datt regional Programmer hei ideal sinn, wéi z.B. an der Mikrofinanz oder am Beräich vun der sozialer Responsabilitéit vun den Entreprisen. Ech war frou eis Honorarkonsulen aus Zentralamerika d’läscht Woch zu Lëtzebuerg ze gesinn an och mat hinne ze kucken, wéi mer kennen Developpement fir déi äermsten aus eisen Partnerlänner an méi breet economesch Relatiounen op een Nenner bréngen. D’Creatioun vun enger regionaler Chambre de Commerce op hir Initiativ hin ass do sécher en gudden Schrëtt.
Déi besaten palästinensesch Gebitter hunn an der lëtzebuerger Kooperatioun e speziellen Status, den deem vun engem Partnerland ganz no kennt. Säit 2007 ass eis Hëllef um selwechten Niveau vun 7 Milliounen d’Joer. Bei eiser Palästinahëllef wier virun allem d’Zesummenaarbecht mat der UN Agence zoustänneg fir d’palästinensesch Réfugiéen, d’UNRWA, ervir ze hiewen.
Ech wollt mech bewosst op eis Partnerlänner konzentréieren, an net all Regiounen uschwätzen, wou mer aktiv sinn, wéi den Kosovo, Serbien, Montenegro, Afghanistan, Mongolei, Ruanda oer Tunesien als Folleg vum sougenannten Printemps arabe.
Dir Dammen an Dir Hären,
No dem laangen Ausfluch an eis bilateral Kooperatioun géif ech elo gären op en aneren Volet hiweisen, an zwar d’aide humanitaire. Si representéiert bal 15% vun eiser ëffentlecher Entwécklungshëllef 2011. Des gött jo natierlech esou gutt bilateral, wéi multilateral ëmgesat.
Eis Efforten hunn sech iwwert dat lescht Joer prioritär op d’Regioun vum Sahel konzentréiert, déi jo wéinst enger Dréchent vun enger schwéierer Liewensmëttelonsécherheet getraff wor, an nach ass. Mir hunn hei tëscht November 2011 an haut iwwert 9 Milliounen Euro ausginn. Esou gutt d’europäesch Kommissioun, wéi och d’UNO soen haut, dass di international Gemeinschaft mat Zäit an adequat op dës Kris reagéiert huet, an dass doduerch dat Schlëmmst konnt verhënnert ginn.
Mir hunn awer och eis Partner a villen aneren schwieregen Kontexter ënnerstëtzt, wéi am Süd Sudan an am Kongo oder am Horn vun Afrika.
Fir deenen Dausenden Leit ze hëllefen déi, vum Konflikt a Syrien betraff sinn, sou gutt am Land, wéi an den Nopeschlänner hunn mir iwwert 1,1 Millioun Euro zur Verfügung gestallt, virun allem iwwert d’Caritas an den UNHCR. Et gëllt awer leider hei, wéi an aneren Krisegebitter, prett ze sinn, och nach agräifen ze kennen, wann d’international Opmierksamkeet net méi sou präsent ass.
Wat eis Telekommunikatiounsplatform emergency.lu ugeet, do kann een behaapten, dass si elo voll am Asaz ass an mir vill Succès domat hunn. Kommunikatioun fir d’humanitär Akteuren um Terrain an Zäiten vun Krisen an an entleeën Gebitter, ass heimat ginn. Et geet net nëmmen drëm eis Terminalen an eis Equipen prettzestellen fir se op Ufro vun deenen eenzelen Organisatiounen, wéi dem PAM oder dem UNHCR, op den Terrain ze schécken. Mir schaffen ganz intensiv un enger Kommunikatiounsplattform, déi d’Koordinatioun an den Informatiounsaustausch tëscht deenen eenzelen humanitären Acteuren soll verbesseren an esou eng méi effizient Hëllef soll erméiglechen. Et ass och en Instrument wat den Betraffenen, déi Kriseregiounen hunn missen verloossen, erlaabt, mat der Famill Kontakt ze kréien.
Eise System funktionéiert a ganz entleeën Géigenden am Südsudan an am Mali (zu Mopti). Weider Déploiementer wärten am Nepal sinn, an op Ufro vum UNHCR an Südamerika.
D’Karibesch Krisemanagement Agence an d’Afrikanesch Union sin och interesséiert sech mat emergency.lu Material ze equipéieren.
De Projet ass also am Gaang sech am humanitären Beräich als äusserst nëtzlech ze erweisen. Mir sinn iwwerzeegt, datt duerch dësen Succès fir eisen privaten Partner, ganz am Sënn vum Public-Private-Partnership, iwwert di nächst Méint kommerziell Opportunitéiten wärt bréngen.
Dir Dammen an Dir Hären,
Eng besonneschen Roll, esou gutt an der bilateraler Kooperatioun, wéi an der humanitärer Hëllef, steet den lëtzebuerger ONGen zou. Am Moment ginn et 97 ONGen, déi en Agreement vum Ministär hunn. Ech ënnersträichen, dass bal 20% vun eiser ëffentlecher Entwécklungshëllef vun lëtzebuerger ONGen geréiert ginn.
Et gouf eis well méi wéi eng Kéier, och am Moment vum Comité de l’aide au dévelopement vun der OCDE, no geluecht, manner ëffentlech Entwécklungshëllef mat den ONGen ofzewécklen. An deem präzisen Fall hunn ech op keen Fall wëlles, an d’Richtung ze goen, déi mir geroden kréien. Fir mech sinn an bleiwen d’ONGen en Pilier vun eiser Kooperatioun, deenen hiren Roll net verhandelbar ass. Dachs können ONGen Aktiounen leeden, déi eng Regierung net ausféieren könnt. Duerch eis ONGen sinn d’Leit och direkt un der Kooperatioun bedeelegt, an si gesinn, wat een erreechen kann, wann een sech zesummen déid.
Et ass wichteg datt d’ONGen finanziell Mëttelen zur Verfügung hun fir Sensibiliséierungsaktiounen an éducation au développement an eiser Gesellschaft ze maachen. Ech sinn frou, dass mir Finanzmëttelen, wann och begrenzt, hunn fir d’ONGen an dëser wichteger Funktioun ze ënnerstëtzen.
Dir Dammen an Dir Hären,
Ech hunn am Ufank vun menger Ried haut gesot, datt 2012 en besonnescht Joer ass. Dëst betrëfft och d’Qualitéit vun onser Kooperatioun an den Kontroll dovunner, esou wéi d’Verbesseren vun der Efficacitéit vun eisem Asaz.
Vrun 20 Joer ass Lëtzebuerg dem Comité d’aide au développement, vun der OCDE, dem CAD, bäigetrueden. Et war kloer, dass eisen quantitativen Engagement Hand an Hand misst goen, mat engem qualitativen Engagement.
Dëst Joer ginn mir duerch déi 5. Revue des pairs an waarden gespaant, wat den definitiven Jugement iwwert d’Verbesserung vun eiser Aarbecht an deenen läschte 4 Joer wärt sinn. Et ass kloer, datt duerch den CAD mir eis Kooperatioun méi konzeptuell strukturéiert hunn. Haut hunn mir eng generell Strategie, mä och sektorieller an iwwergräifender, wéi déi iwwert den Genre an iwwert Ëmwelt an Klimawandel.
Ech wollt den Memberen vun der Chamberskommissioun Merci soen, dass si Beréd waren eis Examinateuren am Fréijoer ze begéinen. Natierlech stinn ech der Chamber zur Verfügung fir iwwert d’Resultater ze informéieren, den 26. November.
D‘Efficacitéit vun eiser Aarbecht verbesseren schéngt engem normal ze sinn. D’Manéier mat där mer eis Entwécklungshëllef ëmsetzen hatt an deenen leschten 7 Joer fundamental geännert. Wa mer an der Zäit haaptsächlech eng Projet’s Approche haten, kenne mer, spéitstens zanter déi drëtt Generatioun PIC’en a Kraaft getrueden sinn, definitiv behaapten dass mer an enger programmatescher an sektorieller Approche sinn. Dat bedeit net dass een muss generell direkt Budgetshëllef ginn.
Ee puer Wuert zum Ëmsetzen vum europäeschen Code de conduite fir d’Complémentaritéit an d’Opdeelung vun der Aarbecht. Lëtzebuerg ass zur Zäit an 11 Initiativen vun "coopération déléguée", an 4 "coopération conjointeen" implizéiert, an dat an 9 vun onsen Partnerlänner. Kooperatiounen lafen mat der europäescher Kommissioun an mat der Belge, mat Spuenien, mat der Schwäiz a mat Frankräich. All dëst si fir mech kloer Zeechen vun der Unerkennung vun der Qualitéit vun onser Entwécklungshëllef.
Erlaabt mer nach kuerz d’Thema vun der Efficacitéit ofzeschléissen mat dem Forum vun Busan: Hei ass en globaalt Partenariat geschloss ginn wat méi weit geet wei eng efficace Entwécklungshëllef, an et viséiert eng méi efficace Entwécklung am breeden Sënn. Mir wëssen all dass d’Entwécklungshëllef alleng net duer geet vir den Länner ze hëllefen aus der Aarmut erauszekommen. Dofir ass et ëm sou méi begréissenswert dass mat Busan den Privatsecteur, d’Société civile an d’Schwellelänner un dësem Partenariat deelhuelen. Et geet drëms d’Entwécklung als e ganzt ze kucken, mat all den Acteuren déi implizéiert sinn an en Impakt op den Développement vun engem Land oder enger Regioun kenne hunn.
