|
"Ech war virun eiser Pressekonferenz an nom Regierungsrot fir eng Audienz beim Grand-Duc, deem ech matgedeelt hunn, datt et meng Absicht ass, d’Regierung ëmzebilden. Déi Regierungsëmbildung betrëfft eenzeg an alleng d’CSV Säit vun der Regierungsmannschaft, a betrëfft keng Persounen, déi géifen nei an d’Regierung kommen, respektiv aktuell Ministeren déi géifen d’Regierung verloossen. Mir sinn zur Aschätzung komm, datt ech sollt eng Ressortëmverdeelung an der Regierung virhuelen.
Mir hunn am wiesentlechen, an och net nëmmen, mä am wiesentlechen zwee déck Problemer. Deen éischte Problem ass dee vun der Beschäftegung, der Aarbechtslosegkeet. An deen zweete Problem ass dee vun de Statsfinanzen.
Wéi ech d’Regierung gebillt hunn no de leschte Walen, hat ech als éischt Suerg eng Ressortverdeelung an eng Personalbesetzung ze maachen mat Bléck op d’Presidentschaft vun der Europäescher Unioun, déi mir am éischten Hallefjoer 2005 haten.
Déi Présidence ass elo eriwwer, esou datt ech mir deen Tableau nach eng Kéier ugekuckt hunn, ausgehend dovun datt ech fannen, datt eng total Konzentratioun vun den zoustännege Ministeren op d’Problemer vum Emploi an op d’Problemer vum Budget dringend gebueden ass. Obschonn de Budgetsminister an den Aarbechtsminister dat scho mat héijem Asatz déi lescht Méint gemaach hunn, hunn ech dem Grand-Duc virgeschloen, fir folgend Ëmbesetzungen an der Regierung virzehuelen." (…)
Jean-Claude Juncker, 17-02-2006
|