Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
  Recherche
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Discours > Octobre 2008 > Jean-Claude Juncker, Transcription de la déclaration du Premier ministre sur la crise financière internationale, Chambre des députés

Discours
Jean-Claude Juncker, Transcription de la déclaration du Premier ministre sur la crise financière internationale, Chambre des députés
14-10-2008

Vers le niveau supérieur
Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,
Léif Kollegen,

Mir erliewen an dësen Deeg, an dëse Minutten, an de leschte Wochen, déi déifste Finanzkris déi d’Welt zanter dem Enn vum 2. Weltkrich erlieft huet.

Et ass de Wonsch vun der Chamber, datt ech iwwert déi weltwäit Finanzkris schwätzen an net esou séier iwwert déi lëtzebuergesch Ausleefer dovun. Mä déi zwou Saache vuneneen ze trennen ass schwiereg, an dofir géif ech virschloen, datt mir d’Débatte no dëser Déclaratioun, wann och den Här Minister Frieden hei ass, notzen, falls dat de Wonsch ass vum Haus, fir och iwwer lëtzebuergesch Aspekter, insoufern een ouni Gefor kann doriwwer schwätzen, vun där weltwäiter Finanzkris ze diskutéieren.

Déi weltwäit Finanzkris, déi kënnt net einfach esou. Déi huet eng Explikatioun, eng Geschicht, een Ursprung. An deen Ursprung läit eigentlech an engem Wirtschaftsmodell, ideologesch ënnermolt a seltenst contestéiert, wann och vu mir, och hei am Haus mat munnechen Nuancë versinn, deen doranner besteet fir dat kuerzfristegt Interesse an de Mëttelpunkt vum mënschlechen Handelen, och vun dem wirtschaftlechen Handlen ze stellen. Eng Ideologie eigentlech, eng Pensée unique, déi iwwert Europa déferléiert ass an deene leschte Jorzingten, wou all Regelen déi Regierungen an anerer, déi interesséiert sinn u geuerdnete Finanzverfahren, an déi drop ausgeriicht ware fir déi méi schwaach, fir déi méi kleng, fir déi déi manner gutt drusinn, ze schützen, als eng Brems fir Wuesstum gesi ginn ass. Déi Politik vum Wuelstand schafen a vum Räichtum schafen alleng déi baséiert op Scholden an op Defiziter, déi d’Politik vum séiere Geld a vum nidderegen Effort, déi ass gescheitert. Well déi Géigenargumenter, déi Nuancéierungen déi probéiert gi sinn där Politik bäizebréngen, op ville Plaze mat Kapprëselen ofgelehnt gi sinn an déi déi se virbruecht hunn als Vertrieder vun engem archaëschen Deel vun der Welt, vun engem der Globaliséierung net richteg zougewandtenenDeel vun der Welt agestuft gi sinn.

Elo sti mir virun engem Koup vu Schiebelen, dat dat fräit Spill vun de Kräfte vum Maart fäerdeg bruecht huet, an d’Regierungen sinn elo domat am gaangen, déi Schiebelen opzerafen an zu engem neien Dëppen zesummen ze flécken, dat Feier, Wand, Reen an Äis besser aushält an deenen nächste Joren a Méint.

Europa huet näischt mat der Origine vun dëser Kris ze dinn. Europa ass wéi vun engem Geisterfahrer, dee mat Vollgas iwwert d’Autobunn fiert mat an dee Chaos do eragerappt ginn. Dee Geisterfahrer fiert zanter dem leschte Sonndeg e bësse méi lues, well e gebremst ginn ass, mä e kann all Moment op enger anerer Strooss erëm optauchen. Dat muss ee wëssen an dofir ass trotz positive Boursereaktioune vun deene leschten zwee Deeg keng Ursaach fir d’Enn vun der Finanzkris ze décrétéieren oder fir an een iwwerdriwwenen Optimismus ze verfalen.

Déi global Finanzkris vun där hei ze schwätzen ass, déi huet hiren Ursprung net an Europa, wéi gesot, mä an de Vereenegte Staate vun Amerika, wou d’Banken an déi déi se féiere gemengt hunn, d’Regele vum Einmaleins déi géifen am 21. Jorhonnert net méi zielen. Si hu systematesch Hypothekarkrediter u Leit ginn, déi Haiser kaaft hunn, déi déi Leit sech net leeschte konnten, sougenannte Subprime-Krediter, a si hunn dat gemaach, an der Hoffnung, datt de Wärt vun den Haiser déi kaaft gi sinn, méi séier géif klamme wéi d’Scholdzënse géife falen. Dës Rechnung konnt net opgoen an dës Rechnung ass och net opgaangen.

An Amerika hunn d’Banken nei Finanzprodukter entwéckelt, déi et hinnen erlaabt hunn dës Risikokrediter, déi ech beschriwwen hunn, zesumme mat anere manner risikobelaaschte Krediter zesummen ze verpaken an hinne mat der Hëllef vun de Ratingagenturen de Stempel vu qualitativ héichwäertege Finanzprodukter opzedrécken a se da weider ze verkafen. Wéi déi spekulativ Bulle vum amerikaneschen Immobiliemaart schlussendlech zesummegebrach ass, geplatzt ass – trotz Warnunge vun europäescher Säit, vum Joer 2004 un ëmmer méi däitlech am Krees vun de G7 Länner formuléiert – wéi dës spekulativ Blos geplatzt ass, wou dës sougenannten toxesch Produkter mat Origine um amerikaneschen Immobiliemaart schlussendlech de gesamten amerikanesche Finanzsystem infizéiert hunn, ass et duerch déi enk Vernetzung vun den internationale Finanzmäert och zu engem Iwwerschwappe vun där Kris op Europa komm, ënner anerem och, well och vill europäesch Banken an där exzeptioneller Weisheet dës toxesch Produkter kaaft haten.

Jorelaang gouf sech an deene betraffene Bankekreeser géint all klengste Regelännerung gewiert, well gemengt ginn ass, et wier net gutt fir d’Weltwirtschaft, fir d’Globaliséierung, fir den allgemengen Zoustand vun den nationale Volleksékonomien, datt sougenannte modern Finanzprodukter, wéi d’Derivater, ze reglementéiere wieren. Et ass de Feeler vun der Politik, manner vun der europäescher wéi vun der angelsächsescher an där amerikanescher, datt ee sech deem forschen Denke vun deene modernen zukunftsorientéierten Iwwerleeungen do ënnerworf huet. An Europa huet et Versich ginn, och vu lëtzebuergescher Säit aus, fir zu Reglementéierungen ze kommen, mä reng op Europa bezunne Reglementéierungen hätten natierlech keng Wierkung entfaalt, am Géigendeel, hätten zu erhiewleche Verwerfunge och du schonn op de Finanzmäert gefouert an dofir konnt et nëmmen eng international, dat heescht eng déi angelsächsesch an déi amerikanesch Finanzwelt englobéiert Gesamtléisung ginn.

Well et net dozou komm ass, ass et net falsch fir sech d’Fro ze stellen, ween eigentlech ursächlech dru bedeelegt war, datt mir an déi Finanzkris do eragerode sinn an ursächlech dorunner bedeelegt sinn d’Banken – net d’Banken zu Lëtzebuerg, net déi déi d’Banken zu Lëtzebuerg féieren, well déi sinn am Regelfall extrem gutt gefouert, wéi mir an deene leschte Wochen an deene Gespréicher mat Fortis a mat Dexia ëmmer erëm konnte feststellen – net wéinst de Leit déi op de Banke schaffen, mä wéinst deenen hire grousse Chefen, déi weltwäit den Toun uginn.

Sech d’Fro net ze stelle wee Schold un der Kris ass, heescht d’Fro net beäntwerte wéi et no der Kris soll an enger geuerdneter Finanzwelt virugoen. De Moment ass net komm fir d’Défense vun de weltwäit agéierende Finanzgruppen ze huelen, déi op alles Rücksicht huelen, just net op déi Leit deenen se dauernd erkläre si wieren am philantropheschen Optrag ënnerwee. An ech hu wéineg Verständnis fir déi eenzel Verteidegungsrieden, déi dëser Deeg lancéiert gi sinn.

An enger éischter Phase vun där Finanzkris, déi den 9. August 2007 ugefaangen huet, si just déi Banke betraff gewiescht, déi am stäerksten duerch dee Phänomen do infiltréiert waren. Mä zanter dem 15. September vun dësem Joer, wéi d’amerikanesch Autoritéiten, och d’Regierung, och de President, och de Finanzminister – ech hat dëser Deeg Geleeënheet deenen dat scholdzouweisend an Erënnerung ze ruffen – décidéiert hunn, eng grouss amerikanesch Investmentbank, Lehman Brothers, déi systemesche Charakter huet, Faillite goen ze loossen, spéitstens zanter deem Dag, an dat weisen all Tabellen déi ee ka consultéieren, huet déi Kris eng Form ugeholl, déi duerchaus u Wierkungen, un Niewewierkungen vun där grousser Finanzkris vun 1929 erënnert.

Lëtzebuerg, wat eng gutt Bankeniwwerwaachung huet, Lëtzebuerg deem seng Banken, bis op ganz wéineg Ausnahmen, déi ech mol net kennen, gutt gefouert sinn, Lëtzebuerg deem säi Bankesystem an deem seng Banke selwer gesond sinn, war bei dësem Stuerm eng vun deenen éischten direkt betraffene Finanzplazen, well mir op eiser Finanzplaz systemesch Banke kennen, Banken déi, wann ee se géif, fir dat mol salopp auszedrécken, rëtsche loossen, aner Banken heiheem an aner Banken, virun allem an Europa am Ëmfalprozess an no de Regele vum Dominoeffekt, matgerass hätten. Dofir war et absolut noutwendeg, an engster Koordinatioun mat hire Partner aus dem Benelux an aus Frankräich, esouwuel bei Fortis wéi bei Dexia ze hëllefen; ze hëllefen, datt et net zu Schlëmmerem géif kommen.

Wann Dir Iech d’Décisiounslag ukuckt vun deene leschten 2 Wochen, wäert Dir onschwéier erkennen, datt d’lëtzebuergesch Regierung sech bei deene Rettungsaktioune, fir déi de Ministeren Frieden a Krecké gréissten Unerkennung zoukënnt – déi zwee sinn obligéiert ze soen, datt ech och eppes domat ze dinn hat, mä dat maache se herno. Déi Rettungsaktiounen déi Lëtzebuerg zesumme mat anere gemaach hunn, déi bauen exakt op deene Prinzipien op, déi elo weltwäit, europawäit als Basis fir de Kampf géint d’Kris gëllen.

Et ass kloer ginn an deene leschte Wochen, datt mir et net mat der isoléierter Kris vun enger, zwou oder dräi, Banke, systemesch oder net, ze dinn hunn. Eise Finanzsystem, eise globale Finanzsystem, ouni deen eng Ekonomie net fonctionnéiere kann, egal ob mir iwwert Privatleit schwätzen, iwwert kleng a mëttel Betriber oder iwwert Industriebetriber, eng funktionéierend Ekonomie, déi net op engem gesonde Finanzsystem opbaut an ouni gesonde Finanzsystem net virstellbar ass, geroden a Gefor, esouwuel de Finanzsystem selwer, wéi och d’Realékonomie déi duerch dee Finanzsystem do mat deem néidege Liewensäifer erfëllt gëtt.

Dofir si mir hei zu Lëtzebuerg, wéi och am Rescht vun Europa zur Conclusioun komm, datt op déi systemesch Gefor – eng Bank fält an esouvill aner Banke falen no an da fënnt d’Wirtschaftswuesstum an Aarbechtsplazeschafung net méi statt – datt et op esou eng systemesch Gefor nëmmen eng systematesch a global Äntwert ka ginn, an datt déi global Äntwert esou muss sinn, datt erëm ee verluerent Vertrauen zréck ënnert erneierter Form an de Finanzsystem erëmkënnt. De Finanzsystem brauch Vertrauen an e brauch dofir och Vertrauensbekundunge vun ëffentlecher Säit.

Eis Suerg an dëser Kris ass et net fir d’Banke wéinst de Banken ze retten. Et geet och net drëm den Actionnairen hir Renditen ze sécheren, de groussen Actionnairen hir Renditen ze sécheren. An et geet net drëm de Bankdirekteren, den décke Bankdirekteren hir déck Peien ze garantéieren. Dee Saz, dem klenge Mann géing an d’Täsch gegraff ginn, fir de System iwwer Waasser ze halen, an de System wiere Manager déi am Geld géife schwammen a sech iwwregens deementspriechend och ganz dacks behuelen, oder fir d’Banken ze rette wéinst dem schéine Gesiicht vun de Banquieren, dee Saz ass einfach falsch. D’Banken, dat muss ee wëssen, spillen eng eminent wichteg Roll am Fonctionnement vun eiser Ekonomie. Si sécheren dat Geld wat d’Privatleit gespuert hunn, si spillen eng wichteg Roll beim Finanzéiere vum Konsum vun den Haushalter a si maachen d’Investissementer vun de Betriber eréischt méiglech. D’Gefor fir déi real Wirtschaft, fir d’Industrie, fir de Mëttelstand, fir d’Landwirtschaft, fir d’Betriber am Land an an Europa ass grouss, wann et kee Vertraue méi an d’Banke gëtt. An dofir däerf een de Risiko net agoen, fir näischt ze maachen. Kee Risiko agoen ass dee gréisste Risiko vun alle méigleche Risiken agoen. An dofir kann een eng Situatioun déi entstanen ass duerch ee Laissez-faire Behuelen net beäntwerten duerch eng politesch Attitude déi och am Laissez-faire géif bestoen. Mir mussen am Géigendeel alles dru setze fir grousse Schued vun eisen Ekonomien a vun de Leit déi an deene schaffen ofzehalen, fir dofir ze suergen, datt d’Geforen aus dem Finanzsystem sech net massiv iwwerdroen an d’Realékonomie. A mir mussen alles maache fir d’negativ Effekter vun enger schonn ufänglecher Infizéierung vun der Realékonomie esou séier wéi méiglech ze begrenzen an anzefänken.

Ech hu gesot, mat der Faillite vu Lehman Brothers hätt de 15. September déi international Finanzkris eng nei Dimensioun erreecht. Richteg ass et, dat gesäit ee jo an alle Chifferen déi publizéiert ginn, datt no der Décisioun vun den amerikaneschen Autoritéiten dës Bank rëtschen ze loossen all aner Banke weltwäit, och heiheem a Panik verfall sinn.

D’Vertrauen tëscht de Banken ass op den Nullpunkt gefall an dëst huet och den Zesummebroch vum sougenannte Marché interbancaire no sech gezunn, deem Marché op deem d’Banke sech géigesäiteg Krediter zur Verfügung stellen. Déi amerikanesch Autoritéiten hunn doropshi probéiert mat engem massive 700 Milliarden Dollar schwéiere Rettungspak d’Vertrauen an hire Finanzsecteur erëm hierzestellen. Mä nodeem dëse Rettungspak vun der amerikanescher Administratioun an de Verästelunge vun der amerikanescher Innepolitik vorübergehend stieche bliwwe war, ass d’Situatioun weltwäit weider eskaléiert.

Fir eis an Europa, fir den Eurogrupp, war et kloer vun deem Moment u wou den amerikanesche Rettungspak stieche bliwwen ass, datt een nëmme mat enger limitéierter amerikanescher Hëllef fir d’Zukunft kënnt rechnen an datt an Europa selwer ee misst d’Initiative ergräife fir d’Gefore vun enger finanzieller Kernschmelze an Europa z’évitéieren a fir net total ofhängeg ze gi vum amerikanesche Verméigen, voire Onverméigen, fir aus där Kris, déi an Amerika ursächlech verschëldt ginn, ass erauszekommen. Dofir ass zanter Ufank Oktober d’Koordinatioun tëscht de wichtegsten Acteuren an Europa a weltwäit staark intensivéiert ginn.

Mir haten de 4. Oktober zu Paräis déi europäesch Membere vum G7 zesummen, fir d’G7 Réunioun um Niveau vun de Finanzministeren zu Washington gemeinsam ze préparéieren. Ech hunn a menger Qualitéit als Eurogruppepresident un där Sitzung deelgehol, deelhuele mussen, deelhuele wollten, well et kann een net deene grousse 4 Europäer alleng d’Virbereedung vun enger Sitzung iwwerloossen, wou schicksalshaft Décisiounen hätte kënne fale fir d’gesamteuropäesch Unioun a fir de gesamten Euroraum.

D’lëtzebuergesch Regierung ass ni begeeschtert, wann nëmmen déi grouss an Europa sech zesummesetzen. Dofir hat den Här Ausseminister, mat mengem Accord, duerchaus d’Recht, fir d’Format vun där Sitzung ze kritiséieren, un där ech net als lëtzebuerger Premier deelgeholl hunn, mä op Grond vu menger besonnescher Responsabilitéit als President vun der Eurozon. An ech hunn och d’Bedenken, déi aner Regierungen géint d’Format vun där Sitzung haten, dann awer a menger Qualitéit als lëtzebuerger Premier, nodeem ech deen aneren Hutt ee Moment ausgedoen hunn, virbruecht. Ech géif Iech bieden, Här President, déi Äntwert als eng Äntwert op eng parlamentaresch Fro ze considéréieren déi mir dëser Deeg zougeluecht ginn ass. Déi déi op engem wichtegsten Thema vun europäescher Politik mat weltwäitem Zouschnëtt probéieren hei och nëmmen ee Löschblat tëscht den Ausseminister a mech ze kréien, déi scheiteren un där kompakter Mass déi mir zwee zesummen duerstellen.

De 4. Oktober hate mir also eng Sitzung vum G4 mat Eurogrupp a mam Zentralbankchef a mam Kommissiounspresident. De 6. an de 7. Oktober huet den Eurogrupp zu Lëtzebuerg, Méindes owes an Dënschdes moies um Ecofin-Conseil, sech op gemeinsam Prinzipie geeenegt fir géint dës Kris virzegoen. Europa huet d’Gangaart virgeschloen an d’Gangaart virgeschriwwen an de Rhythmus virginn an deem zanterhier marchéiert gëtt. Den 10. Oktober, d’lescht Woch, Freides, waren déi 7 wichtegsten Ekonomië vun der Welt am Kader vum G7 zu Washington zesummen, fir iwwert déi grouss Linne vum globalen Asaz géint d’Finanzkris ze schwätzen. An de leschte Sonndeg, den 12. Oktober, ware schliesslech d’Staats- an d’Regierungschefe vun de Länner aus der Eurozon zesummen, fir sech op ee gemeinsamen Aktiounsplang ze eenegen. Den Eurogrupp, dee fir d’alleréischt um Niveau vun de Staats- a Regierungschefe vun deene Länner getagt huet, an deenen den Euro d’gemeinsamt Geld ass. D’Tatsaach aus sech alleng weist, datt dat duerchaus eng historesch Sitzung war, wou d’Europäer fir d’alleréischt zanter der Aféierung vum Euro bewisen hunn, datt si um héchsten Niveau bereet sinn all Responsabilitéiten aus der prédominanter Roll déi den Euro zanter senger Aféierung am Weltwährungsgefüge spillt, ze zéien.

Wann och déi Kris hiren Origine an Amerika huet, ass et awer esou, datt d’Äntwert op dës Kris, esou wéi se bis elo formuléiert ginn ass, ganz staark vun europäesche Sculpteure geprägt ginn ass. Mir hunn an deene leschten 2 Woche bewisen, als Europäer, datt een op Europa, besonnesch op d’Eurozon ziele kann, wann et drëm geet schnell a kohärent Äntwerten ofzeliwweren. Mir hu bewisen an Europa, datt mir bereet si global ze denken, mä awer lokal europäesch ze handelen. Dat ass net nëmmen eng Floskel. Deen act localy think globaly ass an Europa zum Programm gemaach ginn. Dir hutt gemierkt, datt och anerer, och an de Vereenegte Staate vun Amerika, sech entretemps deenen europäesche Vorgaben do nahtlos ugeschloss hunn. Dat gesäit een och, scho virun der Sitzung vun de Staats- a Regierungschefen an der Aart a Weis wéi de G7 Sommet zu Washington sech Enn der Woch ausgedréckt huet.

Déi Linnen déi mir gezunn hunn an Europa, dat sinn déi Linnen laanscht déi mir zu Lëtzebuerg agéiert hunn, wéi et drëm gaangen ass d’Interventioune vun der lëtzebuerger Regierung bei Fortis a bei Dexia ze maachen. Wann ee mat esou enger Kris ze dinn huet, déi esou déif geet an déi esou breet Grief zitt, dann ass et wichteg, esouwuel heiheem wéi och an Europa d’Nerven ze behalen, och wann ee se zwëschenduerch heiansdo verléiert, an den Auswee net am nationalen Egoismus ze sichen. Dat huet d’franséisch Presidentschaft, besonnesch de President vun der Republik fäerdeg bruecht sécher ze stellen. En hätt dat net kënne maachen, wa mir an Europa keng gemeinsam Währung hätten.

Stellt Iech vir, déi Kris hei déi wier lassgaangen zu engem Moment wou mir statt den Euro ze hunn, deem 16 Länner vum 1. Januar ugehéieren, nach 16 Nationalwährungen hätten. D’europäesch Wirtschaft, d’europäesch Aarbechtsmäert géifen haut schon total um Buedem leien, well mir jo dann nieft dem Ëmgang mat der Kris selwer och de feinfiltréierten Ëmgang mat de Währungsdifferenzen an –divergenzen tëscht deenen eenzelnen europäesche Länner hätte misse staark am An behalen. Dofir wäert d’Geschicht enges Daags zréckbehalen, datt den Euro elo seng éischt grouss international Prouf bestanen huet, nodeem en se scho bestanen hat den 11. September 2001, am Zesummenhang mat där vun Amerika aus geriichter Finanzkris. An alleguer déi, déi mengen d’Europäer wiere besser versuergt an der europäescher Partialiséierung an der Zréckdividéierung an national Entitéite vun dem europäesche Währungs- a Wirtschaftsraum, déi misste spéitstens elo gesinn hunn, datt et besser war, datt mir 1991 de Maastrichter Vertrag ënnerschriwwe hunn an datt mir deen 1992 hei am Haus gestëmmt hunn. Déi déi net gestëmmt hunn, déi solle sech déi Fro an éischter Linn stellen.

Mir hunn de leschte Sonndeg zu Paräis een europäesche Plang géint d’Kris zesummegebitzt an dee stellt eigentlech eng Geschierkëscht duer an där Hummeren, Zangen a Schrauwenzéier leien, déi iwwerall an Europa d’selwecht sinn, mä déi awer ënnerschiddlech vun deenen eenzelne nationale Regierunge geméiss den Noutwendegkeete vun hirer nationaler Situatioun, mussen an d’Hand geholl ginn an actionnéiert ginn.

Zwou Haaptachse gëtt et an deem Paräisser Décisiounspak vum Eurogrupp:

Éischtens hu mir fir jiddwereen däitlech, esouwuel an Europa wéi am Rescht vun der Welt, zum Ausdrock bruecht, datt keng relevant Bank, virun allem keng déi systemesch Nofollegeffekter am Fall vum Ëmfalen hätt, géif wéinst dëser Kris an d’Laberente komme gelooss ginn. Keng Bank gëtt fale gelooss. Dat ass een essentielle Message, dee mir zu Paräis forumléiert hunn. Déi europäesch Regierunge sinn alleguer bereet, ech schwätze vun deene 16, mä vun e Mëttwoch u wäerten dat der 27 sinn, all europäesch Regierunge si bereet déi Banken, déi strukturell gesond sinn, mä denen hir Kapitaldecke wéinst der Kris ze dënn ginn ass, mat frëschem Geld a Form vun Eegemëttele géint Aktien oder géint aner Ofsécherungen ze stäerken.

Dës Kapitalsprëtzen déi d’Regierunge ginn, déi gëtt et a kengem Land fir näischt. Dee Saz, d’Banke kréie Suen a maache domat wat si wëllen, ass ee falsche Saz. Keng Regierung, kee responsabele Finanz- oder Tresorminister gëtt däeraarteg Hëllefen, ouni net sécher ze stellen, datt e Géigepartië kritt. Dat hu mir zu Lëtzebuerg jo och gemaach, an deenen zwee Fäll Fortis an Dexia, well de Staat nieft dem Iwwerdroen an de Staatsbesëtz vun Aktiva, deen déi Banken haten, kréien ee Matsproocherecht, esouwuel heiheem wéi och am Ausland, schwätze bei der Festleeung vun de grousse Linne vun der Geschäftspolitik mat, ouni sech an dat operativt Alldagsgeschäft vum Management anzemëschen. Ministere si keng Manager vu Banken a si solle sech och net abilde, si kënnten dat iwwer Nuecht ginn. Mä d’Regierungen, och eis, schwätzt mat beim Besetze vun der Direktioun vun deene Banken a bei der Festleeung vun der Rémunératioun vun dem Management vun deene Banken. Dat ass richteg an Europa an dat ass richteg heiheem, woubäi ech gäre géif hei soen, datt de Management vun deenen zwou Banke mat deene mir hei an der Rettungsaktioun zu Lëtzebuerg ze dinn hunn, esouwuel d’Fortis, déi elo erëm Banque Générale gëtt, wéi och d’Dexia, eng absolut gutt Leeschtung an deene leschte Wochen a Méint bruecht hunn. Mir hu jo vill Samsdecher a Sonndecher an Nuechte mat deene Leit verbruecht an ech wëll soen, datt déi mindestens esou lëtzebuergesch fonctionnéiert hu wéi se bankendirektiounsméisseg funktionnéiert hunn an dofir huet d’Regierung och dat gréisste Vertrauen an déi Leit déi déi zwou Banke fir de Moment féieren. Et kënnt also net zu Ëmstellungen op den Direktiounsetagë vun deene zwou Banke wou mir rettend agespronge sinn.

Kloer muss och sinn, datt d’Regierungsparticipatiounen am Kapital vun deene Banken net op laang Strecken ausgeluecht ass, net op all Éiwegkeet. Et entsprécht iwwerhaapt net mengem wirtschaftlechen Denken an och net mengem Denken iwwert d’Matenee vu Wirtschaft a Politik, datt d’Regierung als natierlech Vocatioun hätt Kapitaldeeler u Banken ze halen. Dat hu mir fréier och bei der Sidérurgie musse maachen an och do hu mir ni fonnt, datt dat een normalen Zoustand wier. Mir zéien eis also aus deene Kapitalstrukturen zréck esou séier wéi et geet, awer esou gutt rémunéréiert a bezuelt an entschiedegt wéi et muss sinn. Keen Dag éischter, keen Dag méi spéit. Well hei geet et net drëm den décken Actionnairë Kadoen ze maachen, hei ass et drëm gaange, eis Wirtschaft flott ze behalen a fir och d’Aarbechtsplaze vun de Mataarbechter vun de Banken ze sécheren, déi nu wierklech absolut keng Schold un deem Marasmus hunn, deen iwwert d’europäesch an déi amerikanesch an aner Finanzplaze eragebrach ass.

A well ech bei de lëtzebuerger Banke sinn a bei deem wat fir si a fir d’Leit heiheem wichteg ass, wëll ech soen, fir datt dat definitiv kloer ass: keng Bank mat deenen d’Lëtzebuerger Bankgeschäfter heiheem maache gëtt vun der Regierung Faillite goe gelooss. Et gëtt also wierklech keng Ursaach, fir datt d’Leit, déi hiirt Erspuerten oder aner Finanzprodukter bei lëtzebuerger Banke leien hunn, hiirt Erspuertent oder hir Finanzprodukter vun do op aner Plazen hibewegen.

Mäi Privatverméigen ass net grouss, mä bei menger Pei kann een awer spueren. Dat wat ech gespuert hu läit op enger vun deenen zwou lëtzebuerger Banken déi am Gespréich waren, d’Fortis oder d’Dexia, an déi leien nach ëmmer do, an ech denken net dru meng Suen do ewech ze huelen, well ech Vertrauen hunn an de Management vun deene Betriber an an d’lëtzebuerger Regierung och, déi iwwregens haut Ursaach huet bei deenen anere politesche Kräften hei am Parlament Merci ze soe fir eng grouss solidaresch Ënnerstëtzung an der Breet.

Ech war jo nach ni an der Oppositioun, kommen awer vläicht geschwënn dran. Mä Dir hutt jo awer gemierkt, wa meng Partei eng Kéier dran ass, ass se erëm séier eraus, dann ass een aneren dran, insofern hutt Dir besser déi Intermezzoen do iwwerhaapt net an d’An ze faassen. Mä ech halen d’Oppositioun awer och fir eng wichteg Aarbecht. D’Demokratie deelt sech an hirer Gestaltungskraaft net nëmmen op tëscht deenen déi regéieren an deenen déi opponéieren an matenee streiden. Och Oppositiounsparteien hunn ee wichtege Beitrag ze leeschten, wann et ëm d’Ausriichtung vun der Gesamtpolitik geet, besonnesch wann se, wéi d’Demokratesch Partei zum Beispill, jorelaang séier zum Gudde vun eisem Land matregéiert huet. An dofir hunn ech hei Merci ze soe bei deenen anere politesche Parteien, vun deenen keng probéiert huet aus deene Virgäng hei primitiv parteipolitescht Kapital ze schloen. Ech halen dat fir ee gudde Wertegütezeichen. Ech hunn dofir kee lëtzebuergescht Wuert, ee Wäertestempel, fir d’lëtzebuerger Politik, fir datt wann et drop ukënnt, datt mir dann net ufänken topech mateneen ëmzegoen, mä datt mir dann an déiselwecht Richtung zéien. A wann ech soen, datt kee Lëtzebuerger seng Suen a säin Erspuertent a seng Finanzprodukter vun enger lëtzebuergescher Bank soll ewechhuele mat där d’Lëtzebuerger Geschäfter maachen, da soen ech dat net nëmmen am Optrag vun der Regierung an aus der Iwwerzeegungskraaft eraus déi een als Regierungschef huet, mä da mengen ech, da kann ech dat an eiser aller Numm soen an et misst d’Lëtzebuerger eigentlech beandrocken, datt all Partei heibanne genau datselwecht seet, datt et keng Ursaach ass de lëtzebuerger Banken d’Gefollegschaft opzekënnegen an dofir wier ech frou, wann dat och géif vun de Leit hei am Land esou verstane ginn.

Mä dat wat mir maachen an Europa an heiheem, dat ass keng Vollkaskoversécherung fir onverantwortlech Denkmanager, woumat ech net déi mengen déi heiheem d’Banke féieren, nach ee Blankoscheck fir irresponsabel weltwäit Bankeverhalen. Am Mëttelpunkt vum Interesse mussen ëmmer d’Interesse vun der Allgemengheet stoen an dofir hu mir an Europa 7 Grondprinzipie festgeluecht, déi sech am Fall vun der Recapitaliséierung vun engem Finanzinstitut imposéieren a musse vun deene Regierungen déi zu Recapitaliséierungsschrëtt kommen agehale ginn.

Fir d’éischt geet et drëm, dat soen ech ëmmer fir Europa an och fir heiheem, datt d’Interventioun vum Staat zäitlech limitéiert ass. Net Engagement am Kapital op Dauer, mä zäitlech limitéiert Engagement.

D’Staaten hunn dofir ze suergen, zweete Prinzip, datt d’Interesse vum Steierzueler Prioritéit behalen, dat heescht, datt wann ee Suen zur Verfügung stellt, ouni direkt an d’Staatskeess oder an d’Täsch vum klenge Mann ze gräifen, datt wann alles riicht geet an et geet riicht, datt dann déi Staaten och mussen an de Genoss vun de Gewënner kommen, déi op Grond vu senger Politik an net op Grond vun der Politik vum grousse Privatactionnariat realiséiert gi sinn.

Et muss kloer gemaach ginn, drëtte Prinzip, datt déi bestehend Groussactionnairë vun de betraffene Banke mussen d’Konsequenze vun de Schwieregkeete vun de Banke matdroen.

A véierte Prinzip, ech hunn e scho bei der Erkläerung vun dem zweete genannt, datt d’Staaten an de Genoss vun dem Retour, dem rémunéréierte Retour vun hirer Ënnerstëtzung musse kommen, grad wéi muss kloer sinn, datt déi Dirigente vu Banken déi graff Feeler gemaach hunn, mussen zur Rechenschaft gezu ginn. Dat seet net nëmmen den Här Lafontaine an den Här Juncker, dat seet och den Här Brown, dat seet d’Madame Merkel, dat seet den Här Sarkozy, dat seet den Här Leterme, dat seet den Här Balkenende. D’ganz Weltrevolutioun seet dat an net nëmmen déi déi sech zu hir bekennen, well et geet hei ëm de Prinzip vum Anhale vun dem gesonde Mënscheverstand. Ween eng kommegelooss huet, dee kann net virufuere wéi wann näischt geschitt wier an dofir mussen do selbstverständlech Moossnamen ergraff ginn. Mä dat betrëfft net Lëtzebuerg, dat betrëfft déi europäesch an déi amerikanesch Bankelandschaft. Mat där amerikanescher hu mir näischt ze dinn, mat där europäescher domat hu mir eppes ze dinn an dofir wollt ech dat hei nach eng Kéier soen.

Dofir ass et ganz evident, datt Regierungen déi am Kapital vun enger Bank antrieden och zum Deel iwwert d’Rémunératiounsstruktur vun den Dirigente vun de Banke musse kënne matschwätzen, net andeem mir klenglech a stupid do virginn, net andeem mir dat wat privatkontraktrechtlech besteet einfach duerch de Fait du Prince annuléieren, mä doduerch datt mir eis Meenung zum Ausdrock bréngen. Jiddefalls wëll ech d’Chamber mat engem Text befaassen, falls den einfache Wee iwwert eng Circulaire vum Steierdirekter net duergeet, fir sécherzestellen, datt wann zu Lëtzebuerg géife sougenannte gëlle Fallschirmer ausgedeelt ginn, datt déi Banken déi dat maachen, an dat géif ech och gären op aner Betriber applizéiert gesinn, jiddwerfalls déi Versementer déi si maachen net méi vun der Steier kënnen ofsetzen. De klenge Steierzueler an och den normale Steierzueler ass net do fir dat steierentlaaschtend ze begleeden. D’Allgemengheet ass net zoustänneg fir gëlle Prabbelien. Wa gëlle Prabbelien opgespaant sinn, sollen déi se op hir Käschte bezuelen, déi mengen dat wier dee richtege Wee fir hir Carrière op een Enn ze bréngen.

Een anere Prinzip ass, datt mir mussen oppassen an dat maache mir, datt mir duerch d’staatlech Interventiounen d’Konkurrenten och am Bankesecteur net benodeelegen, déi besser gewirtschaft hunn. Et kann net sinn, datt gesond Banken an d’Struddele kommen, an d’Rëtsche kommen, well mir a Broch vun elementare Maartregelen no deene Banke géifen ënnert d’Äerm gräifen, déi schlecht dru sinn, well si schlecht gefouert gi sinn. An dofir ass och noutwendeg, datt d’europäesch Regelen, d’Staatshëllefe betreffend, datt déi musse weider bestoen. Grad wéi et engem och muss kloer sinn, datt een net an engem Land ka Moossnamen ergräifen, déi an engem anere Land zu grousse Schwieregkeete féieren.

Mir hunn eenzelner vun deene Schwieregkeete schonn hei am Land, well Nopeschregierungen, ier mir eis op ee gemeinsame Kader a Codex geeenegt hunn, esou Moossnamen ergraff hunn. Mir mussen oppasse bei deene Moossnamen déi mir geholl hunn oder huele wäerten, datt net d’Nopeschlänner doduerch a Schwieregkeete kommen.

Déi Vertrauenskris vun där ech geschwat hunn an déi mir wëlle behiewen, duerch déi millimetergenau Applikatioun vun de 7 Europrinzipien déi ech Iech elo genannt hunn, ass net nëmmen eng klassesch Finanzkris an där et de Banken un Eegekapital feele géif, feele wäert oder aktuell feelt. Esouguer fundamental gesond Banke sinn a Schwieregkeete komm, well d’Banke sech ënnertenee ganz einfach net méi trauen, sech ënnertenee géigesäiteg kee Geld méi léinen, also och keng Liquiditéite méi kënne kréien, Liquiditéiten déi si awer dringend brauche fir hiren Ausgaben an der Wirtschaft kënnen nozekommen. Dee sougenannten interbancairë Marché, deen d’Häerzstéck ass vun engem effiziente Finanzsystem, an deem ee Krediter zu verstännegen Tauxë kritt, ass zanter der Faillite vu Lehman Brothers och an Europa zesummegebrach. D’Banken traue sech ënnerteneen net méi an dofir ass d’Wirtschaft a grousser Gefor.

Well dat esou ass, hu mir eis an Europa drop geeenegt, deene Banken déi gesond sinn a genuch Kapital hunn, d’Méiglechkeet ze ginn eng Staatsgarantie fir Interbankegeschäfter ze kréien. Dat ass essentiell: Staatsgarantien fir d’Interbankegeschäft zur Verfügung ze stellen, eppes vun deem ech gemengt hätt, hätt ee mir déi Fro virun engem Joer gestallt, dat wier den absoluten ordnungspolitesche Sëndefall, datt ee muss Staatsgarantië ginn, fir datt d’Banke sech ënnertenee vertrauen. Wahrscheinlech kennen déi sech ze gutt. Dat zur Verfügung ze stellen, déi Staatsgarantie, ass essentiell, fir datt d’europäesch an och déi lëtzebuergesch Wirtschaft net zesummebrécht an dofir ass et elementar, datt een dat Zurverfügungstelle vun dëser Staatsgarantie fir d’Interbankegeschäfter net gratis mécht, mä datt dat vun de Banke muss bezuelt ginn, datt déi Staatsgarantië musse rémunéréiert ginn. Mä d’Instrument an d’Asetze vun deem Instrument ass onverzichtbar fir dat néidegt Vertrauen am Finanzsystem selwer erëm hierzestellen. Well wann dat Vertrauen net besteet kann d’Bankewelt net funktionnéieren an da kënnt et zu engem gesamtwirtschaftlechen Totalinfarkt deen een onbedingt muss verhënneren.

D’Dexia profitéiert beispillsweis haut schonn, op Grond vun dem Wierke vun der lëtzebuerger Regierung, vun esou enger Staatsgarantie. Mä déi Liquiditéitskris um Interbankemarché, déi trëfft leider net nëmmen d’Banken. Dat wier jo scho schlemm genuch. Si riskéiert och zum Deel déi sougenannte Geldmaartfongen, oder wéi mir op lëtzebuergesch soen d’SICAVs monétaires, ze treffen. Zesumme mat der lëtzebuerger Zentralbank an no Gespréicher vum Här Frieden a vu mir selwer mat där selwechter, si mir d’accord, datt och dës Geldmaartfongen elo bei der Zentralbank Liquiditéite kënne kréie fir hiirt normaalt Funktionnéieren ze garantéieren. D’Geldmaartfongen zu Lëtzebuerg sinn esou sécher wéi d’Geldmaartfongen an Däitschland. Die luxemburgischen Geldmarktfonds sind so sicher wie deutsche Geldmarktfonds. Dës Fonge ginn also ähnlech wéi d’Banke behandelt, déi jo och zu all Moment, géint d’Hannerleeë vu Wertpabeieren an anere Garantien, Liquiditéite bei der Zentralbank kënne kréien. Dëse Schrëtt ass wichteg fir och duerch dës Kris d’Vertrauen an d’Finanzplaz Lëtzebuerg bei internationalen Investisseuren ze garantéieren.

Dann hu mir eis och drop geeenegt, am Eurogrupp, am Ecofin, zu Paräis, datt d’Garantië fir d’Privatleit beim Erspuerte bei de Banke vun 20.000 Euro no uewen ugepasst ginn. Dës Garantie, vun 20.000 op 50.000, voire, falls een dat wëllt, op 100.000, voire iwwer 100.000 Euro eraus, falls een dat och wëllt, dës Garantië gëllen och fir all aner Form vu Placementer wéi d’Obligatiounen oder d’Sicaven am Fall wou eng Bank, déi Däeraarteges an hirem Portefeuille huet géif an d’Laberente kommen. Mar Mëttwoch leet d’Europäesch Kommissioun hir Propositiounen zu de Bankegarantië vir, exakt, genau, millimetergenau, a wäert den nächste Freideg matdeelen zu wat fir enge Conclusiounen, datt mir an deem Beräich komm sinn.

Dat sinn, Dir Dammen an Dir Hären, Här President, eng Rei vun deenen europäesche Prinzipien op déi mir eis ze verstänege wossten, no schwierege Verhandlungen, wéi Dir Iech virstelle kënnt. D’Ëmsetze vun deene Prinzipie geschitt no nationalem operativem Muster, well et ass wichteg, datt eng Regierung op hirem Territoire a fir hir Banke kann décidéiere wat fir Banken an d’absolut Rettungskategorie gehéieren, wat fir Banken ee muss dräimol kucken, éier een ëffentlech Gelder riskéiert ze verléieren, wann een intervenéiert. Et mussen och d’Nationalregierunge sinn, well déi hu jo Verantwortung op Grond vun engem europäesche Kader virun hirem nationale Parlament, déi déi operativ Rettungsgestaltunge mussen duerchféieren. Et kann een net vun enger anerer Regierung obligéiert ginn eng Bank a sengem Land ze retten. Et muss ee selwer zur Iwwerzeegung komm sinn, datt et aus nationale Grënn oder aus grenziwwergräifende Grënn noutwendeg ass, datt een engem Bankinstitut hëlleft. Fir Lëtzebuerg hunn ech gesot, datt déi Banke mat deenen d’Lëtzebuerger Bankgeschäfter maachen, vun deene Remarquen net betraff sinn, well mir eis do sécher sinn, éischtens datt si keng Problemer hunn, zweetens, datt si gesond sinn an drëttens, wa si duerch Internationales bedingt Problemer géife kréien, datt mir selbstverständlech esou eng Bank net géife fale loossen.

Mir sinn elo am Kuerz- an am Mëttelfristegen. Laangfristeg stellen déi richteg Froe sech. Laangfristeg muss de Weltfinanzsystem nei opgestallt ginn. Laangfristeg brauche mir net manner Regelen, mä méi Regelen. Laangfristeg muss och d’lëtzebuerger Finanzplaz wëssen, datt se méi streng reglementaresch encadréiert gëtt. Laangfristeg muss ee wëssen, datt déi déi mengen d’lëtzebuergescht Gléck kënnt wuessen um Buedem vun der Netreglementéierung, während de Rescht vun der Welt reglementéiert ass, datt dat net méi geet an datt et haut jo och schonn net méi esou ass. Well ech kann an eisem prudentiellë Gesamtorchester keng Partituren entdecken déi zu Lëtzebuerg méi einfach ze spille wiere wéi dat op anere Plaze vun der Welt de Fall wär.

D’Finanzplaze mussen nees sériös reglementéiert ginn, d’international Finanzfluxen, wéi ech dat heibanne schonn öfters plädéiert hunn, gehéieren an een normative Kanal agewisen, deen d’Iwwertriede vun den Uferen net zu engem normale Risiko, mä zu engem aussergewéinlechen Evenement décrétéiert.

Mir mussen dofir suergen, als Europäer, als Eurogrupp, mä och als Europäesch Unioun, datt mir dat Gespréich iwwert d’Refondatioun vum Weltfinanzsystem net als eng transatlantesch Aufgab nëmme begräifen, net als Siche vun engem Kompromëss tëscht Kontinentaleuropäer, Britten an den Amerikaner, mä datt mir mussen an deen Effort fir de Weltfinanzsystem méi sécher, méi stabill an och méi gerecht ze maachen, och mussen Inder, Chinesen an anerer abannen.

Ass et Iech opgefall an deene leschte Wochen, datt et an Europa keng Artikele méi an den Zeitunge méi gëtt iwwert d’drëtt Welt, iwwert d’Problemer déi déi aarm Länner mat deem hu mat deem wat mir hei als kapitalistesch Länner fäerdeg bruecht hunn, datt kee sech drëm bekëmmert wéi een dann déi Geforen kann opfänken, déi fir déi aarm Länner dra bestinn, ëmmer méi ofgehaangen ze ginn vum Rescht vun deem no Wuelstand lechszende Mainstream, datt mir fannen eurozentresch an amerikaverléift wéi mir sinn a wéi si sinn, datt d’Problemer vun der Welt eis näischt uginn? Selbstverständleech gehéieren d’Afrikaner an aarm Asiate mat un deen Dësch wou eng Welt soll entstoen, entworf ginn, geduecht ginn an erdreemt ginn an där et méi gerecht ass an där et sech also och besser liewe léisst.

Ech soen Iech Merci.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact