Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Articles d'actualité > Février 2004 > Journée nationale de la Résistance

Article d'actualité
Journée nationale de la Résistance
29-02-2004

Vers le niveau supérieur

1997 huet d'Lëtzebuerger Resistenz fir d'alleréischte Kéier hir "Journée nationale de la Résistance" gefeiert, déi no enger Décisioun vum Conseil national de la Résistance elo all Joer sech widderhuele soll, an dat op deem Dag, wou soss déi sougenannt "Hinzerter Mass" gefeiert gouf.

Dëst Joer fällt dëse Commémoratiounsdag op den 29. Februar.

Journée nationale de la Résistance

Op dëser Journée nationale, déi dëst Joer vum "Comité directeur pour le souvenir de la Résistance" organiséiert gëtt, deen an d'Plaz vum Conseil national de la Résistance getrueden ass, denke mir wéi ëmmer un déi 23 Cheffe vun der Resistenz, déi de 25. Februar 1944 - viru 60 Joer! - am Hinzerter Bësch erschoss goufen, grad ewéi och un d'Streikaffer, déi am September 1942 zu Hinzert ëmbruecht goufen. Doriwwer eraus ower soll un all déi Doudeg vun der Resistenz erënnert ginn, déi an anere Kazetter oder an de Prisongen an Emsiidlongslager hiert Liewe fir d'Heemecht hiergin hunn.

Hei den offizielle Programm vun de Commémoratiounsfeieren:

  • 11.00 Auer:

Mass an der Glacis-Kapell, gehale vum Paschtouer Patrick Muller. Et séngt d'Chorale des Exilés ënnert der Directioun vum Pierre Bausch a mat der Participatioun vum Clairon Edmond Faber.

  • 11.50 Auer:

Formatioun vum Cortège mat, un der Spëtzt, en Détachement vun der Arméi, der Militärmusék an de Fändele vun der Resistenz. De Wee bis op de Kiirfecht ass nët wäit, sou datt d'Resistenzler an hir Sympathisante sech, wann nëmme méiglech, dem kuurze Cortège uschléisse sollen.

  • 12.00 Auer: Cérémonie virum Hinzerter Kräiz

- Choral exécutéiert vun der Militärmusék.
- Seenung vun de Griewer duerch d'Vertrieder vun den 3 Reliounen.
- Néierleë vu Blummen duerch d'Autoritéiten an d'Resistenz.
- Sonnerie aux Morts.
- Usprooch vum President vum CDSR, Albert Hansen.
- Heemecht.
- Traditionnelle Rondgank laanscht d'Griewer vun de Victimen.


 Pour en savoir plus ... Pour en savoir plus ...
   Liens internes
  * Journée nationale de la Résistance (Article d'actualité du 23-02-2003)

Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact