Extraits de la déclaration du Premier ministre:
"Europa huet näischt mam Origine vun dëser Kris ze dinn. Europa ass wéi vun engem Geisterfahrer, dee mat Vollgas iwwert d’Autobunn fiert, mat an dee Chaos eragerappt ginn. Dee Geisterfahrer fiert zanter dem leschte Sonndeg e bësse méi lues, well e gebremst ginn ass, mä e kann all Moment op enger anerer Strooss erëm optauchen. Dat muss ee wëssen an dofir ass, trotz positive Boursereaktioune vun deene leschten zwee Deeg, keng Ursaach d’Enn vun der Finanzkris ze décrétéieren oder fir an een iwwerdriwwenen Optimismus ze verfalen."
"Déi global Finanzkris huet hiren Ursprung net an Europa, mä an de Vereenegte Staate vun Amerika, wou d’Banken, an déi déi se féiere, gemengt hunn d’Regele vum Einmaleins déi géifen am 21. Jorhonnert net méi zielen. Si hu systematesch Hypothekarkrediter u Leit ginn, déi Haiser kaaft hunn, déi déi Leit sech net leeschte konnten, - sougenannte Subprime-Krediter - a si hunn dat gemaach, an der Hoffnung, datt de Wert vun den Haiser déi kaaft gi sinn, méi séier géif klamme wéi d’Scholdzënse géife falen. Dës Rechnung konnt net opgoen an dës Rechnung ass och net opgaangen."
"Wéi déi spekulativ Bulle vum amerikaneschen Immobiliemaart schlussendlech zesummegebrach ass (…), wou dës sougenannten toxesch Produkter mat Origine um amerikaneschen Immobiliemaart schlussendlech de gesamten amerikanesche Finanzsystem infizéiert hunn, ass et duerch déi enk Vernetzung vun den internationale Finanzmäert och zu engem Iwwerschwappe vun där Kris op Europa komm."
"Zanter dem 15. September vun dësem Joer, wéi d’amerikanesch Autoritéiten, och d’Regierung, och de President, och de Finanzminister (…) décidéiert hunn eng grouss amerikanesch Investmentbank, Lehmann Brothers, déi systemesche Charakter huet, Faillite goen ze loossen, (…) huet déi Kris eng Form ugeholl, déi duerchaus u Wierkungen, un Niewewierkungen vun där grousser Finanzkris vun 1929 erënnert."
"Lëtzebuerg, wat eng gutt Bankeniwwerwaachung huet, Lëtzebuerg deem seng Banken, bis op ganz wéineg Ausnahmen, déi ech mol net kennen, gutt gefouert sinn, Lëtzebuerg deem säi Bankesystem an deem seng Banke selwer gesond sinn, war bei dësem Stuerm eng vun deenen éischten direkt betraffene Finanzplazen, well mir op eiser Finanzplaz systemesch Banke kennen."
"Dofir war et absolut noutwendeg, an engster Koordinatioun mat hire Frënn a Partner aus dem Benelux an aus Frankräich esouwuel bei Fortis wéi bei Dexia ze hëllefen, datt et net zu Schlëmmerem géif kommen."
"Dofir si mir hei zu Lëtzebuerg, wéi och am Rescht vun Europa zur Conclusioun komm, datt op déi systemesch Gefor, eng Bank fällt an esouvill aner Banke falen no an da fënnt d’Wirtschaftswuesstum an Aarbechtsplazeschafung net méi statt, datt et op esou eng systemesch Gefor nëmmen eng systematesch a global Äntwert ka ginn."
"Eis Suerg an dëser Kris ass et net fir d’Banke wéinst de Banken ze retten. (…) D’Banken spillen eng eminent wichteg Roll am Fonctionnement vun eiser Economie. (...) D’Gefor fir déi real Wirtschaft, fir d’Industrie, fir de Mëttelstand, fir d’Landwirtschaft, fir d’Betriber am Land an an Europa ass grouss, well et kee Vertraue méi an d’Banke gëtt an dofir däerf een de Risiko net agoen, fir näischt ze maachen. (…) Dofir kann een eng Situatioun déi entstanen ass duerch ee Laissez-faire-Behuelen net beäntwerten duerch eng politesch Attitude déi och am Laissez-faire géif bestoen."
"Wann och déi Kris hiren Origine an Amerika huet, esou ass et awer esou, datt d’Äntwert op dës Kris, esou wéi se bis elo formuléiert ginn ass, ganz staark vun europäesche Sculpteure geprägt ginn ass. Mir hunn an deene leschten 2 Woche bewisen, als Europäer, datt een op Europa, besonnesch op d’Eurozon, ziele kann wann et drëm geet schnell a kohärent Äntwerten ofzeliwweren."
"Keng relevant Bank, virun allem keng déi systemesch Nofollegeffekter am Fall vum Ëmfalen hätt, gët wéinst dëser Kris an d’Laberente komme gelooss ginn. Keng Bank gëtt fale gelooss."
"All europäesch Regierunge si bereet déi Banken, déi strukturell gesond sinn, mä denen hir Kapitaldecke wéinst der Kris ze dënn ginn ass, mat frëschem Geld a Form vun Eegemëttele géint Aktien oder géint aner Ofsécherungen ze stäerken. Dës Kapitalsprëtzen déi d’Regierunge ginn, déi gëtt et a kengem Land fir näischt."
"Kloer muss och sinn, datt d’Regierungsparticipatiounen am Kapital vun deene Banken net op laang Strecken ausgeluecht ass, net op all Éiwegkeet."
"Keng Bank, mat deenen d’Lëtzebuerger Bankgeschäfter maache, gëtt vun der Regierung Faillite goe gelooss. Keng Bank mat deenen d’Lëtzebuerger Bankgeschäfter heiheem maache, gëtt vun der lëtzebuerger Regierung fale gelooss. Et gëtt also wierklech keng Ursaach, fir datt d’Leit, déi hiirt Erspuerten oder aner Finanzprodukter bei lëtzebuerger Banke leien hunn, hiirt Erspuertent oder hir Finanzprodukter vun do op aner Plazen hibewegen."
"Et muss kloer gemaach ginn, datt déi bestehend Groussactionnairë vun de betraffene Banke mussen d’Konsequenze vun de Schwieregkeete vun de Banke matdroen."
"Et muss kloer sinn, datt déi Dirigente vu Banken déi graphe Feeler gemaach hunn, mussen zur Rechenschaft gezu ginn."
"Dofir ass et ganz evident, datt d’Regierungen, déi am Kapital vun enger Bank antrieden, och zum Deel iwwer d’Rémunératiounsstruktur vun den Dirigente vun de Banke musse kënne matschwätzen."
"Ech wëll d’Chamber mat engem Text befaassen, (…) fir sécherzestellen, datt wann zu Lëtzebuerg géife sougenannte gëlle Fallschirmer ausgedeelt ginn, datt déi Banken déi dat maachen, an dat géif ech och gären op aner Betriber applizéiert gesinn, jiddwerfalls déi Versementer déi si maachen net méi vun der Steier kënnen ofsetzen."
"Dee sougenannten interbancairë Marché, deen d’Häerzstéck ass vun engem effiziente Finanzsystem, an deem ee Krediter zu verstännegen Tauxe kritt, ass zanter der Faillite vu Lehmann Brothers och an Europa zesummegebrach. D’Banken traue sech ënnerteneen net méi an dofir ass d’Wirtschaft a grousser Gefor. (…) Well dat esou ass, hu mir eis an Europa drop geeenegt, deene Banken déi gesond sinn a genuch Kapital hunn, d’Méiglechkeet ze ginn eng Staatsgarantie fir Interbankgeschäfter ze kréien."
"Déi Staatsgarantie ass essentiell, fir datt d’europäesch an och déi lëtzebuergesch Wirtschaft net zesummebrécht an dofir ass et elementar, datt een dat Zurverfügungstelle vun dëser Staatsgarantie fir d’Interbankgeschäfter net gratis mécht, mä datt dat vun de Banke muss bezuelt ginn."
"Mä déi Liquiditéitskris um Interbankemarché, déi trëfft leider net nëmmen d’Banken. Si riskéiert och zum Deel déi sougenannte Geldmaartfongen oder wéi mir op lëtzebuergesch soen d’SICAVs monétaires ze treffen. Zesumme mat der lëtzebuerger Zentralbank an no Gespréicher vum Här Frieden a vu mir selwer mat där selwechter si mir d’accord, datt och dës Geldmaartfongen elo bei der Zentralbank Liquiditéite kënne kréie fir hiirt normaalt Funktionnéieren ze garantéieren. D’Geldmaartfongen zu Lëtzebuerg sinn esou sécher wéi d’Geldmaartfongen an Däitschland. Die luxemburgischen Geldmarktfonds sind so sicher wie deutsche Geldmarktfonds."
"Dann hu mir eis och drop geeenegt, am Eurogrupp, am Ecofin, zu Paräis, datt d’Garantië fir d’Privatleit beim Erspuerte bei de Banke vun 20000 Euro no uewen ugepasst ginn. Dës Garantië, 20000 op 50000, voire, falls een dat wëllt, op 100000, voire iwwer 100000 Euro eraus, falls een dat och wëllt, gëllen och fir all aner Form vu Placementer wéi d’Obligatiounen oder d’Sicaven am Fall wou eng Bank, déi Däeraarteges an hirem Portefeuille huet, géif an d’Laberente kommen. (...) Mar Mëttwoch leet d’Europäesch Kommissioun hir Propositiounen zu de Bankegarantië vir (…)a mir wäerten den nächste Freideg matdeelen zu wat fir enge Conclusiounen datt mir an deem Beräich komm sinn."
"Mir sinn elo am Kuerz- an am Mëttelfristegen. (…) Laangfristeg muss och d’lëtzebuerger Finanzplaz wëssen, datt déi méi streng reglementaresch encadréiert gëtt. D’Finanzplaze mussen nees sériös reglementéiert ginn, d’international Finanzfluxen, wéi ech dat heibanne schonn öfters plädéiert hunn, gehéieren an een normative Kanal agewisen, deen d’Iwwertriede vun den Uferen net zu engem normale Risiko, mä zu engem aussergewéinlechen Evenement décrétéiert."
|