|
RTL: Fänke mer villäicht direkt mam Noen Osten un, viru Méint ass déi sougenannten Roadmap och ënner Mataarbecht vun der Europäescher Unioun erstand gin an huet sou munech Hoffnunge mat sech bruecht, datt de Wee zu engem Fridden am Noen Osten nees op der Schinn ass. Madame Polfer, dat schéngt haut no der Opléisung vun der Wafferou an dem Départ vum Mahmud Abbas net méi de Fall ze sinn. Wéi wor d’Reaktioun de Mueren ënnert den Ausseminister, a wat mengt Dir wéi et weidergeet?
Lydie Polfer: Jo ech menge et war natierlech eng ganz grouss Suerg, well dat hei ass e grave Coup géint de Friddensprozess, well eben kee Gespréichspartner méi do ass vun der palästinensescher Säit. Mir wëssen, datt d’israelesch Regierung an och d’Amerikaner den Arafat net méi als Gespréichspartner wëllen unerkennen an dann ass et natierlech schwéier Négociatiounen ze féieren, déi zum Fridde solle féieren.
RTL: Dir hutt och schon heiandsdo ugeschwat, datt et lo den Ament wier, fir de Friddensprozess am Noen Osten op en Enn ze bréngen, well geschwënn, da géifen d’Wahlen, d’Presidentschaftswahlen an Amerika, am Virdergrond stoen. Ass dat sou?
Lydie Polfer: Ech mengen, dat ass einfach eng Tatsaach, datt déi Wahlen wäerte kommen, an datt dat ëmmer eng gewëssen Tensioun mat sech bréngt, dat ass och ganz kloer, sou datt déi Démissioun natierlech op e Moment fällt, wou doduerch d’Évolutioun nach méi schwéier gëtt, an ech fäerten a mir alleguer waren de Mueren extrem besuergt, datt dat hei sou ee grave Coup ass, dat et wäert eng ganz Zäit daueren, bis een nees op de Wee vun Négociatioune fënnt.
RTL: Sin sech d’EU-Ausseminister de Mueren op eng Positioun eens ginn, wéi se doropper reagéiere wëllen?
Lydie Polfer: Ech mengen et muss ee fir d’éischt nach eng Kéier versichen op d’Analyse vun den Ursaachen anzegoen an d’Hoffnung mol an dësem Moment op alle Fall nach net opginn, datt een awer nees kënnt eng Kéier zu enger Eenegung kommen. Et ass ëm e Machtkampf gaangen tëschent dem Arafat an dem Abbas a mir kënnen natierlech versichen do nach eng Kéier en Afloss ze kréien. De Javier Solana de fiert den Owend an d’Regioun, obschonn een sech net zevill Hoffnungen doriwwer dierf maachen a mir mussen natierlech och mat eisen amerikanesche Partner an där Saach do, well de Quartett an d’Roadmap ass zesummen opgesat ginn, versichen Afloss ze huelen, dass se net lo Aktiounen ënnerhuelen, déi wierklech d’Gewalt och vu palästinensescher Säit nach géinge favoriséieren. Ech menge wann dovu geschwat gëtt fir den Arafat ze expulséieren, da kann ee sech nëmme virstellen, dass dat och Konterattacken nees wäert mat sech féieren.
RTL: Een zweeten Hotspot um internationale Plang, wann ee sou wëll, ass den Irak an den amerikanesche Virschlag fir eng nei UNO-Resolutioun an deem Kontext. Zwee Haaptpunkten erausgegraff, mëttel- oder laangfristeg muss dat irakescht Vollek nees Souverain am eegenen Land ginn, respektiv eng UNO-Militärpräsenz ënnert US Kommando, eng Propose déi ënnert den EU-Staaten alt nees fir Divergenzen anschéinend suergt, Däitschland a Frankräich wëllen nobesseren, sinn éischter skeptesch, Groussbritannien schéngt de Virschlag dogéint positiv ze gesinn. Sinn et effektiv nëmmen Detailer, Madame Polfer, déi ze kläere bleiwen oder wou läit d’Kromm an der Heck?
Lydie Polfer: Mir si just de Moment an deenen do Diskussiounen, déi sinn nach net ofgeschloss, an dass eng nei Resolutioun soll kommen, ech menge grondsätzlech gëtt dat ënnerstëtzt vu jiddwerengem. Mä et geet eben ëm d’Modalitéiten, an et ass ganz kloer, datt besonnech vu franséischer Säit virun allem op den Transfert de Souverainité op d’irakesch Vollek bevirzugt gëtt an datt dat sou schnell wéi méiglech soll geschéien, fir och d’Rekonstruktioun um ekonomesche Plang kënnen ze leeden, well nëmme sou kann een dat verhënneren, wat ee leider all Dag haut gesäit, datt d’irakescht Vollek sech diviséiert, datt déi eng zu deenen engen halen an déi aner zu denen aneren, datt och der UNO hir Roll net ganz kloer ass. Ech mengen den Uschlag virun e puer Wochen op eben den Haaptsëtz vun der UNO, wou den Vieiera de Mello säi Liewe gelooss huet, ass och en Zeechen, datt de Rôle vun der UNO net kloer ass oder net kloer genuch. Alles dat sinn Iwwerleeungen déi mer versichen, datt déi Alass an déi Resolutioun fannen, mä ech hoffen, datt dat an deenen nächste Woche ka geschéien.
RTL: Leschte Punkt villäicht, haaptsächlech gëschter hunn d’EU-Ausseminister d’Regierungskonferenz iwwert den definitiven Text vun der EU Verfaassung preparéiert. Ass een sech do schonn op verschiddene Punkten am Virfeld eens gi, Madame Polfer?
Lydie Polfer: Nee, mir hunn am Fong nëmmen iwwert d’Prozedur geschwat, wéi dat lo soll goen. Ech mengen et sinn déi, di sou mann wéi méiglech wëllen opmaachen. Dat kann een och ënnerstëtzen, mä de Fait ass, datt eng Reih Punkte mussen engersäits clarifiéiert ginn, nei definéiert ginn, an et ass och gëschter kloer ginn, datt eng Reih Länner wirklech essentiel Punkte wëllen anescht geléist gesinn, zum Beispill d’Präsenz vum Kommissär. An dat ass net Kleng géint Grouss, et sinn och Grousser dobei déi ganz kloer soen, si kënnten ni mat enger Propositioun d’accord sinn, déi net méi all Land e Kommissär virschléit.
RTL: Sinn dann net de leschte Méindeg zu Prag alt nees nei Fuerderungen opkomm, wou sech jo verschidde kleng Länner gesinn hunn?
Lydie Polfer: Nee, ech mengen déi Propositiounen, oder déi verschidden Iwwerleeungen déi gëschter op den Dësch komm sinn, dat waren der zum Deel déi zu Prag opkomm sinn. Firwat datt mir net dobei waren, war virun allem, well et zum Deel op Beamtenniveau war wou déi Réunioun stattfonnt huet a mir hu fonnt, datt et awer lo muss wirklech op politeschen Niveau sinn, a gëschter ass ganz kloer zum Ausdrock komm, et muss wann et soll zu engem definitve Resultat kommen, muss et e Resultat si wat vu jiddwerengen ënnerstëtzt gëtt, an et sinn eben e puer Punkten, déi de Moment, sou wéi se lo verfaasst sinn, net déi Ënnerstëtzung hunn.
RTL: Madame Polfer, merci fir d’Explikatiounen.
Lydie Polfer: Merci och.
|