|
Dir Dammen an Dir Hären,
ech si frou fir Iech hei net wéineg zahlräich kënnen ze begréissen.
Ech hat no där Sitzung vun der Geheimdéngschtkontrollkommissioun de leschte Freideg gesot, ech géif haut eng Pressekonferenz halen, well ech scho méi laang keng konnt halen, iwwer wirtschaftlech, finanziell an aner Problemer vum Land, y compris déi, déi de Geheimdéngscht betrëfft.
Ech wollt just zwee, dräi Punkten hei erwähnen, déi mir wichteg de Moment schéngen, wat aner Problemstellungen ubelaangt. Dir hutt matkritt, datt ech de leschte Méindeg zu Bréissel annoncéiert hunn, datt ech mäi Mandat als President vun der Eurogrupp wëll spéitstens Enn Januar zeréckginn. An ech sinn e bëssen iwwerrascht driwwer, datt der esou vill heiheem, an an Europa driwwer iwwerrascht sinn, datt ech déi Annonce renouveléiert hunn. Ech hat d’lescht Joer, wéi ech am Juli erëm eng Kéier beoptraagt gi sinn den Eurogrupp weiderhin ze leeden, däitlech, laut und vernehmlich gesot, ech géif dat nach just fir 6 Méint wëlle maachen. A well ech den Androck hat, datt net jiddwereen dat vollëmfänglech zur Kenntnis geholl hat, hunn ech déi Annonce nach eng Kéier, nodeem ech menge Kollegen dat schonn zweemol gesot hat, publique gemaach fir datt Beweegung ronderëm déi Fro entsteet.
Ech liesen zwar, nieft Ärer selektiver Wahrnehmung vun deem wat am Ausland geschriwwe gëtt, datt e puer Ministere, notamment dee franséische gesot hunn, ech wier irremplaçabel, mä Dir wësst datt ech dat net sinn, also brauch ech dat net ze dementéieren a senger Konsistenz.
Ech sinn zur Schlussfolgerung komm, definitiv, datt d’Kombinatioun tëscht deenen zwou Aufgaben déi ech hunn, President vum Eurogrupp a virun allem Premier zu Lëtzebuerg, duerch d’Zouspëtzung vun der Kris an der Eurozon, a virun allem duerch deen heftegen Ëmgang dee mir mussen hu mat der Griichenland Kris, déi zwou Fonctiounen definitiv net méi kompatibel sinn. Tëscht dem 12. November vun dësem Joer an dem 12. Dezember vun dësem Joer, wäert ech insgesamt an engem Mount 5 Sitzunge vum Eurogrupp ze leede gehat hunn. Et ass jo net nëmmen déi Zäit, déi ee brauch fir bis moies 5 oder bis moies 2 Auer den Eurogrupp ze leeden, déi zäitkonsuméierend ass, et ass natierlech och d’Virbereedung an d’Nobeaarbechtung vun deene Sitzungen, déi et matsechbréngen, datt ech franchement, esouguer wann ech wëllt nach virufueren, wat ech souwisou net wëll, dat net méi ka maachen, well et dee leschte Mount ugefaangen huet wierklech op d’Käschte vun där Aarbecht ze goen, déi ech heiheem ze maachen hunn. An dofir ass dat eng definitiv an irrévocabel Décisioun déi ech geholl hunn. An ech hoffen, datt déi dofir Zoustänneg an Europa dann déi néideg Schrëtt aleeden, fir déi Successioun do a convenablen Termen ze organiséieren.
Ech wollt Iech och, well dat vu villen an deene leschten Deeg, enfin net vun esou villen, mä awer vun e puer ëffentlech monéiert ginn ass, ee Wuert soen iwwer d’Fortschrëtter, déi mir a Saachen Iwwerpréiwung vun den administrative Prozeduren, notamment wat d’Genehmegungsprozedure fir gréisser, a méi kleng Investissementer zu Lëtzebuerg, ubelaangt.
Mir hunn, meng Mataarbechter hei am Haus, an deene lesche Méint onendlech vill Stonnen op deenen Dossiere verwennt, si mat de Patronatsorganisatiounen zesummekomm, hu mat de Ministere geschwat, ech och, hu mat de Verwaltunge geschwat. An déi Saach, déi sech nobaussen einfach ugesäit, gestaltet sech am internen Oflaf, esouwuel d’Gespréicher mam Patronat, wéi d’Gespréicher och verwaltungsintern, als ganz schwiereg. Mir schaffen äifreg dodrun, an hoffen datt mir an deenen nächste Méint zu engem Ofschloss kommen, deen op d’Qualitéit vun den Décisiounen ofstellt, an net op d’Schnellegkeet vun den Décisiounen, well mir gären definitiv Garantien driwwer hätten, datt mir zu engem Beschleunegungsschub a Saachen administrativ Ofleef kommen.
Iwwer d’Aarbechte vun der Regierung hunn déi Communiquéë vun deene leschte Wochen ze beriichte gewosst, eenzel Punkten déi am Gespréich sinn an deenen nächste Wochen, och mar schonn, betreffend d’Regelunge vum Zougang vum Publikum zu ëffentlechen Dokumenter. Doriwwer hate mir schonn den 12. Mee 2012 eng eingehend Diskussioun an der Regierung, och andeem mir dat, wat de Staatsminister wëlles huet, verglach hu mat deem wat an aneren europäesche Länner de Moment zur Praxis gehéiert.
Mir schwätzen och virun iwwer de Code de déontologie d’Regierungsmembere betreffend, well mir och do eis mat internationale Parametere wëlle beschäftegen, ier mir do zu definitive Schlussfolgerunge kommen.
Dann interesséiert Iech an och d’Land virun allem déi Geheimdéngschtaffären, anescht kann een déi jo net beschreiwen, déi zënter e puer Wochen an Deeg Inhalt vu breetester Berichterstattung ass, wat jo e relativ normale Virgang och ass, datt d’Press sech intensiv, wéi mat alle wichtege Froen, grad esou intensiv mat dëser Fro beschäftegt wéi mat allen anere Froen, déi sech hei am Land stellen.
Ech sinn zënter laange Joere schonn an engem Gefill, datt alles dat wat geheim ass, an alles dat wat de Geheimdéngscht betrëfft, op eng séier spontan an novollzéibar Aart a Weis Mësstraue provozéiert.
Ween mat geheime Saachen ze dinn huet, an dat muss de Staatsminister als politesche Chef vum Geheimdéngscht maachen, deen ass selbstverständlech och enger Well vun extremem Mësstrauen ausgesat, géint déi e sech nëmmen äusserst schwiereg kann zur Wier setzen. An en fait wëll ech mech emol guer net dogéint zur Wier setzen, well ech weess datt dat Mësstrauen schürt, wann ee sech mat geheime Saachen ze beschäftegen huet.
Mä wann et em d’Geheimdéngschtsaache geet, an em d’geheim Virgäng, an em d’Menacen déi real besti fir eist Land, da sinn ech do mat mir selwer alleng. Ech muss mat deenen Informatiounen, déi mir bruecht ginn, mat deene Conclusiounen, déi mir suggéréiert ginn, mat deenen Analysen, déi mir virgeluegt ginn, mäin eegenen Ëmgang pfleegen.
Elo sinn ech vun Temperament a vun Astellung hier, eigentlech kee Geheimdéngschtfreak, an tendéieren och net dozou mech afänken ze loosse vu Verdächtegungen, vu Suppositounen, vu Suputatiounen, déi an deem Zësummenhang kënne geäussert ginn. Esou datt ech mir selwer ëmmer – obschonn ech der aktueller Direktioun vum Geheimdéngscht net mësstrauen, am Géigendeel, ech hunn e grousst Vertrauen an den aktuellen Direkter, an an déi Leit déi hien ëmginn, déi eng gutt Aarbecht maachen – mech awer ëmmer drëm beméit hunn, och eng gesond Portioun vun Zeréckhalung allem entgéint ze bréngen, wat mir un Informatiounen zougedroe gëtt.
Mä ech weess awer, datt Muneches wat dem gréissere Publikum net bekannt ass, an iwweregens och net bekannt dierf gemaach ginn, drop hiweist, datt et och hei am Land Sécherheetsmenacë gëtt, déi ech ganz eescht huelen.
A fir mech war de Geheimdéngscht ni ee Repressiounsinstrument, dat quasi hei sech géif zur Hëllef maache vun engem Ënnerdréckungsstaat, dee Lëtzebuerg géif heeschen. Lëtzebuerg ass keen Ënnerdréckungsstaat, an de Geheimdéngscht ass och kee Repressiounsinstrument, wat sech ouni Ursaach géif an d’Privatsphär vun de Leit, déi hei am Land wunnen, amëschen.
Wéi ech Staatsminister gi sinn, an op Grond vun där Astellung, déi ech hei beschreiwen, hunn ech dem deemoolegen Direkter vum Geheimdénscht, dunn sengem Nofolger, an dunn deem sengem Nofolger kloer Instruktioune ginn, iwwer d’Aart a Weis wéi ech gären hätt, datt d’Aarbecht vum Geheimdéngscht, an den Terrain mat deem de Geheimdéngscht sech sollt beschäftegen, wéi dat sollt geregelt ginn.
Ech hu fir d’éischt däitlech gemaach, fir datt d’Saache kloer wieren, datt ech a kengem Fall wëll esou eppes wéi innepolitesch Spionag erliewen. Datt ech also net géif akzeptéieren, datt politesch Parteien, Gewerkschaften, Studentebewegungen, ONGen, aner Mouvementer, géife vum Geheimdéngscht, a sief et och nëmme vu wäit, géife suivéiert ginn. Well zu mengem Verständnes vu moderner Demokratie gehéiert, datt et Meenungsvielfalt gëtt. An dee Pluralismus an de Meenungen, an an den Astellungen, dee sech äussert, dee bedéngt kee geheimdéngschtleche Suivi.
Ech hunn also strikt verbueden datt et esou eppes géif gi wat ee kéint innepolitesch Spionag nennen.
An ech hat och ni Ursaach ze mengen, datt esou genannten innepolitesch Spionag vum Geheimdéngscht géif gemaach ginn. An hätt ech dat jeemools an Erfahrung bruecht, dann hätt ech déi diesbezüglech Konsequenzen doraus gezunn.
An deem Enregistrement, wat de fréieren Direkter vum Geheimdénscht mat mir opgeholl huet, ass och däitlech nozeliesen, datt ech nach eng Kéier an deem Gespréich gesot hunn, datt deen Typ Spionag net stattzefannen huet.
An ech sinn e bëssen iwwerrascht driwwer, nodeem esou vill iwwer dat Gespréich geschriwwe ginn ass, datt keen drop opmierksam mécht op dee Passus, wou ech dem fréiere Chef vum Geheimdéngscht soen, déi Saache géifen net méi stattfannen. Firwat huet dat eigentlech keng Erwähnung fonnt?
Ech hunn, wéi dee fréieren Direkter vum Geheimdéngscht mir och gesot huet am Ufank – wat ëmmer dat och heescht – hätt de Geheimdéngscht sech och mat deene Grénge beschäftegt, gesot, ech kënnt iwwerhaapt keng Ursaach dofir entdecken, firwat datt se dat gemaach hätten, wa se et da gemaach hunn. An ech staunen driwwer datt net an enger eenzeger Zeitung nozeliese war, datt ech dat gesot hunn.
Ech hunn also innepolitesch Spionag definitiv als eppes higestallt wat net stattzefannen hätt. An ech hu gesot, ech géif iwwerhaapt net verstoe firwat datt, falls dat da geschitt ass, am Ufank vun der Grénger Bewegung déiselwecht suivéiert gi wier.
Wat de fréieren Direkter vum Geheimdéngscht d’ailleurs zur Ausso beweegt, dat wier eng nei Philosophie. An hien hätt sech déi zueege gemaach, wat ech och nu wierklech vun Häerze wëll wënschen, datt hie sech déi zueege gemaach huet.
Net alles wat mir iwwer de Geheimdéngscht, oder iwwer aner Sourcë rapportéiert gëtt, déclenchéiert bei mir de Reflex datt ech deem muss Folleg leeschten. Ech hunn ee Wëssensstand iwwer villes, deen esou ass, datt ech och kann Informatiounen, déi de Geheimdéngscht mir zoubréngt, esou nuancéieren, datt ech net onbedéngt allen Informatiounen déi mir zoubruecht ginn, och muss eng Folleg leeschten. An ee vun de Critèrë wéi ech Informatioune liesen, huet mat menger Opfaassung vu Rechtsstaatlechkeet ze dinn.
Ech fille mech en charge, dofir sinn ech Staatsminister, fir do wou ech zoustänneg sinn, fir Sécherheet hei am Land ze suergen, an ech huelen déi Aufgab extrem sérieux. Ech schwätzen ni iwwer déi Aufgab, och haut net. Mä all dat wat u Menacë fir d’Sécherheet mir zougedroe gëtt, esoufern wéi dat mir novollzéibar a plausibel schéngt, an esoufern wéi dat net op de Kräfte vun den Abildungsverméige vun deene berout, déi mir déi Informatiounen zoubréngen, huelen ech ganz eescht, an ech handelen deementspriechend. An dat ass keng einfach Saach, well et eng ass iwwer déi ech mat kengem ka schwätzen, well de Geheimdéngscht ass geheim.
An déi Saachen, déi de Geheimdéngscht seet, nosicht, kuckt, no mengen Instruktioune mat rechtsstaatleche Mëttelen, déi bleiwe geheim. An déi déi mengen ech géif haut hei eng Duerstellung maache vun all deene Menacen, déi et zu Lëtzebuerg gëtt, déi iere sech fundamental. Well et gëtt ee Gesetz iwwer de Geheimdéngscht, an dat Gesetz seet, datt Informatiounen déi Quelle kënnen a Gefor bréngen, oder och nëmmen identifizéieren, déi de Geheimdéngscht benotzt fir seng Informatiounen ze kréien, offe géif leeën, dat steet ënnert Strof. Dat ass ee Gesetz, wat sech mir an alleréischter Linn applizéiert, iwweregens och allen aneren déi mat Geheimdéngschtaffären ze dinn hunn. An dofir kann ech net all Froe beäntwerten.
Elo kann d’hallef Welt schreiwen, dat wier en typeschen Trick vun engem deen näischt wëll soen. Mä och wann de Wonsch an der Ëffentlechkeet, an an der publizéierter Ëffentlechkeet grouss ass fir méiglech vill gewuer ze ginn, ech kann hei näischt soe wat ënnert Geheimhaltungspflicht läit. Ech hu mech un d’Gesetz ze halen, an ech maachen dat och.
Mä ech wëll awer zu e puer Aspekter vun alldeem wat an deene leschte Woche gewuer ze gi war, an ze liese war, eppes soen.
Et ass fir d’éischt emol esou datt dee fréiere Chef vum Geheimdéngscht ee Gespréich mat mir opgeholl huet. Dat war ee Gespréich aus enger Serie vu ville Gespréicher. Ech hunn awer Verständnis dofir, well jo net all Gespréicher opgeholl gi sinn, an an der Zeitung ofgedréckt gi sinn, datt sech jo op dat Gespréich konzentréiert gëtt. Mä dat war awer net dat eenzegt Gespréich an deem Zesummenhang, an deem et an deem Gespréich geet wat ech mat dem fréieren Direkter vum Geheimdéngscht gefouert hunn.
Dat Gespréich, esou hunn ech dat retracéiert, well ech mir u sech, dat ass ee Virworf deen ech mir maachen, net all Gespréich wat ech hunn, opschreiwen, an net all Gespréich wat ech opgeschriwwen hunn, wat net staatfënnt, erëm aussträichen a mengem Kalenner, dofir kann ech mech op meng Kalenneren net verloossen. Mä et gëtt mir gesot, dat Gespréich hätt am Januar 2007 stattfonnt.
Ech hunn dat fir en extreme Vertrauensbroch gehalen. A wann ech mech wéilt selwer bedaueren, mä dat bréngt mir näischt, well ech si jo deen eenzegen dee mech an dëser Affär bedauert, well meng Rechter gi jo an dëser Affär absolut net observéiert, an absolut net respektéiert, als ee mat deem ee Gespréich opgeholl ginn ass, a wat elo inhaltlech am Verbatim nobausse gedroe gëtt. Ech kéint mech jo elo hei als Affer vun enger Operatioun histellen, déi ech als een absolute Vertrauensbroch considéréiert hunn. Mä vu datt ech mech hei net wëll em mäin eegent Schicksal bekloen – domat muss ech deen Ëmgang annen, deen een ebe muss mat Enttäuschungen am Liewe fannen – wëll ech mech domat net ophalen.
Mä ech wëll Iech just soen an engem Saz, an dann héiert Dir en ni méi, ech si Victime vun enger Operatioun, wou e Gespréich mat mir opgeholl ginn ass, wat engem gréissere Publikum elo zougänglech gemaach gëtt. Dat geheit Iech net, während wann dat anere Leit geschitt, da geheit dat Iech terribel, mä dat ass eben esou, dat ass d’Regel wann et em mech geet.
Dat Gespréich, contrairement zu deem wat vill Leit schreiwen, mengen, soen, hat fir mech kee sécherheetsrelevante Charakter; dat Gespréich, well an deem Gespréich wéineg Saachen op d’Tapéit komm sinn, vun deenen ech net scho virdru gewosst hätt. Dat hat also fir mech keng sécherheetsrelevant Brisanz.
Et gëtt an der Ëffentlechkeet d’Fro gestallt, firwat datt ech da géint dee fréieren Direkter vum Geheimdéngscht keng Disziplinaraffär ageleet hätt? An dat ass eng Fro, vun där ech fannen, datt se séier berechtegt ass.
Wann ech, well ech mech mat där Fro beschäftegt hunn, eng Disziplinaraffär ugestrengt hätt, da wier déi Disziplinaraffär ënnert Enquêteform vun dem dofir zoustännege Regierungskommissär gefouert ginn, deen net bei mir am Haus sëtzt, mä dee fir all Disziplinaraffäre beim Staat zoustänneg ass. Deen hätt eng Enquête gefouert. Déi Enquêten, dat weist meng Erfahrung am Ëmgang mat anere manner graven Dossieren, déi huele ganz vill Zäit an Usproch.
Wann déi Enquête bis démarréiert gi wier, hätt ech jo missten de fréieren Direkter vum Geheimdéngscht direkt suspendéieren. Esou laang wéi en Direkter vun engem Service suspendéiert ass, kann en net duerch en neien Direkter ersat ginn. Hätt ech den Direkter vum Geheimdéngscht suspendéiert, dann hätt ech jo heiheem missten dodriwwer Explikatioune ginn, hätt ech dann och gemaach, an hätt ech d’Netz vu Relatiounen, déi eise Geheimdénscht, dat heescht d’Regierung an all hire Composanten, mat auslänneschen Déngschter, a mat auslännesche Regierungen net soufern wéi et em Affäre geet, déi den Terrorismus betreffen, Wirtschaftsspionag betreffen, Aktivitéite vun anere Geheimdéngschter op eisem Territoire, hätte mir eis ofgeschnidde vun deene sécherheetsrelevanten Informatiounen, déi aner Geheimdéngschter, an aner Regierungen eis zoukomme loossen.
Dat meescht wat mir an Erfahrung bréngen, iwwer Menacen déi et hei am Land gëtt, gëtt eis zoubruecht vun auslänneschen Déngschter. Mir mussen och mat auslänneschen Déngschter zesumme schaffen, wann et em d’Sécherheetsinteresse vun deene Länner geet, fir déi déi Déngschter schaffen, an d’Aktivitéite vu Leit betrefft, déi sech op eisem Territoire ophalen.
De Risiko sech komplett ofzekappen par rapport zu där héchst wäertvoller Informatiouns- an Hiweisquell, déi mir hunn doduerch datt aner Déngschter vun anere Länner haaptsächlech, mä net nëmmen, vun alliéierte Länner am Kader vun der NATO, fir eis leeschten, huet mir einfach vum Sécherheetsstandpunkt dat eegent Land betreffend, ze héich geschéngt. An dofir hunn ech vun enger Affaire disciplinaire, déi alleguer déi Repercussiounen, déi ech amgaange sinn iech ze beschreiwen, an déi dir eescht huelt oder net, ech hu se eescht geholl, an dat war eng Güteabwegung déi ech ze treffen hat; alleguer déi Constellatiounen hu mech zur Asiicht bruecht fir keng Disziplinaraffär ze maachen.
Ech hunn awer mam fréieren Direkter selbstverständlech iergendwann am éischte Semester 2009, ech kréien dat net reconstituéiert wéini datt dat war, dat ass och irrelevant, mech doriwwer ënnerhalen, méi wéi eemol. An hien huet mir erklärt datt hien deen Enregistrement mam Staatsminister, mat sengem Chef en fait, gemaach huet, well hie wollt eenzelne Leit a sengem eegene Service beweisen, well déi hunn dat bezweiwelt, datt hie mir déi Informatioune géif weiderreechen, déi si him weiderginn hunn op Grond vun hiren eegenen, wéi ech mengen, vermeintleche Feststellungen.
Vu sengem Standpunkt aus betruecht, a wann dat d’Verhältnisser am Geheimdénscht déi Zäit waren, déi Verhältnisser vun internem Mësstrauen, déi sinn ofgestallt ginn, vu sengem Standpunkt aus betruecht, kann dat engem als plausibel Erklärung erschéngen. Dat ännert näischt drun datt et een eklatante Vertrauensbroch war.
Mä aus der Erkenntnis eraus datt et net ugemiess wier eng Disziplinaraffär ze maachen, aus deene Grënn déi ech Iech gesot hunn, an op Grond vun deene geheimdéngschtinternen Erklärungen, déi hie mir fir säi Verhale ginn huet, hunn ech och ofgesinn eng Plainte au pénal géint de Chef vum Geheimdéngscht ze maachen. Wann ech keng Disziplinaraktioun aleeden, kann ech och net gutt eng stroofrechtlech Affär lasstrieden. Mä dorëms bekëmmet de Parquet sech jo.
A well mir an engem System vu Gewaltentrennung liewen, hunn ech mech dozou net ze äusseren. Sauf datt ech no dëser Pressekonferenz vun der Police judiciaire verhéiert, oder gehéiert ginn – ech weess net wéi een dat soll nennen – well ech an där Affär einfach vun der Kriminalpolizei verhéiert oder gehéiert ginn, wat natierlech een extrem agreablen Aspekt am Liewe vun engem Staatsminister ass, deen enregistréiert ginn ass, an dee sech elo muss explizéiere fir dat wouriwwer hien enregistréiert ginn ass.
Ech hu geliest, och ënnert der Ënnerschrëft vun eenzelne Parteien, de fréiere Chef vum Geheimdéngscht, deen hätt eng Promotioun kritt. Dat stëmmt net.
Esou wéi mir dat ëmmer maache wann ee Staatsbeamten eng Occupatioun am Privatsecteur fënnt – wouzou ech dee fréieren Direkter vivement encouragéiert hat sech no esou eppes ëmzegesinn – oder wann en an eng international Organisatioun schaffe geet, da gi mir ee Congé sans solde fir sécherzestellen, datt wann dee Betreffenden erëm wëllt zeréck an de Staatsdéngscht kommen, datt hien dat och ka maachen.
Vu datt ech net wollt datt dee Mann nach eng Kéier géif Chef vum Geheimdéngscht géif ginn, a vu datt jo dee Posten huet och misste besat ginn, well dee muss 24 Stonne laang fonctionnéieren, hu mir dee fréiere Chef vum Geheimdéngscht Premier conseiller gemaach. Dat ass keng Promotioun. Well doduerch datt hie Premier conseiller genannt ginn ass, iert en de Staatsdéngscht verlooss huet, ass séchergestallt ginn, datt hien an deem selwechten Déngschtgrad bliwwen ass an deem hie war wéi e Chef vum Geheimdéngscht war, dat heescht am Grad 17, an dofir ass hie Premier conseiller genannt ginn. Dat ass also keng Promotioun, keng Belounung, dat ass een, wa keng Affaire disciplinaire gemaach gëtt, a keng Affaire pénale lassgetruede gëtt, zeréckfalend op déi normal Regel déi spillt, wann een de Staatsdéngscht verléisst, a wëllt sécherstellen datt hien no enger gewëssener Zäit erëm an de Staatsdéngscht kann zeréckkommen. Et ass also keng Sonderbehandlung, mä eng normal Behandlung gewiescht.
Et gëtt Froe gestallt, an déi verstinn ech ganz gutt, iwwer d’Verhältnis tëscht Staatsminister, Geheimdéngscht a parlamentaresch Geheimdéngschtkontrollkommissioun.
Wéi ech an Erfahrung bruecht hunn, datt dat Gespréich tëscht dem fréieren Direkter vum Geheimdéngscht an dem Staatsminister opgeholl ginn ass, a mir dat eng Zäit laang iwwerluegt hu wat fir en Ëmgang datt ech da mat deem Wëssen do ze pfleegen hätt, hunn ech den deemoolege President vun der Geheimdéngschtkommissioun, de Kolleg Charel Goerens bei mech bestallt, an hunn deen doriwwer informéiert, an him och déi CD, wou dat Gespréich drop war, virgespillt.
Dat hunn ech gemaach, well den Här Goerens President vun der parlamentarescher Iwwerwaachungskommissioun war. Dat hunn ech och gemaach, well ech an deem Mann een extremt Vertrauen hat an hunn, well dee sech auszeechent duerch e Staatsverständnis wat mengem net aus de Féiss geet. Ech hunn dee kannt als Verteidegungsminister an enger Regierung, déi ech mat senger Partei gebild hat, hat mech also och ëfters iwwer Geheimdéngschtaffäre mam Här Goerens ze ënnerhalen, an hunn him dofir och vollt Vertraue gemaach. Esouguer wann ech kee vollt Vertraue gehat hätt, hätt ech hie misste ruffen, well hie war President vun der Geheimdéngschtkommissioun. A mat wiem sollt ech dann doriwwer schwätzen, wann net mat deenen, déi zoustänneg si fir d’Aarbecht vum Geheimdéngscht ze iwwerwaachen an ze kontrolléieren.
Den Här Goerens huet sech déi Kassett ugelauschtert, mä hien huet se awer net, esou wéi mir dat notracéiert hunn, intensiv gelauschtert. De Skandal war fir hien esou grouss wéi fir mech, nämlech datt enregistréiert ginn ass. An hien huet also net déi ganz Kassett mat intensiver Attentioun suivéiert, well och an deem Gespréich en fait näischt war, wat hien net op déi eng oder déi aner Aart a Weis scho gewosst hätt.
Den Här Goerens, deen och doriwwer nogeduecht huet, huet mech dunn invitéiert fir an d’Geheimdéngschtkommissioun ze komme fir deenen anere Membere vun der Geheimdéngschtkommissioun déi Tatsaach datt ee Gespréich tëscht dem Geheimdéngschtchef an dem Staatsminister enregistréiert ginn ass, opgeholl gi war. Ech hunn zweemol an der Geheimdéngschtkommissioun doriwwer Bericht erstatt. Et huet kee mech dee Moment gefrot, fir déi CD kënnen ofzelauschteren, well jo d’Materialitéit vum Enregistréieren feststoung doduerch datt ech dat gemellt hunn, an doduerch datt den Här Goerens och an déi CD do eragelauschtert huet.
Et muss ee wëssen datt d’Gesetz vum Juni 2004 de Geheimdéngscht an de Staatsminister, de Staatsminister an de Geheimdéngscht, dat deele mir eis op jee no Zäitlaf, d’parlamentaresch Kontrollkommissioun iwwer déi allgemeng Aktivitéit vum Geheimdéngscht muss informéieren, iwwer déi allgemeng Aktivitéit vum Geheimdéngscht.
Dofir ass et falsch, wéi eenzelner dat gesot hunn, ze soen, et wier ee Verstouss géint d’Gesetz, wann de Geheimdéngscht d’Geheimdéngschtkommissioun net iwwer all eenzel Filature informéiert, déi de Geheimdéngscht virhëlt. Dat mécht de Geheimdéngscht och net mat mir. Well soss déplacéieren ech mäi Büro an d’Escher Strooss, a loosse mech minuttegenee informéieren iwwer dat wat de Geheimdéngscht un Observatiounen, an u Filaturë mécht.
Ech ginn doriwwer informéiert wa se ee Resultat bruecht hunn, an ech ginn och ganz dacks driwwer informéiert datt Filaturë stattfonnt hunn, wa kee Resultat entstanen ass.
Mä déi Virstellung datt ee muss am daagdeegleche Rythmus, entweder de Staatsminister, oder d’parlamentaresch Kontrollkommissioun iwwer all Observatiounen, all Filaturë vum Geheimdéngscht informéieren, dat ass einfach eng total irrealistesch Virstellung.
Ech loosse mir vum Geheimdéngscht, dat hunn ech agefouert, a regelméissegen Ofstänn eng Évaluatioun vun der Gesamtmenace erstellen, déi sech presentéiert. Déi Évaluatioun vun der Menace, wou also alles zesummegedroe gëtt wat un Erkenntnisser, an esouguer u Verdachtsmomenter virläit, déi gëtt selbstverständlech och der parlamentarescher Kontrollkommissioun zougestallt, fir datt déi Kollege sech kënnen e Bild iwwer dee reellen Zoustand vun der Bedroung, haaptsächlech der terroristescher an der ekonomescher – déi ass mindestens esou wichteg – kënne maachen.
Ech loosse mir och e regelméissege Bericht, e schrëftleche Bericht, maachen – dat ass eng Exigenz déi ech formuléiert hunn, an déi respektéiert gëtt – iwwer all Operatiounen, déi de Geheimdéngscht amgaangen ass ze ënnerhuelen. Ech hunn der Chamberkontrollkommissioun och gesot, datt ech de Bericht iwwer déi Operatioune kréien. Géif de Wonsch bestoen dee Bericht och ze kréien, ënnert Hiweis natierlech, op déi exzessiv streng Geheimhalungspflicht déi et do gëtt, kritt d’Chamberkommissioun dat selbstverständlech och zougeleet. Souwisou mécht den Direkter vum Geheimdéngscht a regelméissegen Ofstänn Bericht iwwer Operatiounen déi lafen, an e geet net alleng an d’Geheimdéngschtkommissioun, mä hien hëlt seng Analyste mat, déi also kënnen aschätze wat dann un deem drun ass, wat ee bei Geleeënheet vun esou Operatioune ka feststellen, oder wat d’Beweggrënn si firwat datt Operatioune vun deem Typ stattfannen.
Souwisou stinn d’Direktere vun dem Geheimdéngscht ënnert menger formeller Instruktioun, an där Chamberkommissioun alles dat ze soe wat si mir och soen, an all Froen ze beäntwerten, déi se kënne gestallt kréien. Well ech selwer jo déi parlamentaresch Kontroll do duerch Gesetzesnovelléierung am Juni 2004 erbäigefouert hunn, ënnert anerem och well ech net méi wollt total op alle Punkten alleng si mat deem Wëssen, mat deem ee muss eensginn, wann een et huet, mä dat gäre mat der parlamentarescher Kontrollinstanz deelen esou dacks wéi et nëmmen iergendwéi méiglech ass.
An dofir sinn ech eigentlech och mat der Aart a Weis wéi d’Relatiounen tëscht dem Premier an dem Geheimdéngscht engersäits, an der parlamentarescher Kontrollkommissioun anersäits fonctionnéiere ganz zefridden, quitte datt mir amgaange sinn zënter Méint schonn un enger neier Redaktioun vum Geheimdéngschtgesetz ze schaffen, wou mir d’Rechter, an d’Méiglechkeete vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun, déi souwisou schonn héich sinn, a grouss sinn, nach wëlle weider verbesseren, notamment op Grond vun engem Bericht, deen ech bei der Geheimdéngschtkommissioun am Joer 2008 gefrot hat, iwwer de Fonctionnement vum Geheimdéngscht alles opzeschreiwen, wat si menge wat net géif klappen, a Virschléi ze maache wat ee kéint verbesseren. E Bericht deen d’Geheimdéngschtkommissioun de 24. Juni 2011 publizéiert huet.
Am Zesummenhang mat all deem, gëtt op eng, wéi ech fannen, besuergniserregend Aart a Weis, de Staatschef ëmmer erëm erwähnt.
Et gëtt behaapt, an déi Verdachtsmomenter sinn och dem Geheimdéngscht zougänglech gemaach ginn, de Grand-Duc an de Staatsminister hätten ee Gespréich gefouert wat enregistréiert gi wier. Déi Informatioun hunn ech ëmmer als eng interessant fonnt, mä ech hu se ni gegleeft. Ech bilde mir an datt ech mir ka mäin eegent Urteel iwwer Informatioune bilden, déi dem Geheimdéngscht a mir via Geheimdéngscht zoubruecht ginn.
Ech lauschteren de Grand-Duc net of, an ech huelen och Gespréicher mam Grand-Duc net op. An de Grand-Duc lauschtert mech net of, an hëlt och keng Gespréicher mat mir op. Mir schwätze mateneen, mir lauschteren, mä mir lauschteren eis awer net of. An dofir huet dat mir ëmmer ausserhalb vun all Realitéit geschéngt, datt Gespréicher déi ech mam Grand-Duc am Palais féieren, géife vum Grand-Duc, oder wéi anerer mengen, vu mir selwer, enregistréiert ginn. Ech brauch keng Gespréicher mat engem ze enregistréieren, well ech weess jo wat ech mat engem schwätzen. An ech brauch och kengem ze beweise wat ech mam Grand-Duc schwätzen, well dat wat de Staatschef an de Regierungschef matenee schwätzen, dat fällt ënnert deen absolute Secret vum Staat.
Coloque singulier, nennt dat sech. Ech hu gesinn, datt eenzelner sech doriwwer Froe stellen. Ech soen emol net an der Regierung wat ech mam Grand-Duc schwätzen. Dat mécht sech net. Dat ass ee Gespréich ënnert 4 Aen tëscht Staatschef a Regierungschef. An doriwwer hunn ech net ze rapportéieren.
Mä ech hunn et net gegleeft. An dunn hunn ech mir d’Iwwerleeung gemaach, do gëtt et jo nëmmen zwou Méiglechkeeten. Entweder huet een Drëtten ee Gespréich tëscht dem Staatschef an dem Regierungschef opgeholl, an dat un anerer weidergereecht. An dat ass schlëmm, wann de Staatschef an de Regierungschef enregistréiert gi wa se matenee schwätzen.
Oder awer et gëtt behaapt et wier e Gespréich tëscht dem Staatschef an dem Regierungschef opgeholl ginn. An deen, deen dat behaapt, dee muss jo dann Ursaachen hu firwat datt hien déi Rumeur an d’Welt setzt. An et géif mech nawell och interesséiere firwat datt dat geschitt.
An datt dat de Geheimdéngscht interesséiert, wann deem déi Informatioun zougedroe gëtt, ass eng normal Saach, well de Geheimdéngscht huet, Artikel 2 Paragraph 2 vum Gesetz vum 15. Juni 2004, als Aufgab sech em d’Sécuritéit vun den Institutiounen ze bekëmmeren. A wann de Staatschef, éischt Institutioun am Land, an de Regierungschef, net déi lescht Institutioun am Land, enregistréiert ginn, oder wa behaapt gëtt, déi wieren enregistréiert ginn, da betrëfft dat nun emol d’Securitéit vun de staatlechen Institutiounen. Also ass et d’Aufgab vum Geheimdéngscht sech mat där Informatioun ze beschäftegen.
Esou datt ech also geduecht hunn, wat ech ëmmer nach mengen, datt et ni esou en Enregistrement ginn huet, de Verdacht awer hunn, datt falls et e ginn huet, datt dat jo eng Ursaach huet firwat datt dann, falls et en net gëtt, firwat datt dann déi Rumeur an d’Welt gesat gëtt, et géif esou en Enregistrement ginn.
Déi zwou Saach rege mech virstellungsméisseg op. D’Virstellung datt een Drëtten de Grand-Duc an de Staatsminister oflauschtert, iergend een Drëtten, och vläicht een auslännesche Geheimdéngscht, oder datt dat einfach an d’Welt gesat gëtt fir, ech weess net wat als kollektiv Reflexbildung hei am Land ze provozéieren. Déi zwou Saachen hu mech opgereegt.
Dofir hunn ech, dat kënnt Dir jo noliesen, am Verbatim déi d’Kollegen, Är Kollegen, meng Kollegen och hoffentlech, vum Lëtzebuerger Land ofgedréckt hunn, hunn ech ëmmer erëm insistéiert, datt ech gären hätt datt déi Kassett géif decryptéiert ginn, well déi ass jo ënnert cryptéierter Form, dem Geheimdéngscht zougänglech gemaach ginn, well ech gäre géif wëssen, a) wann et stëmmt, datt de Grand-Duc an de Staatsminister enregistréiert gi sinn, wéisst ech gäre vu wiem, a falls net, falls näischt op där Diskett ass, wéisst ech gäre firwat datt dann déi Rumeur do an d’Welt gesat gi wier.
An zweemol, an deem éischte Fall op eng grav Aart a Weis, ass d’Sécuritéit vun den Institutioune menacéiert. An deem zweete Fall wou deen Enregistrement net stattfonnt huet, mä wou gemaach gëtt wéi wann e staatfonnt hätt, ass d’Securitéit vun den Institutioune manner touchéiert, mä awer ëmmerhin nach op eng erhieflech Aart a Weis.
Ech hunn ëmmer gefrot, datt déi CD – vun där mir elo gesot gëtt et wier eng Kassett, liesen ech jiddwerfalls – ëmmer insistéiert datt déi sollt décryptéiert ginn, Xmol, an déi ass elo amgaangen duerch en auslänneschen Déngscht, ech kann Iech net soen duerch wat fir een, probéiert ginn ze décryptéieren. Ech hunn doriwwer nach keng Äntwerte virleien.
Wat ech awer kann hei soen ass, datt ech Iech awer wierklech géif häerzlech bieden, ouni hei a monarchistesch Dreemereien auszebriechen, awer dem Grand-Duc wann ech gelift ze gleewen, wann hie schrëftlech wëssen deet, datt hie kee Kontakt mam britesche Geheimdéngscht huet. Et ass awer relativ ongewéinlech datt den Haff muss ee Communiqué maache fir ze dementéieren, datt hie mat engem auslännesche Geheimdéngscht zesummeschafft.
An déi Leit déi behaapten, einfach esou, well heiansdo iwwer dat wat ee seet, net nogeduecht gëtt, de Verdacht géif bestoen datt de Grand-Duc mam englesche Geheimdéngscht géif zesummeschaffen, déi accuséiere jo eigentlech de Grand-Duc Héichverrot ze begoen, well de Grand-Duc huet net mat engem auslännesche Geheimdéngscht zesummenzeschaffen, an e schafft och net mat engem auslännesche Geheimdéngscht zesummen.
A wann ech elo heiansdo liesen, oder héieren, jo, de Grand-Duc huet dat dementéiert, mä wat beweist dat schonn. Dat muss ech awer soen, datt mir awer um definitiven Enn vum Crétinismus ukomm sinn. Muss de Grand-Duc beweisen, datt hien net mam englesche Geheimdéngscht zesummeschafft, an geet den Dementi net duer? Wat soll hien dann do beweisen? Wéi soll hien da beweisen datt eppes net stëmmt, wat hien net gemaach huet?
Dofir verlaangen ech Respekt fir d’Fonctioun vum Grand-Duc an deem Zësummenhang. An dat ass jo awer ee Grand-Duc deen trotzdem weess wou mir hei sinn, a wat eis Verfassung ass, a wat eis Institutioune sinn. An dofir hätt ech och gären datt een net kann einfach blann, ouni Kontroll, ouni datt een zur Rechenschaft ka gezu ginn, datt de Staatschef hei mat engem auslännesche Geheimdéngscht géif de lëtzebuerger Premier oflauschteren. Et muss ee sech awer un de Kapp heiansdo gräifen, wann ee sech déi Saachen do an hirer geballter Dichte probéiert virun Aen ze féieren.
Da gëtt gesot, och de fréiere Chef vum Geheimdéngscht monéiert do ronderëm, et kéint jo awer emol sinn, datt eng Oflauschterinstallatioun sech am Palais géif befannen. Éischtens gleewen ech dat net. Zweetens hunn ech probéiert mir ze erklären, wéi wann ech soss näischt ze dinn hätt, wéisou kënnt et eigentlech zu esou enger Rumeur, zu esou enger Iddi, zu esou engem Afall?
Dann erënneren ech mech drun – ech muss dat elo publique maachen, obschonn dat de Public iwwerhaapt näischt ugeet – datt grav Menacë géint de Grand-Duc gemaach gi sinn am Joer 2005. An datt dunn op d’Demande vum Palais an der Loge zu Colmar-Bierg, an an der Kommunikatiounszentral vum Palais een Tonband, ech nennen dat elo esou, geschallt ginn ass fir déi Menacen, géife se sech widderhuelen, opzehuelen, fir erauszefanne wou déi Menacen hierkommen. Eng Aart Fangschaltung, wann Dir esou wëllt, mä awer och eng Auditiounsméiglechkeet vun deene Menacen ze hunn, géife se sech widderhuelen.
D’Polizei huet déi Installatioun am Mäerz 2005 erëm ewechgeholl, esouwuel an der Tëlefonszentral vum Palais, wéi och an der Loge zu Bierg.
Déi Sécherheetséquip, iwwer déi och an deem Gespréich Mille-Juncker, wat Iech jo alleguer am Detail bekannt ass, geschwat ginn ass, si 4 Polizisten déi vun der Polizeidirektioun an de Palais détachéiert si fir d’Sécuritéit vum Grand-Duc – dat huet all Staatschef an Europa – a fir d’Memberen, an d’Sécuritéit vun de Membere vun der groussherzoglecher Famill ze suergen. Déi Sécherheetséquip huet keng geheimdéngschtlech Aktivitéiten, déi sinn nämlech net Member vum Geheimdéngscht, mä huet Iwwerwaachungsaktivitéiten, déi d’Sécherheet vum Grand-Duc a vu senger Famill betreffen, wouerzehuelen.
An ech sinn ausdrécklech Demandeur dofir datt de Grand-Duc protégéiert gëtt, esouwuel wann hie sech am Palais oder zu Bierg ophält, wéi och wann hie sech am In- oder am Ausland déplacéiert. Mir falen nach anerer an, déi eventuell Ähnleches kéinten aus guddem Grond fir sech verlaangen, mä wann et em de Staatschef geet, ass et d’Aufgab vun der Regierung a vun der Polizei fir d’Sécherheet vum Staatschef ze suergen.
An datt sech dann aus alldeem falsch Rumeuren dégagéieren, bis hin zu deenen verréckteste Verdächtegungen, wéi déi datt de Grand-Duc mam englesche Geheimdéngscht de Staatsminister géif oflauschteren, oder ëmgedréint, dat ass trotzdem ee wäite Wee, deen ech Iech géif bieden, net esou ohne Weiteres ze goen.
Jidddwerfalls wieren ech mech dogéint datt de Grand-Duc an esou Affären hei eragezu gëtt. Deen huet weder Kontakter mam englesche Geheimdéngscht, nach léisst hie säi Staatsminister oflauschteren, nach léisst dee säi Staatschef oflauschteren.
Ech bleiwen der Meenung – mä deen Décryptage deen ass jo amgaange probéiert ginn ze maachen – datt dat net stëmmt, well ech mir dat net ka virstellen, datt een Drëtten een am Palais kann oflauschteren; a well ech weess datt déi zwee aner Involvéiert institutionnel Personnalitéiten a Personnagen zu däraartegem net fäeg sinn, an d’ailleurs och keng Ursaach hu fir dat ze maachen.
Nu gëtt och, wat ech awer nu wierklech ganz gutt verstinn, vun eenzelne Parteien, an och vu Presseorganer sech driwwer ënnerhalen ob aner Enregistrementer, oder illegal Écouten mam Accord vum Staatsminister gemaach gi wieren, ob d’Persoun vun deene Quellen, Informanten, déi dem Geheimdéngscht d’Informatioun – déi vermeindlech wéi ech nach ëmmer mengen – zoukomme gelooss hunn, de Grand-Duc an de Staatsminister wieren enregistéiert ginn.
Ech hunn Iech virdru gesot, firwat datt dat de Geheimdéngscht kann interesséieren, wann déi Haaptinstitutioun an eng manner wichteg, mä awer trotzdem net eng négligeabel Institutioun, zu Lëtzebuerg betraff sinn.
Elo gëtt et bei den Écoutes téléphoniques kloer Regelen, Dir kennt déi Regelen och. Wann et em Terrorismus an aner Beräicher geet, em déi de Geheimdéngscht sech ze këmmeren huet, ass net d’Geriicht zoustänneg fir d’Tëlefonsécouten ze décidéieren, mä de Staatsminister. Dat maachen ech op Grond vun engem Avis, deen op Antrag vum Direkter vum Geheimdéngscht vun dräi héige Magistraten zu Lëtzebuerg formuléiert gëtt. Dat sinn dräi Magistraten. Un déi Avisen halen ech mech ëmmer. Ëmmer.
Wann déi dräi Magistraten der Meenung sinn, dat wat den Direkter vum Geheimdéngscht als Begrënnung virleet fir eng Écoute ze maachen, dat geet net duer, da gëtt déi Écoute vu mir net autoriséiert, well ech mir einfach abilden, déi dräi Magistraten hu méi Gefill, an och wahrscheinlech méi Wëssen iwwer déi Beräicher, déi do ugesprach ginn, wéi ech dat kann hunn. Ech huelen och un deene Sitzungen zwëschen dem Direkter vum Geheimdéngscht an deenen dräi Magistraten ni Deel, well ech op keng Aart a Weis wëll eng Meenung zu deenen Anträg vum Geheimdéngscht äusseren, an och mech net wëll an d’Aarbecht vun deenen dräi Magistraten amëschen.
Heiansdo kënnt et vir, datt déi dräi Magistrate mam Direkter vum Geheimdéngscht der Meenung sinn, datt eng Tëlefonsécoute soll gemaach ginn, datt dat mir net aliicht. An da fënnt se net statt. Well besonnesch wann eng Écoute op engem Mënsch soll gemaach ginn, deen hei am Land wunnt, kucken ech mir dat méi wéi 5mol un, iert ech déi Écoute autoriséieren, well ech eng relativ héich Opfaassung vu Liberté publique, a vum Schutz vun der Privatsphär vun de Leit hunn, déi hei am Land wunnen, ob et Lëtzebuerger sinn, wat äusserst selten passéiert, oder Auslänner sinn, wat natierlech méi dacks passéiert.
Elo muss een natierlech, wa relevant Virgäng musse suivéiert ginn, eng Dringlechkeetsprozedur aschalten, soudatt et virkënnt, datt den Direkter vum Geheimdéngscht freet fir d’Urgence eng Écoute ze maachen, keng Zäit méi fonnt gëtt fir déi dräi Magistraten zesummenzeruffen, da kann de Staatsminister déi autoriséieren, ënnert der Bedéngung datt dat an deenen nächsten Deeg deenen dräi Magistraten zur Kenntnis bruecht gëtt.
Och wann ech, wat äusserst selten ass, mä awer trotzdem dacks genuch virkënnt, fir datt ech eng lieweg Erënnerung un esou Virgäng hunn – nu kënnt et ni vir datt eng Écoute ka geschalt ginn, wann ech net eng schrëftlech Autorisatioun trotzdem ginn hunn. Den Direkter vum Geheimdéngscht ka mech uruffen a soen, mir mussen eng dringend Tëlefonsiwwerwaachung maachen, mä hien dierf se eréischt maache wann ech eng schrëftlech Autorisatioun ginn hunn, déi am Laf vum Dag anzezéien ass.
Et kann also net sinn, datt en Absence vun enger schrëftlecher Autorisatioun, déi eng Procédure d’urgence formaliséiert iert déi dräi Magistrate mat där Demande befaasst ginn, ka keng Écoute geschalt ginn. Do brauch et eng schrëftlech Autorisatioun vum Staatsminister.
An deem Fall deen der Här “M�? betrëfft, gëtt et keng esou eng schrëftlech Autorisatioun vum Staatsminister, mä et gëtt eng an zwee Deeler opgegliddert Informatioun an engem Gespréich tëscht dem, deen opgeholl ginn ass, tëscht dem fréiere Chef vum Geheimdéngscht an dem Staatsminister, wou deen erkläert kritt, datt dat en fait keng Écoute am Sënn vum Gesetz war, mä en Enregistrement op engem Handy vum Geheimdéngscht, an deen Enregistrement ass relativ séier zu Enn gefouert ginn. An de Chef vum Geheimdéngscht seet, en hätt déi dräi Magistraten net wëllen domat befaassen, well hien deenen net hätt wëlle soen, wat hei esou lass ass.
Wat huet de Chef vum Geheimdéngscht, deem seng Gedankegäng ech net ëmmer verstinn, domat gemengt, wéi hie gesot huet, wat hei esou lass ass. Ech zitéieren de Verbatim deen am “Land�? ofgedréckt war. En huet domat gemengt datt hien, mengen ech, hunn ech deemools och gemengt, den dräi Magistraten net hätt wëlle soen, well dat hat sech jo nach op kengerlei Aart a Weis confirméiert, datt de Verdacht géif bestoen, datt de Grand-Duc an de Staatsminister bei engem Gespréich opgeholl gi wieren. Spéiderhin huet de Chef vum Geheimdéngscht, net den deemolegen, mä dee jëtzegen, och mat deenen dräi Magistraten driwwer geschwat, wéi dann esou ee Virgang eigentlech, well do kann ee jo op eng Grauzon tippen, anzeschätzen ass. An déi Saachen déi sinn do gekläert ginn.
Falls et awer elo esou eng Écoute am Sënn vum Gesetz trotzdem ginn hätt, obschonn ech se net schrëftlech autoriséiert hat, ass et selbstverständlech Affär vum Parquet doranner ze ermëttelen.
Ech war e bësse penibel beréiert, muss ech soen, iwwer Vergläicher déi ech geliest hunn, an deenen ze liese war, eigentlech wier do kee groussen Ënnerscheed, e Gespréich tëscht dem Staatsminister an dem Chef vum Geheimdéngscht gëtt enregistréiert, an de Geheimdéngscht enregistréiert ee Gespréich mat engem deen eenzelner heibanne besser kenn wéi ech, well ech kennen en net. Wann Dir dat wëllt matenee vergläichen, da soen ech Iech villmools Merci fir d’Kompliment, an ech ginn Iech et net zeréck, well do gi mir jo iergendwann eng Kéier méi genee renseignéiert iwwer d’Identitéite vun deem engen a vun deenen aneren.
Et ass behaapt ginn am Zesummenhang mat der Bommeleeëraffär, de Geheimdéngscht hätt de fréiere Colonel Harpes ofgelauschtert. Ech hunn doriwwer eng intern Enquête lancéiert, déi bis elo erginn huet, datt weder de Staatsminister Santer deemools – deen déi selwecht rechtsstaatlech Prinzipien d’ailleurs zur Unwennung bruecht huet wéi ech – an den deemolegen Direkter eng Écoute um Colonel Harpes zu kengem Moment autoriséiert huet. Ech kann awer net ausschléissen datt anerer esou eng Écoute gemaach hunn. Ech weess dat just nach net. Dat si mir amgaangen ze enquêtéieren, a wäerten dann deementspriechend och déi dofir zoustänneg Autoritéite saiséieren, am Fall wou dat sech géif als méi wéi probabel a quasi sécher erausstellen.
Ech wëll och nach eng Kéier soen, fir komplett ze sinn, datt och de Geheimdéngscht ni eng Écoute, an och ni en Enregistrement op de Grand-Duc, oder ee Gespréich tëscht Grand-Duc a Staatsminister enregistréiert huet. Deen Drëtten deen dat ka gemaach hunn, wann dat da stëmmt, dat war jiddwerfalls net de Geheimdéngscht.
An ech wëll Iech och soen, well ech dat haut héieren hunn, an dat einfach esou behaapt gëtt, quietschfidel, den Här Jacoby, Grénge Fraktiounssekretär, dee wier ofgelauschtert ginn, datt dat einfach net stëmmt.
Ech hunn haut de Mëtteg iert ech heihinner komm sinn, de Radio gelauschtert. Do seet de Journalist, mir wësse jo elo datt den Här Jacoby ofgelauschtert ginn ass. An deen deen en interviewt huet, seet, mir si jo elo gewuer ginn, datt e Grénge Fraktiounssekretär ofgelauschtert ginn ass. Dat ass falsch. Et ass keen Här Jacoby vum Geheimdéngscht zu kengem Moment ofgelauschtert ginn. Mä op déi Saach komme mir jo nach an deem Moment zeréck, wou d’parlamentaresch Enquêtekommissioun sech där Saach méi am Detail unhëlt, well do schwätze mir nämlech iwwer dee berühmte Fichier, deen et am Geheimdéngscht gëtt.
Dee Fichier gëtt et, ech kenne kee Geheimdéngscht op der Welt deen net e Fichier géif féieren, mat Informatiounen déi e selwer sech verschaaft, oder mat Informatiounen, déi e vun anere Geheimdéngschter kritt.
Elo gëtt gesot, et gëtt 300.000 Fichen am Geheimdéngscht. Ech sinn d’Archive vum Geheimdéngscht ni kucke gaangen. Ech hu keng Zäit fir Voyeurismus ze praktizéieren. Ech sinn net zoustänneg fir dat wat de Geheimdéngscht zënter 1969 gemaach huet. Ech weess wat ech 1995 décidéiert hu wéi ech komm sinn, an da ginn ech dat net kontrolléieren, well ech ginn dovunner aus datt déi innepolitesch Spionage net stattfënnt. Et gëtt keng Ursaach dofir. Et ass jo och fréier ganz wéineg Ursaach dofir ginn, obschonn ee sech muss an d’Atmosphär vum Kale Krich zeréckversetzen. Mir waren an engem ganz anere geheimdéngschtleche Kontext, an et sinn och vun eisem Déngscht vun den auslänneschen Déngschter aus der NATO ganz aner Rapporten an Informatioune gefrot ginn, wéi dat haut de Fall ass, obscho mir ganz staark sollicitéiert gi fir dat wat rondërem eist Land stattfënnt, a fir dat wat am eegene Land stattfënnt.
Et gëtt awer keng 300.0000 Fichen. Et gëtt awer behaapt et géifen der 300.000 ginn. De fréieren Direkter vum Geheimdéngscht huet och an deem Gespréich 300.000 gesot. En fait muss ee wëssen datt, et gëtt Fichen, an déi Fichen déi hunn eng Nummer, an déi Nummer verweist op e Microfilm, esoudatt een also déi Zuel 300.000 eigentlech muss duerch zwee deelen, well et gëtt eng Fiche an da gëtt et e Microfilm doriwwer. Oder vun der Fiche ee Renvoi op een anert Dokument, wat dann awer déi selwecht Persoun, dee selwechte Virgang oder dee selwechte Grupp vu Mënsche betrëfft.
An deene Fichen, respektiv an deene Referenzen déi op deene Fiche stinn, sinn Informatiounen enthalen, ganz dacks iwwer Leit, mä net nëmmen iwwer Leit, och iwwer Organisatiounen, an dat sinn zu 75% Informatiounen déi dem lëtzebuerger Geheimdéngscht duerch auslännesch Geheimdéngschter matgedeelt ginn, an déi Auslänner betreffen, déi sech emol ganz dacks iwwerhaapt net zu Lëtzebuerg opgehalen hunn, mä wou déi auslännesch Déngschter eis drop opmierksam maachen, datt déi, wa se zu Lëtzebuerg sinn, déi an déi Gefor duerstellen, fir datt mir informéiert sinn, falls déi Leit hei zu Lëtzebuerg opfalen, mat wiem mir eis sollen a Kontakt setzen, fir datt mir wësse wat mir maache wann déi Leit sech hei am Land befannen. Dat geet vun 1960 bis elo, bis 2000 ronn.
Eppes 175.000 Fichen, ech si se net kucke gaangen, ech si se och net ziele gaangen. An dat Referenzmaterial wat dozou passt, y compris Visademanden déi gestallt ginn, y compris Duplikater déi sech wahrscheinlech an deenen Archive befannen, Saachen déi vu fréier bleiwen, déi elo nach eng Kéier ervir kommen. Y compris dausenden, frot mech net wéivill, mä ech ënnerschreiwen an der Woch permanent Sécherheetshabilitatiounen déi ech muss ausstellen op Grond vun enger Enquête vum Geheimdéngscht, fir sécherzestellen, datt Leit déi Ëmgang mat geheimem Material hunn, esouwuel beim Staat wéi och an eenzelnen Entreprisen, déi mat Saachen ze dinn hunn, déi geheimnisrelevant sinn, betreffen.
Deen einfache Saz, ech hunn deen awer héieren, et géifen 300.000 Fichen iwwer 300.000 Lëtzebuerger ginn, ass einfach falsch. An ech verstinn och net firwat datt een esou eppes ka soen.
Déi Archive sinn der Geheimdéngschtkommissioun vum Parlament iwweregens zougänglech, à tel point datt de 15. Abrëll 2008 d’Membere vun der Geheimdéngschtkommissioun sech dee Fichier ugekuckt hunn bei Geleeënheet vun enger Sitzung, déi d’Geheimdéngschtkommissioun an de Gebailechkeete vum Geheimdéngscht hat. Net jiddwereen huet sech se ugekuckt. Et sinn awer Fraktiounspresidenten, déi sech déi Fichieren ugekuckt hunn, grad wéi dat och gëschter, op Datum vum 5.12.2012, och geschitt ass.
Also déi Suggestiounen, wéi wa quasi, well 300.000 Fichen do wieren, all Lëtzebuerger am Geheimdéngscht fichéiert wier, dat ass net nëmme suggéréiert ginn, dat ass einfach behaapt ginn. Dat si Behaaptungen déi einfach net stëmmen.
Grad wéi eng aner Behaaptung net stëmmt, déi de Stay-behind betrëfft. Dat Gespréich wat de fréieren Direkter vum Geheimdéngscht mat mir opgeholl huet, dat hu mir jo erausfonnt, dat huet am Januar 2007 stattfonnt. Wann ee seet an deem Gespréich géing iwwer Stay-behind, WACL an all déi Organismen, déi et deemools ginn huet, geschwat ginn, während parallel, ouni datt d’Chamber dat géif gewuer ginn, an der Chambergeheimdéngschtkommissioun géif iwwer Stay-behind ermëttelt ginn, ass net richteg. Dat Gespréich huet am Januar 2007 stattfonnt.
Mir deet et leed datt et stattfonnt huet, enfin mir deet et net leed datt et stattfonnt huet, mä mir deet et leed datt et enregistéiert ginn ass, well ech muss deene Saache jo nolafen, wéi wann ech mech hätt selwer wéilten enregistréieren.
Et gëtt jo Journalisten, déi mengen, ech hätt gewosst, datt ech géif enregistréiert ginn, well ech net intensiv mech un der Debatt bedeelegen, wat ënnert anerem domat ze dinn huet, datt dat do e Gespréich vu ville war, déi scho virdru stattfonnt haten, soudatt dat wéineg Neies fir mech war.
D’Behaaptung, den Ex-Chef vum Geheimdéngscht géif mir Saache soen, an e géif der Chamberkommissioun déi verschweigen, obschonn déi parallel amgaange war op deem Dossier Stay-behind, op meng Demande hin, ze schaffen, ass falsch, well ech hunn d’Geheimdéngschtkommissioun vun der Chamber duerch Bréif vum 27. Februar 2008, gefrot iwwer Stay-behind, Bommeleeër hir Ermëttlungen ze maachen, an iwwer de Fonctionnement vum Geheimdéngscht Schlussfolgerungen ze treffen. Dat heescht, zäitlech ass dat net parallel verlaf. An dee fréieren Direkter vum Geheimdéngscht, esou wéi ganz vill aner Zeie, sinn dann och vun der Geheimdéngschtkommissioun gehéiert ginn am Laf vum Joer 2008. Dat heescht déi Zäitgläichheet déi do als schlëmm geschriwwe gëtt, an déi et och gewiescht wier wann et se ginn hätt, déi ass et net ginn. An dofir wollt ech dat ouni Virworf un iergendeng Adress hei nach eng Kéier an Erënnerung ruffen.
D’Geheimdéngschtkommissioun huet och e Rapport gemaach iwwer de Fonctionnement vum Geheimdéngscht. Ech hunn Iech gesot, datt mir zënter Méint amgaange sinn ee Gesetzesprojet ze maachen, wou mir op Observatioune vun der Geheimdéngschtkommissioun aginn, hiert eegent Fonctionnement betreffend, an d’Fonctionnement vum Geheimdéngscht selwer betreffend.
Well firwat hunn ech dann d’Geheimdéngschtkommissioun gefrot 2008, si soll emol eng Recherche maachen iwwer de Fonctionnement vum Geheimdéngscht, a mir e Rapport driwwer maachen? Ganz einfach, well ech net d’Wëssen hat, mä d’Impressioun hat, datt net alles géif 100%eg esou fonctionnéieren, wéi ech gären hätt datt et géif fonctionnéieren. A well ech net d’Wëssen, mä de Verdacht an d’Impressioun hat, et kënnen och Leit am Geheimdéngscht ginn, déi sech och heiansdo selbststänneg maachen, ouni datt de Staatsminister an ouni datt den Direkter vum Geheimdéngscht dat wëssen. Dee Rapport hu mir vun der Chamber kritt, a mir verschaffen dat alles an deem Gesetzesprojet, dee mir elo amgaange sinn ze finaliséieren.
Mä schonn iert mir ugefaangen hunn d’Gesetz iwwer de Geheimdéngscht nei ze formuléieren, op Grond notamment vun deene wäertvollen Aarbechten, déi d’Geheimdéngschtkommissioun gemaach huet, hu mir, wéi deen neien Direkter am Geheimdéngscht ugefaangen huet, op meng Initiativ hin, an op deem seng Initiativ hin, op eis gemeinsam Initiativ hin eng Rei vu Clarificatiounen erbäigefouert, wat de Modus operandi vun den Operatioune vum Geheimdéngscht ubelaangt.
Mäi streckeweist Gefill war, datt ech net genuch iwwer dat wéisst, wat de Geheimdéngscht, wann ech mech kann esou salopp ausdrécken, um Terrain géif maachen. Ech schwätzen och net iwwer de Modus operandi vum Geheimdéngscht. Dat fällt ënnert d’Geheimhaltungspfleege. Ech sinn hei net zoustänneg dofir déi, déi d’Sécherheet vum Staat menacéieren, driwwer ze informéiere wéi de Geheimdéngscht sech hei entwéckelt. Wann Dir dat gären hätt, musst Dir Iech een anere siche fir Iech d’Informatiounen ze ginn. Dat maachen ech net.
Mir hunn awer kloer gestallt, datt d’Finanzgebaren innerhalb vum Geheimdéngscht, wat also den Ëmgang mat Suen, déi déi eenzel Agente kënnen hunn, datt dat kodifizéiert géif ginn.
Mir hunn zwee supplementar Juristen am Geheimdéngscht agestallt, fir d’Direktioun vum Geheimdéngscht ze berode wann et em d’Organsatioun vun den Operatiounen um Terrain geet, déi de Geheimdéngscht noutwennegerweis muss virhuelen, fir senger Aarbecht kënne korrekt nozegoen.
Mir hunn de Waffebesëtz, deen d’Agente vum Geheimdéngscht hunn – dir musst net mengen, datt déi eng ëmmer ongeféierlech Aarbecht maachen, heiansdo ass dat eng ganz geféierlech Aarbecht, iwwer déi just kee ka schwätzen, et ass heiansdo eng ganz geféierlech Aarbecht, déi déi Leit musse maachen. Mä mir hunn awer de Waffebesëtz méi restriktiv gehalen, an dat méi kloer geregelt.
Mir hunn de Prinzip agefouert, datt all Operatioun déi gemaach gëtt, muss schrëftlech ugefrot ginn, schrëftlech autoriséiert gi vum Direkter, an datt ee Rapport iwwer all Operatioun déi stattfonnt huet, muss schrëftlech un den Direkter vum Geheimdéngscht gemaach ginn.
Mir hunn d’Prozedure gekläert, déi de Retraçage vun Tëlefonsgespréicher ubelaangen. Retraçage si keng Écouten, Retraçage ass wann ee kuckt, wien huet op wat fir eng Dauer ween wéi oft ugeruff. Dat geet ganz wäit, wann ee nokucke geet wee mat weem tëlefonéiert huet. Och domat muss ee virsiichteg ëmgoen. Och dat, wann eng Retraçage Operatioun gemaach gëtt, muss ech schrëftlech autoriséieren. Och dat geschitt mam Accord vun deenen dofir zoustännegen Magistraten. Mä mir hunn d’Regele vill méi däitlech fixéiert, no deenen de Geheimdéngscht kann iwwerhaapt an deem Beräich vu sengen Aktivitéiten Initiative ginn.
Ech hunn Iech gesot, datt ech regelméisseg Berichter kréien iwwer all Operatiounen déi lafen. Woubäi och an deene Berichter vum Geheimdéngscht selwer drop geuecht gëtt, datt d’Identitéit vun de Sourcen net offegeluegt gëtt. Dat ass eng wichteg Saach, datt d’Source vum Geheimdéngscht protégéiert bleiwen, well mir hunn et hei net mat harmlose Virgäng ze dinn.
An och wann een, op Grond vun der ganzer Diskussioun déi mir elo hunn, an déi mir net kënnen évitéieren, wéi soll ech mech der Diskussioun entzéien hei, elo zu enger Situatioun kommen, wou mir all Quelle vum Geheimdéngscht, dat si jo keng 100.000, mä och déi Quellen déi op den terroristesche Milieuen zu Lëtzebuerg schaffen, esou veronsécheren, datt kee Mënsch sech méi traut mam Geheimdéngscht nach zesummenzeschaffen, well hie fäert hie géif a seng Indentitéit bloussgestallt ginn, mat deene Konsequenzen, déi dat duerchaus kann zur Folleg hunn, da gi mir ee schwéiere Wee, da gi mir och ee schwéiere Wee wat d’Protectioun vum elementare Sécherheetsinteressen hei am Land ubelaangt.
Ech kréien esou ee Rapport iwwer d’Operatioune vum Geheimdéngscht, an ech kréien, wéi d’Chamberkommissioun och, eng allgemeng Évaluatioun vun der globaler Menace, déi zu Lëtzebuerg läit. Dat hu mir gemaach am Accord mat der neier Direktioun, an déi am Accord mat mir, fir all Risiko vu Verselbststännegung vun eenzelnen Agenten am Geheimdéngscht definitiv ze eliminéieren.
Ech wëll hei ophalen, well ech muss mech elo nach op mäi Verhéier mat der Police judiciaire virbereeden.
|