|
Le 20 avril 2009, le ministre des Affaires étrangères, Jean Asselborn, s’est prononcé sur les ondes de Radio 100,7 et de RTL Radio sur la conférence de l’ONU sur le racisme Durban II qui a lieu à Genève.
Au sujet de la présence du président iranien, Mahmud Ahmadinejad, à la conférence, Jean Asselborn a dit: "Mir däerfen deem Typ net déi Éier maachen, datt dee geschwënn alles regéiert. Wann dee séng Appréciatioune gëtt, déi net ze deele sinn an déi net dierfe gedeelt ginn, däerfen net déi aner alleguerte fortlafen. Au contraire mengen ech soll een argumentéieren, roueg bleiwen a versichen z’erreechen, datt deen Text deen erauskënnt, net do wäert hänke bleiwen, datt den Ahmadinejad Dënschdes Mëttes um 3 Auer zu Genève geschwat huet."
Pour ce qui est de la déclaration finale de la conférence, le ministre des Affaires étrangères a noté: "Éischtens mol ass Israel an deem Text net erwähnt, also kann et net diskriminéiert ginn. Israel ass net erwähnt, au contraire zu deem wat zu Durban war. Zweetens: d’Diffamatioun vun de Reliounen, ee ganz ganz geféierlechen Terme, deen ass eraus. D’Diffamatioun vun de Reliounen, wann een deen Terme unhëllt, kënnt ee ganz gären an d’Contradictioun mat anere fundamentale Mënscherechter oder fundamentale Rechter en général. Drëttens: d’Liberté d’expression, d’Liberté de presse, och no deem wat geschitt war mat de Karrikature vum Mohammed an Dänemark, och d’Liberté d’expression ass an zwee Alinéaen ganz ganz kloer an ouni Restriktioun drageschriwwen. An da wat eis alleguerten als Europäer selbstverständlech interesséiert, dat ass, datt an der Zeil 66 kloer steet, recalls that the holocaust must never be forgotten."
Concernant le boycott de la conférence par l’Allemagne, les Pays-Bas, l’Italie et la Pologne, Jean Asselborn a déclaré: "Mir mussen hei och d’Substanz kucken, an an der Substanz wier et wierklech ganz, ganz schlecht, wa mir als Europäer eis géifen carrément dovunner distanzéieren. Ech ka mir net virstellen, datt mir an enger Welt liewen, wou den iranesche President Ahmadinejad alles kontrolléiert, a ka stëppelen, a kann alles déterminéieren. Dat wier mengen ech falsch, grondfalsch.
Dofir sinn ech iwwerzeegt, datt no där Ried, déi de Mëtteg do stattfënnt, um dräi Auer, datt dann och no där Ried gekontert gëtt, datt d’Saache richteg gestallt ginn, och vun der Europäescher Unioun.
Ech sinn e wéineg enttäuscht vun der Présidence vun der Europäescher Unioun - mä déi sinn an enger ganz schwiereger Situatioun - datt do net Paroli gebuede gëtt, esou wéi et misst eigentlech sinn. A bon, déi 4 Länner, déi hu vläicht nach eng Méiglechkeet fir no der Ried vum Ahmadinejad nach eng Kéier hir Positioun ze iwwerdenken."
 |
Pour en savoir plus ... |
 |
|