Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Discours > Décembre 2012 > Jean-Claude Juncker devant la Confédération luxembourgeoise du commerce (clc)

Discours
Jean-Claude Juncker devant la Confédération luxembourgeoise du commerce (clc)
05-12-2012

Vers le niveau supérieur

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,
A fir vill vun Iech, léif Frënn.

Ech hu mir ni Illusiounen iwwer dat Schicksal gemaach, wat d'Lëtzebuerger mir wënschen an dofir weess ech, datt et der ganz vill gëtt déi mech gär géifen op de Mound schécken. Ech wosst net, datt der esou vill wollte matfléien. An ech huelen dat als den endgültege Beweis fir eng Zäertlechkeet déi net méi ze bremsen ass, datt der esou vill wëlle matfueren.

Um Mound ass ee séier, mä erëm zréck, dat dauert méi laang. An dofir géif ech häerzlech drëm bieden, datt ech déi Rees ganz gutt [ondäitlech] kréien.

Et wier scho gutt, wa mir e gutt Stéck méi wäit an der Groussregioun géife kommen. Et wier scho gutt, wa mir e ganzt Stéck méi wäit an Europa an am Rescht vun der Welt géife viru kommen. Mir brauchen net bis op de Mound ze fléie fir méi glécklech ze ginn.

Elo ass d'Politik net zoustänneg fir d'Gléck vun de Leit, si ass emol net zoustänneg fir d'Zefriddenheet vun de Leit. Si ass eigentlech zoustänneg dofir, datt d'Bedéngunge stëmmen, an deenen an ënner deenen d'Leit an engem Land musse liewen.

An dofir hunn ech déi katastrofal Entwërf och net extra gär, déi dra besti fir eis méi schlecht ze maache wéi mir sinn. Am Gerry senger Ried waren eenzel negativ megaloman Beschreiwunge vun enger Wierklechkeet déi net noutwennegerweis déi vun heiheem ass. Et kann ee sech net engersäits driwwer bekloen, datt d'Vertrauen ofhëlt, datt d'Méfiance sech installéiert, datt d'Konsumloscht ofhëlt, a gläichzäiteg d'Situatioun zu Lëtzebuerg esou beschreiwen, wéi wa mir hei an deem gréissten Aarmenhaus wiere wat jeemools an Europa ze besichtege gewiescht wier.

Wann Dir de Leit dauernd sot et geet schlecht, an de Leit dauernd sot et geet nach méi schlecht, da braucht Dir Iech net ze wonneren, datt se net an Är Geschäfter kommen. Dofir géif ech emol drëm bieden, datt ee realistesch beschreift, mä net en Hang zu iwwerdramaturgeschen Opzeechnunge vun enger Situatioun kënnt, déi et an där Form wéi et heiansdo beschriwwe gëtt, net gëtt.

Ech maache mir, well ech och keng méi wëll verléieren, keng Illusioune méi iwwer dat wat méiglech ass, an iwwer dat wat ee ka fäerdeg bréngen. Mä ech maache mir eng Virstellung iwwer dat wat ee kann zesumme maachen. A fir datt ee kann zesumme gutt schaffen an zesummen d'Saache bewegen, muss een aus der Mentalitéit vum Kale Krich eraus, déi well zu Lëtzebuerg herrscht. Keen ass méi bereet deem aneren nozelauschteren.

Wann ech liese wat d'Patronatsverbänn iwwer d'Gewerkschafte schreiwen, a wann ech liese wat d'Gewerkschaften iwwer d'Patrone schreiwen, da mengt een dat wieren 2 Welten déi einfach net méi beieneen ze féiere wieren.

Or, elo wësse mir, datt mir 500.000 Prachtexemplaren um Territoire bestaune kënnen, déi ronderëm eis, déi mierken och guer net, datt mir 500.000 Prachtexemplare sinn, mä déi mierken awer gutt, datt mir nëmmen zu wéineg sinn. A wann een net zu vill ass, da soll een ophalen dauernd openeen ze schéissen, da soll ee probéiere sech net noutwennegerweis op de Mound ze schéissen, mä an déi selwecht Richtung ze zielen.

Dat maache mir net zu Lëtzebuerg. Et ass e bëssen einfach, fir net ze soe bëlleg, fir ze soen, d'Politik soll d'Saachen arrangéiere wann déi déi se betreffen net méi amstand si mateneen ze schwätzen. An dofir engersäits ze soen, de Staat soll sech packen, e soll sech méiglechst vill eraus halen aus allem wat wichteg ass, a gläichzäiteg ze bekloen, datt wann déi aner näischt fäerdeg bréngen, datt de Staat dann alles muss maachen, dat sinn 2 Positiounen déi fundamental net beienee passen.

Zu Lëtzebuerg war et ëmmer esou, fundamental kann dat sech och net änneren an engem klenge Land, datt d'Sozialpartner mateneen, an d'Sozialpartner mat der Regierung a mat dem Parlament, evidenterweis, musse probéieren d'Saachen esou ze uelegen, d'Gäng esou un d'Goen ze kréien, datt mir vun der Plaz kommen.

Ech fanne mech eigentlech schlecht domat of, datt d'Land beschriwwe gëtt wéi wann et sech an engem totale Stëllstand géif befannen. Dat huet, déi Impressioun déi awer do ass, huet och vill mat mir ze dinn. Well ech mir eigentlech net Zäit genuch kann huelen, mä dat geet, verloosst Iech do drop, geschwënn ganz besser.

D’Politik ass an engem Erklärungsnoutstand. Do ginn ech dem Gerry Recht. A si stellt sech deem Erklärungsnoutstand net, well se sech net Zäit hëlt fir ze erklären. Mir erklären net, a wat fir enger Welt datt mir liewen. Obscho jiddweree weess, a wat fir enger Welt datt mir liewen. An déi Welt déi verännert sech dramatesch. An déi dramatesch Bouleversementer déi mir an der Welt observéieren, déi kommen natierlech stéckelchersweis och zu Lëtzebuerg un, obschonn déi eigentlech grouss Problemer déi mir hunn, an déi op d'Mënschheet duerkommen, an déi selbstverständlech eis och op eng direkt, wahrscheinlech dramatesch Aart a Weis, wäerte betreffen, emol nach guer net an d'Rechnungen déi gemaach ginn opgeholl ginn.

Mir liewen net nëmmen an engem klenge Land, mir liewen och op deem klengste Kontinent deen et gëtt. Europa ass dee klengste Kontinent. Mir féieren eis op, andeems mir eis opblosen, wéi wa mir d'Häre vun der Welt wieren. Dat si mir scho laang net méi. Dat si mir wirtschaftlech net. 80% vum Wuesstem deen et iwwerhaapt nach an der Welt gëtt, deen entsteet ausserhalb vun der Europäescher Unioun. Während virun 10 Joer nach d'Europäesch Unioun deen eigentleche Wuesstemsmotor vun der Weltwirtschaft war.

Mir ginn och ëmmer manner zahlreich. Um Ufank vum 20. Joerhonnert, vun alle Leit déi deemools gelieft hunn, waren et 20% Europäer. Am Ufank vun dësem Joerhonnert waren nach 11% vun den Awunner Europäer. An der Mëtt vun dësem Joerhonnert gëtt et nach 7% Europäer an um Enn vun dësem Joerhonnert, dat erlieft net jiddwereen heibannen, do si mir nach 4% Europäer op 10 Milliarde Mënschen.

A bei deene 4% Europäer vun 10 Milliarden muss een e staarke Glawen un d'Natioun hu fir ze mengen, mir géingen dann nach besonnesch opfalen.

Dat maache mir net. Well wéi ech viru Joere gesot hunn, mir géingen op de 700.000 Awunner-Staat lassgoen, do ass jo e fuerchtbart Gejäiz lass gaangen. Mir sinn um gudde Wee dohin. Mä 700.000 vun 10 Milliarden, dat ass iwwerbléckbar.

An dofir muss ee wëssen, mir liewen op engem klenge Kontinent. Op deem klenge Kontinent liewen ëmmer manner Mënschen. An op deem klenge Kontinent ass deen Differential, deen Delta dee mir duerstellen, wann et net deen ass vu Qualitéit, vu Kompetenz, vu besser-maache-kënne wéi déi aner, riskéiere mir ënnerzegoen.

Aus deem Befund eraus, deem säin Hannergrond net beliicht gëtt, komme vill Leit heiheem och zur Conclusioun, et misst een e bësse manner Europa maachen. Aus dem Zuelewierk wat ech Iech virgedroen ergëtt sech A + B, datt wann d'Europäer net méi no beienee réckelen, datt dann och dat klengste Land an Europa keng Chance méi huet, an déi grouss Länner och net.

Et gëtt keng grouss Länner méi an Europa. Et gëtt der nach 2, 3 déi dat mengen. Mä si sinn awer déi eenzeg déi dat mengen. Ech hunn dat scho gesot wann ech, wann ech zu Peking sinn, oder soss, de chinesesche Premier éierens begéinen, de Komerod Wen – ech léieren elo de 5. chinesesche Premier kennen, mä ech ginn ëmmer gewielt, dat kann ee bei hinnen net esou genau soen – dann huelen ech deen ëmmer mam Aarm an da soen ech, Wen, Komerod Wen, kuck emol, wann s de bedenks, datt s du an ech, datt mir 2 hei een Drëttel vun der Mënschheet representéieren! Da laacht en u sech net, well et ass jo net falsch. A wann en d'Madame Merkel mat der Schëller géif huelen – déi géif sech dem Geste wahrscheinlech entzéien, ech si jo am Ëmgang mat Kommuniste méi zäertlech wéi d'Madame Merkel – da wier dee Saz och nach ëmmer wouer, well och déi 80 Milliounen Däitscher falen net op bei 1,3 Milliarde Chineesen a mat iwwer 1 Milliard Inder.

Haut ass Amerika an Europa e groussen Deel vum Weltwirtschaftsprodukt. Dat ass an 10 Joer eriwwer. An 10 Joer iwwerhëlt China souwuel Europa, wéi och Amerika. An 10 Joer duerno iwwerhëlt Indien souwuel Europa, wéi Amerika, wéi China. Dann hu mir iwwer Brasilien an anerer, déi och mat de Féiss schären, net geschwat, a firwat datt mir eis dogéint solle wieren, ass mir eigentlech éierlech gesot schleierhaft.

Wou steet eigentlech geschriwwen, d'Sonn dierf just op 500.000 Prachtexemplare schéngen, an déi aner kéinten Honger leiden, kéinten nokucke wéi mir de Räichtum net schafen, alleng, mä wéi mir de Räichtum hei op eng relativ egoistesch Aart a Weis verdeelen. Dofir sinn ech och regelrecht negativ impressionéiert wann ech an der Chamber an op anere Plazen héieren, aus Grënn vun Haushaltskonsolidéierung, d’Plädoyere sech ofwiesselen, datt mir och d'Entwécklungshëllef sollen no ënnen upassen. Si mir vum Lämmes gebass, datt mir mengen, elo well et eis e bësse méi schlecht geet, misste mir elo ufänken ze spueren mat deene Programmer déi mir an aneren Deeler vun der Welt entwéckelen, wou et de Leit fundamental net gutt geet? Also, déi Politik, déi kann een net änneren.

Wéi ech Budgetsminister gi sinn 1984, do huet d'lëtzebuerger Entwécklungshëllef 0,27% geleescht. Dat war e beschämend wéineg. Ech hunn dat mat aneren op 1% vun eiser Wirtschaftsleeschtung kënnen eropdrécken, dat ass eng vun den Haaptcharakteristiken déi op eiser Visitëkaart an der Welt observéiert ginn. Datt mir déi sinn, déi mat am meeschten Entwécklungshëllef leeschten. An och dat gehéiert zum Selbstverständnis vun engem Land. Ech hu léiwer mir ginn 1% vun eisem nationale Räichtum an d'Entwécklungshëllef, wéi datt mir 1% oder méi vun eisem nationale Räichtum duerch Waffenexport géife gewannen, wéi mir dat elo an anere Länner kënne feststellen. Et gëtt Ursaachen, firwat datt mir kënnen houfreg sinn op dat wat mir maachen.

Elo gëtt gesot, et fanne keng Reforme méi statt. Fir d'éischt muss een d'Welt richteg liesen an Europa richteg kucke fir ze wëssen, wat muss gemaach ginn.

Mir hunn e Budgetsproblem. Deen ass onverkennbar seriös. Mä dee Budgetsproblem ass natierlech a kengerlee Hisiicht vergläichbar mat de Budgetsproblemer déi déi Länner ronderëm eis an déi aner Länner an der Eurozon hunn. Dat soen ech mir an Iech net zum Trouscht, well ech weess, an ech hunn dat déi lescht Joeren erlieft, datt sech dramatesch Wiessel iwwer d'Nuecht kënnen erginn.

Irland, wat elo ee Land ass wat ënner engem europäesche Programm steet a sech mengem besonneschen Interessi kann erfreeën, dat war viru 4 Joer nach e Land wat Budgetsiwwerschëss hat. Viru 4 Joer nach. Et ass an der ganzer Welt, an och zu Lëtzebuerg och Reformen, Finanzplaz, an, an, an, maacht et wéi d'Iren. D'Ofhängegkeet vun den Iren hirer Finanzplaz géintiwwer war enorm grouss. Mä si ass net méi grouss wéi d'Ofhängegkeet vu Lëtzebuerg, der Finanzindustrie géintiwwer. Vun där ech frou sinn, datt mir se hunn, an déi, trotz Wënsch déi ëmmer iwwereg bleiwen, jo an und für sech e ganz gudden Job mécht, fir sech selwer fir d’éischt. D'Banke si jo keng philantropesch Instituter, wéi d'Lëtzebuerger oft mengen. Dat si Leit déi gär Sue verdéngen. A Gott sei Dank hunn se dee Geschäftssënn, well dovunner hu mir alleguer an engem groussen, en fait iwwerdriwwene Mooss bis elo kënne profitéieren.

Wann ee weess, datt d'Saache sech dramatesch kënnen änneren, stellt sech d'Richtegkeet vun der Politik eraus, déi iwwer laang Joeren drop ausgeriicht war, net all Suen déi mir kritt hunn direkt erëm an dee staatleche Konsum an a Sozialprogrammer auszeschëdden.

Deen Androck huet een natierlech, datt mir a gudde Joeren net genuch opgepasst hunn, mä dat ass awer net mat enger korrekter Lecture vun der Vergaangenheet an Aklang ze bréngen. Et gëtt heiansdo gesot, et ass och net ganz falsch, mä awer och net ganz richteg, wéi alles wat de Moment gesot gëtt net ganz richteg an net ganz falsch ass, et gëtt gesot, et ass schwéier Finanzminister ze si wann näischt méi an de Keesen ass.

Ech war Finanzminister, do waren nach vill Suen an der Keess. Ech kann Iech soen, et ass vill méi schwéier Neen ze soe wann een nach Suen an der Keess huet, wéi fir ze soen, ech hu keng Suen, d'Äntwert ass Neen. Et brauch iwwerhaapt kee méi bei de Luc Frieden ze goen, well Dir wësst jo direkt wat e gesot huet. Bei mir si se alleguer komm an alleguer, y compris d'Patronat, schwéier beleidegt Heem gaangen, wann ee gesot huet, dat do kann een net maachen, well spéiderhi weess een net wat ka geschéien.

Et gëtt gesot, ech kommen dorop zréck, et gi keng Reformen zu Lëtzebuerg gemaach. Méi richteg wier et ze soen, et ginn net déi Reforme gemaach déi mir gär hätten. Dat sinn 2 verschidde Saachen. Reforme maachen an déi Reforme maachen déi dësen oder dee gär hätt, oder déi Reformen déi dësen oder dee gär hätt net maachen, dat sinn 2 verschidde puer Schong.

Kuckt emol, 1999, dat war jo – elo hat ech bal gesot dat war jo net am leschte Joerhonnert, et war en fait awer am leschte Joerhonnert – do hu mir eng Reform gemaach a Saache Staatsbeamtepensioun. Scheinbar ka kee sech méi dorunner erënneren. Do hu mir d'Staatsbeamtepensiounen an engem luese Gleitflug, domat kënnt een net op de Mound, domat sinn ech d'accord, lues a lues de Staatsbeamten d'Pensioun ëm 17% erof gesat.

Mir sinn dat éischt Land an Europa gewiescht wat eng fundamental Pensiounsreform am ëffentleche Secteur gemaach huet, ënner Begleitëmstänn, un déi ech mech gutt kann erënneren. Well als Souvenir hunn ech mir dee Costume gehalen, deen ech unhat wéi ech deen Dag an d'Chamber gaang sinn. Deen hänkt um Späicher, esou datt een en net méi richt. Do waren Eeër drop, Tomaten drop an all Méigleches. Dat hat Dir nach ni. Esou geet dat wann ee Reforme mécht. Dir hat et nach net, well Dir hutt nogekuckt, anstatt Iech mat an déi Debatt do anzebréngen.

Mir hunn eng Reform gemaach vum Statut unique. Déi huet net onbedéngt jiddwerengem gefall. Mä aner Länner gi sech elo d’Klensch an d'Dier zu Lëtzebuerg fir ze kucken, wéi mir dat gemaach hunn.

Ech hu wéini eng Ried beim belsche Patronat gehal. Dat ass agréabel gewiescht, gutt gewiescht, well déi gesot hunn, also zu Lëtzebuerg do ginn d'Saachen awer wéinstens virun, do ginn déi richteg Saachen an d'Hand geholl, Dir bleift net einfach op Äre Problemer setzen, dir probéiert se ze léisen. Dir misst méi reesen, net op de Mound, et geet duer fir bis op Bréissel ze fueren, fir d'Land emol heiansdo ënner engem aneren Aspekt beschriwwen ze kréien.

Mir hunn an dëser Legislaturperiod, nieft der Budgetskonsolidéierung, op déi ech kommen, 2 grouss Reformen an Ugrëff geholl, 3 en fait.

Mir hunn – well vun enger neier Gouvernance geschwat gëtt, wat e wichtegt Stéchwuert ass, fir haut a fir muer – e Gesetzesprojet abruecht iwwer eng Reform vun der ëffentlecher Fonctioun. Déi net op breet Zoustëmmung trëfft, wann ech dat richteg gemooss hunn. Wou mir de Prinzip vun der Responsabilitéit vun eenzelne Beamten aféieren; wou mir de Prinzip vun der Evaluatioun vun de Beamten aféieren; wou mir d'Ufanksgehälter, do wou de Stage bezuelt gëtt wann ee bei de Staat kënnt, ëm bis zu 20% erofsetzen, well mir, dat stoung am Wahlprogramm vun der vorübergehend nach gréisster Partei vum Land, wollten deen Däiwelskrees briechen, deen doranner besteet, datt d'Lëtzebuerger, wa se an hire Pass kucken, fannen, si misste bei de Staat schaffe goen an an der Privatwirtschaft wier fir si keng Plaz. Dat ass des Däiwels, déi Astellung, fir onbedéngt wëlle bei de Staat ze goen, deen natierlech e gudde Patron ass, dee gutt bezilt an deen eng sécher Aarbechtsplaz bitt. Wourënner sech vill Leit net dat richtegt virstellen, wat dat heescht, eng sécher Aarbechtsplaz, an dofir kommen alleguer déi Changementer do, bis hin zu der Neibestëmmung wou gesot gëtt, datt dee kann e Mann oder eng Fra aus dem Staatsdéngscht entfernen, wa se et net bréngt.

Dat ass en Totalbroch mat der Basisphilosophie vum Beruffsbeamten, wat wéineg Länner bis elo an der Europäescher Unioun gemaach hunn a wat en dramatesche Wiessel an der Aart a Weis wäert mat sech bréngen, wéi am ëffentleche Secteur zu Lëtzebuerg geschafft gëtt. An ech sinn och dovun iwwerzeegt fir de Rescht, datt déi meeschte Beamten och domat averstane sinn – ech sinn zwar elo scho méi laang wéi ech gemengt hat, datt ech et wier, mä ech sinn awer kee richtegen, well ech hu keng sécher Aarbechtsplaz. Mech huet ëmmer gewonnert, datt déi Beamten déi gutt schaffen, an ech kennen der vill déi gutt schaffen, sech net méi iwwer déi opreegen déi net gutt schaffen. An dat ännere mir elo.

An dat ass keng Hetzjuegd op Beamten, dat ass einfach den Anzug vum gesonde Mënscheverstand an d’ëffentlech Fonctioun. Mä fir sech virzestellen, dat wier einfach, dat ass eng relativ romantesch Virstellung vu Gespréicher déi mir do ze féieren haten an déi mir awer konnten ofschléissen.

Dat hei ass déi éischt Legislaturperiod zanter dem 2. Weltkrich – well mir beim Spuere sinn, ech taaschte mech elo lues a lues un dat Thema erun – déi éischt Legislaturperiod zanter dem Krich wou et zu kenger Gehälteraugmentatioun an der ëffentlecher Fonctioun komm ass. Esouguer an den 1980er Joeren, wou mir d'Stolkris haten, wat eng schlëmm Kris war, déi awer iwwerhaapt net vergläichbar ass mat dëser Poly-Kris déi mir de Moment hunn, ass et zu regelméissegen Adaptatioune komm.

Mir hunn eng Rentereform, déi gëtt haut gestëmmt. Do liesen ech dann alles Méigleches, mä ech liesen néierens, datt et déi éischt Rentereform ass zanter dem 2. Weltkrich, wou net eppes bäikënnt, mä wou Weeër gewise gi wat ewech geholl gëtt, fir de Fall wou de ganze System sech iwwerschléit, de Kopplabunz schléit.

Mir hunn an dëser Legislaturperiod eng Kéier den Ajustement vun de Renten an de Pensiounen halbéiert a mir hunn en ausgesat, deen Ajustement vun de Renten a Pensiounen, deen op den nächsten 1. Januar, laut Gesetz quasi, misst erfollegen. Alleng dat bréngt eis eng Erspuernes am Staatsbudget vu 75 Milliounen Euro.

Mir hunn den Index moduléiert. Heibanne gëtt et der vill déi halen dat jo souwisou fir Schwachsinn, den Index. An et kann een sech och d'Fro stellen, wann et nëmmen 4, 5 Länner op der Welt gëtt a soss huet keen et, wien do Recht huet a wien Onrecht huet.

Mä mir hunn en. An do ass et net, datt mir soen, mir kucke mol a mir waarde mol of wat geschitt. Mir sinn an der Tripartite zu kengem Resultat komm, aus der Kaler Krich Mentalitéit, déi do op deenen 2 Säiten herrscht an déi kengem zur Éier gereecht.

Elo huet d'Regierung eng Décisioun geholl an d'Chamber huet am Januar e Gesetz gestëmmt. Déi éischt Indexmodulatioun déi mir gemaach hunn, ouni e Resultat oder e Verhandlungsresultat an der Tripartite kënne virzeweisen. Den Här Werner hat dat och eng Kéier 1983 gemaach, dunn ass déi Indexmodulatioun, déi mir deemools gemaach hunn, no der Ofwäertung vum belsch-lëtzebuerger Frang, mat engem Generalstreik begleet ginn, während dat dës Kéier net de Fall war.

Doduerch datt mir also d'Uwuesse vun der Gehältermass am Joer 2012 ofgebremst hunn, an doduerch datt mir – Stéchwuert aus dem Gerry senger Ried – Sécherheet geschaf hunn, wat déi grouss Parametere vun der Lounevolutioun déi nächst Joeren ubelaangt, well mir soen, egal wéi d'Inflatioun ass, déi nächst Indexupassung, wann d'Inflatioun dann 2,5% ass, ass den 1. Oktober 2013. Déi lescht war den 1. Oktober 2012, déi nächst 2013, déi nächst 2014. Wa mir dat net gemaach hätten, hätte mir dëst Joer schonn 2 Indextranchen missten ausbezuelen.

Déi Indexmodulatioun hu mir mam Accord vun der Tripartite 2006 och scho gemaach gehat. Ech weess net, ob ech bis den nächsten Mëttwoch, do soll ech eng Budgetsried an der Chamber halen, Zäit fanne fir dat nach alles eng Kéier millimetergenee ausrechnen ze loossen. Mä ech rechnen dem lëtzebuerger Patron, deem et esou schlecht geet, emol eng Kéier ganz genau vir wat se vun 2006 bis 2013 an hirer Gehältermass gespuert hunn duerch déi successiv Indexmodulatiounen déi komm sinn. Ech rechnen och dem Finanzminister dat vir, well deen huet och vill dobäi gewonn, well jo ganz vill Leeschtungen am Budget indexéiert sinn a well souwisou d'Paien an d'Pensioune beim Staat och indexéiert sinn.

Mir hunn 2006, dat war nu wierklech net am leschte Joerhonnert, d'Kannergeld desindexéiert, de Congé parental desindexéiert, aner sozial Leeschtungen desindexéiert. Ech liesen heiansdo an der Publikatioun vum lëtzebuerger Patronat, mir misste mol iwwer d'Desindexéierung vun der lëtzebuerger wirtschaftlecher Gesellschaft nodenken. Ma si ass largement desindexéiert.

D'Leit hunn honnerte Millioune Kannergeld manner kritt duerch déi Desindexéierung déi mir gemaach hunn. An déi hu mir gemaach, fir datt mir kënnen d’Kannerbetreiungsstrukturen ausbauen. Hätte mir dat net gemaach, da wier duerch d'Indexéierung vum Kannergeld de kollektive Käschtepunkt an d'Lut gaang a mir hätte jo awer déi Kannerbetreiungsstrukture misste maachen. Also hu mir déi Politik gemaach, déi ech elo just beschriwwen hunn, an déi honnerte Milliounen en fait déi d'Leit kascht huet. Dat muss ech einfach soen, well dat ass esou. Déi honnerte Milliounen si geholl gi fir aner Deelberäicher vun der Gesamtpolitik kënnen ze finanzéieren.

Mir sinn amgaang eng Schoulreform ze maachen. Et ass jo net, datt dat um schlechte Wëlle vun der Ministesch oder vun der Regierung géif scheiteren, mä et ass eng Reform déi A + B beleet wéi onwahrscheinlech schwiereg et ass, zu Lëtzebuerg zukunftsorientéiert Reformen ze maachen. Do muss ee sech d'Welt virstelle wéi se an 20 Joer ass, fir ze wësse wat fir eng Schoul datt mir wëllen hunn.

Dat muss een akzeptéieren. Dat ass jo keng Beleidegung fir keen. Mir wëssen dat jo alleguer zesummen, datt déi Schoul sou wéi mir se haut hunn eben deem net méi gerecht gëtt wat muss entstoen an engem Land, vu fruchtbar-maachen, vun Talenter, vun Energie, vu Méiglechkeeten déi do sinn.

An et geet eben net an engem klenge Land fir einfach vu vir eran ze akzeptéieren, datt et Leit gëtt déi an der Schoul stieche bleiwen, aus ganz oft net hiren individuelle Grënn – do kann een näischt maachen – mä aus Ëmstandsgrënn, déi et awer gëtt an der Gesellschaft vun haut, wou déi klassesch Famill net méi besteet, wou d'Zersplitterung vun de Familljestrukture grouss ass; wou d'Zuel vun de Schlësselkanner wiisst a wou och vill Elteren – mä ech mësche mech do net an, well ech hu keng Kanner, dann halen ech léiwer de Mond. Et ass net, datt ech et net probéiert hat, mä ech wéilt awer dofir keng Lektioune ginn.

Mä et gëtt ganz vill Leit déi och fannen, d'Schoul wier do fir op hir Kanner opzepassen. Dat ass net den Objet vun der Schoul. D'Geschicht vun engem Succès am Liewen ass eng Kombinatioun vun deem wat doheem geschitt a vun deem wat an der Schoul geschitt.

An et ass och net esou, datt déi Reformen géifen drop verzichten, minimal Leeschtungsustrengung ze verlaangen, mä dach. D'Leeschtungsustrengung gëtt verbreedert. Si betrëfft all d’Acteure vun der Schoul, an d'Kanner net zulescht. Mä e klengt Land ka sech et net erlaben, datt all Joer aus iergendwelleche Grënn 700 Leit aus der Schoul kommen, déi guer näischt an der Hand hunn. Entweder et fënnt ee sech domat of, an dann ass een e Strukturkonservativen an e Reformverweigerer, oder et ass een domat d'accord, datt een d'Saachen esou an d'Hand hëlt, datt se vun der Plaz kommen.

Do kënnt Dir Iech och emol amëschen, an déi Diskussioun. Et geet jo ëm déi Leit déi herno an de Betriber solle schaffen. Woubäi d'Aufgab vun der Schoul net nëmmen doranner besteet, fir d'Leit op d'Beruffsliewe virzebereeden. D'Schoul ass net do fir Aarbechtsmaartathleten a grousser Zuel erunzebilden. Si ass och do fir wäertvoll Mënschen eruwuessen ze loossen, déi eppes kënnen, déi eppes gesinn, déi selwer denke kënnen, déi kritesche Geescht hunn, ouni deen een an engem Land wat souwisou vu Betribsblannheet bal erschloe gëtt, net auskënnt, wann een net Leit kritt déi iwwer sech selwer an iwwer dat wat ronderëm se lass ass, nodenken.

Mir hunn also 3 grouss Reformen amgaang. D'Schoulreform, d'Pensiounsreform, dat leeft de Mëtteg. Dat ass déi éischt Reform, Dir ënnersträicht dat eigentlech net genuch, déi éischt Pensiounsreform wou d'Pensioun an d'Renten net erhéicht ginn. Déi alleréischt. An do ginn ech net nëmmen zréck bis 1945, do ginn ech zréck bis an d'1920er Joeren. Déi alleréischt.

Dee Mentalitéitswiessel, deen dat viraussetzt, deen ass et net ginn, well mir haten eis dru gewinnt, datt et ëmmer eppes bäigëtt. Hei ass déi éischte Kéier wou net eppes bäikënnt a wou Weeër gewise ginn, datt wann et schif geet wat dann do ewech geholl gëtt.

Et kann een déi Reform ënnerschätzen, et kann ee soen, si geet net wäit genuch; et kann ee soen, mir hunn net eng Äntwert op alles, mä zumindest weist se de Wee an eng verännert Landschaft. Well d'Landschaft huet sech verännert.

De Budget. Do liesen ech jo dann, ënner prominente Fiederen déi och heibanne vertruede sinn, déi erstaunlechste Saachen.

Éischtens emol héieren ech vun der Regierung déi erstaunlechste Saachen, mä dat ass jo net u mir fir dat hei ze beschreiwen.

Mä wann esou gemaach gëtt, wéi wann do keen Effort, kee Konsolidéierungseffort dra wier, dat verréit awer trotzdem eng total Absens vu Brëller a vu Luppen. Dobäi brauch een d'Lupp emol net ze huelen fir dat ze gesinn.

Dir musst jo gesinn, datt an deem Budget fir d'Joer 2013 alleguer déi Spuerefforten déi vun 2006 u gemaach gi sinn alafen. Déi ginn do net all Kéier gesonnert opgefouert, well soss misste mir vill Kategorien do maachen. Dee Budget, deen e relativ héijen Defizit huet, net vergläichbar mat ronderëm, mä ëmmerhin, en héijen Defizit, deen erkläert sich. Deen ass ze héich. Mir sinn och beméit, weider Konsolidéierungsetappen dëst Joer a virun allem d'nächst Joer dotëscht ze drécken.

Deen erkläert sech ënner anerem, well zu Lëtzebuerg, nieft de lafenden Ausgaben, ech kommen op déi zréck, d’Investissementer ganz héich sinn.

Ech fannen dat, fir mech frëndlech auszedrécken, net korrekt – en fait fir grotesk falsch – datt Patronatsverbänn, d'Chambres professionnelles vum Patronat eis dauernd Aufsätz schreiwen, datt mir bei den Investitioune géife spueren.

Datt mir an eenzel Entrepreneuren hirer Täsch spueren, dat mag wuel sinn, mä d'Investitioune si wiesentlech méi héich wéi an iergend engem anere Land vun der Eurozon, wann ech d'Investitioune par rapport zum Bruttoinlandprodukt moossen. Si si méi héich wéi am Krisejoer 2009, wou mir se erop gesat haten duerch e kollektiven Tripartitebeschloss, niewebäi bemierkt, well mir geduecht hunn, wéi d'Wirtschaft sech negativ entwéckelt huet, mir missten onbedéngt an deem Joer 2 Saache maachen: méi Investissementer fir d’Ewechbrieche vun der privater Nofro, well dat net méi fonctionnéiert huet, duerch e Verstäerken vun der ëffentlecher Demande ze ersetzen; a fir gläichzäiteg Steiererliichterungen ze maachen, fir datt d'Kafkraaft géif erhale bleiwen.

Woubäi all kafkraaftkonzentréiert Politik zu Lëtzebuerg nëmmen eng relativ Bedeitung huet. Et ass net, wéi wann een eng Binnenpolitik kéint maachen, wéi et an engem grousse Land kéint de Fall sinn.

Mä mir hunn d'Steieren ëm ronn 900 Milliounen Euro dat Joer gekierzt, ofgesenkt, fir duerch d'Kombinatioun vun enger antizyklescher Investitiounspolitik an enger Verbreederung vun Revenus disponibles vun de physesche Persounen, niewebäi bemierkt och vun de Betriber well déi waren och Bénéficiaire vun där Reform, Méiglechkeeten ze schafen, datt eng gesamtwirtschaftlech Dynamik géif erhale bleiwen.

Trotzdem ass an dem Joer 2009, wou aussergewéinlech Efforte gemaach gi sinn, Lëtzebuerg vun enger Rezessioun heemgesicht ginn vu 5,3% bis 5,9%, jee nodeem wéi een dat kuckt. A well mir haut nach ëmmer net 100%eg erëm um Niveau, wat d'Wirtschaftskraft ubelaangt, vun 2008 sinn, wat largement ignoréiert gëtt a villen Debattëbäiträg zum Budget an zur Gesamtpolitik vum Land, hu mir déi Investissementer iwwer dem Niveau vum Krisejoer 2009 gehalen, an domat séchergestallt, datt Aktivitéiten a grousser Zuel kënne stattfannen.

Mir hu se souguer op eenzelne Punkte verstäerkt, wéi bei Albausanéierung a bei aneren Elementer, déi e méi sektoriellen Impakt bei den eenzelne Wirtschaftsacteuren zu Lëtzebuerg hunn.

Mir hu bei de Konsumausgabe vum Staat d'lescht Joer 60 Millioune gespuert an dëst Joer 60 Milliounen. 120 Milliounen. Konsumausgaben, dat sinn haaptsächlech d'Paien. Mir hunn awer bei all deem wat d'Bezuele vu Kommissiounen ass, vun Examenskommissiounen a vun anere Saachen ëm d'Halschent gekierzt, a mir hunn am Rescht vum Konsumgebahre vum Staat gekuckt wat een do maache kann.

Ech wëll Iech just soen, iwwer déi Konsumausgabe vum Staat gëtt geschwat wéi wann een net wéisst wat dat wier. Konsumausgabe vum Staat, esou liesen ech dat an de Budgetsrapporte vun de Chambres professionnelles vum Patronat, déi leien iwwer 1 Milliard. Dat ass natierlech falsch. Well do ass och dran de Budget vun der Eisebunn, do ass een Deel vun der Entwécklungshëllef dran, an dofir muss ee mol kucken, wann een iwwer Konsumausgabe schwätzt, wouriwwer schwätzt een dann eigentlech?

An dat sinn déi lafend Ausgaben, déi lafend materiell Ausgabe vum Staat. Déi hu mir gekierzt. Mir kënnen déi och nach kierzen. Wann de Staat 1 Joer laang keng Bicen, keng Bläistëfter, keng Computeren a kee Pabeier keeft, dann ass nach guer näischt geschitt. Dat sinn Aspuerunge fir déi brauch ee keng Phantasie.

Ech muss awer wëssen, wat geschitt dann an der reeller Ekonomie, wann een dat 2, 3 Joer hannertenee mécht. Ech sinn hei bei der Confédération du commerce, oder sinn ech hei beim Weltindustrieverband. Dir wësst dach ganz genau wat geschitt, wann de Staat, als deen deen ëffentlech Demande an de Privatbetriber kreéiert, sech aus där Fonctioun lues a lues zréckzitt. Dat kann dee 4, 5 Joer laang maache fir ze soen, elo hu mir esou vill Konsumausgabe gespuert. Mä Dir wësst awer ganz genau, wat dat dann a ville vun Äre Rayonen heescht.

Souwisou huet den Här Serge Allegrezza, deen ech hei begréissen, well et huet nach keen e begréisst, als Statec-Direkter ausgerechent, datt mir eng gelunge Regierung wieren, well doduerch datt mir elo esou vill géife spueren, géif de Wirtschaftswuesstem ëm 0,3% bis ech weess net wéivill, datt s de rausfonnt hues – dat ännert sech jo all 3 Wochen.

[Hilarité]

Jo, dat ass och net anescht méiglech. Dat ass keng Kritik, oder nëmmen e bëssen.

Wann de Staat spuert, wann e sech aus der Densitéit vun senge wirtschaftlechen Aktivitéiten lues a lues zréck zitt, dann huet dat selbstverständlech eng Wierkung an der Wirtschaft.

Et gëtt Relatiounen tëscht dem Staatsbudget an deem wat an der Ekonomie stattfënnt. An ech froe mech heiansdo, obschonn ech jo fundamental mat der Kritik d'accord sinn, datt mir nach net genuch konsolidéiert hunn, wa mir dat géife maache wat Eenzelner, och aus dem Patronatsmilieu, eis virschloen, wat dann d'wirtschaftlecht Gesamtresultat dovu wier. Och nach wann ech dat a Kombinatioun brénge mat deene Fangnetzer déi do am Sozialberäich sollen ausgehäit ginn, wou mir méiglechst vill sollen u Land zéien, wat scheinbar vergeudet gëtt. Dat geschitt och. Där Saache si scho komm, där Saache wäerten och nach kommen. Mä et muss een awer ëmmer de Gesamtimpakt gesinn.

An dat selwecht zielt och fir d'Steierpolitik. Et gëtt kee raisonnabele Grond, an och wann d'Confédération du commerce seet, si hätt raisonnabel Grënn, dann huet se nawell keng, fir d'TVA zu Lëtzebuerg op 15% ze loossen. Déi gëtt et net. Firwat si mir eent vun deene räichste Länner an der Europäescher Unioun, an der Eurozon, dat Land mat den niddregsten TVA-Sätz? Ech sinn och e gelungenen Hellegen, méi gelunge wéi helleg wahrscheinlech. Ech sëtzen do a menger Eurogrupp, Gottseidank net méi laang, a soen den Iren, de Portugisen, de Spuenier, den Italiener, de Griichen, wéi vill datt se hir TVA sollen no uewe setzen. A mir sëtzen do mat 15%.

Dat soen déi mir och heiansdo. Da muss een, wéi mäi Papp ëmmer gesot huet wa meng Mamm e vernannt huet, da musst de heiansdo e krommt Ouer maachen. Et däerf een net ëmmer alles héiere wat do gesot gëtt.

Dat ass net d'Absicht vun der Regierung, d'TVA ze erhéijen, mä et wär awer eng Fro mat där ee sech ze beschäftegen hätt, ob een dann net déi Mindestsätz déi mir hu soll erhéijen. Well zu Lëtzebuerg ginn d'Liewensmëttel an aner Saachen, an d'Kannerschung an d'Kannerkleeder, ech wëll dat net nach eng Kéier widderhuelen, mat 3% besteiert.

A selbstverständlech huet d'Fro sech gestallt, an engem Moment vu Verengung vun de Finanzkanäl, ob een déi niddereg TVA-Sätz net soll héijen. Ech war do dogéint. Anerer och. Awer an engem Moment wou, weltméisseg betruecht, d'Ernährungspräisser staark no uewe ginn – dat hu mir jo och gemierkt bei der Inflatiounsmiessung, Energie an Alimentatioun sinn déi 2 Produkter déi et wierklech an sech haten d'lescht Joer – fir dann och nach eng Steiererhéijung drop ze grefféieren, huet mir geschéngt, kann een net maachen.

All Mënsch awer, deen am Ausland eis Finanz- a Budgetssituatioun ukuckt, dee seet, firwat hutt dir déi niddereg TVA, firwat hutt dir esou niddereg Sätz. Bei Produkter wou déi aner Länner wiesentlech méi hunn.

Dat ass net déi Politik déi ech prekoniséieren. Mä datt mir awer iergendwann eng Kéier, nodeem mir déi Sätz 1991 festgesat hunn, eng Kéier kucke wat sech dann an der Welt verännert huet, an ob een net mat eenzelnen indirekte Steiere muss an d'Lut goen, dat ass eng Fro déi sech stellt. Si stellt sech net kuerzfristeg an net virun 2015 anyway.

Et gëtt ëmmer gesot, dat ass eng sozial ongerecht Steier. Ganz gerecht ass se och net. Mä de Staat ass se wéinstens sécher, à moins datt d'Geschäftsleit Schmu maachen, datt e seng Sue kritt. E brauch se net nozelafen, well do hëlleft Dir eis jo d'Steieren anzedreiwen, wat jo gentil ass.

Wann een zu Lëtzebuerg e Schëff keeft, bezilt ee 15% TVA drop. Et gëtt der jo déi Schëffer hunn. Oder en Auto keeft: 15% TVA. Een deen en décken Auto keeft oder e klengt Schëff, et muss ee schonn en Décke si fir e klengt Schëff ze kafen, firwat soll deen nëmme 15% bezuelen? Mä mir mussen awer een eenheetleche Regelsaz bei der TVA hunn, et gëtt also och sozial Grënn, distributiv Grënn, Gerechtegkeetsgrënn déi een dozou kéinte bréngen, wann een dat dringend misst maachen, fir déi Erhéijungen do virzehuelen.

Wollte mir awer net maachen, well dat och net an d'wirtschaftlech Landschaft de Moment gepasst hätt. An dofir huet dat sech eigentlech eisem Zougrëff entzunn.

Ech wëll just soen, datt et e wirtschaftspolitescht Raisonnement ass, wann ee Steierpolitik mécht, an net einfach en einnamebezunnent Raisonnement ass, wéi dat vereinfachent vun deenen déi et besser wësse regelméisseg duergestallt gëtt.

Mir mécht den Defizit keng grouss Suergen. Dach, e mécht mir Suergen, mä et ass iwwerbléckbar. Mir mécht d'Evolutioun vun der Staatsschold Suergen. Dat ass dat eigentlecht Thema mat deem mir eis musse beschäftegen. An déi läit relativ niddereg am Direktvergläich mat eisen direkten an déi entfernten Noperen, mä déi huet natierlech duerch d'net-Maîtrise vun der jäerlecher Dépense, elo esou eng Dynamik kritt, datt dat besuergniserregend ass.

Éischtens well eis Investissementer esou héich sinn, ass och d'Schold méi héich. Et ass net absurd, wann ee vill Investissementer huet, fir datt een zur Finanzéierung vun deene selwechten ëffentlech Schold ophëlt. Et ass dach normal, wann ech eng Bréck bauen oder wann ech nei Eisebunnsschinne leeën, datt déi nächst Generatioun, déi fuere jo och nach doropper, datt déi hëllefen dat mat ze bezuelen. Datt een also Investissementer zu engem Deel iwwer Emprunt finanzéiert ass keng Absurditéit, mä eng richteg Politik, esouguer eng Noutwennegkeet, well wann een dat muss aus lafende Mëttel ëmmer bestreiden, da mécht ee manner Investissementer.

Fréier, wéi d'Welt nach normal war, ass et eng gëlle Regel ginn: de Staat däerf net méi Schold hu wéi e Suen ausgëtt fir d'Investissementer. D'Investissementer mussen ëmmer méi héich si wéi déi Schold déi en ophëlt. Do si mir amgaang substantiell drun ze fréckelen, wat einfach weist, datt een déi Staatsschold muss erëm zréck an en normale [ondäitlech] féieren.

Ech hätt just gär bei der Erklärung vun der ëffentlecher Schold, datt een e puer Saachen net vergësst.

Déi héich Investissementer éischtens.

Zweetens, wa mir d'Banque Générale an d'BIL net hätte bräichten ze retten, dann hätte mir 2,5 Milliarde Schold manner. 2,5 Milliarde Schold, Serge, opgrond vun dengen neitsten Erkenntnisser, wéi vill Prozent vum PIB ass dat?

Serge Allegrezza: [ondäitlech]

Jean-Claude Juncker: Deng neist Erkenntnisser si falsch, well bei mir gëtt et 5%. Zum bessere Verständnes soen ech 5%. Déi hätte mir manner.

Et muss een also kucke bei der ëffentlecher Schold, wat ass eng berechtegt ëffentlech Sold a wat ass eng déi einfach aus Bequemlechkeet, aus net-Konsolidéierungseffort genuch entsteet?

Där gëtt et, mä do ass awer och dee ganze Pak Banque Générale dobäi. Hätte mir deemools, well mir keng Schold wollte maachen, well et jo och schlecht ass Schold ze maachen, solle soen, [ondäitlech] mat all deem wat dat mat sech bruecht hat, op der Bankeplaz, am Commerce, am Logement, op ville Plazen.

Also géif ech häerzlech drëm bieden, wann een iwwer d'Staatsschold schwätzt, déi mech och geheit, datt een awer een Distinguo bei der Appréciatioun vun den eenzelne Segmenter vun där Staatsschold mécht, ansonsten een zu engem wirtschaftspolitesche Gebahre kënnt wat net méi normal ass.

Mir mussen elo am Joer 2013, domat si mir iwweregens elo schonn amgaang, fir d'Joer 2014 weider Konsolidéierungsbeméiungen, net nëmmen an d'Aen faassen, mä se ausrechne loossen, se studéiere loossen. Woubäi ech just wëll soen, datt et déi einfach Methoden déi heiansdo beschriwwe ginn, de Staat soll alles an den Dépensen ëm 1% erofsetzen, oder ëm 10% ofsenken. Jo, esou kann ee vläicht e grousse Betrib sanéieren, esou kann een net an engem Land virgoen, wou ee mat Partner ze dinn huet, mat deenen ee muss schwätzen, mat deenen ee muss verhandelen. Esou kann een net virgoen an engem Land wou prozentual Kierzunge sech séier ënnerschiddlech auswierken op de Liewensstandard vun deene Leit déi dovu betraff sinn.

Einfach ze soen, d'Kannergeld soll ëm 10% gekierzt ginn, halen ech fir eng Iddi wéi eng aner, mä mir hunn et schonn de facto gekierzt, doduerch datt mir et desindexéiert hunn. D'Steiere sinn och an d'Lut gaang, doduerch datt mir déi och desinflationéiert hunn, zanter laange Joeren, wat net zu eisem normalen, fiskalen Habitus gehéiert. Esou datt déi einfach Saachen net esou richteg fléien.

Da gëtt gesot, een dee méi wéi 5 Mol de Mindestloun verdéngt – scheinbar gëtt et där Leit hei am Land an et gëtt der esouguer relativ vill, an déi hale sech nach fir relativ schlecht vum Liewen behandelt – déi brauche kee Kannergeld méi. Oder iwwer 8 Mol de Mindestloun.

Elo kuckt emol, déi Leit déi keng Kanner hunn, an déi Leit déi Kanner hunn, déi hu mat ënnerschiddleche Schwéierpunkter an hirem Liewen ze dinn, wann et ëm de Konsum geet. Et gëtt eng Fro vu vertikaler Gerechtegkeet. Do kann ee soen, ab engem Akommes X brauch ee kee Kannergeld. Mä et gëtt awer och d'Fro vun horizontaler Gerechtegkeet. Déi Leit déi Kanner hunn mussen iwwer de Wee vum Kannergeld hire [ondäitlech] Ausgläich kréie par rapport zu deen Leit déi keng Kanner hunn.

An dofir sinn do eng Rei vun Iwwerleeungen ze féieren, déi een à première vue heiansdo net gesäit, well ee séier beméit ass einfach Iddien ze presentéieren, déi awer bei weiderem Nodenken net ginn.

Et kann ee soen, d'Kannergeld soll besteiert ginn. Doduerch senkt een den Akommesniveau vu Leit mat Kanner par rapport zum Akommesniveau vu Leit ouni Kanner relativ betruecht of. Mir hunn en enorme Problem, well mir 150.000 oder méi Frontalieren hei am Land hunn, wou mir net ganz genau wësse wéi vill deenen hir Partner verdéngen, a wéi mir dat da maachen. Mir mussen 2 Duebelbesteierungsofkommes mat eisen Nopeschlänner änneren.

Wat mech heiansdo iergert, an dofir soen ech, mir schwätzen net genuch dodriwwer, datt gemengt gëtt, d'Regierung géif sech keng Froe stellen. Et ass net eng Propositioun gemaach gi bis elo, déi d'Regierung net virdrun examinéiert gehat hätt a wou mir aus guddem Grond dat net gemaach hunn, anescht gemaach hunn oder net elo gemaach hunn an dat eng aner Kéier wëlle maachen, jee nodeem wéi d'Situatioun evoluéiert.

An och nach en anere Problem, dat ass déi leideg Geschicht vun de Prozeduren. An do hat ech gesot, datt mir am Hierscht géifen eng grouss Table Ronde maache fir eis mat der Problemstellung, vun där ech geliest hunn, all Mënsch wéisst ganz genau wourëms et do géif goen, ze beschäftegen. Ech konnt déi Table Ronde net maachen, ech hat tëscht dem 12. November an dem 12. Dezember, dat ass déi nächst Woch, hat ech 5 Sitzunge vum Eurogrupp. Dofir war et elo wierklech de Moment komm, wou ech muss soen, ech hunn och nach aner Saachen am Liewen ze dinn.

Mä meng Leit hunn dorop geschafft a mir si séier zur Schlussfolgerung komm, et mécht kee Sënn fir elo eng grouss Table Ronde mat allen Acteuren ze halen, well esou präzis wéi déi eenzel Acteure mengen, datt hir Iddie wieren, si se net. An esou deckungsgläich wéi se sech virstelle kéinten, datt se mat Aneren hiren Iddie wieren, si se och net. Dofir hunn eng Hellewull vu Sitzunge stattfonnt, och mat der UEL. D'Confédération du commerce war iwweregens ëmmer schwaach vertruede bei deene Sitzungen. Ech weess net, firwat datt dat esou ass, well ech kucken ëmmer wie war dann do dobäi. Heiansdo gesäis de een op der Televisioun jäizen, da kucken ech, war deen do dobäi wou driwwer geschwat ginn ass. Dat war dann an de seelenste Fäll de Fall.

Mä dat kënne mir alles nach nohuelen. Well déi Problemer, déi Secteursproblemer si jo ganz ënnerschiddlech. Et kann ee jo net d'Industrieproblemer vergläiche mat deene Problemer vum Commerce oder vum Artisanat.

Mir sinn elo bal esouwäit, datt mir do zum Ofschloss kënne kommen, woubäi mir schwieregst Gespréicher, natierlech och mat eisen eegene Ministèren – dat heescht fir d'éischt emol Ministeren – a mat de Verwaltungen ze féieren hätten. Ouni en Aneneegräife vun de Virstellungskräften, déi et an der Wirtschaft gëtt an déi et an de Verwaltunge gëtt, déi administrativ Erfahrung hunn, geet et net.

Datt mir an eenzelne Verwaltungen en Ayatollah sëtzen hunn, dat wësse mir. Dat kréie mir net duerch d'Gesetz geännert. Mä mir mussen awer eng Rei vu Gesetzer änneren, fir datt och eis eege Beamte sech op méi sécherem Buedem kënne bewegen, wéi dat haut schonn heiansdo de Fall ass.

A wat déi eenzel Normen ugeet hunn ech bäigeléiert an deene leschte Wochen, datt déi einfach Iddien, well ech hunn och heiansdo einfach Iddien, wéi gesot, déi Norme musse kloer sinn. Wann ee wëll eppes bauen, eppes maachen, da musse kloer Normen un der Hand sinn. An ech mengen nach ëmmer, datt eppes Richteges do drun ass.

Ech weess net, firwat datt mir hei am Land fir alles an näischt mussen eis eegen Normen hunn. Zu Tréier, do kucke se hiert Lastenheft an da baue se. Vereinfachen, nach eng Kéier. An hei ass dat dann e ganzt Gedeessems.

Anerersäits hu mir awer och, doduerch datt mir Fräiraim hunn, wou d'Verwaltung mat deenen eenzelne wirtschaftlech Tätegen driwwer kann diskutéieren, ob een dëst oder dat esou oder net anescht ka maachen, och en Element vu Flexibilitéit, dat een natierlech net méi huet wann een duerch gesetzlech Règlements grand-ducaux oder Règlements ministériels oder Circulaires, wat et dann och ass, ganz präzis Norme festgeluecht huet, un déi een sech ze halen huet, a wann ee sech net millimetergenee drun hält, da gëtt et ebe keng Autorisatioun. Dofir muss een do e Mixtum compositum sech erfannen, wat dat eent méi zouverlässeg mécht, nämlech d'Normgebung, a wat den Ëmgang mat deenen Normen, déi ee sech ginn huet, flexibel genuch hält, fir datt d'Betriber kënne mat de Verwaltungen iwwer déi Saache schwätzen.

Esou datt mir do e ganze Koup vun Aarbecht nach virun eis hunn, déi awer accéléréiert elo gefouert gëtt. Mä léiwer eng grëndlech Aarbecht, an dann ass definitiv Schluss, och sech eens setzen op eng Rei vu Gesetzer déi ee muss änneren, wat verschidde Forme vun Aménagement ubelaangt, an och wësse wéi een dat ännert, anstatt datt een einfach elo in a hurry, wéi d'Lëtzebuerger soen, légiféréiert ouni ze wëssen, wat dann um Enn dobäi eraus kënnt.

Dat sinn eng Rei vu Problemer déi mir hunn. Deen Androck, et wier Stillstand hei am Land, ass een deem ech entgéint trieden, obschonn ech deen éischten sinn dee munche Strukturkonservatismus hei am Land bedauert. An och heiansdo, ech soen dat net gär, en Affer vun eenzelne Saache sinn.

Dozou géife mir a Saache Geheimdéngscht vill afalen, well ech ginn opgeholl an ech muss mech erklären, dat ass en extraordinäre Virgang, mä deen ass eben esou an deem Handwierk wat ech mir do gewielt hunn.

Mä wann ee Saache seet, e bëssen ze fréi, da kritt ee vill Streech.

Ech hunn eng Sammlung vun Zeitungsartikelen iwwer Renten. An do fannen ech dann, wann ech dodra wulle ginn, owes a mengem Keller, e ganze Koup Rentemauer. Wéi ech fir d'éischt vun der Rentemauer geschwat hunn, do sinn et wierklech déck Streech ginn. Wann haut een net vun der Rentemauer schwätzt, da gëtt en ausgelaacht, da gëtt gesot, en hätt de Problem net verstan. Demographesch Entwécklung vum Land, 700.000 Awunner, an esou virun och.

Heiansdo musse mir eis dru gewinnen, och engem Politiker ze gleewen, datt e sech Suergen iwwer déi nächst Wahlen ewech mécht. Wësst Dir, ech hu souvill Wahle gewonnen, datt ech déi nächst och nach gär géif gewannen. Mä Dir musst awer net mengen, datt ech autobiografesch total zesummebrieche wann ech net méi an der Regierung sinn. Elo gëtt et am Dezember 30 Joer, datt ech Iech belästegen. Dir musst awer net mengen, mäi Liewensdram géif dodra bestoen nach eng Kéier an d'Regierung ze kommen.

Den erotesche Reiz vun deem Amt, deen ass scho laang fort. An elo muss ee probéieren, well een do ass wou d'Leit een hibruecht hunn, déi Aarbecht korrekt a gutt ze maachen. Ech géif se gär mat Iech zesumme maachen.

Ech fannen, mir hunn hei am Land, do ginn ech dem Gerry Recht – dat ass awer keng Ursaach fir op de Mound ze fléien – ze vill Géinteneen an net méi genuch Mateneen. Mir hunn ze vill Näid hei am Land.

Ech hunn dem Luc Frieden gesot, féier eng Steier um Näid an an du ersëffs am Geld wann s de déi aféiers. Dat ass dach net déi lëtzebuergësch Aart a Weis, wéi mir solle mateneen ëmgoen.

Mir sollen dofir suergen, datt do wou d'Leit méi schwaach op der Brosch si genuch Loft zum Ootme bleift, wat eng Ursaach d’ailleurs ass, firwat datt ech ëmmer nach fir de Mindestloun plädéieren, an awer an deene Bipartiten déi mir hate Kompensatiounsweeër gesicht hunn.

A mir sollen déi Leit déi duerch hiert Schaffen, duerch hiert Kënne Succès am Liewen hunn net vernennen, well se Succès hunn. Mir solle just déi vernennen déi Succès hunn an hire Succès net mat anere wëllen deelen, mä där ass jo keen heibannen, ansonsten ech dee géif op de Mound wënschen.

Ech soen Iech Merci.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact