|
Discours prononcé par M. Jean-Claude Juncker, Premier Ministre, Ministre d´Etat, devant la Chambre des Députés:
Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,
Dat politescht Bild, dat de souveräne Wieler de leschten 13. Juni gemoolt huet, léisst ënnerschiddlech Interpretatiounen zou. Wat de Wieler genau wollt soen, wat fir ee Message hie wollt ginn, doriwwer ginn d'Meenunge wäit auserneen. De Wieler stëmmt of, awer hien erkläert säi Vote net.
Mä eppes ass klor: d'Lëtzebuerger wollten ee Stéck Wiessel hunn, frësch Loft an een neie Bléck op d'Leit an op d'Saach. Si wollten net den totale Broch mat deem wat war. D'Lëtzebuerger si keng Leit vum radikale Wiessel. Si si Leit vum gutt iwwerluechtene Changement an der Kontinuitéit.
Déi nei Regierung, déi sech haut am Parlament presentéiert, verfügt iwwer eng inkontestabel demokratesch Légitimitéit. Si ka sech op eng Majoritéit an der Chamber stäipen, déi zwar méi schmuel ass wéi fréier, mä awer breet genuch, fir décidéiert, konsequent a kohärent regéieren ze kënnen. Zur Demokratie gehéiert d'Méiglechkeet vun der Alternance. D'Verhandlungen, déi zu hir gefouert hunn, si muencherengem, dee presséiert war, e bësse laang virkomm. Mä dat war normal: Mir haten eis vill ze soen.
Wann ee 15 Joer laang op anere Weeër an heiandsdo ganz verschidde Richtunge gaang ass, da brauch een Zäit, fir déi Route festzeleeën déi ee fënnef Joer laang zesumme wëllt fueren. Mir hunn eis Usiichten iwwer dat, wat war an dat, wat kënnt, matenee verglach, mir hunn eis ausgeschwat iwwer Grondsätzleches an eis respektiv Reflexer op den Detail wierke gelooss. Ech weess haut: Dës Regierung huet d'Imaginatioun an d'Kraaft, fir déi Aufgaben, déi op se waarden, unzegoen. Déi Parteien déi se zesummesetzen hunn och dat néidegt Vertrauen aneneen, fir déi Aufgabe kënnen zesummen ze meeschteren. Mir bilde keng Regierung géinteneen, mä eng Regierung mateneen. Zum Gudde vum Land an zum Gudde vu senge Leit.
D'Regierung setzt sech net aus Parteien zesummen, vun deenen déi eng fir de Wiessel an den Dialog an déi aner fir d'Konservéieren an d'Décidéieren zoustänneg wieren. Do wou d'Saache bleiwe wéi se sinn, bleiwe s'et, well mer et zesummen esou wollten, an do, wou se anescht ginn, gi s'et, well mer se zesumme wëllen änneren.
Mat dem Untrëtt vun där neier Regierung fänkt keng nei, mä eng aner Zäit un. Si knäppt un un d'Leeschtung vun de leschte Joeren. An d'Leeschtunge vun deene leschte Joere waren och d'Leeschtunge vun der sozialistescher Partei, där ech vun dëser Plaz aus an a mengem Numm wollt Merci soe fir villes, wat mer zesumme fäerdegbruecht hunn. Déi Zäit, déi kënnt, gëtt plazeweis anescht, well nei Iddien, nei Sensibilitéiten an nei Leit hir Marke wäerte setzen. Ech sinn houfreg op d'Leeschtung vun der Vergaangenheet a freeë mech op déi, déi d'Zukunft méiglech mécht.
Et ass dës Zukunft, déi mer bei allem, wat mer maachen, fest am Bléck mussen hunn, d'Zukunft vun engem klenge Land an engem Europa, dat wiisst, an an enger Welt, déi ëmmer méi komplizéiert gëtt.
- Mir wëllen eisem Land eng fest Plaz an Europa ginn a seng Visibilitéit no bausse verbesseren.
- Mir wëllen een aktive Sozialstat, deen net alles mécht, mä deen dat, wat e mécht, aus responsabler Solidaritéit eraus mécht.
- Mir wëllen eng oppen a partizipativ Gesellschaft, déi keen ausschléisst an an där jidfereen, dee wëllt, soll matschwätzen a mat décidéiere kënnen.
- Mir wëllen eisem Land seng staark Wirtschaft erhalen, eng Wirtschaft, déi muss kompetitiv bleiwe fir de Mënschen ze déngen.
- Mir wëllen ee leeschtungskräftege Stat, deen de Kontakt mat der Modernitéit hält, ee Stat, dee kompetent handelt, e Stat, deen effikass funktionéiert.
- Mir wëllen, datt de Primat vun der nohalteger Entwécklung iwwerall, net nëmmen, mä awer och am Ëmweltschutz sichtbar gëtt.
Dat ass dat, wat mer wëllen. An dat ass dat, wouriwwer ech a graffen Zich an dëser allgemenger politescher Erklärung wëll schwätzen.
D'Weeër, déi mer dobäi wëlle goen, d'Mëttelen, déi mer zu dësem Zweck wëllen asetzen, déi sinn am Koalitiounsaccord beschriwwen, dee mat sengen 89 Säiten dëser Erklärung bäiläit an zu hir gehéiert, Erklärung, déi domat méi gerafft ka si wéi soss.
Wéi dës Weeër an all hire Verkabelungen, wéi dës Mëttelen an hire klengsten Detailer am Endeffekt wäerten ausgesinn, dat wäerten déi Projeten ausweisen, déi mer der Chamber zouleeden.
Mat Ärer Chamber, Här President, wäerte mer konstruktiv an am Respekt virum éischte Pouvoir vum Land zesumme schaffen. Mir fanne kee Gefalen um frontale Parlamentarismus, dee Léisungen, Virschléi an Iddien anescht bewäert a bemoosst, jee nodeem, ob se am Gaart vun der Majoritéit oder an deem vun der Oppositioun gewuess sinn.
Mir wëllen eng Regierung sinn, déi zolidd décidéiert a regéiert, keng Regierung, déi jidderengem Recht gëtt, mä awer eng Regierung, déi dialogéiert an nolauschtert, hei an der Chamber an dobaussen am Land. Nëmmen esou gi mer eng Regierung, déi och nogelauschtert kritt

Eng fest Plaz an Europa
Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,
Wa mer d'Saachen heiheem wëlle richteg geroden, musse mer eis fir dat, wat ronderëm eis geschitt, bal grad esou interesséieren, wéi wann et bei eis selwer passéiere géif. Nëmme wa mer eis fir déi aner interesséieren, kënne mer se och influenzéieren.
Influenz brauche mer fir d'éischt emol an der Groussregioun. An hir liewe Leit déi esou si wéi mir : Si ëmfannen d'Grenzen als eppes, wat trennt. Zesumme mat hinne musse mer se iwwerwannen. Wa Grenze keng Grenze méi sinn, vergréissert sech eisen direkte Bannemaart op eng natierlech Aart a Weis, da gëtt en esou grouss wéi dee skandinaveschen. Lëtzebuerg ass haut schonn de politeschen Zentrum vun der Groussregioun. Mir hunn et an der Hand doraus wirtschaftlechen Notzen ze zéien, Notze fir eis, Notze fir déi aner. Eis mëttelstänneg Betriber, déi an der Groussregioun investéieren, wäerten esou gehollef kréien, wéi wa se am eegene Land géifen investéieren. D'Beméien, hinnen an der Groussregioun gläich Chancen ze sécheren, wäert konstant sinn. Mir striewe Synergië mat den Héichschoulen, den Universitéiten an de Fuerschungszentren aus der Groussregioun un.
An 30, 40 Joer wäert Europa virun allem en Europa vun de Regiounen, net méi vun den Nationalstate sinn. D'Course fir eng vun den éischten europäesche Regiounen ze ginn ass amgaang. Mir wëllen déi Avance, déi mer hunn, rapid ausbauen.
Influenz brauche mer awer och bei eisen direkten Noperen. Mat der Belsch, mat där mer esou laang an enger ënnert dem Stréch glécklecher Währungsassociatioun gelieft hunn, wäerte mer de Vertrag iwwer d'UEBL verlängeren an un dat verännert Ëmfeld upassen. D'Konzertéierung am Benelux-Verbond, déi sech an de leschte Joeren intensivéiert huet, bleift vu vitaler Bedeitung fir eist Land. Mir wëlle se an all politesch Fachberäicher eran erweideren.
Gutt, jo excellent Bezéiunge brauche mer zu eisen däitschen a franséischen Noperen. Wirtschaftlech, kulturell, europapolitesch verbënnt eis mat jidderengem vun hinne méi, wéi si vuneneen trennt. Dat ass eng Chance fir eis, heiandsdo och fir si.
Et ass an eisem Interessi, méi an déi bilateral Relatioune mat de Memberstate vun der Europäescher Unioun ze investéieren. Dat, wat mer bilateral séinen, geet an deem europäesche Gaart op, an deem haut 15 a muer nach méi Staten d'Blumme vun der Zukunft plécken. Aus der Siicht vun haut, an och mam Bléck op muer, gëtt et fir Lëtzebuerg keng Alternativ zur Europäescher Unioun. D'Regierung wäert hëllefen, d'Erweiderung vun der Europäescher Unioun no Mëttel-, Ost- a Südeuropa virunzedreiwen. Virundreiwen heescht net iwwerstierzen, virundreiwen heescht matfuere wann d'Geschicht op d'Iwwerhuelspuer wiesselt.
Dat Europa, dat mer wëlle fir muer, een Europa vum kontinentale Fridden, dat gëtt nëmmen dann eppes, wa mer dat, wat mer haut hunn, a Bewegung halen. An deem Europa vun haut wëlle mer bei deene sinn, déi proposéieren, net bei deenen, déi negéieren. Eis ureegen Interesse si bei Europa am beschten opgehuewen. Gerode se a Bedrängnis, da wäerte mer eis ze wiere wëssen. D'europäesch Steierharmoniséierung, déi mer grondsätzlech bejoen, acceptéiere mer net zu all Präis, an dofir bleift et bei där ageschloener Verhandlungsstrategie. D'Straffung vun den europäeschen Décisiounen, déi mer grad esou wéi eis Partner ustriewen, wäert net zur Folleg hunn, datt mer wichteg Rechter – d'Recht op e Commissaire, d'Recht op d'Présidence, d'Recht op eng adäquat Matsprooch am Conseil – an d'Schanz schéissen.
Mir hale fest un der atlantescher an un der transatlantescher Zesummenaarbecht, wënschen eis awer eng méi ausgeprägte verteidegungspolitesch Dimensioun vun der Europäescher Unioun. D'Importenz vun der verteidegungspolitescher Debatt am Europa vun deene kommende Joeren huet et wënschenswäert erschénge gelooss, d'Kompetenz fir d'Verdeedegungspolitik an domat och fir d'Arméi am Ausseministère ënnerzebréngen. Eng besser Visibilitéit vun eisem Land no baussen huet et opportun erschénge gelooss, ee Corps vun zivile Volontären opzestellen, deen zu humanitären Asätz a Kriseregioune kann entsant ginn.
D'Aarbechte vun der Europäescher Unioun mussen heiheem ëmgesat ginn. Si mussen dofir besser wéi bis elo tëschent dem Parlament an der Regierung am Virfeld vun den eigentlechen Décisioune virbereet ginn. Zu enger besserer Virbereedung gehéiert och eng méi intensiv regierungs- a verwaltungsintern Koordinatioun, fir déi d'Ausseministesch wäert suergen.
D'Groussregioun, de Benelux, d'Europäesch Unioun, d'Nato: dat ass net déi ganz Welt. Mir mussen als klengt Land eng besser Visibilitéit och ausserhalb vun eisen natierlechen Interessen- an Allianzraim kréien. Eis Presenz an Asien baue mer aus, eis Presenz an Afrika fänke mer un.
Dee Lëtzebuerger entwécklungspoliteschen Effort gëtt op héijem Niveau virugefouert, fir ee Prozent vum Bruttoinlandprodukt ze erreechen. Hie konzentréiert sech geographesch op eng Rei Zillänner an inhaltlech op déi sozial Strukturen, d'Edukatioun, op d'Santé an op d'Chancëgläichheet tëschent Männer a Fraen. D'Entwécklungshëllef gëtt periodesch evaluéiert an duerno deementspriechend ugepasst.
Fir dat alles maachen ze kënnen, brauche mer een Ausseminister, dee fir d'Koordinatioun vun der Europapolitik a fir de Rescht vun der Aussepolitik zoustänneg ass. Fir dat alles ze packen, brauche mer ee Verdeedegungsminister, deen d'Arméi soll fit maache fir Friddenserhalensmissiounen a Krisegestioun. Fir dës Ziler kënnen ze erreechen, brauche mer en Entwécklungsminister, ee vollwäertege Minister, deen der humanitärer Aktioun zousätzleche Schwonk soll ginn. Mir hu keng zwee Ausseministeren, mä nëmmen een. Mir hunn een Entwécklungsminister, do wou mer an deene leschte Regierungen ee Statssekretär haten. Datt de Statsminister an der Aussepolitik a besonnesch an der Europapolitik ee Wuert matschwätzt, ass déi normaalste Saach vun der Welt. Dëst Matschwätze féiert an deenen nächste fënnef Joer zu kenge Konflikter.
Dat kann ee vun deene leschte 5 Joer iwwregens net ëmmer behaapten!

Fir een aktive Sozialstat
Esou wichteg wéi d'politesch Aktioun no baussen ass, esou wichteg ass dat resultatorientéiert politescht Handelen no bannen.
Eist Land muss e Land bleiwen, wou déi sozial Equilibere richteg leien, wou se richteg anenee gräifen. Do, wou se Rëss hunn, musse mer se stäerken.
Déi éischt Suerg, déi mer mussen hunn, ass d'Suerg ëm d'Aarbecht. D'Aarbecht ass rar ginn an Europa, an d'Aarbechtslosegkeet deementspriechend grouss. Zu Lëtzebuerg hu mer nach Aarbecht genuch an ass d'Aarbechtslosegkeet deementspriechend kleng. Dat soll sech an Europa änneren, zu Lëtzebuerg net.
Well eis Situatioun grondverschidde vun der europäescher ass, wëlle mer och keng auslännesch Modeller noäffen. Mir brauche keng legal Verkierzung vun der Aarbechtszäit; si géif deene klenge Betriber méi schuede wéi de Chômeuren notzen.
D'Regierung wäert dofir och keng Initiativ an deem Beräich ergräifen, mä si wäert déi tarifpolitesch Effore finanziell ënnerstëtzen, déi iwwer de Wee vun der kollektivvertraaglech erbäigefouerter Aarbechtszäitverkierzung zur effektiver Neiastellung vu Chômeure féieren. Si wäert all déi am nationale Beschäftegungsplang veraccordéiert a votéiert Moossname fir d'Ëmgestaltung vun der Aarbechtsorganisatioun, doran abegraff d'Aarbechtszäitorganisatioun, ënnerstëtzen an e Gesetz iwwer d'Zäitkonten an nach net gereegelt Forme vu Carrièreënnerbriechung abréngen. Dat zielt fir de Privatsecteur. Dat zielt och fir deen öffentlechen, wou der Deelzäitaarbecht ee méi grousse Raum soll zoukommen.
D'Aarbechtslosegkeet bekämpft een am beschten an am séiersten duerch Aarbecht. Dofir ass d'Regierung gewëllt, déi aktiv Aarbechtsmaartpolitik virunzeféieren a se ze intensivéieren.
D'Applikatioun vum nationale Beschäftegungsplang gëtt genau verfollegt, Ergänzungen, Prezisiounen, déi sech erginn, gi virgeholl. Mä eent steet fest: Op eist Land kënnt keng wëll Flexibiliséierung zou.
D'Beruffsausbildungseffore gi virugefouert, an enker Ofstëmmung mat de Betriber. D'Gesetz vun 1945 iwwer den Apprentissage gëtt iwwerkuckt. De «Centre de formation professionnelle continue» gëtt an een «Etablissement public» ëmgewandelt, deen d'ganzt Joer iwwer funktionéiert an domat d'Haaptinstrument vun der Weiderbildung a vun der Ëmschoulung gëtt. Déi konsequent Ëmsetzung vum Gesetz iwwer d'«Formation continue» schaaft d'Viraussetzung dofir, dass déi, déi haut eng Aarbecht hunn, hir Chance um Aarbechtsmaart vu mar behalen.
Aarbecht, Beschäftegung fannen net am lofteidele Raum statt. Si spille sech of an enger heiansdo haarder Wierklechkeet, déi vum Regelwierk vum Aarbechtsrecht begleet a vun deem selwechte forméiert gëtt.
D'Aarbechtsrecht wäert keng fundamental nei Ausriichtung kréien. Et bleift dobäi: D'Aarbechtsrecht schützt déi, déi schaffen, däerf awer net déi, déi Aarbechtsplaze schafen, onnéideg anengen. All aarbechtsrechtlech Schrëtt musse PME-compatibel sinn. D'Gesetz iwwer de Kënnegungsschutz gëtt am Liicht vun der Jurisprudenz den initialen Usiichte vum Législateur rapprochéiert. D'Aarbechtsrecht gëtt codifizéiert, den Télé-travail geregelt, mä net iwwerreguléiert. D'Rechter vun de Beschäftegten am Fall vun der Faillite gi gestäerkt. D'Entreprisen aus dem sozio-ekonomesche Secteur kréien e Statut.
D'Regierung wäert och eng zolidd Initiativ am Beräich vun der Verméigensbildung huelen. Net nëmmen am Privatsecteur solle Spuer- a Verméigensbildungsmodeller ënnerstëtzt ginn. Och am öffentleche Secteur wäert de Patron Stat all iwwerleeënswäert Ustéiss an déi Richtung mat engagéierter Sympathie begleeden.
Mä net nëmmen déi individuell Aarbechtsrelatioune si wichteg ; och déi kollektiv! D'Kollektivvertragsgesetz vun 1965 ass reformbedürfteg a gëtt reforméiert. D'Kritäre vun der nationaler Representativitéit gi preziséiert.
An Zukunft soll klor sinn, vu wéini un eng Gewerkschaft vertragsfäeg ass a wéini dass se ophält, dat ze sinn. A kengem Fall däerf d'Neifaassung vun de Representativitéitskritären zu enger schiedlecher Zersplitterung vun eiser Gewerkschaftslandschaft féieren.
Iwwer d'Rechter an d'Flichte vu sektoriell representative Gewerkschafte gëtt mat de Sozialpartner verhandelt. Mir brauchen hei eng Léisung, déi terraingerecht ass, net eng Léisung, déi alles op d'Kopp werft. Am Kader vun der Reform vum Kollektivvertraagsgesetz gëtt och d'Fonktiounsweis vum nationale Schlichtungsamt der Zäit ugepasst. D'Gewerbeinspektioun gëtt reforméiert an hir preventiv Roll bei der Konfliktverhënnerung verstäerkt.
Wann een hei am Land iwwer de Sozialstat schwätzt, da menge vill Leit automatesch, et wier een an engem Gespréich iwwer Renten a Pensiounen, iwwer méi héich Renten a Pensiounen. Heiansdo huet een den Androck, d'Politik heiheem wär soss näischt wéi Rentepolitik. An un dësem Androck si mer als Politiker net ganz onschëlleg. Mir hunn elo zwou Méiglechkeeten: Entweder fuere mer virun, esou ze maachen, wéi wann den Alpha an den Omega vun all Politik d'Renten an d'Pensioune wieren, oder mir probéieren - no Méiglechkeet zesummen -, d'Renten- a Pensiounsdebatt ze objektivéieren an a richteg Bunnen ze leeden.
Et war fir keen eng grouss Iwwerraschung, dass et deenen zwou Parteien, déi sech d'Regierungsverantwortung deelen, net méiglech war, hir respektiv Standpunkter iwwer de Pensiounsregim am öffentleche Secteur op een Nenner ze bréngen. CSV an DP hunn hiren Désaccord musse feststellen, souwuel wat deen neie Pensiounsregim, wéi och wat dee sougenanntenen Iwwerganksregim betrëfft. Aus deem net onerwaartene Feststelle vun dësem net onerwaartenen Désaccord ergëtt sech, dass déi betreffend Gesetzer virufueren, hir Konsequenzen ze zeitegen.
Dee constatéierten Désaccord hënnert d'Regierungsparteien allerdings net drun, de statutaresche Charakter vum öffentleche Pensiounsregim ze reaffirméieren a sech ze engagéieren, hien an dëser Legislaturperiod net a Fro ze stellen.
Deen Désaccord hënnert se net drun - well mer jo d'Renten- a Pensiounsproblematik wëllen objektivéieren -, eng vergläichend Etüd iwwer d'Pensiounen am öffentleche Regime, wat deen neie Regim ubelaangt, mat de Renten an Zousazpensiounen am Privatsecteur an Optrag ze ginn.
Ech hu virun e puer Minutten och erkläert, dass de festgestalltenen Désaccord aner sozialpolitesch Fortschrëtter am öffentleche Secteur net onméiglech mécht.
Et kënnt dobäi - an Dir wësst et -, dass d'Regierung sech engagéiert, an dëser Legislaturperiod eng Gehälterrevisioun virzehuelen. Déi ass natierlech net ze verwiessele mat enger horizontaler Lounerhéijung. Si stellt de Versuch duer, d'Rémunératioune vun deenen eenzelne Carrièren op Grond vun hirer Entwécklung, wat d'Studien, d'Attributiounen, d'Suggestiounen an d'Responsabilitéit par rapport zu de sougenanntene Carrières-pivot ubelaangt, ofzestëmmen. D'Personalvertriedunge ginn hiren Avis of.
D'Lounpolitik selwer wäert eng kontinuéierlech sinn a sech, no Verhandlunge mat där representatiivster Statsbeamtegewerkschaft an no Consultatioun vun deenen anere Syndikater, un där wirtschaftlecher Situatioun an un der allgemenger Lounentwécklung hei am Land ausriichten. Dës allgemeng Lounentwécklung muss déi wirtschaftspolitesch Orientéierungen an déi beschäftegungspolitesch Leitlinne vun der Europäescher Unioun respektéieren. Dat heescht, dass d'Léin an alle Secteuren, och beim Stat, musse moderat wuessen. Am öffentleche Secteur fanne Lounverhandlungen am Prinzip all zwee Joer statt. Déi éischt Ronn ass fir d'Enn vun dësem Joer.
Mir sinn eis eens an der Regierung, fir ze soen, dass den Haaptproblem am Beräich vun de Renten an hirer mëttel- a laangfristeger finanzieller Ofsécherung besteet.
Dofir hält d'Regierung un der Indexéierung vun de Renten un d'Präisentwécklung an hirer Upassung un d'Lounentwécklung fest. Dësen duebelen Upassungsmechanismus, dee keen anert Land an dëser absoluter Form huet, stellt kee mëttel- a laangfristege Finanzéierungsproblem duer.
D'Regierung schléisst eng allgemeng Strukturreform vun de Renten am Privatsecteur aus. Eng Upassung vun de Renten aus dem Privatsecteur un de Pensiounsniveau vum Iwwerganksregim aus dem öffentleche Secteur ass liicht ze verspriechen, mä mëttel- a laangfristeg net ze bezuelen.
Dat nämlecht gëllt fir d'Revendicatioune vun där gewerkschaftlecher Renteplattform. Mir hu kee Recht, d'Reserve vun de Pensiounskeessen zu Laaschte vun den nokommende Generatiounen auszeraiberen. Mir hunn awer d'Flicht, déi Adaptatiounen an eiser Rentelandschaft virzehuelen, déi mëttel- a laangfristeg finanziell vertrietbar sinn. Dat wäerte mer och maachen, fir déi sougenannten Hongerrenten, souwäit wéi se net duerch eegent Verschëlden entstane sinn, ze erhéijen. Deen ufalende Käschtepunkt muss allerdings vum Statsbudget an net vun de Renteregimer gedroe ginn.
Ier mer dat awer maache kënnen, waarde mer d'Resultater vun enger och vun internationalen Expären duerchgefouerter Etüd iwwer d'Verstäerkung vun der existéierender Kapitaliséierungsdimensioun vun eise Renteregimer of. An dës Expertise soll eis ebenfalls Renseignementer iwwer eng besser Placementspolitik vun de Pensiounsreserve ginn a méiglech alternativ Finanzéierungsweeër vum Rentewiesen opweisen.
Haut steet awer scho fest:
- An dëser Legislaturperiod ginn d'Rente virun iwwer de Wee vu Kotisatioune finanzéiert, Kotisatiounen, déi an deenen nächste 5 Joer net wäerte klammen. Et kënnt net, am Laf vun dëser Legislaturperiod, zu enger Ëmgestaltung vun der Finanzéierung.
- Fir de Rendement vun de Reserven ze steigeren, kënnt et net a Fro, sech an enger irresponsabler Aart a Weis a spekulative Schnellschëss ze probéieren.
- D'Zousazpensiounen am Privatsecteur ginn net op Käschte vum legale Rentesystem favoriséiert. Allefalls kënnt eng méi staark steierlech Ënnerstëtzung a Fro. Déi ass allerdings ofhängeg vun der allgemenger Steierpolitik a géif, wa se kënnt, a béide Regimer zur Uwendung kommen.
Alles an allem: A Saache Renten ass dat lescht Wuert nach net geschwat, mä et gëtt mat Sécherheet keen neit Kapitel geschriwwen.
D'Fleegeversécherung hirersäits gëtt an hirer progressiver Uwendung regelméisseg évaluéiert, a wa sech Detailmodifikatiounen opdrängen, gi se virgeholl.
D'Gespréicher mat de Sozialpartner iwwer eng Neiregelung vun den Invalidepensioune gi virun, an déi iwwer d'Unfallversécherung fänken op Grond vum Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot un.
Wat d'Krankeversécherung ubelaangt, esou mussen d'Sozialpartner an d'Regierung sech am Kader vun der Tripartite mat dem Behiewe vun deem haut schonn erkennbare Krankekeessendefizit auserneesetzen. De Stat huet keng Vocatioun, dësen Defizit aus staatleche Mëttelen eraus ze decken. D'Kotisatiounserhéijungen hirersäits fannen och net d'Faveure vun der Regierung, déi ansonsten awer d'accord ass, eng Modifikatioun vun der Stëmmgewiichtung um Niveau vun der Generalversammlung vun de Krankekeesse virzeschloen. D'Konsequenzen aus dem Arrêt Decker-Kohll ginn no Gespréicher mat alle Betraffene gezunn. Dat gëtt keng einfach Saach.
Den aktive Sozialstat muss selbstverständlech fir d'éischt do agräifen, wou d'Nout am gréissten an d'Schicksal besonnesch haart ass. Dofir wëllt d'Regierung sécherstellen, dass eis behënnert Matbierger hir finanziell Autonomie garantéiert kréien. Fir déi Handicapéiert, déi hire Liewensënnerhalt net duerch Aarbecht bestreide kënnen, schafe mer en Akommes an Héicht vum Mindestakommes, ouni dass dës Persounen allerdings all d'Konditioune vun der RMG-Gesetzgebung erfëlle mussen. Fir déi Handicapéiert, déi an den Ateliers protégés schaffen, gëtt e Rémunératiounsschema opgestallt, deen hinnen e richtege Revenu assuréiert.
Selbstverständlech respektéiert déi nei Regierung den Engagement vun hirer Virgängerin, fir all Joer 50 Aarbechtsplaze fir Handicapéierter am öffentleche Secteur zur Verfügung ze stellen.
Besonnesch Opmierksamkeet wäert d'Regierung de Kanner an Nout zoukomme loossen. Mir verbesseren d'Opfangstrukture fir si. Am Kader vun de staatleche sozio-edukativen Zentre gëtt eng Sécherheetsunitéit fir Mannerjäreger gebaut an d'Personal vun den Zentre vun Dräibuer a Schraasseg opgestockt.
Mir iwwerpréife genauestens, ob Fleegebetter feelen, a falls dat sollt de Fall sinn, brénge mer e Programm zur Behiewung vun deem festgestalltenen Engpass op de Wee. Mir féieren e Fleegeurlaub ouni Pai fir déi Leit an, déi e Familljemember um leschte Wee begleeden.
De Familljeministère fiert virun, d'Netz vu Crèchen, Schoulkantinen a «Foyers de jour» auszebauen. D'Zuel vun de Still an de Foyere gëtt ëm 1.000 erhéicht.
Heiansdo gëtt d'Politik den Androck, wéi wa se nëmmen en A hätt fir déi Fraen, déi beruffstäteg sinn. Dësen Androck ass falsch. Mir wëllen d'Fraen net a Kategorien andeelen: Och déi Fraen, déi doheem schaffen, schaffe vill. Am Kader vun de Rentenadaptatioune ginn, no gesetzlecher Neiregelung, 7 Erzéiungsjoere pro Kand ugerechent, de System vun de Babyjoeren ausgebaut. Souwuel am Privat- wéi am öffentleche Secteur gëtt de Rentesplitting agefouert. Mir maachen - fir och dësen Débat ze objektivéieren - eng vergläichend Etüd, déi eis soll Opschloss ginn iwwer déi effektiv Sozialtransfersituatioun vun de beruffstätege Koppelen an de Koppelen, wou ee Partner doheem ass.
Wat de konventionéierte Secteur ubelaangt – net nëmmen iwwregens am Beräich vum Familljeministère –, sou wëlle mer hei een Evaluatiounsgrupp asetzen, deen dee Secteur duerchliichte soll, fir doubles emplois ze detektéieren a méiglech Synergien an aner Regruppementer ze envisagéieren. Dës Aarbecht soll no e puer Méint ofgeschloss sinn a si soll eis erlaben, deen zukünftege Perimeter vum konventionéierte Secteur méi genau kënne festzeleeën. D'Rémunératioun am konventionéierte Secteur soll global déi Finanzenveloppe net dépasséieren, déi de Stat a sengem eegene Beräich fir déi selwecht Aarbecht an déi selwecht Leeschtung bereethale misst. Hei bleift et bei de Festleeungen aus dem ASFT-Gesetz.
Den aktiven a responsable Sozialstat muss och do wierksam ginn, wou een en a priori net erwaart, nämlech an der Steierpolitik. Déi Leit, déi wéineg verdéngen, bezuelen zu Lëtzebuerg keng oder wéineg Steieren. Dat bleift esou. Den Agankssteiersaz ass a bleift mat 6 Prozent deen niddregsten an Europa. Sozial Gerechtegkeet an ze héich Steiere fir déi kleng Leit verdroe sech net. Dofir wäert aus der Kombinatioun vun erliichterter Steier an erhéichtem Kannergeld eng besser Situatioun fir Famillje mat Kanner erwuessen.
De Steiertarif, dee mer elo hunn, ass grosso modo leeschtungsfrëndlech. E gëtt et nach méi, well mer am Kader vun enger allgemenger Steiererliichterung eng weider strukturell Tarifreform virhuele wäerten, déi iwwer eng reng inflatiounsbedingten Tarifberengegung erausgoe wäert.
Hire genauen Ëmfank hängt vun der Finanzsituatioun vum Stat a vun de Konklusiounen of, déi mer aus enger Effikassitéitsetüd iwwer all tariflech an aussertariflech Abattementen zéien, déi op hiren effektive Lenkungscharakter hin iwwerpréift ginn. Verléiert deen duerch d'Abattemente bedingten Entlaaschtungsvolume u Gewiicht, sou gëtt dëse Gewiichtsverloscht iwwert d'Tarifreform ausgeglach. Kommen nei Abattemente bäi, oder gi bestehender erhéicht, sou fällt d'Tarifreform manner breet aus. Mä egal wéi: D'Steiere klammen net; vum Joer 2002 un huele se däitlech of. De Spëtzesteiersaz fällt, mä den Duerchschnëttssteiersaz awer och. Bis zur Festleeung vun enger neier Tarifstruktur, déi sech jo aus der Auswäertung vun der Gesamtetüd iwwer d'Abattementen ergëtt, gëtt d'Steiermoderatioun fir Kanner op hirem aktuellen Niveau festgeschriwwen.
Déi indirekt Steieren zu Lëtzebuerg bleiwen an deenen nächste 5 Joer déi niddregst an Europa. Dat gëllt och fir de Fall vun enger weiderer Harmoniséierungsronn vun den indirekte Steieren an Europa.

Fir eng oppen a partizipativ Gesellschaft
Mir wëllen, Här President, Eist derzou bäidroen, fir datt eis Gesellschaft sech méi op mécht fir déi, déi sech vun hir net richteg acceptéiert spieren, wéinst hirer Aart a Weis ze sinn oder sech ze behuelen, wéinst der objektiv oder individuell begrënntener Onméiglechkeet, hir Problemer an de Grëff ze kréien an hiert Liewen an d'Hand ze huelen. Mir wëllen eis Gesellschaft esou tolerant wéi méiglech gestalten, ouni widderspréchlech Sensibilitéiten, déi jidfereng fir sech ëmmer hiren eegene Wäert hunn, ze heurtéieren.
Mir hätte gären, datt eis Gesellschaft méi partizipativ gëtt, datt an hir alleguer déi, déi wëlle matmaachen, och mat schwätzen a mat entscheede kënnen.
Net all, mä awer vill Net-Lëtzebuerger, déi bei eis wunnen a liewen, géife gär méi a méi séier matmaachen. Anstatt eng Debatt iwwert duebel Nationalitéit lasszetrieden, déi mer eis aus ville Grënn erspuere sollten, wëlle mer d'Konditioune fir Lëtzebuerger ze ginn erliichteren: d'obligatoresch Residenzdauer gëtt vun 10 op 5 Joer erofgesat; d'Regele vun der Naturalisatioun a vun der Optioun ginn harmoniséiert, déi zwou Forme fir Lëtzebuerger ze gi wäerten net méi mat finanzielle Käschte verbonne sinn.
Mir maachen den Net-Lëtzebuerger den Zougank zur Arméi op, quitte datt se virum Enn vun hirer Militärzäit eis Nationalitéit mussen unhuelen.
D'Gesetz iwwert d'Asylprozedur gëtt am Respekt vun der Genfer Konventioun vun 1951 reforméiert fir d'Délaien, déi mat engem Antrag op Asyl zesummenhänken, ze verkierzen. Mir féieren een Iwwerganksstatut fir Krichs- a fir Biergerkrichsflüchtlingen an, an applizéieren déi Gesetzer, déi mer an deem Beräich hunn.
Eng consultativ Mënscherechtskommissioun gëtt beim Statsminister ageriicht. Si soll Korrespondenz- a Referenzinstitutioun fir analog Organismen am Ausland sinn. Si schafft onofhängeg vun der Regierung, ka sech selwer befaassen oder vun der Chamber an der Regierung befaasst ginn. Si soll den Attachement vun eisem Land zu den onveräusserlechen universelle Mënscherechter no baussen an no bannen dokumentéieren.
Mir kënnen de Kapp sou déif an de Sand stieche wéi mer wëllen: mir hunn ee substantiellen Drogeproblem zu Lëtzebuerg. Mir kënnen deen net léisen, dat géif d'Kapassitéit vum Stat depasséieren. Mä mir kënnen en erliichteren, encadréieren an offiederen an zwar andeem mer hëllefen, mental a vun der Astellung hir, doduerch datt mer déi Drogéiert als Kranker an net als Gesetzesbriecher ukucken an eist Gesetz bis hin zur Ofännerung vun de Strofmoosse changéieren.
Konkret doduerch, datt mer méi Therapien heiheem schafen; den Zougank zu Therapieplazen am Ausland erliichteren, Infrastrukture schafen, wou mer ënner medizinescher Opsiicht Heroin u schwéier Ofhängeger organiséieren, fir esou och d'Beschafungskriminalitéit anzedämmen, d'Methadonprogrammer ausbauen, d'Berodungsplaze fir d'Eltere vun drogenofhängege Kanner a Jugendleche bereetstellen, Präventiouns- an Opklärungscampagnë systematiséieren. Eng reng national Legaliséierung vun den doucen Droge kënnt net a Fro. Hei brauche mer europäesch Usätz a Léisungen. Mir wëllen de Kranken hëllefen, mä keen onkalkuléierbaren Drogentourismus mat all senge Konsequenzen inszenéieren.
Drogenofhängeger si krank, dacks schwéier krank.
Aner Leit aus eiser Mëtt sinn esou onheelbar krank, datt se dem Doud all Dag an d'Ae kucken. Wéi mat hinnen, mat hiren Ängschten, mat hire stëllen Hoffnungen ëmgoen? D'Äntwert ass net einfach an eegent sech iwwregens net fir de Parteiesträit.
Mir wëlle Palliativstatiounen op méi Plaze baue wéi haut. Mir leenen déi iwwert de Gesetzeswee erméiglecht aktiv Euthanasie of, well mer fäerten, net all d'Konsequenze vun esou engem Schrëtt maîtriséieren ze kënnen. Mir si fir Therapiefräiheet, fir d'Ariichte vu fakultativen ethesche Comitéen an de Spideeler. Mir si géint den therapeuteschen Acharnement a fir ee respektvollen Ëmgank mat den definitive Froe vum Liewen. Mä mir mengen, eis aktuell Gesetzgebung géif duergoen, fir all Froen, och déi vun der penaler Responsabilitéit vum Dokter, zefriddestellend ze beäntwerten.
Aner fundamental Froen, déi bei wäitem net déi selwecht Dramatik hunn, verlaangen no enger Äntwert, well se an den Ae vu villen eenzel Grondsätz vun eisem Zesummeliewen tanguéieren.
Ech schwätzen hei vun der Unerkennung vu Culten a vu Reliounen, déi an eisem Land doheem sinn, ouni zu deem Kulturraum ze gehéieren, deen eis iwwer Jorhonnerte forméiert huet. Eenzelner vun hinne musse mer unerkennen, hinne Rechter ginn, hinne Flichten operleeën. Si si bei eis wëllkomm, well mer Toleranz an allem, och am Spirituell-Reliéisen übe wëllen a kënnen. Si si wëllkomm, mä si mussen eis Fräiheeten, eis Fassong ze sinn, ze gleewen oder net ze gleewen, eis Fassong mateneen ze liewen oder ze sinn, respektéieren.
Eis Fassong ze liewen, zesummen ze liewen, huet sech a muncher Hinsicht staark verännert.
Mir bleiwen der Opfaassung, datt d'Bestiednis eent vun den Elementer vun eiser Gesellschaft a vun eisem zivile Recht ass. Dofir muss d'Gesetz och weiderhin den institutionnelle Mariage schützen.
Mä vill Koppele wielen eng aner Form vu Liewensgemeinschaft. Dëse Choix verdéngt Respekt. Awer aus dësem Choix eraus erwuessen eng Rei vu sozialen a wirtschaftleche Schwieregkeeten, déi mer musse klären.
D'Regierung mengt, datt d'Aféierung vun engem sougenannte "mariage bis" net all dës Problemer léist, mä nei a méi Problemer schaaft a fir vill Koppelen trotzdeem eng Situatioun bréngt, wou se keng Rechter hätten.
Dofir kënnt si zur Konklusioun, datt een déi praktesch Problemer a Froen, déi sech stellen, duerch punktuell gutt cibléiert gesetzlech Regelunge soll léisen. Dës Léisunge solle sech op d'Notioun vun der Communauté domestique grënden a si betreffe virun allem d'Pensiouns- an d'Krankekeesserecht, d'Onfallversécherung, d'Eegentums- an d'Ierfschaftsrecht. Déi Léisungen, déi fond ginn, mussen Uwendung fannen net nëmmen op Koppele vu Mann a Fra, mä och op homosexuell Koppelen an aner Communautéite wéi zum Beispill d'Fratrien.
Ech hu gesot, Här President, mir bräichten eng méi participativ Gesellschaft.
Dofir hu mer décidéiert, am Fall wou mer zu enger grousser Verfassungsrevisioun kéimen, dës zum Referendum ze stellen. Eng fundamental a breet Verfassungsrevisioun, déi jo ee richtegt Jorhonnertwierk wier, brauch déi direkt Zoustëmmung duerch de Vollekssouverän.
Dofir hu mer décidéiert, der Chamber virzeschloen, ee Gesetz ze stëmmen, dat 10.000 ageschriwwene Wieler d'Recht gëtt, dem Parlament eng Proposition de loi en bonne et due forme zouzeleeden. Mat dësem Gesetzesvirschlag musse sech d'Chamber, de Conseil d'Etat an déi zoustänneg Beruffschambere befaassen. Froe 50.000 ageschriwwe Wieler ee Referendum iwwer dës Proposition de loi, sou muss dëse Referendum stattfannen. Wann ee groussen Deel vum Vollek sech esou tëscht de Wale wëllt Gehéier verschafen, da muss dat ganzt Vollek gehéiert ginn. D'Chamber weess dann, wou se mam Vollek drun ass.
D'Regierung wäert d'Chamber bei der Reform vun hirem Petitiounsrecht ënnerstëtzen. Mir schloen d'Asetze vun engem Ombudsmann beim Parlament vir, engem Biergerbeoptraagten, deen d'Doléance vum Bierger am Ëmgank mat der Verwaltung analyséiert, d'Schwieregkeete begradegt an dem Parlament Reformvirschléi ënnerbreet. Net manner wichteg ass d'Schafe vun ähnlech ausgeriichtene Schoulbeoptraagten an alle Schoulgebaier, déi d'Uspriechpartner si vu Schüler, Elteren an Enseignanten.
Zu enger toleranter a participativer Demokratie gehéiert och den Ausbau vun der materieller staatlecher Hëllef un d'Privatschoulen. Dësen Ausbau ännert näischt um Attachement vun der Regierung un der öffentlecher Schoul, an där hirem Secondaire d'Méiglechkeet vun der Dispens ofgeschaaft an d'Ustrengungen am Beräich vun der Formation morale et sociale vergréissert ginn.
Eng méi participativ Demokratie muss och de Wee vum Eenzelnen grad an och vum wirtschaftlech Schwaachen zu enger eegener Wunneng méiglech maachen. Wunnen ass een demokratescht Grondrecht. D'Regierung schafft een 8. Plang iwwert d'Constructions d'ensemble aus an ënnerstëtzt d'Zurverfügungstelle vu méi Mietwunnengen.
Matmaachen an der Gesellschaft, dat betrëfft och d'Aart a Weis, wéi mer Deeler vun eisem sozialen Zesummeliewen an domat vun eisem sozialen Zesummenhalt regléieren an encadréiere wëllen.
D'Tripartite, de Matenee vu Sozialpartner a Regierung huet sech bewährt. Si däerf d'Chamber bei hirer Meenungs- an Décisiounsbildung natierlech net ersetzen an net ausschalten, ass awer ee wäertvollt Instrument vum soziale Konsens un deem d'Regierung festhält. Eisem Land geet et och gutt, well mer responsabel Sozialpartner hunn. Si mussen hiert Gewiicht kënnen an déi staatlech Décisiounen abréngen.
Och d'Matsproocherecht vun deene Leit, déi an eise Betriber schaffen, muss gestäerkt an erweidert ginn. Mir hunn ee Gesetz iwwer Consultatiounsmechanismen am Fall vum Outsourcing wëlles; ginn de Personalvertrieder méi Rechter, wat d'Sécherheet an den Ëmweltschutz am Betrib ubelaangt; vergréisseren hir Zoustännegkeet an de Froe vun der Weiderbildung; setzen de passiven Alter fir d'Sozialwale wéi iwwregens och fir d'Landeswalen op 18 Joer erof, a finaliséieren d'Gesetz iwwert den europäesche Betribsrot. D'Matbestëmmungsgesetz sengersäits gëtt un déi neist Entwécklungen ugepasst.
Eng méi oppen a méi participativ Gesellschaft verlaangt, datt mer jidferengem, dee wëllt a kann - ouni datt dem Stat doraus finanziell Obligatioune resultéieren - den Zougank zu den neie Medien an hiren och lokale Kommunikatiounsméiglechkeeten opmaachen. D'Informatiounsgesellschaft am Grousse bleift ee klenge Wonsch, wann ee se am Klenge verbarrikadéiert. D'Mediegesetz vun 1991 gëtt reforméiert.
Ouni Press fënnt d'Participatioun an der Gesellschaft net richteg statt. Dofir brauche mer een neit Pressegesetz, dat ënner anerëm de Quellen- an Informatiounsschutz an den Zougank zu öffentlechen Dokumenter regelt.

Eng staark Wirtschaft am Dingscht vum Mënsch
Ech hunn, Här President, virun e puer Minutten iwwert d'Méiglechkeeten an d'Grenze vum aktive Sozialstat geschwat. De Sozialstat, besonnesch den aktive Sozialstat, kann awer nëmmen da stattfannen, wann d'Wirtschaft an hire Wuesstem seng Entwécklung méiglech maachen.
D'Wirtschaft ass kee Selbstzweck. Si steet am Déngscht vum Mënsch, vu sengem materielle Weiderkommen a leschten Enns vu senger sozialer Gerechtegkeet.
D'europäesch Wirtschafts- a Währungsunioun mécht et noutwendeg, datt mer d'Präisstabilitéit sécherstellen. Wann d'Präisstabilitéit agehale gëtt - an dat gëtt se an Europa an zu Lëtzebuerg -, da stellt déi automatesch Indexéierung vun de Léin an de Gehälter keng onzoumuttbar Belaaschtung fir d'Betriber duer. D'Regierung hält un dësem akommespoliteschen Instrument fest, well et d'Kafkraaft an de soziale Fridden erhält.
Ouni weidert Wirtschaftswuesstum komme mer allerdéngs net aus. D'Gesamtpolitik vun der Regierung wäert op deene verschiddenste Pläng déi wirtschaftlech Entwécklung ze stimuléiere probéieren. Mir wëllen net dat blannt Wirtschaftswuesstum ëm all Präis. Mir si keng Wuesstums- a keng PIB-Fetischisten. Mir wëllen e qualitatiivt Wirtschaftswuesstum, dat d'Ëmwelt schount an d'nohalteg Entwécklung stäipt. Léiwer e bësse manner Wuesstum, mä e qualitativ gudde Wuesstum, wéi en onbegrenzte Wuesstum mat héije Reparaturkäschten. Mir setzen op nei Technologien, besonnesch op d'Emwelttechnologien, fir deenen hir Implantatioun Lëtzebuerg eng éischt Adress wëllt ginn.
Mir setzen op Fuerschung an Entwécklung, där hir Mëttele mir vun haut 0,1 op 0,3% vun eisem Bruttoinlandprodukt wëllen unhiewen. Mir setzen op Innovatioun, op den Ausbau vum Mediestanduert an op eng weider Muskléierung vun der Informatiounsindustrie.
Mir brauche séier e Gesetz iwwer den elektroneschen Handel, ee méi liichten Zougank vu Betribsgrënner zu adequatem Startkapital, eng allgemeng Erliichterung vun den Accèskonditiounen zum Risikokapital, virun allem fir déi Kleng- a Mëttelbetriber.
Niddreg Lounniewekäschten sinn e Kompetitivitéitsatout, dee mer mussen erhalen. Mä nei Wettbewerbsvirspréng mussen de Bouquet vun eise komparativen Avantagë vergréisseren.
D'Regierung ass fest gewëllt, déi duerchschnëttlech effektiv Steierbelaschtung vun de Betriber vun haut 37,5% op däitlech manner wéi 35% zréckzeféieren. D'Steierbonifikatioun fir Investissementer gëtt an deem Zesummenhank moderniséiert.
Mir hunn eis virgeholl d'Gewerbesteier ofzeschafen. Si gëtt duerch en anere Steiermechanismus ersat, deen de Gemengen zegutt komme soll an dee se inzitéiere soll, wirtschaftlech Aktivitéiten op hirem Territoire unzesidelen. Dat soll an enger Konzertatioun mat de Gemenge geschéien, deenen hir Finanzautonomie muss garantéiert bleiwen. Eventuell Steierausfäll musse proportionell an équilibréiert tëschent Stat a Gemengen opgedeelt ginn.
D'Regierung wäert hir Ustrengunge verstäerke fir d'Finanzplaz Lëtzebuerg ofzesécheren. Dat maache mer duerch d'Verbreederung vun hirer Produktpallett, duerch d'Ofwiere vun all Versuch, d'Bankgeheimnis auszehielegen, doduerch, datt mer eng finanzplazschounend Kapitalbesteierungsregel an der Europäescher Unioun verhandelen.
Mir engagéieren eng Reflexioun iwwer d'Opportunitéit vun der Opdeelung vun de Post- an Telekommunikatiounsaktivitéiten an zwou getrennte Gesellschaften. Un dëse Gesellschafte solle sech strategesch gutt lokaliséiert Allianzpartner bedeelege kënnen. An alle Fäll awer gëtt de Stat de Referenzaktionär vun dëse Gesellschaften. Déi legitim Interesse vum Personal ginn net verluer. Dës Reform, wa se kënnt, däerf dem « service public », in spece dem « service universel », d'Been net ewechschloen.
D'Steieren, d'Lounniewekäschten, performant Telekommunikatioune si wichteg Standuertfaktoren.
Mä gradsou wichteg sinn awer d'Infrastrukturen. Et wäert zu Lëtzebuerg bei engem héijen öffentlechen Investitiounsniveau bleiwen. D'Investitioune vun haut sinn d'Viraussetzunge fir de Rendement vu muer.
D'Mobilitéit ass en anere Standuertfaktor, deen ëmmer méi wichteg gëtt.
Mir brauche gutt Transportverbindunge mam Ausland. Stéchwierder sinn hei den TGV-Est, d'Zuchverbindunge mat Bréissel a mat Däitschland.
D'Offer un öffentlechen Transportmëttele muss optimiséiert ginn, koordinéiert Organisatiounsstrukture fir den öffentleche Schinnen- a Stroossentransport mussen ageriicht ginn, grad esou wéi eng Mobilitéitszentral. BTB-Etüde ginn ofgewaart an da ginn, a voller Sachkenntnis, déi néideg Décisioune geholl : Mir brauchen een interregionaalt Noverkéierskonzept, dat mat de Gemenge muss realiséiert ginn.
Zur Wirtschaft gehéiert och, wéi d'Wuert et iwwregens seet, d'Landwirtschaft.
Hei muss d'Reglementatioun iwwer d'Mëllechquoten adaptéiert ginn, woubäi der Positioun vum aktive Produzent eng besonnesch Opmierksamkeet zoukënnt.
D'Agrargesetz gëtt geännert, d'landwirtschaftlech Beruffsausbildung duerch de Bau vun enger neier Ackerbauschoul facilitéiert.
Grousse Wäert gëtt op d'Qualitéit vun den Agrarprodukter geluegt, d'Qualitéitskontroll verbessert, fir dass d'Ernährungssécherheet garantéiert ka ginn.
D'Wäibaupolitik hirersäits wäert den Akzent op d'Diversifizéierung vun de Qualitéitswäiner an op d'Förderung vun de Spëtzewäiner leeën. Si wäert sech aktiv ëm eng Verbesserung vun der Marketing-Strategie këmmeren.

Mir wëllen ee leeschtungsfähegen a moderne Stat
Mir sinn, Här President, um Enn vun dësem Jorhonnert ukomm. Dat ass den idealen Zäitpunkt, fir op d'Entwécklung vum Stat an deene leschten 100 Joer zréckzekucken a fir sech seng Weiderentwécklung an deenen nächste Jorzéngte virzestellen.
De Stat, deen ëmmer méi nei Aufgabe bäikritt, kann net onbegrenzt wuessen. D'Fro ass net : Wéivill méi Stat brauche mer? D'Fro ass: Wéi kréie mer e bessere Stat.
E bessere Stat, dat ass ee Stat, deen no bei de Leit ass, e Stat, deen a sengem Fonktionnement transparent ass. D'Regierung wäert d'Statsverwaltung net onnéideg opblähen. Déi allgemeng Evolutioun vun den Effektiver ënnerläit enger strikter Kontroll.
D'Regierung fiert mat där 1995 ugefaangener Verwaltungsreform virun. Si wäert e globale Bilan vun de Stäerkten a vun de Schwächte vun der Verwaltung opstellen. D'Personal vum Stat, dat een héije Leeschtungsniveau huet, gëtt no moderne Methode geféiert. Déi administrativ Prozedure gi vereinfacht. Innerhalb vun der Verwaltung gëtt eng Organisatiounsfunktioun agefouert. Bierger a Verwaltunge mussen och méi no beienee réckelen; dofir schafe mer Biergerbureauen um regionalen Niveau, dofir iwwerkucke mer d'Öffnungszäite vun de Verwaltungen.
D'Gesetz wäert déi klassesch Prinzipie vum Statut vum Statsbeamte viru garantéieren. D'Onofhängegkeet, d'Neutralitéit an transparent Nominatiounsregele musse geséchert bleiwen. De Statut vum Statsbeamte gëtt moderniséiert; d'Aarbechtszäit nei amenagéiert, d'Verwaltungschefe gi méi staark responsabiliséiert. D'Disziplinarprozedur gëtt reforméiert. Nei Forme vu verwaltungsinternem Dialog wäerten d'Motivatioun vum Beamte renforcéieren. Den Iwwergank vum Privatsecteur zum Statsdéngscht a vum Statsdéngscht zum Privatsecteur gëtt erliichtert. D'Reintegratioun vu Statsbeamten, déi e Congé ouni Pai hunn, gëtt facilitéiert.
Zu engem moderne Stat gehéiert eng Justiz, déi zu him passt. Wéinst däer wuessender Zuel an der Komplexitéit vun den Affären, déi virun eis Gerichter gedroe ginn, engagéiert d'Regierung sech zu enger Rei vu Prozedurreformen. D'Justizpersonal gëtt verstäerkt, fir esou de Bierger eng méi séier Justiz a vollem Respekt vun de Rechter vun der Défense ze garantéieren.
D'Regierung wëllt déi nei Regele vun der «mise en état» op Handelsaffären ausweiden. Si wëllt ebenfalls d'Kompetenze vum «juge unique» a Strof-, Zivil- an Handelssaache verbreederen. Si wëllt ee «juge de l'exécution» asetzen, deen doduerch, datt en d'Schwieregkeete vun den Exekutiounsmoossnamen aus dem Feld raumt, d'Geriichter entlaascht.
D'Regierung wäert supplementar Untersuchungsriichteren an deementspriechend hinnen zougeuerdnet Fonctionnairen am «cabinet d'instruction» zu Lëtzebuerg astellen, fir esou a Saache Banque-routen, «faillites frauduleuses», nationalen an internationale Strofaffäre méi séier vun der Plaz ze kommen. De Parquet vu Lëtzebuerg kritt supplementaart Personal.
D'Bezierksgeriicht zu Lëtzebuerg kritt eng supplementar Handelskummer bäi, fir esou deenen Affären, déi duerch d'Explosioun vun den Aktivitéite vun der Finanzplaz bäikomm sinn, besser kënne Meeschter ze ginn.
De «Service central d'assistance sociale» gëtt personalméisseg ausgebaut. D'Mediatioun an den Arbitrage ginn als alternativ Konfliktregelungsinstrumenter encouragéiert. Et gëtt ee Kader geschaaft, deen aus Lëtzebuerg een internationalen Arbitragezentrum soll maachen.
Fir d'Prozeduren ze allégéieren an ze moderniséieren, besonnesch d'Scheedungsprozeduren, wäert d'Regierung a Konzertatioun mat de Magistraten an den Affekoten d'Geriichtsprozeduren enger Gesamtiwwerpréifung ënnerwerfen.
D'Regierung wëllt d'Rechter vun den Affer vu Verbrieche stäerken. Eng grouss Wichtegkeet kënnt dobäi der juristescher Assistenz an der materieller a psychologescher Begleedung vun de Strofaffer zou.
Deen neie Prisong zu Schraasseg soll esou organiséiert ginn, datt d'Untersuchungshäftlingen an déi condamnéiert Prisonnéier besser vunenee getrennt kënne ginn. D'Programmer iwwer allgemeng nëtzlech Aarbechten als Alternativstrof zu de Prisongsstrofe ginn ausgeweit.
De moderne Stat, Här President, muss et fäerdegbréngen, fir d'Sécherheet vu senge Bierger anzestoen.
D'Regierung wäert keng Ustrengung ënnerloossen, fir d'Recht op Sécherheet zu enger Realitéit fir jidderee ginn ze loossen. Déi total Sécherheet kënne mer allerdéngs net garantéieren an och net verspriechen.
D'Gesetz iwwer d'Fusioun vu Police a Gendarmerie gëtt progressiv ëmgesat. Mir hunn décidéiert, de Rekrutement vu Polizisten ze accéléréieren. D'Applikatioun vum Fusiounsgesetz gëtt am Detail suivéiert. Sollte sech gesetzlech Modifikatiounen imposéieren, sou gëtt d'Fusiounsgesetz punktuell ofgeännert.
D'Regierung wäert dofir suergen, datt d'Buergermeeschteren déi adequat Mëttelen an d'Hand kréien, fir hir Polizeiattributiounen effektiv kënnen auszeféieren. Zu deem Zweck kréien déi sougenannten «agents municipaux» e Statut, deen hinnen et soll erlaben, d'Applikatioun vun de Gemengereglementer effektiv ze kontrolléieren.
Stat a Gemenge mussen zu engem bessere Matenee fannen. Dofir wëllt d'Regierung zesumme mat hinnen eng breet gestreeten Diskussioun iwwer d'Opdeele vun de Kompetenzen an de Responsabilitéiten tëschent Stat a Gemenge féieren.
Zu engem moderne Stat gehéiert och eng fortschrëttlech Gesondheetspolitik.
D'Spidolsinfrastruktur soll performant sinn a kohärent funktionéieren. Fir kënnen déi grouss Linne vun deem nächste Spidolsplang festzehalen an déi noutwendeg Investissementer zu senger Realiséierung ze décidéieren, huet d'Regierung sech fir ee Moratoire an dësem Beräich ausgeschwat, dee sech bis un d'Enn vum Joer 2000 erstrecke kann.
Deen neie Spidolsplang, deen op enger aktualiséierter «carte sanitaire» fousst, wäert de quantitative Besoinen, de qualitativen Elementer an den Effizienzufuerderunge vu bestehenden an neie Strukture Rechnung droen.
Den Equiliber tëschent dem sougenannten öffentlechen an dem private Secteur gëtt bäibehalen. D'Zuel vun den akute Better gëtt reduzéiert.
D'Regierung wäert näischt onversicht loossen, fir Synergien an effikass Zesummenaarbechtsweisen tëschent deene verschiddene Spideeler a Servicer erbäizeféieren.
Déi Investissementer, déi duerch den neie Spidolsplang méiglech ginn, däerfen déi Finanzenveloppe, déi fir dee vum leschte Gesondheetsminister virgeluegtene Spidolsplang fixéiert ginn ass, net depasséieren.
Déi haut schonn autoriséiert Investissementsprojeten a selbstverständlech déi Investissementer, déi amgaang si gemaacht ze ginn, falen net ënnert de Moratoire.
D'Regierung engagéiert sech, esou séier wéi méiglech een neie Gesondheetslaboratoire bauen ze loossen. Seng Missiounen a seng Struktur gi redefinéiert. Hie soll een internationaalt Referenzinstitut ginn.
D'Regierung wäert d'Preventivmedezin engem genauen Examen ënnerwerfen. Si soll méi effikass a flächendeckend ginn. Eng gutt Preventivmedezin ass ee wesentlecht Element, fir laangfristeg d'Käschtenexplosioun am Gesondheetsberäich besser an de Grëff ze kréien.
De moderne Stat muss dofir suergen, datt déi jonk Generatiounen optimal op d'Zukunft virbereet ginn.
Dat ass virun allem d'Aufgab vun der Schoul.
D'Regierung wëllt géint de schoulesche Mësserfolleg kämpfen, d'Qualitéit vum Enseignement renforcéieren an d'berufflech Qualifikatioun vun deene Jonke verbesseren.
D'Fréierzéiung, dat heescht d'Education précoce op fräiwëlleger Basis, an d'Spillschoul sinn d'Basis fir eng Schoul vun der Integratioun.
Dës Integratioun muss an d'Primärschoul era verlängert ginn.
D'Alphabetiséierung op franséisch, mat dem Léiere vun Däitsch als Friemsprooch, probéiere mer a Form vu Pilotprojetën. D'Sprooch aleng däerf keen absolute Selektiounsmechanismus an eisem Schoulwiese sinn.
Weider Pilotexperienze sollen d'Virdeeler vu pluriannuelle Primärschoulzyklen testen.
D'Regierung setzt d'Integratiounspolitik fir déi handicapéiert Schüler virun.
D'Schoulgesetz vun 1912 gëtt adaptéiert. D'Kompetenze vun de Schoulkommissioune gi redefinéiert a sollen eng adequat Vertriedung vum Léierpersonal a vun den Elteren, - déi an Zukunft solle gewielt ginn - garantéieren. Op fräiwëlleger Basis kann an de Gemengen een Haaptresponsable pro Schoulgebai agesat ginn, deen d'Aktivitéite vum Schoulgebai koordinéiert, an deen den Uspriechpartner ass vun Enseignanten, Elteren, Schüler an de Gemengenautoritéiten.
D'Regierung wäert eng large Konzertatioun iwwer d'Aféierung vun neie Schoulrhythme féieren. D'«Journée continue», de fräie Samschdeg, d'Schoulvakanzen an aner Aspekter vun där Fro ginn an dësem Konzertatiounskader beliicht.
D'Regierung wäert e groussen Effort ënnerhuelen, fir qualifizéiert Personal a genügend grousser Zuel ze engagéieren. Mä souvill Enseignantë wéi mer der bräichte fanne mer der net.
D'Edukatiounsministesch wäert intensiv Gespréicher mat all de Concernéierten iwwer dës Problematik féieren. Och dat gëtt keng einfach Saach!
Nei regional Schoulpole wäerten déi schoulesch Infrastruktur complétéieren. Eng absolut Prioritéit genéisst de Bau vun zwee weidere Lycéen. D'Lycéë wäerten iwwer eng méi grouss Autonomie verfügen.
Déi Reformen, déi am Sekundarunterricht duerchgefouert goufen, ginn évaluéiert an, wann et muss sinn, adaptéiert, d'Schoulprogrammer enger kritescher Analys ënnerworf, d'Funktiounsweis vun den nationale Programmkommissiounen iwwerkuckt, d'Evaluatiouns- an d'Promotiounskritären am Liicht vun de gesammelten Experienzen analyséiert. Déi Schüler, déi den Ofschlossexamen net gepackt hunn, sollen d'Méiglechkeet kréien, sech dem Examen an enger zweeter Sessioun nach eng Kéier kënnen ze stellen. D'«Orientation scolaire» gëtt réorganiséiert. D'SPOSe ginn un d'Schouldirektioune rattachéiert.
D'Kooperatioun tëscht der Schoul an der Wirtschaft gëtt intensivéiert, d'Erwuessenebildung ausgebaut, an d'Schoul vun enger zweeter Chance soll eng Realitéit ginn.
Dem «Enseignement supérieur» kënnt eng ëmmer méi grouss Bedeitung an Zukunft zou.
Mir wëlle keng vollëmfänglech Universitéit zu Lëtzebuerg. Eng däeraarteg Ambitioun géif eis Méiglechkeeten depasséieren. Ausserdeem deet et de jonke Lëtzebuerger ëmmer nach gutt, e puer Joer vun hirem Liewen am Ausland ze verbréngen. Um «Centre Universitaire» kommen nei Enseignementer bäi, besonnesch um Niveau vum zweete Joer vum éischten Zyklus.
Den Haaptakzent awer gëtt op de post-universitairë Beräich, den drëtten Zyklus also, geluecht. Do, wou mer staark sinn, do, wou mer eng gutt Réputatioun hunn, wëlle mer nei akademesch Offerten ubidden, déi renomméiert auslännesch Professere souwéi Studente vun dobaussen an heiheem unzéien. An der Bank- a Finanzwëssenschaft, am Beräich vun de Medien, vum communautairë Contentieux z.B. hu mer déi Startréputatioun, déi mer brauchen, fir e gudden Ufank ze huelen. Studente maachen eis Stad méi flott, an d'Héichschoul mécht se méi interessant.
Ouni Kultur, Här President, ass kee Stat ze maachen. Dofir huet d'Kulturpolitik an den Ae vun der Regierung en héije Wäert.
D'Kulturministesch wäert d'Gesetz iwwer de Statut vum Artist ëmsetzen.
1% vum Finanzvolume vun den öffentleche Baute gëtt fir Konschtwierker reservéiert.
D'Regierung wäert d'Gesetz vum 28. Dezember 1988 iwwer d'Kulturinstituter aktualiséieren. D'Zil ass et, e besseren Accès vun allen zur Kultur ze erméiglechen.
Mir bauen e Concertssall mat 1.500 Plazen um Kierchbierg. De Projet vum neie «Centre national de l'audiovisuel» zesumme mat engem regionale Kulturzentrum an enger regionaler Musiksschoul gëtt zu Diddeleng realiséiert.
Et ass de Wonsch vun der Regierung, d'CFL-Rotonden zu Bouneweg enger kultureller Vocatioun zouzeféieren. Dat soll geschéien am Kader vun engem Gesamturbaniséierungskonzept, deen zesumme mat der Stad Lëtzebuerg auszeschaffen ass. D'Regierung féiert déi dezentraliséiert Kulturpolitik virun. Si hëlleft bei der Finanzéierung vu regionale Kulturzentren.
D'Regierung léisst e Referenzbuch iwwer d'Lëtzebuerger Geschicht ausschaffen an denkt un eng permanent Ausstellung iwwer d'Lëtzebuerger Geschicht.
Am Kader vun der «Agence luxembourgeoise d'action culturelle» gëtt e kulturelle Programmatiounsservice op d'Bee gestallt, dee fir eng besser Koordinatioun vun de kulturelle Manifestatiounen hei am Land soll suergen.
D'Regierung studéiert nei Interventiounsmechanisme vum nationale Kulturfong, fir de Mäzenat ze promovéieren.
D'Politik vun de bilaterale Kulturaccorde gëtt virugefouert.

Nohalteg Entwécklung steet iwwert allem.
Här President, de Prinzip vun der nohalteger Entwécklung wäert d'Schrëtt vun der Regierung an alle Politikberäicher leeden.
Dat ass virun allem wouer am Beräich vun der Ëmweltpolitik, mä net nëmmen do.
Am Beräich vun der Ëmweltpolitik wäert d'Regierung de Reduktiounsplang fir CO2-Emissioune finaliséieren an en am Kader vun engem pluriannuelle Programm ëmsetzen.
D'Regierung stellt e Co-Finanzementssystem fir ONGen op d'Been, déi am Beräich vum Ëmweltschutz täteg sinn.
D'Wichtegkeet vum Ëmweltschutz probéiere mer doduerch ze ënnersträichen, dass mer der Chamber virschloen, den Ëmweltschutz op den Niveau vun engem Verfassungsprinzip ze hiewen.
Allgemeng gëllt, dass d'Regierung op d'Preventioun setzt, fir d'Reparatioun am Ëmweltberäich kënnen ze évitéieren. De Stat, wann e baut, wäert ekologesch bauen, mat einwandfreie Produkter, déi zum Asaz kommen, wäert op Energiespueren an op de Gebrauch vun erneierbaren Energië grousse Wäert leeën.
D'Regierung steet an Europa op der Säit vun deenen, déi eng Ökologiséierung vun de Steiersystemer ustriewen. Ëmweltsteiere mussen awer e klor erkennbaren an iwwerpréifbare Lenkungseffekt hunn. Si sinn e Lenkungs-, kee Finanzéierungsinstrument. D'Aféiere vun europäesch décidéierten Ëmweltsteieren zu Lëtzebuerg däerf net zur Erhéijung vun der Gesamtsteierlaascht féieren.
Wat d'Ökologiséierung vun eisem eegene Steiersystem ubelaangt, esou wëll d'Regierung eng Faisabilitéitsetüd iwwer dee vum «Mouvement Ecologique» virgeschloenen Ökobonussystem duerchféiere loossen.
D'Regierung ënnerstëtzt déi Betriber finanziell, déi Eco-Auditen duerchféieren, a favoriséiert d'Verbreederung vun den Eco-Labelen.
Cibléiert Hëllefsprogrammer gi geschafen, fir de Betriber d'Aféierung vu modernsten ëmweltschounenden Technologien ze erlaben.
D'Regierung studéiert d'Méiglechkeet, fir de Prinzip vun der Ëmwelthaftung an eis Legislatioun opzehuelen.
Gréngpläng vun de Gemenge ginn an d'Gesetzgebung vun 1937 iwwer de kommunalen Amenagement integréiert.
D'Regierung stellt en nationale Plang iwwer d'Gestioun vun den Déchete fäerdeg. D'Eliminatioun vum Industrieoffall gëtt net an enger reng nationaler Optik examinéiert, woufir och déi ugefaange Verhandlunge mat den Nopeschregioune virugefouert wäerte ginn.
D'Landesplanungspolitik steet selbstverständlech ganz am Zeeche vun der nohalteger Entwécklung.
Aus deem selwechte Beweggrond eraus optéiert d'Regierung fir eng integréiert Waasserpolitik. Mir schafen e Waasserwirtschaftsamt, an d'Kompetenze fir d'Waasserpolitik ginn an den Hänn vum Innenminister konzentréiert.
De Souci vun der nohalteger Entwécklung däerf un der Politik fir de ländleche Raum net laanscht goen. D'Regierung stellt e Plang iwwer ländlech Entwécklung op. Dee soll d'Kompetitivitéit vun de ländleche Regioune verstäerken, a seng Ëmsetzung soll déi ekonomesch Dévitaliséierung vum ländleche Raum stoppen. D'Renovatioun an d'Valoriséierung vum ländleche Patrimoine ginn encouragéiert. D'Regierung ënnerstëtzt d'Entstoe vun neie lokalen Entwécklungsgruppen am Kader vun der communautairer Initiativ "Leader+".
Et kann, Här President, keng nohalteg Entwécklung ginn, wann d'Statsfinanze sech an déi falsch Richtung géife bewegen.
D'Finanz- a Budgetspolitik vun der Regierung wäert sech duerch eng ausgesprachen Disziplin auszeechnen, déi konform ass zu de Grondprinzipie vun der Europäescher Wirtschafts- a Währungsunioun.
D'Regierung suergt dofir, dass d'Finanzkapassitéit vum öffentleche Secteur excédentaire ass an de Statsbudget am Equiliber bleift. Si wäert d'öffentlech Schold op engem niddregen Niveau stabiliséieren. D'öffentlech Ausgaben däerfen, mëttelfristeg betruecht, net méi séier wuesse wéi de Bruttoinlandprodukt.
Eventuell Plus-valuë ginn ënner enger nach festzeleeënder Form no parlamentarescher Approbatioun den Investitiounsfongen zougefouert. Mat Plus-valuë finanzéiert ee keng Konsumausgaben. D'Regierung wäert pluriannuel Programmer fir öffentlech Investissementer presentéieren.
Mir wëssen et: Lëtzebuerg genéisst an Europa grousse Respekt wéinst der gudder Féierung vu senge Statsfinanzen. Dat soll esou bleiwen, an dat wäert och esou bleiwen!

Konklusioun
Dat waren, Här President, an e puer séiere Sätz, an enger méi geraffter Form wéi soss, d'Basisprinzipien, no deenen d'Regierung an deenen nächste 5 Joer d'Politik vun dësem Land gestalte wëll.
Déi Zäit, déi kënnt, gëtt net einfach. Si zeechent sech aus duerch munch Onsécherheet, duerch heiansdo däischter Perspektive weltwäit, awer och duerch vill Zeechen a Virzeechen, déi hoffe loossen. Um Enn vun dësem Jorhonnert hu mer d'Chance, an engem Land voller Méiglechkeeten an op engem Kontinent am Fridden ze liewen. Loosse mer dës Chancen heiheem notzen, loosse mer dobaussen alles maachen, mat eise bescheidene Mëttelen, fir dass de Fridde vum Joer 1999 ee Jorhonnert laang dauert. Fir d'Mënsche muss dat 21. Jorhonnert besser gi wéi dat 20. et fir si war.
Ech soen Iech merci.
|