Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Articles d'actualité > Octobre 2004 > Ouverture de la session parlementaire 2004-2005 > Discours de S.A.R. le Grand-Duc lors de l'ouverture solennelle de la session parlementaire 2004-2005

Discours
Discours de S.A.R. le Grand-Duc lors de l'ouverture solennelle de la session parlementaire 2004-2005
12-10-2004

Vers le niveau supérieur

(seul le texte prononcé fait foi)

Här Präsident,
Dir Damen an Hären Députéierten,

Et ass mir eng grouss Freed déi éischt Sessioun vun der neier Legislaturperiod haut kënnen feierlech an der Chamber opzemaachen.

Wann dat schons elo déi zweete Kéier ass, wou ech dës verfassungsrechtlech Prerogativ selwer ausüben, wëll ech domat de wichtege Stellewäert, déi eis direkt gewielten Chamber am politeschen Liewen vun eisem Land huet, ënnerstreichen.

Mat der Grande-Duchesse ass eis Präsenz haut bei Iech och den Ausdrock vum Wëllen vun eiser Famill, all politesch Responsabel an hirer Verantwortung ze ënnerstëtzen.

Den Ufank vun dëser neier Legislatur ass de Moment fir e puer Gedanken mat Iech ze deelen iwwert dat wat ass, mä virun allem iwwert dat wat ons bevirsteet.

Duerch déi vill Gespréicher, déi ech an der Lescht mat de Leit déi ech begéint hun hat, stellen ech gewëssen difus Angschtgefiller fest wat eis Zukunft ubelangt. 

Dofir ginn et effektiv gutt Grënn:

  • Déi markant Ideologien, déi d'19. Joerhonnert mat eriwwer bruecht huet, sin iwwerholl;
  • Dat traditionelt Bild vun der Famill gehéiert a ville Fäll zur Vergangenheet;
  • D'Natioun steet ëmmer méi ënnert der Emprise vun der Europäescher Unioun;
  • Den technologeschen Fortschrëtt get ëmmer méi gesin als eng Gefor fir d'Aarbechtsplazen an fir d'Erhalung vun eiser Natur;
  • De Konkurenzkampf mat de neien europäeschen Partner get nachwell identifizéiert mat Delocalisatiounen vu Betriber;
  • Onse Sozialmodell get als net méi finanzéierbar beschriwwen;

An anere Wierder vill Wäerter déi waren gin gären pauschal als iwwerholl duergestallt.

Wat mer dann nach an der Welt haut gesinn, ass alles wéi net encouragant. Krich, Hongersnout an Terrorism prägen all Dag d'Biller op der Televisioun.

D'Gefor ass da grouss ëmmer méi nostalgesch ze gin. Aussoen wéi "Mir sin net méi op der Héicht" oder "fréier war alles besser" kritt een ëmmer méi zu Oueren.

Här Präsident,
Dir Damen an Hären Députéierten,

Mir sollen eppes wéesentleches ni vergiessen: D'Zukunft am Géigensaz vun der Vergangenheet ass nach net geschriwwen. D'Zukunft ass e kollektivt Zesummespill wou all Mënsch gefuerdert ass ënnert dem Impuls vun der Regierung. Et bleift, datt dat wat op ons duerkënnt sech progressiv an dësem Haus erausschielt. Eent ass secher, de Maart an d'Wirtschaft sin oft blann. E gesonden Budget ass wichteg. Dat geet awer net duer fir eng Gesellschaft an Bewegung ze setzen. Hei ass d'Politik gefuedert. Si entweckelt Projeten gefiddert mat Ambitiounen. All Gebidder sin, wat d'Zukunft ubelaangt, betraff sief dat d'Schoul, eist sozialt Netz, d'Infrastrukturen, d'Wirtschaft, d'Sécherheet, d'Kultur, d'Gesondheetswiesen, de Sport an eis Plaz an Europa an an der Welt.

Dofir brauche mir net nëmmen Suen mä och Imaginatioun a kloer Zielsetzungen. Dat alles brauch och e Wëllen, den hautdesdags vun allen Betraffenen matgedroen get: d'Verwaltungen, d'Gemengen, d'zivil Gesellschaft, den Handel an d'Betriber, eis nei geschafen Universitéit an eis Centres de Recherche.

Et muss kloer sin, datt de Staat net alles kann iwwerhuelen wat eis Zukunft betrëfft. Lokal Initiativen sin sécher wënschenswäert wéi mer dat viru kurzem bei enger Gemengefusioun festgestallt haten.

Dat ass wouer hei am Land mä och an der Groussregioun. D'Akzeptanz vun all deenen Reformen, déi sech dës Regierung, wéi hier Virgänger virgeholl huet, ass méi grouss wann vun der Basis d'Initiativen gedeelt sin.

Eis Entwecklungspolitik fir déi mer jo net e bëssen stolz kënne sin, ass e gutt Beispill an desem Zesummenhank. Ass et net duerch dat permanent Zesummespill vu Regierung an den sëlechen ONGen, wéi déi vill Matbierger déi sech am Benevolat betätegen, datt dëst Resultat zu Stane komm ass?

Erlaabt mer op dëser Plaz och meng Iwwerzegung auszedrecken, datt den Civismus erem méi e groussen Stellewäert am Kader vun eisem Schoulprogramm kréie muss. Eis Schüler mussen wëssen wéi eis demokratesch Institutiounen fonctionnéiren, ënnert anerem eis Chamber. Fir responsabel Bierger schéngt dat mir essentiell ze sinn.

Loosse mer och Tribünen schafen, wou delikat gesellschaftlech Problemer wéi déi héich Zuel vun Suiciden, déi mer hei am Land hun analiséiert gin, an dat an engem Moment wou des dramatesch Realitéit ons op eng besonnesch tragesch Manéier confrontéiert huet.

Nëmmen esou kënne mer och nei Iddien an nei Weeër, wéi zum Beispill d'Aféieren vun der doubeler Nationalitéit oder Adoptioun vun der europäescher Constitutioun duerchsetzen.

Wat d'Glaichberechtegung vu Mann a Fra betrëfft, wëll ech dës Geleegenheet benotzen, fir Iech ze proposéieren d'komplett Egalitéit an der Trounfolleg och bei ons anzeféieren.

Mir hun dës Deeg vill un déi erënnert, déi ons d'Fräiheet erëmbruecht hun an virun allem un déi, déi dofir hiirt Liewen gelooss hun. Mir sin hinnen dat schëlleg. Esou solle mer och ni déi vergiessen, dene mer eise Wuelstand verdanken.

Fir dat alles, datt och Lëtzebuerg muer am groussen Europa op Zack bleift, brauche mir just dee Geescht an dee Wëllen, deen déi Generatiounen virun eis oft an a vill méi schwéieren Emstänn bewisen hun.

Ech si sécher et feelt net un Enthousiasm bei onser Jugend. 

Erlaabt mer hei déi formidabel Leeschtungen vun eisen jonken Sportler an deene leschten Wochen erfirzesträichen. Dat selwecht kënne mer um Gebidd vun der Kultur feststellen. Mat deem Bëss an Engagement ass et mer net Angscht fir eis Zukunft.

An dem Geescht sin ech iwwerzeegt, datt mir zesummen an den nächsten 5 Joër vill leeschte kënnen an allem viraus

  • e Land, wou et sech fir all Bierger gudd liewen léisst, op Lëtzebuerger oder net;
  • e Land, wou d'Visiounen zu Realitéiten gin,
  • e Land, wou Freed, Toleranz an Solidaritéit grouss geschriwwen gin.

Ech soen iech merci.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact