|
Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,
Déi Regierungserklärung, déi ech haut virleeën, fällt an eng besonnesch Zäit. Dëst Jorhonnert, dat gëtt et gläich net méi, an dat nächst, dat ass eigentlech schonn amgaangen.
Grad an deem Moment, wou zwee Jorhonnerte sech d'Hand ginn a wou dat Aalt an dat Neit sech begéinen, ass de Südoste vun Europa zu engem Gewalttheater ginn, op deem Konflikter sech breetmaachen, vun deenen eis Generatioun ni gemengt hätt, si misst sech hinne stellen. Si gi mat Mëttelen ausgedroen, déi u schlëmm Zäiten erënneren a Biller waakreg ruffen, déi mer fir ëmmer vergiesse wollten.
1. De Kosovo-Konflikt a seng humanitär Auswierkungen
An enger Zäit wéi dëser hëlt ee Schold op sech, an no enger Zäit wéi dëser ass een en anere wéi virdrun. Wann een an der Verantwortung steet, wann een all Dag "Jo" zu eppes muss soen, wouvun een am léifsten näischt géif wëssen, wann een heiansdo selwer vun där Angscht befall gët, déi wéi eng grouss Onrou duerch eise Kontinent an och duerch dat eegent Land geet, da mierkt een: d'Politik ass kee Spill, et ass eng battereescht Saach, déi een ëmdreift wéi näischt anescht a mat näischt anescht ze vergläichen ass.
Mat all Bomm, déi op enger falscher Plaz erofgeet, gëtt ee schëlleg. All Doudegen, egal op wat fir enger Säit, ass e Mënsch mat sengen Dreem, mat senge Pläng, e Mënsch, deen nach gär gelieft hätt, an all Verletzten, egal op wat fir enger Säit, gëtt zu engem liewege Vehikel vun Haass, deen an dat nächst Jorhonnert eran transportéiert gëtt.
D'Fro ass scho berechtegt: muss dëse Krich sinn, an hu mer alles gemaach, fir en ze verhënneren?
Jo, ech mengen, dëse Krich muss sinn, well mer hunn alles gemaach, fir en ze verhënneren.
Während Méint a Joeren ass verhandelt ginn, goufe Virschléi gemaach a goufe Virschléi zum Schäin acceptéiert. Zu Rambouillet ass eng politesch Léisung négociéiert an zu Belgrad eng ethnesch Säuberung preparéiert ginn.
D'Verdreiwung aus dem Kosovo, mat hirem schreckleche Cortège vun Erniddregung, vu Mord a vun Doud war fest geplangt, an den Här Milosevic war amgaangen, deen onvirstellbare Plang ëmzesetzen. D'NATO hat mat militärescher Gewalt gedrot, a si huet déi Droung misse wouer maachen.
Et kann net sinn an et däerf net sinn, dass um Enn vun dësem Jorhonnert déi europäesch Demokratien nokucken, wéi virun hirer Hausdir, quasi ënner hiren Aen, Mënschen am Numm vun zynesche Prinzipien drangsaléiert a massakréiert ginn.
Wee bombardéiert, esou hunn ech gesot, mécht sech op eng gewëss Fassong schëlleg. Mä absolut schëlleg mécht sech awer deen, deen onbedingt onschëlleg wëllt bleiwen an dofir op d'Säit kuckt!
De Krich ass keen Eroberungsfeldzuch géint d'Serben. E riicht sech net géint dat serbescht Vollek. D'NATO verfollegt keng territorial oder wirtschaftlech Ziler. Et ass kee Krich ëm méi Buedem, et ass e Krich fir méi Mënscherechter. Wéi ech méi jonk war, hunn ech gemengt, esou eppes wéi de gerechte Krich, dat géif et net ginn. Haut weess ech: de feige Fridden ass eigentlech méi schlëmm! Zu Recht hu jo an de leschte Joeren d'öffentlech Meenunge bei eis dat militärescht Agräife verlaangt. Elo ass dee militäreschen Asaz do, a keen normale Mënsch ka sech doriwwer freeën. Mä deen Asaz ass éischter ze spéit wéi ze fréi komm. En norwegesche Schrëftsteller huet 1934, kuerz virum zweete Weltkrich, gesot: et muss een handelen, ier et ze spéit ass, fir ze bereien.
Wee keng Buedemtruppe vun der NATO wëllt - an d'lëtzebuergesch Regierung wëllt keng -, dee muss derfir suergen, dass déi Loftschléi zum Erfolleg féieren. Si mussen intensivéiert ginn, ouni dass sech um Virsaz, onschëlleg Mënschen ze schounen, eppes änneren däerf. Si musse soulaang virugefouert ginn, bis d'Konditiounen, déi den UNO-Generalsekretär, d'Europäesch Unioun, d'NATO an doriwwer eraus ganz vill aner State verlaangen, erfëllt sinn.
Mir verlaange vum Här Milosevic näischt Onméigleches. D'Morde muss ophalen. Dat serbescht Militär a Paramilitär muss ofgezu ginn. D'Flüchtlinge mussen zréck an hir Heemecht kënne goen. Eng international Friddenstrupp muss stationéiert ginn, déi de Kosovo-Albaner Sécherheet gëtt. D'lëtzebuergesch Regierung ass net der Meenung, dass dës international Friddenstrupp vun der NATO eleng soll gestallt ginn. Mir mengen, et wier gutt, wann ënner der Leedung vun der UNO och russesch an ukrainesch Truppenelementer mat abezu géife ginn. Dës international Friddenstrupp muss iwwer den absolute Gewaltmonopol am Kosovo verfügen.
Mir deelen de Wonsch vun eise Partner an der Unioun, dass dës Konditiounen, Léisungselementer, Ausweeër aus der Kris Agank fanne mussen an eng Resolutioun vum Weltsécherheetsrot. Eng Resolutioun vum Weltsécherheetsrot géif et och erlaben, Russland, ouni dat eng europäesch Sécherheetsarchitektur net ka sinn, mat an d'Ausschaffe vun engem Gesamtfriddensplang fir de Kosovo anzebannen.
Déi militäresch Operatiounen, déi amgaange sinn, riskéieren, nach laang ze daueren. Mir wëssen: eis öffentlech Meenung ënnerstëtzt dës Asätz. Haut jiddefalls nach! Mir wëssen awer och: wann déi militäresch Aktiounen nach laang viruginn, dann hëlt déi öffentlech Zoustëmmung of, séier of. Mä och wann dat geschitt, muss eis Solidaritéit deenen aneren NATO-State géintiwwer, besonnesch deene géintiwwer, deenen hir Zaldoten am Asaz sinn, integral a fest bleiwen.
Et ass eis Hoffnung, dass d'NATO-Asätz séier dee gewënschtenen Erfolleg hunn. Wann d'Waffe roueg sinn, da kënnt déi schwiereg Zäit nom Krich, an op déi Zäit nom Krich musse mer eis och virbereeden. Sollt de Weltsécherheetsrot - wat mer wënschen - d'Europäesch Unioun mat der ziviler Administratioun vum Kosovo beoptragen, esou ass d'lëtzebuergesch Regierung bereet, hire Beitrag dozou ze liwweren. Eng gesamt Friddensuerdnung awer fir de Balkan kann nëmmen am Kader vun enger internationaler Balkankonferenz erreecht ginn, déi all politesch, ekonomesch a finanziell Froen, déi sech nom Krich stellen, léise muss.
Mir brauche fir de Balkan eng Art Marshall-Plang. All d'Länner aus dem Balkan brauchen awer och mëttel- a laangfristeg eng zolidd europäesch Perspektiv. D'Europäesch Unioun huet sech an dësem Konflikt als déi Instanz an Europa erwisen, déi Stabilitéit a Solidaritéit garantéiert. Dës Stabilitéits- a Solidaritéitssphär muss de Länner aus dem Balkan opstoen.
Obschonn en no ass, ass de Krich am Kosovo wäit vun eis ewech. Mä dee gewaltege Flüchtlingsproblem, deen net eng Konsequenz vun de Bombardementer, mä vum Här Milosevic senger ethnescher Säuberungspolitik ass, stellt sech awer och heiheem. Déi Dausende vu Flüchtlingen, déi an de leschte Joeren a verstäerkt nach an deene leschte Wochen a Méint op Lëtzebuerg komm sinn, ginn dem Krich an där mënscheveruechtender Politik vun der serbescher Féierung e Gesiicht. All Flüchtling, dee bei eis ass, ass en Zeien derfir, dass an Europa Schreckleches amgaangen ass ze passéieren.
Ech wëllt hei soen, dass ech op déi Aart a Weis, wéi d'Lëtzebuerger mat deem Leed, mat deem Misär a mat där Nout vun de Flüchtlingen ëmginn, ganz houfreg sinn. Andeems se souvill spenden, wéi se de Moment amgaange sinn ze spenden, maachen d'Lëtzebuerger net nëmmen hire Portmonni op. Si maachen hir Häerzer op, an dat ass vill méi wichteg!
Mir hunn hei am Land ee Flüchtling op manner wéi 200 Landesawunner. Mir iwwerhuelen domat am Kader vun eise Méiglechkeeten eng Solidaritéitslaascht, déi op d'mannst esou grouss ass wéi déi vun eisen Noperen.
Mir ëmfänken déi Leit, déi aus der Krichsregioun kommen, mat oppenen Äerm. Si ginn net eleng gelooss. Si ginn anstänneg logéiert. Si ginn ënnerstëtzt. Mir wëlle se net aus eiser Gemeinschaft ausspären. Dofir hu se jo och eng prinzipiell Autorisatioun kritt, fir kënne schaffen ze goen. Wa Mënschen iwwer Joeren zum Näischtmaache condamnéiert ginn, da gi se, wa se Friemer sinn, nach ëmmer méi friem, an dat wëlle mer verhënneren.
Um Ufank vun deene militäreschen Ausenanersetzungen am Kosovo huet d'lëtzebuergesch Regierung eng Drénglechkeetshëllef vun 100 Milliounen zur Verfügung gestallt. Mir hunn dës Enveloppe haut de Moiën am Regierungsrot op eng Milliard erweidert. Eng Milliard, dat sinn 2.380 Frang pro Awunner.
Mir hu Liewensmëttel an aner Hëllefsgidder an d'Kriseregioun geschéckt. Mir bedeelegen eis mat 40 Milliounen, d.h. mat der Halschent vum Käschtepunkt, um Opriichte vun engem belsch-lëtzebuergeschen Duerf an Albanien. Well mer der Meenung sinn, dass d'Hëllef fir d'Flüchtlinge fir d'éischt a virun allem op der Plaz selwer muss geleescht ginn, musse mer och déi noutwendeg Geldmëttele fir dës Politik opbréngen. Mir sinn dankbar fir d'Propositioun vum SYVICOL, fir d'Gemenge mat 10 Milliounen um Käschtepunkt vum belsch-lëtzebuergeschen Duerf an Albanien ze bedeelegen.
Ech wëllt iwwerhaapt ausdrécklech d'Ustrengunge vun de Lëtzebuerger Gemenge luewen. Si lafen net virun hirer Verantwortung fort! Si stelle sech hir, a si kréien och d'Ënnerstëtzung vun der Regierung.
Bei aller Noutwendegkeet, de Flüchtlinge prioritär do ze hëllefen, wou se haut sinn, ass awer net ze iwwersinn, dass ëmmer méi vun hinnen an aner Deeler vun Europa an och op Lëtzebuerg drängen. Och déi Flüchtlingen, déi elo eréischt kommen, musse mer bei eis ophuelen, an all d'Moossnamen treffen, déi noutwendeg sinn, fir eventuell nach méi eng grouss Zuel vun hinnen zu Lëtzebuerg en Daach iwwer dem Kapp ze ginn.
Mir sinn nach net um Enn vun eiser Solidaritéitsustrengung deene Leit géintiwwer ukomm, déi hiert Land musse verloossen. Ech hoffen, dass dës Ustrengunge weiderhin och d'Averständnis vun de Leit hei am Land fannen, an ech sinn iwwerzeegt dervun, dass mer aus der Kraaft vun der Erënnerung eraus déi Energie schäffen, déi mer brauchen, fir eis där Erausfuerderung stellen ze kënnen.
Mir däerfen ni vergiessen, dass och d'Lëtzebuerger um Ufank vum zweete Weltkrich hu misse fortlafen, a mir däerfen ni vergiessen, dass och si frou waren, wéi ee si opgeholl huet. Et ass jo d'Erënnerung un dat eegent Leed, wat mer haten, an d'Asiicht an dat neit Leed vun deenen aneren, déi d'politesch Parteien hei zu Lëtzebuerg derzou bruecht hunn, aus der Situatioun, mat där mer konfrontéiert sinn, kee politescht Kapital ze schloen. Dat ass net iwwerall an Europa esou, a mir hunn dofir, fir déi Astellung, merci ze soen!
Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,
Et ass net liicht, wann ee sech mam Krich, mat sengem Leed a mat senge Folge beschäftegt huet, den Iwwergank zur Situatioun am eegene Land ze fannen.
Jidfereen heibanne weess, dass déi Problemer, déi mer hei zu Lëtzebuerg hunn, onendlech méi kleng si wéi déi Problemer, vun deenen ech elo grad geschwat hunn. An trotzdem: och wann eis Problemer, relativ betruecht, méi kleng sinn, esou kënnen déi Leit awer, déi mat deene Problemer konfrontéiert sinn, grouss Suergen hunn. Et ass dofir selbstverständlech, dass een och dëst Joer, an dëser Debatt, vun de Suerge vun eise Leit a vun de Problemer vun eisem Land schwätzt.
Mä mir kënne vu Gléck schwätzen, dass déi Problemer, déi sech bei eis stellen, an déi Suergen, déi d'Leit bei eis hunn, an engem Ëmfeld vu Fridden a vu gudder Noperschaft kënne geléist a beäntwert ginn.
D'NATO huet an dësem Kosovo-Konflikt eng grouss Kohesioun an eng grouss Standfestegkeet bewisen. Si huet de Konflikt net mëssbraucht, fir déi falsch strategesch Konsequenzen ze zéien. Um Sommet zu Washington si mer iwwerenee komm, dass d'NATO keng Vocatioun huet, iwwerall op der Welt de Polizist ze spillen. Et ass net hir Absicht, an all periphär Konflikter anzegräifen. Si ass ee Friddensgarant. Mä si ass net deen eenzege Friddensgarant, well d'NATO-State stellen esou just 10 Prozent vun der Weltbevölkerung duer. Et ass d'UNO, déi den Haaptkonstrukteur vum Weltfridde bleiwe muss.
2. Lëtzebuerg a sengem europäeschen Ëmfeld
D'Europäesch Unioun huet virun an trotz dem Kosovo-Konflikt Handlungsverméigen ënner Beweis gestallt.
Den Amsterdamer Vertrag, deen no eiser Chamber och déi 14 aner Parlamenter passéiert huet, trëtt elo am Mee a Kraaft. Dëse Vertrag berücksichtegt all déi fundamental lëtzebuergesch Uleien. Mir kënnen der institutioneller Zukunft vun der Europäescher Unioun mat Berouegung entgéintkucken. Mir ginn a kenge Froen, och net a Steierfroen, iwwerstëmmt. D'Beschäftegungspolitik, en zolidd Uleies vun der lëtzebuergescher Regierung, huet nom Vertrag a nom europäesche Beschäftegungssommet eng fest Plaz op der europäescher Agenda fonnt.
Mir hunn eis zu Berlin no nuechtelaanger Verhandlung op déi grouss Linnen an och op d'Detailer vun der Agenda 2000 ze eenege verstanen. Domat steet de finanzielle Kader vun der europäescher Politik fir déi nächst Joere fest, an domat ass och de Wee hin zur europäescher Erweiderung - an de Kosovo-Konflikt weist, wéi néideg dass dës ass - gewisen. Lëtzebuerg gëtt net mat enger onvertriedbarer finanzieller Méibelaaschtung konfrontéiert. D'Interesse vun eiser Landwirtschaft goufe mat Erfolleg verdeedegt. An den nächste Joere wäert dat landwirtschaftlecht Akommes zu Lëtzebuerg souguer klammen.
Den Europäesche Rot huet op Grond vun enger Benelux-Initiativ e schnellen Auswee aus dem institutionellen Engpass fonnt, deen no dem kollektive Récktrëtt vun der Europäescher Kommissioun op eis gelauert huet. Mir hunn zu Berlin dee fréieren italienesche Premier Prodi zum neie Kommissiounspresident designéiert. Hie kritt seng Investitur nach vun dësem Europäesche Parlament, d'Membere vu senger Kommissioun vun deem neien. Et ass de Wonsch vun de Stats- a Regierungschefen - a virun allem vun der däitscher Rotspresidentschaft -, dass déi nei Kommissioun Enn Juli/Ufank August funktiounsfäeg ass.
Mä och déi nächst Woche si fir d'europäesch Politik vu grousser Bedeitung. Um Conseil européen zu Köln, den 3. a 4. Juni, solle mer en europäesche Beschäftegungspakt beschléissen. D'lëtzebuergesch Regierung mengt, dass d'Beschäftegungsfro an Europa net nëmmen eng Fro vun der Quantitéit, vum Volume vun der Aarbecht wier, mä och eng Fro vun der Qualitéit vun der Aarbecht, eng Fro, déi och den europäesche Sozialmodell freet, fir adequat ze reagéieren. Dofir hu mer virgeschloen, dass all d'Länner an der Europäescher Unioun e gesetzleche Mindestloun mussen aféieren.
Och am Beräich vun der Koordinéierung oder Harmoniséierung vun der Steierpolitik sinn déi nächst Wochen a Méint net ouni Bedeitung. Déi lëtzebuergesch Positioun ass klor: mir wëllen eng europawäit Regelung vun der Kapitalertragssteier. Mä si muss finanzplazschounend sinn a Rücksicht huelen op d'Interesselag vun all Memberstat, och vun deem klengsten. Fir eis bleift et derbäi, dass parallel zu enger minimaler Mindestbesteierung vun de Kapitalerträg Fortschrëtter bei der Koordinéierung vun de Betribssteieren erreecht musse ginn.
Déi spektakulärst Performance vun der Unioun war déi fristgerecht Aféierung vum Euro op den 1. Januar 1999. Mat där Décisioun hunn alleguer déi Skeptiker Onrecht kritt, déi an Europa oder weltwäit d'Fäegkeet vun der Europäescher Unioun, sech virum Enn vun dësem Jorhonnert mat engem an deem selwechte Geld auszestafféieren, ugezweifelt hunn. Well et déi och heiheem gi sinn, wëllt ech mech haart driwwer wonneren, dass een näischt méi vun hinnen héiert.
D'Aféierung vum Euro war déi lescht grouss europäesch Ambitioun an dësem Jorhonnert. Elo musse mer derfir suergen, dass den Euro en Erfolleg gëtt.
Den Euro huet an den éischte Januardeeg vun dësem Joer e fulgurante Start geholl. Elo huet en esou eppes wéi d'Bunn vun der Normalitéit erreecht. Seng Entwécklung entsprécht exakt der Entwécklung vun der däitscher Mark an de leschte Joeren, an dat ass gutt esou.
Mir mussen aus deem Euro-Land, wat mer elo hunn, e Gebitt vun unhalendem Wirtschaftswuesstem maachen. Fir dat kënnen ze erreechen, mussen d'Wirtschaftspolitike vun deenen 11 Euro-Länner méi staark a besser mateneen an ënnerenee koordinéiert ginn. Mir hunn um europäesche Conseil vum Dezember 1997 hei zu Lëtzebuerg der europäescher Wirtschaftspolitik all d'Instrumenter an d'Hand ginn, fir dat kënnen ze maachen. Dës Instrumenter musse méi zilorientéiert a méi konsequent genotzt ginn. Mir mussen déi kollektiv a solidaresch Gestioun vum gemeinsame Geld méi séier léieren.
D'Wuesstemsperspektiven am Euro-Land, déi sinn net gutt. Si si wesentlech besser heiheem bei eis.
Den internationale Währungsfong geet fir dat lafend Joer vun engem Wirtschaftswuesstem vu weltwäit 2,2% aus, an d'Europäesch Kommissioun hirersäits gesäit genau dat selwecht Wirtschaftswuesstem vun 2,2% fir d'Länner vun der Euro-Zon vir. Esou e Wirtschaftswuesstem vun 2,2% ass wäit vun enger Rezessioun ewech. Mä et geet net duer, fir eng dauerhaft Erhuelung op den europäeschen Aarbechtsmäert erbäizeféieren.
Dat relativ bescheidend Wirtschaftswuesstem an der Euro-Zon bleift selbstverständlech net ouni Auswierkungen op Lëtzebuerg, dat ëmsou méi, wou d'Wirtschaftswuesstem an eisen direkten Nopeschlänner relativ schwaach ass. Während een a Frankräich mat engem Wuesstem vun 2,3% rechnen däerf, muss een an der Belsch vun nëmmen 1,9 an an Däitschland vun 1,7% ausgoen. Domat gehéieren eis dräi Haaptofsazmäert zu deene wirtschaftlech am meeschte geschwächten Zonen an Europa.
3. Dat wirtschaftlecht a sozialt Ëmfeld
D'Wirtschaftswuesstem hat d'lescht Joer zu Lëtzebuerg mat 5,7% all Erwaardungen iwwertraff. Dir erënnert Iech drun, dass mer bei der Opstellung vum Budget fir d'Joer 1998 vun engem Wirtschaftswuesstem vun nëmmen 3,6% ausgaange sinn. Et ass ëm iwwer 2% dépasséiert gin!
Fir 1999 gi mer elo, nodeems mer d'Fakte gekuckt an d'Zuele revidéiert hunn, vun engem Wirtschaftswuesstem vun 3,5% hei zu Lëtzebuerg aus. D'Bréisseler Kommissioun prognostizéiert souguer nëmmen e Wuesstem vun 3,25%.
Besser Noriichte gëtt et vun der Inflatiounsfront. Si huet am Joer 1998 1% bedroen, d'Inflatioun. Si wäert sech aller Viraussiicht no 1999 op 0,7% belafen. Mir hunn domat souwuel an Europa wéi och heiheem historesch déif Inflatiounsstänn erreecht. Dat ass eng direkt Folleg vun där konsequenter Stabilitéits- an Assainissementspolitik, déi d'Viraussetzung war, fir dass 11 Länner Zougank fonnt hunn zum Euro-Raum.
Well d'Wirtschaftswuesstem 1999 méi schwaach wäert si wéi 1998, däerfe mer also an dësem Joer, wann de Budget exekutéiert gët, an am nächste Joer, wann e geplangt gët, keng Ausgabepolitik bedreiwen, déi eis ausserhalb vun där Zon géif droen, déi dat mëttelfristegt Wirtschaftswuesstem eis virzeechent.
Alles an allem gëllt awer: d'Wirtschaftswuesstem zu Lëtzebuerg bleift no wéi vir staark, a mir bleiwe mat Irland un der Spëtzt vum europäesche Wuesstemspeloton.
Wann d'Wuesstemschancen 1999 och manner positiv si wéi d'Wuesstemsperformancë vum Joer 1998, esou brauche mer eis awer keng iwwerdriwwe Suergen iwwer d'ekonomesch Zukunft vun eisem Land ze maachen.
Am Verglach mam direkten Ausland an am Verglach mat der gesamter Europäescher Unioun sti mer wirtschaftlech gutt do.
Déi selwecht Feststellung trëfft iwwregens op eis Beschäftegungssituatioun zou.
Vun 1990 bis 1998 sinn hei am Land 53.424 nei an zousätzlech Aarbechtsplaze geschafe ginn. Eleng an de Joere 1995 bis 1998, also am Laf vun dëser Legislaturperiod, sinn 29.700 Aarbechtsplazen entstanen. Dat sinn der am Duerchschnëtt 7.600 pro Joer.
All d'Wirtschaftssecteuren, inklusiv - trotz dem Réckgang an der Stolindustrie - d'Industrie, ware vun dëser Beschäftegungsexpansioun betraff. Virun allem awer huet den Dingschtleeschtungsberäich beschäftegungspolitesch massiv zougeluecht. Och dat ass eng berouegend Perspektiv, well iwwerall an Europa besteet Eestëmmegkeet, wa considéréiert gët, dass ee muss en Dingschtleeschtungssecteur entwéckelen, fir um Aarbechtsmaart weider ze kommen. Mir si schonn amgaangen, dat ze maachen, a mir maachen dat mat Succès.
Déi nei geschafen Aarbechtsplazen, déi hunn nieft aktive beschäftegungspolitesche Moossnamen derzou bäigedroen, dass d'Aarbechtslosegkeet hei am Land net nëmme konnt gestoppt, mä zréckgefouert ginn. Zanter 1990 ass d'Aarbechtslosegkeet zu Lëtzebuerg vu Joer zu Joer geklommen. 1998 awer ass eng däitlech Trendwende agetrueden. Am Verglach zum Joer 1997 ass de Chômage ëm 5,6% zréckgaangen.
An den éischten dräi Méint vum Joer 1999 hu mer 4,41% Chômeure manner wéi an deenen éischten dräi Méint vum Joer 1998. A wann een d'Resultater um Aarbechtsmaart vun deenen éischten dräi Méint vum Joer 1999 mat deene vun deenen éischten dräi Méint vum Joer 1997 vergläicht, da stellt een en Ofhuele vun der Aarbechtslosegkeet vu 6,15% fest. Dëse positiven Trend weist sech iwwregens och an deenen neitsten Zuele vum Mount Mäerz. Si ginn am Verglach zum Mount Februar nach eng Kéier ëm 5,22% zréck.
Um Enn vum Joer 1999 wäerte mer feststellen, dass d'Aarbechtslosegkeet erëm ënner 3% duerchschnëttlech konnt gedréckt ginn. Dës considérabel Zréckentwécklung vum Chômage däerf eis awer net derzou féieren, beschäftegungspolitesch Entwarnung ze ginn. Wuel ass d'Situatioun op eisem Aarbechtsmaart net méi esou ugestrengt, wéi se war. Mä eng kleng Katastroph an engem mëttelstaarke Secteur vun eiser Ekonomie kann zu engem spronghaften Uwuesse vun der Aarbechtslosegkeet féieren. Dofir däerfe mer d'Hänn elo net an de Schouss leeën. Mir mussen déi vun der Regierung, vum Parlament a vun der Tripartite ageleete beschäftegungspolitesch Schrëtt konsequent weidergoen.
Nieft der Suerg ëm d'Aarbecht ass d'Suerg ëm d'Akommes eng, déi vill Leit dréckt, an och hei schwätzen d'Zuelen eng klor Sprooch.
De verfügbare Revenu vun den Haushalter ass zu Lëtzebuerg tëscht 1994 an 1997 ëm duerchschnëttlech 7,7% geklommen. An deem selwechten Zäitraum huet sech de Liewensniveau vun de Lëtzebuerger Haushalter ëm duerchschnëttlech 8,5% verbessert.
Aus dëser duebeler Tatsaach ergëtt sech eng duebel Feststellung:
D'Resultater vum Wirtschaftswuesstem hu sech an deene leschte Joeren - an dat zielt eigentlech zanter 1985 - gläichméisseg op de Liewensniveau vun alle Lëtzebuerger répercutéiert.
Et gëtt oft gesot, déi Aarm géifen ëmmer méi aarm an déi Räich ëmmer méi räich ginn. Zu Lëtzebuerg stëmmt dat nët! Natiirlech ass dat verfügbaart Akommen an de Liewensniveau vun deene besser gestallten Haushalter och an deene leschte Joeren däitlech geklommen. Mä dat verfügbaart Akommen an de Liewensniveau vun deene wirtschaftlech méi schwaache Ménagen ass och staark an d'Luucht gaangen. Zu Lëtzebuerg ass de Saz, dass déi Aarm ëmmer méi aarm ginn, ganz einfach falsch! Zu Lëtzebuerg geet et deenen Aarmen an deene klenge Leit net schrecklech gutt, mä wesentlech besser wéi virun e puer Joer.
Dësen duebele Constat, deen een zu Lëtzebuerg op eng fundéiert an iwwerpréifbar Aart a Weis ka maachen, deen trefft nach laang net iwwerall d'selwecht zou. E belsche Stot z.B. verfügt iwwer e Liewensniveau, deen nëmmen 61,5% vun deem vun engem lëtzebuergesche Stot bedréit. A sot mer net, dat eent hätt mat deem aneren näischt ze dinn, well d'Belsch ass dat drëtträichste Land, dat et an der Europäescher Unioun gëtt. Mä an der Belsch ass de Liewensniveau an deene leschte Joeren ëm 50% manner staark geklomme wéi zu Lëtzebuerg; net well d'Belsch manner dichteg wieren, mä well eng aner Politik do gemaach ginn ass wéi hei.
Wann ee Länner, wann ee Regierunge matenee vergläicht, wann ee wëllt kucken, wat déi eng richteg, wat déi aner falsch maachen, da muss een dräi Beräicher méi genau ënner d'Lupp huelen: de Wirtschaftswuesstem, d'Beschäftegungssituatioun, d'Akommesentwécklung. A wa mer déi dräi vital Beräicher kucken - an ech hu se elo grad, wann och séier, gekuckt -, da stelle mer fest: an deenen dräi Beräicher sinn d'Performancë vun eisem Land am Verglach mat deene vun anere Länner beandrockend an absolut gesi remarkabel. Dat ass net d'Produkt vun irgendengem Zoufall, well souvill Zoufall matenee kann et guer net ginn. Dat ass dat gewolltent Resultat vun enger gewolltener Politik.
4. E Gewënn u Kompetitivitéit
Déi Politik, déi hate mer an eiser Regierungserklärung am Juli 1994 beschriwwen. Mir wollten eis Betriber méi kompetitiv maachen. A mir hunn hinne méi ee kompetitiivt Ëmfeld geschafen. Mir wollten de Leit hei am Land méi Gerechtegkeet bréngen a méi Solidaritéit fir si organiséieren. A mir hu méi Gerechtegkeet bruecht, a mir hunn och méi Solidaritéit an deene leschte Joeren organiséiert.
Déi global Resultater vun där Politik hunn ech elo grad genannt. Déi Zuelen, déi se ënnermaueren, déi léien nët.
Déi politesch Initiativen, déi zu deene Resultater gefouert hunn, déi vill vun Iech ëmmer a vill vun Iech heiansdo matgedroen hunn, déi wëllt ech kuerz an Erënnerung ruffen.
Et war eis konstant Suerg, d'Kompetitivitéit vun eise Betriber an dëser Legislaturperiod ze verbesseren; net fir de Kapitalisten e Cadeau ze maachen, net fir d'Banquiere bei gudder Laun ze halen, net fir d'Mëttelständler op eis Säit ze zéien, neen: an enger globaliséierter Welt, wou wichteg Décisiounen, déi Dausenden an Zingdausende vu Leit betreffen, heiansdo am Handëmdréie geholl ginn, mussen déi fundamental Date vun der Ekonomie, a virun allem hir steierlech Belaaschtung, stëmmen.
An engem Moment, wou d'Massenaarbechtslosegkeet ganz Europa onglécklech mécht a virun de Grenze vun eisem Land lauert, kënnt et drop un, dem Mëttelstand, deem Réckgrat vun eisem Aarbechtsmaart a vun eiser Ekonomie, de Goût um Entrepreneuriat ze erhalen, fir dass e virun Aarbechtsplaze schaaft a Risike kann huelen. An engem Abléck, wou déi europäesch Staten, géint all d'Geboter vun der wirtschaftlecher Vernunft, öffentlech Investitioune sträichen, war et wichteg, ass et wichteg a bleift et wichteg, fir eisen Investitiouns- an Infrastrukturvirsprong auszebauen.
Dës Iwwerleeung huet enger europäescher Exigenz Gestalt gin: mir hunn eis Presidentschaft vun der Europäescher Unioun notze missen, fir de fiskalen Dumping, déi schläichend Entfiskaliséierung vum Kapital op dem Noper seng Käschten ze stoppen. Dat ass eis mat der Adoptioun vun engem Verhalenskodex géint den onfaire Steierwettbewerb um Plang vun de Betribssteieren den 1. Dezember 1997 vollop gelongen. Mir wiere bei där Course, fir déi niddregst Betribssteieren an Europa ze hunn, mat Sécherheet op d'laang Siicht déi gréisste Verléierer gewiescht.
Dës Iwwerleeung huet awer och eng kreativ, innovativ a kompetent gesteiert Encadrementspolitik hei zu Lëtzebuerg zum Imperativ vun all zukunftsgeriichtetem Handele gemaach.
Eis Wirtschaft brauch, fir virun ze kommen, gutt a besser Infrastrukturen. An eis Wirtschaft huet dës besser Infrastrukture kritt. Ouni gutt Infrastrukture keng Aarbechtsplazen: dat muss ee wëssen! Den Infrastrukturvirsprong séchert Aarbechtsplazen, an dofir hu mir eisen Investitiounsvirsprong an dëser Legislaturperiod ausgebaut.
De Lëtzebuerger Stat huet vu 1994 bis 1998 iwwer de Statsbudget 74,2 Milliarden direkt an d'Wirtschaft investéiert. 1998 beleeft den Investitiounsbudget sech op 3% vum Bruttoinlandprodukt. Keen anert Land an Europa ka sech dat leeschten, a keen anert Land huet dat opzeweisen.
Zanter 1994 steigere verbessert Infrastrukturen d'Investitiouns- an d'Leeschtungsfäegkeet vun der Ekonomie. D'"Collectrice du Sud" ass fäerdeggestallt ginn an huet de Süde vum Land, deen ëmmer nach mat de Folge vun der Stolkris ze kämpfen huet, méi attraktiv gemaach. De Contournement vun der Stad Lëtzebuerg ass integral realiséiert an huet déi liewenswichteg Verbindunge mam Ausland complétéiert. D'"Pénétrante Sud" vun der Stad ka vu Leit a vu Betriber genotzt ginn.
Wa mer all deene Recht ginn hätten, déi géint dës an aner Projete waren - an et waren der ëmmer vill -, da wier eist Land manner kompetitiv, da wieren haut scho vill Betriber an hirer Entwécklung gebremst an dann hätten haut manner Leit eng Aarbecht.
Déi energesch Investitiounspolitik, déi am Interesse vun der Ekonomie a vun de Leit ass, déi gëtt konsequent virugefouert: de Bau vun den Ëmgehungsstroosse vu Miersch a Kolma-Bierg ass amgaangen. Wann d'Nordstrooss fäerdeg ass, ka vun der Stad op de Fridhaff gefuer ginn, ouni d'Leit an den Ambiente an den Uertschaften ze stéieren. Den Norden, deen dann net méi am geo-ekonomeschen Abseits läit, gëtt wirtschaftlech vitaliséiert. De Bau vun der Saarstrooss ass amgaangen a schléisst esou de groussregionale Stroossekrees. An e gutt Stéck vun eiser wirtschaftlecher an domat sozialer Zukunft läit an der Groussregioun, an dofir brauche mir via Saarstrooss a via Nordstrooss de verlängerte Liewensnerv a si eran.
Och dee geplangtene BTB-Projet gehéiert an d'Rubrik vun deenen Zukunftsinvestitiounen, déi der Wirtschaft, mä net nëmmen hir, sollen dingen. Et gëtt haut zu Lëtzebuerg 1,6 Millioune Fuerbewegungen den Dag. Wann eisen Aarbechtsmaart sech esou virun entwéckelt wéi bis elo, dann hu mer am Joer 2025 iwwer 400.000 Aarbechtsplazen. A wann eis Bevölkerung sech virun esou entwéckelt wéi bis elo, da si mer a 25 Joer zu 700.000. Ob dat alles wënschenswäert ass, loossen ech elo emol dohinner gestallt. Ech mengen, et wier et eigentlech net!
Mä wann d'Entwécklung déi ass - an et ass net onwaarscheinlech, dass se esou verleeft -, da kréie mer pro Dag 3 Millioune Fuerbewegungen. Dat packt eist Stroossennetz net, och dann net, wa mer et staark ausbauen an iwwerall d'Autobunnen op 3 Spuere géinge verbreederen. Da brauche mer, fir dass d'Leit mobil bleiwe kënnen an d'Wirtschaft schaffe kann, e regionaalt Verkéierskonzept fir d'ganzt Land, dat Auto, Bus, Tram a Bunn matenee verbënnt.
Dofir sinn ech fest dervun iwwerzeegt, dass de BTB muss kommen! An ech si grad esou fest dovun iwwerzeegt, dass en och wäert kommen! E fiert nëmmen duerch d'Stad, wann d'Stad Lëtzebuerg dat wëllt. Et ass net d'Absicht vun der Regierung, fir deen Tracé an der Stad géint de Wëlle vun der Stad Lëtzebuerg duerchzesetzen. Mä de Sträit ëm deen Tracé an der Stad, deen däerf eis awer net vergiesse loossen, dass mer haut d'Viraussetzunge mussen dofir schafen, fir dass mer mar net am Verkéier stieche bleiwen.
De BTB kascht Geld. Mä déi Chifferen, déi heiansdo genannt gi, déi si maasslos iwwerdriwwen. De BTB kascht keng 20, 25 oder 30 Milliarden, wéi heiansdo ze liesen ass. Déi geplangte 17,35 Kilometer nei Linnen, déi hunn e Käschtepunkt vun 9 Milliarden. Dee bestehenden Eisebunnsréseau muss fir 2,7 Milliarden ausgebessert ginn. Da si mer op ronn 12 Milliarden, an dat ass et och! Déi 6 Milliarde fir en neien Eisebunnséquipement, déi mussen esou oder esou, mat oder ouni Bus-Tram-Bunn, opbruecht ginn.
Esou wéi de BTB ass och den TGV-EST vu gréisster Wichtegkeet fir eist Land a seng zukünfteg Standuertqualitéit. Fir dass en zustane kënnt, wäert Lëtzebuerg sech mat 4,6 Milliarden un der Finanzéierung vun der Streck Lëtzebuerg-Paräis bedeelegen.
Investitiounen an eis wirtschaftlech Zukunft, dat war och d'Fäerdegstellung vum Beruffsausbildungszentrum zu Esch, dee virgëschter ageweit gouf.
Investitiounen an eis wirtschaftlech Zukunft an domat an eise sozialen Equiliber, dat waren och déi 18 Projeten am Beräich vun de Schoulbauten, déi an dëser Legislaturperiod realiséiert oder entaméiert goufen. 40,5 Milliarde sti fir déi lafend a fir déi zukünfteg Bauprojeten zur Verfügung.
Investitiounen an eis wirtschaftlech a sozial Zukunft, dat waren och déi 21 Milliarden, déi mëttelstänneg Entreprisen op Grond vu permanent gesteigerte staatleche Bäihëllefen investéiere konnten.
Investitiounen an eis wirtschaftlech an domat sozial Zukunft, dat waren och d'Equipementskreditter vun der SNCI an Héicht vun 3,6 Milliarden an d'Erofsetze vun hirem Zënssaz op den Equipementskreditter vu 4,5 op 3%.
Ënnerstëtzung fir eis Wirtschaft, besonnesch fir eis Bauwirtschaft, dat waren och déi 17,3 Milliarden individuell Bäihëllefe fir den Accès zum Eegentum, déi an dëser Legislaturperiod bezuelt goufen, an déi 10 Milliarden TVA-Remboursementer op dem Bau vun den Eegenheemer.
Gehollef krute virun allem déi mëttelstänneg Betriber duerch d'Décisioun, d'Zënsen op de Steierretarde vun 12 op 7,2% ze reduzéieren.
Infrastrukturverbesserungen an en héijen Niveau vu wirtschaftlech fundéierten öffentleche Bäihëllefe si wichteg, heiansdo souguer liewenswichteg. Mä grad esou, wann net souguer méi vital, si raisonnabel, wirtschaftlech a sozial gutt duerchduechte Steierstanduertvirdeeler. An där gouf et an dëser Legislaturperiod en masse, obschonn d'Regierungserklärung nëmme punktuell Adaptatiounen an Aussiicht gestallt hat.
Dës Legislaturperiod war steierpolitesch eng aktivitéits- an ertragräich Zäitspaan.
- D'Kierperschaftssteier ass vun 33 op 30% erofgesat ginn. Wie weess nach, dass si 1984, wéi dës Koalitioun ugetratt ass, op 40% stoung?
- D'Gewerbekapitalsteier ass razekal ofgeschaaft ginn. Wie ka sech nach un déi hefteg Musik vu villen Trommler an Trompettisten erënneren, wéi dat décidéiert gouf? Haut sinn d'Betriber entlaascht, an d'Gemengen hu kee Schued dervun.
- D'Gesetz vum 28. Dezember 1995 huet d'Uwendung vum Schachtelprivileg ausgeweit. Wie ka sech dann nach un d'Erfëllung vun dëser laangjäreger Fuerderung erënneren?
- Den accéléréierten Amortissement an d'Steierbonifikatioune fir ekologesch Investitioune si staark verbessert ginn. Wee weess dat nach?
- Vun 1997 un huet all Betrib, deen ee Chômeur astellt, eng steierlech Bonifikatioun kritt. Vill Leit hunn esou eng Aarbecht kritt, déi soss keng kritt hätten. Vill Betriber, déi net agestallt hätten, hunn esou agestallt.
- Am Dezember 1997 ass d'betriblech Verméigenssteier ekonomesch neutraliséiert ginn, ënner der Bedingung, dass d'Benefisser réinvestéiert ginn. Wie weess iwwerhaapt nach, dass dës Moossnam agefouert ginn ass, fir de Betriber hir Eegemëttelen an d'Luucht ze setzen? An d'Betriber hunn hir Eegemëttelen erhéicht an domat hir Presenz zu Lëtzebuerg gefestegt.
- 1996 hu mer am Hibléck op d'Euro-Aféierung déi sougenannte steierlech Euro-Provisiounen agefouert, déi déi betriblech Iwwergankskäschten ofgefierdert hunn. Keen anert Land huet dat gemaach, a keen huet et zwee Joer virun dem Optaktdatum vum Euro an d'Weeër geleet.
- D'Kierperschaftssteier, ech hunn et gesot, ass op 30% zréckgeholl ginn. Mä déi mëttelstänneg Betriber, déi, déi der Steier vun der physescher Persoun ënnerleien, kruten en "Abattement commercial" vu 5% op hirem Benefiss ënner 3 Milliounen a vun 2% op hirem Benefiss iwwer 3 Milliounen zougesprach. Fir d'alleréischt an der Betribssteiergeschicht sinn domat déi kleng Betriber grad souvill a meeschtens nach méi entlaascht gi wéi déi grouss.
- 50% vum Einheitswäert vum Betribsverméige sinn aus der Bemiessungsgrondlag vun der Verméigenssteier ausgegliddert ginn. Déi kleng mëttelstänneg Betriber profitéieren heivun a groussem Mooss.
- Fir de Mëttelstand sinn d'Abattementen op der Gewerbesteier vun 900.000 op 1,2 Millioune Frang erhéicht ginn.
- D'Gehälter vun den Associéen a vun de Gérante sinn aus der Bemiessungsgrondlag vun der Gewerbesteier éliminéiert ginn. Dem Mëttelstand deet dat alles gutt.
- D'Zënsen op de Prêten, déi zum Zweck vum Iwwerhuele vun engem eegene Betrib opgeholl ginn, kënnen integral vun der Steier ofgesat ginn. Dat schaaft nei selbstänneg Existenzen, déi mer dringend brauchen.
- D'"Taxe d'abonnement" op den OPCen ass reduzéiert, heiansdo ganz ofgeschaaft ginn. Dat huet méi Aktivitéiten op d'Finanzplaz bruecht, grad esou wéi d'Moderniséierung vun der steierlecher Behandlung vun de forfaitairë Provisiounen am Bankeberäich.
An anere Wierder:
De Steiersaz op de Betriber ass vun 48,28 op 37,45% reduzéiert ginn. E läit domat ënner der OECD-Moyenne.
No de Steierreduktiounen, déi an dëser Legislaturperiod virgeholl goufen, ginn d'Banken zu Lëtzebuerg haut manner besteiert wéi d'Banken zu London. Ouni dës Politik wier d'Finanzplaz Gefor gelaf, wichteg Sparten ze verléieren.
Déi richteg Steierpolitik am richtege Moment vum Konjunkturzyklus bréngt méi Aktivitéit, domat méi Aarbechtsplazen, domat méi Steieren.
Obscho mer d'Steieren op de Betriber erofgesat hunn, hu mer méi Steieren op de Betriber erakritt. Et war also déi adequat Politik zum gënschtegsten Zäitpunkt.
Ouni dës Investitiouns- an ouni dës Steierpolitik wier eist Wirtschaftswuesstem manner héich gewiescht, eis Beschäftegungsexpansioun manner staark, eise Liewensniveau méi niddreg.
Ech hunn, Här President, virun e puer Minutte gesot, dass d'Zuel vun den Aarbechtsplaze géif zou- an d'Zuel vun de Chômeure géif ofhuelen.
Och dat ass net d'Produkt vum Zoufall.
Eng Ekonomie dréit nëmme gutt, an Aarbechtsplazen entstinn nëmmen dann, wann dat allgemengt betriblecht Ëmfeld stëmmt. An dat atmosphärescht an dat gesellschaftlecht Ëmfeld, an deem d'Wirtschaft sech zu Lëtzebuerg beweegt, dat stëmmt.
Lëtzebuerg ass an Europa eng éischt Adress fir Investitiounen an domat fir d'Schafung vun neien Aarbechtsplazen. Mir konnten et dëser Deeg dach liesen: Lëtzebuerg ass an der Ranglëscht vun de kompetitiivste State weltwäit an de leschten zwee Joer vun der 9. op déi 4. Plaz virgeréckelt.
Dat atmosphärescht Ëmfeld fir d'Betriber stëmmt, well mer zu Lëtzebuerg de Marsch an de Steier- a Kotisatiounsstat gestoppt hunn, grad an engem Moment, wou e soss doruechter monter weidergaangen ass.
Eleng déi Steierreduktiounen, déi mer an dëser Legislaturperiod décidéiert hunn, belaaschten d'Betriber pro Joer mat 12 Milliarde Frang manner.
Déi héich öffentlech Investitiounsquot an déi permanent Infrastrukturverbesserunge weisen de Betriber: zu Lëtzebuerg wénkt de Stat net Rauten, wann et ëm d'Zukunft geet.
Mir hunn an de leschte Joeren d'Belaaschtunge fir d'Betriber net an d'Luucht gesat, ganz am Géigendeel: d'betriblech Kotisatioune fir d'Kannergeldkeess sinn ofgeschaaft ginn. D'Kotisatioune fir d'Pensiounskeesse si stabil bliwwen. Eemol décidéiert Kotisatiounserhéijunge fir d'Krankekeesse sinn zum gréissten Deel zréckgeholl ginn. D'Aféierung vun der Flegeversécherung war mat kenger Belaaschtung fir d'Betriber verbonnen.
D'Betriber, d'Entrepreneuren, d'Investisseure fille sech am Regelfall wuel zu Lëtzebuerg, well se mierken: dëst Land huet eng Regierung, déi net nëmme reformwëlleg, mä och reformfäeg ass. Zu Lëtzebuerg ass et kee Reformstau ginn, an dofir ass et zu Lëtzebuerg och keen Investitiounsstau ginn.
D'Betriber reagéiere selbstverständlech och op dat gesellschaftlecht Ëmfeld, an deem se sech bewegen. A grad dat gesellschaftlecht Ëmfeld, dat stëmmt hei am Land.
5. D'Weiderentwécklung vum Lëtzebuerger Modell
Mir hunn de Lëtzebuerger Modell vum Konsens weiderentwéckelt. Mir hu seng Feelentwécklung a Richtung eidele Konsensualismus net zougelooss. Mir hunn den Tripartismus zu engem Gestaltungsinstrument vun der Ekonomie gemaach. Dofir halen d'Gewerkschaften un em fest, dofir wëllt d'Wirtschaft net méi op e verzichten, an dofir setzt d'Regierung en ëmmer erëm an, wann et ëm wichteg national Froe geet.
Mir hunn an dëser Legislaturperiod - wie weess sech eigentlech nach dorun ze erënneren? - eng schwiereg Stoltripartite mat Erfolleg zu Enn gefouert. Dësen Erfolleg huet Entloossungen an der Stolindustrie verhënnert an de Wee fräigemaach fir nei Investitiounen zu Lëtzebuerg.
Zweemol huet an dëser Legislaturperiod d'Beschäftegungstripartite getagt. Zweemol konnte mer déi Beschäftegungstripartite mat engem Accord ofschléissen.
Dës Regierung, vun där esou gär behaapt gët, si géif den Dialog net wëllen a si géif den Dialog och net kënnen, ass zweemol an dëser Legislaturperiod dat zentraalt Uleie vun der Beschäftegung am Dialog mat de Sozialpartner ugaangen. Si huet et fäerdegbruecht, wéi ech muss soen, a schwieregste Verhandlungen, mat de Sozialpartner zu Décisiounen ze kommen. Si huet domat bewisen: Politik ass net nëmmen Dialog. Wuel brauch d'Politik den Dialog. Mä Politik brauch virun allem Décisioun. Dës Regierung war eng Regierung vum Dialog a vun der Décisioun.
Déi beschäftegungspolitesch Resultater, déi mer an der Tripartite erreecht hunn, si maassgeblech un där Trendwende schold, déi mer Gott sei Dank op eisem Aarbechtsmaart feststellen.
Mir haten eis an der Tripartite op eng flächendeckend Lounmoderatioun verstännegt. Mir haten ofgemaach, dass d'Lounentwécklung d'Produktivitéitsentwécklung misst respektéieren.
An d'Lounentwécklung huet och d'Produktivitéitsentwécklung respektéiert. Doduerch war et méiglech, dass d'Lounentwécklung Schrëtt gehalen huet mat der wirtschaftlecher Entwécklung a se net iwwerholl huet. Mir gehéieren net zu deenen, déi mengen, de Loundumping kéint en Instrument vun der Beschäftegungspolitik sinn. Mä mir gehéieren awer zu deenen, déi mengen, den nationale Konsens bräicht een och bei der Loungestaltung, zumindest bei där hire wesentlechen Elementer. An deen nationale Konsens, deen hu mer zu Lëtzebuerg.
Dee Konsens gëtt et op anere Plazen nët. A mir hoffen och, dass deen nationale Konsens bestoe bleift. An deen nationale Konsens iwwer d'Loungestaltung bleift da bestoen, wann d'Patrone sech flexibel genuch an de Froe vun der Aarbechtszäitorganisatioun weisen.
De Stat huet dës tarifpolitesch Lounmoderatioun steierpolitesch adequat begleet. Mir hunn derfir gesuergt, dass déi onqualifizéiert Aarbecht, déi iwwerall an Europa iwwerbesteiert gëtt, zu Lëtzebuerg manner besteiert ginn ass. Den Agankssteiersaz, dee Saz also, deen op den niddrege Léin läit, dee Saz also, deen op de Léin vun deenen onqualifizéierten Arbeitnehmer läit, ass op 6% erofgesat ginn. Wéi dës Koalitioun ugetrueden ass, 1984, war e genau zweemol esou héich, 12%.
Am internationale Vergläich gesäit dat sech elo extrem gënschteg un. A Frankräich bedréit en 12%, an Däitschland 20% an an der Belsch 25%. D'Kombinatioun aus Lounmoderatioun an aus Steiermoderatioun huet et méiglech gemaach, dass zu Lëtzebuerg déi sougenannt onqualifizéiert Aarbechtskräften eng Chance um Aarbechtsmaart behalen hunn. Dat ass op anere Plazen net méi de Fall!
Zu deem positive gesellschaftlechen Ëmfeld, dat d'Betriber brauchen, fir gutt ze schaffen, gehéiert och d'Hirstelle vun engem Konsens iwwer d'Inhalter vun der Beschäftegungspolitik. Och dee Konsens hu mer an der Tripartite erreecht. An e gëtt voll a ganz vum Parlament gedeelt. Besser: et war d'Parlament, dat, onofhängeg vun der Tripartite, ëmmer erëm op déi noutwendeg Dynamiséierung an Aktivéierung vun der Beschäftegungspolitik insistéiert huet.
Eis Aarbechtsmaartpolitik, déi war ni passiv. Mä richteg as: si ass an deene leschte Joeren däitlech méi aktiv gin!
Mir hunn, laang ier dat déi allgemeng Moud war, zwee Auditen iwwer d'Arbeitsamt gemaach. Dës Auditen hu mer am permanente Beschäftegungscomité - mir, déi mer keen Dialog fleegen - mat alle Sozialpartner diskutéiert. Aus dëse Gespréicher hu sech administrativ Reformen um Plang vum Arbeitsamt erginn. D'Arbeitsamt huet seng Aarbechtsmethoden, besonnesch de Placement vun de Chômeuren, verbessert a Personal bäikritt. Haut hëlt d'Arbeitsamt méi Vermëttlunge vir wéi jee virdrun. Haut geschitt e wesentlech méi intensiven, individuellen Traitement a Suivi vun de Chômeuren. Haut gi méi oppe Plazen um Arbeitsamt gemellt wéi nach viru Joeren. Haut fanne méi direkt Kontakter tëscht de Placeuren vum Arbeitsamt an de Betriber statt.
Dass d'Beschäftegungspolitik méi aktiv ginn ass, gesäit een och dorun, dass sech ronn 1.700 Leit ouni Aarbecht an Ausbildungs- a Bildungsmoossname befannen. Doduerch dass se weidergebild, ausgebild, beschäftegt ginn, erhéije sech hir Chancen um Aarbechtsmaart.
Natierlech spillen och d'Schoulen a virun allem d'Beruffsausbildung eng wichteg Roll bei der Bekämpfung vun der Aarbechtslosegkeet.
D'Lëtzebuerger Schoul huet heiansdo eng schlecht Press. Iwwer d'Schoul schwätzt jidfereen, a jidferee weess et besser wéi deen aneren. Et gëtt der jo och vill - och heibannen -, déi wëllen eng aner an eng besser Schoulpolitik maachen. Si wäerte sech nach wonneren, wa se dat konkret mussen ëmsetzen.
Wann d'Lëtzebuerger Schoul a besonnesch d'Beruffsausbildung esou schlecht wieren, wéi gesot gëtt, dann hätte mer jo ganz aner Resultater op eisem Aarbechtsmaart wéi déi, déi mer hunn. Mir sinn dat Land an Europa, mat Ofstand, mat där niddregster Jugendaarbechtslosegkeet. Eleng am Mount Mäerz ass se ëm weider 10% gefall. Wann eis Schoule géife laanscht den Aarbechtsmaart ausbilden, wann eis Schoulen esou ineffikass wieren, wéi gesot gëtt, da misste mer dat Land mat der héchster Jugendaarbechtslosegkeet sinn. Mir sinn awer dat mat der niddregster Aarbechtslosegkeet, also sinn eis Schoule besser, wéi hir Kritiker dat wëlle gëlle loossen!
Et gëtt behaapt, 51% vun de Lëtzebuerger Schüler géifen d'Schoul ouni Diplom verloossen. Dës Zuel ass falsch! All Joer verloossen 72 bis 74% vun de Schüler d'Schoul mat engem Diplom an der Täsch. An all Joer fannen iwwer 90% vun de Schüler, déi d'Schoul verloossen, innerhalb vun e puer Wochen eng Aarbechtsplaz hei zu Lëtzebuerg.
An dëser Legislaturperiod konnt och eng Tripartite iwwer d'Beruffsausbildung mat Erfolleg ofgeschloss ginn, eng Tripartite, vun där net vill geschwat ginn ass an och haut nach net vill geschwat gëtt. Mä awer och iwwer wesentlech Elementer vun der Beruffsausbildung besteet e Konsens zu Lëtzebuerg. Op Grond vun dësem Konsens konnt d'Zuel vun den offréierte Léierplaze vun engem op dat anert Joer substantiell erhéicht ginn. Mir sinn haut e Land, wou et méi oppe Léierplaze gëtt wéi Jonker, déi bereet sinn, vun där Offerte Gebrauch ze maachen. An deenen anere Länner ass et just ëmgedréit: do siche jonk Leit no enger Ausbildungsplaz a fanne keng!
Déi ageleete Reformen am Beräich vun der Beruffsausbildung, déi nei Methoden, déi probéiert ginn, alles dat brauch Zäit, ier et zum Erfolleg féiert. Eischt Erfolleger sinn do, anerer komme mat Sécherheet no.
Déi aktiv Beschäftegungspolitik, Här President, déi mer an deene leschte Joere resolut duerchgefouert hunn, déi muss fortgesat ginn. Den nationale Beschäftegungsplang, dee mer hei an der Chamber ouni Géigestëmm ugeholl hunn, och e spektakuläert Konsensresultat, gëtt Etapp fir Etapp ëmgesat. E schléit sech am Budget fir d'Joer 1999 mat engem Käschtepunkt vun 2,6 Milliarden nidder. Et muss ee wëssen: eng aktiv Beschäftegungspolitik kascht vill Geld.
Mir hunn d'Beschäftegungspolitik dynamiséiert a gutt Resultater um Aarbechtsmaart erreecht, ouni déi Weeër anzeschloen, déi aner Länner gaange sinn. Iwwerall an Europa ass d'Aarbechtsrecht a Stécker gerappt ginn. Iwwerall an Europa ass enger excessiver, frenetescher Dereguléierung vum Aarbechtsrecht d'Wuert geried ginn.
Mir sinn hei zu Lëtzebuerg en anere Wee gaangen: zu Lëtzebuerg huet keen Attentat op d'Aarbechtsrecht stattfond. Do wou mer d'Aarbechtsrecht ëmgebaut hunn, hu mer et am Konsens mat de Sozialpartner gemaach. Fir hir Bereetschaft, heiansdo an ee fir si sauren Apel ze bäissen, hunn ech merci ze soen. Mä d'Kollektivvertragspartner musse wëssen: nodeems den nationale Beschäftegungsplang a Kraaft ass, steet d'Regierung net méi eleng an der beschäftegungspolitescher Flicht.
D'Tarifparteien hunn de Schlëssel zum Succès um Aarbechtsmaart am Grapp. A si mussen dee Schlëssel och elo ëmdréien. Mä wéi et schéngt, sinn awer schonn eenzel Schlässer einegermoosse raschteg ginn. Dofir huet d'Regierung déi fir d'Kollektivvertragsverhandlungen direkt zoustänneg Gewerkschaftssekretären a Patronatsvertrieder zu engem Gespréich iwwer déi zukünfteg Ausriichtung vun der Vertragspolitik an d'Ëmsetze vum Beschäftegungsplang iwwer de Wee vun der Vertragspolitik zesummegeruff. Mir loossen net labber, wann et ëm d'Dynamiséierung vun der Beschäftegungspolitik geet. Mir bekëmmeren eis ëm d'Tarifpolitik, mëschen eis awer net dran an.
6. Eng kohärent Sozialpolitik
Wirtschaft, Aarbecht, Akommes: dat sinn déi dräi Beräicher, op déi d'Politik sech konzentréiere muss.
Ech hu virdru gesot, d'verfügbaart Akomme vun de Stéit wier ëm 7,7 an de Liewensniveau vun de Lëtzebuerger Haushalter ëm 8,5% an dëser Legislaturperiod an d'Luucht gaangen. Och dat ass keen Zoufall. Och dat ass dat gesichtent Resultat vun enger bewosst esou ugeluechtener Politik.
De Liewensniveau vun de Leit, dee kann een nëmmen halen a verbesseren, wann d'Wirtschaft floréiert. Dofir war d'Verbesserung vun deem kompetitiven Ëmfeld vun eiser Ekonomie vu gréisster Bedeitung fir d'Stäerkung vum Akommen zu Lëtzebuerg. Wirtschaft fënnt jo net fir sech selwer statt, Wirtschaft ass kee Selbstzweck. Wirtschaft soll op jidfer Fall kee Selbstzweck sin! Si steet am Dingscht vum Mënsch, vu senger Aarbecht, vu séngem materielle Konfort.
Mä net d'Wirtschaft ass zoustänneg fir d'Gestaltung vun de Liewensverhältnisser. Si huet souguer eng geféierlech Tendenz, sech aus deem Rayon vun öffentlechem Handele ganz zréckzezéien. Zoustänneg fir d'Gestaltung vun de Liewensverhältnisser ass d'Politik, an déi huet an dëser Legislaturperiod gehandelt.
Wann et ëm d'Gestaltung vun de Liewensverhältnisser geet, besonnesch wann et ëm d'Akommespolitik geet, dann ass d'Gesamtpolitik gefuerdert. Hir eenzel Deelberäicher musse sech schlësseg ergänzen. Akommespolitik bedingt Kohesioun a Koherenz. Kohesioun a Koherenz hate mer an dëser Period.
Eng Hellewull vu bestehenden akommespoliteschen Instrumenter sinn ausgebaut ginn.
Dat ass zum Beispill wouer am Beräich vum Wunningsbau. An dëser Legislaturperiod hunn 12.500 Leit staatlech Hëllefe kritt, fir dass se sech konnten dat Startkapital constituéieren, dat se mussen hunn, fir kënnen ze bauen. 29.000 Haushalter hunn Zënssubventiounen um Bau kritt. Vun 1992 bis 1999 si 16 Milliarden TVA-Remboursementer geleescht ginn. Néierens an Europa gëtt d'Baue steierlech esou niddreg behandelt wéi zu Lëtzebuerg. Dës Politik muss ee viruféieren. De sozialen Taux op den Hypothekarprêten ass erofgesat ginn, zulescht ëm 0,25% am November d'lescht Joer. Vun 1992 bis 1998 ass den Zënssaz op de Prêten ëm 43% gefall. En ass insgesamt vu 7 op 4% zréckgeholl ginn. D'Regierung envisagéiert eng weider Reduzéierung vum Taux social op 3,5%.
D'Kannergeld ass an dëser Legislaturperiod gläich zweemol erhéicht ginn. Fir ee Kand kréien d'Familjen haut 2.000 Frang de Mount méi wéi nach virun zwee Joer, 2.000 Frang netto fir déi Leit, déi keng Steiere bezuelen. Eleng dës Moossnam kascht 3 Milliarden. De Stat bezilt elo insgesamt 18 Milliarde Kannergeld, dat sinn ëmmerhin 10% vum Statsbudget.
D'Renten an d'Mindestléin sinn an dëser Legislaturperiod dräimol ajustéiert gin: 1995 3,3%, 3,2% 1997, 1999 1,3%. Domat bleift d'Entwécklung vun de Mindestléin an d'Entwécklung vun de Pensiounen un déi allgemeng Lounentwécklung gekoppelt. Keen anert Land kennt à la fois d'Indexéierung vun de Pensiounen a vun de Mindestléin an hir Upassung un déi allgemeng Lounentwécklung.
A well mer bei de Pensioune sinn, Här President, ee Wuert zu enger Kontrovers, déi och den Deputéierte Lucien Lux mer d'lescht Woch an enger parlamentarescher Fro virgeluecht huet. D'Lëtzebuerger Regierung huet am Kader vun den Iwwerwaachungsprozeduren zur europäescher Wirtschafts- a Währungsunioun e Stabilitéitsprogramm zu Bréissel agereecht. Ech preziséiere fir de Prinzip: d'Lëtzebuerger Regierung. Net de Finanzminister, net de Finanzministère, d'Regierung!
Dëse Stabilitéitsprogramm ass vun der Kommissioun a vun deenen anere 14 europäesche Finanzministere positiv aviséiert ginn. Ech hunn och d'Lëtzebuerger Öffentlechkeet doriwwer ënnerriicht gehat. D'Zeitungen, eis Zeitungen, all eis Zeitungen, hu mat Satisfaktioun zur Kenntnis geholl, dass mer eng bonne note ausgestallt kritt haten. An deem Stabilitéitsprogramm steet, dass un der Finanzéierung vun eise Pensiounsregimer näischt soll geännert ginn. Dat steet do! Net de Géigendeel! Et bleift derbäi, dass ee Stéck vun der Finanzéierung op der Kapitaliséierung berout a verstäerkt beroue soll: dat sinn eis Pensiounsreserven. Et bleift derbäi, dass mer déi betriblech an déi individuell Zousazpensioune gesetzlech ofsécheren a steierlech begënschtegen.
Dat, wat am Stabilitéitsprogramm steet, ass näischt anescht wéi d'Beschreiwung vun där Regierungspolitik, déi mer amgaange sinn ze maachen. Et steet net do, mir géife vum Ëmlageverfahren zum Kapitaldeckungsverfahre kommen. An et steet och net do, dass d'Zousazpensiounen, ob betriblecher oder individueller, ausgebaut solle ginn a parallel dozou dee legale Pensiounssystem ofgebaut soll ginn. An den Ae vun dëser Regierung huet de legale Pensiounssystem Prioritéit. D'Politik vun dëser Regierung ass drop ausgeriicht, fir de legale Pensiounssystem, deem säi Leeschtungsniveau, deem seng Leeschtungsfäegkeet, mëttelfristeg ofzesécheren. D'Zousazpensioune ginn net op Käschte vun de legale Pensioune privilegéiert.
Am Géigendeel: mir hunn an dëser Legislaturperiod de legale Pensiounssystem weider gefestegt an erweidert. Duerch déi rezent Pensiounsreform kréie 5.000 Fraen, déi virum 1. Januar 1988 a Pensioun gaange sinn, eng heiansdo substantiell Augmentatioun vun hire Pensiounen zouerkannt.
D'Gesetz iwwer den RMG ass ofgeännert ginn. Dir hutt et eestëmmeg gestëmmt, wat weist, dass e grousse Konsens och hei am Haus iwwer d'Noutwendegkeet vun esou engem Insertiounsinstrument besteet.
Nieft all deem: wann een iwwer Akommespolitik schwätzt, muss ee wëssen, dass een déi besonnesch Wichtegkeet vun der Steierpolitik am A muss hunn.
Mir haten an der Regierungserklärung vum Juli 1994 keng weider substantiell Steierreduktiounen an Aussiicht gestallt. An trotzdem: wéinst där unhalend gudder wirtschaftlecher Entwécklung ware mer an der Lag, eng zolidd Reduktioun vun der Steierlaascht op de Privatpersounen duerchzeféieren.
Ech hunn et scho gesot: den Agankssteiersaz ass vun 10 op 6% zréckgeholl ginn. Dat steierfräit Akomme bedréit no der Steierreform 640.000 Frang fir bestuete Leit. Dann eréischt gräift den Agankssteiersaz vu 6%. 1985 loung dat steierfräit Akomme fir bestuete Leit net bei 640.000 Frang, mä bei 242.000 Frang, an et huet sech en Agankssteiersaz vun 12% applizéiert.
Et ass an dëser Legislaturperiod zu enger uniformer a linearer Steierreduktioun vu 4% iwwer déi ganz Breet vum Akommessteiertarif komm. Domat sinn d'Steierzueler entlaascht ginn, domat huet hiert verfügbaart Akommen zougeholl, domat ass hire Liewensniveau an d'Luucht gaangen.
Den Abattement fir d'"frais de garde et de domesticité" ass vu 24.000 op 144.000 Frang eropgesat ginn. En zielt net nëmme fir d'Kannerversuergen, mä och fir all Hëllef am Stot a fir d'Fleegehëllef.
D'TVA ass och no dëser Legislaturperiod mat 15% nach ëmmer déi niddregst a ganz Europa.
Eng niddreg TVA schount dat klengt Akommen. Mir wëllen zu Lëtzebuerg keng skandinavesch Verhältnisser, wou een op engem Pond Botter oder op enger Fläsch Mëllech 25% TVA bezuele muss. Mir hätte gär, dass et esou bleift, wéi et ass, nämlech dass een op wichtege Liewensmëttel eng TVA vun nëmmen 3% soll bezuelen.
Insgesamt bezuelen déi physesch Persounen, Privatleit also, am Joer 1999 9 Milliarde Steiere manner wéi am Joer 1997. Jidfereen ass steierlech entlaascht ginn, soufern wéi en iwwerhaapt Steiere bezilt. Déi, déi mengen, d'Aféierung vun där 1%eger Contributioun am Kader vun der Fleegeversécherung hätt hire Liewensniveau erofgesat, sollen hiert Gesamtakomme vum Dezember 1997 mat hirem Gesamtakomme vum Januar 1999 vergläichen.
Da stelle se fest, dass se 1999 manner Steiere bezuele wéi 1997. An da stelle se fest, dass se 1999 méi Kannergeld zu hirer Verfügung hu wéi 1997. An da stelle se fest, dass d'Fleegeversécherung, déi jo eppes kascht a fir déi een och eppes muss bezuelen, well et kritt ee jo och eppes an d'Plaz, hire Liewensniveau kengesfalls erofgesat huet.
Ech hu gesot, d'Steigerung vum Liewensniveau wier net d'Resultat vum Zoufall, mä d'Resultat vun der Politik. Dofir wollt ech eng Rei vun deene wichtegsten akommespoliteschen Initiative vun der Regierung an dëser Legislaturperiod an Erënnerung ruffen.
Et gesäit een: d'Solidaritéitsaxe zu Lëtzebuerg ass verstäerkt ginn. Dat gesäit ee virun allem un där wuessender Bedeitung vun de staatlechen Hëllefen am Gesamtakomme vun de Stéit. Si hunn 1985 34,2% ausgemaach. Si hu 1996 37,6% bedroen. De Sozialstat, egal wat gesot gëtt - an no dësen Zuele gesäit een et -, ass zu Lëtzebuerg net of-, en ass zu Lëtzebuerg ausgebaut ginn.
Här President,
Wirtschaft, Aarbecht, Akommes: dat sinn déi dräi Beräicher, op déi d'Politik sech konzentréiere muss.
Ech hu virdru gesot, d'verfügbaart Akomme vun de Stéit wier ëm 7,7 an de Liewensniveau vun de Lëtzebuerger Haushalter ëm 8,5% an dëser Legislaturperiod an d'Luucht gaangen. Och dat ass keen Zoufall. Och dat ass dat gesichtent Resultat vun enger bewosst esou ugeluechtener Politik.
De Liewensniveau vun de Leit, dee kann een nëmmen halen a verbesseren, wann d'Wirtschaft floréiert. Dofir war d'Verbesserung vun deem kompetitiven Ëmfeld vun eiser Ekonomie vu gréisster Bedeitung fir d'Stäerkung vum Akommen zu Lëtzebuerg. Wirtschaft fënnt jo net fir sech selwer statt, Wirtschaft ass kee Selbstzweck. Wirtschaft soll op jidfer Fall kee Selbstzweck sin! Si steet am Dingscht vum Mënsch, vu senger Aarbecht, vu séngem materielle Konfort.
Mä net d'Wirtschaft ass zoustänneg fir d'Gestaltung vun de Liewensverhältnisser. Si huet souguer eng geféierlech Tendenz, sech aus deem Rayon vun öffentlechem Handele ganz zréckzezéien. Zoustänneg fir d'Gestaltung vun de Liewensverhältnisser ass d'Politik, an déi huet an dëser Legislaturperiod gehandelt.
Wann et ëm d'Gestaltung vun de Liewensverhältnisser geet, besonnesch wann et ëm d'Akommespolitik geet, dann ass d'Gesamtpolitik gefuerdert. Hir eenzel Deelberäicher musse sech schlësseg ergänzen. Akommespolitik bedingt Kohesioun a Koherenz. Kohesioun a Koherenz hate mer an dëser Period.
Eng Hellewull vu bestehenden akommespoliteschen Instrumenter sinn ausgebaut ginn.
Dat ass zum Beispill wouer am Beräich vum Wunningsbau. An dëser Legislaturperiod hunn 12.500 Leit staatlech Hëllefe kritt, fir dass se sech konnten dat Startkapital constituéieren, dat se mussen hunn, fir kënnen ze bauen. 29.000 Haushalter hunn Zënssubventiounen um Bau kritt. Vun 1992 bis 1999 si 16 Milliarden TVA-Remboursementer geleescht ginn. Néierens an Europa gëtt d'Baue steierlech esou niddreg behandelt wéi zu Lëtzebuerg. Dës Politik muss ee viruféieren. De sozialen Taux op den Hypothekarprêten ass erofgesat ginn, zulescht ëm 0,25% am November d'lescht Joer. Vun 1992 bis 1998 ass den Zënssaz op de Prêten ëm 43% gefall. En ass insgesamt vu 7 op 4% zréckgeholl ginn. D'Regierung envisagéiert eng weider Reduzéierung vum Taux social op 3,5%.
D'Kannergeld ass an dëser Legislaturperiod gläich zweemol erhéicht ginn. Fir ee Kand kréien d'Familjen haut 2.000 Frang de Mount méi wéi nach virun zwee Joer, 2.000 Frang netto fir déi Leit, déi keng Steiere bezuelen. Eleng dës Moossnam kascht 3 Milliarden. De Stat bezilt elo insgesamt 18 Milliarde Kannergeld, dat sinn ëmmerhin 10% vum Statsbudget.
D'Renten an d'Mindestléin sinn an dëser Legislaturperiod dräimol ajustéiert gin: 1995 3,3%, 3,2% 1997, 1999 1,3%. Domat bleift d'Entwécklung vun de Mindestléin an d'Entwécklung vun de Pensiounen un déi allgemeng Lounentwécklung gekoppelt. Keen anert Land kennt à la fois d'Indexéierung vun de Pensiounen a vun de Mindestléin an hir Upassung un déi allgemeng Lounentwécklung.
A well mer bei de Pensioune sinn, Här President, ee Wuert zu enger Kontrovers, déi och den Deputéierte Lucien Lux mer d'lescht Woch an enger parlamentarescher Fro virgeluecht huet. D'Lëtzebuerger Regierung huet am Kader vun den Iwwerwaachungsprozeduren zur europäescher Wirtschafts- a Währungsunioun e Stabilitéitsprogramm zu Bréissel agereecht. Ech preziséiere fir de Prinzip: d'Lëtzebuerger Regierung. Net de Finanzminister, net de Finanzministère, d'Regierung!
Dëse Stabilitéitsprogramm ass vun der Kommissioun a vun deenen anere 14 europäesche Finanzministere positiv aviséiert ginn. Ech hunn och d'Lëtzebuerger Öffentlechkeet doriwwer ënnerriicht gehat. D'Zeitungen, eis Zeitungen, all eis Zeitungen, hu mat Satisfaktioun zur Kenntnis geholl, dass mer eng bonne note ausgestallt kritt haten. An deem Stabilitéitsprogramm steet, dass un der Finanzéierung vun eise Pensiounsregimer näischt soll geännert ginn. Dat steet do! Net de Géigendeel! Et bleift derbäi, dass ee Stéck vun der Finanzéierung op der Kapitaliséierung berout a verstäerkt beroue soll: dat sinn eis Pensiounsreserven. Et bleift derbäi, dass mer déi betriblech an déi individuell Zousazpensioune gesetzlech ofsécheren a steierlech begënschtegen.
Dat, wat am Stabilitéitsprogramm steet, ass näischt anescht wéi d'Beschreiwung vun där Regierungspolitik, déi mer amgaange sinn ze maachen. Et steet net do, mir géife vum Ëmlageverfahren zum Kapitaldeckungsverfahre kommen. An et steet och net do, dass d'Zousazpensiounen, ob betriblecher oder individueller, ausgebaut solle ginn a parallel dozou dee legale Pensiounssystem ofgebaut soll ginn. An den Ae vun dëser Regierung huet de legale Pensiounssystem Prioritéit. D'Politik vun dëser Regierung ass drop ausgeriicht, fir de legale Pensiounssystem, deem säi Leeschtungsniveau, deem seng Leeschtungsfäegkeet, mëttelfristeg ofzesécheren. D'Zousazpensioune ginn net op Käschte vun de legale Pensioune privilegéiert.
Am Géigendeel: mir hunn an dëser Legislaturperiod de legale Pensiounssystem weider gefestegt an erweidert. Duerch déi rezent Pensiounsreform kréie 5.000 Fraen, déi virum 1. Januar 1988 a Pensioun gaange sinn, eng heiansdo substantiell Augmentatioun vun hire Pensiounen zouerkannt.
D'Gesetz iwwer den RMG ass ofgeännert ginn. Dir hutt et eestëmmeg gestëmmt, wat weist, dass e grousse Konsens och hei am Haus iwwer d'Noutwendegkeet vun esou engem Insertiounsinstrument besteet.
Nieft all deem: wann een iwwer Akommespolitik schwätzt, muss ee wëssen, dass een déi besonnesch Wichtegkeet vun der Steierpolitik am A muss hunn.
Mir haten an der Regierungserklärung vum Juli 1994 keng weider substantiell Steierreduktiounen an Aussiicht gestallt. An trotzdem: wéinst där unhalend gudder wirtschaftlecher Entwécklung ware mer an der Lag, eng zolidd Reduktioun vun der Steierlaascht op de Privatpersounen duerchzeféieren.
Ech hunn et scho gesot: den Agankssteiersaz ass vun 10 op 6% zréckgeholl ginn. Dat steierfräit Akomme bedréit no der Steierreform 640.000 Frang fir bestuete Leit. Dann eréischt gräift den Agankssteiersaz vu 6%. 1985 loung dat steierfräit Akomme fir bestuete Leit net bei 640.000 Frang, mä bei 242.000 Frang, an et huet sech en Agankssteiersaz vun 12% applizéiert.
Et ass an dëser Legislaturperiod zu enger uniformer a linearer Steierreduktioun vu 4% iwwer déi ganz Breet vum Akommessteiertarif komm. Domat sinn d'Steierzueler entlaascht ginn, domat huet hiert verfügbaart Akommen zougeholl, domat ass hire Liewensniveau an d'Luucht gaangen.
Den Abattement fir d'"frais de garde et de domesticité" ass vu 24.000 op 144.000 Frang eropgesat ginn. En zielt net nëmme fir d'Kannerversuergen, mä och fir all Hëllef am Stot a fir d'Fleegehëllef.
D'TVA ass och no dëser Legislaturperiod mat 15% nach ëmmer déi niddregst a ganz Europa.
Eng niddreg TVA schount dat klengt Akommen. Mir wëllen zu Lëtzebuerg keng skandinavesch Verhältnisser, wou een op engem Pond Botter oder op enger Fläsch Mëllech 25% TVA bezuele muss. Mir hätte gär, dass et esou bleift, wéi et ass, nämlech dass een op wichtege Liewensmëttel eng TVA vun nëmmen 3% soll bezuelen.
Insgesamt bezuelen déi physesch Persounen, Privatleit also, am Joer 1999 9 Milliarde Steiere manner wéi am Joer 1997. Jidfereen ass steierlech entlaascht ginn, soufern wéi en iwwerhaapt Steiere bezilt. Déi, déi mengen, d'Aféierung vun där 1%eger Contributioun am Kader vun der Fleegeversécherung hätt hire Liewensniveau erofgesat, sollen hiert Gesamtakomme vum Dezember 1997 mat hirem Gesamtakomme vum Januar 1999 vergläichen.
Da stelle se fest, dass se 1999 manner Steiere bezuele wéi 1997. An da stelle se fest, dass se 1999 méi Kannergeld zu hirer Verfügung hu wéi 1997. An da stelle se fest, dass d'Fleegeversécherung, déi jo eppes kascht a fir déi een och eppes muss bezuelen, well et kritt ee jo och eppes an d'Plaz, hire Liewensniveau kengesfalls erofgesat huet.
Ech hu gesot, d'Steigerung vum Liewensniveau wier net d'Resultat vum Zoufall, mä d'Resultat vun der Politik. Dofir wollt ech eng Rei vun deene wichtegsten akommespoliteschen Initiative vun der Regierung an dëser Legislaturperiod an Erënnerung ruffen.
Et gesäit een: d'Solidaritéitsaxe zu Lëtzebuerg ass verstäerkt ginn. Dat gesäit ee virun allem un där wuessender Bedeitung vun de staatlechen Hëllefen am Gesamtakomme vun de Stéit. Si hunn 1985 34,2% ausgemaach. Si hu 1996 37,6% bedroen. De Sozialstat, egal wat gesot gëtt - an no dësen Zuele gesäit een et -, ass zu Lëtzebuerg net of-, en ass zu Lëtzebuerg ausgebaut ginn.
7. Investitiounen an d'Zukunft
Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,
Déi Zuelen - et waren der vill -, déi ech genannt hunn, déi schwätzen eng beandrockend Sprooch. Dir frot Iech zu Recht: wéi wierken dës Steierreduktiounen an dës Leeschtungssteigerunge sech dann elo eigentlech op d'Finanzsituatioun vum Lëtzebuerger Stat aus? Dir frot Iech dat ëmsou méi, well Der wësst:
dass de Sozialbudget 1999 ronn 77 Milliarden, d.h. 42% vum Budget bedréit, géint nëmmen 39% um Ufank vun der Legislaturperiod;
dass d'Entwécklungshëllef all Joer 17% geklommen ass, fir 1999 4,1 Milliarden auszemaachen;
dass d'Post, wann och an hirem eegene Budget, et fäerdegbruecht huet, aus Lëtzebuerg eent vun deenen am beschten équipéierten europäesche Länner ze maachen, mat 99,6 Telefonsuschlëss - dovu 15,8% ISDN-Linnen - op 100 Awunner;
dass mer d'Crèchëplazen ëm 79% gehéijt hunn;
dass 350 Plazen an de "Foyers de jour" bäikomm sinn;
dass d'Konventiounen an de Beräicher Santé, Travail, Sécurité sociale, Famille, Promotion féminine, Kultur a Jugend 1998 4,34 Milliarden an Usproch huelen, géint nëmmen 2,6 Milliarden am Joer 1994;
dass tëscht 1994 an 1999 285 supplementar Better an de "Centres intégrés" bäikomm sinn an der weider 290 amgaange sinn, finanzéiert ze ginn;
dass d'"éducation précoce", déi vill Problemer am Virfeld vun der eigentlecher Schoul éliminéiert, pro Joer 200 Millioune kascht;
dass d'"indemnité compensatoire" an der Landwirtschaft eropgesat ginn ass an all Joer mat 560 Milliounen dat landwirtschaftlecht Akomme steigert, grad wéi déi 370 Millioune Landschaftsprim, déi mer eis mat der Europäescher Unioun deelen.
Wat heescht dat, dës Politikberäicher, déi virdru genannten, fir d'Finanzsituatioun vum Land, a wéi wierkt dat sech aus?
Op de Budget 1998 hunn d'Leeschtungssteigerungen, d'Steierreduktiounen a virun allem dat onerwaart héicht Wirtschaftswuesstem sech äusserst positiv ausgewierkt. En huet mat engem Iwwerschoss vun 11,8 Milliarden ofgeschloss.
Den Här Budgetsminister wäert d'Finanzkommissioun vun Ärer Chamber am Detail iwwer dëst Zuelewierk informéieren. Ech wëllt haut just drop hiweisen, dass dat gutt Resultat haaptsächlech doduerch bedingt ass, dass d'Kierperschaftssteier e Gesamtbetrag vun nobäi 37 Milliarden abruecht huet, d.h. 4 Milliarde méi wéi geplangt. Ech wëllt drop hiweisen, dass mer, wat logesch ass, eng Milliard Lounsteier méi, 1,6 Milliarden Accisë méi an 1,2 Milliarden TVA méi erakritt hu wéi ugeholl. Dës Steigerungen erkläre sech haaptsächlech mat de gudden ekonomeschen Eckdaten, déi mer am Joer 1998 haten.
Bei déi 11,8 Milliarden Excédenten, déi am Joer 1998 realiséiert goufen, komme 7,5 Milliarden extraordinär Recetten derbäi. Dës extraordinär Recetten hunn am wesentleche mat der Opléisung vun der belsch-lëtzebuergescher Währungsassociatioun ze dinn a sinn d'Resultat - et ass net vun eleng komm - vu Verhandlunge mat der belscher Regierung.
11,8 Milliarden Excédentën vum Budget 1998 a 7,5 Milliarden extraordinär Recetten, dat mécht e Gesamtbetrag vun 19,3 Milliarden.
Nun huet d'Regierung net d'Absicht, dës 19,3 Milliarde Konsumzwecker zouzeféieren. Mir wëllen, wéi an der Vergaangenheet, dës Gelder Investitiouns- an Zukunftsaufgaben zouféieren.
Vun deenen 19 Milliarden huele mer eng Milliard, fir déi finanziell Konsequenze vum Kosovo-Krich kënnen ze begläichen. Dës Milliard gëtt der Budgetsreserv affektéiert.
Déi verbleiwend 18 Milliarde géife mer gär, wann Der dat och esou gesitt, deenen öffentlechen Investitiouns- a Spezialfongen zouféieren.
Prioritär soll dobäi de Fong fir Schoulinvestissementer mat 4 Milliarde bedingt ginn. Mir wëssen, dass grouss Schoulprojetën néideg sinn, mir wëssen, dass grouss Schoulprojetë geplangt sinn, mir mussen elo schonn d'Finanzmëttelen dofir zur Verfügung stellen.
Déi administrativ Investitiounsfonge sollen eng Affektatioun vun 2,5 Milliarde kréien.
De "Fonds du rail" kritt eng Dotatioun vun 1,5 Milliarden. De "Fonds du rail" kann dës supplementar Geldmëttele gutt gebrauchen, well iwwer dëst Instrument d'Leeë vun engem drëtte Gleis tëscht Lëtzebuerg a Beetebuerg, d'Verbesserung vun der Kapassitéit vun de Linne Lëtzebuerg-Elwen a Beetebuerg-Diddeleng finanzéiert soll ginn.
De Fong fir international Eisebunnsraccordementer soll mat enger zousätzlecher Milliard dotéiert ginn. D'Finanzéierungsnoutwendegkeet vum TGV-Est verlaangt dat.
1,5 Milliarde fléissen an de Fong fir d'Spidolswiesen. Och hei wësse mer, dass d'Ausgaben an deenen nächste Joere considérabel wäerte sinn.
Eng weider annerhallef Milliard gëtt dem Ëmweltfong zougesprach. Op den Ëmweltfong komme wichteg Ausgaben zou. Erënnert Iech un d'Noutwendegkeet, grad an der Ëmweltpolitik, wann och net nëmmen do, fir eng nohalteg Entwécklung ze suergen.
Den Entwécklungshëllefsfong soll eng Milliard zougefouert kréien. Dat entsprécht dem Profil vun der Regierungspolitik an deem Beräich.
De "Fonds des routes" kritt 2,5 Milliarden. Well an Zukunft manner fir de "Fonds des routes" soll empruntéiert ginn a well d'Chantiere vun der Saarstrooss a vun der Nordstrooss vum Joer 2001 un an d'Geld schloen, justifizéiert sech och dës Dotatioun.
D'Exigenze vun enger rigouréiser finanzpolitescher Zukunftsplanung maachen et noutwendeg, fir dem Fong fir d'Garantiesgesetz 800 Milliounen zouzeféieren an dem Fong fir öffentlech Schold zwou Milliarden zoukommen ze loossen. Dës Milliarden déngen derzou, déi vum Joer 2001 u wuessend Ausgabe vun dëse Fongen ze begläichen.
Den Här Budgetsminister Luc Frieden wäert de Membere vun der zoustänneger Kommissioun, der Finanzkommissioun, an deenen nächsten Deeg fir weider Froen a Suggestiounen zur Verfügung stoen.
Mir gesinn also: de Budget 1998 konnt mat engem groussen Excédent ofgeschloss ginn. Wéi en opgestallt ginn ass, wéi en diskutéiert ginn ass, dun hunn der vill heibannen an dobausse gemengt, e géif mat rouden Zuelen an d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Finanzpolitik agoen. De Géigendeel ass geschitt.
Mä, Här President, d'Fro war jo net, wéi huet d'Politik vum Joer 1998 sech op d'Finanzsituatioun vum Joer 1998 ausgewierkt. Déi eigentlech Fro ass jo: wéi huet d'Gesamtpolitik vun deene leschte Joere sech op d'Gesamtfinanzsituatioun vum Lëtzebuerger Stat niddergeschloen?
D'Konscht vun der Finanzpolitik, wann et dann eng Konscht ass, besteet doran, verschidde politesch Usätz a verschidde politesch Deelberäicher ergebnisorientéiert mateneen ze verzahnen an zesummenzeféieren.
Alpha an Omega vun all Politik ass et, fir en undauernde Wirtschaftswuesstem ze suergen. Dat hu mer gemaach duerch d'Bäibehale vun enger héijer Investitiounsquot an duerch de permanenten Ausbau vun eisem infrastrukturellen Netz.
Wann d'Wuesstemskräften tendenziell noloossen, da muss een eng allgemeng Steierofsenkung fir d'Betriber an d'A faassen. Mir hu se net nëmmen an d'A gefaasst, mä mir hu se och am richtege Moment vun der Konjunktur duerchgezunn.
An och wann déi allgemeng Wirtschaftssituatioun gutt ass, da kann et virkommen, dass ee Secteur, heiansdo e besonnesch wichtege Secteur, riskéiert, Waasser ze kréien. Da brauch ee geziilte sektoriell a steierlech Ajustementer. Dat hu mer am Beräich vum Bankesecteur, géint vill Widderstänn, wéi Der Iech vläicht nach kënnt erënneren, gemaach.
Wann de Wirtschaftswuesstem esou ofgeséchert ass, da kann een drugoen, néideg Leeschtungsverbesserungen am sozialen an am gesellschaftlechen Ëmfeld ëmzesetzen. Dat hu mer gemaach. An ech hunn Iech zum Deel gesot wou.
Mä dat Ganzt, wat ee mécht, dat muss och opgoen. D'Gesamtresultat muss esou sinn, dass een d'Zukunft net hypothekéiert. A mir hunn d'Zukunft net hypothekéiert; ganz am Géigendeel, wéi d'Gesamtfinanzsituatioun vum Lëtzebuerger Stat dat weist.
D'Lëtzebuerger maachen net gär Scholden. Hire Stat och net. An Europa beleeft déi duerchschnëttlech öffentlech Schold sech op 69,7% vum Bruttoinlandprodukt. Hei zu Lëtzebuerg hu mer eng Statsschold vun 28,6 Milliarde Frang. Si wier nach 4,1 Milliarde méi niddreg, wa mer d'Scholde vun der Eisebunn net iwwerholl hätten, wourun d'Eisebunner sech emol bei Geleeënheet heiansdo kéinten erënneren. Dat ass - dës Schold vun 28,6 Milliarden - eng Schold, déi 4,6% vum Bruttoinlandprodukt entsprécht. Souguer wann een déi 15,7 Milliarde Scholden, déi d'Gemenge gemaach hunn, bei déi 28,6 Milliarde schléit, déi déi reng Statsschold ausmaachen, komme mer op e Betrag vun nëmme 7,1% par rapport zum Bruttoinlandprodukt oder, an absoluten Zuelen, 44,3 Milliarden.
Wa mer awer iwwer d'Gesamtfinanzsituatioun vum Lëtzebuerger Stat schwätzen, da kann ee selbstverständlech nëmmen déi eigentlech Statsverschëldung vun 28,6 Milliarden a Betracht zéien. An dat ass eng extrem niddreg staatlech Verschëldung! An eigentlech bedréit se nëmmen 11 Milliarden, well mer dem öffentleche Fong, iwwer dee mer d'Statsschold zréckbezuelen, an deene leschte Joeren insgesamt 17,6 Milliarden zougefouert hunn.
De "Fonds de la dette publique" hat 1993 en Avoir vun 1,5 Milliarden. En huet haut ee vu 17,6 Milliarden. Vun deenen 28,6 Milliarden, déi mer also u Scholde mussen zréckbezuelen, hu mer elo scho 17,6 Milliarden op d'Säit geluecht. Wann ee 17,6 Milliarde vun 28,6 Milliarden op der Säit huet, dann huet een also nëmmen 11 Milliarde Schold. Wann een nëmmen 11 Milliarde Schold huet, huet een eigentlech nëmmen eng Schold, déi 2% vum Bruttoinlandprodukt ausmécht. Wann een da weess, dass an Europa d'Moyenne 69,7% ass, da brauch ee sech iwwer déi finanzpolitesch kuerzfristeg Zukunft vum Lëtzebuerger Land keng Suergen ze maachen.
D'Budgetsreserv, eng Ariichtung, déi soss kee Land kennt - et huet een ëmmer grouss Schwieregkeeten, wann een Auslänner muss erklären, wat dat ass, eng Budgetsreserv -, déi stoung 1993 op 2,6 Milliarden. Um Enn vun dëser Legislaturperiod beleeft se sech op 14,6 Milliarden.
D'Reserve vun den öffentlechen Investitiounsfongen a vun de Spezialfongen hunn 1993, um Enn vun där leschter Legislaturperiod, 11,5 Milliarden ausgemaach. Si belafe sech um Enn vun dëser Period op 59,2 Milliarden.
Déi virlescht Regierung hat där leschter Regierung, d.h. also sech selwer, e Finanzpolster vu 14,1 Milliarden hannerlooss.
Dës Regierung hannerléisst där nächster Regierung, d.h. net noutwendegerweis sech selwer, e Finanzpolster vun 73,8 Milliarden.
Et fällt op: mir hunn net vun der Hand an de Mond gelieft, a mir hunn d'Zukunft och net hypothekéiert. Mir hannerloossen eisen Nofolger en zolidde Fong, op dee se kënnen opbauen. Déi selwecht Regierung, déi nach virun deene leschte Walen ënnerstallt kritt huet, si géif eist Land op belsch Verhältnisser zoudreiwen, hannerléisst e Finanzpolster vun 73,8 Milliarden an eng eigentlech Statsschold vun 11 Milliarden. Mir hunn also bal 7mol méi Reserven, wéi mer Schold hunn. Mir si wäit ewech vu belsche Verhältnisser! Am Géigendeel: mir hunn déi lëtzebuergesch Verhältnisser an dëser Legislaturperiod staark verbessert.
8. E positive Bilan
Här President,
Déi sougenannt Erklärung zur Lag vun der Natioun ass jo eigentlech och, laut Chamberreglement, eng Erklärung iwwer déi wirtschaftlech, sozial a finanziell Situatioun vum Land. Dofir wollt ech mech bei dëser leschter Erklärung an dëser Legislaturperiod op déi wirtschaftlech, op déi sozial an op déi finanziell Politikberäicher konzentréieren. Ech hunn dat gemaach, well fir déi dräi Gebidder do een Zuele ka virleeën, jidfereen déi Zuele kann nokucken a jidfereen déi Zuele kann iwwerpréifen. Just falsch maache ka keen engem se!
Dofir wollt ech de Bilan maachen, wat d'Ekonomie, wat dat Soziaalt a wat dat Finanziellt ubelaangt; net e ganze Bilan iwwer déi ganz Regierungsaktivitéit vun deene leschte 5 Joer. Hätt ech dat gemaach, da wier dës Ried jo onausstehlech laang ginn.
Dann hätt ech dee considérable Moderniséierungsschub missen erwähnen, deen an deene leschte fënnef Joer duerch eist Land gaangen ass: d'Liberaliséierung am Kommunikatiouns- an am Telekommunikatiounsberäich, d'Neistrukturéierung vun der Eisebunn, sensibel Fortschrëtter bei der Verwaltungsreform, en neien Usaz an der Fraepolitik, aarbechtsrechtlech Reformen, institutionell Neierunge wéi d'Verfassungsgeriicht an d'Verwaltungsgeriichtsbarkeet, déi zwou eenzeg Institutiounen, déi an dësem Jorhonnert iwwerhaapt hei am Land geschafe gi sinn. All dës Punkte beleeën déi agetruede Moderniséierung vum Lëtzebuerger Stat.
Dann hätt ech misse soen - mä dat wëllt ech awer och nach eng Kéier soen -, dass no den Dysfonktionnementer d'Reforme vun der "Chambre des Comptes" a vun der Statskontabilitéit dringend mussen duerchgefouert ginn, an ech ginn dovun aus, dass d'Chamber et fäerdegbréngt, dat nach virum Enn vun dëser Legislaturperiod ze maachen. Dann hätt ee misse schwätzen iwwer d'Kulturpolitik, wou wichteg Entscheedunge gefall sinn. Dann hätt ee misse schwätzen iwwer d'Jugendpolitik an iwwer d'Ofsenke vum passiven Alter bei de Gemengewalen op 18 Joer zum Beispill.
Dat wollt ech net maachen, obschonn ech weess, dass vun en nächsten Dënschdeg un een nom aneren hei bei de Mikro kënnt, fir drop opmierksam ze maachen, wat alles an där Erklärung gefeelt oder wat net genuch Erwähnung fonnt huet.
D'Regierung leet, Här President, eng wirtschafts-, finanz- a sozialpolitesch Bilanz vir, déi sech weise loosse kann. An dofir wollt ech se haut och weisen.
Ech si wäit dervun ewech ze mengen, dës Regierung oder dës Koalitioun, déi hätten alles richteg gemaach. Munches, wat gutt gemaach gewiescht wier, ass net gemaach ginn. An net alles, wat ech op dëser Tribün ugekënnegt hunn, ass och realiséiert ginn. Net alles ass eis riicht geroden. Heiansdo hu mer eng Klatz nieft den Dill gehäit, heiansdo op Sand gebaut. Zu dem éierlechen Ëmgank mat deenen aneren a mat sech selwer gehéiert et, dass ee sech sengen eegene Feeler bewosst ass a seng eege Schwächten agesäit. Och dat brénge mer fäerdeg.
Déi eng, déi schwätzen iwwer déi Reformen, déi net gemaach gi sinn. Déi aner schwätze léiwer iwwer déi Reformen, déi si selwer gemaach hunn. An alleguer wësse mer: an der Politik huet alles en Enn, just d'Reformen net. Och an där nächster Legislaturperiod, och an deenen nächste Joeren, gi Reformen ugepaakt, déi net fäerdeg ginn, a gi Reformen zu Enn bruecht, déi scho vill éischter hätte misse gemaach ginn.
Dës Legislaturperiod war net d'Period vun de verpasste Geleeënheeten, de verfeelte Reformen oder souguer vun der falscher Politik. Déi lescht Joere ware virun allem Joere vun de genotzte Chancen, vun der couragéierter Reform, vun der konsequenter Zukunftsgestaltung. Et waren alles an allem gutt Joere fir eist Land.
Muncheree wëllt elo bei deene Walen, déi kommen - an déi komme jo -, mordicus de Wiessel erbäiféieren. Dat ass jidferengem säi gutt Recht. Anerer wëllen de Wiessel net mordicus verhënneren, well dat Recht huet keen. Déi eenzeg, déi d'Recht hunn, driwwer ze befannen, ob dat, wat gemaach ginn ass, gutt war oder schlecht, dat sinn d'Lëtzebuerger selwer. Si wäerten dat den 13. Juni maachen. D'Regierung kuckt hirem Verdict mat Zouversiicht entgéint.
Ech soen Iech merci.
|