D’Complémentaritéit mat der société civile gëtt verdéift, andeems mer z.B. direkten appui un d’Zivilgesellschaft an onsen Partnerlänner ginn. Et geet och drëms d’Kompetenzen an gutt Experienzen aus de Länner am Süden méi ze gebrauchen fir aner Länner ze ënnerstëtzen. Dat geschitt duerch déi sougenannten Sud-Sud Cooperatioun an déi triangulaire Cooperatioun.
Et ass wichtig eis Kooperatioun konstant méi efficace ze maachen. Et geet dobäi natierlech och ëm den berechtegten Contrôle, deen mir, vu dass mir hei Steiersuen geréieren, op déi Aart an Weis ganz gezielt duerchféieren. Et heescht awer och aus de Conclusiounen vun där Analyse ze léieren fir e besseren Suivi vun onsen Evaluatiounen an all eisen Kooperatiounsberäicher ze sécheren. D’Resuméen vun eisen Evaluatiounen wärten ëffentlech zougänglech sinn iwwert eis Internetsäit
D’Evaluatioun ass deemno en wichtegen, awer och en ganz normalen Moment am Zyklus vun all Zort vun Interventioun.
Wann der erlaabt, géif ech gären ënnert dem Kapitel Kontroll an Evaluatioun en Wuert iwwert den speziellen Rapport vun der Cour des comptes iwwert lëtzebuerger Entwécklungshëllef soen. Dësen Rapport, deen Enn Mee eraus komm ass, huet méi am Detail den Fonctionnement vum Entwécklungshëllefsfong analyséiert an vun Lux-Development, eiser agence d’exécution. Ufank Juni hat ech d’Geléigenheet op verschidden faktuell Elementer aus dësem Rapport ze reagéieren. Béid Dokumenter leien der Chamber säit Mëtt September fir. Ech war äussert frou an deen rapport ze liesen, datt d’Cour des comptes festgestallt huet, dass d’Finanzgestioun vun eiser Agence keng signifikativ Fehler opzeweisen huet. Esou eng gutt Zensur kritt net jiddereen. Wann et gewënscht ass, kann ech der zoustänneger Kommissioun gären zousätzlich Informatiounen ginn.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
D’lëtzebuerger Entwécklungshëllef richt hir Aktioun no den Milleniumszieler fir den Développement: Den Objectiv ass d’Aarmut an der Welt em d’halschend ze reduzéieren fir d’Joer 2015, an dat an deem een op 8 grouss Zieler hin schafft. D’nächst Joer soll en Sommet sinn fir festzestellen, wéi weit mer komm sinn an dëser grousser Operatioun.
An dëser Zäit gëtt ëmmer méi debattéiert iwwert dat wat no 2015 geschéien soll. Wat maachen, wann d’Milleniumsziler net erreecht ginn? Nei Akteuren an nei Formen vun Finanzementer mussen mat eran bruecht ginn, mä wéi soll dat geschéien? Des Diskussioun ass eréischt am Ufank, mä si wärt eis iwwert d’Joer 2013 beschäftegen. Et geet och drëm ze kucken, wéi des Developementsobjektiver no 2015 zu den Objektiver vun der nohalteger Entwécklung stinn, déi den Sommet Rio+20 festgeluecht huet. Des nohalteg Entwécklungsziler, déi sougenannten SDGs, sinn fir all Länner bestëmmt, fir eis esou gutt wéi fir déi mannsten entwéckelten Länner. Wéi soll dat mat den Entwécklungsziler zesummen passen?
Ech wärt an den nächsten Wochen mat verschiddenen Memberen vum high level Group Kontakt hunn, deem säin Roll doranner besteet, fir den Generalsekretär vun der UNO en Rapport iwwert den post-2015 ze schreiwen. Et leit mir natierlech besonnesch drun, dass an dëser Diskussioun nei Partner an Weeër fir Entwécklungshëllef fonnt ginn, mä et muss kloer sinn, dass mer eis global Zieler net verwässeren. Et kann och net sinn, datt ént an dat selwecht Geld 2 oder 3mol versprach gëtt.
Dat si mer den Leit an eisen Partnerlänner schëlleg.
Grousse merci.
 |
Pour en savoir plus ... |
 |
|