|
"Fir d’Éischt de Mënsch selwer, deen, well ech hien e puer mol begéint hunn, kann ech dat soen, eng grouss Wäermt ausgestraalt huet, an och eng exzeptionell Authentizitéit hat a sengem Behuelen, och an deem, wat hie gesot hat, wat jo net ëmmer bei den Zäitgeescht gepasst huet.
Da behalen ech hien an Erënnerung als een, deen op eng konstant Aart a Weis, ouni vun deem Kurs ofzeweichen, sech ëmmer kloer fir, wat dat weltpolitescht vu sengem Handelen ubelaangt, fir grouss Prinzipien ausgeschwat huet. Eng absolut Virfaart fir de Fridden, an een dauerhaft Nee zum Krich, en ongebrachenen Asatz fir Mënscherechter an all hirer Form.
Ech behalen en och an Erënnerung als ee politesche Mënsch, deen an deem Prozess, deen an Ost- an an Zentraleuropa zu dem Ofgang an dem Niddergang vum Kommunismus gefouert huet, eng grouss Roll gespillt huet, deen insofern eng architektonesch kontinental Dimensioun hat, well doriwwer besteet eigentlech keen Zweifel, datt deen Demokratiséierungsprozess a Mëttel- an an Osteuropa ouni hien an där Form net denkbar gewiescht wier.
Wann ech mat polnesche Frënn, mat slowakesche Frënn schwätzen, déi soe mir ëmmer erëm, wa mir dee Poopst net an eisem Réck gespuert hätten, dann hätte mir wahrscheinlech net de Courage gehat, fir äis un déi Strukture vum Kommunismus erunzewoen, fir se z’eliminéieren a se duerch demokratesch Ariichtungen z’ersetzen.
Also, ee Mënsch, deen ee komplette Mënsch war, wahrscheinlech och well et eng grouss Figur vun der zweeter Halschent vum 20. Joerhonnert war, deen eenzegen Europäer, op deen an der ganzer Welt gelauschtert ginn ass." (Interview de Jean-Claude Juncker, Radio RTL - Mëttesjournal, le 3 avril 2005)
* * * * *
"Ech verhalen en och als een, deen an der Politik eng grouss Roll gespillt huet. Et ass onëmstridden, a Polen, Slowaken an aner Frënn soen engem dat och, datt ouni dee Poopst, dee Prozess hin zur Demokratie an Ost- a Mëtteleuropa net méiglech gewiescht wier. Heen huet dee Prozess begleet an déi, mat deenen ee schwätzt, déi dee Prozess lassgetrueden hunn, déi soen och, si hätte manner Angscht gehat fir dat ze maachen, wat se gemaach hunn, well se dee Poopst an hirem Réck gespuert hunn.
Ech mengen, et war och dee leschten Europäer, op deen an der ganzer Welt gelauschtert ginn ass. Et gëtt keen Europäer méi, deen direkt Opmierksamkeet fënnt, wann en eppes seet. E war jo elo net als Europäer Poopst, mä dat ass eng Weltfunktioun, mä et war eng europäesch Stëmm, déi sech konnt äusseren a si huet munneches gesot, wat mer gutt gefall huet, besonnesch wann et ëm déi grouss Prinzipien an der Weltpolitik an am internationale Liewe gaangen ass.
Ëmmer déi absolut Virfahrt fir de Fridden an déi absolut Negatioun vum Krich als Mëttel fir Politik, dat insistéierend Antriede fir Mënscherechter an der ganzer Breet, deen dee Begrëff huet. Ech mengen, datt et ee Poopst war, deen der Welt gutt gedoen huet." (Interview de Jean-Claude Juncker, RTL Télé, le 3 avril 2005)
* * * * *
"De Poopst Jean-Paul II. war eng vun de grousse Figuren vun der zweeter Halschent vum 20. Joerhonnert. Wahrscheinlech deen eenzegen Europäer, deen an der ganzer Welt nogelauschtert kritt huet. En huet vun deem éischten Dag un, wou e Poopst war, dee friddlechen Ëmgestaltungsprozess a Mëttel- an Osteuropa mat begleet an duerch séng Präsenz eigentlech deem Prozess déi néideg Rou ginn.
Ech sinn dem Poopst zwee-, dräimol begéint, ech war ëmmer beandrockt duerch, wéi soll ech soen, déi menschlech Wäermt, déi en ausgestrahlt huet, déi grouss Authentizitéit, déi en haat an déi e bäi alle Saachen gewisen huet. D’Katholiken, déi sinn elo an Trauer a si verléieren deen, dee se an der Welt duergestallt huet, deen de Katholizismus sichtbar gemaach huet an d’Welt verléiert een, denn sech ëmmer fir de Fridden a fir d’Mënscherechter agesat huet." (Interview de Jean-Claude Juncker, Radio 100,7, le 4 avril 2005)
|