|
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
Den 19. Dezember huet d’Hamas d’Wafferou gebrach an nees Rakéiten op Israel geschoss. D’Riposte ass, wéi mir alleguerte wëssen, de 27. Dezember massiv aus Israel komm, wéi d’israelesch Militär agegraff huet.
Vun deem Moment un ass et kee Knäppche méi op der Welt ginn, fir d’Bluttvergéissen ze stoppen. Et stëmmt, datt kee Land op der Welt toleréiere kann, datt Rakéiten op säin Territoire geschoss ginn, ouni datt ripostéiert gëtt. Et stëmmt, datt Israel d’Recht huet a Sécherheet ze liewen. Et stëmmt, datt d’Hamas eng islamistesch Organisatioun ass, déi mat Mëttele vun enger Terrororganisatioun operéiert, a wann ee gëschter Owend Zäit hat fir um Arte de Film vu virgëschter ze kucken, wéi d’Hamas mat sengen eegene Leit, also mat de Palästinenser, a Gaza ëmgeet, da brauch een dat net weider ze dokumentéieren.
D’Fro déi sech stellt ass déi; ass alles gemaach gi vun israelescher Säit, fir den Asaz vu Gewalt aus Gaza eraus z’ënnerbannen, an zweet Fro, ass mat enger militärescher Operatioun der Gewalt aus Gaza eraus bäi ze kommen? A béide Froen ass d’Äntwert wuel net kloer mat Jo ze beäntwerten.
Egypten huet sech immens Méi ginn, mir wëssen, fir eng Waffepaus auszehandelen, eng Waffepaus déi gedauert huet vu Juni 2008 bis den 19. Dezember 2008, an déi vun der Hamas agehale gouf. An där Zäit huet Israel leider kee Schratt gemaach fir Gaza opzemaachen.
An ech wëll hei versichen, direkt e wéineg Gaza plastesch duerzestellen. Gaza ass wat den Territoire ugeet 1/7 vum lëtzebuerger Territoire. 1,4 Millioune Leit liewen do, héich gerechent géifen 10 Millioune Leit zu Lëtzebuerg liewe mat der Bevëlkerungsdicht vu Gaza. D’Gréisst vu Gaza ass ze vergläiche mam Kanton Clierf a mam Kanton Veianen. Déi zwee Kantonen zesumme maachen d’Gréisst vu Gaza aus.
1,4 Millioune Leit déi also do op deem klengen Territoire liewen, ouni Perspektiv, ouni Motivatioun, ouni Aarbecht, e grousse Prisong, muss ee soen, ee Prisong deen nom Norden, nom Süden an och nom Osten zou ass, an dir wësst, datt déi aner Säit d’Mier ass.
Dat ass Gaza, wou et einfach ass fir Extremisten ze zillen, an och Extremisten ze motivéieren.
Den israeleschen Ausseminister war, den israeleschen Inneminister Pardon, war gëschter Moie bei mir fir seng Siicht vun der israelescher Regierung eis matzedeelen, an hien huet gesot an engem Saz: "Am Joer 2000 nach hunn 250.000 Leit all Dag Gaza an d’Westbank verlooss, a sinn an Israel schaffe gaangen, a sinn owes nees zeréckgaangen an hiert Duerf, an hir Stad", esou wéi et bei eis jo de Fall ass mat 150.000 Frontalieren, déi mir all Dag hei kennen. Et ass also och anescht méiglech.
Duefir gëtt et eng fundamental Onverhältnisméissegkeet a mengen Aen an der Liewensweis, wann een Israel gesäit, oder d’Liewenskonditioune vun de Populatioune vergläicht.
An duefir géif ech och menge mat ouder ouni Hamas, Gaza ass eng potentiell Bomm, wou d’Leit weder a Fräiheet nach an Dignitéit liewe mussen. An esou laang Gaza an där Form besteet, lieft Israel net a Fridden. Dëst ass déi déif Ursaach vum Problem.
Hamas operéiert mat condamnabele Mëttelen, mat verwäerfleche Methoden, och a Gaza selwer, ech hunn et gesot. Israel ass ee Staat mat villen intelligenten, engagéierte Leit. Israel misst zur Asiicht kommen, datt déi permanent Ernidderegung vun de Palästinenser a Gaza, wéi och an der Westbank, all Hoffnung op ee friddlecht Zesummeliewen op d’Dauer mat Israel net méiglech mécht.
Ausgläichend zur Sécherheet vun Israel, steet d’Recht op Dignitéit vun de Palästinenser alleguer, ob a Gaza oder an der Westbank.
Militärgewalt uwende géint Hamas a Gaza geet net ouni zivil Populatioun ze treffen, voll ze treffen. Dat ass jo och geschitt. A jiddwer jonke Mënsch a Gaza, deen dës militäresch Gewalt vun den Israelië gesäit, oder och gespuert huet, gëtt kee Mahatma Gandhi. Ganz am Géigendeel.
Dat internationalt Krichsrecht, an dat internationalt Vëlkerrecht, déi 4. Konventioun vu Genève erlaabt net, datt militäreschen Asaz op Käschte vun der ziviler Populatioun goe kann. De Beschoss vu Schoulen, vun UNO-Gebaier, vu Kliniken ass net tolerabel.
Fazit: kee kann iwwerzeegt sinn, datt déi militäresch Operatioun den dauerhafte Fridden an där Regioun soll garantéieren, oder iwwerhaapt soll gedéngt hunn.
Fir wat ass Gaza op Egypten zou, also Rafah, net an de leschte Méint opgemaach ginn, wéi keng Bomme geschoss gi sinn, keng Rakéite geschoss gi sinn aus Gaza op Israel? Fir wat ass d’Verbindung mat der Westbank net hiergestallt ginn? Fir wat sinn d’Camionen zu Karni mat de Liewensmëttel nëmmen drëppchensweis, a ganz dacks iwwerhaapt net a Gaza erakomm? Fir wat ass d’Extensioun, d’Zilunsgpolitik zu Jerusalem an och an de Gebidder weider gaangen? D’Israelië baue weider op Territoire, deen hinnen net gehéiert. Fir wat sinn d’Stroossespäeren an der Westbank zënter Anapolis an der Zuel éischter geklommen wéi zeréckgaangen?
Israel wäert wuel ni Fridde schléisse mat Hamas. Dat ass kloer. Mä Israel muss Fridde schléisse mat dem palästinensesche Vollek, muss also weisen, datt dëst palästinensescht Vollek vun Israel respektéiert gëtt, datt him Hoffnung gemaach gëtt, an net konstant Provokatioun geschitt, mat de Kolonien op Territoiren, wéi ech gesot hunn, déi hinnen net gehéieren. Oder Schikanen am déigleche Liewen vun de Leit ëmmer méi hefteg ginn, anstatt datt se opgebaut ginn.
Mat Maueren schliisslech, dir Dammen an dir Hären, léisst sech de Fridden, an och d’Zesummeliewen net opbauen, dat huet d’Geschicht och an eisem Europa hei gewisen.
Froen déi Israel sech selwer stelle muss, Äntwerten déi net wäerte kommen, weder vun den USA, nach aus Europa.
Nun, et gëtt kapital Froen an dësem Konflikt, déi sech stellen, an déi och selbstverständlech Lëtzebuerg, d’Europäesch Unioun concernéieren.
Éischtens emol, et ass net einfach an deem Kontext hei optimistesch ze bleiwen. Ech sinn, ech hunn d’Chance 4 an en halleft Joer Ausseminister ze si vun dësem Land, ech hu gesinn, ech hu gesinn, wéi den Abu Mazen gewielt ginn ass, déi Hoffnung déi mir doranner gesat hunn.
Ech hu gesinn 2006, wéi Hamas gewielt ginn ass, wat fir eng Schwieregkeeten datt mir haten an der Europäescher Unioun.
Ech hu gesi wéi de Krich, selbstverständlech wéi mir alleguer, am Libanon 2006 ausgebrach ass.
Ech hu gesi wat fir eng Hoffnung datt bei Anapolis dobäi war. An ech hunn och materlieft, wéi ech d’lescht Joer an Israel war, an och a Palästina, wéi no bäi d’Madame Livni, an och de Qurei, dat ass de Palästinenser, waren, de palästinensesche Chef vun der Delegatioun, ware fir kënnen zu engem Friddensvertrag ze kommen.
Dëse Réckschlag, dir Dammen an dir Hären, deen deet wéi. Trotz allem gesäit een, datt de Krich ëmmer nach déi lescht Sortie de secours schéngt ze bleiwen.
Hamas, ee Wuert wat em d’Welt geet. Hamas ass en arabescht Wuert, an heescht "Äifer" a "Säbel". Et ass eng palästinensesch sunitesch islamistesch paramilitäresch Organisatioun, déi 1987 gegrënnt ginn ass. Ech hu keng Angscht fir ze soen, datt et eng Terrororganisatioun ass. Si ass ervirgaangen aus der Muslim Brüderschaft, si ass, dat muss een och gesinn, vun Israel ganz laang ënnerstëtzt gi fir géint d’Fatah agesat ze ginn.
Mir stounge virun enger grousser, enger schwiereger, enger schwéierer Fro am Joer 2006. Wéi geet d’Europäesch Unioun mat Hamas em? A mir hunn eis gehalen un dat, wat d’Quartett definéiert huet. D’Quartett wësst dir, Russland, Amerika, d’UNO an d’Europäesch Unioun.
Israel unerkennen, war déi éischt Konditioun. Eng kloer Konditioun. Et ka kee Land, oder keng zwee Länner déi zesummen an der UNO sëtzen, eent dat anert Land net unerkennen. Datt Israel muss unerkannt ginn, ass net nëmmen eng Evidenz, mä doriwwer ass net ze diskutéieren. Den Osloer Prozess ass ee Prozess dee wierklech och muss unerkannt ginn, deen niéiert ginn ass vun Hamas.
Gewaltverzicht ebenfalls, ganz kloer, well mat Gewalt léist een de Problem net.
De Premierminister vun der Regierung, deemools ass e genannt ginn, Gouvernement d’unité nationale, Haniyeh, huet Ouverturë gemaach, mä Hamas huet sech ni duerchgerongen, fir déi dräi fundamental Konditiounen ze akzeptéieren.
Haut ass et eng Fro erëm ginn, musse mir, solle mir, oder dierfe mir mat Hamas diskutéieren? Ech wëll se hei net beäntwerten, ech kennen d’Äntwert net, ech weess just, datt och Lëtzebuerg muss solidaresch si mat där Décisioun déi geholl ginn ass. Mir hu gesot, wann Hamas déi dräi Konditiounen do net respektéiert, kënne mir net mat Hamas schwätzen, well et kann een net mat enger Terrororganisatioun schwätzen, déi ee Land, wat Frënd ass vu Lëtzebuerg, Israel, net unerkennt.
Gaza gëtt dominéiert vun Hamas. Wat maache mir als Europäesch Unioun? Mir benotzen d’Instrument Egypten, virun allem, esou och wéi Israel d’Instrument Egypten benotzt, fir mat Hamas ze schwätzen.
Hamas an Hamas ass och zwee erlee. Et gëtt Hamas vum Mechaal a Syrien, et gëtt Hamas vu Gaza vum Haniyeh. Et ass dat, wat mir als Solutioun zeréckbehalen hunn, och bis elo benotzen, an zëmools och an dësen Deeg benotzt hunn.
Den Haass tëschent Fatah an Hamas ass grouss. Et sinn Doutfeinden. D’Fatah Leit sinn a Gaza vun Hamas Leit ëmbruecht ginn. D’Zil vun der Europäescher Unioun ass et wierklech fir ze probéieren déi Reconciliatioun vun dem palästinensesche Vollek, fir dat virun ze bréngen.
Här President, dir Dammen an dir Hären, Wahle wieren dat allerbeschten Instrument fir dat fäerdeg ze bréngen. Mä gleeft mir, zu dësem Zäitpunkt op jiddwerfalls ass dat eng Illusioun.
Eis Ënnerstëtzung muss dem Abu Mazen, an dem Premierminister Fayad gëllen, do si mir ouni Alternativ. D’arabesch Welt, d’Ligue arabe, et gëtt an där arabescher Welt zwee grouss Polen. Deen ee Pol ass em Egypten, deen anere Pol ass em Syrien. Syrien, Pardon Egypten appréciéiert net, wéi Al jaziras bericht. Syrien, Katar, vun Iran, wat keen arabescht Land ass, net ze schwätzen, mir wëssen, datt se zesummen och an enger anerer Musik spillen.
D’Europäesch Unioun huet an Egypten ee wäertvollen Alliéierten. Mir hunn all Interessen, datt net extremistesch Forcen an Egypten un d’Rudder kommen. Grad wéi och a Jordanien, wou mir selbstverständlech op déi moderéiert Kräfte setzen.
D’Positionnement also vun den Araber gëtt bestëmmt vum Antagonismus mam Iran. De Moien war e Vizeminister vum Iran bei mir um Büro. Iert mir ugefaangen hu mat schwätzen, hunn ech him gesot, Dir kommt aus engem Land, wou am Dezember dräi Leit nach gestengegt gi sinn. Dat heescht, déi Leit sinn an de Buedem gegruewe ginn, de Kapp bleift eraus, a si gi mat Steng dout geschloen. Ech hunn och gesot, Dir kommt aus engem Land, wou de Centre Ebadi zougemaach ginn ass. Dir wësst den Nobelpräis deen déi Fra kritt huet, wat fir Lëtzebuerg a fir d’ganz Europäesch Unioun net akzeptabel ass.
Den iranesche Vizeminister huet mat mir geschwat an engem Toun, deen akzeptabel ass, an huet sech och justifiéiert, mä onzefriddestellend. Hien huet gesot, am Iran ass et leider nach méiglech, datt Riichter, ouni de Kontroll vum Staat, esou Décisiounen huelen, an och déi Décisiounen exekutéiert ginn. Dat sinn Äntwerten, déi sinn net tolerabel. Wat de Centre Ebadi ugeet, huet hie mir geäntwert, datt dat ee vu ville Mënscherechtscentre wier am Iran. Och dat ass net akzeptabel. Esou Äntwertë kënnen eis net zefriddestellen.
Här President, dir Dammen an dir Hären, et gëtt keng Alternativ zur Friddensinitiative vu Riad, wou d’Israelië wéi d’Palästinenser ganz, ganz staark sech drop konzentréiert hunn, och an hire Gespréicher, fir am Friddensprozess weider ze kommen.
Israel-Palästina ass selbstverständlech den Enjeu, mä d’Strategie vum Iran, fir wëllen ze dominéieren, ass eng aner Gei, an net ze ënnerschätzen ass déi Koalitioun Iran, Hamas, Hisbollah, Katar, vläicht och Syrien, esou wéi et ausgesäit, heiansdo dobäi. Déi hu ganz kloer aner Interesse wéi Egypten, Jordanien, Saudi-Arabien, an déi moderat Golfstaaten, an och schlisslech Israel a Palästina.
An am Fong missten d’Israelien, an d’Palästinenser déi nämlecht Agenda hunn, si hunn déi nämlecht Interessen, fir op der Säit vun deenen ze sinn, déi mat offene Kaarte spillen an de Friddensprozess ënnerstëtzen. An ech mengen och, datt mir als Europäesch Unioun gutt berode sinn, fir Syrien ze versichen op déi aner Säit ze kréien. Syrien ass e grousst Land, e wichtegt Land, an datt mir als Europäesch Unioun, vläicht och an Zukunft elo mat den Amerikaner, Afloss kréien, fir dëst wichtegt Land méi op d’Säit also vun de moderaten ze kréien.
Rafah, Philadelphia Korridor, Israel revendiquéiert mat Recht, datt d’Iwwerwaachung vun dem Waffeschmuggel a Gaza eran, méi efficace muss gestallt ginn. Däitschland huet Hëllef ugebueden, den Owend zu Bréissel wäerte mir doriwwer schwätzen, wéi mir als Europäesch Unioun, och déi Hëllef kënnen ëmsetzen. Bleift Egypten hei ze iwwerzeegen, datt se auslännesch Kräften an hirem Land géifen toleréieren.
Méi wéi 400 Tunnellen hu bestanen zu Rafah fir Cassam Rakéiten, a Rakéiten vun enger méi grousser Portée, wéi mir wëssen, a Gaza eran ze schmuggelen. Dëse geféierleche Waffepotential muss ënnerbonne ginn, an ech hoffe mat der Hëllef vun der gesamter internationaler Communautéit.
Rafah ass dann eng Installatioun op der Grenz tëschent Gaza an Egypten, wou tëschent November 2005 a Juni 2007, d’Europäesch Unioun mat Sécherheetsleit, zesumme mat Egypten an Israel, mat der PLO-Autoritéit och de Passage vu Persounen, a vu Gidder geregelt huet, virun allem erméiglecht huet. De Bilan.
Här President, Israel huet 13 Leit verluer, an Israel selwer an a Gaza, wat der vill ze vill sinn.
A Gaza, ech ginn iech d’Zuele vun OCHA, dat heescht vun der UNO, vum 19. Januar 2009. 1314 Leit sinn a Gaza gestuerwen, 5300 sinn der blesséiert ginn. 412 Kanner si gestuerwen, dat sinn 32%, 100 Fraen, sinn also 8%. 1855 Kanner si blesséiert ginn, 35%, 795 Fraen, 15%.
D’Zerstéierung vun den Infrastrukturen ass gewalteg. Stroossen, Spidäler, Schoulen, Haiser, dir huet dat gesinn, a Gaza selwer, a verschiddene Quartierë steet kee Steen méi op deem aneren. Stelle mir eis elo d’Konditioune vir an deenen d’Leit do liewe mussen.
Et gëtt Alarm geschloen, wéi dir wësst, och vun de Gesondheetsorganisatiounen wat d’Epidemien ugeet. D’UNO ass ze spéit, huet ze laang gebraucht nom 27.12 a mengen Aen, fir d’Resolutioun 1860 vum Weltsécherheetsrot ugeholl ze kréien, déi den 8. Januar, wat geschitt ass. An där UNO-Resolutioun sinn dräi Saachen dran, Wafferou fir zwou Säiten direkt, dir wësst datt dat net geschitt ass. Humanitär Assistence, schwéierfälleg ugelaf, an de Cesser-le-feu durable, dee muss kënnen agelaut gi vu béide Säiten.
Egypten huet zu New York eng kapital Roll gespillt. Ech muss och soen, datt den engleschen Ausseminister hei extrem konstruktiv war.
Här President, wat ass d’Suite, wéi kéint d’Europäesch Unioun hëllefen? Den Owend si mir zu Bréissel zesumme mat der Madame Zipi Livni fir d’israelesch Säit ze héieren, a fir och eis Recommandatiounen den Israeliën ze ginn.
E Sonndeg gesi mir d’Palästinenser an d’arabesch Kollegen Ausseministeren, a wäerten och do en intensiven Dialog hunn, iert mir e Méindeg am Rot vun den Ausseministere wäerten Décisiounen huelen.
Haut muss ee, wäert een doutsécher diskutéieren, kann ech mir nëmme virstellen, iwwer den durabele Waffestëllstand, deen och selbstverständlech muss agehale gi vun Hamas. Israelesch Militär ganz eraus aus Gaza, Rafah opmaachen, dat ass méiglech, et sinn eng 80 Leit ganz schnell ze déployéieren, esouguer schonn Enn vum Mount.
Mir als Lëtzebuerger haten e Mann während laange Méint op der Plaz, en Offizéier, en héijen Offizéier vun der Police, deen och erëm bereet ass fir elo ze hëllefen, esouguer als Chef de mission anzetrieden. A mir hunn agelaut an der Regierung, an ech hoffen, datt d’Chamber och, ech sinn iwwerzeegt, datt mir do zesumme schaffe fir dat séier fäerdeg ze bréngen.
Humanitär Hëllef dann, d’Urgencen traitéieren, d’Kanner, dir wësst déi eventuell mussen erausgeflu ginn. Mir hunn do eis Hëllef de Belsch ugebueden, wa mir gefrot ginn, Liewensmëttel erakommen, fir virun allem der UNWRA ze hëllefen. Économie a Gaza erëm een Embryo hierstellen. Gaza opmaachen ass dat allerkapitalst, zu Rafah, zu Karni, awer och zu Erez.
Op dësem Punkt musse mir natierlech wëssen, datt den 10. Februar Wahle sinn an Israel, an datt Israel sech heirop wäert ganz schwéier dinn.
D’Reconciliatioun da vun de Palästinenser, ech hunn et gesot, Abbas ass onëmgänglech, Fayad ebenfalls, an och d’arabesch Liga. D’Instrument vun de Wahle wier dat propperst, dat sécherst, dat beschten Instrument. Ech hoffen, datt dat ze packen ass.
De grousse Prinzip dierfe mir natierlech elo net vergiessen, an den Owend erëm repetéieren, an och e Sonndeg, datt mir als Europäer déi zwou Staateléisung wëllen, wou Israel a Palästina friddlech zesumme liewe kënnen.
Villes ass komplex heibäi Här President, och d’Evidenze sinn an dëser Regioun vun der Welt net evident, d’Logike sinn Onlogiken, onlogesch. Fridden a Krich wiessele sech an där Regioun of wéi Fréijoer an Hierscht.
Israel kann nëmme mëttel- a laangfristeg iwwerliewe wa Fridden ass. Palästina, d’arabesch Welt hält dës permanent Spannung och net aus, well se Aarmut, Haass an Zerstéierung, wann dat sech perpétuéiert, datt dat fir si absolut negativ ass.
D’lëtzebuerger Regierung hëlleft mat Geld. De Minister Jean-Louis Schiltz huet dat explizéiert an der Chamber, 1,2 Milliounen Euro hu mir zënter dem Ufank gi virun allem un d’UNWRA, an un d’internationalt Rout Kräiz.
Mir hëllefen awer och mat politeschem Drock, fir dëse Schlëssel vum Weltfridden aus de Hänn vun de militäreschen Optiounen, aus den Hänn vun deenen, déi d’Optioun an der Gewalt gesinn, an d’Hänn vun der internationaler Diplomatie a vum internationale Recht ze stellen. Ech soen iech Merci.
|