Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Articles d'actualité > Octobre 2008 > Déclaration du Premier ministre Jean-Claude Juncker devant la presse au sujet de la banque Kaupthing

Article d'actualité
Déclaration du Premier ministre Jean-Claude Juncker devant la presse au sujet de la banque Kaupthing
15-10-2008

Vers le niveau supérieur
Le 15 octobre 2008, le Premier ministre luxembourgeois Jean-Claude Juncker a eu une entrevue à Bruxelles avec le Premier ministre belge Yves Leterme au sujet de la banque Kaupthing.

Les deux homologues ont reçu une délégation des clients de la banque Kaupthing pour discuter de la situation de la banque.

Jean-Claude Juncker a déclaré que la Belgique et le Luxembourg cherchaient ensemble une solution pour aider les épargnants de Kaupthing Bank.

À l'issue de la réunion, le Premier ministre a fourni les informations suivantes à la presse luxembourgeoise:

"Ech hat de Moien eng Entrevue mam belschen Premier. De belsche Premier an ech hun och eng Delegatioun vun den Clienten vun der Kaupthing Bank empfaang. Mir hun zum Ausdrock bruecht dat die 2 Regierungen zesummen aktiv no enger globaler Léisung sichen.

Mir kënnen déi Leit net hänken lossen. Ech wees net op mir die Leit kënnen total entschiedegen, mee ech géif awer gären wärmstens dofir plaidéiren dat mer eis hei eiser Responsabilitéit ganz musse stellen, well fir den Image vun der Finanzplaz Lëtzebuerg kënnten et verheerend Konsequenzen an der Belsch hunn, wa mer eis net em den Problem geifen këmmeren. Mir mussen eis em dee Problem këmmeren, deen ee sonderbaren ass, well die belsch Bank ass eng Duechter vun der lëtzebuergescher Mammebank an die lëtzebuergesch Mammebank hänkt vun der grousser Mamm zu Reykjavik of. Wa mussen finanziell Interventioune gemaach ginn ënnert irgendenger Form - dat wees ech nach net - dann droen déi zwou Regierungen déi Laaschten gemeinsam.

Ech hun et färdeg bruecht am Gespréich, dem belsche Premier ze vermëttelen, dat et net nëmmen een lëtzebuergesche Problem ass, mee och ee belsche Problem, an dass d’lëtzebuerger Regierung an de leschten Wochen - hun ech fonnt - vill Solidaritéit à l’égard vun der Belsch zum Ausdrock bruecht huet. An ech erwaarde mer elo och ee Retour vu Solidaritéit an doriwwer sinn ech mam belschen Premier eens: mir lossen déi Leit net hänken, mir mussen awer kucken wat gemach ka gi fir déi Bank ze retten, wat mer kennen maachen fir déi Bank frësch opzestellen. Ech hu gëschter ee laangt Gespréich mam islännesche Premier doriwwer gehat. Déi Saachen gin op de Wee bruecht. Mee et ass nach ze fréi fir déi Fro endgülteg ze beäntwerten.

(...)

Am Resumee: mir lossen keen haenken a mir därfen keen haenken lossen, well eisen Image an der Belsch géif terribel a Gefor kommen an doraus géif sech een bleiwenden Schued fir d’Finanzplaz Lëtzebuerg ergin.

(...)

Mir sinn hei am Stadium vun deem wat een Sursis de paiement nennt. Dat geschitt zum Schutz vun den Leit an net zum Schlechten vun de Leit. Vu dass déi Solutiounen schwieregst ze gestalten sinn - mir mussen jo och hei déi islännesch Autoritéiten abannen - dauert et eng relativ laang Zeit bis datt erem endgülteg Kloerheet besteet.

Mee ech mengen, ech hunn et färdeg bruecht de mueren am Gespréich mat der Organisatioun vun den Clienten, berouhegend Elementer ze ginn. Well hei an der Belsch war d’viirherrschend Meenung, d’Lëtzebuerger géifen sech total desinteresséieren un der Léisung vun der Fro, dat ass decidéiert net de Fall, mir interesséiren eis dofir."



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact