|
"De Budget 2006 ass e responsabele Budget, deen éischtens d’Ekonomie ënnerstëtzt andeem en héich Investitiounsausgabe virgesäit. Et ass zweetens e Budget, deen d’Sozialpolitik staark weiderféiert. Et ass e Budget, deen drëttens nei Politikfelder an d’Grondaufgabe vum Stat begleet, an et ass och e Budget, deen d’europäesch Stabilitéitskritäre voll a ganz respektéiert. (...)
Wa mer e strikt opgestallt hunn, da bleift et, datt mer selbstverständlech awer och an der Exekutioun wäerten extrem strikt sinn. Do si mer op enger Linn mat der Finanz- a Budgetskommissioun vun dësem Haus. Ech wëll hei d’Chamber driwwer informéieren, datt déi strikt Exekutioun och eis Ligne de conduite an deene leschte Jore war. (...)
Deene Leit, deenen d’Aspuerungen elo 2006 net wäit genuch ginn, soen ech: D’Engagement vun der Regierung ass ganz kloer, mir wäerten eng rigouréis Exekutioun vum Budget maachen, esou wéi déi Jore virdrun, wa méiglech nach méi streng. Mir fillen eis ënnerstëtzt duerch de Rapport vun der Finanz- a Budgetskommissioun, an hoffen och opgrond vun deem staarke Message vun der Finanz- a Budgetskommissioun, datt do wou Aspuerunge Gesetzesännerunge mat sech zéien, wou déi noutwendeg sinn, datt d’Chamber deenen och schonn 2006 gréng Luucht gëtt, fir datt se och 2006 budgetswierksam Reduktioune kënne mat sech zéien. (Luc Frieden, Chambre des députés, 07-12-2005)
|