Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2003 > Août 2003 > Le ministre de l'Education nationale Anne Brasseur au sujet de la rentrée scolaire 2003/2004

Interview
Le ministre de l'Education nationale Anne Brasseur au sujet de la rentrée scolaire 2003/2004
"DNR" du 26-08-2003

Vers le niveau supérieur

DNR: Anstandscoursën, sou wéi se am Saarland geplangt sinn, soll et hei zu Lëtzebuerg keng ginn. Dat huet d’Educatiounsministesch Anne Brasseur eis op Nofro gëschter ze verstoe ginn, allerdings soll vun der Rentrée un an der Primärschoul dat sozialt Verhale vun de Kanner op der Zensur bewert ginn. Fir d’Ministesch wiere Respekt, Pünktlechkeet a gutt Manéieren den nec plus ultra fir datt d’Schoul funktionnéiere kann. D’Eltere sollen awer net aus der Verantwortung entlooss ginn. D’Roll vun der Schoul misst et bleiwen do anzegräifen, wou d’Eltere versot hätten.

Anne Brasseur: Also datt ee gut Manéiere soll hunn, dat ass noutwendeg fir jiddwereen. Do sinn déi eng déi kënnen dat besser wéi di aner.

Mä d’Schoul kann net alles, mä d’Schoul muss awer dozou bäidroen, datt ee sech uerdentlech behëlt, well soss en Zesummeliewen net méiglech ass.

An duerfir hunn ech och a menge successive Circulairen un d’Enseignantë esouwuel am Primaire wéi am Secondaire an am Secondaire technique dorop opmierksam gemaach an ech hunn och eng Lettre circulaire un d’Elterë geschéckt, zejoert fir d’éischt, wou d’Kanner fir d’éischt an d’éischt Schouljoer gaange sinn, wou ech dann drageschriwwen hunn, wéi wichteg gutt Manéiere sinn an ech hunn d’Elteren opgefuerdert hiere Kanner z’erkläeren, firwat Respekt, Héiflechkeet, manéierlecht Behuelen a Pünktlechkeet wichteg sinn.

An d’Schoul musss da kucken och, datt dat effektiv applizéiert gëtt. Well soss ass all Apprentissage schwiereg, wann net déi Viraussetzungen vun engem uerdentleche soziale Verhalen mol de Grond duerstellen.

(...)



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact