Biographie

D'Martine Deprez ass de 26. Abrëll 1969 zu Wolz gebuer.

Studium an Ausbildung

No hirem Ofschloss am Secondaire am Joer 1988, studéiert d'Martine Deprez an de Cours universitaires du Luxembourg, ier si op d'Lécker Universitéit wiesselt, wou si 1992 mat enger Lizenz an der Mathematik ofschléisst.

Regierungsfunktiounen

No de Chamberwale vum 8. Oktober 2023, gëtt d'Martine Deprez de 17. November 2023 an der Koalitiounsregierung tëscht der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei (CSV) an der Demokratescher Partei (DP) zur Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet ernannt.

Aner politesch Funktiounen

D'Martine Deprez ass säit 1986 Member bei der CSV, wou si scho verschidde Funktiounen erfëllt huet, ënner anerem als stellvertriedend Generalsekretärin an als Member vum Nationalcomité. 2012 gëtt si Staatsconseillère, eng Funktioun déi si wéinst Incompatibilitéit opgëtt wéi si an d'Regierung ernannt gëtt.

Beruffstätegkeet

1992 fänkt d'Martine Deprez bei der Generalinspektioun vun der Sozialversécherung un, wou si fir d'Dossieren am Beräich vun der Renteversécherung, dem Kannergeld, der Onfallversécherung an der Zousazpensioun zoustänneg ass. No hirem 3. Congé de maternité, packt si de Stage fir als Lycéesproff ze schaffen a gëtt 2004 Enseignante fir Naturwëssenschafte mam Schwéierpunkt op Mathematik. Bis 2011 hält si Kuer am Lycée Aline Mayrisch, a vun 2011 bis de 16. November 2023 enseignéiert si am Lycée Hubert Clément. Parallel dozou ass si Staatsconseillère. An deem Kader ass si haaptsächlech fir Gesetzesprojeten a groussherzoglech Reglementer an de Beräicher vun der Santé an der Sozialversécherung zoustänneg.

Aktualiséiert