Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
  Recherche
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Communiqués > Avril 2003 > Schoulsportdag 2003 am Institut pour infirmes moteurs cérébraux vun der Education différenciée

Communiqué
Schoulsportdag 2003 am Institut pour infirmes moteurs cérébraux vun der Education différenciée
08-04-2003

Vers le niveau supérieur

Ech sinn, ech wëll, ech kann

A Präsenz vun der Madame Marianne Vouel an dem Här Pierre Backes aus der Direktioun vun der Education différenciée stoung en Donneschten, den 3. Abrëll d’Schoul vum Institut pour Infirmes Moteurs Cérébraux (IMC) ganz am Zeechen vum nationalen Schoulsportdag.

Mat vill Begeeschterung hunn d'Kanner vum IMC an hir Komeroden aus dem Centre d'Education différenciée vu Lëtzebuerg un deene verschiddenen Atelier’en deelgeholl. Ugebuede waren ënner anerem Basketball, Slalom, Geschécklechkeetsparcours’en a Keelespillen.

Am europäesche Joër vun de Behënnerten hunn d'Kanner vun der Education différenciée eemol méi bewisen, dass si mat Motivatioun, Spaass an Ausdauer dobäi sinn.

Ennersträiche muss een och d'Ennerstëtzung vum Här Schuh, Velospézialist vu Monnerech an dem "Velo Team Lëtzebuerg" , vertrueden duerch déi Hären: Richard Spautz, Norry Fischer, Marc Schiltz a Ronny Kremer.

De Schoulsportdag war e groussen Succès an d'Kanner freeë sech schon op eng nächst Editioun.

(communiqué par le ministère de l’Education nationale, de la Formation professionnelle et des Sports)



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact