|
De Comité directeur du souvenir de la Résistance an d’Amicale Hinzert lueden all Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen an, sech un de Gedenkfeieren zu Hinzert e Samschdeg, de 18. September, ze bedeelegen, wa méiglech mat hire Fändelen. Och un d’Famillje vun de Victimen an doriwwer eraus un all Lëtzebuerger riicht sech dësen Appell.
Déi international Feier ass ëm 14 Auer. Si gëtt musikalesch encadréiert vum Lëtzebuerger Trompettist Edmond Faber. D’Gedenkusprooch gëtt gehale vum Professor Dr. E. Jürgen Zöllner, Minister fir Wëssenschaft, Weiderbildung, Fuerschung a Kultur vu Rheinland-Pfalz. Bei dëser Geleeënheet gett och de Grondsteen geluegt fir den Dokumentatiounszenter.
D’Mass ass em 15 Auer virun der Hinzerter Kappell. Si gëtt gehale vum Abbé Patrick Muller ënnert der Matwirkung vum Gesangveräi vu Baastenduerf.
Bei schlechtem Wieder gëtt d’Ceremonie beim Monument an engem Zelt ofgehalen.
Hei de Programm vun de gratis Bussen, déi op Hinzert fueren:
Nordstreck:
Bus A (Stephany):
10.40: Elwen/Gare 10.45: Weiler/Halt 10.50: Helzen/Bushalt 10.55: Houffelt/Halt 11.05: Eselbuer/Halt 11.10: Clierf/Gare 11.15: Marnech/Kierch 11.20: Housen/Kierch 11.25: Schincker 11.40: Veianen/Gare 11.45: Bëttel/Halt 11.50: Furen/Halt 11.55: Baastenduerf/Halt 12.05: Tandel/Halt 12.10: Dikrech/Kierch 12.15: Angelduerf/Bréck 12.20: Ettelbréck/Pensionat 12.50: Iechternach/Gare 13.35: Hinzert
Umeldungen fir de Bus A: Autobus STEPHANY Tel.: 99 81 32
Streck West-Süd-Ost:
Bus B (Demy Cars I):
11.15: Kleinbettingen /Caisse rurale 11.25: Bascharage/Kierch 11.30: Biff 11.40: Déifferdeng/Contournement 11.45: Uewerkuer/Postes 11.50: Bieles/Police, Esch/Uelzecht/Place Benelux 12.00: Esch/Uelzecht/Gare 12.05: Scheffleng/Kierch 12.10: Rëmmeleng/Gare 12.15: Käl/Postes 12.25: Diddeleng/Gare 12.35: Beetebuerg /Kierch 12.55: Lëtzebuerg/Gare 13.00: Lëtzebuerg/Glacis 13.40: Hinzert
Bus C (Demy Cars II):
11.40: Äischen/Garage Demy-Cars 11.45: Stengefort/Gemeng 11.50: Habscht/Schoul 12.00: Sell/Schoul 12.10: Bruch/Kierch 12.20: Miersch/Centre Marisca 13.00: Lëtzebuerg/Glacis 13.20: Waasserbëlleg/Grenz 13.40: Hinzert
Umeldungen fir d’Busse B an C um Telefon 39 90 58, Anne-Marie Toussaint
Et ass onbedingt néideg, sech virum 16. September 2004 unzemellen.
(communiqué par Comité directeur du souvenir de la Résistance)
|