Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Discours > Juillet 2012 > Jean-Claude Juncker, Discours à l'occasion d'une déclaration sur les conclusions du Conseil européen des 28 et 29 juin 2012, Luxembourg

Discours
Jean-Claude Juncker, Discours à l'occasion d'une déclaration sur les conclusions du Conseil européen des 28 et 29 juin 2012, Luxembourg
03-07-2012

Vers le niveau supérieur
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Et ass nach keng Traditioun hei am Haus, datt de Staatsminister nom Conseil européen der Chamber Bericht erstatt iwwer dat wat bei där Geleeënheet stattfonnt huet.

D’Chamber hat sech drop verstäipt, aus novollzéibare Grënn, ëmmer den Ausseminister ze héieren no de Conseils européens, zënter laange Joeren. Den Här Poos huet dat gemaach, d’Madame Polfer huet dat gemaach, den Här Asselborn huet dat gemaach. Mä nom Lissabonner Vertrag huelen d’Ausseministeren net méi un deene Sëtzungen deel, wat ech fir e Feeler halen. An dofir ka just dee schwätzen, dee ganz alleng, mudderséilenaleng an deem Sall vum Conseil européen, ouni Zeie souz.

Deen europäesche Conseil iwwer dee mir solle schwätzen, am Plenum, oder an de Kommissiounen, viru sengem Zesummekommen, an iwwer dee mir solle schwätzen am Plenum, och an der Kommissioun no deem en zesumme war, war een extrem wichtegen europäesche Conseil.

Ech hu geliest, mat där Zort vun Amusement, deen déi laang Experienz engem inspiréiert, et wier en historesche Conseil, an ee kruziale gewiescht. Et geet duer wann ee seet, et wier ee wichtege gewiescht, well muenech europäesch Gipfele si soss näischt wéi europäesch Hiwwelen, iwwer déi ee probéiert ewechzekommen. Mä deen hei hat awer eng Montée, déi et a sech hat.

Mir hu bei deem europäesche Rot däitlech gemaach, datt d’europäesch Wirtschafts- a Währungsunioun eng Unioun fir Stabilitéit a fir méi Wuesstem ass.

Et gëtt - wéinst deenen Inspiratiounen déi hir sinn - déi déi probéieren déi zwou Dimensioune géintenee spillen ze loossen.

Et gëtt ee primitiven Szenenentworf dee wëllt, datt déi eng, déi Konservativ, fir Soliditéit wieren, fir Stabilitéit wieren, an déi aner, déi méi Progressiv fir Wuesstem. Gott sei Dank hunn déi, déi apodiktesch dem konservative Lager zougeuerdnet ginn fir méi Wuesstem plädéiert, an dat zënter dem November 2011. Europäesch Conseilen, déi zënter November 2011 stattfonnt hunn, hunn an hire Conclusioune 34 Mol d’Noutwennegkeet vu méi Wuesstem an Europa ënnerstrach.

An déi déi dem progressive Lager, grad esou apodiktesch zougeuerdnet sinn, wat bei mir eng exzessiv Form vun Amusement provozéiert, hu grousse Wäert drop geluegt bei deem Conseil däitlech ze maachen, datt Stabilitéit, Budgetsconsolidéierung a Budgetsdisziplin absolut noutwenneg wieren, fir datt een iwwerhaapt kënnt am Paradäis vum Wuesstem, dat u sech kee Paradäis ass, mä eng Noutwennegkeet, antrieden.

Dee Widdersproch tëscht Konsolidéierung vun den ëffentleche Finanzen a Wuesstem gëtt et net, déi zwee ginn zesummen.

Een deen mengt, et kënnt ee Wuesstem opbauen op ëmmer méi Scholden, an op ëmmer méi Defizit, déi déi mengen, et kënnt ee Scholden duerch d’Unhäufe vu Scholde bekämpfen, an den Defizit méi kleng kréien, doduerch datt ee se méi breet mécht, déi iere sech fundamental.

Déi déi mengen, nëmme spueren, nëmme consolidéieren, nëmmen Austeritéit, nëmmen exzessiv Rigueur géif Europa zeréck op de Wee vun enger mëttelfristeg spierbarer Gesondung bréngen, iere sech grad esou vill.

Wuesstem brauch ee selbstverständlech och, an d’Wuesstemsgedanke waren an alle Conclusiounë vun den europäesche Réit zënter laange Joeren, well déi Strukturreformen déi mir umahnen, si Strukturreformen déi a Richtung méi Wuesstem tendéieren.

Mir brauchen heibannen net déi Debatten ze féieren, déi aner matenee féieren, an déi sech dann opdeele wann se aus dem Sall kommen, an deem ech och war, tëscht Verléierer a Gewënner. C’est d’un ridicule parfait!

An dofir brauche mir hei net ze kucke wie gewonnen huet, a wie verluer huet. Europa gewënnt ëmmer, wa kee verléiert, an et verléiert kee wann Europa gewënnt, a weider kënnt.

Den europäesche Rot, wéi all Sëtzunge vun de Ministeren, dat ass keen europäesche Boxmatch, wou een an d’Knéie muss gezwonge ginn, wou ee muss KO geschloe ginn. Et geet em d’Organiséierung vun enger gemeinsamer Schnëttmeng, vun enger gemeinsamer Intersektioun, et geet drëm gemeinsamen Asaz fir méi Stabilitéit, déi mir op d’Dauer brauchen, a fir méi Wuesstem, dee mir op d’Dauer brauchen, ze organiséieren.

Ech wëll mat der Politik déi a Richtung méi Wuesstem tendéiert, ufänken andeem ech nach eng Kéier rappeléieren, datt mir eis mat deem Thema zënter Méint intensiv beschäftegen. Mä deen Thema huet eng méi prononcéiert Faarf kritt no elektorale Resultater am Ausland, mä keen aneren Inhalt kritt, well alles dat wat mir décidéiert hunn, war an der Maach, war am Pipeline, war am Tube, an dat ass elo zesummegefaasst ginn.

Mä richteg ass et, datt d’Akzentuéieren, d’Akzent leeën op de Wuesstem, net am Géigesaz zur Konsolidéierung, mä en complément vun der Konsolidéierung eng richteg rhetoresch, wann och net inhaltlech Erweiderung vun der eigentlecher europäescher Ambitioun ass.

Mä all déi déi um europäesche Conseil waren, hunn däitlech gemaach, datt budgetär Rigueur, budgetär Konsolidéierung, budgetär- a finanzpolitesch Stabilitéit d’Viraussetzunge sinn - ech zitéieren d’Conclusiounë vum europäesche Conseil - fir datt een zu méi Wuesstem kënnt. Méi Wuesstem an Defizit geet net, an dat gesäit jiddwereen esou.

Dofir hu mir ee Pakt fir Wuesstem a Beschäftegung ugeholl, ee Pakt. Mä dee Pakt fir Wuesstem a Beschäftegung deen huet eng juristesch total aner Bedeitung, wéi dee Fiskalpakt, deen een esou oder esou ka gesinn, ech hunn do eng nuancéiert Vue drop. Dee Pakt huet keng juristesch verbindlech Charakterzich. Et ass een Engagement vun de Staats- a Regierungschefe fir a Richtung méi Wuesstem, e besser organiséiert Wuesstem, mëttel- a laangfristeg gestreckte Wuesstem ze kommen.

Et sinn emol keng Conclusiounen, déi de Wuesstems- a Beschäftegungspakt concernéieren, déi Conclusioune vum Conseil européen wieren.

