|
De Comité directeur du souvenir de la résistance an d'Amicale Hinzert lueden all Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen an, sech un de Gedenkfeieren zu Hinzert e Samschdeg, den 19. September 2009, ze bedeelegen, wa méiglech mat hire Fändelen. Och un d'Famillje vun de Victimen, an doriwwer eraus un all Lëtzebuerger, riicht sech dësen Appell.
De Programm fir dësen Dag ass wéi déi Jore virdrun, d.h.:
- Um 14 Auer ass déi Lëtzebuerger Feier virun der Hinzerter Kappell:
D'Mass gëtt gelies vum Abbé Georges Gevigné an Abbé Patrick Muller, a fir de Gesank suergt d'Chorale vu Baastenduerf. Si gëtt musikalesch encadréiert vum Clairon Edmond Faber.
- Um 15.30 Auer ass déi international Feier, déi dëst Joer vu Lëtzebuerg presidéiert gëtt. Si fënnt am neien "Dokumentations- und Begegnungshaus" statt, mat dësem Programm:
- Begréissung duerch den Dr. Dieter Schiffmann, Direkter vun der "Landeszentrale für politische Bildung";
- Usprooch vum franzéische Generalkonsul Thierry Zarrella.
No der Virliesung vun Zäitzeientexten an de Seesgebieder gi Blummen néiergeluegt.
Hei de Programm vun de Bussen, déi op Hinzert fueren:
Bus A Stephany:
11.15 Elwen/Gemeng 11.50 Ettelbréck/Gare 12.00 Dikrech/Gare 12.35 Iechternach/Gare 13.35 Hinzert
Bus B Stephany:
12.15 Baastenduerf 13.35 Hinzert
Umeldunge fir d'Bussen A a B: Autobus Stephany, Tel.: 99 81 32
Bus C Demy Cars:
11.00 Klengbetten/Caisse rurale 11.10 Bascharage/Kierch 11.25 Déifferdeng/Contournement 11.30 Uewerkuer/Post 11.35 Bieles/Police 11.40 Esch/Uelzecht/Place Benelux 11.45 Esch/Uelzecht/Gare 11.50 Schëffleng/Kierch 11.55 Rëmeleng/Gare 12.00 Käl/Post 12.10 Diddeleng/Gare 12.20 Beetebuerg/Kierch 12.40 Lëtzebuerg/Gare 12.45 Lëtzebuerg/Glacis 13.25 Hinzert
Bus D Demy Cars:
11.40 Äischen / Garage Demy Cars 11.45 Stengefort / Gemeng 11.50 Habscht / Schoul 12.00 Sëll / Schoul 12.10 Bruch / Kierch 12.20 Miersch / Centre Marisca 12.45 Lëtzebuerg / Glacis 13.05 Waasserbëlleg / Grenz 13.25 Hinzert
Umeldunge fir d'Bussen C an D: Madame Anne-Marie Toussaint, Tel.: 39 90 58
Umeldungen: Spéitstens bis de 17. September 2008
(communiqué par le Comité directeur du souvenir de la résistance)
|