De Communiqué seet, d’Nuance vun der europäescher Diplomatie, déi Eenzelnen heibanne gutt bekannt sinn, datt d’Staats- an d’Regierungschefen e Pakt fir Wuesstem ugeholl hunn, net de Conseil européen eng Décisioun geholl hätt, mä d’Staats- an d’Regierungschefen hätten décidéiert, datt se ee Pakt fir Wuesstem a Beschäftegung op de Wee géife schécken.

Dat mécht däitlech, datt de juristesch verbindleche Charakter vum Wuesstemspakt emol net an d’Noperschaft kënnt vun dem Fiskalpakt, mä d’moralesch a politesch Engagementer vun de Staats- a Regierungschefen missten, wann d’Welt normal wier, mä si ass et net, déi selwecht Kraaft hunn wéi juristesch verbindlech Texter, déi mir am Kader vum Fiskalpakt ugeholl hunn.

D’lëtzebuergesch Regierung fillt sech jiddwerfalls quasi juristesch, para legem un déi Objektiver vum Wuesstems- a Beschäftegungspakt gebonnen, a wëllt en am eegene Land ëmsetzen, a wëllt och dozou bäidroen, datt en an Europa ëmgesat ka ginn, wat eng Exigenz vun der lëtzebuerger Regierung ass, déi op e puer Joer zeréckgeet.

Dee Pakt, dee Wëlle méi Wuesstem erbäizeféieren, deen huet ee Volume, deen een net soll klengschreiwen, well dee Volume deen e begräift, entsprécht 1% vum europäesche Bruttosozialprodukt, dat heescht, en fait engem Joeresbudget vun der Europäescher Unioun, well dee beleeft sech och leider, mir hätte gäre méi, op 1% vum europäesche Bruttoinlandprodukt.

Et ass ee Pakt, ee Wëllen, ee kollektive Wëllen, 120 Milliarde Wuesstemsgeld, Beschäftegungsgeld ze mobiliséieren, an zwar esou séier wéi méiglech.

Zweck vun der séierer Mobiliséierung, deen doduerch ënnerstrach gëtt, datt mir mat dem europäesche Parlament iwwereens komm sinn, datt alleguer déi legislativ Aspekter, déi dee Wuesstemspakt matsechbréngt, sollen an engem sougenannte fast track Programm, an engem séieren Duerchféierungsprogramm tëscht dem europäesche Parlament an dem Conseil duerchgefouert ginn, dat heescht, mir sinn net dovun ausgaangen, datt d’Parlament eis géif, firwat soll et dat och, well et ass eng laangjäreg Fuerderung vum Parlament, bei der Ëmsetzung blockéieren, oder géif ophalen.

Déi 120 Milliarden déi kann een, wéi se am Witz soen, esou oder esou gesinn. En fait sinn et keng 120 Milliarden, déi mir méi als europäesch Staaten, als europäesch Steierzueler missten an Opstellung bréngen. Eenzeg an alleng ass relevant am nationale Finanzschlussfolgerungsdeel deen, deen d’Kapitalerhéijung vun der Europäescher Investitiounsbank betrëfft.

Mir wëllen d’Kapital vun der Europäescher Investitiounsbank em 10 Milliarden erhéijen. Dat kléngt no näischt, dat ass och net vill, mä wann een dat mat den Ambitiounen vun eenzelne vergläicht, déi 10 Milliarde sinn zënter 4 Méint am Gespréich, an déi 10 Milliarde gi vun den Nationalstaate bestridden doduerch, datt se Kapitalaugmentatioun hierstellen. Dat muss nach vun de Gouverneurë vun der Europäescher Investitiounsbank, wat am Regelfall d’Finanzministere vun där selwechter sinn, mat der Exceptioun vu Lëtzebuerg, wou et den Trésorsminister ass deen dat ze maachen huet, virum Enn vun dësem Joer erbäigefouert ginn.

Déi 10 Milliarde Kapitalerhéijung, déi fir de lëtzebuerger Budget eng Mehrdépense vun 11 Milliounen Euro, an net méi, comportéiert, erlaabt et, datt d’Europäesch Investitiounsbank hir Verléinkapazitéit, hir Capacité de prêt kann em 60 Milliarden erhéijen. An déi erhéichte Capacité de prêt, déi erlaabt et, datt an der Realwirtschaft Investissementer vu ronn 180 Milliarden Euro queesch duerch Europa kënne bestridde ginn.

Déi Wuesstemsstrategie mécht et noutwenneg, datt mir 55 Milliarden Restgeld, dat an den europäesche Strukturfongen, Kohäsiounsfong, Sozialfong, Regionalfong stécht, mobiliséieren, haaptsächlech a Richtung vun deene Länner, déi net normal segele kënnen, well de Wand an de Segele feelt. Dee Wand an d’Segelen, dee mir partiell doduerch erbäiruffen, datt mir déi 55 Milliarden haaptsächlech an déi Länner, déi bis elo op Grond vun administrativen Insuffisancen onfäeg waren, déi Suen déi fir si ge-earmarked waren, aus de Strukturfongen ofzezéien.

Mir bréngen 220 Milliounen Euro, dat si keng ëffentlech Suen, garantieméisseg an Opstellung fir esougenannte Projectbonds op de Wee ze schécken, déi 4,6 Milliarden Investissementer an der Realekonomie kënnen zur Folleg hunn, an de Beräicher Transport, Energie an haut débit.

A well et jo ee Wuesstemswëllen ass, deen och beschäftegungspolitesch Ziler huet, a mir hu gesinn, datt d’Aarbechtslosegkeet nach an d’Luucht gaangen ass, esouwuel an der Eurozon wéi an der Europäescher Unioun, obschonn a Spuenien éischt Tendenzen ze erkenne sinn, déi a Richtung Besserung verlafen, beschäftegt sech och mam Thema Beschäftegung.

D’lëtzebuerger Regierung huet dofir plädéiert wat mir hei am Land wëlle maachen, datt innerhalb vu 4 Méint no dem Verloosse vun der Schoul, déi jonk Leit eng Beschäftegung kréien, ee Stage kréien, eng Occupatioun kréien.

Aner Länner kënnen dat net, obscho mir dat schonn 1999 eng Kéier esou décidéiert hate beim europäesche Beschäftegungssommet, dee jo méi konkret war, wéi alles dat wat duerno geschitt ass. 1999 soen ech, well mir dat dunn an d’Gesetz geschriwwen hunn, 1997 war de Beschäftegungssommet, deen Eenzelner zu Lëtzebuerg deemools net konkret genuch geschéngt huet.

Mir hu fir 4 Méint plädéiert, déi aner kënnen dat net, vill anerer kënnen dat net. Dofir steet elo innerhalb vun e puer Méint, ce qui est d’un ridicule parfait, well wann een de staarke Wëllen huet, da bréngt een et och fäerdeg innerhalb vu 4 Méint dat ze maachen. Mir wëllen dat zu Lëtzebuerg jiddwerfalls esou maachen.

Am Kader vun der Wuesstemsstrategie, vum kollektive Wuesstemswëllen hate mir eis och mat der Fro vun der Finanztransaktiounssteier ze beschäftegen. Ech kann där keng Wuesstemsdynamik zouuerdnen, well déi Taxe, gëtt se agefouert, déi déclenchéiert keng Wuesstemselementer, jiddwerfalls an eenzelne Länner éischter de Géigendeel, jee nodeem wéi se gemaach gëtt.

Ech wëll hei nach eng Kéier rappeléieren, well ech och mat Opmierksamkeet geliest hunn, wat eis Gréng Kollege Bausch a Claude Turmes, wann ech mech richteg erënneren, zu deem Thema zum Ausdrock bruecht hunn, datt d’lëtzebuerger Regierung prinzipiell fir eng Finanztransaktiounssteier ass, wa se op enger breet genuchener geographescher Basis opgesat gëtt.

Ech war laang, wahrscheinlech als Eenzegen a mengem Veräin dofir datt een dat soll an der Eurozon probéieren. Et stellt sech awer eraus, datt déi 17 Länner vun der Eurozon net wëllen an déi Richtung goen, mä datt nëmmen e puer vun deene Länner vun der Eurozon wëllen an déi Richtung goen. Insofern entfällt d’Begrënnungsmotiv firwat datt Lëtzebuerg, wann d’Europäesch Unioun als Ganzes déi Transaktiounssteier net géif wëllen, ewech, well och déi 17 Länner vun der Eurozon dat net wëllen.

Ech muss éierlech soen, datt ech iwwerfrot sinn, wann et em d’Aschätze vun de Risike geet, déi domat zesummenhänken, wa Lëtzebuerg géif bei deem matmaache wat mir décidéiert hunn, nämlech bei enger verstäerkter Zesummenaarbecht vun op d’mannst 9 Länner an Europa, net nëmmen Eurolänner, mä iwwer d’Eurozon eraus. Ech gesinn net richteg wéi dat sech op d’Industrie vun den Investissementsfongen zu Lëtzebuerg auswierkt. Ech gesinn net am Detail ob dat net zur Konsequenz muss hunn, datt mir d’Taxe d’abonnement ofschafen, ouni millimetergenee ze wësse wat mir dann do géifen an d’Plaz kréien.

An dofir huet Lëtzebuerg décidéiert, esouwuel am Conseil vun de Finanzministeren, wéi och där Deeg zu Bréissel, an där Coopération renforcée net matzemaachen. Wat mech, muss ech soen, prinzipiell Iwwerwannung kascht, well ech ëmmer fonnt hu Lëtzebuerg misst iwwerall do dobäi sinn, wou méi Europa stattfënnt, iwwerall do dobäi si wou Europa méi wäit geet. Mä de Risiko schéngt mir disproportionéiert ze sinn.

Mä ech schléissen net aus, wann déi 9 sech bis fonnt hunn, déi dat wëlle maachen, déi hu sech, niewebäi bemierkt, bis haut nach net fonnt, well och eis hollännesch Frënn net matmaachen, well och anerer net matmaachen, wann déi ee Konzept virschloen, wat eis zoustëmmungsfäeg erschéngt, well déi musse sech inhaltlech bereet erklären dat selwecht ze wëllen, datt mir, wann dat sech aus bannewirtschaftleche Grënn als eng méiglech Alternativ presentéiert, datt mir do matmaachen.

Déi Iddi, déi ech perséinlech och hat, et soll ee matmaache fir ze kucke wat do géif geschéien, a fir ze influenzéiere wat do kënnt geschéien, eng raisonnabel Iddi, hunn ech abandonnéiert no Gespréicher mat villen an Europa, an no Gespréicher mat Muenechen heiheem.

An ech sinn iwweregens ganz iwwerrascht, datt déi Gréng Kollege soen, si hätten och Indikatiounen aus dem Finanzsecteur zu Lëtzebuerg, dat soll ee maachen, si misste mir soe wien dat ass, aus Grënn vun Transparenz, well déi mat deenen ech schwätzen, dat sinn déi offiziell Vertrieder vun der ABBL, déi soe mir de Géigendeel. Elo sinn ech net een, dee systematesch no Europa exportéiert wat d’ABBL mir seet, mä ech hu mech awer do ëmfänglech renseignéiert, a si beim aktuellen Dossiersstand zur Conclusioun komm, datt et verfréit wier fir an déi Richtung ze goen, ënnert Rappel vun der Noutwennegkeet, déi ech gesinn, datt den internationale Finanzsecteur muss eng méi staark Contributioun leeschte fir d’Folge vun der Krisebewältegung op d’mannst ze co-finanzéieren.

Ech weess, datt d’Banquieren zu Lëtzebuerg dat net gären héieren, an och Interviewe ginn, wou de Generalsekretär vun der ABBL, déi dem Staatsminister Populismus virwäerfen. Ech kann domat liewen, bei der Flut vu Virwërf déi de Moment op een zouschwammen.

Et geet jo hei net em d’lëtzebuergesch Banken, et geet hei em d’Contributiounë vun den internationale Finanzsecteuren. An ech sinn duerchaus der Meenung, mindestens der Meenung, datt een déi héich risikohafteg Produkter muss enger gesonderter steierlecher, oder abgabeméisseg orientéierter Belaaschtung ënnerwäerfen, well déi sinn en fait à l’origine vun all deem wat mir erliewen. Dat betrëfft net d’lëtzebuerger Banquieren, déi, loosse mir éierlech sinn, an där Affaire do kleng Helleger, an enger Kris, déi vun där si heiansdo net wësse wéi grouss datt se ass. Mä wann een déi Responsabilitéiten huet déi ech hunn, weess ee wéi grouss datt se natierlech ass. Et geet hei net em d’lëtzebuerger Banken, et geet hei em d’Contributioun, elementar Solidaritéitsleeschtunge vum internationale Finanzkapital, dat natierlech kann duerch hir lëtzebuergesch Représentantë soen, si wieren net Schold un der Kris, mä mat Ausnam vun hinne selwer, gleeft selbstverständlech keen dat.

De Finanzsecteur, deen internationalen ass ursächlech niewent der Staatsverschëldungskris co-responsabel fir dee Misère an deem mir eis haut befannen. An dofir mécht d’lëtzebuerger Regierung net mat. Mir kucke wat do geschitt, a mir debattéiere mat.

Ech weess aus de Gespréicher vun de Finanzministeren, datt déi 9, déi se mengen ze

wieren, ënnerteneen absolut net där selwechter Opfaassung sinn, wéi breet datt déi Besteierungsbasis soll sinn, wat fir Produkter, wat dat selwecht ass, ënnert déi Besteierungsbasis falen, wou déi Sue sollen higoen, national oder europäesche Budget. An dofir reservéiere mir an där Fro eis Attitude.

Ech wëll hei nach eng Kéier soen, prinzipiell si mir fir eng Finanztransaktiounssteier. A wa mir se net matmaachen, musse mir eis iwwerleeën, zesumme mat dem Finanzsecteur iwweregens, wat fir eng Belaaschtungsform mir zu Lëtzebuerg kënnen aféieren, andeem mir am Kapp hunn, datt mir duerch d’Taxe d’abonnement souwisou schonn eng Belaaschtung vum Finanzsecteur hunn.

Mir hunn eis da laang, wéi dir geliest hutt, iwwer d’Wirschafts- an d’Währungsunioun ënnerhalen, an hunn do décidéiert, well ech och zu deene gehéiert hunn, déi fonnt hunn elo misst een ee Sprong méi wäit maachen, net ee Sprong an abenteuerlech Gewässer, mee ee Sprong a méi-resolut-an-d’Hänn-huele vun der Bekämpfung vun der Kris, décidéiert déi ganz Bandbreet vun de bestehende Finanzinstrumenter, Stützungsinstrumenter, Rettunsschirmer, EFSF, an ESM zur Uwendung gelaangen ze loossen.

Wat sinn eigentlech déi Instrumenter? Et gëtt der am Prinzip a graff resuméiert, dräi.

  • Et geet drëm Hëllef ze leeschte fir d’finanziell Ënnerstëtzung, fir d’Rekapitaliséierung an d’Restrukturéierung vun nationale Banken, do wou se keng Loft fir ze ootmen méi hunn.
  • Et geet zweetens drëm fir esougenannte präventiv Kreditlinnen, precautionally Programs opzemaachen.
  • An et geet drëttens drëm Interventiounen um primären an um sekondäre Marché vun de Staatsobligatiounen duerch ESM, deelweis EFSF, opzemaachen.

Et muss een déi dräi Kategorie vun Interventiounsmechanismen gesondert betruechten, fir ee Gesamtbild, wann och nach ëmmer een onkomplett, well deelweis schonn erëm kontestéiert Bild iwwer déi Ofmaachungen ze kréien.

Zu deem éischte Punkt, Restrukturéierung a Rekapitaliséierung vun nationale Banken, wëll ech soen, well ech weess datt dat ëmmer eng Roll spillt an der ëffentlecher Debatt, och, jo an der Befindlechkeet vun all Eenzelnen doheem, et geet hei net drëm de Banke Cadeauen ze maachen, ech wiere mech nodrécklech dogéint, datt gesot gëtt, hei gëtt ëffentlech Gelder an d’Hand geholl fir Banken ze retten. Jo, mä dat hate mir jo och schonn heiheem, am September 2008, wa meng Erënnerung richteg ass, hu mir d’Banque Générale gerett wéinst der Banque Générale, hu mir Garantie gi bei der Dexia wéinst der Dexia, oder hu mir dat gemaach, well mir wëssen, datt d’Banken eng essentiell Fonctioun an der Liwwerung vum Kreditflux an eiser Wirtschaft musse sécherstellen. Et geet drëm, datt d’Banke kënne virufueren Investissementer, also Stäerkung vun de Betriber, also Schafung vun neien Aarbechtsplazen, an Erhalung vun den Aarbechtsplaze kënnen ze finanzéieren.

Mir sinn am Géigesaz zu der lénksradikaler Front an Europa, der Meenung, datt d’Banken net do si fir sech selwer, si streide jo of, datt si déi Meenung hätten, mä datt d’Banken do si fir der allgemenger Wirtschaftspolitik ze déngen. A wa Banken, jo, jo, wa mir gemaach hätte wat Dir proposéiert, da wieren 10.000 lëtzebuerger Stéid, haut géife se op de Wunnenge sëtzen, déi net ze bezuele sinn, dann hätten Dausende Leit hir Aarbecht zu Lëtzebuerg verluer. A fir esou ze mengen, mir géifen eisem Grousskapital Suen, wéi Dir Iech ausdréckt an Ärer Versammlung, an d’Schnëss ze geheien, ass eng falsch Opfaassung. Mir maachen dat, fir datt déi kleng an déi mëttelstännesch Entreprisen, an déi grouss och, Suen genuch iwwer deen normale Kreditfloss an der Ekonomie kréien, fir datt d’Wirtschaft iwwerhaapt nach ka stattfannen, well mir menge Banken hu mam allgemenge Wuel ze déngen, an net nëmmen hiren Anteilseigner an hiren Aktionären ze déngen. An dofir maache mir déi Interventiounen am Beräich vun de Banken.

Mir mécht dat iwwerhaapt keng Freed, verstitt Dir, well ech hu weder Aktien bei deem engen, nach bei deem aneren, iwwerhaapt keng, ech hunn iwwerhaapt keng Aktien, well ech ëmmer fannen, wann ee Staatsminister ass, soll ee sech wäit ewechhale vun deene Saachen. Dat ka jo jiddwereen heibanne fir sech selwer selbstverständlech och zu Protokoll ginn. Ech hu keng Aktien a kengem Betrib an a kenger Bank. Mä ech weess awer wéi wichteg datt d’Banke sinn, fir datt den normale Floss vum Kredit a vun den Investissementer fir Privatleit a fir Betriber ka stattfannen. An dat wat wouer ass heiheem, wou mir zéngdausende Leit virun der sozialer a finanzieller Aarmut gerett hunn doduerch datt mir, wéi gesot gëtt, d’Banke gerett hunn, dat zielt awer och fir déi aarm Leit a Spuenien, déi hunn och e Recht drop, datt se nach normal an hirer Realwirtschaft, an hirem Weiderkommen am Liewe kënnen duerch d’Banke finanzéiert ginn. Et ass also eng grouss Solidaritéitsübung déi mir maache mat dem spuenesche Vollek, a virun allem mat deem méi aarmen, an ëmmer méi veraarmenden Deel vun der spuenescher Bevëlkerung, well déi brauchen hir Banken, fir datt et an deem Land ka virugoen.

An dofir hu mir décidéiert, datt - den Här Wagner ass menger Meenung, mä dat iwwerrascht mech manner, mä ech sinn him awer dankbar dofir. Ech, jo, et kritt een esou selten Zoustëmmung vun der DP de Moment, datt een dankbar ass fir all Häppchen deen een zougeworf kritt, mä dat charakteriséiert awer déi responsabel Positioun, déi déi Liberal an déi Gréng an dësem Haus ëmmer an deene Froen haten. Mir wëllen also eppes fäerdegbréngen, wat monsterhaft schwiereg ass. Mir wëllen de Bankerisiko trenne virum Verschëldungsrisiko vun de Staaten. Wat erliewe mir de Moment léif Kollegen?

Mir erliewen de Moment, datt déi spuenesch Banken, wann ech dat kann esou soen, obschonn ech net gären hätt, wann d’Noriichtenagencen dat géifen an där Terminologie rapportéieren, aus dem leschte Lach päifen. An dat huet eng direkt Repercussioun op d’Finanzéierung vum spuenesche Staat. Dat heescht, doduerch datt d’Banke sech verrannt hunn, gëtt de spuenesche Steierzueler, de spuenesche Chômeur, d’spuenesch Infrastrukturpolitik, dat selwecht zielt fir Italien, obschonn déi zwee Länner all Effortë maache fir hire Budget ze consolidéieren, radikal vun de Finanzmäert sanktionéiert.

Dofir muss een ausernee rappen, dat wat mir de Bankerisiko nennen, an dat wat mir de Staatsrisiko nennen. An doduerch datt mir intervenéieren fir de Bankeproblem solidaresch ze behiewen duerch Restrukturéierung, an duerch Rekapitaliséierung, gi mir dovun aus, datt dat zur Konsequenz muss hunn, datt dann den Drock op de Staatspabeieren, dat heescht, op der Finanzéierung vun nationaler Politik, ofhëlt.

An dofir muss een déi zwee Risike vuneneen trennen, an dofir muss ee méi intensiv, wéi ech mir dat iwwerhaapt jeemools hätt kënne virstellen, intervenéieren an der direkter Bankerekapitaliséierung. A mir maachen elo den ESM, deen dir hei gestëmmt hutt, den europäesche Stabilitéitsmechanismus op fir Direkthëllefen u Banken an deene Länner, Spuenien an Italien notamment, mä de Moment Spuenien, ouni datt mir den Ëmwee maachen iwwer eng Geldvergabe un d’Staaten, well dat zur Konsequenz huet, datt d’Verschëldungsquot vun deene Staaten zouhëlt.

Wa mir aus europäescher ESM-Quell direkt rekapitaliséieren, direkt un d’Banke léinen, dat wat ech viru Méint heibannen, deemools huet dat nach, net heibannen, mä wier ech am Bundestag gewiescht, hätt dat zum kollektive Selbstmord gefouert, eigentlech eng Bankelizenz ginn, en Direktinstrument fir an de Banken ze intervenéieren, verhënnere mir datt d’Verschëldung vun de Staaten zouhëlt, brieche mir dee Lien tëschent der Bankeproblematik an der Staatspabeiersproblematik, an hëllefe mir deene Leit, deene Länner op eng entscheedend Aart a Weis, well esouwuel Spuenien wéi och Italien an Terme vu Budgetsconsolidéierung alles maache wat vun hinne verlaangt ginn ass, och déif Kulturreformen duerchféieren, déi vun hinnen verlaangt gi sinn. Mä mir maachen dat ofhängeg vun enger europäescher Banken-, enger zentraliséierter europäescher Bankeniwwerwaachung, enger europäescher Bankesupervisioun, wourun ech gleewen.

Ech hunn dat och am Pabeier vun deene 4 Presidenten, wéi e genannt gëtt, 4 Weisen fir déi déi 4 net kennen, mat ënnerschriwwen. Mir brauchen eng europäesch Bankeniwwerwaachung.

Alleng dat Beispill Spuenien weist, wou mir mussen 62 bis 100 Milliarden Euro Rekapitaliséierungshëllef an d’Hand huelen, weist, datt wann een deenen nationalen Iwwerwaachungsbehörden d’Iwwerwaachen vun hirem Secteur iwwerléisst, datt dat net noutwennegerweis zu deene beschte Resultater féiert mat systemesche Gesamtauswierkungen iwwer déi gesamt Eurozon.

An dofir sinn ech fir déi direkt europäesch organiséiert Bankesupervisioun, vun deem ech net verkennen, datt dat natierlech fir ee Land wéi Lëtzebuerg Problemer schaaft, well ee muss ganz genee oppassen, datt en Distingo am Endkanal tëscht den home countries, do wou d’Mammenhaiser sëtzen, an den host countries, do wou d’lëtzebuerger Banken - mir hu jo nëmme Filialen hei mat Ausnam vun der Spuerkeess, an der Raiffeisekeess, et si jo Filialisten déi hei zu Lëtzebuerg täteg sinn - deen Distingo do genee mécht, fir datt net eng falsch organiséiert, a falsch inspiréiert, an ënnert falscher Motivatioun leidend europäesch Zentralinstanz kann eesäiteg, an ouni datt mir eis wiere kënnen, décidéiere wat fir Banken datt zu Lëtzebuerg iwwerliewen, a wat fir datt mussen zougemaach ginn. Dat ass eng Geschicht, déi agekleet muss ginn an eng Propositioun vun der europäescher Kommissioun, déi am September kënnt, an déi de Conseil vun de Finanzminstere bis Enn Dezember 2012 soll verabschieden.

Mä de Procedere ass fir d’éischt eng europäesch Supervisioun, an dann eng Direkthëllef vum europäesche Stabilitéitsmechanismus, deen dir votéiert hutt, fir d’national Banken ze rekapitaliséieren.

Mir fänken elo u mat Spuenien, mir hunn déi Instrumenter nach net. Dee Versuch, deen ech an anerer gestart hunn, an hirer Naivitéit, fir d’Europäesch Zentralbank direkt mat där Supervisioun ze beoptragen, ass schif gaangen, well den Här Draghi, President vun där selwechter, seet, hien hätt weder d’Leit, nach d’Wëssen, nach d’Mechanisme fir dat ze maachen. Mir mussen also waarde bis d’Europäesch Zentralbank déi huet.

A mir sinn der Meenung als lëtzebuergesch Regierung, datt d’Europäesch Zentralbank déi Supervisiounsinstanz soll sinn, well mir gären hätten, aus Grënn déi ech hei net am Detail wëll ausféieren, datt de Prinzip vun der Europäescher Zentralbank, one country, one vote, och bei der Supervisioun, erënnert iech u meng Remarque vu virdrun, géif zur Applicatioun kommen.

Elo lafen, falls se lafen, déi éischt Hëllefen iwwer deen éischte Rettungsschirm, EFSF. A wann den ESM bis do ass, dat hänkt vum däitsche Verfassungsgeriicht of, dat hänkt, dat interesséiert keen, och vum estneschen Verfassungsgeriicht of, et ass jo net nëmmen Däitschland wat eng Verfassung huet, et gëtt jo och nach anerer, déi organiséiert Staaten, Status hunn, plus aner Contrainten, dee kréie mir net esou séier, mä wa mir e bis hunn, da lafen déi Bankenhëllefen déi iwwer EFSF lafen, automatesch weider an den ESM, a mir halen de juristesche Statut vun deenen Hëllefe bäi.

Den EFSF, deen huet kee preferred creditor status, dat heescht den EFSF, géif eng Katastroph geschéien, kann net virun allen anere Créancieren zeréckbezuelt ginn. Den ESM awer, huet laut Vertrag preferred creditor status, esou eng Aart Superprivileg, wann dir esou wëllt, a misst virun allen anere Créancieren ausbezuelt ginn.

Mir hu virgeschloen am Eurogrupp, dat ass elo ugeholl ginn, datt mir dee juristesche Statut mat eriwwerhuelen, dat heescht, datt déi Hëllefen déi ënner EFSF ulafen, hir juristesch Natur net changéieren, wa se am ESM landen, an dofir hunn déi och net de Superprivileg, deen ESM-Hëllefsmoossnamen eigentlech hunn.

Dat maache mir just fir Spuenien, well mir fäerten, an d’Marchésreaktioun war och, no der Tëlefonskonferenz vum Eurogrupp vum 7. Juni genee déi, datt wann den ESM, an eventuell seng virgeschalten Etappen, preferred creditor status hunn, datt dann aner Investisseure sech iwwerhaapt net méi a Spuenien erabeginn, well se fäerten, wa si géifen a Spuenien investéieren, a wann eppes géif geschéien, da géif fir d’éischt den ESM zeréckbezuelt ginn, a si géifen alleguer hir Suen hänke loossen. An dofir hu mir déi Léisung fonnt, fir d’éischt EFSF dann eben eng Bréck am ESM, mä net aweisen an de Superprivilegstatus. Esou vill zur Bankerekapitaliséierung a Restrukturéierung.

Deen zweeten Deel, ass opmaache vun esougenannte präventive Kreditlinnen, precautionally Programs wéi dat op lëtzebuergesch heescht.

Mir stellen haut fest, notamment a Spuenien, notamment an Italien, datt d’Staaten déi alles maache fir an der Rei ze sinn, déi all Reforme maachen, wa se un d’Finanzmäert ginn, entweder keng Sue geléint kréien, oder awer Suen zu engem iwwerhéichten Zënssaz musse léinen, bis zu 7%. A 7% Zënse gëllt an der internationaler Finanzwëssenschaft als en absolute Maximum deen ee kann als Zënse bezuelen, soss kippt een an eng Situatioun vu Pré-Faillite.

Elo gesi mir vir, datt Staaten déi alles maache wat si musse maachen, all Strukturreformen, all Haushaltsconsolidéierungsefforten, kënne Recours huelen zu deem, wéi hu se dat op lëtzebuergesch genannt, präventiven, zu deene präventive Kreditlinnen. Dat geschitt zu minimalen Oplagen, mä net ouni Conditionalitéit. Conditionalitéit déi virgeschriwwen ass, datt déi Länner virufueren, esou wéi dat ofgemaach ass am Kader vum Stabilitéitspakt, déi Haushaltsconsolidéierungsefforte virunzeféieren, a gläichzäiteg déi Oplagen ze erfëllen déi de lännerspezifesche Recommandatiounen vun der europäescher Kommissioun, a vum europäesche Conseil a Richtung vun deene Länner editéiert gi sinn. Déi mussen also virufueren dat ze maache wat mir vun hinne verlaangt hunn, mä net méi.

Well mir einfach déi Angscht hunn, ech hu se jiddwerfalls an dofir sinn ech fir esou e Mechanismus, datt wa mir nach méi op d’Spuertube an deene Länner drécken, mir rezessiv Tendenze verstäerken, Aarbechtslosegkeet erhéijen, an déi endgülteg Gesundung vun deene Gesellschaften, well et entstinn lues a lues an Europa humanitär Problemer, net nëmmen a Griicheland mä och an anere Länner, well mir déi net wëlle verstäerken, dofir nenne mir dat soft-conditionality. Dat stéiert Eenzelner an Europa, mä et ass net normal, datt ee Land wéi Spuenien, ee Land wéi Italien, déi alles maache wat vun hinne verlaangt gëtt, an am Fall vun Italien, entgéint allen Erwaardunge virun allem, an a Spuenien ënnert extrem schwierege soziale Bedéngungen ënnert deenen d’Spuenier, a besonnesch déi kleng Leit a Spuenien leiden, wann déi alles maache wat se musse maachen fir erëm op d’Féiss ze kommen, datt dann d’Finanzmäert déi Länner ofstrofe gi wa se op d’Finanzmäert zeréckkommen. An dofir brauch een hei selbstverständlech eng Politik, déi zu enger Ofsenkung vun de penaliséierenden Zënssäz fir déi Länner féiert, aus soziale Grënn, aus Gesellschaftskohäsiounsgrënn, an aus makro-ekonomeschen, mëttelfristeg orientéierte Wuesstemsgrënn.

Déi drëtt Linn ass ee méi flexibele Gebrauch vun den Instrumenter vun EFSF a vun ESM, dee permanente Stabilitéitsmechanismus.

Mir wëlle sécherstellen, bewierken, d’Dier opmaache fir datt déi zwee Fongen, déi zwee Instrumenter kënne gebraucht gi fir op de primären, a fir op de sekundäre Mäert ze intervenéieren.

Wann EFSF an ESM op de primären a sekundäre Mäert kënnen intervenéieren, dir dispenséiert mech dovun, dat elo am Millimeterdetail do auserneenzestrécken, da bréngen et d’Staaten erëm fäerdeg fir hir Staatspabeieren ze verkafen, an da bréngen déi, déi am zweete Maart Staatspabeieren ennërteneen échangéieren, och erëm fäerdeg fir Keefer fir déi Staatspabeieren ze fannen.

Dat stellt sécher, wann dat alles opgeet, klappt mech net fest op der Performanceobligatioun vun all deem wat mir hei probéieren ze maachen, da brénge mir et fäerdeg d’Liquiditéiten an de Maart vun de Staatspabeieren oprechtzehalen, da brénge mir et fäerdeg den Zougang vu Staaten zu dem Staatsobligatiounsmaart hierzestellen. Alles dat geschitt selbstverständlech nëmmen ënnert bestëmmten Oplagen, an déi Oplage si fir déi Länner do, datt musse déi lännerspezifesch Recommandatiounen, et ass ähnlech wéi bei de präventive Kreditlinnen, mussen observéiert ginn, déi vun der Kommissioun, a vum Conseil européen editéiert gi sinn, an datt d’Strukturreforme selbstverständlech musse virugefouert ginn.

Drëtte Punkt op der Agenda vum Conseil war d’Ausernanersetzung mam Rapport vun de 4 Presidenten. Den éischten Deel behandelt an deem Rapport vun Draghi, Van Rompuy, Barroso a Juncker, een integréierte Finanzkader. Do geet et em d’Bankenopsiicht, ech muss dat vläicht elo net am Detail nach eng Kéier soen, ech hunn do Interventiouns-méisseg gesot wat dat ass. Mä wichteg fir eis ass, datt d’Europäesch Zentralbank dat mécht.

D’lëtzebuergesch spezifescht Problem ass, 14 vu 17 Länner vun der Eurozon hunn d’Bankenopsiicht bei der zentranbank, bei der nationaler Zentralbank. Lëtzebuerg net, well mir en Distingo maachen CSSF, Bankenopsiicht an d’Zentralbank, mir musse kucke wéi mir dat an d’Fassong kréien.

Deen zweeten Deel vun deem integréierte Finanzkader ass, datt mir eng europäesch ausgewielten Einlagesécherung wëlle maachen, Garantie de dépôts. Déi Iddi vun deene 4 Presidenten trëfft net op d’Zoustëmmung vu jiddwerengem, well och vill Leit soen, wat ech novollzéie kann, firwat solle mir Däitscher bezuele fir déi Feeler vun der spuenescher Bank, oder firwat solle mir Lëtzebuerger bezuele fir d’Feeler vun enger belscher Bank, mir hunn dat jo am Kader vu Kaupthing hei intensiv genoss, wéi wäit datt d’Solidaritéit vu villen hei zu Lëtzebuerg och bereet ass, ze goen. Mir si gäre Finanzplaz, a mir suckele gären, mä mir sinn awer net gären eng Finanzplaz déi och gëtt. Mä dat musse mir also am Detail kucken. Ech halen dat fir eng wichteg Saach, besonnesch déi d’Finanzplaz Lëtzebuerg, wann dir emol kuckt, d’Étendue vum Finanzsecteur zu Lëtzebuerg par rapport zu eisem PIB, da wëll ech iwwerhaapt net weider schwätzen, wann ech mir virstelle wat do alles ka geschéien. Mir mussen dat, wéi ech mengen, a Kommissioune mam Finanzminister am Detail bespriechen.

Ech halen dat net fir eppes wat ganz séier kënnt, mä wat awer muss lues a lues opgebaut ginn, grad wéi de Bankeresolutiounssystem muss lues a lues opgebaut ginn, wat geschitt wann eng Bank restrukturéiert gëtt, wéi gëtt dat ofgewéckelt. Dat kascht schrecklech vill Geld.

Ech sinn der Meenung, datt prioritär d’Banke mussen déi Resolutiounssystemer aus eegener Kraaft finanzéieren, well een décemment net dem Steierzueler déi Bürde do kann operleeën.

Den zweeten Deel vun deem 4 Presidente Rapport dee betrëfft den integréierte Budgetskader. Dat hu mir zum Deel am Kader vum Six-pack a vum Two-pack. Ech loossen och elo d’Explikatiounen do ewech, dat ass iech bekannt.

Wat déi 4 Presidente virschloen ass, datt pro Land ee Plafong fixéiert gëtt all Joer wéi wäit datt ee Land sech kann nei verschëlden, fir datt mir déi Verschëldungsproblematik am Zesummespill mat all deenen aneren Instrumenter, Six-pack, Two-pack, de Stabilitéitspakt an de Grëff kréien. An nëmme wann ee Land eestëmmeg autoriséiert gëtt méi Emprunten opzehuele wéi et préalablement autoriséiert kritt huet vun deenen anere Staaten, kann et méi wäit goen.

Dat ass also an deene graffen Zich, an den Haaptdimensiounen a Parameteren eng quasi Vergemeinschaftung vun der Budgetspolitik, fir datt mir wësse wouriwwer mir hei schwätzen. Mä wann zevill Länner sech masslos verschëlden, ouni datt mir Duerchgräifméiglechkeeten hunn, Korrektivméiglechkeeten hunn, da leide mir alleguer dodrënner.

D’Solidaritéit wëllt, datt d’Soliditéit vun deenen déi eng Tendenz hu sech ze iwwerverschëlden, organesch esou gefaasst gëtt, datt déi déi musse Solidaritéitsleeschtung bréngen, och kënne matschwätzen, wann et em d’Organsisatioun vun der Soliditéitsleeschtung an eenzelne Länner geet, ouni datt dat op d’Käschte vu Wuesstem, op Käschte vu Beschäftegung, a vun anere sozietalen Ziler geet, déi ee selbstverständlech muss am A hunn.

An nëmme wann dat alles geschitt, kann een iwwer Eurobonds schwätzen. Ech mengen net, ech mengen, et kënnt ee schonn éischter doriwwer schwätzen. Mä ech muss zur Kenntnis huelen, datt net onwiesentlech Player an deem europäesche Concertssall do mengen, et misst ee fir d’éischt dat, an dat, an dat, an dat maachen, iert een iwwer Eurobonds ka schwätzen.

Ech wëll iech hei just nach eng Kéier meng Iwwerzeegung soen, "das kommt", well ech fannen, datt wann een de Länner Oplage gëtt, wann een d’Länner ënnert Zwang stellt, ouni datt een d’Länner wëllt quälen, well dat muss einfach sinn, well et kann een net d’Scholden an d’Defiziter duerch nei Defiziter, da muss een och iergendwann bereet sinn, wann d’Haftung organiséiert ass, d’Konsequenzen a Form vu Solidaritéitscoleeschtung ze leeschten.

Drëtte Punkt vun de 4 Presidenten, d’Signal ass, d’Stäerkung vun der demokratescher Legitimitéit. Dat ass e reelle Problem, dat ass ee ganz eeschten Demokratiesubstanzproblem. Déi national Parlamenter, dir och, hunn d’Gefill elo geschéie Saachen, a mir gesinn net richteg wat do geschitt. Et gëtt keng euro-parlamentaresch Kontroll, well d’Zoustännegkeete sinn nach net do, si missten do sinn, mä si sinn nach net do. Ech sinn der Meenung, datt à très moyen terme d’europäesch Parlament muss eng Euroformatioun kréien, wou just déi Deputéierte sëtzen déi an den Eurolänner sinn, well ech net wëll, datt d’Schweden an d’Englänner, neen, datt d’Englänner an d’Schweden décidéiere wat do ze geschéien huet.

Mä onofhängeg dovun wollt ech hei am Numm vun der Regierung soen, datt parlamentaresch Kontroll muss sinn. D’Regierungen dierfen an deem Beräich do net maache wat si wëllen, ouni datt déi Entscheedungen déi si treffen, demokratesch legitiméiert sinn, dat heescht parlamentaresch ofgedeckt sinn. Dat ass eng essentiell Festleeung, déi mir an der Regierung getraff hunn, an dofir wäert de Finanzminister, oder ech mech ëmmer hei presentéieren an de Kommissiounen, oder hei bannen, ech soen ëmmer Kommissiounen, well fir ëmmer esou am Plenum déi Saachen do ze hantéieren, dat kann eventuell maartschiedegend sinn, ëmmer presentéieren iert eng Décisioun am Kader vum ESM geholl gëtt. An och wann déi Décisiounë bis geholl gëtt, och erëm hei Rechenschaft am Parlament ofleeën, well déi éischt Kompetenz vum Parlament ass eng budgetär Kompetenz, ee Parlament huet an alle Fäll e Recht ze wëssen a wat fir eng Richtung datt d’Staatsfinanze sech entwéckelen. An dofir gëtt et natierlech eng iwwer den nationale parlamentaresche Wee ze organiséierend Rechenschaftsflicht vun de Regierungen, a vun eiser Regierung, an dat wëlle mir och maachen no Modalitéiten, déi mir ouni all Zweiwel matenee wäerte kënnen déterminéieren.

Ech géif iech just bieden, iech net vun allen Einflüss doran vun där anerer Säit vun der Musel do elo allzevill a Bewegung bréngen ze loossen. Well mir hätte scho vill Décisioune vill méi fréi kënnen huelen, wa mir net parlamentaresch Bremsen an eenzelne Länner gehat hätten. D’Finanzmäert beschléissen an enger Zéngtelsekonn, a mir dréinen dräi Méint, an dofir lafe mir de Finanzmäert pausenlos no.

Mä ech trauen eis zou, als Lëtzebuerger - déi jo méi verstänneg si wéi déi aner, dat ass meng Meenung, ech soen dat net nëmmen esou, jo dat ass meng Meenung, mir si méi verstänneg wéi déi aner, gleeft mir dat - wa mir ënnerteneen e Modus vivendi fannen, wéi déi Décisiounë kënnen hei parlamentaresch ofgeséchert sinn, da wäerte mir net bei de Bremser sinn, mä bei deene sinn, déi dofir suergen, datt d’Saachen erëm, wéi et sech gehéiert, an d’Fassong kommen, well si mussen an d’Fassong kommen, well eise Kontinent ass existenziell, vun der Zukunft hier betruecht, op d’Finanzstabilitéit an op d’Weiderféierung vum Euro ugewisen.

Well an enger Welt, déi ëmmer méi grouss gëtt, an an där Europa ëmmer méi kleng gëtt, ass dat eenzegt Pond mat deem mir kënne wucheren, dat ass iwwerhaapt kee lëtzebuergescht, eis gemeinsam Währung. Dat eenzegt wat Europa staark mécht an der Welt, ass eis gemeinsam Währung. Mir hu keng Arméi, mir hu keen demokratescht Gewiicht, mir hunn ee Wirtschaftsgewiicht dat ofhëlt, dat eenzegt wat eis staark mécht, ass ee gemeinsamt, kohärent, monetärt Optrieden an der Welt. Nëmmen dat gëtt eis déi Force, déi mir mat anere Moyenen nach net kënne bestreiden

All Gespréicher, ech hunn iech dat schonn eng Kéier gesot, déi mir am Kader vum G-7, un deem ech deelhuelen, féieren, sinn iwwerhaapt keng Gespréicher zu 7, mä et si Gespréicher zu dräi, d’Amerikaner, d’Europäer an d’Japaner, Groussbritannien huet eng regional Monnaie, déi spillt am internationale Concert keng Roll.

Mä wa mir wëllen erëm manner ginn, wéi dat wat an der belsch-lëtzebuergescher Associatioun waren, da solle mir deene Recht ginn, déi déi Währung hei wëlle futti maachen. Mir wëllen dat net, an ech maachen alles fir dat ze verhënneren.

Mir haten eis och ze beschäftege mat den nationale Recommandatioune vun der europäescher Kommissioun un déi eenzel Memberstaaten. Ech gesinn Här President, ech weess iwwerhaapt net wéivill Riedezäit datt ech hei hunn, dat musst Dir mir ëmmer virdrun [gëtt ënnerbrach]

Laurent Mosar: Dir kënnt haut profitéieren, déi ass net limitéiert.

Jean-Claude Juncker: Dat hätt Dir mir net dierfte soen, Här President. Ech wëll am Telegrammstyl soen, mir hu lännerspezifesch Recommandatiounen. Dir kennt de Mechanismus am Kader vum europäesche Semester, wou d’europäesch Kommissioun de Länner am Kader vun der gemeinsamer Wirtschaftspolitik, mir sinn net nëmmen eng Währungsunioun, mir sinn och eng Wirtschaftsunioun, virschreift wat se ze maachen hunn an deem nächste Joer

Déi Recommandatiounë kommen, déi sinn unzehuelen à moins datt sech - an ech Geck hunn dat selwer proposéiert muss ech soen - eng renverséiert qualifizéiert Majoritéit dogéint wier. Dat heescht, datt eng renverséiert qualifizéiert Majoritéit vu Memberstaate seet, d’Kommissioun huet Onrecht.

Dat hu mir proposéiert, den Här Frieden an ech, den Här Asselborn och op sengem Niveau, well mir wollten déi grouss Länner ausbremsen, well déi kréien ganz séier am normale Kader vun der Prozedur an Europa eng blockéiernd Minoritéit zoustan. Mir wollten dat ëmdréinen.

Tjo, dat huet d’Kommissioun falsch verstanen, well déi huet sech haaptsächlech mat Lëtzebuerg a mat anere Länner beschäftegt. Esou richteg ass déi Ausso net, well wann dir emol noliest wat déi lännerspezifesch Recommandatiounen, un déi ee sech muss hale fir déi Hëllefen ze kréien, déi ech virdru beschriwwen hunn, Italien a Spuenien mussen halen, dat ass net aus Pakpabeier, a geet vill méi wäit, wéi dat wat eis proposéiert gëtt.

Mä bei eis huet d’Kommissioun sech capriciéiert op d’Renteproblematik, an op d’Indexéierungsproblematik. D’Ministeren hunn, virun allem de Finanzminister am Ecofin hefteg do dogéint, et hätt een dem Här Frieden jo guer net zougetraut, datt hien esou mat Todesverachtung sech géif an d’Lanze vun deene geheien, déi den Index wëllen ofschafen. Mä hien huet dat awer gemaach, an en ass och zimlech zerstach aus där Debatt erëmkomm. An ech hunn dat nogeliest wat hien do gesot huet, an ech hu selten esou een iwwerzeegende Plädoyer fir d’Indexéierung héiere wéi den Här Frieden, wann en an europäesche Kreesser zu där Thematik do optrëtt. Ech hunn dat millimetergenee widderholl.

Bei de Pensioune seet d’Kommissioun, déi Reform déi den Här Di Bartolomeo do virschléit, dat soe se net esou, déi geet net wäit genuch. An dir musst déi Préretraiten ofschafen. Ech sinn och der Meenung, datt mir Préretraites-elementer hunn, déi ee muss ofbéien.

Ech hunn awer just den Här Barroso gefrot, wat hie géif mat engem maachen, engem Aarbechter oder Beamten, dee mat 58 Joer zu Schëffleng oder zu Rodange schafft? Wou hien déi géif hischécken? Ech schwätzen hei net iwwer d’Finanzéierung vun der Préretraite, do ass meng Meenung bekannt, wann och net gedeelt. Mä ech schwätzen dovun, schécke mir deen op d’Bankplaz, schécke mir deen op d’Strooss, déi Aarbechte maachen déi en op Grond vun der Dignitéit déi eng liewenslänglech Stolaarbechtercarrière matsechbréngt, net maache kann an net maache wëllt? An dofir sinn ech der Meenung, datt een net pauschal ka soen, all Préretraite-systemer mussen ofgeschaaft ginn. Wann ee Betrib zoumécht, muss een d’Préretraite-ajustement als eng Kompensatiounsbréck fir gebrache Carrièren oprecht erhalen.

An der Indexéierung hu mir am leschte Joer, mat enger breeder Zoustëmmung heibannen, eng Moduléierungsreform gemaach. Et kann een nun décemment net d’lëtzebuerger Politik ëmmer méi wäit dreiwen, andeem ee seet, schwätzt emol einfach mat äre Sozialpartner do driwwer, an da kuckt dir emol wéi wäit datt dir kommt. Mir kommen net méi wäit de Moment, an dofir wëlle mir net méi wäit goen.

An dofir hunn ech, andeem ech déi lännerspezifesch Recommandatiounë generell ugeholl hunn, eng Protokollerklärung gemaach, wou mir soen, dat do géife mir net esou gesinn, am mir géifen eis zu Lëtzebuerg ledeglech dofir asetze fir am Gespréich mat de Sozialpartner, an an deem mir national Praxisen respektéieren, a Richtung Lounmoderatioun eis wëlle bewegen.

Dat hunn ech och zu Protokoll ginn, an hunn d’Kommissioun opgefuerdert fir d’nächst Joer eng aner Démarche ze adoptéieren, fir virdrun mat mir, mam Wirtschaftsminister, mam Finanzminister, mam Aarbechtsminister iwwer déi Saach ze schwätzen anstatt einfach do een Iwwerrumpelungs-, Hauruckmanöver do rabaukenhaft duerchzeféieren. An ech hu mat gréisster Satisfactioun zur Kenntnis geholl no deem Plädoyer, datt d’Kommissioun och zu Protokoll ginn huet, et ébranléiert mech, d’Verve mat där mir do argumentéiert hunn a verschiddenen Instanzen, datt si och der Meenung wier, datt d’Lounindexéierung ee System wier, deen net systematesch kënnt ofgeleent ginn. The commission makes clear, that it does not oppose wage-indexation-mechanisms as such.

Mä seet d’Kommissioun, wa se inflexibel wieren, wat eise jo net ass, well mir dat ëmmer hei arrangéiert kréien, da kënnt dat eng Gefor fir d’Wettbewerbsfäegkeet sinn. A vu datt mir jo ëmmer hei Arrangementer fannen an der Tripartite oder hei am Haus, hei am Haus oder an der Tripartite, misst d’Kommissioun fir d’nächst Joer déck zefridde si mat deem wat mir do maachen. Mä ech hale fest, datt d’Kommissioun erstmaleg de Réck dréint där ideologescher Virfestleeung, datt een Indexéierung vu Léin a Gehälter prinzipiell misst ofleenen.

Bon Här President, soll ech elo nach eppes soen iwwer dat wat mir am Beräich vun der Energie nucléaire festgehalen hunn? Do war d’lëtzebuergesch Regierung bei deenen déi d’Kommissioun vivement encouragéiert huet de Prozess, déi Evoluatiouns- a Studieprozesser net ofzeschléissen, mir sinn der Meenung, datt do nach weider Efforte musse gemaach ginn, während 15 anerer der Opfaassung waren, elo wier et Schluss, an da wéisste mir jo wou mir dru wieren. Mir hunn d’Kommissioun encouragéiert hir Tester, an hir Évaluatioune virunzeféieren.

A Dir hutt mat Satisfactioun zur Kenntnis geholl, datt et eis gelongen ass, obschonn inhaltlech op wackelege Féiss, enger Gesamtregelung fir d’europäesch Patent, den europäesche Brevet ze kréien. Dat war fir eis insofern wichteg, wéi mir zënter Joeren drop drängen, datt d’Cour d’appel a Saache Patentrecht misst zu Lëtzebuerg installéiert ginn, wat dann och elo effektiv esou de leschten Donneschdeg a Freideg no enger Debatt vun 18 Stonnen, décidéiert ginn ass. 18 Stonnen, déi ech iech weder an hirem Faarwerythmus nach an hirer Lautstäerkt am Detail hei konnt viruginn. Ech soen iech Merci fir är exzessiv Gedold.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact